Message de Noël de S.A.R. le Grand-Duc

Léif Matbierger,

Wéi ëmmer ass de Reveillon vu Chrëschtdag e privilegéierte Moment fir zesummen an der Famill oder am enke Frëndeskrees iwwert dat nozedenken, wat ons déi lescht zwielef Méint bruecht hunn.

Gléck a Réussite - Leed an Enttäuschungen sinn do Elementer déi de Réckbléck bestëmmen.

Ech hoffen, datt fir déi meescht vun Iech dëst Joer dach vill Satisfactiounen bruecht huet.

Et bleift, datt d'Welt net méi sécher gin ass: Terrorismus, Krich, Aarmutt, Naturkatastrofen, CO2-Emissiounen hun dat alldeeglecht Bild geprägt.

Och e Nopeschland wéi d'Belsch war am Summer mat enger fierchterlecher Explosioun konfrontéiert, déi vill Affer kascht huet. Onsem Land ass Gott sei Dank dat Schlëmmst erspuert bliwwen. 

Mir haten e Waljoer. Et huet secherlech net un Diskussionsstoff gefeelt. Ech sinn frou, datt alles esou fair ofgelaf ass.

Eng nei Majoritéit bestëmmt elo d'Regirungsgeschäfter an dat an enger Zäit vu groussen Ëmstellungen fir eist Land. Ech denken do besonnesch:

  • un déi esou wichteg Reform vun eiser Schoulpolitik déi och der Grande-Duchesse ganz staark um Häerz läit;
  • un d’territorial Reorganisatioun déi mëtten an der Diskussioun steet;
  • un d'Ofsécherung an d'Zukunft vun eiser Place financière;
  • an schlussendlech un d'Preparatioun vun eiser EU-Presidence, déi op Volltoure leeft.

An et ass grad iwwert Europa wou ech dësen Owend e puer Iddiën mat Iech deele wëll.

Losse mer fir d'éischt festhalen, datt d'Natur vum europäeschen Integratiounsprozess haut eng ganz aner ass wéi an de sechzeger Joren.

Wat deemools just eng Communautéit vun sechs Länner war, ass haut eng Unioun mat engem eenzege Maart vun elo schons 25 Länner, vun denen der zwielef mat enger gemeinsamer Währung.

Wat elo d'Zukunft betrëfft, ass d'Ambitioun vun engem integréierten politeschen Europa.  Dat bréngt kuerz gesoot dräi Saachen mat sech:

  • éischtens eng kloer Ausriichtung vun eise Finanzen op Recherche a Formatioun fir méi Wuesstem an domat méi a besser Aarbechtsplazen;
  • zweetens de Kampf géint nei Geforen konsequent durchféieren fir méi Sécherheet. Domat si viséiert: den Terrorismus, nei Formen vu Kriminalitéit, schiedlech Liewensmëttel, schlecht Aarbechtskonditiounen, Agressiounen op d'Ëmwelt;drëttens e verstäerkt Engagement no baussen fir méi eng gerecht Welt vu Solidaritéit, Toleranz a Nohaltegkeet.

Fir déi Ambitiounen an dee Wëllen ëmzesetzen, brauche mer méi ewéi jee déi breet méiglechst Ënnerstëtzung vun de Bierger wéi vun de Parlamenter.

Dofir gesinn ech et als eng eemoleg Geleeënheet, datt mir duerch e Referendum den 10. Juli eist Vertrauen an dat neit Europa ausdrécke kennen. An deem Kontext solle mir déi éischt Europäesch Verfassung gesinn wat si effectif ass. Si ass d'Suite vun deem wat an all deene Joren zesummen gewuess ass, dat heescht: wat mer schons erreecht hun mat neie Méiglechkeeten an Opportunitéiten. Dat ass sécherlech net ëmmer ganz liicht ze verstoen. 

Mat der néideger Distanz musse mer awer agesinn, datt d'Europäesch Integratioun wéi e Wonner erschéngt. Denke mer nëmmen un eis Situatioun viru genau 60 Joer. Op Hellegowend 1944 hun eis Grousseltern an Elteren gebaangt a geziddert wéi en Drëttel vum Land erëm besat war an schlussendlech total zerstéiert gouf.

Et huet 10 Joer gebraucht, bis eist Éislek sech erholl hat.

"De Nationalismus bedeit Krich", sot een eminenten franséische Politiker. Wann Europa och an enger gewësser Hinsicht derangéiert a sécher net ëmmer eisen Idealvirstellungen entsprecht, da bleift de Gedanken vun engem vereenten Europa dat fantasteschst, wat dat viregt Joerhonnert ons bruecht huet: an zwar de Fridden.

An deem Geescht, soen ech iech, léif Matbierger, datt Ech um Referendum deelhuelen wäert. Domat wëll ech menger Iwwerzeegung fir en dynamescht a respektéiert Lëtzebuerg an dem neien Europa Ausdrock gin.

Mes chers concitoyens,

Quelles que puissent être vos origines, nous sommes heureux de vous compter parmi nous. Vous êtes de plus en plus nombreux, preuve que vous vous sentez bien chez nous, que vous croyez en l'avenir de ce pays. Cela nous rejouit, car nous savons que nous avons besoin de vous.

Avec la Grande-Duchesse, nos enfants et l'ensemble des membres de notre famille je vous souhaite en cette veille de Noël joie et bonheur.

Meng léif Matbierger,

Iech all, a besonnesch deene Kranken an déi déi desen Owend eleng sin, wënschen ech mat der Grande-Duchesse, eise Kanner an eisen Elteren e schéine Chrëschtdag an e friddlecht neit Joer.

Dernière mise à jour