Summerschool 2024: d'Aschreiwunge sinn op

Wéi déi lescht Joren, proposéieren déi ëffentlech Schoulen och dëst Joer nees fakultativ a gratis Nohëllefscoursen am Kader vun der Summerschool. Dëst Joer gëtt dëse Programm vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend vum 3. bis den 13. September 2024 an der Primärschoul a vum 2. bis den 13. September 2024 an de Lycéeë proposéiert, a gëllt fir d'Schüler, déi a bestëmmte Fächer schoulesch Retarden opschaffen oder sech verbessere wëllen.

D'Summerschool, déi säit 2020 organiséiert gëtt, ass Deel vun der Ënnerstëtzung, déi de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend de Schüler a Schülerinne mat schoulesche Schwieregkeeten oder Retarden zur Verfügung stelle wëll. An der leschter Editioun vun 2023 waren circa 6.300 Schüler a Schülerinnen ugemellt.

Hei am Detail d'Modalitéite vun der Summerschool 2024:

1. Am Fondamental (vum 3. bis den 13. September)

Wärend de Bilansgespréicher vum drëtten Trimester a jee no Besoine vum Schüler, proposéiert den Titulaire vun der Klass den Elteren hiert Kand an eng guidéiert Aktivitéit vun der Summerschool anzeschreiwen. Dës Demande kann awer och vun den Elteren direkt kommen. Am Fall vun engem Accord, schreift den Enseignant oder d'Enseignante de betraffene Schüler an déi proposéiert Aktivitéit an.

D'Aktivitéiten am Fondamental variéiere jee no Zyklus.

Schüler vum Cycle 2, 3 a 4.1

  • Fir d'Schüler vum Cycle 2.1. an 2.2., gi guidéiert Aktivitéiten an der Mathé an am Däitschen organiséiert.
  • Fir d'Schüler vum Cycle 3.1, 3.2 a 4.1, gi guidéiert Aktivitéiten an der Mathé, am Däitschen an am Franséischen organiséiert.

D'Aktivitéiten an der Mathé fanne vum 3. bis de 6. September 2024 statt. D'Aktivitéiten am Däitschen an am Franséische fanne vum 9. bis den 13. September statt.

Schüler vum Cycle 4.2

D'Schüler vum Cycle 4.2. kënnen un den Nohëllefscoursen deelhuelen, déi am Lycée proposéiert ginn, an deem si fir d'Schouljoer 2024/2025 ageschriwwe sinn. Si kréie vun hirem Klassentitulaire e Formulaire mat, wou de Cours dropsteet, un deem se deelhuele kënnen. Dëse Formulaire soll dann am Sekretariat vun hirem zukünftege Lycée ofgi ginn.

Schüler vun den ëffentlechen internationale Schoulen

Fir d'Eltere vun de Schüler, déi eng Primärschoulsklass vun enger ëffentlecher internationaler Schoul besichen, sollen d'Elteren sech direkt un d'Sekretariat vun hirem Etablissement wenden.

2. Am Secondaire (vum 2. bis den 13. September)

Am Lycée ginn 2 Zorte Coursen ugebueden:

  • D'Nohëllefscoursë riichten sech un d'Schüler mat engem Noexamen am September (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathé, Bio, Wëssenschaften, Chimie, Physik an anerer);
  • D'Opfrëschungscoursë riichten sech un d'Schüler, déi eventuell Lacunne wëllen opschaffen (Fächer: Däitsch, Englesch, Franséisch, Mathematik).

All Schüler dierf maximal zwee Fächer beleeën. D'Dauer vun de Coursen ass op fënnef Deeg pro Schüler begrenzt.

D'Coursen an de Fächer Däitsch, Franséisch, Mathé an Englesch (déi sougenannten "intern Coursen") ginn am jeeweilege Lycée ofgehalen.

D'Coursë fir all déi aner Fächer (déi sougenannte "regional Coursen") ginn um regionalen Niveau gehalen, nämlech am Dikrecher Lycée (LCD), am Aline Mayrisch (LAML), am Arts et métiers (LAM), am Escher Jongelycée (LGE) an am Maacher Lycée (MLG).

Fir all Cours sinn 10 Stonne virgesinn, déi a Bléck vun 2 Stonne gehale ginn. Eng Unterrechtsstonn entsprécht 50 Minutten. D'Lycéeë kënnen d'Stonnen op eng oder zwou Woche verdeelen.

D'Aschreiwunge ginn direkt beim Sekretariat vun de Lycéeë gemaach, an der Limitt vun de verfügbare Plazen, an dat bis de 17. Juli 2024.

3. Thematesch Dossiere fir d'Summerschool oder fir doheem

Wéi och déi viregt Joren, wäerten d'Coursë vun der Summerschool am Fondamental an am Secondaire op déi thematesch Dossieren zeréckgräifen, déi vum Koordinatiounsservice fir Recherche a pedagogesch an technologesch Innovatioun (SCRIPT) vum Ministère fir all Fach an all Klass ausgeschafft goufen.

Dës Dossiere sinn ab dem 15. Juli 2024 iwwert den IAM vum Schüler op der Plattform www.summerschool.lu zougänglech. Mat abegraff sinn och Léisungs-Modeller, fir dass d'Dossieren zu all Ament vun der Schoulvakanz och autonom vum Schüler oder vun den Eltere benotzt ka ginn.

Fir weider Froen oder Informatiounen, kënnen d'Elteren an d'Schüler sech per Telefon un d'Helpline 8002-9090 wenden.

Communiqué vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert