Infektioune vun den Otemweeër: COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op déi 41. Woch vum 9. bis 15. Oktober

De Wocheréckbléck bitt en Iwwerbléck iwwert d'Entwécklunge vun den akuten Infektioune vun den Otemweeër, dorënner COVID-19 an d'Gripp (Influenza-Virus).

COVID-19 / SARS-CoV-2

An der Woch vum 9. bis 15. Abrëll 2023 (Woch 41), geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 347 erof, par Rapport zu 365 an der Woch virdrun, wat eng Baisse vu 5% ausmécht. De Positivitéitstaux fält op 23% am Verglach zu 25% an der viregter Woch.

Dës 2 klinesch Indicateure weisen op e rezente Pic vun der SARS-CoV2-Zirkulatioun.

D'Virus-Konzentratioun am Ofwaasser huet an de leschte Wochen eng Tendenz no uewe gewisen[1].

D'Donnéeë vun der Sequenzéierung hunn eng Prevalenz vun der Variant EG.5.1 (38,7%) gewisen [2].

Gripp

An der Woch vum 9. bis de 15. Oktober 2023 (Woch 41), geet d'Zuel vun den deklaréierte Grippefäll (Influenza) an de Laboen op 1 Fall am Verglach zu 5 an der viregter Woch erof.

Dës Donnéeë stëmme gréisstendeels mat der Iwwerwaachung vum LNS iwwerteneen, déi op eng erhéichten Zirkulatioun vu Rhinoviren an SARS-CoV-2, awer nëmme wéineg Grippeviren (Influenza) hiweisen.[2]

Communiqué vum Gesondheetsministère

 

[1] https://www.list.lu/fr/covid-19/coronastep/

[2] https://lns.lu/publications/

Aktualiséiert