Aktualiséiert den
Nei Editioun vun der Broschür "À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg" vum Informatiouns- a Pressedéngscht
Den Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP) huet eng nei Editioun vun der Broschür À propos... Sproochen zu Lëtzebuerg publizéiert. Als Deel vun der Serie "À propos...", déi verschidde Facettë vum Grand-Duché beliicht, geet dës Publikatioun op d'sproochlech Diversitéit am Land an. Nieft engem neien Abschnitt iwwer d'Geschicht vun der lëtzebuergescher Sprooch gouf d'Broschür inhaltlech erweidert a visuell nei gestalt.
An der Aleedung fënnt een en Iwwerbléck iwwer d'Originnen an déi historesch Entwécklung vun der Méisproochegkeet zu Lëtzebuerg. An de follgende Rubricke gëtt de Sproochgebrauch am Alldag – wéi op der Aarbechtsplaz, an der Schoul, an de Medien an an der Politik – souwéi d'Roll vun de Sproochen an der Kultur thematiséiert. E lescht Kapitel geet op d'Promotiounsmesurë fir d'Lëtzebuerger Sprooch an. All Sektioun enthält e QR-Code, dee weiderféierend Informatiounen zu de jeeweilege Sujete bitt.
D'Broschür huet 32 Säiten a gëtt op Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch ugebueden.
Wéi och all déi aner Publikatioune vum SIP kann d'Broschür online gekuckt, erofgelueden an bestallt ginn – dat ënnert der Rubrik "Publikatiounen" op www.gouvernement.lu oder www.luxembourg.lu. Se kann awer och iwwert d'Adress edition@sip.etat.lu ugefrot ginn.
Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht (SIP)