Conférence de presse de Jean-Claude Juncker

Jean-Claude Juncker : [inaudible] 2009 zu Bréissel, awer zu Lëtzebuerg hu se sech dat schon am Februar 2005 beriichte geloos, wéi een dat am Beschte virbereet, well et kënne jo net déi 27 Regierungschefen do schwätzen, da si mir relativ laang amgaangen.

An duerno eng Rei vu Suggestiounen, mir hunn och iwwer d’Aart a Weis geschwat wéi déi nei europäesch Kommissioun soll no den Europawahle bestëmmt ginn. Dir wësst, datt do eng douce Controverse besteet, ënner den europäesche Regierungschefen an där Gestalt, datt mir am Dezember vum leschte Jor zu Bréissel um Conseil européen décidéiert haten, datt de President vun der Kommissioun géif direkt no den Europwahle genannt ginn. Dat hu mir ënner der Presidentschaft vum Här Sarkozy gemaach. Mä dee selwechten huet no dem leschte Conseil européen zu Bréissel, den 1. Mäerz, gesot, hie wier der Meenung, mat där Nominatioun soll ee waarde bis no dem iresche Referendum. Mir mengen awer, et soll een un deem festhalen, wat den Här Sarkozy als éischt Iddi eis eng Kéier alleguer opgefuerder hat och ze wëllen, nämlech déi Presidentschaft vun der Kommissioun direkt ze besetzen, fir datt net zevill laang Pausë beim europäesche Spëtzepersonal a bei der Besetzung vun deem Posten entstinn.

Duerno hu mir e laangt Gespréich gefouert iwwer d’Virbereedungssitzung déi d’Finanzministeren den nächste Samschdeg um Niveau vun de G20 Finanzministeren zu London hunn.

Duerno hunn ech och laang mat mengem Kolleg Finanzminister diskutéiert, fir nach eng Kéier däitlech ze maachen, vun eiser Siicht aus betruecht, datt déi amerikanesch Opfuerderunge fir den europäesche Konjunkturpak nach z’erweideren, a Richtung 5% vum Bruttoinlandprodukt op 2 Joer verdeelt, net déi spontan Zoustëmmung vun den Europäer ka fannen, well mir a) mengen, net an der selwechter Situatioun ze si wéi d’Amerikaner, a b) well mir elo lues a lues gesinn, datt mir no an no an eng Spiral vun Defizitbildung a vu Staatsscholden-Opschëddung kommen, déi riskéiert alleguer déi Konsolidatiounsefforten déi mir déi lescht 10 Joer an Europa gemaach hunn, wat d’Budgetsdisziplin ubelaangt, futti ze maachen. Domat riskéiere mir, wa mir nach méi Schold maache wéi déi déi mir elo schonn amgaange sinn ze maachen, datt mir méi héich Defiziter kréie wéi déi déi mir amgaange sinn ze kréien; datt mir dann an eng net-Konsolidéierungslogik era kommen, déi sech spéiderhi mat méi héijen Zënsen a mat méi enger héijer Inflatioun wäert iwwersetzen. Dofir brauche mir, wat ech nennen, eng Exit-Strategy aus de Staatsdefiziter, an déi musse mir am Conseil européen am Mäerz zu Bréissel och fannen. An dofir musse mir och op der G20 Sitzung als Europäer déi amerikanesch Demanden do no Méiglechkeet zréckweisen.

Dat Zweet ass, datt ech mech dann intensiv, wat ech och schonn de leschten Dënschdeg an der Sitzung vun de Finanzministeren zu Bréissel gemaach hunn, dogéint gewiert hunn, datt, mat der Zoustëmmung vun der Europäescher Unioun, Lëtzebuerg op eng sou genannte „schwaarz Lëscht“ vu Steierparadäiser géif kommen. Mir halen eis un déi europäesch Regel, dat ass déi vun der Koexistenz – ech hat dat erklärt: Bankgeheimnis mat Quellesteier op der eng an Informatiounsaustausch op der anerer Säit. A wann ee sech un d’europäesch Regelen hält, dann hält ee sech drun, da kann een net mat Zoustëmmung vun der Europäescher Unioun op eng Lëscht gesat ginn. Vu datt den tschechesche Premier, als Vertrieder vun der Europäescher Unioun, un där Sitzung zu London deel hëllt, ass et wichteg ze wëssen, datt hien als President, als Land déi Iddi zréckgewisen huet, datt Lëtzebuerg op eng schwaarz Lëscht géif kommen – wat awer entretemps op den Agencë relativ staark verbreet ginn ass.

Mir halen eis un d’europäesch Regelen, mir sinn och am Kader vun der OECD bereet, weider Schrëtt ze maachen, ënner der absoluter Bedingung, datt eis Haaptkonkurrenten dat och maachen. Mir wëllen zu Lëtzebuerg Regelungen hunn, déi esou si wéi se an der Schwäiz sinn a wéi se op anere Finanzplazen – Hong Kong, Singapur – déi mat eis direkt a Konkurrenz stinn, applizéiert ginn. Dat muss een evaluéieren. Op jiddwer Fall hätte mir gären, datt a kengem Fall Lëtzebuerg op esou eng schwaarz Lëscht géif kommen.

Dat Drëtt, wat mir geschwat hunn, huet de Rescht vun der Virbereedung vum europäesche Sommet den 18. Mäerz betraff. Do geet et am Wesentlechen ëm d’Reconfirmatioun dovun, datt mir och an der Kris un deene klimapoliteschen Ziler festhalen, déi d’Europäesch Unioun sech fixéiert huet. Ech mengen, datt d’Kris net dierf als en Alibi oder eng Excuse gebraucht ginn, fir elo déi klimapolitesch Efforten déi musse gemaach ginn, an déi net kleng sinn an och net bëlleg sinn, zréckzedrécken. Déi Wirtschafts- a Finanzkris geet eng Kéier eriwwer, och wann et nach laang dauert, mä d’Klimakris bleift. Dofir ass et elo net, fir d’Efforten no ënnen tendéieren ze loossen, wann et ëm déi richteg klimapolitesch Opstellung vun den Europäer geet. A mir verléieren och de „moralesche Kredit“, esou nennen ech dat, dee mir a Saache Klimaschutzpolitik kritt hunn, an eise Gespréicher mat den Amerikaner, wa mir elo ufänken, wou mir elo emol endlech eng amerikanesch Administratioun hunn déi bereet ass mat op e méi engagéierte Wee ze goen, Waasser ze zéien.

Mir hunn och nach eng Kéier drop insistéiert, zu zwee, datt et, wéi beim Klimaschutz, och bei den ugestriewte Strukturreformen am Kader vun der Lissaboner Reformagenda muss bleiwen. D’Kris kann en Afloss hunn op de Rhythmus, op den Tempo vun eenzelne Strukturreformen, mä d’Kris an där mir sinn, déi wäert eis net dovun ofbréngen, datt mir eng Rei vu strukturellen Agrëff an eisem, notamment, Wirtschaftsgefüge maachen.

Mir hunn däitlech gemaach an deene Gespréicher, datt et beim G20 Sommet a beim Virbereedungssommet d’nächst Woch zu Bréissel drop ukënnt, däitlech ze maachen, datt mir eng nei Finanzarchitektur an der ganzer Welt brauchen, mä datt déi richteg Léieren aus der Ursaachebekämpfung vun dëser Kris gezu musse ginn. Déi Kris huet wesentlech domat ze dinn, wann och net nëmmen, datt op ville Plazen d’Regelwierker net méi gegraff hunn, och well d’Regelwierker net dicht genuch waren. Mir hätte gären, datt iwwerall op der Welt all Finanzacteur där selwechter Densitéit vu Kontrollen ënnerworf ass, wéi dat a méi evoluéierte Finanzzentren de Fall ass. Dofir muss d’Regulierungsdichte verstäerkt ginn. D’Amerikaner ginn eis an de Gespréicher déi mir hunn e bëssen d’Impressioun, si géife lues a lues ofrécke vun deem Zil a géifen dofir wëlle méi iwwer d’Finanzmëttelen zur Bekämpfung vun der Kris schwätzen, wéi iwwer d’Verbesserung vun der Reguléierung. Deem muss ee sech no Méiglechkeet an de Wee stellen.

Um bilaterale Plang sinn d’Bezéiunge gutt. Mir hunn ofgemaach, datt mir am Kader vum der 700-Joeresfeier vun der Hochzäit vum Jang de Blannen dann eng Rei vu Manifestatiounen zu Prag an zu Lëtzebuerg maachen, ënner anerem grouss Ausstellungen. Et muss ee wëssen, datt iwwer d’Muséeë vun der ganzer Tschechei verspreet vill Elementer leien, déi mam Jang de Blannen, deen no wéi vir an der Tschechei populär ass, zesummenhänken. De Jang de Blannen an de Charel IV sinn déi zwee populärsten Tschechen, de Sondagë vun haut no. Et ass vläicht méi einfach, wann ee scho 700 Joer doud ass, fir populär ze sinn. Mä ëmmerhi muss een awer wëssen, datt s’et sinn.

Mir hunn e ganz laangt Gespréich iwwer d’Deelaspekter vun der Finanzkris gefouert, mam Finanzminister a mam Premier, mam Vize-Premier. D’Aart a Weis wéi mir mat toxesche Produkter ëmginn, d’Aart a Weis wéi sécher gestallt gëtt, datt bei der Bankeniwwerwaachung net d’Iwwerwaachungsregelen dolaanscht gräifen, géif dora bestoen, datt just déi Iwwerwaachungsautoritéite vun de Länner wou déi grouss Banken hire Siège hunn, zoustänneg si bis erof zur Reglementéierung vun de Filialen déi déi grouss Banken am Ausland hunn; mä datt déi national Iwwerwaachungsbehördë mussen zoustänneg bleiwe fir d’Filialë vun deene grousse Banken.

Grosso modo si mir mat de Propositiounen déi den Här Delarosière a sengem Bericht iwwer d’Finanzreguléierung geschriwwen huet, averstanen, an dee gëtt wahrscheinlech och déi nächst Woch um Conseil vun de Regierungschefë guttgeheescht. Dee soll bis de Juni, esou menge mir, ëmgesat ginn, nodeem d’Finanzministeren den 3. Abrëll op hirer informeller Sitzung zu Prag nach eng Kéier driwwer gekuckt hunn, an nodeem se am Mee driwwer décidéiert hunn, ob dann am Juni déi definitiv Décisiounphas vum europäesche Conseil ka geschéien.

Dat war gerafft wat mir am Kader vun enger kuerzer Visite gemaach hunn, déi mat engem Besuch beim tschechesche Vize-Premier asugeklongen ass, dee mat zoustänneg ass fir d’Sitzunge vun den Ausseministeren a vun den Europaministeren. Do hu mir iwwer weiderféierend europäesch Aspekter geschwat, dat wier ze wäit fir déi nach weider elo opzerullen.

Membre du gouvernement

JUNCKER Jean-Claude

Date de l'événement

12.03.2009

Type(s)

Conférence de presse