Allocution de Son Altesse Royale le Prince Guillaume lors de la cérémonie du 18 décembre 2000 au cours de laquelle le titre de Grand-Duc Héritier Lui a été conféré (version originale luxembourgeoise)

Dir Dammen an Dir Hären,

Wat fir eng grouss Verantwortung ech an deenen nächste Joren ze droe kréien, hunn elo just den Här Chamberpräsident an den Här Staatsminister mat frëndleche Wierder ënnerstrach.

Dir erwaart Iech mat Recht, datt ech meng Studentenzäit notzen, fir mech op déi Responsabilitéite virzebereeden, déi spéider op mech zoukommen.

Den Här Staatsminister huet gesot, datt ech elo kënnt an de Staatsrot kommen, fir d’Aarbecht vun eisen demokrateschen Institutioune kennenzeléieren.

Am September schons hat ech d’Freed, mat dem Här Staatsminister an der Madame Aussenminister op der Uno-Vollversammlung ze sinn. Am Abrëll gin ech mam Här Wirtschaftsminister op meng éischt Rees mam Board of Economic Development a Korea, a muer trieden ech als Präsident vun der Fondatioun Kräizbierg un: Dir gesitt, datt ech probéieren eng Hand mat unzepaken, do wou et vu mir erwaart gëtt.

Léif Elteren, Ech gouf haut zum Ierf-Grousherzog ernannt. Domadder sinn ech ënnert eisen Autoritéiten an Institutionen etabléiert. Dat ass e Bewäis fir Äert grousst Vertrauen. Ech soen Iech dofir merci. Dir a méng Grousseltere gitt mir d’Beispill, wéi ee fir Lëtzebuerg schafft. Ech hu fest wëlles, mech un dat Beispill ze halen. Dir hutt virun zwee Méint d’Geschëcker vum Land iwwerholl. D’ganzt Land steet hannert Iech, well d’Leit spieren, datt Dir d’Liewen vun hinnen alleguer deelt. Zum Schluss well ech Iech alleguer d’Zouso ginn, datt ech mäi Bescht wäert ginn, fir matzeschaffen am Intressi vun eisem Land an eise Matbierger, fir Gerechtegkeet, Solidaritéit an Zefriddenheet.

Dernière mise à jour