Ried vum Staatsminister, Jean-Claude Juncker, am Palais (version originale luxembourgeoise)

Dir Dammen an dir Hären,

Dir hutt elo grad, Monseigneur, - als Chef vun Ärem Haus – de Prënz Guillaume als Ierwgroussherzog agesaat. Et ass dat ee wichtegen Akt, ënnersträicht en dach op laang Siicht d’Kontinuitéit un der Spëtzt vun eisem Land. Gutt a richteg ass et dofir, datt Der dës Zeremonie net am enke Familljekreess haalt mee d’ganzt Land dorunner bedeelegt.

Haut trëtt de jonke Prënz Guillaume offiziell an d’Liewe vum Land an, dokumentéiert Hien, datt e bereet ass, dee Wee ze goen, deen en enges Dags op den Troun féiert. Seng Elteren, de Grand-Duc Henri an d’Grande-Duchesse Maria Teresa, kënnen houfreg op Hire Fils sinn well en ass – däerf ech dat esou soen – gutt geroden. Ech weess datt seng Grousselteren, de Grand-Duc Jean an d’Grande-Duchesse Josephine Charlotte, déi ech mat Respekt gréissen, an deenen ech soe wëllt wéi frou mer sinn Se erëm ze gesinn, grad esou houfreg op de Prënz sinn.

Léiwe Prënz Guillaume,

Ech soen Iech dat wat ech mengen Iech soen ze däerfen net ouni Emotiounen.

Wéini kann ee schon eng Ried fir een halen un deem seng Gebuert ee sech ganz genau erënnere kann. Dir sidd den 11. November 1981 gebuer ginn, ech hunn d’Kanouneschëss héieren wéi ech amgaang war ze Mëtteg z’iessen, Dir waart do an zwou Stonne méi spéit huet d’Chamber d’Diskussioun iwwert de Budget vum Joer 1982 ugefaang.

E puer Deeg no Ärer Gebuert ass eng Foto gemaach ginn, eng schéi Foto. Si weist op engem Bild an an enger Rei Äer Urgroussmamm, d’Grande-Duchesse Charlotte, Äre Grousspapp, de Grand-Duc Jean, Äre Papp, de Grand-Duc Henri, an Iech selwer, de Puppelche vum Dag, de Prënz Guillaume. Et ass dat eng schéi Foto fir Äer Famill, véier Generatioune beieneen. Et ass ee schéint Bild fir d’Land : déi déi et spéider am 21. Jorhonnert kucken gesi méi wéi ee Jorhonnert Lëtzebuergesch Dynastie a Lëtzebuergesch Geschicht.

Et ass awer virun allem ee Bild dat Dir sollt als Optrag ëmfannen. Dir stitt an der Nofolleg vu groussen an dichtegen éischte Lëtzebuerger. Huelt Iech e Beispiel un hinnen, verspriecht eis datt Der et esou gutt maache wäert wéi si, halt de Numm vun Ärem Haus héich an engagéiert Iech fir d’Lëtzebuerger Saach. Lues a lues wues Der elo an Äer Aufgaben eran, gitt d’Member vum Staatsrot, iwwerhuelt Funktioune fir Wirtschaft a Gesellschaft.

Dir sidd ee jonke Mann, voll Liewensenergie, voll Pläng, vollgepaakt och mat Dreem, mat Hoffnungen a mat Ideeën. Dir sidd an eiser Mëtt grouss ginn, Dir wësst wéi mer sinn an déi déi ech kenne geléiert hunn – et sinn der vill – déi wëssen : Dir sidd e Lëtzebuerger an en Europäer vun eiser Zäit.

Dir wësst datt der Iech während Ärem Studium an duerno op déi hécksten Aufgab am Staat virbreede musst, ech sinn iwwerzeecht dass Der dat gutt wäert maachen. Maacht et mat deem Eescht deen eist Land a seng Zukunft verdingen. Mee maacht et och mat deem Laachen a mat däer Freed um Liewen déi Iech esou sympathesch maachen. 

Dernière mise à jour