Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2001 (version originale luxembourgeoise)

Erklärung vum Här Jean-Claude Juncker,
Premierminister, Staatsminister,
den 3. Mee 2001 an der Chamber

* Seul le discours prononcé fait foi

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Den Tempo vun der Zäit an d’Vitesse vun der Bewegung bréngen et mat sech datt mer dat wat war séier vergiessen, och wann et eis eréischt viru kuerzem an Otem gehal oder ausser Otem komme gelooss huet. Dat wat eis virun e puer Méint nach sprachlos gemaach huet verdrécke mer aus der Erënnerung soubal wéi mer d’Sprooch erëm fonnt hunn. Dat wat eis an d’Noperschaft vun Zweifel gedriwwen huet leeë mer gären op d’Säit wann aus där Noperschaft keng Verzweiflung ginn ass. An dat wat eis frou gemaach huet erkläre mer zur Selbstverständlechkeet, esou wéi wa mer eis selwer net leide kënnten, wa mer fir eemol frou an zefridde sinn.

Dësem Verhalensgrondmuster begéine mer net nëmmen an eisem eegene Liewen. Mir fannen dës Basisreflexer och am Liewe vum Land erëm, am Op an Of vun der Natioun där dës Erklärung gëllt.

Ee kuerze Bléck zréck op d’Joer 2000 weist dat.

An der Halschent vum läschte Joer – dem 1. Juni – huet d’Kannergeiselaffär vu Waasserbëlleg eis aus der Kéier gehäit. Dat wat mer bis dohin nëmmen aus den Noorichte vun dobausse kannt hunn war op ee Coup lëtzebuergesch Realitéit ginn. Mir hunn dës Kris – well et war eng – gemeeschtert kritt well d’Personal vum Spatzenascht seng Nerve behalen huet. Besonnesch déi dräi Educatricen déi bis zum Schluss bei de Kanner waren hunn eis Bewonnerung fonnt an eise Respekt a Merci verdingt. Si, déi anescht wéi vill anerer, mee d’selwecht wéi d’Elteren an d’Kanner, dësen Dag net aus hirer Erënnerung sträiche kënnen ginn den 21. Juni vum Grand-Duc mam nationale Verdingschtuerden ausgezeechent. Ween iwwert laang Stonnen Zivilcourage beweist a genau sou laang net u sech mee fir d’éischt un déi aner denkt, deen huet sech ëm seng Matbierger on domat ëm d’Land verdingt gemaach. Dat glécklecht Enn vun där dramatescher Affaire war awer och d’Wierk vun eiser Polizei déi mat klorem Kapp, roueger Hand an technescher Systematik un d’Saach eru gaangen ass. Si huet zu Waasserbëlleg gewise wat se kann. Der exzessiver Kritik vun der internationaler an deelweis der nationaler Press un hirem Asaz zum Trotz soen ech : wann et ëm d’Liewe vun Onschëllegen, besonnesch ëm dat vu Kanner geet, da sinn extrem Methoden erlaabt déi am Polizei-Alldag keng Plaz hunn.

Ëm dee Polizei-Alldag bekëmmere mer eis. Den Equipement vun der Polizei gëtt lafend ugepasst a verbessert : am Budget 2001 stinn zu deem Zweck insgesamt 591 Millioune Frang, 145 Millioune méi wéi am läschte Joer an 210 Millioune méi wéi nach 1999. Den Uschafungsprogramm vu kugelsëchere Gileten gëtt am Laf vum Joer ofgeschloss. En Helikopter gëtt zu Bedingungen déi nach festgeluecht musse ginn de Polizeikräfte permanent zur Verfügung gestallt. Bis zum Joer 2009 ginn all Joer 60 Polizei-Volontäre fir d’Polizeischoul, an där haut 140 Schüler sech op de Polizeidingscht virbereeden, rekrutéiert. Mir wëlle kee Polizei-Stat, mee en effikasse Stat mat enger gutt ausgebilter Polizei déi op Zack ass. D’Sëcherheet am Land ass a bleiwt eng Prioritéit vun der Politik. Iwwerall do wou se menacéiert ass muss de Stat aktiv ginn. Dofir huet d’Regirung sech och net drop beschränkt, de Streik am Sekteur vun de Geldtransporter ze schlichten – et war dat en haart Stéck Aarbecht -, mee si huet och d’Sëcherheetskonditioune vun de Geldtransporter verschäerft. De brutale Mord un engem Geldtransporteur ass och ee Virgang aus dem Joer 2000 dee scho bal a Vergiessenheet geroden ass. Seng Fra huet en net vergiess. An mir hunn d’Pflicht derfir ze suergen, datt esou e Kapitalverbrieche sech no mënschlechem Ermiessen net widderhuele kann.

D’Joer 2000 huet och europäesch Terminer kannt déi eist Land direkt betreffen, jo regelrecht façonnéieren an déi mer dowéinst net vergiesse sollen. Si hunn zwar d’läscht Joer stattfond, mee hir Konsequenzen, Verlängerungen a Laangzäitwierkunge leie virun eis.

Dee steierpolitesche Beschloss vum europäesche Rot vu Feira aus dem Juni 2000 an déi ergänzend Decisioune vum Finanzminister-Rot vum 27. November vum läschte Joer hunn eis zwar zu national akzeptable Konditiounen aus dem europäesche Steierabseits eraus gefouert. Mee si verlaangen Adaptatiounsnoutwendegkeet vun eis a praktesch Innovatiounsfähegkeet vun de Banken. Mir wäerten an deenen nächste Méint mat Nodrock d’Anhale vun deenen zu Feira am Juni decidéierten an zu Bréissel am November rappelléierten Zentralbedingungen vertrieden, dat heescht mir wäerten ëmmer erëm op d’Abezéiung vun den net EU-Finanzplazen an de Gesamtplang plaidéieren. Mee jiddferee muss wëssen : wann dat internationalt Ëmfeld an déi intern an extern Konditioune stëmmen, gëtt d’Bankgeheimnis fir d’Kapitalerspuernisser – an nëmme fir si – no 2010 ofgeschaaft. Et kann een net andauernd d’Ofhängegkeet vun eise Statsfinanze vun der Finanzplaz bekloen a sech gläichzäiteg mat alle Kräfte géint de graduelle Congé aus dësem net ongeféierleche Monolithismus wieren. D’Finanzplaz kann ouni d’Bankgeheimnis existéiere wa seng Ofschaaffung hei mat senger Eliminatioun do parallel verleeft. Fir de Rescht gëllt : d’lëtzebuerger Regirung ass den asazbereeten Alliéierten vun all deenen, déi hei am Land Bankgeschäfter zu bessere Kaderbedingunge wéi soss doruechter kënnen a wëlle maachen. Si ass net de Kompliz vun deenen déi, well se dat net kënnen, eis Finanzplaz an eise gudde Numm mëssbrauche fir klammheemlech an hannert der Schutzmauer vun eise Gesetzer hire lugubren Aktivitéiten nozegoen. Verruffe Banke schueden dem Ruff vum Land. Mir verdeedegen, wann et muss sinn, déi Finanzinstituter déi ouni Ursaach, et sief dann den Näid an de Gascht vun hiren a vun eise Konkurrenten, an internationalt Gedrécks kommen. Mir engagéieren eis net fir déi, well dat muss net sinn, deenen hire Profit alles an eist Land näischt bedeit.

Den europäesche Rot vu Feira huet bei muenech engem Zweifel un der Zukunftsfähegkeet vun eiser Finanzplaz opkomme gelooss. Mee Verzweiflung ass keng ausgebrach, wéi d’Resultater vun der Finanzplaz weisen. Trotzdem däerfe mer d’Zwäng, déi d’Neiausriichtung vun der europäescher Steierpolitik eisem Handelen operleet, net ad acta leeën. Dat selwecht ass och fir den europäesche Rot vun Nice wouer, mat deem dat europäescht Joer 2000 zougemaach ginn ass. D’Resultater vun Nice inspiréieren eis éischter ee gutt Gefill : Lëtzebuerg konnt – net ouni Ustrengung a Méi – säin Nokrichsrang an dat grousst Europa vu mar eriwwer retten. Obschons eenzel europäesch Nopeschlänner d’Dampwalz an eis Richtung ulafe gelooss haten, konnt d’Plattwalze vun eiser Positioun verhënnert ginn. D’Dampwalze verraschten elo op der Plage tëscht Nice an Antibes iwwerdeems dat lëtzebuergescht Schëff mat volle Segelen engem erweiderten Europa zousteiert, dat net ënnert dem Exklusivkommando vun deene Grousse mee ënnert der Co-rythmik vu Klengen a manner Klenge stoe wäert. Nice huet den institutionnelle Wee fir d’Erweiterung fräi gemaach an domat säin Haaptziel erreecht. Wa mer um Wee op Nice a vun do fort stieche bliwwe wieren, dann hätte mer riskéiert d’Zesummewuesse vun europäescher Geschicht an europäescher Geographie esou laang an d’Längt ze zéie bis déi oppe Fënstere vun der Geschicht nees zou gewiescht wieren.

Hurra a Bravo Nice, mee awer : Nice däerf net d’Schlusskapitel vum europäesche Buch gewiescht sinn. Ze schwaach sinn eenzelner vu senge Verankerunge fir datt se dem Ustuerm vun de kommende Jorzingte kënnte Stand halen. Europa bleiwt e komplizéierte Kontinent, och wa mat den Ae vu fréier gekuckt alles méi einfach ginn ass. Eise Kontinent fënnt seng ganz Komplexitéit erëm wann et eis net geléngt, seng Geschécker duerch e Kanal fléissen ze loossen an deen den ongebändegten Nationalismus net méi erakënnt. Dem Nationalismus vu mar – net ze verwiessele mam Patriotismus dee sech kollisiounsfräi niewt dem Noper sengem bewegt – musse mer haut d’Féiss ewech schloen déi aner zertrëppele kënnen an d’Äerm briechen déi sech un anere vergräife kënnen. Mir mussen d’europäesch Integratioun elo irreversibel maachen, all d’Pochen eliminéieren an deene falsch verstanen national Egozentrik sech zur Bedrohung fir dat gewuessent Mateneen entwéckele kann. Bis un d’Enn vun der Regirungskonferenz am Joer 2004 bleiwt eis Zäit, dat europäescht Haus op abrochsëcher Fëllementer ze stellen. Mir mussen – Parlament a Regirung – eis beschten Energien fir deen Zweck mobiliséieren. Déi Mënschen déi am Joer 2025 an Europa liewen a regéiere kënnen dës Aufgab net erledegen wa se net vun eiser Generatioun erledegt ginn ass. Am Joer 2025 sinn d’Parameteren an d’Referenzräim vum Regéiere ganz anerer wéi haut : vun deenen déi no 1975 gebuer a grouss gi sinn, sinn déi Gestalten déi mer haassen – Hitler, Stalin – an déi Figuren déi mer bewonneren – Schuman, Monnet – esouwäit ewech wéi de Wëllem den II. an de Clemenceau vun eis. Am Joer 2025 gëtt sech beim Regéieren net op 1933, 1945 oder 1968 bezunn. Op wat fir Zäsure sech da bezu gëtt wësse mer net. Vläicht nach, wann et gutt geet, op d’Enn vum kale Krich oder op d’Aféierung vum Euro. Mee näischt ass manner sëcher wéi dat. Mir sinn déi läscht Generatioun déi aus eegener Erfahrung oder aus der Erzielung vun hiren Eltere weess, wourëm et an Europa geet. A well mer déi Läscht sinn déi et nach wëssen, sollte mer eist Wëssen an definitiv Verhältnisser géissen.

Här President,

Wa mer op dat läscht Joer zréckkucken da stousse mer – tëscht dem Sommet vu Feira an deem vun Nice – op een Evenement dat déi meescht nach net vergiess hunn, dat keen Zweifel hannerloos huet a wat eis op eng heiandsdo direkt heiandsdo méi diffus Manéier frou gemaach huet. Ech schwätze vum 7. Oktober 2000, dem Dag vum Trounwiessel. Deen Dag ware mer alleguer – Lëtzebuerger an och Net-Lëtzebuerger – op eng onkomplizéiert Fassong eens mat eisem Land a mat eis selwer. De Grand-Duc Jean huet ofgedankt an d’Leit hunn et verstan Him ee Merci derfir ze ginn datt Hien d’Saach vun eisem Land zu Senger wichtegster Saach gemaach hat. Si hunn ee Gespier derfir datt den neie Grand-Duc mat deem selwechten Eescht a mat frëschem Äifer Seng Aarbecht un der Spëtzt vum Land leescht. Déi Sympathie déi Him, Senger Fra a Senge Kanner entgéintschléit beleet beandrockend datt d’Lëtzebuerger sech iwwert 80 Joer nom Referendum am Aklang fille mat der éischter Institutioun am Stat.

Den Trounwiessel war een Dag vu Freed. A wéi ëmmer war och dësen Dag vu Freed gläichzäiteg een Dag vun Nodenklechkeet an Nodenken iwwert eis selwer, eis Kommunautéit, eist Land. Jiddferee fir sech a mir alleguer zesummen hunn d’Iwwerzeejung nei kritt datt eis Natioun, déi esou al jo nach net ass, kee Provisorium vun der Geschicht mee eng Ariichtung ass déi dauert. Si bréngt hire Wëllen no dauerhaftem Bestand net nëmmen, awer och, duerch déi Ambitiounen, Prinzipien, Normen a Regelen zum Ausdrock, déi de Stat fir si an an hirem Numm festhällt a festleet. Eng Natioun, wa se wëllt mat der Zoustëmmung vun deenen déi se zesummesetzen op Dauer bestoen, kann net esou bleiwe wéi se ëmmer war. Si muss hir Ambitiounen erneieren an hir Prinzipien opfrëschen. De sozialen a gesellschaftleche Fortschrëtt – am Sënn vun engem ofgestëmmte méiglechst harmonesche Weiderkommen – erreecht een net duerch brüsk Mouvementer, mee duerch gutt iwwerluechte Bréckeschléi déi d’Sensibilitéite vun de Gruppen alleguer respektéieren. Intoleranz géint anerer, déi radikal bis brutal Oflehnung vun hire Liewensgewunnechten an Eegenarten, d’Ausgrenzung vun de Minoritéiten, déi mar scho kënnen d’Majoritéit stellen, si gesellschaftspolitesch Kampfmëttelen déi net an eis Zäit an och net zu eis passen. Ech plädéiere wuel verstanen net fir den hemmungslose Beliebegkeetsstaat fir deen all Regel suspekt an all Norm iwwerflësseg ass. Ech plädéiere fir méi Respekt, méi Toleranz, méi Versteesdemech, bref fir méi Mënschlechkeet am Ëmgang mateneen.

Den Ëmgang mateneen ze regelen, dat ass eng vun den zentralen Aufgabe vum Stat a vum Gesetzgeber. D’Regirung wäert dësem an den nächste Méint eng Rei vu Regele proposéieren déi notamment eisen "droit civil" esou kompletéieren, datt d’Leit déi an eiser Zäit liewen ouni genau esou ze liewen wéi d’Majoritéit, eng Beschreiwung vun hire Rechter a Flichten an d’Hand kréien.

Vill Leit, Fraen a Männer, Männer a Männer, Fraen a Fraen liewen zesummen ouni bestued ze sinn. Déi eng well se sech net bestueden däerfen, déi aner well se sech net oder nach net bestuede wëllen. De Stat muss deen individuelle Choix vu senge Bierger respektéieren. En däerf déi Leit déi e getraff hunn net mutwëlleg diskriminéieren. En däerf si net gesellschaftlech denigréieren doduerch datt e se an engem eidele rechts- a flichtefräien de facto-Raum beléisst.

Ee "projet de loi" wäert probéieren all déi zivil- a sozialrechtlech Froen ze klären, déi duerch d’Zesummeliewe vu verschiddegeschlechtlechen a gläichgeschlechtleche Koppelen ausserhalb vum Bestiednes opgeworf ginn. D’Äntwerten déi mer op dës Froe musse ginn droen der Tatsaach Rechnung, datt Partner déi onbestued zesummeliewen matenee solidaresch a firenee verantwortlech sinn. Onofhängeg dovun op d’Partner hire Wëlle fir d’Zesummeliewe schrëftlech dokumentéieren oder net muss dat neit Rechtsinstrument dat muss geschaaffe ginn eng Rei vu wichtege Froe vum Zesummeliewe klären. Sou muss et de Schutz vun der gemeinsamer Wunnéng festschreiwen, de Beitrag vun all Partner zu den Haushaltskäschte festleeën, déi legal Solidaritéit vun de Partner fir d’Zréckbezuele vun de Scholden déi am Interesse vum Stot oder vun der Kannererzéiung opgeholl gi sinn virgesinn, d’Gültegkeet vun de Verträg an de Schenkungen tëschent Partner unerkennen, Ierfschaftsrechter tëschent hinnen entstoe loossen, d’Co-Assurance-Méiglechkeet vum Partner erméiglechen a gegebenenfalls steierlech Konsequenzen aus all dësen Neierungen zéien. Vläicht kann een déi awer eréischt a vollem Ëmfank zéie wa mer déi fir 2005-2006 geplangten Optioun vun der Individualbesteierung an eis Steiergesetzgebung agefouert hunn, eng Individualbesteierung déi mer aus Grënn vun enger gutt verstanener Gläichheetspolitik kréie mussen.

Esou eng Gesetzgebung iwwert d’Partnerschaft ausserhalb vum Bestiednes schéngt einfach, ass et awer net. Wa s’et wier hätt d’Regirung Iech kënnen, wéi s’et eigentlech wëlles hat, ee Gesetzprojet am Ufank vum Fréijoer virleeën. Dee méi wéi mitigéierten Ëmsetzungserfolleg vun de belschen, franséischen an däitsche Gesetzer léisst Réckschlëss op d’Komplexitéit vun der Matière zou an hir éischt Evaluatioune weisen erhiewlechen Nobesserungsbedarf. Wéi och ëmmer : d’Chamber gëtt an deenen nächste Méint mat engem Projet vum Justizminister befaasst. Et ass mäi Wonsch datt mer a Respekt an Toleranz iwwer déi Fro am Parlament an an der Gesellschaft diskutéiere kënnen.

D’Intentioun vun der Regirung, a besonnesch vum Justizminister, de gesellschaftleche Reformen een neien Driw ze ginn bréngt eis och derzou fir eng Rëtsch Bestëmmungen déi den Numm betreffen ze änneren. Déi Kanner déi am Bestiednes gebuer ginn kréien haut automatesch hire Numm vum Papp. An Zukunft – dat ass eis Absicht – sollen d’Elteren d’Wiel hunn hire Kanner de Familljenumm vum Papp oder vun der Mamm ze ginn. Et ass kloer datt all Kanner vun däerselwechter Koppel deeselwechte Familljenumm droe mussen. Ginn d’Eltere sech net eens iwwer de Familljenumm vum Kand – dat schéngt et an de Länner mat Wahlméiglechkeet ze ginn – da muss d’Gesetz Attributiounsregele vum Numm virschreiwen.

D’Kanner hunn net nëmmen een Numm. Si hu virun allem ee Gesiicht an dat bréngt Hoffnung an d’Welt a Freed an d’Famill. Mee niewt deem Immateriellen an Eemolege wat Kanner ausmaachen däerfe mer net ausser Uecht loossen datt Famillje mat Kanner materiell manner gutt dru si wéi akommesgläich Familljen ouni Kanner. Dofir muss de Stat fir de Familljelaaschtenausgläich astoen. Am Joer 2000 huet de Stat d’Famillje mat iwwer 20 Milliarde Frang ënnerstëtzt. Zäitgläich mat der Akraafttriedung vun der zweeter Etapp vun der Steierreform op den 1. Januar 2002 gëtt d’Kannergeld ëm 1000 Frang pro Mount an d’Lut gesat. Käschtepunkt : 1,8 Milliarden Frang.

Ech konfirméieren an dësem Zesummenhang wat ech d’läscht Joer hei gesot hunn. D’Regirung mécht hiert derfir, datt mer d’Zuel vun de Still an de Kanner-Crèchen vergréissert kréien. Dat selwecht zielt fir d’Zuel vun deene Plazen wou déi schoulflichteg Kanner ausserhalb vun de Schoulstonnen ee Raum fanne fir ze léieren, ze spillen an ze liewen.

Här President,

Ech war amgaang vun de Kanner an hirem Familljenumm ze schwätzen. Famillje sinn iwwerall do wou op mannst een Erwuessene mat de Kanner Freed a Leed deelt. Mir wëssen : de Familljen ass d’Leed net friem. D’Leed fir d’Kanner ass extra grouss wann d’Familljen ausernee briechen well d’Eltere sech trennen oder sech scheede loossen. Eist Recht kennt eng Scheedungsform déi besonnesch grousse Schued bei de Kanner hannerléisst. Et ass dat d’Scheedung wéinst Feelverhalen, de sougenannten "divorce pour faute". An där Scheedungsvariant ginn d’Kanner nach méi déif an den Trennungsmarasmus vun den Elteren eragezunn wéi bei anere Scheedungen. Dacks musse si nämlech Partei fir deen een oder deen aneren Elterendeel ergräifen. Während der Scheedungsprozedur an och no der Scheedung kann ee bei de betraffene Kanner – iwwregens och bei den Elteren – ganz grave psyschech a sentimental Stéierungen observéieren. Dofir bréngt de Justizminister e Gesetzesprojet hei am Haus an mat deem den "divorce pour faute" ofgeschaaft gëtt. Hie wäert selbstverständlech eng Alimenteregelung matproposéieren, déi d’Besoinen vum wirtschaftlech méi schwaachen Ex-Partner vollop berücksichtegt.

D’Bestiednis a Liewensgemeinschaften, d’Kanner an hiren Numm, den Divorce a seng Folgen : dat sinn alles Froen déi op eng intim Art a Weis mam Liewen, senge Chancen, senge freedegen Tournuren a sengen Akzidenter ze dinn hunn. Mee keng vun dëse Froen huet déi dramatesch Qualitéit wéi déi déi d’Enn vum Liewe betreffen. Mir haten den 21. November 1996 eng éischt Chamberdebatte iwwert déi Froen déi mam Stierwen ze dinn hunn. D’Chamber huet dorops hinn eng Spezialkommissioun fir ethesch Froen agesat an dës huet den 2. Februar 1999 ee Rapport virgeluecht iwwert deen am Mäerz 1999 an ëffentlecher Sitzung debattéiert ginn ass. Weder de Rapport vun där Kommissioun nach d’Debatte hunn zu kloren, vu jiddferengem gedeelte Konklusioune gefouert. Vill Spriecher hunn – zu Recht – drop higewisen, d’Parteien an d’Fraktiounen wieren ausserstand sech in corpore iwwert déi läscht Froe vum Liewen auszespriechen. D’Gewëssensfräiheet vun all Deputéierten misst an dëser Fro Virfaart hunn.

Déi rezent Legaliséierung vun der aktiver Stierfhëllef an Holland huet de Wonsch no enger breeder Debatte iwwert d’Euthanasie zu Lëtzebuerg opkomme gelooss. Ech widderhuelen datt mer dës Debatte virun e puer Joer haten. Mee ech soen awer och : d’Debatte iwwert den Doud an iwwert d’Stierwen ass ni eriwwer. D’Chamber selwer hat 1999 gesot hir deemoleg Aarbechte wieren nëmmen als eng Etappe vun engem laange Reflexiounsprozess ze betruechten. Ech sinn derfir fir dës Debatte erëm opzehuelen an virun ze féieren. Iwwert eppes si mir eis heibanne mat de Leit dobaussen eens : ee Mënsch deen onheelbar krank ass soll net onnéideg laang schwéier leide mussen. Den therapeuteschen Acharnement ass mat der Dignitéit vum Mënsch net kompatibel. Dofir seet d’Spidolsgesetz vun 1998 och a sengem Artikel 43, de behandelnde Spidolsdokter misst en evitéieren. Awer ech méngen net datt mir heibannen an d’Leit dobaussen iwwert all déi aner Froen déi sech niewt dem therapeuteschen Acharnement stellen datselwecht denken. « Mir mussen dës Froen ouni Scheiklappen, ouni ideologesch Barrièren, ouni virgefaasste Meenung diskutéieren. Et ass eng schwiereg Fro op déi et keng einfach Äntwert ka ginn. Jiddferee muss se a sengem Gewësse beäntwerten. Et ass keng Fro déi Parteien a Fraktioune kënnen decidéieren. », sou hunn ech am Numm vun der Virgängerregirung an der Erklärung zur Lag vun der Natioun am Mee 1997 gesot. Genau dat soen ech och am Numm vun dëser Regirung. An ech soen derbäi : loosse mer ophale mat dem onwürdegen Disput vun de läschte Wochen deen d’Unhänger vum neien hollännesche Gesetz per Dekret an d’Lager vun de fortschrëttleche Kräften agereiht an déi, déi Bedenke géint dat Gesetz hunn, als reaktionär an als net op der Héicht vun hirer Zäit agestuft huet. Ech verdamen déi net déi am hollännesche Modell ee gangbare Wee gesinn. Eenzelnes, bei wäitem net alles, aus dem Gesetz ass ze iwwerleeën. Mee ech spire mech deene méi no, déi zécken well se net all Konsequenze vun deem Gesetz iwwerblécken. Dat gesot sinn ech fir eng Debatte ouni Virurteeler un där mer eis alleguer nach eng Kéier bedelege sollten. Déi Debatte muss Plaz hu fir Meenungen an Iwwerzeejungen, fir Generositéit a fir Ängschten. D’Debatte fänkt u mam Respekt virun deem anere senger Opfaassung. Si muss och esou ophale kënnen. D’Euthanasie-Fro ass ze vital fir se am Sträit vun de Parteien ënner goen ze loossen.

Ier mer eis iwwert d’Hëllef zum Stierwen ënnerhalen, sollte mer eis awer fir d’éischt op d’Hëllef beim Stierwe konzentréieren. Am Beräich vun der palliativer Medezin am Spidol an doheem bleiwt nach vill ze maachen. D’Familljeministesch an de Gesondheetsminister féieren zur Zäit eng Reflexioun iwwer extra-hospitalière-palliativ Infrastrukturen. All dës Froe gehéiere mat an d’Diskussioun ronderëm d’Stierwen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Déi gesellschaftspolitesch Erausfuerderunge virun deene mer stinn ginn iwwer déi Froen eraus déi mer bis elo gesträift hunn.

Bei hirem Untrëtt huet d’Regirung hirem Wëllen Ausdrock ginn aus eiser äifreger mee agefruerener Demokratie ee méi partizipativen Touch ze ginn. En fait soll et méi sinn wéi en Touch, méi wéi e Klaps op d’Schëller vun der Demokratie. Mir wëllen eigentlech basisdemokratesch Strukturreformen déi de Bierger, d’Politik an de Stat méi enk mateneen a Beréierung bréngen.

Mir waarden op der Chamber hir definitif Festleungen zum Verfassungsreferendum, deem Referendum also iwwert deen de Vollekssouverain d’Verfassung vum Land kann ofänneren. Wann dat Gerüst bis steet befaasse mer d’Chamber mat engem Gesetz iwwert d’Aféierung von enger sougenannter Volleksinitiativ. Dës soll enger bestëmmter Unzuel vu Wieler – mir haten un 10.000 geduecht – et erlaben, eng Gesetzespropositioun un d’Chamber ze riichten iwwert déi d’Parlament dann obligatoresch muss befannen. Leent d’Chamber d’Gesetzpropositioun of, sou kann een nach méi groussen Undeel vun der Wielerschaft d’Ofhale vun engem Referendum erzwéngen.

Eng Demokratie déi ee Schrack a Richtung méi Partizipatioun soll maachen brauch fir hiren internen Dagesfunktionnement och d’Institutioun vum Biergerbeoptragten, vum Médiateur, vum "Knoutermann" wéi mer an enger net ganz glécklecher Formuléierung an eiser eegener Sprooch soen. Een diesbezügleche Gesetzesprojet ass fäerdeg gestallt a vum Regirungsrot examinéiert. E gëtt no Konsultatiounen, ënnert anerem mat der CGFP, am Parlament deposéiert.

De "Knoutermann" - oder "Knouterfra" - gëtt den Adressat vun de Reklamatiounen déi d’Bierger an enger konkreter Affaire déi si betrëfft virzebréngen hunn. Jee no Zoustännegkeet betreffen dës Reklamatiounen d’Aktioun vun de staatlechen oder kommunale Verwaltungen grad ewéi vun de Verwaltungen vun den ëffentlechen Etablissementer. De Procureur vum Vollek, wéi d’Spuenier hire Mediateur nennen, gëtt der Chamber rattachéiert déi en och wielt a mat där hirer Petitiounskommissioun hien zesumme schaffe muss. En ass onofhängeg souwuel vun der Chamber wéi vun der Regirung a säin net erneierbart Mandat beleeft sech op 8 Joer. De Mediateur – oder wéi och ëmmer mer dës Reklamatiounsinstanz nenne wäerten – beréit de Reklamant an d’Verwaltung a probéiert de Mëssel am Gudde bäizeleeën. En hëllt awer net direkt déi déck Kanoun eraus, ass net do fir den Housécker an de Verwaltungen ze spillen. Hien ass virun allem een Aidant an ee Vermëttler am Konfliktfall. Gëtt e selwer net eens, da befaasst en d’Petitiounskommissioun vun der Chamber mat Léisungsvirschléi. E ka seng Rekommandatioune verëffentlechen a leet all Joer an ëffentlecher Chambersitzung ee Bericht iwwert seng Aktivitéite vir deen och vum Plenum diskutéiert gëtt. De « Knoutermann » kritt ee gesetzlecht Initiativrecht, well hie wäert Erfahrunge genuch sammele fir erauszefannen, ob de Schong esou dréckt datt e muss ugepasst ginn. D’Chamber fixéiert säi Budget an och dee vu senge Mataarbechter.

Wéi gesot : Dir kritt dëse Projet geschwënn zougestallt a kënnt e mat der Madame Lydie Err hirem Virschlag zesummen examinéieren. Déi zwee Texter leie sech net wäit aus de Féiss.

D’Moderniséiere vu Stat a Gesellschaft geet net ouni eng konsequent IT-Oprëchtung. All déi Chantieren déi ech d’läscht Joer am Zesummenhank mat e-Lëtzebuerg ugekënnegt hat sinn an Ugrëff geholl ginn. Si avancéiere méi oder manner séier. Mir bleiwen hei um Ball an d’Leit mat eis. Hate mer d’läscht Joer nach 1 Computer op 11 Schüler sou hu mer dëst Joer 1 Computer op 9 Schüler. De Programm fir d’ëffentlech Verwaltung bis an d’Joer 2003 gréisstendeels on-line ze hunn leeft op vollen Touren. De Kader fir UMTS-Lizenze steet. D’Internet-Verbindunge sinn am Laf vum Joer méi bëlleg ginn. Iwwerall komme mer weider a mer hunn eis am Verglach zu eisen Nopeschlänner gutt geschloen. Mee mir spillen nach net an der éischter Liga. D’Ustrengunge mussen also weidergoen.

Zur Moderniséierung vum Stat gehéiert och d’Reform vum Statut vu senge Beamten. Dës Reform ass Enn Juni, Ugangs Juli sprochräif.

Fir datt de Stat senger Aufgab ka gerecht gi brauch en eng Justiz déi grëndlech a séier schafft. Fir datt eis Justiz méi séier schaffe kann brauch si méi Magistraten a méi Mataarbechter. Nodeem d’läscht Joer 6 Magistraten bäikomm sinn – sou datt hir Zuel sech momentan op 173 beleeft – wäert de Justizminister iech e fënnefjärege Rekrutementsplang virleeën deen d’Astelle vu weideren 21 Magistraten a vun 28 Justizbeamten virgesäit. Och de SCAS, de "Service central d’Assistance sociale" kritt 7 Beamte bäi.

Här President,

An enger reformorientéierter Gesellschaft mussen déi grouss an déi kléng Gläichgewichter stëmmen. Dat ass virun allem wouer an der Aarbechtswelt.

Et gëtt dacks gemengt – haaptsächlech vun deenen déi d’Aarbechtswelt studéieren an observéieren ouni selwer en Deel dervun ze sinn – d’Aarbecht géif zu Lëtzebuerg kee Problem stellen well mer der genuch hätten. An et ass wouer : d’Zuel vun den Aarbechtsplazen ass am Joer 2000 ëm 14.000 Stéck oder bal 6% geklomm, souvill wéi nach ni virdrun. Parallel duerzou ass d’Aarbechtslosegkeet am Joer 2000 ëm 7,2% zréckgaang. Am läschte Joer waren am Duerchschnëtt 2,6% vun eiser aktiver Bevëlkerung ouni Schaff. 1998 waren et der nach 3,3%. D’Aarbechtslosegkeet fällt och dëst Joer weider : -5,7% am Januar, - 7,1% am Februar, - 6,4% am Mäerz wou mer eng Aarbechtslosegkeet vun 2,3% haten. Mir hunn zwar Betriber an deenen et zu engem Ofbau vun Aarbechtsplaze kënnt, mee insgesamt tendéiert de Chômage staark no ënnen. Doniewt wiisst d’Zuel vun de Leit ouni Aarbecht déi un enger aktiver Beschäftegungsmoossnam deelhuelen konstant, a mat hinnen d’Zuel vun deenen déi eng nei Startchance um Aarbechtsmaart kréien.

Wann et och richteg ass datt mer den Haaptproblem, de Chômage, am Grëff hunn sou ass et awer net falsch fir ze soen datt mer d’Beschäftegungslosegkeet net iwwerall gläichméisseg meeschteren. Trotz der Expansioun vum Aarbechtsmaart hunn déi eeler Arbeitnehmer – dat sinn déi iwwer 45 Joer – ëmmer méi Schwieregkeeten hir Aarbecht ze behalen oder eng nei ze kréien. Mir sinn an enger Aarbechtsgesellschaft ukomm wou nach just déi Jonk an déi honnertprozenteg Fit zielen. Géint dës Entwécklung musse mer eis wieren. Et ass ee grave Feeler fir Leit mat Erfahrung aus der Aarbechtswelt auszespären. Dofir leeë mer bei der Reform vun der Invaliditéitsgesetzgebung den Akzent op de Reklassement vun deenen net méi ganz gesonden Arbeitnehmer, entweder am eegenen oder an engem anere Betrib. Dës Reform gëtt keen Hetzinstrument géint déi wierklech Krank. Et gëtt ee Mobiliséierungsinstrument fir déi déi net méi alles awer nach vill kënnen.

Mir wëllen d’Gesellschaft, inklusiv d’Aarbechtsgesellschaft, moderniséieren. Dat wäert den nationale Beschäftegungsprogramm fir d’Joer 2001 weisen deen den Aarbechtsminister an deenen nächste Woche virstelle wäert. Dat weisen déi Ustéiss déi d’Regirung gëtt fir datt d’Sozialpartner a Saachen Deelzäitbeschäftegung a Weiderbildung zu gemeinsame Virschléi kommen.

Mee net alles wat sech Moderniséierung nennt, ass och nei. Heiandsdo gëtt de schaffende Leit eng Zukunft proposéiert déi soss näischt ass wéi de Retour vun der Vergaangenheet ënnert anerer Form.

Wann eenzel Patronatsvertrieder no méi Dereguléierung a Flexibilitéit ruffen da géif hiren Appel, wann e géif Suite kréien, eis ganz séier an d’Virgeschicht vum modernen Aarbechtsrecht zréckféieren. Déi Leit déi géint Loun a Gehalt schaffen hunn ee berechtegten Usproch op een normalt Aarbechtsverhältnis, dat heescht op eng versëcherungsflichteg, dauerhaft an an der Zäit onbegrenzte Beschäftegung. Zu Lëtzebuerg maachen déi onbefristet Kontrakter ëmmerhinn nach 88% vun alle Beschäftegungsverhältnisser aus. Dat weist : zu Lëtzebuerg gëtt net wëll dereguléiert. Dobäi bleiwt et och.

Wann an Europa an zu Lëtzebuerg ëmmer méi Stëmmen derfir plädéieren d’Betriber misste méi Entloossungsmarge bei Restrukturéierunge kréien dann ass domat soss näischt geméngt wéi de Réckmarsch an déi prekär Sozialanarchie. Mir hunn ee Gesetz dat den Arbeitnehmer Garantie bei kollektiven Entloossunge gëtt. Den Entloossunge bei Marks&Spencer mussen zu Lëtzebuerg Verhandlungen iwwert ee Sozialplang virgeschalt ginn. Dës Schutzgarantie gëtt net aus eisem Gesetz erausgeholl a mir si frou, datt déi franséisch Regirung se elo wëllt an d’franséischt Gesetz afügen. Och bei kollektiven Entloossunge muss de Sozialdialog spillen.

De Sozialdialog hëllt an der Qualitéit net doduerch zou datt ee Sozialpartner deen aneren duerch d’Widderhuelung vu Fuerderunge provozéiert vun deenen e weess datt se indiskutabel sinn. De stännege Ruff no der Ofschaaffung vum Index bréngt soss näischt wéi onnéideg sozial Onrou. Fir et kloer an däitlech ze soen : ech sinn op zwee Oueren daf wann et ëm d’Ofschaaffe vum Index geet. Mat dëser Regirung gëtt den Index net moduléiert, net manipuléiert an och net eliminéiert. Grad esou daf sinn ech, wann d’Ofschaaffe vun der Préretraite verlaangt gëtt.

Wann een de Sozialdialog wëllt um Liewen halen da muss een em och do op d’Spréng hëllefe wou e vu sech aus net uspréngt. Dat ass de Fall an de Sekteure vum Transport a vun der Horesca. Am Beräich vun den Hotelen a Restauranten wäert den Aarbechtsminister Iech mat Virschléi iwwert eng flexibel Aféierung vun der 40-Stonne-Woch befaassen.

De Sozialdialog ass net vun der Kollektivvertragspolitik ze trennen. Déi rezent Wuertmeldung vum BIT zu dem Thema seet am Kär näischt anescht wéi dat wat an der Regirungserklärung steet, nämlech datt der sektorieller Repräsentativitéit méi staark muss Rechnung gedroe ginn. Mir wäerten dat maachen ouni déi national repräsentativ Gewerkschaften an hirem Aktiounsradius ze beschneiden. Dee Radius muss grouss sinn : nëmmen national repräsentativ Gewerkschafte stelle sëcher datt eis Traditioun vum soziale Fridden iwwerlieft. Vill auslännesch Salariéen déi op Lëtzebuerg kommen, kommen aus Länner déi sozial Konflikter via Streik unzegoe gewinnt sinn. Nëmmen national repräsentativ Gewerkschafte kënne si vun eise Gewunneschten iwwerzeegen. Op den Dialog setzen heescht och op national representativ Gewerkschafte setzen. Si si gewinnt Verantwortung ze huelen, fir sech a fir d’Allgemengheet.

Här President,

D’Recht op Aarbecht läit net wäit vum Recht op Wunnen ewech. Déi zwee si gläichméisseg wichteg.

Eis Bevëlkerung wiisst rapid a mat hir wiisst logescherweis och d’Nofro no Wunnéngen.

Et kann een d’Situatioun op eisem Wunnéngsmaart an engem einfache Saz resuméieren : zu Lëtzebuerg ginn net Wunnénge genuch gebaut an déi déi gebaut ginn sinn ze deier. D’Präisser fir Terrainen a Wunnénge ginn permanent an d’Lut, d’Zuel vun de Baugenehmegungen ass am Joer 2000 ëm 25% zréckgaang.

Hei ass energescht Handele gefrot. An d’Regirung ass och wëlles energesch ze handelen. Muenches wat e plangt kann een net direkt soen, och wann een et gäre géif. De Wunnéngsmaart reagéiert sensibel bis iwwersensibel : all Annonce féiert ganz séier zum Baustau an zu laange Waardeschlaangen. Dofir muss ee grëndlech plangen, zum adäquate Moment annoncéieren a séier realiséieren.

Et gëtt net genuch gebaut. Dofir kënnt et op éischter Plaz drop un d’Offer ze vergréisseren. Nëmme wann et eis geléngt d’Offer méi grouss ze maachen kréie mer d’Baupräisspiral gestoppt.

De siwente 5-Joresprogramm am Wunnéngsbau ass op 5.243 Wunnénge erweidert ginn. Den aachte 5-Joresprogramm, dee presentéiert gëtt soubal wéi d’Geménge konsultéiert goufen, gesäit am jetzege Stadium vun der Planung de Bau vu weidere 4.125 Wunnénge vir, dovun 1.700 Mietwunnéngen. E generéiert en Investissement vun 20 Milliarde Frang, wouvun der 8,6 vum Stat gedroe ginn.

De Landesplanungsminister suergt derfir, datt bis zu 1.500 Wunnéngen an de Belvaler Industriefrichen zu akzeptable Präisser kënne gebaut ginn.

D’Regirung ass wëlles déi Bauterrainen déi dem Stat gehéiere lues a lues op de Wunnéngsmaart ze bréngen. Et muss een allerdéngs wëssen datt de Volume heivun net iwwerdriwwen impressionnant ass.

Mir wëssen datt déi vun de Geméngen ausgewise Bauperimeteren duergi fir genuch Wunnraum ze schaaffen fir enger Bevëlkerung déi zweemol esou héich ass ewéi haut een Ënnerdaach ze bidden. Mee vill Geméngen zécke fir an déi konkret Bauphase iwwerzegoen. Déi eng wëlle net wuesse well et méi gemittlech ass manner grouss ze sinn. Dat geet schief : wann d’Bevëlkerung wiisst kann et, därf et kee kommunale Quasi-Baustop ginn. Déi aner wëllen zwar wuessen, kënnen et awer net well se d’Folgekäschte vun deem Wuestum net finanzéiere kënnen : si kënnen zousätzlech Stroossen, Schoulen an aner Infrastrukturen net bezuelen. Hei muss een usetzen : Stat a Geménge musse beim Baue gemeinsam Verantwortung droen, deen ee muss deem aneren hëllefen. Mir sinn der Meenung datt de Stat de Geméngen déi expandéieren, finanziell méi staark beim Bereetstelle vu supplementaren Infrastrukturen, inklusiv a besonnesch beim Schoulneibau, ënner d’Ärm muss gräifen. D’Verhandlungen heiriwwer fanne mam Syvicol statt. All Haus wat net gebaut gëtt well Stat a Geméngen net handelen, mécht dat Haus wat gebaut gëtt méi deier.

Mir musse méi al Heiser renovéieren. Fir datt dat ka geschéie musse mer am Mietsgesetz den Ënnerscheed tëschent Haiser déi virun an nom 1. September 1944 gebaut gi sinn ophiewen a gläichzäiteg d’Notioun vun de Logementer vun ieweschter Qualitéit redefinéieren. Iwwerhaapt musse mer d’Rentabilitéit vunn de Privatinvestissementer an de Mietwunnénge verbesseren, och steierlech, well soss kréie mer d’Ugebued net vergréissert.

D’Prioritéit kënnt der Verbreedung vun der Offer zou. Dat heescht awer net datt mer d’Demande, dat heescht d’Ënnerstëtzung fir déi Leit déi bauen, kënnten negligéieren.

De lëtzebuerger Stat verdéngt manner um Bauen wéi d’Nopeschlänner. Dat soll och esou bleiwen. E subventionnéiert d’Bauen duerch ee bal 12-prozentege Remboursement vun der TVA. Dës Moossnam gëtt – egal wat doruechter erzielt gëtt – net ofgeschaaft. Fir d’Retarden beim Remboursement ofzebauen kritt d’Enregistrements-Verwaltung d’nächst Joer Personal zu dem Zweck bäi.

D’Scholdzënse vum Eegenheem kënnen d’Lëtzebuerger bis zu enger bestëmmter Héicht vun de Steieren ofsetzen. D’läscht Joer hu 50.000 Leit 6 Milliarden ofgesat. Dës Moossnam bréngt wéinst der verännerter Zënslandschaft haut méi wéi 1991 wéi se agefouert ginn ass. Si gëtt verlängert a bei der Steierreform fir d’Joer 2000 net wéi vu ville gefaart ofgeschaaft.

Ech hunn am Juli 1998 d’Enregistrements-Verwaltung gebieden iwwert d’Reduktioun vun den Enregistrements- an Transkriptiouns-Rechter beim Kaf vun engem Eegenheem nozedenken. Propositioune vun der Verwaltung leien elo vir, si gi studéiert an da ginn Ofsénkungspropositioune gemaach. Dat hëlleft de Leit déi baue ganz sëcher. Awer nëmme wa mer d’Offer um Wunnéngsmaart vergréissert kréien ass sëcher gestallt, datt déi Suen op déi de Stat da verzicht net zum gréissten Deel bei de Promoteuren an de Propriétaire vun Terraine landen.

Mir hunn elo vum Schaffen a vum Wunne geschwat. Ee Mënsch deen eng Aarbecht an eng Wunnéng huet leeft nëmmen an deene seltenste Fäll Gefor ze veraarmen oder sozial ausgeschloss ze ginn. Dofir si Schaffen a Wunnen eminent wichteg fir d’sozial Kohäsioun am Land.

D’sozial Kohäsioun ass zu Lëtzebuerg net esou fragil a menacéiert wéi an anere Länner. An trotzdem : ronn 12 Prozent vun der Bevëlkerung liewen an Haushalter mat engem niddregen Akommes. Fir lëtzebuergesch Verhältnisser si si aarm. Si riskéieren d’Exklusioun, besonnesch déi 5 Prozent vun deenen déi schons méi wéi dräi Joer mat där Situatioun mussen eens ginn.

A sengem exzellenten Avis zur Lag vun der Natioun huet de Wirtschafts- a Sozialrot fir d’zweet Joer hannereneen op de Phänomen vun der Exklusioun opmierksam gemaach. E mécht dat zu Recht well Aarmut an Exklusioun si keng Fatalitéit. Si hunn ouni all Zweifel gesellschaftspolitesche Spréngstoff.

De statlechen Arsenal géint d’Exklusioun ass déi läscht Jore konsequent ausgebaut ginn : d’Aféierung vum garantéierte Mindestakommes, d’Reform vun der "assistance judiciaire", d’Bedeelegung un de Käschte vum gerontologeschen Accueil an d’Gesetz iwwert d’Verhënnerung vun Iwwerverschëldung sinn déi rezenste Bausténg.

Dës Gesetzer musse lafend iwwerpréift ginn a si ginn dat och. D’Familljeministesch ass amgaang d’Gesetz iwwert den RMG unzepassen fir iwwert dee Wee eng Äntwert op déi sougenannten Hongerrente matzeformuléieren. Et gëtt dru geduecht déi professionnell Revenuen an d’Ersatzrevenuë bis zu 30 Prozent vum RMG fir ee Stot ze immuniséieren. Desweidere sollen d’Haiser vun RMG-Bezéier an der Héicht vum Duerchschnëttspräis vun enger vum Fonds de Logement gebauter Wunnéng immuniséiert ginn.

Iwwert garantéiert Mindestakommes ass generell ze soen datt et net erfont ginn ass fir datt déi, déi vun em profitéieren an am aarbechtsfäegen Alter sinn dat solle liewenslänglech maachen. Den RMG ass prinzipiell als Iwwerbréckungshëllef fir dee geduecht deen ouni anert Akommes ass. Den RMG soll fir keen eng Dauerléisung sinn, mee ee Sprangbréit zréck an d’Gesellschaft. Dowéinst gesäit d’Gesetz och d’Méiglechkeet vir, RMG-Bezéier zum Schaffen ze bréngen, a wann et misst sinn zum Schaffen ze zwéngen. Leider muss ee feststellen datt bal nëmme staatlech a kommunal Betriber, ganz dacks och Associatiounen den RMG-Bezéier eng Aarbechtsméiglechkeet ubidden. Privatbetriber si ganz retizent fir dës Leit, déi um Wee op d’Aarbecht sinn, anzestellen. Ech appelléieren nach eng Kéier un d’Patronen an un d’Gewerkschaften, fir via Kollektivverträg dëse Leit Aarbechtsméiglechkeeten unzebidden. Soss bleiwe si am RMG an a chronescher Aarmut setzen. Looss mer net vergiessen datt Aarmut sech verierwe kann : wie Mamm a Papp ni schaffe goe gesinn huet, deen deet sech selwer schwéier mat der Aarbecht.

Déi handikapéiert Leit hunn et méi schwéier am Liewen an op der Aarbecht wéi déi déi keng Defizienzen hunn. Si rutsche besonnesch séier an d’Aarmut an an d’Exklusioun. D’Familljeministesch leet deemnächst ee Gesetz vir dat d’Akommessituatioun vun den Handikapéierte verbessert. Dës verbessert Akommessituatioun gëtt hinnen déi Sëcherheet a wirtschaftlech Onofhängegkeet déi se brauchen fir hir sozial Integratioun ze packen an hir perséinlech Autonomie méi fest ze maachen.

Dat neit Gesetz wäert d’Situatioun vun den Handikapéierte verbesseren déi an engem "atelier protégé" schaffen. Si kréien en Aarbechtsvertrag "en bonne et due forme" - dat ass eng Fro vun Dignitéit, well si schaffen esou wéi déi aner Leit och. Si bezéien an d’Zukunft de Mindestloun – dat zweet ass eng Konsequenz vun deem éischten. Well d’Atelieren dës Léin kaum bezuele wäerte kënne muss de Stat sech bis zu 100 Prozent un der Pei bedeelegen.

Dat neit Gesetz regelt och d’Akommessituatioun vun deenen Handikapéierten déi duerch d’Gravitéit vun hirem Handikap bedingt kenger Aarbecht nogoe kënnen. Vill vun hinnen henken haut vun der Hëllef vun hirer Famill oder vun där vum Sozialbüro vun der Geméng of. Si wärten an Zukunft ee staatlech garantéiert Akommes an der Héicht vum RMG kréien. Si brauchen awer net all Attributiounskonditioune vun dësem ze erfëllen.

Den Zoustand vun enger Gesellschaft léisst sech un hirem Ëmgang mat den Handikapéierten ofliesen. Wa mer dat neit Gesetz hu gesi mer besser aus.

Här President,

Net all Problemer déi gesellschaftspolitesch relevant sinn regen d’Gesellschaft op. Mee déi läscht Joren a besonnesch déi läscht Méint ass ee Problem opgetaucht deen d’ganz Gesellschaft opreegt a beonrouegt. ‘T ass dat de Problem vun der Liewensmëttelsëcherheet. Si ass zu engem richtege gesellschaftspolitesche Problem gi well se villes a Fro stellt an am Ufank vu ville Verännerunge steet.

Iwwer d’Ursaachen déi zur aktueller Liewesmëttelkris gefouert hunn léisst sech stonnelaang diskutéieren a spekuléieren. Eppes steet fest : d’BSE-Krankheet as d’Resultat vun hemmungslosem Profitdenken a vun exzessivem Deregulatiounswahn. Et ass ze einfach fir d’Baueren an d’Landwirtschaft dofir responsabel ze maachen. Et ass net nëmmen ze einfach, et ass carrément falsch : den eenzelne Bauer ass net den Haapttäter mee d’Haaptaffer vun der aktueller Kris. Him geet et un de Portemonnaie a sengem Betrib un d’Existenz. Dofir heescht et elo de Bauer net am Ree stoen ze loossen. Dat hu mer souwisou déi läscht Joren net gemaach : vun 1994 bis 2000 sinn déi direkt Akommeshëllefe fir d’lëtzebuerger Landwirtschaft ëm 62 Prozent geklomm, vun 1,2 op 1,9 Milliarde Frang.

D’Fro stellt sech net eréischt elo : wéi soll eng modern Landwirtschaft ausgesinn déi dem Bauer seng Existenz sëchert an dem Verbraucher d’Liewensmëttelsëcherheet garantéiert ?

Mir kréien de Moment vu ville Säiten eng Äntwert proposéiert déi awer nëmmen eng Deeläntwert ass : d’Bio-Landwirtschaft gëtt als Wonnerléisung fir d’Alimentatiounskris presentéiert.

Datt mer méi a Richtung Bio-Landwirtschaft mussen tendéiere steet ausser Fro. Mir wëllen och hei zu Lëtzebuerg méi Bio-Betriber kréien. Mee mir kënnen eiser Landwirtschaft den absolute Bio-Kurs net diktéieren. D’Bauere kënnen net a kuerzer Zäit vu konventionell op Bio ëmschalten. Dat geet net. D’Regirung wäert grouss Efforte maache fir de Bio-Undeel vun eiser Agrarfläch an deenen nächste Joren op 5-10 Prozent unzehiewen. Mee déi konventionnell Landwirtschaft – dat heescht eng extensiv an integréiert Agriculture - wäert predominant bleiwen. Well de Verbraucher e Recht op Sëcherheet vun de Liewensmëttel huet déi aus der konventionneller Landwirtschaft komme musse mer also eng duebel Politik ustriewen : d’Bio-Landwirtschaft förderen, d’konventionnell Landwirtschaft liewesmëttelsëcher maachen.

Zu Lëtzebuerg si mer scho viru Joren op de Wee gaang fir dem Bauer seng Aarbecht als Landschaftsfleger unzerkennen an ze bezuelen. Ee Betrib deen d’Landschaftsflegeprim kritt muss eng helle Wull vun Ëmweltoplagen erfëllen. E muss op muenech Produktiounsmethode verzichten déi fréier üblech waren. 90 Prozent vun de landwirtschaftleche Betriber maachen haut bei dem breet ugeluechten Ëmweltprogramm mat, deen de Stat mat bal 400 Millioune Frang finanzéiert, grad wéi en och Hëllefen zur Bio-Diversitéit bezillt.

D’Ausbezuele vun der 2indemnité compensatoire", déi fir d’Joer 2001 op 600 Milliounen ugehuewen gouf gëtt an Zukunft un d’Observéiere vun enger Rei vun Ëmweltkonditioune geknëppt.

Och déi konventionnell Landwirtschaft schafft méi ëmweltschounend wéi fréier. Och si ass der artgerechter Déirenhaltung verflicht. Och si ass verbraucherschutzorientéiert a qualitéitsbewosst.

Si kënnt méi rentabel a besser schaffe wann d’Konsumenten aus dem eegene Land bereet wieren, hir Produkter prioritär ze kafen an och de Präis derfir ze bezuelen amplaz – wéi zevill Verbraucher dat bis viru kuerzem nach gemaach hunn – op all bëlleg Offerte ze sprangen. Scho virun der BSE- an MKS-Kris ass hei zu Lëtzebuerg mam "Sanitel" ee performanten Identifikatiouns- an Traçabilitéitssystem fir Rëndfleesch opgebaut ginn. Mir hunn iwwer Joren eng konsequent Qualitéitslabel-Politik gemaach déi mer elo nach ausbauen. Den Etiquetage deen de Wee vum Fleesch vum Stall bis op den Dësch nozeechent ass obligatoresch gemaach ginn. D’Risikomaterial bei de Randbéischte gëtt zënter Joren rigoréis eliminéiert. D’Verfiddere vun Déiremiel ass zu Lëtzebuerg op onbegrenzten Zäit verbueden. Eis einheimesch Liewensmëttel si méi sëcher, ginn no der rezenter Asetzung vun dem Liewensmëttelkoordinatiounscomitée besser an duerch méi Leit wéi fréier kontrolléiert a sollen dofir och kaaft ginn. De Stat selwer muss hei mam gudde Beispiel virgoen : e muss a sengen eegenen Arichtungen, an de Spideler, an den Altersheimer, an de Schoulen kontrolléiert lëtzebuergesch Qualitéitsprodukter ubidden an d’Marketingsefforte vun de lëtzebuerger Produzenten finanziell besser ënnerstëtzen.

Zréck zur Bio-Landwirtschaft : si stellt nëmmen ee klengen Deel vun eiser Landwirtschaft duer, gëtt awer ëmmer méi ënnerstëtzt. Ee Bio-Betrib kritt wéi déi konventionnell Betriber d’Landschaftsprime an "d’indemnité compensatoire". Ee Betrib vu 70 Hektar zum Beispill de sech an ee Bio-Betrib ëmwandelt kritt während der 3jähreger Konversiounsphase eng zousätzlech staatlech Hëllef vun 560.000 Frang d’Joer.

Alles dat wäert eis Landwirtschaft op zwee Bee stellen : ee Bio-Been an ee konventionnelt Been. Nëmmen esou kënnt eis Landwirtschaft vun der Plaz. Si kann net nëmmen op engem Bee goen. Mee egal op wat fir engem Standbeen datt se optrëtt : de Konsument muss sech kënnen drop verloossen datt en dat wat en ësst ouni Gefor fir seng Gesondheet iesse kann. Mir mussen d’Landwirtschaft vun der Théik hir an de Verbraucherschutz vum Stall hir denken.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D’Lag vum Land ass wéi e Mosaik zu deem jiddfereen deen hei am Land wunnt säi klenge Stee bäileet. Wann ech all déi Steng déi de Mosaik vum Land ausmaachen hätt wëllen ophiewen, ëmdréien, an d’Lut halen an erëm zréck leeën da wier ech mat der Erklärung zur Lag vun der Natioun nach zwou Woche laang beschäftegt. An Dir mat. Dofir hunn ech nëmmen déi Stécker opgehuewen ëm déi mer eis méi intensiv musse bekëmmere fir datt de Mosaik roueg leien a schéi bleiwt.

Dee Mosaik deen hu mer zum gréissten Deel selwer geluecht. Mee déi déi direkt ronderëm eis oder méi wäit vun eis ewech wunnen hunn e matgebaut. Et muss een dofir zwangsleefeg kucke wéi nieft der Lag vun der eegener Natioun d’Lag vun Europa a vun der Welt sech entwéckelen.

Déi läscht Woche sinn esou vill Wirtschaftsprognosen a Konjunkturanalyse vum internationale Währungsfonds, vun der europäescher Kommissioun a vum STATEC publizéiert an diskutéiert ginn, datt ech d’Impertinenz net hunn Iech dat Zuelematerial a geballter Form nach eng Kéier virzedroen. Dir kennt et an Dir hutt Iech domat ofginn.

Mee fir ze verstoen aus wat fir engem Joer datt mer kommen, a wat fir engem Joer datt mer sinn an op wat fir e Joer datt mer zouginn, muss een awer e puer kruzial Chiffren nennen.

Weltwäit ass d’Wirtschaft am Joer 2000 ëm 4,8 Prozent gewues. An Amerika huet d’Wirtschaft ëm 5 Prozent expandéiert. Déi europäesch wirtschaftlech Leeschtung war mat engem Plus vun 3,4 Prozent am Joer 2000 mat Ofstand méi staark wéi an deene Jore virdrunn. Heiheem ass d’Ekonomie exzeptionnel staark nämlech ëm 8,5 Prozent gewues.

D’Joer 2001 gesäit schon ganz anescht aus. Et muss een haut dovun ausgoen datt d’Wirtschaftswuestum weltwäit sech op 3,2 Prozent ofsenkt. Déi amerikanesch Croissance kritt am Joer 2001 ee seriöse Set-back : si wäert esou just nach 1,6 Prozent bedroen. Och an Europa sinn d’Wuestumsperspektive par rapport zum Joer 2000 méi schlecht ginn. Si belafe sech no de jéngste Schätzunge vun der europäescher Kommissioun op 2,8 Prozent. Besonnesch de Réckgaang vum däitsche Wuestum gëtt vun allen Observateuren als beonrouegend empfond. Hei zu Lëtzebuerg gi mer vun engem nationale Wuestum am Joer 2001 aus dat ronn 3 Prozent méi niddreg läit wéi dat vum Joer 2000. Mir mengen eis Ekonomie géif esouwuel am Joer 2001 wéi am Joer duerno liicht iwwer 5 Prozent méi staark ginn.

D’Beschäftegungslag an Amerika huet sech am Ufank vum Joer verschlechtert. An Europa huet se sech an déi richteg Richtung entwéckelt. D’Expansioun um lëtzebuerger Aarbechtsmaart war am Joer 2000 besonnesch ausgeprägt : d’Gesamtzuel vun eisen Aarbechtsplazen ass nobäi ëm 6 Prozent gewues. Mir hunn 14.000 Aarbechtsplaze méi wéi virun 12 Méint.

Mir huelen un datt d’Beschäftegung heiheem am Laf vum Joer 2001 nach eng Kéier ëm 5,1 Prozent uklëmmt.

Am meeschte Kapzerbriechnes huet eis am läschte Joer dat staarkt Uwuesse vun der Inflatioun gemaach. Si huet vun 2,4 Prozent am Joer 1999 ee staarke Spronk op 3,5 Prozent am Joer 2000 gemaach. Lëtzebuerg huet domat an der Euro-Währungszone zu de Länner mat der héckster Inflatioun gehéiert. Och d’Kär-Inflatioun, dat heescht d’Inflatioun ouni Pëtrolspräisser an Energie, ass ugeklomm, mee si as ënner Kontroll bliwwen. Mat Satisfaktioun stelle mer fest datt d’Inflatioun amgaang ass sech zréckzebilden. Si huet am éischten Trimester vum Joer 2001 nach just 2,9 Prozent bedroen géint 3,5 Prozent am läschten Trimester vum Joer 2000. Domat sinn alleguer déi dementéiert déi behaapt haten d’Akraafttrieden vun der éischter Etapp vun der Steierreform op den éischte Januar 2001 géif zu engem Uklamme vun der Inflatioun féieren. De Géigendeel ass amgaang ze geschéien. Mee et heescht wuechsam bleiwen.

Déi aussergewéinlech gutt Tenue vun der lëtzebuerger Ekonomie am Joer 2000 erklärt och, fir wat datt de Budget fir datselwecht Joer konnt mat engem zolidde Boni ofgeschloss ginn. De Budgetsminister wäert Iech an deenen nächste Wochen déi genau well da méi definitiv Zuele matdeelen.

Haut kann een awer scho soen datt eng Rei vu Statsrecetten exzeptionnel Spréng no uewe par rapport zu deene Previsioune gemaach hunn déi mer am Juli vum Joer 1999 virleien haten. All dës Mehreinnahmen erkläre sech wéi gesot duerch dee souwuel am nationale wéi am internationale Verglach aussergewéinlech gudde Konjunkturverlaf vum Joer 2000.

Mir hunn am läschte Joer 40,7 Milliarde Frang u Kierperschaftssteier ageholl. Dat sinn 2,7 Milliarde méi wéi am Budget vum Joer 2000 virgesi war. Dëse Surplus explizéiert sech virun allem wann net esouguer exklusiv duerch dat erfollegräicht Joer dat d’Banken haten.

U Lounsteier hu mer am Joer 2000 ronn 47 Milliarden erakritt. Dat sinn 3,9 Milliarde méi wéi geplangt. Dës zousätzlech Einnahmen resultéieren an der Haaptsaach aus der 6-prozenteger Expansioun vum Aarbechtsmaart, an doniewent aus der Upassung vun de Léin déi am Joer 2000 méi staark war wéi an deene Jore virdrun.

D’ "Taxe d’abonnement" schléit am Joer 2000 mat 18,9 Milliarden zu Buch. Dat si 7,2 Milliarde méi wéi ursprünglech prognostizéiert. DësAugmentatioun ass op bal irrational Virgäng op der Bourse zréckzeféieren an huet alles wéi kee strukturelle Charakter.

Den "droit d’enregistrement" an do besonnesch den "droit d’apport" huet mat 8,5 Milliarden 3 Milliarde méi erabruecht wéi am Juli 1999 konnt ugeholl ginn. D’TVA huet am Joer 2000 eng staark Croissance opzeweisen. Si huet 39,2 Milliarde Frang an d’Statskeese bruecht. Dat si 6,7 Milliarde méi wéi de Budget fir d’Joer 2000 der renseignéiert hat. Dës Steigerung déi sech net nëmmen duerch de Lëtzebuerger hire Konsum erklärt, grënnt op der geklommener Zuel vu Konsumenten, op den Effete vum Wirtschaftswuestum a vun dem Eropgoe vun de Léin a Gehälter an explizéiert sech marginal och duerch d’Haussen op de Pëtrolsprodukter.

Déi gemeinsam Akziserecetten déi mer als UEBL-Partner zougedeelt kréien leie mat 28 Milliarden 4,8 Milliarde méi héich wéi d’belsch an d’lëtzebuergesch Regirunge se am Juli 1999 ageschat haten. D’Explikatioun fir dës Hausse läit am Tank an domat op der Hand.

Aus dëse Chiffren an Explikatiounen resultéiert d’Konklusioun : op esou exzeptionnel bal onnatierlech Evolutioune kann een déi zoukünfteg Budgets- a Steierpolitik net opbauen. Géif een dat maachen kënnt een an de Joren 2002 an 2003 eng béis Iwwerraschung erliewen. Näischt fäert e Finanzminister méi wéi datt ee Budget deen am Ufank vum Joer opgemat gëtt um Enn vum Joer net méi zougeet. Ee Finanzminister de säin Handwierk eescht hëllt haasst den Defizit. Näischt mécht e par contre méi frou wéi wann ee Budget deen all wiesentlech Statsausgabe finanziell korrekt bedingt um Enn vum Joer mat engem Boni kann ofgeschloss ginn. Mir hunn zu Lëtzebuerg an deene läschten zéng Joer ni Defizit mee ëmmer Boni gemaach. Am Ausland géif e Finanzminister dofir geluewt ginn. Zu Lëtzebuerg net. Do gëtt en dofir kritiséiert. Mir sinn een eegenartegt Land.

Mir hunn déi éischt Etapp vun der Steierreform am Joer 2001 net gemaach well mer eis fir d’Joer 2000 Plus-valuen erhofft hätten. Mir haten des Plus-value well d’Wirtschaftspolitik, d’Budgetspolitik an d’Steierpolitik vun deene Jore virdrun a vun deem Joer selwer richteg waren. Mir zéien déi zweet Stuf vun der Steierreform déi den 1. Januar vum nächste Joer a Kraaft trëtt net dowéinst duerch well mer am Joer 2000 Plus-value gemaach hunn. Mir zéie se duerch well sozial, wirtschaftlech an akommespolitesch Grënn dofir plädéieren. Et geet drëm d’Dividende vum Wuestum richteg ze verdeelen. Mam Bléck zréck op d’Leeschtung vun de Leit. Mam Bléck no vir op d’Finanznoutwendegkeeten déi op eis waarden.

Eis Statsfinanze si gesond, kärgesond. Dat féiert munchereen, eigentlech d’Leit alleguer, derzou fir ze soen, de Stat géif am Geld schwammen. Ech wëll hei net d’Behaaptung opstellen datt mer aus dem läschte Lach päifen. Mee ech wëll virun ze séieren, radikale Schlussfolgerunge warnen. Wann der Iech déi statlech Mehreinnahme vum läschte Joer virun Ae féiert gesitt Der op den éischte Bléck datt déi Steieren déi mat den Aktivitéite vun der Finanzplaz zesummenhänken de Gros vun de Plus-valuen ausmaachen. Néierens steet geschriwwen datt dës Entwécklung ongebrach virugeet.

De Stat schwëmmt am Geld, gëtt gesot. Et muss een awer och wëssen datt de Stat a festen Engagementer déi en agaang ass, schwëmmt : mir hunn an deenen nächste Joren Investissementer vun iwwer 150 Milliarde lëtzebuerger Frang ze tätegen. Am Stroossebau. Am Spidolsbau. Am Schoulbau. Am Flegeberäich. A villen anere Sekteuren. Dat Geld dat mer hu gëtt deenen Zwecker zougefouert. Dës Investissementspolitik déi mer mat normalen a mat extraordinäre Budgetseinnahme finanzéieren dingen der Virberedung vun der immediater a mëttelfristeger Zukunft. Mir geheien déi Souen déi mer op Grond vun der gudder Konjunktur méi erakritt hunn net an den Dreck. Mir investéiere se an déi kollektiv Besoine vum Land.

De Stat schwëmmt am Geld gëtt gesot. Et geet eis besser wéi aneren, jo. Mee mir musse wëssen datt mer an deenen nächste Joren, an do komme mer net derlaanscht, iwwer 37 Milliarde Frang op eis Schold mussen zréckbezuelen. Mir hu bei wäitem net esou vill Schold gemaach wéi eis Noperen. Mee mir musse se grad ewéi si zréckbezuelen.

Wa mer aleng de Käschtepunkt vun de fest decidéierten Investissementer an de Volume vum Remboursement vun eiser Schold, 180 Milliarde Frang also, a Verglach bréngen mat de Plus-valuen déi mer realiséiert hunn, da gesäit een : mir schwammen net am Geld mee mir hu Geld genuch fir eisen Obligatiounen nozekommen a fir eis Flichte fir d’Kanner, fir déi Krank, fir déi al Leit ze erfëllen.

Dofir muss d’Devise och fir déi nächst Jore sinn : virsichteg plangen, laangfristeg handelen, strukturell denken, konjunkturell lenken.

Bei aller Virsiicht : déi méi däischter Wolleken um internationale Konjunkturhimmel zwéngen eis net, d’Ausriichtung vun eiser Politik drastesch ze änneren. Eise Wirtschaftswuestum geet zwar zréck mee bewegt sech virun op engem ganz héije Niveau. Eis Ekonomie wiisst méi lues – dat huet och säi Gudds – mee si killt net esou staark of wéi bei de Noperen. Eis Exporter no Amerika maachen nëmmen 1,3 Prozent vun eisem Brutto-Inland-Produkt aus. Mir leiden ënner dem US-amerikanesche Repli net esou staark wéi aner europäesch Länner bei deene se bis zu 10 Prozent duerstellen. Sougenannten Iwwerdroungseffekter sinn allerdengs net auszeschléissen : Mammenhaiser vun amerikanesche Filialen zu Lëtzebuerg kënnten duerchaus hir Investitioune weltwäit, och zu Lëtzebuerg, sträiche well et hinnen doheem méi schlecht geet.

Wann ech soen, et wier keng Revisioun vun der Politik noutwendeg, dann zielt dat virun allem fir déi Beräicher wou mer souguer am Fall vun engem Politikbroch keng Aspuerungen dierfte virhuelen : an der Edukatioun, am Enseignement supérieur, an der Kultur, an der Recherche, an der Ëmweltpolitik an an der Gesondheetspolitik.

Et ass dacks gesot ginn : dat eenzegt Rohmaterial dat mer zu Lëtzebuerg hunn dat ass eis « matière grise ». An d’Entwécklung vun dëser eemoleger Ressource musse mer lafend investéieren.

Mir musse fir d’éischt derfir suergen datt d’Kanner elementar Kenntnisser vermëttelt kréien op deene spéider opgebaut ka ginn. Dofir muss de Reformwëllen un éischter Plaz d’Primärschoul erreechen. Dat éischt an dat zweet Schouljoer ginn an Zukunft als een Zyklus konsideréiert. Jee no Kapazitéit an Aptitude kënnen d’Kanner en an engem, zwee oder dräi Joer duerchlafen.

Mir musse fir d’zweet eis Ausbildung der Entwécklung um Aarbechtsmaart an an der Gesellschaft upassen. D’Reform vun der ieweschter Divisioun vum Secondaire ass amgaang. D’Haaptformatioune vum technesche Sekundarunterricht ginn à jour gesat. D’Upassung vun der kommerzieller elektrotechnescher a mechanescher Ausbildung ass ënnerwee. Eenzel handwierklech Formatioune gi moderniséiert.

Mir mussen drëttens derfir suergen datt dat liewenslänglecht Léieren e Grondreflex gëtt. An dësem Beräich ass scho vill geschitt. Villes bleiwt nach ze maachen.

Mir musse véiertens déi Jonk un den Ordinateur gewinnen. Haut hu mer ongeféier 3000 Computeren an eise postprimäre Schoule stoen. Déi Zuel muss weider klammen fir datt op 8 Schüler ee Computer kënnt. Et ass evident datt d’Invasioun vun den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien an eis Schoulen et noutwendig mécht, genuch technescht Personal anzestellen fir d’Gestioun an den Ënnerhalt vum informatesche Park ze garantéieren. Den Ordinateur gëtt een normalt Aarbechtsinstrument an eise Schoulen. Seng Utilisatioun gëtt schon am Franséischen, an der Chimie, an der Physik an an der Geographie experimentéiert. Vun der Rentrée 2001/2002 u féiere mer den "elektronesche Schoulsak" als Pilotexperienz an engem Gebäi vum postprimären Unterricht an. All Schüler vun dësem Gebäi léiert den Ordinateur ze notzen an den Zougank zum Reseau ze fannen.

Ech brauch hei net extra drun z’erënneren datt déi demographesch Explosioun déi amgaang ass eis derzou obligéiert Schoulen a Schoulräim a genügend grousser Zuel ze plangen. Mir mussen insgesamt 6 nei Lycéeë bauen. Mir hunn am Kader vum plan sectoriel "Lycée" éischt Decisiounen iwwert hiren Emplacement geholl. D’Demarche fir ee Lycée an den Industriebrochen vun Arbed-Belval an am Kanton Réiden ze bauen sinn ageleet ginn. Bei de Lycéeën zu Réiden muss och een ëffentlecht Internat kommen.

An d’ëffentlech Schoul gëtt also vill investéiert. Mee mir mussen och d’Privatschoulen um Plang vun den Infrastrukturen a vun de Funktionementskäschte méi staark ënnerstëtzen. Dat zielt esouwuel fir déi lëtzebuergesch Privatschoulen wéi och fir déi international Schoulen déi mer zu Lëtzebuerg hunn.

Aner Reformen déi a Virbreedung sinn betreffen d’Schoulgesetz vun 1912, d’Gesetz iwwert « d’éducation différenciée », de « régime préparatoire » an den ënneschten Zyklus vum technesche Sekundarunterricht, d’Revaloriséierung vun der Moral- a Sozialformatioun souwéi d’Ofschaaffe vun der sougenannter drëtter Méiglechkeet an d’Kreatioun vun engem Pool vu Remplaçanten.

Den Héichschoulstudium ass ee relativ jonke Politikberäich zu Lëtzebuerg. Mee et ass een Domaine deen ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt. Lëtzebuerg muss sech op der akademescher Landkaart vun der Groussregioun a vun Europa positionnéieren. Fir den "enseignement supérieur" stinn am Budget vum Joer 2001 ronn anerhallef Milliard zur Verfügung. Dat sinn 17,19 Prozent méi wéi am Joer 2000 fir dat d’Krediter schon eng Kéier ëm 15,96 Prozent gehéicht gi waren. Mir ginn haut ronn eng hallef Milliard méi aus fir den "enseignement supérieur" wéi nach virun zwee Joer.

Den nächsten 20. an 21. Juni fënnt hei zu Lëtzebuerg d’Optaktkonferenz fir d’Grëndung vun der "European University Foundation Campus Europa" statt. Un dëser Institutioun mat Sëtz zu Lëtzebuerg huelen Universitéiten aus ganz Europa deel.

Zesumme mat der Universitéit vu Kaiserslautern si mer amgaang de Projet vun enger virtueller internationaler Euro-Universitéit auszeschaffen. Dës virtuell Universitéit bréngt Universitéiten aus der Groussregioun zesummen. Studenten déi eng Uni an der Groussregioun besichen kënne sech parallel an dëser virtueller Universitéit aschreiwen.

Et kënnt zur Grënnung vun der "Luxembourg School of Finance". Si kënnt duerch eng Kooperatioun tëschent der ABBL an dem Ministère vum Enseignement supérieur zustan. D’ "London City University" gouf als Partner fir d’Konzeptioun vun de Formatiouns- a Recherchemodulen gewielt.

D’Héichschoulgesetz vun 1996 gëtt reforméiert. Et soll eng eenheetlech Struktur entstoen déi déi verschidden Institutiounen déi mer kennen zesummefaasst. D’Kreatioun vu regelrechte Fakultéiten ass virgesinn. Et entsteet eng Droit- an Ekonomie-Fakultéit, eng Wëssenschafts- an Technologie-Fakultéit, eng Literatur- an Humanwëssenschafts-Fakultéit an eng Erzéiungswëssenschafts-Fakultéit. Bei dëse Fakultéite kënnen eng Rei vu spezialiséierten Instituter ugesidelt ginn. D’ "Luxembourg School of Finance" zum Beispiel gëtt bei der Droit- a Wirtschafts-Fakultéit ugegliddert. D’Viraarbechte zur Kreatioun vun der "Luxembourg School of Advanced Information Technology" déi un d’Wëssenschafts- an Technologie-Fakultéit ugeschloss gëtt, sinn ugelaf.

D’Fuerschung gëtt zu engem feste Bestanddeel vun der Standuertpolitik. De Fuerschungsbudget vum Stat bedréit haut 0,17 Prozent vun eisem PIB. Wa mer hei wëlle Schrëtt hale musse mer der Fuerschung méi ëffentlech Finanzmëttelen zur Verfügung stellen. Déi pluriannuel Fuerschungsprogrammer déi lafen oder a Preparatioun sinn bréngen konkret Retombéeë fir eis national Ekonomie. Déi international wëssenschaftlech an technologesch Zesummemaarbecht ass eminent wichteg. Mir hunn ee Kooperatiounsakkord mat der "Agence spatiale européenne" ofgeschloss. Lëtzebuerg steet kuerz virum Bäitrëtt an d’ "Conférence européenne de biologie moléculaire". Den nationale Fuerschungsfond ass amgaang déi néideg Demarchen ze maache fir der « Fondation européenne des Sciences » bäizetrieden.

Kaum een huet gemierkt datt de Budget fir d’Joer 2000 fir déi éischte Kéier an eiser Finanzgeschicht der Kulturpolitik ee Prozent vu sengem gesamten Ëmfank zur Verfügung gestallt huet. Mir wëllen dësen Effort viruféieren. Ech weess : net jiddfereen ass spontan derfir der Kultur grouss Geldbeträg ze reservéieren. Konscht a Kultur ginn dacks hiren eegene Wee. Net jiddferee kann en a wëllt e matgoen. Trotzdem : et ka keng staatlech veruerdnet Konscht ginn.

D’Ëmweltpolitik ass eng politesch Prioritéit déi weider u Bedeitung muss gewannen. D’Erhëtzung vun eisem Planéit ass dee gréissten Zukunftsproblem virun deem d’Welt steet. All Laangzäitprognosen, déi am Beräich vun der Klimaentwécklung hoffentlech erlaabt sinn, well am Renteberäich gëtt hir Berechtegung jo hannerfrot, weisen datt d’Duerchschnëttlechtemperatur an dësem Joerhonnert sech tëschent annerhalwem a sechs Grad Celsius wäerd erhéijen. D’Erhëtzung vun der Atmosphär féiert zum Schmelze vum Polaräis an zur Unhiewung vum Mieresniveau. Si huet irreversibel a katastrophal Folge fir eis Ekosystemer, fir d’Weltwirtschaft a fir d’Erdbevëlkerung.

D’Stabiliséierung vun der Konzentratioun vum Zäre-Gas, d’Zréckdrécke vun den CO2-Emissiounen gi lues a lues mee sëcher zur Iwwerliewensfro. Eng Politik déi sech net ëm dës fundamental Zukunftsfroe bekëmmert ass eng Politik ouni Laangzäitmoral. 1997 ass dee sougenannte Protokoll vu Kyoto ugeholl ginn an deem d’State konkret a chiffréiert Engagementer agaang si fir bis zu de Joren 2008/2012 d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. Lëtzebuerg huet een ambitiösen Objektiv ënnerschriwwen : mir wëllen d’CO2-Emissiounen ëm 28 Prozent ofbauen. Et ass am héckste Mooss bedauerlech datt déi nei amerikanesch Administratioun aus dem Kyoto-Mechanismus erausklamme wëllt. Dat kann d’Europäer a Lëtzebuerg net drun hënneren de Protokoll vu Kyoto ze ratifizéieren. Ärem Parlament läit zu deem Zweck dee Gesetzesprojet vir. Mir wiere frou wann der e virum Enn vum Joer kënnt stëmmen.

D’Regirung ass derbäi sech eng ëmfassend national Strategie zum Ofbau vun den CO2-Emissiounen ze ginn. Den Akzent gëtt dobäi op Energieproduktioun op Basis vun erneierbaren Energiequelle geluecht. Mat Nodrock wëlle mer déi erneierbar Energie wéi zum Beispiel d’Solarenergie, d’Wandkraaft oder d’Biomass notzen. Hire Produktiounspotential kann een op 5 bis 7 Prozent vun dem nationalen Energieverbrauch aschätzen. Mir ënnerstëtzen d’Privatleit wa se an dës Energieform investéieren. De Stat iwwerhëllt 50 Prozent vun dem Käschtepunkt vun photovoltaeschen Installatiounen. Privatpersounen, Betriber a Geméngen kréie fir alternativ produzéiert Energie déi an dat nationalt Netz agespeist gëtt eng Encouragements-prime. Fir d’Privatpersoune bedréit se 25 Frang pro Kilowatt/Stonn. Dat sinn 20 Prozent méi wéi déi Subventioun déi zu deem Zweck an Däitschland ausbezuelt gëtt. Sollt dës Prime op Oflehnung vun der Bréisseler Kommissioun stoussen – éischt Kontakter mat Bréissel loossen dat net befäerten – da géngen dës Subventiounen a Richtung vun engem Instrument ronderëm de Stroumpräis ëmorientéiert. Déi decidéiert Mesure kaschten am Joer 2001 ronn 100 Milliounen. Alternativ Energieproduktioun däerf een net de Privatleit aléng iwwerloossen. De Stat an d’Geméngen hunn hei Schrittmacher-Funktioun a mussen déi alternativ Produktiounstechnologie bei all hire Bauprojeten berücksichtigen.

Een anere wichtegen Aspekt am Kampf géint CO2-Emissioune besteet am Energiespueren an an dem rationalen Energieverbrauch. Et gëtt allgeméng ugeholl datt am Beräich vum traditionnelle Wunnéngsbau een Energiespuerpotential vun 30-40 Prozent pro Wunnéng läit. Dat erklärt och firwat datt den Ëmweltministär vum Joer 2002 u konsequent an dësem wichtege Beräich wëllt aktiv ginn. Et gëtt ee groussherzoglecht Reglement iwwer een Energiepass ausgeschafft dat staatlech Hëllefe fir d’Opstelle vun engem Energieplang an de Privathäiser virgesäit. Déi verschidde Verbesserungsmoosnahmen déi op Grond dovun duerchgefouert ginn wäerte finanziell ënnerstëtzt ginn. De Budget fir d’Joer 2002 wäerd ee substantielle Kredit fir dëst Zilgebit vun zukünfteger Energiepolitik reservéieren.

Och wann et eis ee Moment wirtschaftlech a finanziell méi schlecht géif goen ewéi haut, an engem Sekteur däerfe mer net op der falscher Plaz spueren : dat ass am Spidols-Sekteur.

Den neie Spidols-Plang trëtt a Kraaft. En huet de Wee an de Memorial font an deem en iwwert déi selwecht Stroos gefuer ass wéi seng Virgänger och. Hee wäerd zu enger Verbesserung vun der Qualitéit vun de Gesondheetsservicer féieren. Dës Verbesserung gëtt ënner anerem duerch eng Konzentratioun vu bestëmmte Kompetenzen an deene verschiddene Spidolszentren erreecht. Hie wäerd derzou bäidroen datt de Konfort an eise Spideler notamment duerch eng Erhéijung vun der Zuel vun den Eenzelbetter verbessert gëtt. Dës Erhéijung huet net zur Konsequenz, datt et op Dauer zu engem Ofbau vu Spidolsbetter géif kommen. Den neie Spidolsplang garantéiert datt fënnef Better op dausend Awunner kommen. Mir wollten net esouwäit goe wéi d’Hollänner, déi nëmmen 3,8 Better fir dausend Awunner virgesinn. Wann eis Bevëlkerung sech an deem selwechte Rythmus wéi an deene läschte Jore virun entwéckelt da féiert d’Applikatioun vum Prinzip fënnef Better pro dausend Awunner zu enger paralleler Erhéijung vun der Zuel vun de Better. Dofir stinn ech an. De Gesondheetsminister och.

Déi gutt finanziell Situatioun vum Stat erlabt et och eng ambitiös Politik am Beräich vun den ëffentleche Bauten a vum Transportwiese virun ze féieren.

D’Saar-Autobunn soll ufanks 2003 fäerdeg sinn. Si dréit hiert derzou bäi datt d’Groussregioun ee méi zesummenhängende Raum gëtt. D’Aarbechten un der Nordstroooss gi virun. Wa se fäerdeg ass kann een ouni d’Uertschaften ze duerchqueren vun der Stat bis op de Friedhaff fueren. D’Realisatioun vun dëser Strooss ass indispensable fir d’wirtschaftlech Entwécklung vum Norden a fir d’Steigerung vun der Liewensqualitéit vun den Anrainer. D’Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun den Awunner ass och den Haapt-souci beim Bau vu weidere Kontournementer vun eise Lokalitéiten, besonnesch am Weste vum Land. Wat den Héichbau ubelaangt sou wäerd d’Bauteministesch iech demnächst Propositioune maache wéi mer d’Prozedure beim Bau vu groussen Infrastrukturprojeten, in spezi bei de Schoulneibauten, akzeleréiere kënnen.

Mir hunn zesumme mat anere grouss Ambitioune fir d’Groussregioun. Dës brauch, wa se sech soll am Wettlaf vun den europäesche Regioune gutt positionnéieren, exzellent Transportverbindungen. D’Transportverbindunge sollen net nëmmen iwwert d’Strooss goen. Si mussen och den ëffentlechen Persounentransport eng Chance ginn. Mat dem President vun der « Région Lorraine » hu mer ofgemaach d’Zuchverbindung vun Diddeleng bis op Volmerange-les-Mines ze verlängeren an dann do e Park-and-Ride-Parking z’installéieren. Eng identesch Infrastruktur soll op der franséischer Säit vun Arbed-Belval realiséiert ginn. Ähnlech Projete bestinn fir de Raum Ibéng. E maximum vu Frontalieren soll op déi ëffentlech Verkéiersmëttelen ëmgeleet ginn. Och am Inland soll d’Offer vun ëffentlechen Transportsmëttelen ausgebaut ginn. Dofir gëtt eng autonom Gestiounsstruktur geschafen déi den ëffentleche Persounentransport organiséieren an d’Relatioune mat den Operateuren ënner Form vun engem "contrat de service public" geréieren soll. Dofir gëtt neit Fuermaterial ugeschaaft wat allen Aspiratioune vu Konfort a vu Qualitéit entsprécht. Dofir ginn d’Etude fir en Eisebunnsrakkordement vum Kierchbierg via Findel a Sénnengerbierg finaliséiert. Dofir gëtt een Transportkonzept fir de Süde vum Land ausgeschafft. Dofir gëtt den Dedoublement vun der Eisebunnslinn Lëtzebuerg-Betebuerg studéiert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Wa mer d’nächst Joer d’Lag vun der Natioun diskutéieren da läit déi materiell Aféierung vum Euro e puer Méint zréck. Vum nächsten 1. Januar u kënnen d’Lëtzebuerger wéi och d’Europäer aus 11 anere Länner mat Euro’en akafen a kréie se hir Paien a Pensiounen an Euro ausbezuelt. Sëcher : den Euro besteet eigentlech schon zënter dem 1. Januar 1999. Mee säin eigentleche Gebuertsschäi kritt en den 1. Januar 2002 wann d’Euro-Geldschäiner an d’Euro-Mënzen an eise Portemonnaien ukommen.

Dësen aussergewéinlechen eemolege politeschen a monetäre Virgank verlaangt ee grad esou aussergewéinleche Virbreedungseffort vum Stat, vun den Entreprisen a vun de Bierger.

Zënter dräi Joer ass d’Regirung mat der konkreter Virbereedung vun der Euro-Aféierung amgaang. Haut schonn rechent d’Verwaltung mat de Leit a Frangen an an Euro’en of. Mir hunn e Gesetzesprojet virun e puer Méint deposéiert fir ronn 600 "ronn Chiffren" wéi zum Beispiel d’steierlech Abattementen an Euro ze konvertéieren. D’Konversioun ass all Kéier en faveur vum Bierger gemaach ginn. Mir sinn dat eenzegt Land an Europa wat säi Budget fir d’Joer 2001 ausschliesslech an Euro’en presentéiert huet.

D’Regirung weess datt den Iwwergank zum Euro nëmme geléngt wann all wirtschaftlech Akteuren aktiv u senger Aféierung deelhuelen. Mir wollten net all Froen déi d’Euro-Aféierung opwerft vun uewen erof regelen. Mir hunn vun Ufank un op déi aktiv Zesummenaarbecht mat alle Wirtschaftsakteure gesat. Ënnert dem Impuls vun der Regirung ass virun e puer Wochen een Akkord mat de Commerçanten, de Banken, de Konsumenten an de Gewerkschaften iwwert d’Euro-Aféierung ënnerschriwwe ginn. D’Produktioun vun de Geldschäiner a vun de Mënzen – fir Lëtzebuerg sinn et 46 Millioune Geldschäiner an 120 Millioune Mënzen – gëtt fir de Summer fäerdeg. D’Préalimentatioun vu Banken a Commerce ka sech ouni Problem am Hierscht maachen. Déi legal Regelen a praktesch Dispositioune déi den Iwwergank zum Euro sollen enkadréieren si geholl ginn, sou zum Beispill d’Gratiskonversioun vun de Geldschäiner a vun de Mënzen vum 1. Januar 2002 un. Vum 1. Januar bis zum 28. Februar 2002 zirkuléieren den Euro an de Frang niewenteneen. Vum 1. Mäerz 2002 un ass den Euro déi eenzeg akzeptéiert Devise. Dës laanggezunnen Iwwergankszäit erméiglecht eng Konversioun vun de Frangen an Euro ouni Hektik an Duercherneen. Während der Zäit vun der Konversioun a vun der Alimentatioun vun de Banken a Geschäfter musse mer aus Sëcherheetsgrënn eng staark Polizeipräsenz op de sensible Plaze virgesinn.

Vill Entreprisen hu sech gutt op den Iwwergank zum Euro virbereed. Ech géif awer déi déi Retarden hu besonnesch déi kleng a mëttelstänneg Entreprisen opfuerderen esou séier wéi méiglech hir Virbreedungsaarbechten an Ugrëff ze huelen. Soss kënnt et zu seriöse Perturbatioune fir si a fir hir Klienten am Ufank vum Joer 2002 kommen.

Mee och den eenzelne Bierger muss wëssen datt e sech op déi nei Devise virbereede muss. Et muss een elo ufänke sech déi courant Präisser an Euro’en ze memoriséieren. Et muss een elo ufänke seng Pei, seng Pensioun a säi gespuertent Geld an Euro’en ze liesen. Déi déi sech schlecht virbereeden oder schlecht informéieren riskéieren am Ufank vum nächste Joer aus dem monetären Tratt ze kommen. D’Regirung an d’Zentralbank notzen déi läscht Méint vum lafende Joer fir an de Medien an an de Schoulen all praktesch Aspekter vun der Euro-Aféierung dem Publikum dat heescht eis alleguer méi no ze bréngen. D’Aféierung vun enger neier Devise ass keng einfach Saach. Besonnesch net am Ufank. Wa mer eis bis u se gewinnt hunn wäerte mer gesinn : den Euro erliichtert eis d’Liewen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Den 1. Januar vun dësem Joer ass déi éischt Etapp vun der Steierreform a Kraaft getrueden. Si huet eng staark steierlech Entlaaschtung bruecht. Et kann een am Fréijoer vun dësem Joer festhalen : déi éischt Etapp vun der Steierreform, d’Erhéijung vum Mindestloun a vun de Pensiounen an déi méi dynamesch Lounpolitik beim Stat an am Privatsekteur hunn zu enger zolitter Stäerkung vun de Lëtzebuerger hirer Kafkraaft gefouert.

Zugläich mat dem Iwwergank zum Euro trëtt den 1. Januar 2002 déi zweet Etappe vun der Steierreform a Kraaft.

D’Viraarbechte dozou, souwäit se d’Privatpersoune betreffen, sinn ofgeschloss.

D’Regirung wäert nach virun der Summervakanz ee Gesetzesprojet abréngen, sou datt Zäit genuch bleiwt fir d’parlamentaresch Ofschlossdiskussioun virum Enn vum Joer.

Ech wëllt am Virgrëff op dee Gesetzesprojet haut d’Eckwäerter vun der zweeter Ofsénkungsetapp kuerz beliichten.

Mir proposéiere fir d’Joer 2002 ee Steiertarif deen méi gënschteg ausfällt wéi deen dee mer d’läscht Joer annoncéiert haten. En zeechent sech duerch een Agankssteiersaz vun 8 Prozent – an net wéi ursprünglech geplangt vun 10 Prozent – an duerch e Spëtzesteiersaz vun 38 Prozent aus. Vu datt de Steiertarif fir d’nächst Joer an Euro’e muss libelléiert ginn an datt mer d’Euro-Konversioun en faveur vum Steierzueler wëlle virhuelen klëmmt d’steierlech Fräigrenz par rapport zum Tarif vum Joer 2001 vun 390.000 op 393.314 Frang. Dat heescht : eréischt vun engem besteierbare Betrag vun 393.314 Frang u bezillt ee Jonggesell Steieren. Eng bestuete Koppel brauch bis zu engem besteierbaren Akommes vu 786.628 Frang keng Steieren ze bezuelen. Innerhalb vun zéng Joer ass domat de steierfräie Minimum vun 174.000 op 293.314 Frang fir de Jonggesell a vun 248.000 op 786.628 Frang ugehuewe ginn. Keen anert europäescht Land besteiert déi niddreg Akommes sou wéineg wéi Lëtzebuerg. Keen anert europäescht Land behandelt déi niddreg Léin steierlech esou gënschteg wéi Lëtzebuerg. Et gëtt kee Steiertarif an Europa deen esou sozial ass wéi deen dee mer hunn a wéi deen dee mer kréien. An der Belsch bezillt ee Jonggesell vun engem Reven vun 213.000 Frang u Steieren an zwar 25 Prozent. Am Frankräich bezillt ee Jonggesell vun 280.000 Frang u 15,1 Prozent Steieren. An Däitschland bezillt ee Jonggesell vun 300.000 Frang u 15 Prozent Steieren. Déi Däitsch, déi Franséisch an déi Belsch kleng Verdinger a jong Famillje wiere frou wa se ee Steiertarif hätte wéi d’Lëtzebuerger.

Den Tarif fir d’Joer 2002 zeechent sech duerch gläichméisseg breet Steiertranche vu 66.560 Frang aus. Et applizéiert sech ee Steigerungssaz vun 2 Prozent.

Vun engem besteierbare Revenu vun 1.391.727 Frang un bezillt de Jonggesell de Spëtzesteiersaz vun 38 Prozent. Bestuete Leit bezuelen dëse Spëtzesaz vun engem besteierbaren Akommes vun 2.793.454 Frang un.

Dee Steiertarif dee mer fir d’Joer 2002 virschloe schléit sech mat enger Reduktioun vun der steierlecher Belaaschtung an der Héicht vu 17 Milliarde par rapport zum Joer 2000 nidder. Géife mer an de Joren 2001 an 2002 de Steiertarif vum Joer 2000 uwenden, da missten d’Lëtzebuerger bis un d’Enn vum Joer 2002 25 Milliarde Steiere méi bezuelen.

Wichteg ass et an deem Zesummenhank drophinzeweisen datt de Steiertarif sech net nëmmen op d’Privatpersoune mee och op d’Majoritéit vun de mëttelstännesche Betriber uwend.

E puer Beispiller weisen datt déi steierlech Ofsenkung et a sech huet.

Ee Jonggesell mat engem besteierbaren Akommes vu 700.000 Frang bezillt am Joer 2002 38.542 Frang manner Steieren wéi am Joer 2000. Seng Steierlaascht fällt ëm 51,9 Prozent. Säin duerchschnëttleche Steiersaz gëtt halbéiert a beleeft sech nach just op 5,1 Prozent.

Ee Jonggesell mat engem besteierbaren Akommes vun 1.000.000 Frang realiséiert ee Steiergewënn vu 64.746 Frang dat entsprëcht enger Baisse vun 39,8 Prozent an enger Ofsenkung vu senger duerchschnëttlecher Besteierung vu 6.48 Prozent. Hie bezillt am Joer 2002 nach just 9,78 Prozent Steieren. Ee Jonggesell deen anerhallef Millioun verdingt gewënnt 103.585 Steieren am Joer 2002 par rapport zum Joer 2000. Dat ass ee Réckgang vun 48,4 Prozent. Statt 24,9 Prozent bezillt heen nach just 17,39 Prozent Steieren.

Eng aléngerzéiend Persoun déi 700.000 Frang verdingt bezillt am Joer 2002 keng Steiere méi an huet domat 24.540 Frang méi zur Verfügung. En aléngerzéiend Persoun déi 1.000.000 verdingt gëtt mat 75.803 Frang manner am Joer 2002 wéi am Joer 2000 besteiert. Dat ass eng steierlech Regressioun vu 66,7 Prozent. Statt 11,37 Prozent entriicht dësen Aléngerzéier nach just 3,79 Prozent Steieren. Een Aléngerzéier deen anerhallef Millioun verdingt behält am Joer 2002 no Steieren 118.586 Frang méi recht well seng Steier ëm 35,5 Prozent fällt. Säin duerchschnëttleche Besteierungssaz geet vun 22,25 op 14,36 Prozent zréck.

Zwee bestuete Leit mat engem besteierbaren Akommes vu 700.000 Frang bezuele vum Joer 2002 u keng Steiere méi.

Zwee bestuete Leit déi iwwer ee versteierbart Akommes verfügen vun 1 Millioun gewannen am Joer 2002 41.525 Frang u Steieren. Dat ass eng Baisse vun 69 Prozent. Hiren duerchschnëttleche Besteierungstaux geet vu 6,02 op 1,87 Prozent zréck.

Zwou bestuete Persounen déi 1,5 Millioune Frang musse versteieren trieden an de Genoss vun enger steierlecher Ofsénkung vun 86.130 Frang par rapport zum Joer 2000. Dat ass eng Diminutioun vun 49,3 Prozent. Hiren duerchschnëttleche Besteierungswäert halbéiert sech a fällt vun 11,64 op 5,90 Prozent zréck.

Zwee bestuete Leit déi zwee Kanner hunn an déi 1,5 Millioune Frang musse versteiere profitéiere vun engem Steierréckgang vu 86.130 Frang. Dat sinn 83,9 Prozent manner wéi bis elo. Hiren duerchschnëttleche Besteierungstaux fällt vu 6,84 op 1,1 Prozent.

Dës Beispiller weisen : de Steiertarif fir d’Joer 2002 ass sozial. E schount déi niddreg Gehälter. E léisst de jonke Famillje Souen an deem Moment wou se d’Soue brauchen. En ass leeschtungsfrëndlech. E wierkt sech a staarkem Mooss akommessteigernd aus.

D’Regirung huet ier se de Steiertarif fir d’Joer 2002 ausgeschafft huet, sämtlech bestehend Abattementen enger kritescher Analyse ënnerworf. Mir sinn zur Konklusioun komm datt bis op een all Abattementen solle bestoe bleiwen. Si hunn ouni Ausnam ee staarke Lenkungscharakter dee seng Wichtegkeet behält. Den Abattement fir mobiliär Investissementer loosse mer an engem Prozess dee sech iwwert e puer Joer streckt lues a lues auslafen. Dat geschitt an engster Konzertatioun mat de betraffene Wirtschaftssekteuren.

Par contre gëtt déi Zomm déi ee vun de Steiere kann ofsetzen fir sech eng Zousazrenteversëcherung unzeleeë vun 48.000 op 70.000 Frang oder awer 1750 Euro’en ugehuewen. Dësen Abattement klëmmt bis op 130.000 Frang d’Joer fir déi Salariéen aus dem Privatsekteur, déi Staatsbeamten oder déi Indépendanten déi méi spéit am Liewen mat dem Uleeë vun enger Zousazpensioun ufänken.

Dat ugespuertend Kapital kann anescht wéi haut bis zur Halschent ënner Form vu Kapital ausbezuelt ginn a stellt domat ee steierlechen Ureiz zum Spueren duer. De forfaitaire liberatoire Besteierungssaz dee mer am Kader vum 2. Pilier op d’Zousazpensiounen applizéiere gëtt vu 25 op 20 Prozent ofgesenkt. Dës zwou Moossname stellen den Apport vun der Steierpolitik zur Léisung vun engem Deelaspekt vun der Pensiounsproblematik duer.

Et bleiwt bei der ugekënnegter Steierreform fir d’Entreprisen. Si trëtt wéi geplangt den 1. Januar 2002 a Kraaft. A Gespréicher tëscht Wirtschafts- a Finanzminister gi läscht Optioune getraff.

D’Regirung wäert proposéieren déi duerchschnëttlech Besteierung vun de Betriber vu 37,40 Prozent op 30 Prozent zréckzehuelen. Wéi déi 30 Prozent sech genau zesummesetze leeë mer no enger ofschléissender Berodung iwwert d’Problematik vun der Gewerbesteier fest.

D’Steierreform fir d’Entreprisen beschränkt sech net op d’Zréckhuele vum duerchschnëttleche Steiersaz. Den Artikel 152bis iwwert steierlech Bonifikatioune fir Investissementer gëtt moderniséiert. D’steierlech Bonifikatioun gëtt op déi intangibel Aktiva ausgedeelt fir esou ënner anerem de Besoine vun der neier Ekonomie entspriechen ze kënnen.

Den Artikel 164bis vum Akommessteiergesetz iwwert d’Organschaft gëtt assoupléiert a verbreedert.

Dat selwecht zielt fir d’Dispositioune iwwert de Schachtelprivileg.

Wa mer dës Reforme gemaach hunn souwuel déi fir d’Privatpersoune wéi och déi fir d’Entreprise gesäit eis Steierlandschaft besser aus. Sougutt national wéi och am internationale Vergläich. Mee d’Iwwerleungen iwwert d’Steierpolitik mussen och dono nach viru goen. Ech hunn iech gesot datt mer d’Absicht hunn d’Méiglechkeet vun der Individualbesteierung an de Joren 2005/2006 anzeféieren. D’Regirung beoptragt de Wirtschafts- a Sozialrot mat engem zirkonstanzéierten Avis iwwert all Aspekter vun der Negativsteier. D’Negativsteier bleiwt um Dësch.

Si ass eng seriös Piste wann et drëm geet Steier- a Sozialpolitik zu engem sozial adäquate Gerechtegkeetsinstrument ze maachen.

Fir d’Steiererhiewung méi effizient ze maachen, fir d’Steierhannerzéiung kënne besser ze bekämpfen, fir déi mënschlech Ressource beim Stat kënne besser anzesetzen gëtt dru geduecht d’Steier- an d’Enregistrements-Verwaltung an enger eenzeger Verwaltung zesummenzeleeën. D’Virbereedunge fir dëst ze maache laafe geschwënn un.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Wéi all Joer war och dës Erklärung zur Lag vun der Natioun ze laang. Muenches wat ech gesot hunn hunn ech an den zréckleiende Joren schon esou oder anescht heibanne gesot. D’Lag vun der Natioun ass wéi eng Landschaft : si verännert sech net séier. Dofir gläichen d’Beschreiwunge sech vun engem Joer zum aneren.

De Spazéiergang duerch dës Landschaft huet laang gedauert mee en huet eis net op all déi Plaze gefouert déi mer besiche missten.

Ech hu mech mussen ustrénge fir dëst Joer näischt iwwert d’Renten ze soen. An dach wier et noutwendeg gewiescht, wier et och nëmme gewiescht fir déi vill Verdréiunge jo Onwourechte zurecht ze béien déi an de läschte Méint, grad och an de läschten Deeg, mat gréisster Systhematik verbreet gi sinn. Mee et wier net vun Hëllef gewiescht fir dat ze maachen. D’Leit hunn de Rentesträit sat. Si hätte gäeren datt mer d’Rentefro géife léisen. Liest de Regirungsprogramm an d’Wahlprogrammer vun de Parteien, da gesitt der : keen huet jee gesot datt et en am Rentewiese beim status quo misst bleiwen. Dofir sinn ech net iwwerrascht iwwert déi Iwwerraschunge ronderëm de Rentendësch. E Rentendësch deem seng Asetzung amgaang ass sech als eng gutt Iddi ze erweisen.

D’Rente sinn ee Problem mee si sinn net dee Problem. Et gëtt aner Froen déi eis ëmdreiwen : gesellschaftspolitescher, atmosphärescher, materieller.

Dëst Joer gëtt e Joer vun de gesellschaftspolitesche Reformen. Et gëtt e Joer wou mer iwwert d’Verdeelung vun den Dividende vum Wuestum schwätze mussen : ech hu probéiert däitlech ze maachen datt mer trotz Steierreduktiounen d’Finanzkapazitéit vum Stat erhale mussen. Hie brauch se fir sengen Ambitiounen am soziale Beräich nokommen ze kënnen.

Wa mer all dës Froe konsequent uginn an och esou léisen, gëtt eng gutt Zäit fir eist Land. Wéi scho gesot : mir musse laangfristeg strukturell denken a kuerz- a mëttelfristeg konjonkturell richteg lenken.

Dernière mise à jour