Optakt vun de Koalitiounsverhandlungen mam Formateur Luc Frieden

De Luc Frieden, deen den 9. Oktober 2023 vum Grand-Duc zum Formateur ernannt gouf, huet d'Vertrieder vun der CSV an der DP op eng éischt Plenière fir d'Koalitiounsverhandlungen invitéiert, déi den 11. Oktober 2023 um Sennenger Schlass stattfonnt huet. D'Gespréicher hunn an enger frëndlecher a ganz konstruktiver Atmosphär stattfonnt.

  1. © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (de g. à dr.) Claude Wiseler, chef de la délégation CSV ; Luc Frieden, formateur ; Xavier Bettel, chef de la délégation DP
  2. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    Luc Frieden, Formateur

    Luc Frieden, Formateur

  3. ©SIP / Jean-Christophe Verhaegen

    (v.l.n.r.) Claude Wiseler, Chef vun der CSV Delegatioun ; Luc Frieden, Formateur ; Xavier Bettel, Chef vun der DP Delegatioun

    (v.l.n.r.) Claude Wiseler, Chef vun der CSV Delegatioun ; Luc Frieden, Formateur ; Xavier Bettel, Chef vun der DP Delegatioun

D'Zil vun der éischter Reunioun war et fir ënner anerem den organisatoresche Kader fir d'Verhandlunge festzeleeën. An dësem Kontext hunn d'Negociateuren sech iwwert d'Formatioun vun den 12 follgenden themateschen Aarbechtsgruppe gëeenegt, déi a kengster Weis déi zukünfteg Organisatioun vun de ministeriellen Departementer beaflossen:

  1. Kampf géint d'Aarmut
  2. Logement
    dorënner d'Acceleratioun vun de Prozeduren
  3. Ëmwelt, Klima, Biodiversitéit an erneierbar Energien
    dorënner d'Prozeduren
  4. Ëffentlech Finanzen a Steieren
  5. Gesondheet a Sozialversécherung
  6. Justiz a Sécherheet
  7. Bildung
    dorënner Fuerschung, Héichschoul, Beruffsausbildung an non formal Bildung
  8. Wirtschaft an Aarbecht (work life & family balance)
    dorënner Landwirtschaft, Wäibau, Tourismus, Konsumenteschutz, Industrie, Finanzplaz, Kléng- a Mëttelbetriber an Energie
  9. Europa
    dorënner Defense, Kooperatioun, Groussregioun an international Bezéiungen
  10.    Accueil a Migratioun
  11.    Organisatioun vum Zesummeliewen an der Liewensqualitéit
       dorënner Landesplanung, Mobilitéit, Kultur, Sport, eeler Leit, Benevolat, Chancëgläichheet, Jugend a Famill
  12.    Moderne Staat
       dorënner Digitaliséierung, Medien, ëffentlechen Déngscht, Gemengen an Infrastrukturen

Verschidde Sujeten, déi net an dëser Lëscht opgezielt goufen, ginn direkt an der Plenière beschwat.

Déi nächst Plenièrë sinn op den 12. Oktober (ab 9 Auer), den 13. Oktober (ab 15 Auer) an de 16. Oktober (ab 9 Auer) festgeluecht ginn. Weider Reunioune ginn zu engem spéideren Zäitpunkt festgeluecht.

Zu den nächste Reuniounen huet de Formateur follgend Entitéiten agelueden:

  • Finanzministère (Finanzinspektioun)
  • Statec
  • Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur (CSSF) a Versécherungskommissariat (CAA)
  • Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) a Gesondheetskeess (CNS)
  • Aarbechtsagence (ADEM)
  • Lëtzebuerger Croix-Rouge a Caritas Lëtzebuerg
  • OGB-L, LCGB, CGFP
  • Union des entreprises luxembourgeoises (UEL, Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber)
  • Mouvement écologique an Nohaltegkeetsrot (CSDD, Conseil supérieur pour un développement durable)

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP)

Aktualiséiert