Optakt vun der Campagne "Women and Girls in Science 2024"

D'Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit Yuriko Backes an de Prof. Jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg, hunn eng Konventioun ënnerschriwwen, déi den Optakt vun der drëtter Kooperatioun tëscht dem Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), Luxembourg National Research Fund (FNR) a Research Luxembourg ronderëm d'Campagne "Women and Girls in Science 2024" ukënnegt.

  1. ©MEGA

    (vu l. no r.) Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Prof- jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg

    (vu l. no r.) Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Prof- jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg

  2. ©MEGA

    (vu l. no r.) Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Prof- jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg; Stéphanie Obertin, Ministescht fir Fuerschung an Héichschoul

    (vu l. no r.) Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit; Prof- jens Kreisel, Direkter vun der Uni Lëtzebuerg; Stéphanie Obertin, Ministescht fir Fuerschung an Héichschoul

Bei hirer Ried, huet d'Yuriko Backes ënnerstrach dass d'Wëssenschaft an d'Fuerschung kee Geschlecht hunn a fir jiddereen zougänglech sinn. Weiderhin huet si betount: "D'Plaz vun der Fra ass an der Fuerschung, an der Wëssenschaft, an de STEM – an iwwerall."

Am Kader vun der Campagne "Women and Girls in Science 2024", wäerten tëscht dem 11. Januar (Internationalen Dag vun de Fraen a Meedercher an der Wëssenschaft) an dem 8. Mäerz (Internationalen Dag vun de Fraen), 6 Videoen diffuséiert ginn, wou Wëssenschaftlerinne presentéiert ginn, déi an de verschiddenen Beräicher vun der Wëssenschaft an der Fuerschung zu Lëtzebuerg aktiv sinn. Mat dëse Videoe solle besonnesch jonk Fraen encouragéiert ginn eng wëssenschaftlech Carrière anzeschloen. Gläichzäiteg soll d'Ëffentlechkeet sensibiliséiert ginn, fir sech aktiv géint schiedlech Stereotyppen an almoudesch Geschlechterrollen ze wieren.

Research Luxembourg zielt zu senge Partner d'Uni Lëtzebuerg, den FNR, de LIST an de LISER.

D'Videoe ginn op de sozialen Netzwierker vum MEGA, vun der Uni Lëtzebuerg a vu Research Luxembourg diffuséiert, sou wéi op hirer Plattform.

Communiqué vum Ministère fir Gläichstellung an Diversitéit

Aktualiséiert