Allocution du président de la Chambre des députés, Jean Spautz, au Palais grand-ducal (version originale luxembourgeoise)

Altesses Royales,

E puer Wochen, nodeems Lëtzebuerg an der Persoun vum Grand-Duc Henri een neie Staatschef krut, ass d'Zäit komm fir Ären eelste Jong, dee schonn iwwert ee Joer groussjäereg ass, den Titel vun engem Ierfgroussherzog ze ginn.

Dat geschitt aus der Traditioun vun Ärem Haus eraus, mee awer och fir no baussen een Akt ze setzen, dee kloer mecht, datt d'Nofolleg vum Troun garantéiert ass.

D'Feierlechkeeten ëm den Trounwiessel uganks Oktober, hunn nach eng Kéier de Bewäis bruecht, wéi populär d'Monarchie an d'Famill, déi se representéiert, bei eis am Land ass. Et ass dofir ee gutt Gefill, haut an dësem Kader mat Iech, Monseigneur, Madame, Ärer Famill - mat dem Grand-Duc Jean a der Grande-Duchesse Joséphine-Charlotte un der Spëtzt - dem Prënz Guillaume offiziell déi Funktioun ze iwwerdroen an déi Hie vu Kand un era gewuess ass.

Léiwe Prënz Guillaume,

Haut op Ärem Éierendag kucken net nëmmen Är Elteren a Grousselteren, Är Geschwëster a mir all, mat Stolz op Iech, mee besonnesch och déi jonk Leit, mat deenen Dir zesumme geléiert a gespillt hutt.

Är Elteren hunn drop gehalen, datt Dir Är Jugend konnt am Kontakt mat anere jonke Leit aus ganz Lëtzebuerg verbréngen. Dofir wësst Dir ganz gutt, wat ëm Iech virgeet a wat vun Iech erwaart gëtt.

Dir sidd vu klengem un awer och erzu ginn, datt Dir - nom Beispill vun Äre Grousselteren, iwwert deenen Hir Presenz mir eis freeën, an ënnert der Leedung vun Ären Elteren - Iech op déi Roll, déi op Iech duerkënnt, konnt gutt virbereeden. An, zënter Dir den Alter hutt, deen aus Iech een erwuessene Mënsch gemaach huet, hutt Dir ëmmer méi Responsabilitéite kritt a Chargen iwwerholl.

Dir sidd awer och nach beim Studéieren a musst nach eng Partie Joren d'Schoulbänk drécken. Andeems Dir dat méi Agreabelt mat deem Néidegen a Wichtege verbannt, an Är Öffentlechkeetsaarbecht esou eescht huelt, wéi Dir dat bis elo gemaach hutt, ass et mir fir d'Fortbestoe vun eiser Dynastie net baang. Et komme lues, mee sécher, ëmmer méi Aufgaben op Iech duer, déi mat sech bréngen, datt Äert Liewen eng aner Tournure hëlt.

Dir hutt schonn dovun e Virgeschmaach kritt, wéi Dir am Hierscht vun dësem Joer d'Regierungsmemberen op d'UNO op New York begleet hutt. Dat wäert och esou sinn, wann Dir an Zukunft ëmmer méi oft un der Spëtzt vu wirtschaftleche Missiounen am Ausland mat an d'Verantwortung agebonne gitt. Dir kënnt dobäi nëmme vill léieren, a grad wéi Äre Papp dat virun Iech gemaach huet, eisem Land do zu engem gudden Numm verhëllefen.

Ech sinn och iwwerzeegt, datt Dir Iech lues a lues am enke Kontakt mat eisen Institutioune mat hirem Funktionnement familiariséiere wäert.

Mir, a besonnesch déi Generatioun, déi Är ass, wëllen Iech dobäi ënnerstëtzen, fir datt Lëtzebuerg nach laang esou gutt an der Welt do steet an och weiderhin op seng groussherzoglech Famill kann houfreg sinn.

An deem Sënn wënschen ech Iech, léiwe Prënz Guillaume an neien Ierfgroussherzog, am Numm vun der ganzer Chamber, a vun hirem Bureau, dee mech haut hei bei dëser Feierstonn ëmgëtt, nëmmen dat Bescht, vill Gléck an Erfolleg bei allem, wat Dir maacht.

Dernière mise à jour