Aktualiséiert den
Publikatioun vum Rapport "Panorama vun der Gesondheet 2025" duerch d'Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD)
De Rapport "Panorama vun der Gesondheet 2025" enthält aktuell Donnéeën zu Indicateuren, déi de Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung an d'Leeschtunge vun de Gesondheetssystemer vun den 38 Memberlänner vun der OECD evaluéieren. Dat éischt Kapitel proposéiert e allgemenge Verglach vun de Leeschtunge vun de verschiddene Länner, wärend dat zweet Kapitel sech mat engem aktuellen Thema befaasst: Krankheeten, déi Männer a Fraen ënnerschiddlech treffen.
An dësem Rapport ginn déi positiv Resultater ervirgehuewen, mee och d'Gesondheetsberäicher, an deenen zu Lëtzebuerg nach Verbesserunge kënne gemaach ginn. En ënnersträicht och d'Wichtegkeet vu fiabelen Donnéeë fir d'Leeschtung vum Gesondheetssystem kënnen z'evaluéieren a Gesondheetspoliticken z'entwéckelen, déi de Bedürfnisser vun der Bevëlkerung entspriechen.
D'Gesondheetsdirektioun, d'Generalinspektioun vun der Sozialversécherung an den Nationale Gesondheetsobservatoire hu gemeinsam zu der Opstellung vun dësem Rapport bäigedroen. Esou hunn si ënner anerem d'Donnéeë bereetgestallt, déi fir de Calcul vun den Indicateuren néideg waren, wéi och spezifesch Kommentaren iwwer d'Situatioun zu Lëtzebuerg iwwermëttelt.
Dëse vergläichende Rapport weist, datt Lëtzebuerg bei der Majoritéit vun den Indicateuren iwwert dem OECD-Duerchschnëtt läit:
- Liewenserwaardung: 83,4 Joer fir 2023, dat heescht e Plus vun 0,7 Joer säit 2019. Lëtzebuerg läit hei, zesumme mat Schweden, op Plaz 7. Den Ecart tëscht Mann a Fra (3,3 Joer) ass ee vun de niddregsten an der OECD.
- Stierftaux: 652 Stierffäll pro 100 000 Awunner am Joer 2023 (OECD-Duerchschnëtt: 861 Stierffäll pro 100 000 Awunner). D'Ecarten tëscht Mann a Fra bei de kardiovaskulären Erkrankungen an de Kriibserkrankunge gehéieren och zu deenen niddregsten. De vermeidbare Stierftaux duerch Preventioun (84 Stierffäll pro 100 000 Awunner) an duerch Traitement (39 Stierffäll pro 100 000 Awunner) ass och ee vun deenen niddregsten.
- Risikofacteuren: Bei den Erwuessene leien d'Resultater am Beräich vun der OECD-Moyenne. Bei de Jugendlechen si verschidden Indicateure manner gënschteg, besonnesch wat den deegleche Konsum vun zockerhaltegem Gedrénks ugeet. Dëse gehéiert mat zu den héchste Wäerter (24% am Joer 2022). Dës Resultater beleeën, datt am Beräich vun der Preventioun nach méi muss gemaach ginn.
- Ofdeckung duerch de Gesondheetssystem: 2023 hunn d'Gesondheetskäschte vun de Privatstéit 1,6% vun de hire Gesamtausgaben ausgemaach (OECD-Moyenne: 3,2%). Op nationalem Niveau loung de Bäitrag zu de Gesondheetsausgabe vun de Privatstéit bei 10% (OECD-Moyenne: 19%). D'Zefriddenheet vun der Bevëlkerung wat d'Disponibilitéit vun enger qualitativ héichwäerteger Gesondheetsversuergung ugeet läit bei 86% - den zweethéchste Wäert (zesumme mat der Belsch an Dänemark), no der Schwäiz.
- Spidolsinfrastruktur: 3,9 Spidolsbetter pro 1 000 Awunner (OECD-Moyenne: 4,2 Spidolsbetter pro 1 000 Awunner) an en duerchschnëttlechen Openthalt an de Spideeler vu 7 Deeg (OECD-Moyenne: 6,5 Deeg).
- Gesondheetspersonal: 4 praktizéierend Medezinner pro 1 000 Awunner fir d'Joer 2023, dovunner 30% Generalisten (OECD-Moyenne: 3,9 Doktere fir 1 000 Awunner, dovunner 23% Generalisten).
- Gesondheetsausgaben: 8 162 USD PPA [1] pro Awunner fir d'Joer 2024 (OECD-Moyenne: 5 972 USD PPA pro Awunner), dovunner ginn 78% vun der Kranken-/Maternitésversécherung iwwerholl. Domadder läit Lëtzebuerg op der 3. Plaz vun de Länner wou d'Gesondheetsausgaben gréisstendeels duerch de Staat finanzéiert ginn.
De komplette Rapport fannt Dir ënnert follgendem Link: http://santesecu.public.lu/fr/publications/h/health-glance-europe-2025.html
________________________________________
[1] USD PPA: US-Dollar a Kafkraaftparitéiten (dëst si Wärungsëmrechnunssätz, déi d'Kafkraaft vu verschiddene Wärungen ausgläichen, andeems se d'Präisënnerscheeder tëschent de Länner suppriméieren).
Communiqué vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet