Discours de Paul Dostert, historien, et Aloyse Raths à l'inauguration du Centre national de Recherche de la Résistance

Villa Pauly Dokumentatiounszentrum iwwert d’Resistenz  (23.10.2001)  Paul Dostert

Altesses Royales
Här Statsminister
Léif Invitéen
Dir Dammen an dir Hären

Ech weess net mat wat fir Gefiller dier haut heihin an d’Villa Pauly komm sidd. Vläicht ass et fir den een oder aneren déi éischte Kéier datt hien hei an dat Haus kennt, vun dem hien schonn esou Villes héieren huet. D’Villa Pauly ass en Haus mat enger spezieller Geschicht, dat weess jiddereen.

Et sinn elo méi wéi 50 Joer datt an dësem Gebai elei Geschicht geschriwwe ginn ass, eng batter Geschicht vu Leed an Misär. Hai goufen honnerten vu Resistenzler erageschleeft, verhéiert, gepisaakt a gefoltert. Hai huet d’Gestapo, dem Gauleiter Simon sain Terrorinstrument, mat all hirer Brutalitéit probéiert, d’Resistenz vun deenen Lëtzebuerger ze briechen, déi hinnen d’Stir gebueden hunn. Hai goung fir vill vun hinnen en laangen Leidenswee un, den se duerch Prisongen an Kazetter gefouert huet. Eng Statistik, déi fir de Gestapoprozess gemat gouf, beleet, datt an der Zäit vum Mäerz 1941 bis Abrëll 1943, also eppes méi wéi zwee Joer, 1776 Leit vun der Gestapo verhaft goufen. 400 vun hinnen wéinst Resistenzaktivitéiten, eng 300 wéinst „deutschfeindlichen Kundgebungen“ an 290 wéinst „allgemeiner deutschfeindlicher Haltung“. D’Villa Pauly wor fir vill vun hinnen déi éischt Etappe op hirem weideren Leidenswee.

Vun haut un awer huet dat Haus eng nei Aufgab. Et ass elo en Haus fir d’Resistenzler an en Dokumentatiounszentrum iwwert d’Resistenz.

Et stellen sech ganz bestëmmt eng Rei Leit d’Fro, firwat dann esou en Haus, an anerer froe firwat dann elo eréischt?

Monseigneur, Madame
Léif Invitéen

Erlaabt mer iech eng Äntwert op dës Froen ze proposéieren.

Nom Krich hunn déi, déi Prisong an Kazett iwwerlieft haten, sech an der LPPD an an enger Rei vun Amicalen zesumme gedoen an se hunn selwer derfir gesuergt, datt dat wat se geleescht haten an och dat wat se matgemaach haten, net vergiess sollt ginn. An dësem Kader muss een onbedengt de „RAPPEL“ ervirhiewen, deen elo zënter 1946 ouni Ennerbriechung erauskoum an eng Onmass vun Dokumenter publizéiert huet.

Haut, bal sechzeg Joer nom Krich, sinn der vill vun hinnen net méi bei eis, an och déi déi haut nach komme konnten, hunn am Laf vun der Zäit erlieft datt méi jonk Generatiounen d’Responsabilitéiten am Land iwwerholl huet. Duerfir huet de Conseil national de la Résistance gemengt, et wier elo un der Zäit fir och d’Responsabilitéit vir d’ Mémoire weider ze reechen, an esou ass d’Iddi gebuer ginn, fir een Dokumentatiounszenter iwwert d’Resistenz ze schafen, deen dës Aufgab iwwerhuele géif. Dat wat also bis elo vun enger Rei Resistenzler nach selwer konnt gemat ginn, gëtt elo an d’Hänn vu méi jonke Leit geluet. Wéi iwwert dës Iddi diskutéiert gouf, ass gemengt ginn, datt dat eng gutt Geleeënheet wier, fir zu Lëtzebuerg esou wéi am Ausland e wëssenschaftlechen Dokumentatiounszentrum iwwert d’Resistenz anzeriichten.

An eisen Nopeschlänner, a Frankräich, an der Belsch, an Holland, gëtt et esou Zentren schonn zënter laangem. D’hollännesch Exilregierung hat esou guer schonn am Krich iwwert d’BBC hier Leit opgeruff  Tagebicher ze féiere fir se no der Liberatioun ofzeliwweren. Dat war den Ufank vum „Nederlands Institut voor Oorlogsdokumentatie”. Haut ass des Institutioun en renomméierte Centre de Documentation et de Recherche fir d’Geschicht vum Zweete Weltkrich an doriwwer eraus.

Nom hollännesche Modell goufen am Frankräich, an der Belsch an och an Eistraich esou spezialiséiert Dokumentatiounszentren iwwert d’Resistenz an den Zweete Weltkrich opgemaach. Am Laaf vun der Zäit hunn des Institutiounen an hire Länner mä och am Ausland vill Unerkennung fonnt. Wien eppes iwwert de Krich an d’Resistenz wësse wëllt, deen ass gutt beroden, sech un d’Spezialisten an dësen Haiser ze wenden. Iwwerall waren a sinn och Vertrieder vun der Resistenz  an dësen  Institutioune vertrueden an et gëtt gutt zesummegeschafft.

Hei bei eis gouf et esou en Dokumentatiounscenter net. Zwar huet de Conseil national de la Résistance am cadre vun sengen Avisen iwwert den Titre an d’Médaille de la Résistance eng Dokumentatioun geschaf, déi sech haut weise léist, mais et goufen nie systematesch Dokumenter iwwert de Krich an d’Resistenz zesummegedroen.

Haut de page

Monseigneur, Madame
Dir Dammen an Dir Hären

Hei stellt sech eng grondsätzlech Fro wéi mir dann deemools an vläicht och nach haut mat de Pabeieren emgaang sinn an nach ëmginn, déi de Krich dokumentéieren.

D’Exilregierung hat sech nach zu London mat dëser Fro ausenaner gesat an schonn am Oktober 1944 huet de Minister Bodson eng Instruktioun erausginn, an däer hier gefrot huet keng preisesch Pabeiere ze zerstéieren, mee se am Staatsarchiv  ze sammelen. Hie schéngt awer kee groussen Succès domat gehat ze hunn. Dat hat sécher och domat ze dinn, datt fir d’Lëtzebuerger alles wat se déi Zäit „Preisekrom“ genannt hunn, kee rouden Sou Wärt war an dofir roueg konnt verbrannt ginn.

Wéi d’Zäit vun der Epuratioun koum, huet muencher Lëtzebuerger gemierkt, datt an deenen onsëlleche preiseschen Dossieren, déi dach iwwerall nach louchen, vill kleng an och alt en etlech méi schwéier  Collaboratiouns-Sënnen aus deene véier Joer opgeschriwwe gi waren. Wann d’Unioun op der enger Säit dës Dokumenter gesammelt huet fir datt d’Gielemännercher kéinte bestrooft ginn, esou hunn sécher och alt Leit esou Pabeieren verschwannen gedoe fir méi propper do ze stoen.

Mir sinn awer iwwerzeegt, datt nach vill Leit iwwert déi méi perséinlech Pabeieren eraus och nach Dossieren doheem hunn, déi eigentlech an en Archiv géifen gehéieren. Mee och déi perséinlech Pabeieren hunn fir den Historiker hiren Wäert. Eis Archives de l’Etat hunn vrun en etlech Joren e puer mol probéiert d’Leit derzou ze bréngen, hir Dokumenter aus dem Krich am Archiv ze deponéieren oder dach awer eng Copie dovun ze hannerleeën. Ech mengen déi Opriff hunn kee ganz groussen Succès kannt. Dat louch awer ganz sécher net un de Leit vum Statsarchiv, déi dës Initiativ geholl haten. Ech sinn der Iwwerzeegung, datt vill Lëtzeburger dem Staat an senger Verwaltung net ëmmer esou ganz iwwert de Wee trauen. Méi wéi een huet mer schonn gesot: „Ech géif meng Saache jo schonn an den Archiv ginn, wann ech sécher kënnt sinn, datt se do net an den Eck géife geluet ginn an dann an de Vergiess geroden.“

D’Leit hänken un hiren perséinlechen Pabeieren, besonnesch wann se un schwéier Zäiten erënneren. Mir iwwersinn haut dacks dësen perséinlechen Wäert den z.B. un engem klengen Blat Pabeier hänkt. Wien kann z.B. aus enger klenger amerikanescher ID-Kaart fir „Displaced persons“ de Wee duerch eng Rëtsch Prisongen a Kazetter erausliesen? Wien weess wat deen, de libéréiert gouf an den Deeg just virdrun nach erlieft huet ? Fir hien ass dat alles op dëser klenger Käertchen opgeschriwwen an e kann stonnelaang iwwert seng Liberatioun verzielen. All Dokument huet eng Geschicht, an verzielt eng Geschicht. Dat mussen mer respektéiren wann mer perséinlech Pabeieren sammelen. Mir sollen awer och de Leit soen dat dat wat hinnen vill bedeit, hiren Kanner schonn vläicht net méi dat selwecht bedeit. Mier kennen Fäll, wou da beim Doud vun engem Resistenzler an Kazettler, seng Pabeieren um Tipp geland sinn.  

Vun villen Resistenzler ass duerfir  ëmmer nees gefuerdert ginn, d’Regierung misst dach do eppes maachen fir datt net no hirem Dout och d’Erënnerung un d’Resistenz géif ënnergoen.  Dësen Wonsch ass net op daarf Oueren gestouss an haut kënnen mer d’Ouverture vum Centre de Documentatioun et de Recherche de la Résistance feierlech begoen.

Haut de page

Wat soll eisen Dokumentatiounscenter dann elo leeschten ?

Seng éischt Missioun ass Dokumenter vun der Resistenz sammelen, archivéieren an domat der Recherche zur Verfügung stellen. De Begrëff „Dokumenter vun der Resistenz“ muss esou weit ewéi méiglech gefaasst ginn. Et kann een also schonn soen datt mir hei alles sammelen wat mam Krich ze dinn huet. Mir sinn awer dobäi keng Konkurrenz fir eist Nationalarchiv, mat deem mer och weider esou zesummeschaffen wäerten, wéi bis elo. Well mir méi kleng sinn, an eng besonnesch Missioun hunn, kënne mer vläicht méi Leit  iwwerzeegen, datt hei déi richteg Plaz fir hir Dokumenter ass.

Eis zweet Missioun ass dann awer och d’Geschicht vun der Resistenz ze recherchéieren an ze publizéieren. Dat maach fir munechereen iwwerraschend klengen, mee trotz honnerten vu Bicher a Brochuren iwwer d’Resistenz hunn mir keng wëssenschaftlech Etude iwwert eis Resistenz, déi sech dobaussen weise kënnt. De Besoin fir esou eng Geschicht vun der Lëtzebuerger Resistenz war esou laang net do, wéi mir jo nach iwwerall Leit haten, déi dovun verziele konnten. Dat ass fir den Hausgebrauch duer gaang. Am Ausland huet kaum e sech fir eis interesséiert an esou ass et net opgefall, datt d’lëtzebuerger Historiker dëse Sujet net traitéiert hunn. Eng Rëtsch Resistenzler hunn wuel hir Mémoire geschriwwen, e puer hunn se esou guer publizéiert. Dat si wäertvoll Dokumenter, déi keen Historiker kann negligéieren, mee se ersätzen eng Geschicht, déi kritesch an „sine ira et studio“ geschriwwen ass net. An dësem Kontext géif ech gären op eng Initiativ vun eisem Nationalarchiv hiweisen, déi mir gäre matdroen. Am Abrëll d’nächst Joer ass do en internationalen Colloque iwwert d’Resistenz geplangt, wou elo schonns d’Participatioun vun Historiker aus der Belsch, Holland, Frankräich an Däitschland assuréiert ass.

Mir wäerten eise Centre och bei de Studenten um Centre Universitaire virstellen.  Mier si frou datt d’Zuel vun deenen Studenten, déi e Sujet fir hire Mémoire sichen an dobäi un de Krich an un d’Resistenz denken, an de leschten Jore geklomm ass. Eischt Resultater déi mer elo kritt hunn, si ganz encourageant. Eleng dëst Joer hate mer scho méi wéi eng Dosen Visiten hei an der Villa Pauly.

Eis drëtt Missioun gesinn mir an der Fleeg vun der „Mémoire“.

Den Zweete Krich ass fir d’Lëtzebuerger déi „épreuve du feu“ gewiescht, an där se zesummegeschweest goufen, wou sie erlieft hunn wat „Solidaritéit“ bedeit. Nom Krich stoung Lëtzebuerg anescht do wéi virdrun. Dobaussen ware mer unerkannt als klengen, onofhängegen Alliéierten. Keen huet eis Existenz a Fro gestallt. 25 Joer virdrun war daat ganz anescht gewiescht. D’Zesummewierken vun der Exilregierung dobaussen a vun de Lëtzebuerger an der Resistenz hei heem huet dat bewierkt.

Haut de page

Monseigneur, Madame

Erlaabt mer e besonneschen Hiwäis op d’Attitude an d’Aktivitéite vun Ärer veréierter Groussmamm, eiser Grande-Duchesse Charlotte an Ärem Grousspapp, dem Prënz Felix, awer och op Ärem Papp, eisem Prënz Jang säin Asaz fir d’Libératioun vun eiser Heemecht. Dat huet d’Dynastie an d’Vollek esou zesumme bruecht, wéi ni virdrun. Keng politesch Partei  huet d’Grande-Duchesse Charlotte a Fro gestallt. Vill vun deem wat haut dat onofhängegt Lëtzebuerg ausmécht, gouf am Krich geschaf.

Haut wou déi jonk Acteure vun deemools eis lues a lues verloossen, ass et un deenen, déi nom Krich gebuer goufen, d’Erënnerung un dat wat virun 60 Joer geleescht gouf,  lieweg ze halen.  Et ass un eis, nei Weeër a Mëttelen ze fanne fir eiser Jugend d’Wëssen iwwer dat, wat am Krich an duerno geleescht gouf, bäizebréngen, z’ explizéieren an hinnen doduerch kloer ze maachen wat déi Affer vun deemools fir eis haut bedeiten. 

D’Studenten an eisen Lycéeën weisen Intérêt fir de Krich an d’Resistenz wann se ugesprach ginn, wann hir Professeren hinnen dëse Sujet presentéiren.

Mier haten schonn éischt Klassen op Besuch, déi sech z.B. preparéiert hu fir en Pèlerinage an e KZ, oder déi sech informéiert hunn iwwert en spezielle Sujet vum leschte Krich. Ech kann hei nëmmen un all Professeren an Schoulmeeschteren appeléieren an se invitéiere mat eis Kontakt opzehuelen, wann se Informatioune brauchen.

Am allgemengen verstinn mier dësen „Centre de documentation et de recherche“ als en “ Service public ” am Déngscht vum Bierger. Jiddereen, den Informatiounen iwwert de Krich an d’Resistenz sicht, ass bei eis wëllkomm.

Jidderengem, deen sech seriös mat Froen iwwert Resistenz an Krich beschäftegt, stinn eist Archiv an eis Bibliothéik op. Besonnesch an eiser Bibliothéik, déi elo vrun en puer Deeg definitiv opgestallt konnt ginn, fannen se eng Collectioun vun spezialiséiert Literatur déi eenzegaarteg hei am Land ass. Et muss een déi Leit félicitéieren, déi des Bibliothéik zesummegedroen hunn.  Mir hoffen, datt mer geschwënn schonn eis Bicher an de Bibliothéiksréseau Aleph vun der Nationalbibliothéik ophuelen kennen, fir esou de Grand public dorop opmierksam ze maachen. Ech well och hei déi gutt Collaboratioun mat der Nationalbibliothéik ënnersträichen an  hirer Directrice Merci soen fir déi Hëllef, déi mir bei hir kréien.

Dir hutt herno alleguerten d’Geleeënheet duerch eis Bibliothéik ze goen an iech vum Räichtum ze iwwerzeegen.  Huelt awer w.e. gelifft kee Buch mat heem, mir brauchen si nach.

Ech hunn elo probéiert an kuerzen Wierder ze soen wat mir hei Wëlles sinn, an dier hutt iech bestëmmt gefrot: Wéi wëllt hien dat do alles eleng ronn kréien ?

Är Fro ass méi wéi berechtegt. Ech kann iech awer berouegen. D’Regierung huet virgesinn, datt ech Hëllef kréien. Esou en Dokumentatiounszentrum kann net eng One-Man-Show sinn, hei muss eng Equipe aktiv ginn, déi zesummen plangt an schafft. Ech well awer net vergiessen, datt mer bei enger Rei Resistenzler nach ëmmer op Mathëllef zielen kënnen, wann mer si em Rot froen. Mir hoffen datt dat och nach eng Zäit esou ka wieder goen.

Monseigneur, Madame
Léif Invitéen

Erlaabt mer zum Schluss nach e puer Wuert ze soen, wat d’Villa Pauly net ass an net wëll sinn: Mir si kee Musée, well mir eigentlech näischt ze weisen hunn. Wien e Musée iwwert d’Resistenz, d’Ëmsiidlung, d’Zwangsrekrutéierung oder d’Judden am Krich sicht, de kann op Esch an de „Musée national de la Résistance“ oder op d’Hollerecher Gare an de „Mémorial de la Déportation“ goen. Do fënnt en Expositiounen zu dësen Sujeten. Mir kënnen a wëllen keng Konkurrenz dozou sinn. Am contraire, wien supplementare Dokumentatioun sicht, fir dat wat en am Musée gesinn huet, deen ass hai op där richteger Plaz.

An dësem Sënn wënschen ech datt mer all zesummen um selwechte Strack zéien an esou d’Mémoire un d’Lëtzebuerger am 2. Krich lieweg erhalen.

Ech soen iech Merci fir d’nolauschteren.

Dernière mise à jour