Discours du Trône de S.A.R. le Grand-Duc Henri - Séance solennelle de la Chambre des députés (version originale luxembourgeoise)

Här Präsident,
Dir Dammen an Hären Députéiert,

Begled vun der Grande-Duchesse an eise Kanner, hun ech just virun den gewiélten Vertriéder vun alle Lëtzebuerger den Eed ofgeluëcht fir eis Verfassung an eis Gesetzer ze respektéieren, d'Onofhängegkeet vum Land ze erhalen an eis Fräiheeten ze verdedegen.

Ech si mir bewosst, wat fir Flichten dësen Eed mir operled. Ech wëll se no beschtem Wëssen a Kënnen erfëllen. Meng Elteren hun mech vu klengem un an deem Geescht op d'Aufgaben virbered, déi d'Verfassung dem Souverain virschreiwt. Op dësem besonneschen Dag leit et mir um Häerz mengem Papp, no dem sengem Wëllen ech haut d'Spëtzt vum Land iwwerhuëlen, a menger Mamm, déi mir de Sënn fir eng gutt Aarbecht matgouf, fir hiért grousst Vertrauen Merci ze soën. Dobei denken ech och un meng Virgänger, déi ëmmer d'Interessen vum lëtzebuerger Vollek iwwer alles gestallt hun. Esou hun meng Groussmamm a mäin Papp de Wee gewisen: d'Grande-Duchesse Charlotte huët den 10. Mee 1940 eng schwéier Decisioun gehol wéi se mat hirer Famill an der Regirung an den Exil gong. Mäi Papp huët sech, ewéi vill aner Lëtzebuerger a sengem Alter, als alliéierten Zaldot un der Front fir eis Fräiheet agesat. D'Lëtzebuerger hun trei zu menger Famill gestan an hun zesummen gehalen wéi ni vidrun.

Nom Krich hun si eis demokratesch Institutiounen an eis Wirtschaft erem opgebaut, an esou de Grondsteen geluëcht fir e Wuelstand wéi mir en bis dohin nach ni kannt hun.

Ech sin iwwerzeegt, dat och d'Stabilitéit vun eisen Institutiounen hiirt derzou beigedroën huët. Si as och eng Ursaach dofir, dat eist Land ugesin a respektéiert an der Welt steet.

Bis haut huët Lëtzebuerg eng grouss Evolutioun vun senger Gesellschaft a Wirtschaft gemeeschtert. D'Generatioun vun mengem Papp kann dat am beschten moossen. Eis Populatioun as méi kosmopolitesch gin. Eis Gebräicher sin dodurch beaflosst gin. D'Famill as nach emmer de Käer vun eiser Gesellschaft a muss et och bleiwen. Mann a Fra si méi gläichberechtegt Partner gin.

D'Handwiérk, den Handel, d'Industrie an Dengschtleeschtungen hun vum rasanten Fortschrëtt vun de Wëssenschaften an der Technologie profitéiert. De Wandel vun de Schmelzen op nei Industrien, an op d'Finanz- an d'Kommunikatiounswirtschaft huët sëch ouni Oprou vollzun. Bei eis sin d'Gefiller vun Solidaritéit an vun Gerechtechkeet nach ganz stark an fannen sech am politeschen a sozialen Konzens erem.

Mir stin um Ufank vum 21. Joërhonnert a vun engem neien Règne. Et as normal, dat een sech freet, wéi et weider geet. Och wann een d'Zukunft net viraus soën kann, as et awer méiglech Tendenzen ze erkennen. Lëtzebuerg bleiwt e souveränt a weltoffent Land am Bond mat sengen Partner an der Europaëscher Unioun. Eng vun den Aufgaben vun muër as et, fir teschent der Ouverture no baussen an eiser egener Souveränitéit de richtegen Wee ze fannen.

Mir schaffen virun an den Verenten Natiounen, déi den Rechtsstaat an d'Mënscherechter als Haaptaufgab hun. Eist éischt Zil as nach emmer de Fridden esou wéi et an der Preambel vum Schuman-Plang festgeschriwwen gouf.

Eis Wirtschaft schengt nach ze wuëssen, mee méi emweltfrendlech ewéi bis elo. D'Industrie diversifiéiert sech nach, de Bankensecteur consolidéiert sech mat neien Produkten, an den Kommunikatiouns- an Informatiounssektor entwëckelen sech méi séier. Esou eng Evolutioun vun der Economie begreift och d'Erhalen vun dem ländleche Raum durch eng aktiv Landwirtschaft.

Europa huët d'Bannengrenzen ofgeschaft an d'Regiounen nees opbléien gelooss. Am Saar-Lor-Lux Raum, dem seng Renommee weit iwwert seng Grenzen eraus geet, as Lëtzebuerg de Mëttelpunkt. Aus däer Regioun fannen vill Leit eng Aarbecht bei eis.

Alles dat, zesummen mat den gesonden Staatsfinanzen an dem sozialen Fridden, dréit derzou bei, datt mer eisen héigen Liéwensstandard halen kënnen.

Eist Emfeld ännert sëch bestännech an et entstin ëmmer nei Erausfuëderungen. D'Zuël vun den Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen, hëlt zou. D'Halschecht vun denen, déi bei eis schaffen, kommen aus dem Ausland. En Drëttel vun denen, déi bei eis wunnen, sin Auslänner. Lëtzebuerg as e gudd Beispill dofir, wéi muër d'Zesummenliéwen an d'Integratioun an Europa kënnten ausgesin.

De Wuesstem vun der Wirtschaft werft och d'Fro op, wéi mir an der Zukunft eis Infrastrukturen upassen ouni eis Emwelt ze vill ze belaschten. Et as eis Aufgab, datt mir eise Kanner eng gesond a proper Landschaft hannerloossen.

Eis Grousselteren an Elteren hun eis gewisen, wéi een den stännegen Wandel innovativ steieren kann. Zesummen mat der Schoul hun si gehollef, eis natiirlech Fähegkeeten ze entweckelen an eis geléiert seriös ze schaffen an eist Bescht ze gin. Esou hun si eis zu responsabel Biérger gemach, déi sech liicht un verännert Verhältnesser upassen kënnen. Ennert dem Afloss vun zwou Kulturen hu mer schon fréi Friémsproochen geléiert an eis eng egen Identitéit gin. Sollte mer dee Virdeel nët nach weider ausbauen? Déi vill aner Kulturen, déi mir an deenen leschten Joëren iwwert d'Awanderer kennen geléiert hun, sin eng Bereicherong fir eis.

Mir hun hei e Forum fir den Dialog mat de Kulturen ze féieren. Doduërch kann een d'Kommunikatiounstechnik mat enger multikultureller Produktioun erweideren.

Wa mir déi Tremp, déi mir hun, gescheckt ausspillen, brauch et eis fir déi materiel Zukunft net bang ze sin. Eis Gesellschaft liéwt awer nët nemmen vum Materiellen. Si baut op vill méi déif Wäerter op. Meng Generatioun hat d'Gleck, kee Krich ze erliéwen an as an enger Period vun Wuëlstand opgewuëss. Mir hun vill kritt. Mä gi mir och genuch erem? Si mir nët zevill egoïstesch? Gesi mir nach déi, denen et heiheem an dobaussen schlecht geet? Wësse mer, datt d'Follement vun eiser Zivilisatioun d'Solidaritéit, d'Gerechtegkeet, d'Toleranz, den Respekt een fir den aneren an d'Menschlechkeet sin?

Denke mer bei eisem Handelen och genuch un de Mënsch an huëlen mer genuch Rücksicht op déi Schwach an eiser Gesellschaft: d'Kanner, déi eeler Leit, déi Krank, déi Handicapéiert, déi keng Schaff hun, déi ennert Riéder komm sin?  Dat sozialt Netz, dat mir heiheem opgebaut hun, an d'Mëttel, déi eis Matbiérger fir d'Affer vun Krichs- a Naturkatastrophen uëchtert d'Welt spenden, weisen drop hin, dat mir d'Häerz op der richteger Plaz hun. Mä si mer och bereed fir méi ze maachen ewéi Suën ze gin, an zum Beispill en Deel Fräizeit hiér ze gin am Dengscht vun denen Mënschen, déi Hëllef brauchen? Get net de Niveau vun engem Vollek och un der Zuël vun denen Leit, déi Benevolat maachen, gemoos?

Den Engagement fir déi, déi Misär hun, leit der Grande-Duchesse an mir besonnesch um Häerz.

Ech verspriéchen haut alle Matbiérger, virun den Vertriéder vun den Institutiounen vum Land zesummen mat der Grande-Duchesse, dem Guillaume an eisen aneren Kanner, mäi Bescht ze gin fir d'Hemecht an all Leit, déi bei eis wunnen. Sou wéi eis Famill et an der Vergangenheet gemaacht huët, wëllen och mir Freed a Leed mat allen Matbiérger delen.

Dat vill Leit och esou denken, hun se durch hir Encouragementer un eis Famill bewisen, ewéi mir em mäin Brudder a meng Schwéiesch gebangt hun.  Dofir en häerzleche Merci.

Ech sin iwwerzeegt, dat mir mat ärem Vertrauen an ärer Hëllef, Iéch dat gin wat mir Iéch schelleg sin.

Dernière mise à jour