Allocution de S.A.R. le Grand-Duc à l'occasion des fêtes de fin d'année (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbiirger,

1999 war fir Lëtzebuerg a seng demokratesch Institutiounen e wichtegt Joër: gläich dräimool haten mir d’Geleënheet, vun eisem fräien Walrecht Gebrauch ze maachen.

Déi Walen hun emol méi bewisen, dat de Wiéler op d’Stabilitéit vun eisen Institutiounen hält.

A villen Länner op der Welt ass politesch Stabilitéit nach laang keng Selbstverständlechkeet.

Et sin meeschtens déi Länner, wou t’Mënschen ouni Respekt behandelt gin. Ennert hinnen fanne mir och déi vill Flüchtlingen déi mir bei äis opgeholl hun. Och sie wënschen sech an hirer Hemecht, Fräiheet an demokratesch Institutiounen. Dee Wonsch ass ze verstoën, well Fräiheet, Gerechtegkeet, Toleranz a Solidaritéit sin emol déi déif Wäerter, op denen all mënschlech Gesellschaft muss opgebaut sin. De Mënsch muss ëmmer am Mëttelpunkt bleiwen.

Et ass d’Aufgab vun den Elteren a vun der Schoul fir eise Kanner des Wäerter vun eiser Zivilisatioun ze vermëttelen.

Eng Lektioun vun Solidaritéit krute mir de leschte Mount, um Dag vum Baam. Kanner, Erwuessener an eeler Leit hun zesummen e Bësch ugeplanzt. Seng Friichten plécken spéider Generatiounen.

D’Schoul brengt eise Kanner och Wëssen a Kënnen bei. Dozou gehéiert besonnesch d’Léieren vun Sproochen. D’Sproochen an d’Fachwëssen sin eise Räichtum. Si sin och Ursaachen, fir wat eis Economie an d’Arbechtsplazen och dëst Joër nees gewuess sin.

Wann eis Kanner, esou ewéi déi Generatiounen virdrun, mat Fläiss an Ausdauer, un d’Aarbecht gin, brauche mir nët fir d’Zukunft ze bangen.

Mir gin op d’Enn vun dësem Joërdausend zou. Et geet äis esou gudd ewéi ni virdrun an eiser Geschicht: mir liéwen a Fräiheet a Fridden, eis Onofhängekeet ass an der Europäescher Unioun garantéiert, eis Economie ass gesond, eise Liéwensstadard ass héich, d’Zuël vun deenen, déi keng Arbecht hun, ass bäi äis am niddregsten a mir hun Stabilitéit op alle Pläng.

D’Lëtzebuerger vertrauen op déi Stabilitéit, a si sin iwwerzeegt, datt se d’Follement ass, woufir eist klengt Land haut an der Welt unerkannt a respektéiert gët.

D’konstitutionell Monarchie, déi d’Lëtzebuerger duerch de Referendum vum 28. September 1919 gewiélt hun, as e Garant fir Stabilitéit. Meng Mamm, d’Groussherzogin Charlotte, an ech hun zesummen bal e Joërhonnert lang d’Geschecker vun eiser Hemecht geled.

Dës Stabilitéit muss am nächsten Joërdausend viru goën. Ech hun d’Gefill, d’Zäit wiér komm, d’Verantwortung der nächster Generatioun ze iwwerdroën.

De Prënz Henri huët als mäin Lieutenant-Représentant jo bewisen, wat fir eng héich Opfassung hién vun sengen Flichten géintiwwer dem Land huët.

Dofir hun ech d’Decisioun geholl, d’Autoritéiten vum Land ze konsultéiren. Ech sichen mat hinnen de richtegen Dag nom Schoulufank am Septembre vum Joër 2000, wou de Prënz Henri d’Spëtzt vum Land iwwerhëlt, an dat, am vollen Vertrauen, och vun Iéch, léif Matbiirger.

Je voudrais m’adresser à tous les étrangers qui vivent et travaillent dans mon pays, pour leur exprimer mes vœux les plus chaleureux pour l’an 2000.

Léif Lëtzebuerger,

Iéch alleguër, an besonnesch deenen, déi krank, eleng oder onglécklech sin, wënschen ech, mat der Grande-Duchesse an eise Kanner a Kanneskanner, schéin Feierdeg an e gudd neit Joër.

Dernière mise à jour