Message de Noël de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse

Léif Matbierger,

Et ass een ëmmer iwwerrascht wéi séier d'Zäit vergeet. Tatsächlech waren déi lescht zwielef Méint sou voll vun Evenementer. Dësen Owend, wou mir zesummen an der Famill feieren, ass e gudde Moment fir en éischte Bilan ze zéien. Erlaabt mer, och e kuerze Bléck op dat Joer ze werfen wat elo op ons zoukënnt.

Déi Changementer an Ëmstellungen, déi mir am Joer 2002 scho festgestallt haten, hu staark zougeholl. Kee Secteur vun eiser Wirtschaft kann sech deem widdersetzen. Mir gesinn, datt Upassungsbestriewungen elo gefuerdert sinn. A wéi ëmmer, bréngen Restrukturatiounen en negativen Nogeschmaach mat sech, besonnesch wann Aarbechtsplazen um Spill stinn.

Eis offiziell Reesen an Italien, Japan an Dänemark hunn de Beweis bruecht, datt et bei eise Partner net besser ass. De stännege Kontakt mam Ausland ass fir e Land wéi Lëtzebuerg immens wichteg.

Ech freeë mech, datt de sozialen Dialog tëschent allen Interessenten ons bis elo vill Schlëmmes erspuert huet.

Ech well och ënnersträichen, wéi roueg eis Sozialwahlen iwwer d’Bühn gaange sinn. Et wär ze hoffen, datt déi éischt Signaler vun enger Reprise sech an den nächste Méint confirméieren.

Eng aner Fro, déi besonnesch aktuell a sensibel ass, bleift déi vun der Immigratioun. Mir wëssen alleguer datt keen seng Heemecht gär verléisst fir sech an engem anere Land oder op engem anere Kontinent nidderzeloossen. Dat geschitt nëmmen, wann een d'Gefill huet keng Zukunft méi bei sech ze hunn: dann geet ee vun doheem fort.

Esou war et och bei ons am 19ten Joerhonnert, wou Dausende vun eise Leit ausgewandert sinn.

De beschte Wee fir deem entgéint ze trieden, ass genee dat, wat mir besonnesch an deene leschten 10 Joer opgebaut hunn: eng effizient a generéis Entwécklungspolitik.

Och hei hunn eis Visiten, zesummen mat der Grande-Duchesse oder eleng, de Beweis bruecht, datt ons Politik mat der aktiver Hëllef vun de villen ONG’en och an den äermsten Géigenden vun der Welt wéi den Nicaragua, de Salvador, de Bangladesch oder de Laos de Leit Hoffnung bréngt.

Besonnesch déi vill Kanner a Jugendlech deene mer Hëllef bruecht hunn an déi mir do begéint hunn, ware fir meng Fra a fir mech dat Schéinst wat mer dëst Joer erliewt hunn.

Ier ech vun der Zukunft schwätzen, wëll ech nach ee Wuert iwwert e Problem verléieren, dee mer ganz staark um Häerz läit: Et geet ëm déi nach ëmmer ze héich Zuel vun Auto- wéi och Motosaccidenter. Musse mer eisen Alldag sou oft mat enger tragescher Nouvelle vun engem Accident ufänken?

Wat dat nächst Joer betrëfft, well ech dräi Aspekter besonnesch ervirhiewen.

  • Mir wëssen, datt 2004 e Wahljoer ass. Et geet ëm de Renouvellement vun eiser Chamber a vun eise Vertrieder am Europaparlament.  Erlaabt mer, de Wonsch auszedrécken datt mir mat alle Bedeelegten an de nächste Wochen konstruktiv Debatte kréien iwwert déi Problemer déi virun eis stinn, an dat am géigesäitege Respekt.

  • 2004 ass och wichteg fir Europa: mat der effektiver Erweiderung a mat der hoffentlecher Adoptioun vun der éischter europäescher Verfassung kréien mir zwou fundamental Etappen, déi ganz sécher an eiser Geschicht en héigen Stellewäert kréien.

  • Dat nächst Joer ass och e Joer vun der Erënnerung. Besonnesch solle mir un déi denken, déi virun 60 Joer d'Stir gehalen hunn an un déi vill amerikanesch d'Zaldoten, déi ons d'Fräiheet erëmginn hunn. D'Commémoratioun vun der Landung an der Normandie wéi och den 10ten September an d’Rundstedtoffensive, solle Momenter vu groussem Merci ginn.

Ech géing elo gären der Grande-Duchesse d’Wuert ginn:

(Grande-Duchesse)

Léif Matbierger,

2003 war dat europäescht Joer vun de Leit mat Behënnerungen.

Déi sëllechen Aktivitéiten a Manifestatiounen, déi dowéinst an alle Länner vun Europa organiséiert goufen, haten ee gemeinsamt Thema:

"Näischt iwwer eis - ouni eis".

An deene meeschten vun deene ville Gespréicher, déi mäi Mann an ech an dësem Joer mat betraffene Leit haten, ass ëmmer rëm zur Sprooch komm, dat och e Mënsch mat enger Behënnerung d’Recht huet, säi Liewen selwer an d’Hand ze huelen an dat selwecht Recht huet ewéi seng net behënnert Matbierger, deel ze huelen um politeschen, gesellschaftlechen, sozialen, kulturellen a sportlechen Liewen vun dësem Land .

Ech war zum Beispill ganz besonnesch houfreg op ons Athleten, déi bei den "Special Olympics" zu Dublin waren. Dofir hunn ech och geplangt, d’nächst Joer am September eng Rei behënnert Kanner a Jugendlech op Athen op d’paralympesch Spiller ze invitéieren fir hinnen Courage ze maachen.

Dëst sinn nëmmen zwee Beispiller déi weisen wat grad de Sport um Plang vun der Integratioun bewierke kann.

D’Integratioun vun onsen behënnerten Matbierger an ons Gesellschaft ass a bleiwt nämlech en Uleies, un dem e Land kann a muss gemooss ginn.

Ech wëll awer och besonnesch dësen Owend ee grousse Merci all deene Fraen a Männer soen, déi sech Dag fir Dag fir eis behënnert Matbierger asetzen, sief et berufflech oder bénévol.

(Grand-Duc)

Léif Matbierger,

An dem Geescht sinn ech och iwwerzeegt, datt mir eis Problemer meeschtere kënnen.

Nos pensées vont naturellement également à nos concitoyens étrangers qui ont fait de notre pays leur terre d'élection. Qu'ils sachent combien nous apprécions leur présence parmi nous. Nous leur souhaitons de Joyeuses Fêtes.

Mat der Grande-Duchesse, eisen Elteren an eise Kanner all Guddes fir iech all, är Familljen, är Frënn. E schéinen Hellegowend an e gutt neit Joer.

Dernière mise à jour