Einfachen Accès op den elektronesche Gesondheetsdossier

MyGuichet.lu annoncéiert dass ee vun elo u säin eSanté Konto online op MyGuichet.lu aktivéiere kann, an esou direkt op de perséinleche Gesondheetsdossier (Dossier de soins partagé, DSP) zougräife kann. Den Zougang mécht sech iwwert eng interaktiv a geséchert Plattform vum Lëtzebuerg Staat. Esou kënnen d'Biergerinnen a Bierger op hiren elektronesche Gesondheetsdossier zeréckgräifen, ouni op e Code ze waarden, deen hinne per Post zougestallt gëtt. Heifir si just eng LuxTrust-Authentifikatioun an e privaten Espace op MyGuichet néideg.

"Den online Accès op den elektronesche Gesondheetsdossier via MyGuichet.lu weist nach eemol eisen Engagement fir de Bierger duerch d'Digitaliséierung vu staatleche Servicer am Alldag ze entlaaschten. Duerch dës nei Funktionalitéit kann een iwwert eng Plattform, déi engem vertraut ass, den DSP aktivéieren an op säin Dossier zougräifen, dat Ganzt op enger Plattform wou d'Vertraulechkeet vun de Gesondheetsdate geséchert ass", erkläert d'Ministesch fir Digitaliséierung, Stéphanie Obertin.

"Mat dëser neier Funktionalitéit, maache mir e wichtege Schratt fir dass den DSP méi zougänglech a benotzerfrëndlech gëtt. Den DSP gëtt iwwerdeems zurzäit funktionell iwwerschafft, fir dass en an der Ëmsetzung vum Europäeschen Espace fir Gesondheetsdonnéeeën am Interessi vum Patient eng zentral Roll spillt", ënnersträicht d'Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet.

De Bierger kann deemno elo iwwert déi interaktiv Plattform mat senge MyGuichet.lu-Identifianten op e weidere wichtegen Online-Service zougräifen. Domat stäerkt MyGuichet.lu weider seng Positioun als Single point of contact (SPOC) fir elektronesch Kommunikatiounen am Zesummenhang mat staatlechen administrativen Demarchen an digitale Servicer.

Wéi kann een op säin elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) zougräifen?

D'Agence eSanté schaaft automatesch en eSanté-Konto fir all Persoun déi bei der Sécurité sociale affiliéiert ass (CCSS). Fir dass een op säin Dossier de soins partagé (DSP) zougräife kann, muss een dëse Konto aktivéieren. Domat kritt een dann Zougang op säi perséinlechen elektronesche Gesondheetsdossier, dee geséchert ass an ënnert der direkter Kontroll vum Patient steet.

Dësen eSanté-Konto kann dann an Zukunft direkt am privaten Espace um MyGuichet.lu, an der Rubrik "Mes données" aktivéiert ginn.

No dëser Aktivéierung, kann een dann och iwwert de private Beräich op säin DSP zougräifen: Nodeems de User sech mat sengem LuxTrust-Produkt op MyGuichet.lu connectéiert huet, gëtt hien iwwert déi authentesch Source "Dossier de soins partagé" op den DSP weidergeleet. Et sief nach drop higewisen, datt – am Sënn vun der Accessibilitéit – déi Persounen, déi kee LuxTrust-Produkt hunn, weiderhin d'Méiglechkeet behalen hiren eSanté-Konto iwwert den eSanté-Portal (www.esante.lu) oder iwwert d'App MyDSP ze aktivéieren, an esou op hiren DSP zouzegräifen.

Funktiounalitéit vum DSP

Den DSP setzt de Patient an de Mëttelpunkt vum Austausch vu senge Gesondheetsdaten tëscht de Gesondheetsexperten, déi u senger medezinescher Versuergung bedeelegt sinn. Doriwwer eraus, dréit den DSP och zur Stäerkung vun der Autonomie vum Patient bäi. Esou erméigleche verschidde Funktionalitéite vum DSP eng aktiv Bedeelegung vum Patient u sengem Gesondheetsparcours.

Esou kann de Patient ënnert anerem:

  • zu all Moment op seng gesondheetlech Donnéeën zougräifen, wéi d'Resultater vu Bluttanalysen, Rëntgen, IRMen, etc.;
  • engem Gesondheetsexpert Zougrëffsrechter garantéieren, andeems en déi Persoun a säi medezinesche Vertrauenskrees ophëlt oder him de Presenzcode iwwermëttelt, deen am DSP ofgeruff ka ginn;
  • den Urgence-Servicer Zougrëffsrechter accordéieren;
  • selwer medezinesch Informatiounen hannerleeën;
  • säi Wonsch mat Bezuch op d'Organspend, zum Beispill, ofspäicheren;

en "Assistant DSP" designéieren, also eng Vertrauenspersoun déi den elektronesche Gesondheetsdossier (DSP) zesumme mam Patient oder an deem senger Plaz geréiere kann. Dës Funktioun ass besonnesch praktesch fir Persounen, déi am digitale Beräich net esou bewandert sinn, oder fir Elteren déi den DSP vun hire Kanner iwwert hiren eegene Gesondheetsdossier ofruffe wëllen.

Communiqué vum Ministère fir Digitaliséierung, vum Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet, vum Zenter fir Informatiounstechnologien a vun der Agence eSanté Luxembourg