Wéi ech nach e Schoulbouf war, huet Groussherzoginsgebuertsdag fir mech en Dag ouni Schoul bedeit. Also eppes ganz Schéines.
Duerno hunn ech d’Virfeiere mam Freedefeier an der Stad kennegeléiert. Och dat war e flott Erliefnes, e weidert Element vun Nationalfeierdag, wou Zéngdausende gefeiert hunn.
Als jonke Gemengeconseiller hunn ech dunn a menger Heemechtsstad Diddeleng aner Facettë vun eisem Nationalfeierdag kennegeléiert: de lokale Cortège - wou ech matgaange sinn -, an de feierlechen Te Deum - vum Héieresoen.
Als Buergermeeschter a spéider als Regierungsmember sinn ech dunn an den Te Deum gaang, an ech gi gär zou, datt mär bei der Sonnerie Nationale ëmmer d’Héngerhaut ausgaang ass, well dat ass ganz schéin.
E fräien Dag, de Gebuertsdag vun eisem Staatschef, Freedefeieren, Cortègen, Te Deum an aner Zeremonië vun deene verschiddene Glawensgemeinschaften: alles Elementer vun eisem Nationalfeierdag, wou een dobäi ass - oder och net.
Mee war dat et? Ass dat alles? Ass dat eisen Nationalfeierdag?
Ech mengen net!
Eisen nationale Feierdag ass méi: Et ass den Dag vun der Lëtzebuerger Gemeinschaft, vun all de Leit, déi hei wunnen - an dat si méi wéi 170 Nationalitéiten -, Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen, an - firwat net? - och vun deene Leit, déi heihinner schaffe kommen.
Et ass deen Dag, wou mär eis ee Moment huelen, fir eis mat eisem Land, mat eiser Identitéit, mat eiser Vergaangenheet, den aktuelle Froen an eiser Zukunft, heiheem an an Europa oder der Welt, ausenanerzesetzen. 2/3
An dofir ass et gutt, datt mär eis haut, eng éischte Kéier, niewent deene ville wäertvolle Puzzledeeler vun eisem Dag, en zentralen, en offizielle Rendez-vous ginn, fir dovun e Gesamtbild ze kréien. Zesumme fir dat Gemeinsamt an net géint een oder géint Traditiounen, déi och ouni staatleche Charakter hir Feierlechkeet behalen.
Dir Dammen an Dir Hären,
Haut feiere mär eist Land a setzen eis mat deem auserneen, fir wat mär stinn. Muncher schwätze vun nationaler Identitéit. Identitéit gëtt am Larousse als eppes beschriwwen, wat e permanenten a fundamentale Charakter huet. Ech fannen déi Definitioun vill zevill reduktiv, well Identitéit ass net eppes Statesches, eppes Festgefuerenes.
Eng Identitéit ass eppes, wat sech permanent verännert, sech ëmmer erëm weiderentwéckelt an och heiansdo Widderspréch a sech dréit. Sou ass eis Lëtzebuerger Sprooch e staarken Identifikatiounsfacteur, eis Villsproochegkeet awer grad esou.
Eis Identitéit ass haut staark vun eiser Diversitéit, vun eiser Villsäitegkeet gepräägt. An déi Diversitéit ass eng vun eisen Trëmp.
Lëtzebuerg steet doniewent wéi kaum en anert Land fir d’Solidaritéit - no bannen awer och no baussen.
Déi Solidaritéit spigelt sech an enger Rei vu Pakten erëm,
deen tëscht de Generatiounen, dee mär och fir mar mussen ofsécheren;
deen tëscht aarm a räich;
deen tëscht gesond a krank;
deen tëscht Lëtzebuerger an Netlëtzebueger;
a schliisslech eis Solidaritéit mat deenen anere Regiounen op der Welt duerch eng exemplaresch Entwécklungszesummenaarbecht.
Monseigneur, Madame,
Viru 14 Deeg hu mär, zesumme mat Vertrieder vu ville Länner, déi op europäeschem Buedem Krich gefouert hunn, den Débarquement vun den Alliéierten op de Plagë vun der Normandie viru 70 Joer kommemoréiert.
Dat war en ergräifende Moment, et war e Gefill vun Dankbarkeet vis-à-vis vun deene Veteranen, déi dobäi konnte sinn - dorënner och eise Grand-Duc Jean - an deenen, déi net méi dobäi konnte sinn.
A wann een sech fir e puer Stonnen an déi Zäit vun 1939 bis 1945 zeréckversat gefillt huet, dann ass ee sech bewosst ginn, wat déi siwe Jorzéngte Fridden, an deene mär liewen, fir eppes Grousses sinn. 3/3
Wann ee weess, wéi vill jonk Leit hiert Liewe geaffert hunn, fir eis vun Diktatur a Rietsextremismus ze befreien an eis Fridden an Demokratie erëmzeginn, dann ass dat eng Verflichtung, fir bedingungslos fir de Respekt vun deene Wäerter anzetrieden.
Hei kann eist Land Beispillfunktioun iwwerhuelen. Mär hu Rietsextreme konsequent déi rout Kaart gewisen a si schockéiert iwwert déi Well vun Neofaschismus, déi iwwer eng Rei vu Partnerlänner gerullt ass.
Sécher, mär sinn net ouni Feeler an heiansdo sinn och Kriticken, déi vu bausse kommen, verständlech a mär mussen eis domat ausenanersetzen an och handelen, wann et richteg ass.
Mär sinn en oppent Land fir déi Leit, déi vu bausse kommen, awer och fir nei Entwécklungen, an dofir si mär och interessant fir
déi Leit, déi bei eis schaffe kommen;
déi Investitiounen, déi aus dem Ausland kommen;
déi Déngschtleeschtungen a Produkter, déi mär exportéieren;
déi vill Touristen, déi bei eis Vakanz maachen;
déi Studenten un eiser opstriewender Uni;
déi international unerkannte Chercheuren;
déi international Filmprojeten, déi et bis zum Oscar bréngen…
Géife mär eis zoumaachen oder géife mär stoebleiwen - an dat musse mer verhënneren - hätte mär all vill ze verléieren.
Wann ee Lëtzebuerg seet, kënnt ee sécher net laanscht déi successiv ekonomesch Success-Storyen, eis politesch Visibilitéit an der Welt, eis Dialog- an Upassungsfäegkeet an aner wäertvoll an dauerhaft Facteure vun eiser Identitéit wéi:
eis räich Geschicht
eis villsäiteg Kultur
eis wonnerbar Natur.
Monseigneur, Madame,
Dir Dammen an Dir Hären,
Dir gesitt, wéivill Facetten eisen Nationalfeierdag, eis Natioun, eis Identitéit hunn.
Villes ass op den éischte Bléck widderspréchlech an dach passt et am Endeffekt zesummen, sou wéi déi vill Elementer vun engem komplexe Puzzle.
A fir et op de Punkt ze bréngen: Jo, mär wëlle bleiwe wéi mer sinn, mee mär freeën eis och op dat, wat mer zesumme kënne ginn.