Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2003 (version originale luxembourgeoise)

Le 20 mai 2003, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la traditionnelle déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Net nëmmen d'Erklärung zur Lag vun der Natioun huet Traditioun. Traditioun huet och d'Reaktioun op d'Deklaratioun iwwert d'Natioun. Déi eng fanne se schwaach a fad, déi aner fanne se kräfteg a säfteg. Dat ass esou.

D'Erklärung zur Lag vum Land ass keng Erklärung vum Staatsminister am eegenen Numm, eng perséinlech Aarbecht wuel mee keng perséinlech Erklärung. Et ass eng Team-Deklaratioun, keen Egotrip. Et ass keng Repetitioun vun deem wat d'Ministeren an d'Deputéierten déi läscht zwielef Méint gesot a gemaach hunn, et ass eng Konzentratioun op d'Substanz vun deem wat ass a vun deem wat kënnt. Dofir gëtt och net alles ugeschwat. Wien alles uschwätzt huet herno näischt gesot. Awer och zu deem wat net ugesprach gëtt wier villes ze soen. Mee seet een zu allem eppes, da kënnt ee liicht un d'Schwätzen. Dofir feelt mir d'Zäit an iech d'Gedold.

Egal wéi: et kënnt net esou séier op d'Soen un, obschon d'Politik erklärt an hir national an international Kontexter beienee geréckelt musse ginn. Et kënnt virun allem op d'Handelen un: Weises gëllt.

A Weises huet och an deenen zwielef Méint gegollt déi tëschent der Erklärung vum Mee vum läschte Joer an der Erklärung vun haut leien.

Vum Mee 2002 op Mee 2003 huet äer Chamber iwwer honnert Gesetzer gestëmmt. Sëcher: net all Gesetzer ware gläichméisseg wichteg. Mee richteg ass: och manner wichteg Gesetzer brauche bei der administrativer Virbereedung a bei der parlamentarescher Nobereedung vill Zäit. An d'Chamber huet am läschte Joer keng Zäit verluer.

Datselwecht zielt fir d'Regirung. Si huet zanter Mee 2002 iwwer honnertdrësseg Gesetzesprojeteën an der Chamber abruecht. Sëcher: net all Projet rappt d'Leit vum Stull.

Mee richteg ass datt d'Leit hei am Land besser sëtze wäerte wann aus deene Projeteë Gesetzer gi sinn.

Déi Gesetzer déi d'Chamber an deene läschten 48 Woche votéiert huet hunn eis politesch a sozial virubruecht.

Nodeem den 1. Januar 2002 d'Kannergeld ëm 1000 Frang pro Kand eropgesat ginn ass goufe Mindestloun, Mindestakommes, d'Renten an d'Pensiounen ëm 3,5 Prozent erhéicht.

Nodeem déi strukturell Verbesserunge vun de Renten am Privatsekteur eng decidéiert Saach waren gouf de "forfait d'éducation" – déi sougenannte Erzéiungspauschal – vun 3000 Frang de Mount agefouert. Déi Mammen déi bis haut fir hir Erzéiungsaarbecht keng staatlech Unerkennung kritt hu kréien d'Pauschal réckwierkend op den 1. Juli 2002 ausbezuelt. D'Ausbezuelung leeft etappeweis u well et hu sech 37.500 Mamme gemellt.

D'Neiregelung vun der Invaliderent huet d'Ausscheeden aus dem Berufsliewe geklärt  a gëtt, falls noutwendeg, no Bilan iwwerkuckt.

Zolidd steierlech Ënnerstëtzungsmoossnahme fir de Wunnengsbau a verbessert Hëllefe ronderëm dësen erëm sinn a Kraaft gesat ginn.

D'Gesetzgebung iwwert d'Mindestakommes ass positiv revidéiert, den Détachement vun den Arbeitnehmer nei gestaltet, d'Aarbechtszäit am Hôtellerie- a Restauratiounssekteur geregelt an d'Sëcherheetsbedingunge bei de Geldtransporter verschäerft ginn.

D'Gehälter vun de Staatsbeamte goufen ugepasst an hire Statut ass moderniséiert ginn.

D'Zouloossungsbestëmmunge fir d'Transportfirmen goufe méi restriktiv konditionéiert.

Déi staatlech Ënnerstëtzung fir d'Weiderbildungskäschte vun de Betriber ass op 14,5 Prozent vun den Investitiounsauslage geklommen, d'Kanner hunn Ombudsfraen an Ombudsmänner kritt, d'Situatioun vun de Chargés de Coursen am "primaire" an am "préscolaire" ass stabiliséiert ginn. Zwee Gesetzer hunn de Sekundar- an den technesche Sekundarunterricht esou wéi d'Inspektorat an der Primärschoul frësch ugestrach, d'Privatschoulgesetz gouf ugepasst, een zweet Gebäi fir den technesche Sekundarunterricht zu Esch an eng Annexe vum Lycée technique du Centre zu Dummeldeng si parlamentaresch decidéiert, deen neie Fënnefjoresprogramm fir de Sport ass votéiert ginn.

Infrastrukturell a strukturell am breede Sënn vum Wuert hu muenech Gesetzer eis e Stéck weiderbruecht: zanter dem Summer hu mer e Gesetz iwwert déi véiert Extensioun vum Europäesche Geriichtshaff, iwwert eng nei Aérogare um Findel, iwwert den Etablissement public Belval-Ouest an iwwert de grousse Concertssall. Mir hu Gesetzer iwwert d'Rockhal op Belval an iwwert d'Restauratioun vun den dräi Eechelen an der Festung. D'Gesetzer iwwert d'Finanzéierung vum integréierten Zenter fir eeler Leit zu Iechternach, zu Mamer an zu Heeschdrëf an iwwert d'Flegeheim zu Dikrech an zu Fréiseng sinn an de Memorial erakomm.

Zanter Mäerz 2003 leeft de siwente Fënnefjoresprogramm am Tourismus, déi komparativ Publizitéit ass geregelt ginn, de Punkteführerschäin ass do, Handelsregëster, Kadaster an Arméiverwaltung si reforméiert ginn, de Konsumenteschutz gouf amelioréiert, an esou virun an esou weider.

Ech fügen derbäi – net fir komplett ze sinn mee als Rappel – datt mer am Februar een neit Wahlgesetz kritt hunn, datt mer de Schutz vun den Date méi sëcher gemaach  an d'Reperéiere vun den Telekommunikatiounen erschwéiert hunn. D'Gesetz iwwert "marchés publics" gëtt dës Woch gestëmmt.

Dësen onkompletten awer impressionnante Reformkalenner vun deene läschten zwielef Méint weist: dës Regirung huet am läschte Joer net nëmme geréiert mee konsequent regéiert. D'Majoritéit déi dës Regirung stäipt ass net entnäipt mee ass hellwakreg.

Dat weist och déi Reformagenda déi d'Regirung der Chamber zanter der Erklärung vum läschte Joer zougeleet huet.

Scho virum Mee d'läscht Joer hate mer ee Gesetzprojet iwwert d'Schafung vun engem "Knoutermann", engem Médiateur abruecht. Dëse Projet un deem bis elo nach all Regirung sech d'Zänn ausgebass huet muss an den nächste Wochen – no gudder parlamentarescher Viraarbecht - gestëmmt ginn. En ännert déi administrativ Relatiounen tëschent dem Bierger an dem Staat. E schaaft Asprochrechter a schäerft d'Asiicht an administrativ Zwäng. 'T ass kee Gesetz géint eis Beamten, et ass ee Gesetz fir ee bessert, e méi verständnisvollt Matenee vu Verwaltung a Gesellschaft. Mir brauchen dat Gesetz. Grad wéi mer dat neit Pressegesetz brauchen deem säin Dépôt op de 5. Februar vum läschte Joer zréckgeet. De Staatsrot gëtt geschwë säin Avis of. D'Chamber soll et grëndlech préifen, amendéiere wou et néideg schéngt, mee et esou votéieren datt et eppes bréngt. Et ass ee keng modern Demokratie wann een dem Meenungspluralismus mat obregkeetsstaatlechem Denke vum 19. Jorhonnert begéint. Mir hunn een alt, ee veralt Pressegesetz. Mir brauchen een neit, eent dat an eis Zäit passt. Ee Gesetz dat d'Meenungsfräiheet net mat Suspicioun beleet mee ee Gesetz dat d'Meenungsvielfalt uerdnend begleet. Mir sollen der Press hir Rechter garantéieren an hir hir Pflichte rememoréiere fir datt si keen Eenzelne ka laminéieren. Dat mécht eise Projet. Maacht e séier zum Gesetz wann ech gelifft.

Iwwer 130 Gesetzprojeteën huet d'Regirung zanter Mee 2002 deposéiert, ech hunn et gesot. Si si vun ënnerschiddlecher Bedeitung a kënnen net alleguer opgezielt ginn, mee si sinn all néideg.

Dat gëllt virun allem fir déi gesellschaftspolitesch Projeteën – Neiregelung vum Numm vum Kand, Ofschaaffe vum "divorce pour faute", Organisatioun vum Partenariat fir deem seng steierlech Gläichbehandlung d'Regirung via Amendement de Benefiz vum "abattement extraprofessionnel" fir zwee berufstäteg Partner wäert virschloen.

Dat gëllt fir de Gesetzprojet iwwert de Schutz vun den Affer vu Verbriechen déi méi Rechter kréie well se méi Matgefill a Respekt verdéngen.

Dat ass wouer fir de Projet iwwert d'Arichtung vun engem Sëcherheetstrakt fir Jugendlecher déi fir sech selwer oder fir anerer eng Gefor duerstellen.

Dat ass och wouer fir d'Reformprojeteën iwwert d'Kollektivvertragswiesen, d'Solidarekonomie an d'Flegeversëcherung däer hir Finanzéierung mer am Géigesaz zum Wirtschafts- a Sozialrot nët no ënne korrigéiere wëlle well mer mengen d'Flegeufuerderunge géifen esou uwuessen datt mer Finanzreserve fir d'Zukunft brauchen.

Wichteg ass den Ausbau vum legislativen Arsenal géint d'Failliten, d'Gesetz iwwert den "droit d'établissement" an d'Hëllefe fir de Mëttelstand, d'Ëmännerung vum Gesetz iwwert den elektroneschen Handel an d'Schafe vun der Universitéit Lëtzebuerg.

Der Kreatioun vum Wasserschutzamt, dem Gesetz iwwert nohalteg Entwécklung an der Gesetzgebung iwwert de rationalen Energieverbrauch an iwwert d'Produktioun vun erneierbaren Energien kënnt eng evident Prioritéit zou.

Den europäeschen Haftbefehl – de Projet ass liicht z'amendéieren – muss kommen, grad ewéi d'Gesetz géint den Terrorismus a seng Finanzéierung. Een aneren och schon deposéierte Regirungsprojet suergt de Moment fir vill kontrovers Gespréicher an nuancelos Polemik, dat ass deen iwwert den Hausfriddensbroch, zu Onrecht bekannt als Lex-Greenpeace, zu Onrecht esou bekannt well bei aller spontaner Sympathie fir d'Uleies vun dëser ONG: Greenpeace brauch keen eegent Gesetz, Greenpeace verdéngt keen eegent Gesetz a Greenpeace kritt och keen eegent Gesetz. Wourëms geet et bei dësem Gesetz? Et geet drëms de Concours vun zwou Fräiheetszonen esou z'organiséieren datt se net mateneen an een onléisbare Konflikt geroden. D'Fräiheet fir ze demonstréieren, seng Meenung ze manifestéieren, ze streiken, seng kleng a grouss Suergen hefteg z'artikuléieren ass ze respektéieren an ze garantéieren. D'Fräiheet vun aneren, besonnesch vun um Konflikt net Bedeelegten, fir normal z'existéieren, sech normal ze bewegen an ze schaffe kann zwar marginal vum Exercice vun der éischter Fräiheet betraff gi mee däerf net substantielle Schued ënnert hirer Ausübung leiden. De Staat, als Garant vum allgemengen Intresse, muss all Fräiheete schützen, déi eng an déi aner. Dofir muss e senger staatspolitesch noutwendeger Handlungsfähegkeet déi richteg Instrumenter an d'Hand ginn déi e mat Verstand a Gefill gutt doséiert muss asetze kënnen. De Staat kann net neutral, net handlungsonfäheg bleiwe wann dem Duerfbäcker säi Geschäfts- a Produktiounslokal vu Leit besat gëtt déi géint de Stau op der Autobunn protestéieren. An dofir de Bäcker um Baken hënneren. Wann d'Zielrichtung vum geplangte Gesetz stëmmt – nämlech d'Fräiheete mateneen a niewentenee liewen ze loossen – da fanne mer och zesummen ee Wee fir fräiheetlech Zielkonflikter esou ze léisen datt mer dës Zielrichtung net verfeelen. D'Regirung huet keng Maulkuerwabsichten, si wëllt net de permanenten oder och nëmmen de periodeschen demokrateschen Ausnahmezoustand. Si wëllt den demokrateschen Normalzoustand, dat heescht déi tolerant Co-Applikatioun vun de Grondfräiheeten.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Wann ee sech d'Reformbilanz vun deene läschten zwielef Méint ukuckt – ech hunn iech d'Realisatioun an Erënnerung geruff – a wann een d'Reformagenda vun deenen nächsten zwielef Méint virun Ae gesäit – ech hunn déi fäerdeg Regirungspropositioune genannt – dann drängt sech eng Konklusioun op: dës Regirung, dës Koalitioun an dës Majoritéit realiséieren hire Reformprogramm esou datt se e Leeschungsverglach mat fréiere Regirungen, Koalitiounen a Majoritéiten net ze fäerte brauchen.

D'Koalitiounsparteie stinn – wéi de Bilan weist – net um Ufank vun hire Gemeinsamkeeten. A mir sinn och net un hirem Enn ukomm – wéi d'Agenda weist. Datt de Reformwëllen ongebrach ass, dat beleeën och d'Projeteën iwwert d'Volleksinitiativ an de Referendum esou wéi iwwert d'Reform vum Geheimdéngscht déi ech haut deposéiert hunn.

CSV an DP hu sech an hirem Regirungsprogramm fir eng méi partizipativ Demokratie ausgeschwat. Dem ugekënnegten Ausbau vun de biergerleche Matsproocherechter gi mer am Gesetzprojet iwwert d'Volleksinitiativ an de Referendum ee konkreten Ausdrock.

Mir liewen an enger erwuessener Demokratie. Si huet all postpubertär Reflexer verluer. Si ass räif ginn. Mee si behällt Defiziter. Déi Defiziter sinn net esou grouss wéi vill Gesellschaftskritiker mengen. Mee si sinn och net esou kleng wéi vill Politiker behaapten.

Ee vun den demokrateschen Defiziter besteet doranner datt an de Matsproochepausen déi tëschent zwou Chamberwale leien, d'Leit, d'Bierger d'Gefill hunn, et géifen zukunftsbestëmmend Decisioune falen déi zwar an hirem Numm geholl ginn, zu deene si awer net gehéiert ginn, geschweigs dann nogelauschtert kréien. D'representativ Demokratie, déi an däer d'Parlament fir déi decidéiert déi et gewielt hunn, gehéiert trotz Kritik net zum alen Eisen. Si bleiwt eng Decisiounsfabrik an ee Gestiounsstellwierk déi een net liichtfäerdeg ofschreiwe soll, esou wéi een eppes ofschreiwt wat ëmmer manner Wäert kritt. Drepresentativ Demokratie huet Wäert a mir schafe s'och net of. Mee mir menge si bräicht vun Zäit zu Zäit, wa se viru grousse Kräizunge steet, de Korrektiv vun der direkter Wuertmeldung vum Vollekssouverän.

Dofir mécht d'Regirung dräi Virschléi.

Mir proposéieren d'Aféierung vun enger legislativer Volleksinitiativ. Wann 10.000 ageschriwe Wieler der Chamber eng schlësselfäerdeg Gesetzpropositioun an engem Beräich dee sech zum Legiferéieren eegent zouleede muss d'Parlement iwwert dës – am Kader vun der normaler legislativer Prozedur – ofstëmmen. Hëllt d'Chamber dës Propositioun un, da gëtt aus hir e Gesetz. Refuséiert d'Chamber dës Propositioun an éischter Lekture, da kënne 25.000 ageschriwe Wieler e Referendum iwwert déi ofgelehnte Propositioun froen. Dëse Referendum ass konsultativ, mee et schéngt mer kloer datt d'Parlement an engem zweete Vote deen éischte Vote net bestätegt wann d'Vollek d'Resultat vun dëser éischter parlamentarescher Decisioun ofgelehnt huet.

Mir proposéieren dem Referendum deen eis Konstitutioun haut schon an hirem Artikel 51 Paragraph 7 virgesäit Fleesch op d'Schanken ze ginn. Wann zwee Drëttel vun den Deputéierten decidéieren iwwert ee "projet de loi" zousätzlech nach e Referendum ofzehalen – dat zielt och fir international Verträg – oder d'Vollek iwwert eng Fro vun allgemengem Interesse ze befroen, da muss d'Regirung innerhalb vu sechs Méint e Referendum organiséieren deem säi Resultat d'Chamber zwar net juristesch bënnt, deem säi Resultat d'Chamber awer ouni all Zweifel politesch abënnt.

Mir proposéieren d'Aféierung vun der Méiglechkeet vun engem Verfassungsreferendum. Wann d'Chamber een oder méi Verfassungsartikelen ofännert oder neier der Konstitutioun bäisetzt, kënnen ee Véierel vun den Deputéierten oder awer 25.000 ageschriwe Wieler dozou e Referendum froen. Wann d'Vollek iwwer Referendum nee seet zu enger Verfassungsännerung, da kann dës net a Kraaft trieden. De Verfassungsreferendum ass a sengem negative Resultat obligatoresch.

Mir sinn der Meenung datt dës Virschléi fir sech betruecht keng Revolutioun sinn. Et gëtt se esou oder ähnlech a foffzeg anere Länner. Et geet een ni e Risiko a wann een d'Vollek eescht hëllt: mir hunn net d'Vollek gewielt mee d'Vollek huet eis gewielt. D'Vollek kennt eis a mir kennen d'Vollek well mer aus senger Mëtt kommen. An dofir wësse mer: d'Vollek hätt gäeren datt mer eis Aarbecht selwer maachen an Decisiounen huelen. Et wëllt tëschent de Walen net mat all Fro befaasst ginn iwwert déi mer eis heibannen net eens gi sinn. Et hätt gäeren datt mer iwwert eis Kontroversen ofstëmme statt Deeler vun him nozelafen. Ween dem Vollek noleeft dee gesäit et nëmme vun hannen. Mee wann d'Vollek sech ëmdréit an eis an d'Gesiicht wëllt kucken, dann däerfe mer sengem Bléck net auswäichen. De Referendum ass kee Spillgezei fir Demagogen a Populisten. Et ass een Instrument dat a grousse Momenter dem Rendez-vous mam Vollek eng souverän Gréisst gëtt.

Och d'Reform vum Geheimdéngscht – wéi de Geheimdéngscht selwer – hu villes mam Vollek a mat senger Souveräinetéit ze dinn.

D'Gesetz iwwert de Geheimdéngscht ass iwwer 40 Joer al, et datéiert aus dem Joer 1960. Et muss reforméiert ginn, et hätt scho längst misste reforméiert ginn. Datt et trotz guddem Virsaz an deene läschten zwee Joer net dozou komm ass, dat ass meng Schold. A Schold doru sinn och tragesch international Evenementer – Stëchwuert 11. September – déi eis méi grondlegend Froe wéi brauchbar an operationnell Äntwerte ginn hunn.

Ech wëllt iech, ier ech iech soe wat mer iech virschloen, een Aveu maachen: ech hunn esou laang wéi ech politesch denke kann de Geheimdéngschter gréisste Méfiance entgéintbruecht. Oppen Demokratien, ausgewuesse Gesellschaften, duerchsiichteg a kollektiv organiséiert an transparent strukturéiert Ensemble brauchen, esou hunn ech mer a menge jonke Joren an och duerno nach gesot, keng Geheimdéngschter. Alles ass op, alles ass zougänglech an näischt brauch geheim a verdeckt ze sinn: dat war ëmmer meng Meenung. Besonnesch am lëtzebuerger Kontext ass déi Meenung mer wéi eng Gewëssheet virkomm. Heiandsdo hunn ech – heiheem an am Ausland – an eescht gemengtem Spaass gesot, d'Tatsaach datt et och zu Lëtzebuerg ee Geheimdéngscht géif gi géif eigentlech beweisen datt ee kee brauch. Ech ginn zou: ech hu mech gëiirt. Zanter dem 20. Januar 1995 – deem Dag wou ech Staatsminister gi sinn – weess ech: och hei zu Lëtzebuerg brauche mer ee Geheimdéngscht. Mir brauchen en, net weil eis Sëcherheet a Gefor wier – si ass et definitiv net -, mee well eis Sëcherheet bedroht gëtt: vun Eenzelnen, vu Gruppen, vu momentane Konstruktiounen, vu stramm forméierte Strukturen. Fir datt d'Bedrohung net zur Gefor gëtt, fir datt Lëtzebuerg net ee wäisse Fleck an der internationaler Ofwierkette géint virun allem déi terroristesch Erausfuerderung gëtt, dofir brauche mer ee Geheimdéngscht.

A well mer e brauchen, brauche mer ee performanten, ee kontrollablen an ee kontrolléierte Geheimdéngscht.

D'Performancen, d'Leeschtungsfähegkeet vum Geheimdéngscht wëlle mer duerch d'Preziséiere vu sengem Aktivitéitsperimeter sëcherstellen. E gëtt zoustänneg – wat en ëmmer war – fir d'Spionageofwier, fir de Kampf géint den Terrorismus a fir d'Lutte géint d'Verbreedung vun den net konventionnelle Waffesystemer an déi Technologien déi mat hinnen zesummenhänken. E gëtt zoustänneg fir de Kampf géint dat organiséiert Verbriechen – awer nëmmen esou wäit wéi et mat de virgenannten Aufgaben ze dinn huet. Prinzipiell ass d'Polizei fir de Kampf géint dat organiséiert Verbriechen zoustänneg, si soll dat och bleiwen. Mee de Geheimdéngscht kann – fir mech erkennbar – net aus deem Kampf ausgespaart gi well virun allem den Terrorismus a seng Finanzéierung ganz dacks de Paltong vum organiséierte Verbriechen undinn. Ganz allgemeng bleiwt de Geheimdéngscht zoustänneg fir d'Sëcherheet zu Lëtzebuerg.

Fir seng Aarbecht kënne korrekt ze maache muss ee mat der Polizei zesummeschafffen. Dat neit Gesetz wäert déi Kooperatioun regelen.

Fir efficace ze si brauch en Zougank zu verschiddenen Datebanken. D'Gesetz wat soll kommen zielt se limitativ op.

De Geheimdéngscht gëtt nëmmen da Wichteges gewuer wann e seng Informanten, seng Quelle schütze kann. D'Gesetz wäert kläre wéi dat ze geschéien huet. De Schutz muss zolidd sinn, en däerf net an alle Fäll absolut sinn.

E Geheimdéngscht brauch e Budget, mee de Budget däerf net esou transparent sinn datt déi géint déi mer eis wieren am Memorial noliese kënne wéi mer eis géint se wieren.

De Geheimdéngscht, fir demokratesch kredibel ze sinn an demokratesch viabel ze bleiwen, däerf net nëmmen der Autoritéit an der Kontroll vum Staatsminister ënnerstoen, Staatsminister deen aus internationale Verflechtungs- an nationale Responsabilitéitsgrënn eleng fir hien zoustänneg bleiwe muss. E muss och ënner parlamentaresch Kontroll kommen. D'Regirung schléit d'Bestellung vun enger parlamentarescher Kontrollkommissioun vir déi aus de Presidente vun de Chamberfraktioune besteet. Den Direkter vum Geheimdéngscht informéiert dës Kontrollkommissioun iwwer déi allgemeng Aktivitéite vu sengem Service grad ewéi iwwert d'Zesummenaarbecht mat den auslännesche Noriichtendéngschter. D'Fraktiounspresidente kréien Zougank zu alle geheimdéngschtlech relevanten Informatiounen a Piècen, mat Ausnahm vun deenen deenen hir Revelatioun d'Informatiounsquellen a Gefor brénge géif. Si kënnen d'Mataarbechter vum Geheimdéngscht zu all Moment an zu all Dossier héieren a befroen. Si kënne sech bei hirer Kontrollaarbecht vun Experten assistéiere loossen. Si maachen dem Parlament all Joer Rapport a kënnen an dësem Bemierkungen a Rekommandatiounen zu der Aarbecht vum Déngscht presentéieren. De Staatsminister ka si iwwert hir Meenung zum Funktionnement an zum Schaffe vum Geheimdéngscht froen. All sechs Méint gi s'iwwer den Detail vun den Telefonsiwwerwaachungen informéiert déi de Staatsminister ugeuerdnet huet. Zu dësem parlamentaresche Kontrollsystem gehéiert zwéngend d'Dispositioun datt op Geheimnisverrot duerch e Member vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun Prisongsstrofen tëschent sechs Méint a fënnef Joer stinn. Dës applizéiert sech schliesslech och fir de Premier.

D'Artikele vum Code pénal iwwert d'Telefonsiwwerwaachungen déi de Staatsminister unuerdne ka gi liicht geännert. De Staatsminister muss, ier en Telefonsiwwerwaachungen autoriséiert, wéi bis elo den Assentiment vun enger Kommissioun vun dräi héige Magistraten hunn, dem President vun der Cour supérieure de Justice, dem President vun der Cour administrative an dem President vum Tribunal d'Arrondissement vu Lëtzebuerg. D'Telefone kënnen nëmmen ofgelauschtert gi wann déi extern Sëcherheet vum Staat bedroht ass.

Mat dëser Reform huele mer de Geheimdéngscht aus dem Däischteren eraus. Mee mir stellen en net an dat grellt Dagesliicht. E gëtt méi transparent, e gëtt parlamentaresch kontrolléiert, mee e bleiwt geheim. D'Sëcherheet vum Land an déi vun eise Partner wëllen dat esou.

Well ech bei der Sëcherheet si well ech nach ee Moment bei der Sëcherheet bleiwen, méi präzis bei der öffentlecher Sëcherheet.

Eis Polizei war an de läschte Wochen a Méint um Plang vun der öffentlecher Sëcherheet méi wéi eemol zolidd gefuerdert.

Hiren Asaz bei der Perquisitioun an den islamistesche Milieuen huet kritesch Wuertmeldungen an der Öffentlechkeet ausgeléist. Dës Perquisitiounen, déi vum Untersuchungsriichter an net vun der Regirung ordonnéiert goufen, waren noutwendeg fir eng Bedrohung ze neutraliséieren déi um Wee war eng reell Gefor fir eis all ze ginn. An deem Geforekontext huet d'Polizei hir Aktioun misse virhuelen. Nëmme wann een d'Gefor kennt déi et gegollt huet auszeschalte versteet een déi fir eist Land aussergewéinlech Asazmethode fir déi huet mussen optéiert ginn.

Datselwecht war de Fall bei den Arcelor-Demonstratiounen. Datt déi Lécker Stolaarbechter sech géint d'Stolofbaupläng an hirer Géigend wieren an dat zu Lëtzebuerg maachen ass déi normalste Saach vun der Welt. Wiere mer an hirer Plaz gewiescht hätte mer dat och gemaach. Mee dat ass nach laang keng Ursaach fir datt organiséiert Bande vu Kläpper a vu Casseuren ongehënnert hiert Onwiesen op eise Stroossen a Plazen dreiwe kënnen. Lëtzebuerg däerf net zum Treffpunkt vu Krawalltouriste ginn. Wa mat Gewalt gedroht gëtt, wann ee Gewaltbereetschaft mat am Demonstratiounsgepäck huet a wann ee Gewalt och asetzt, dann däerf ee sech net wonneren – a sech och net doriwwer bekloen – wann d'Polizei duerchgräift. Si huet hir Pflicht gemaach a si huet hir schwéier Aarbecht gemeeschtert. Fir dat wat hir u Feler ënnerlaf ass huet si sech entschëllegt. Fir dat wat se gutt gemaach huet verdéngt se Unerkennung a Luef. Anstatt systematesch iwwert d'Police hirzefale wier et gutt sech systematesch an d'Haut vun engem Polizist ze versetzen dee riskéiert zum Krëppel ze gi wann e säin Déngscht mécht. Iwwerhaapt ass mer ronderëm déi Arcelor-Virgäng opgefall datt wann et eescht gëtt eis Debatten eng Tendenz zu radikaler Verflaachung hunn. Datt eis Gewerkschaften, a besonnesch ee vun eise Gewerkschaftspresidente, Verrot un der Aarbechterklass a Solidaritéit mam Grousskapital statt mam Salariat ënnerstallt kréie well se un enger als gewalttäteg ugekënnegter Manifestatioun net wëllen deelhuelen ass ee staarkt Stéck. Ech hat op jiddefall Verständnis fir d'Absenz vun eise Gewerkschaften. Hir Präsenz hätt der Gewerkschaftsbewegung zu Lëtzebuerg geschued. An dofir hate se recht mat hirer Decisioun. Ech weess datt se hinnen net liicht gefall ass.

Déi Evenementer vun deenen ech schwätzen – Perquisitioun an Demonstratiounen – inspiréiere mer zwou aner Remarquen.

D'Perquisitiounen an islamesche Kreeser däerfen zu kengem falschen Androck féieren. D'islamesch Kommunautéit zu Lëtzebuerg stellt keng Gefor fir eis duer. D'Gefor geet vun Extremisten a Fanatiker aus: déi musse mer neutraliséieren. Eis islamesch Matbierger awer musse mer integréieren: dofir musse si sech och esou forméieren datt mer iwwert d'Konventionéiere vun hirer Glawensgemeinschaft kënnen negociéieren.

D'Arcelor-Manifestatiounen hu gewisen datt eis Polizei bei gewëssen Asäz un hir Grenze stéisst. Dat ass wouer fir d'Zuel vun den asazfähege Leit. Dat ass och wouer fir d'Equipementer déi net ëmmer adäquat sinn. Op deenen zwee Punkte ginn eis Ustrengunge virun. Awer mir brauchen och ee gutt virbereeten, schlëssege Sëcherheetskonzept fir Groussdemonstratiounen, ee Sëcherheetskonzept dat flexibel reagéiere kënne muss an dat zivil a polizeilech Psychologie- an Aktiounsstrategien op eng Rei bréngt. Ech hunn den éischte Commissaire divisionnaire Claude Waltzing, een erfuerene Polizeioffizéier vun deem mer wësse wat e kann, beoptragt esou ee Sëcherheetskonzept auszeschaffen. Hie soll der Regirung d'Propositiounen iwwert eng besser Zesummenaarbecht vu Polizei, Douane an Arméi bei der Oprechterhalung vun der öffentlecher Uerdnung maachen. Et ass evident datt d'Arméi bei der Oprechterhalung vun der öffentlecher Uerdnung net an déi éischt Rei gehéiert. Den Här Waltzing elaboréiert och ee Sëcherheetskonzept fir déi Lëtzebuerguer EU-Presidentschaft 2005 déi eis allerlee Besuch aus ville Länner bréngt.

Wie Polizei seet, seet och Justiz.

Mir hunn d'Police judiciaire am Kader vum Budget 2003 ëm zwanzeg Unitéite verstäerkt fir d'Instruktiounsdelaieë vun de strofrechtlech relevanten Dossieren ze verkierzen. Am September 2003 kommen zwee Untersuchungsriichter bäi, grad ewéi och nach eng Kéier am September 2004. D'Zuel vun den Untersuchungsriichter wäert sech esou vun 1999 bis 2004 verduebelt hunn. D'Gesetz iwwert d'Justizorganisatioun gëtt ëmgeännert fir datt Magistrate mat enger gewëssener Erfahrung kënnen Untersuchungsriichter ginn. Eenzel Untersuchungsriichter ginn hierarchesch méi héich aklasséiert.

Mir hu vir – nom Modell vun eisen Nopeschlänner – eng Gesetzgebung iwwert eng DNA-Analysendatei op d'Been ze bréngen. Si gëtt e wichtegt Instrument zur Opklärung a Verhënnerung vu schroe Verbriechen well se zu enger zweifelsfräer Täterermëttlung – national a grenziwwerschreitend – féiert. Kee Mäerder, kee Sexualverbriecher, kee Schwéierkriminellen ass virun de Spueren déi en hannerlooss huet méi sëcher. Och nach Joren no der Dot kann en op Grond vun engem eenzelnen Hoer oder enger Hautpartikel iwwerfouert ginn. Dat steigert d'Opklärungsquot a verhënnert zukünfteg Verbriechen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Déi läscht zwielef Méint waren net nëmme gutt gefëllt mat wichtege Gesetzer déi komm sinn a mat Propositiounen déi zu wichtege Gesetzer wäerte féieren. Si waren och dicht besat mat éischter däischtere Wolleken um Konjunkturhimmel. An déi däischter Wolleken wäerte sech net esou séier verzéie wéi mer dat gären hätten.

Ausgangs der läschter Woch huet den Eurostat nüchtern festgestallt datt d'Wirtschaftswuestum am éischten Trimester vun dësem Joer an Europa un d'Stoe komm ass. Europa befënnt sech an der Stagnatioun, Däitschland, Italien, Holland a Portugal an der Rezessioun.

Mir haten hei zu Lëtzebuerg am Joer 2001 eng Croissance vun 1,2 Prozent vun eisem PIB an am Joer 2002 – laut éischten Aschätzunge vum STATEC – e Wuestum vun 1,1 Prozent. Fir dëst Joer gëtt mat 1-1,5 Prozent gerechent. Dat heescht: mir waren net a mir sinn net an der Rezessioun. Dat heescht och: mir stiechen net an enger déiwer Wirtschaftskriis. Mee eppes musse mer däitlech gesinn: zu Lëtzebuerg kriselt et. Zwar manner wéi bei eisen Noperen: et ass falsch ze behaapte mir wieren d'Schlussliicht an Europa. Dat si mer net. Mee mir sinn awer och net méi dat Glanzliicht dat mer laang waren. An de Joren 1997 bis 2000 si mer nach 8 Prozent gewues, d'läscht Joer a Virz'joer nëmme méi 1,1 an 1,2 Prozent. Fir d'läscht hate mer esou ee schwaache Wuestum 1995, nämlech 1,3 Prozent. Niewebäi bemierkt: de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister huet 1995 net Henri Grethen geheescht, mee den Henri Grethen huet och 1995 net gesot de Wirtschaftsminister wier Schold dorunner gewiescht. Bescheidenheit ist eine Zier, doch weiter kommt man ohne ihr.

Trotz dem konjonkturelle Réckgang an trotz ongënschtegen europäesche Perspektiven hu mer zu Lëtzebuerg kee Grond de Kapp hänken ze loossen. Mee mir däerfen net Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe loossen. Mir mussen eis ustrengen a mir bréngen och eppes fäerdeg wa mer eis ustrengen. Mir mussen eis op eis Stäerkte besënnen. A mir hunn och Stäerkte mat deene mer kënne poweren.

Ech si wäit dervun ewech an ee verdreemten Optimismus ze verfalen, an een Optimismus dee blann wier fir dee méi schwierege Streckenofschnëtt deen elo kënnt. Mee ech weess: mir kommen iwwert d'Distanz. Net problemlos, awer gutt. Mir stinn net virum Marsch duerch d'Wüst mee op eis waart méi wéi e Sprong iwwert d'Sandkëscht. Mir hu vill Problemer scho geléist déi anerer nach léise mussen. Mir hunn Trëmp an der Hand déi anerer nach mussen dra kréien.

Eisen Haapttromp ass datt mer net zu dacks sinn a mer dofir wëssen datt mer eis Kräften net verzettelen däerfen. Mir si konsensfäheg bliwwen, och a schwieregste Froen. Wéi ech viru manner wéi engem Joer op d'Méiglechkeet vun engem reduzéierte Wirtschaftswuestum, engem vun ënner 4 Prozent opmierksam gemaach hunn, sinn ech nach Schëmmel a Bless vernannt gi well ech d'Interrelatioun tëschent Wirtschaftswuestum an der mëttel- a laangfristeger Renten- a Pensiounsfinanzéierung opgewisen hunn. Ech war frou am Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot ze liesen datt dem konsiderablen Impakt vun enger unhalender diminuéierter Croissance op d'Renten an d'Pensiounen misst Rechnung gedroe ginn. Ech war frou an engem Interview ze liesen datt führend Oppositiounsdeputéierte mengen, eise Renten- a Pensiounssystem misst a Richtung Nohaltegkeet iwwerpréift ginn. Ech si frou datt jiddfereen 2006 zu Renten- a Pensiounskorrekturen, ausserhalb vun de klenge Renten, bereet ass wann ënnerduerchschnëttlech Wuestumsspréng eis dozou forcéiere géifen. Domat ass sëcher gestallt datt mer d'accord sinn ofzebremsen ier mer an d'Mauer rennen: dir wësst vu watfir enger datt ech schwätzen.

Een aneren Haapttromp dee mer hunn ass eis gesond Finanzsituatioun. Dës Tromp kënne mer elo ausspillen. Dës Tromp musse mer elo ausspillen.

Mir kënnen a mir musse se grad elo ausspillen, mat roueger Hand. An engem Moment wou d'Wirtschaft an Europa stoe bleiwt oder esouguer zréckgeet ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land deem seng Staatsfinanzen an der Rei sinn. Et gëtt der hei am Land déi d'Situatioun vun de Staatsfinanze schlechtrieden. Am europäeschen Ausland gëtt et der vill déi gäere mat eis tausche géngen.

Eis Finanzsituatioun ass gutt. Mee mir däerfe keng Dommheete maachen. Soss ass se geschwënn zwar net schlecht, mee awer net méi gutt genuch fir datt mer nach souverän a bestëmmt handele kënnen. Mir hu weder dëst nach d'nächst Joer – fir de Budget 2004 – Raum a Plaz fir Extra-Wënsch, fir exorbitant Fuerderungen. Mir kënnen an de Joren 2004 an 2005 nëmmen dat wëlle wat mer mëttelfristeg wierklech brauchen. Mir kënnen an dëse Joren net dat wëlle wat mer kuerzfristig gäeren hätte well et schéi wier fir et direkt ze hunn. Dir kënnt de Wieler fir d'Joer 2004 an de Joren dono versprieche wat der wëllt. Si gleewen iech et oder si gleewen iech et net – hoffentlech net. Mee an de Budget 2004 komme keng Extravaganze stoen, keng luxuriös Petitessen déi am Ufank harmlos ausgesinn an eréischt méi spéit deier ginn. Et gëtt virun de Wale keng Knippercher a keng Korinten. Et gëtt schwaarze Schokela an heiandsdo haart Brout. Et gëtt net esou haart datt d'Leit sech d'Zänn drun ausbäissen. Mee dat Brout wat mer fir 2004 bake soll laang halen – fir datt mer nach laang z'iessen hunn.

Ech hu gesot, eis Finanzlag wier gutt. Dir musst iech iwwert dës Ausso wonnere well dir hutt an deene läschte Méint dacks héieren a gelies eis Staatsfinanze génge bei der Deiwel goen. Mir sinn net an der Finanzhell ukomm. Mir sinn nach net an der Finanzhell ukomm. Mee wann et ëm d'Finanze geet si mer och net méi am siwenten Himmel.

Fir wat si mer net an der Finanzhell ukomm?

Ganz einfach: well mer déi richteg Politik gemaach hunn. Mir hunn – loin de là – net alles richteg gemaach. Mee mir hu Kurs gehal. An d'Sozialpartner – Patronen a Gewerkschaften –hunn eis dat an der Tripartite androcksvoll konfirméiert.

A wat fir enger Situatioun sinn eis Staatsfinanzen? Ee Bléck op de Budgetsofschloss vum Joer 2002 renseignéiert eis doriwwer.

Ech muss zouginn: mir hunn 2002 2,4 Prozent méi Souen ausgi wéi mer der am Hierscht 2001 geplangt haten.

Mee de Budgetsminister huet déi Depensen nëmmen autoriséiert well se ekonomesch, sozial an infrastrukturell Sënn gemaach hunn.

De Wirtschaftsminister – deem seng "Léthargie" vun Deeler vun der Oppositioun zu Onrecht beklot gëtt – an d'Ausseministesch – déi net nëmme fir d'Aussepolitik mee och fir d'Aussewirtschaft zoustänneg ass – hunn den exportorientéierte Betriber 13,4 Milliounen € méi Finanzéierungshëllefen zur Verfügung gestallt fir datt se al Mäert behalen an nei Mäert kritt hunn. Hätt de Budgetsminister dës Gelder net autoriséiert, hätt de Wirtschaftswuestum sech nach méi kontraktéiert.

31,5 Milliounen € – 1,3 Milliarde lëtzebuerger Frang – sinn direkt oder indirekt méi un d'Eisebunn gefloss: hätt den Transportminister dës Gelder net mobiliséiert, da wier op der Bunn gestreikt ginn.

Mir hu fir 76 Milliounen € - dat heescht fir 3 Milliarde lëtzebuerger Frang -  Gebeier fir de Staat a seng direkt oder indirekt Leeschtungsdréier kaaft. An engem Privatbetrib géif een dat Verbreederung vum Aktiv nennen. Beim Staat nennt een dat Mehrausgaben. Jo, et si Mehrausgabe gewiescht. Mee de Staat ass doduerch méi räich a méi staark ginn.

Mir hunn eise Gemengen 16 Milliounen € méi iwwerwisen – haaptsächlech fir d'Gehälter vun den Enseignanten. Dës 645 Millioune Frang hätt de Staat kënnen hale mee dann hätten d'Gemenge se manner gehat.

Déi aner Mehrausgaben – mat Ausnahm vun den zousätzlechen 22 Milliounen € déi de Sportsfong kritt huet – resultéieren aus der Applikatioun vun der Sozialgesetzgebung: + 19,5 Milliounen € fir d'Baby-Joren, + 14,5 Millioune fir d'Flegeversëcherung. Wa mer se hätte wëllen aspueren hätte mer d'Gesetzer missen esou ofänneren datt de Staat géif manner mee d'Leit an d'Betriber méi bezuelen. Wien domat averstan gewiescht wier ka sech herno beim Greffe mellen.

Alles an allem: déi 2,4 Prozent déi mer méi ausginn hunn waren ekonomesch, sozial, infrastrukturell a patrimoine'sméisseg absolut gerechtfertegt.

Mee obscho mer déi Mehrausgaben hu mussen tätegen schléisst de Staatsbudget fir d'Joer 2002 mat engem Excédent of.

Viru Méint nach ass den Abroch vun de Staatseinnahmen mat wëssentschaftler Präzisioun, chiffres à l'appui, virausgesot ginn. Tatsaach ass: mir hunn 3,6 Prozent méi Recette kritt, insgesamt 223 Milliounen € oder awer 9,3 Milliarde lëtzebuerger Frang. Wéi virausgespuert hu mer 228 Milliounen € manner un Abonnementstaxen, Enregistrementsrechter a Lounsteier ageholl. Mee mir hu 4,5 Milliarde lëtzebuerger Frang – 113,5 Millionen € - méi u Kierperschaftssteier mobiliséiert wéi am November virausgesot, 30 Milliounen € méi TVA kritt, 120 Milliounen € méi Verméigenssteier.

Aus deem Zesummespill vu Méiausgaben a méi Recetten ergëtt sech datt mer de Budget 2002 mat engem Iwwerschoss vu 60 Milliounen € ofschléissen, 2,4 Milliarde lëtzebuerger Frang.

Europa ass am Joer 2002 an den Defiziter ënnergaang. Mir net. Och fir dat lafend Joer wëlle mer d'Staatsausgaben ënner Kontroll an d'Staatsfinanzen am Equiliber halen. Datt dat net einfach gëtt wësse mer. Datt et béis Iwwerraschunge ka gi kënne mer net ausschléissen. D'Stagnatioun an d'Rezessioun ronderëm eis dreiwen ee geféierlecht Gëft an eis Ekonomie dat eis Wuestumskräfte ka lähmen. Bis elo ass dat nach net geschitt, jiddefalls hu mer et nach net am Kapitalfloss tëschent Land a Budget ze spiere kritt. Enn Abrëll hate mer een Ausgabestand vu 1.624 Milliounen € erreecht – dat si 26 Prozent vun de geplangte Joresausgaben. Gläichzäiteg hu mer 1.722 Milliounen € un Einnahme gehat – dat sinn 134 Milliounen € méi wéi mer fir dat éischt Trimester 2003 gerechent haten. Op dëse gudden Zuele kann een de Budget 2004 awer net opbauen: d'Resultater notamment vun de Banken am Joer 2002 loossen eis unhuelen datt mer am nächste Joer mat enger reduzéierter Kierperschaftssteier fir d'Joer selwer musse rechnen.

Zwee droend Elementer vun eiser Finanzstruktur hëllefen eis iwwert déi Engpäss ewech. Déi nach ëmmer gutt gefëllte budgetär Reservdëpper erméiglechen eng öffentlech Investitiounstätegkeet op héigem Niveau – a kengem aneren EU-Land maachen d'öffentlech Investitiounen esou wéi bei eis méi wéi dräi Prozent vum PIB aus. Déi niddreg Staatsschold gëtt eis Finanzéierungssputt, net fir passiv Konsumausgaben ze decken, mee fir aktiv Zukunftsinvestitiounen ze programméieren – a kengem aneren EU-Land maachen d'öffentlech Scholden esou wéi bei eis manner wéi dräi Prozent vum PIB aus.

Déi europäesch Wirtschaftsperspektive sinn och dowéinst esou gro well d'Staate méi Soue brauche fir d'Scholden aus der Vergaangenheet ze reduzéieren wéi fir an d'Zukunft z'investéieren. D'Länner ronderëm eis mussen d'Lächer vu gëschter stoppen, mir kënnen d'Ouverture vu mar attackéieren. Zanter 1998 huet de lëtzebuerger Staat keng Soue méi geléint: mir hunn dat net wëlle maachen a mir hunn dat net musse maachen. Wann d'wirtschaftlech Gesamtsituatioun dat verlaangt, wann d'Zukunftssëcherung dat exigéiert, da kënne mer dat elo maachen.

Een Deel vun deene méi grousse wäit an d'Zukunft erareechenden Zukunftsinvestitiounen kënne vun enger gutt doséierter Empruntspolitik begleet ginn. Dat zielt fir d'Investissementer um Kierchbierg – hei trëtt dee komplett fäerdeg gestallten Erweiterungsdispositif an d'Exekutiounsphase – esou gutt wéi fir d'Investissementer op den Industriebroochen – hei ass déi avancéiert Konkretiséierungsetappe ugelaf. Mir wäerten notamment op d'Laangzäitprêteë vun der Europäescher Investitiounsbank zréckgräifen, Europäesch Investitiounsbank déi och duerch hir Expertisen am Technologie- an Ëmweltberäich een optimale Partner wäert sinn.

Aner aktuell an zukünfteg Aufgabe musse viru klassesch finanzéiert ginn. Dat gëllt fir d'Finanzéierung vun der Palliativ-Medezin an hiren Ausbau, fir als Beispiel ee besonnesch wichtege Beräich speziell z'ernimmen. D'Palliativ-Medezin ass net nëmmen eng Fro vu Geld. Et ass virun allem eng Fro vum mënschlech qualitativ héichrangegen Ëmgang mam Liewensenn. Lëtzebuerg ass kee palliativt Niemandsland. Mee et bleiwe geographesch an aner Defiziter ier d'Palliativ-Medezin ee Recht fir all Mënsch hei am Land gëtt. D'Palliativ-Medezin muss esou ausgebaut ginn datt 440 Patienten d'Joer hospitaliséiert kënne ginn, datt 115 Persounen d'Joer an der Dageshospitalisatioun opgeholl kënne ginn an datt ronn 700 Persounen doheem oder an enger spezialiséierter Palliativ-Klinik geflegt a begleet kënne ginn. Dat ass de Besoin dee mer hunn an d'Erfëllung vun deem Besoin ass eis Flicht. De Budget 2004 an déi zwee Budgeten dono wäerten dëser Flicht integral nokommen. Et muss investéiert, gebaut a bäigebaut ginn, d'Personalkäschte musse gedeckt an d'Formatioun vun den Dokteren a vum Personal lancéiert ginn.

Dës wéi och aner Missioune vum Staat ginn iwwert de Budget respektiv iwwert d'Träger vun der Sécurité sociale finanzéiert. Aner Aufgaben – exklusiv am mëttel- an am laangfristegen Investitiounsberäich – kënnen eng partiell op Emprunteë berouend gemëschte Finanzéierung kréien. Mee eppes muss kloer sinn. Mir wäerten op kee Fall an eng systematesch Scholdewirtschaft aklammen. D'Scholde vun haut sinn d'Steiere vu mar. Déi nächst Generatioune ginn duerch de Finanzéierungszwang vun de Renten an de Pensioune staark belaascht. Doraus ergëtt sech, datt d'Finanzpolitik se net onmoosseg méi belaaschten däerf. Si däerf net dekolléieren, si muss mat zwee Féiss um Buedem bleiwen, si wäert nohalteg bleiwe mussen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Fir datt mer hei am Land vun der Plaz kommen, fir datt mer kuerzfristeg net stoe bleiwen a mëttelfristeg net ofrutschen, däerfe mer eis zwou Kaarten déi mer an der Hand hunn net aus de Fangere rutsche loossen: dat sinn eis niddreg Steieren an dat sinn eis niddreg Soziallaaschten.

Mir hunn an de Joren 2001 an 2002 d'Steierlaascht zu Lëtzebuerg massiv erofgesat. D'steierlech Ufuerderungen u Privatpersounen sinn am Joer 2001 ëm 10 Milliarden an am Joer 2002 ëm weider 7,5 Milliarde lëtzebuerger Frang reduzéiert ginn. Insgesamt hunn d'Privatleit am Joer 2002 17½ Milliarde lëtzebuerger Frang oder awer 433,8 Milliounen € manner Steiere bezuelt wéi wa mer keng Steierreform gemaach hätten. Doduerch ass de Privatkonsum 1,3 Prozent am Joer 2001 a supplementar 0,75 Prozent am Joer 2002 geklommen. Aleng doduerch wäert en am Joer 2003 ëm weider 0,5 Prozent klammen. Dës Steierreduktioune fir d'Privatpersounen hunn an de Joren 2001, 2002 an 2003 eng Steigerung vun eisem Bruttoinlandprodukt tëschent 0,1 an 0,3 Prozent zur Folleg. Ouni d'Steierreduktioune fir d'Privatpersounen hätte mer ee Wirtschaftswuestum wat bis zu engem Véirel méi niddreg wier wéi dat wat mer effektiv hunn.

Déi steierlech Pressioun op de Betriber ass am Joer 2002 ëm 16,3 Milliarde lëtzebuerger Frang no ënne korrigéiert, dat heescht erliichtert ginn. Hate mer 1999 nach no Däitschland, Frankräich, der Belsch an dem Portugal mat 32,2 Prozent duerchschnëttlecher steierlecher Belaaschtung eng vun den héckste Betribsbesteierungen an der Europäescher Unioun, sou hu mer am Joer 2003 mat ronn 30 Prozent nach just Finnland, Schweden an Irland am steierleche Kompetitivitéitsfeld virun eis leien. Et ass eis gelongen, wat besonnesch wichteg fir d'Finanzplaz Lëtzebuerg ass, eisen effektive Steierniveau ënnert dee vu Groussbritannien ofzesenken.

Insgesamt hunn d'Steiererliichterunge vun de Joren 2001 an 2002 3,51 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt ausgemaach.

All international Observateure si sech eens fir festzestellen datt eis Steierreform de Wirtschaftswuestum ënnerstëtzt an eis Finanzequilibre mëttelfristeg net a Gefor bruecht huet. All – internationale Weltwährungsfong, Bréisseler Kommissioun, déi europäesch Finanzministeren, d'OECD – ënnersträiche se datt eis Steierreformen déi richteg Richtung ageschloen hunn. Si soen datt mer ouni Steierreforme manner Wuestum hätten. Si hiewen ervir datt mer ouni Steierreformen ee Konsumabroch erliewt hätten. Si soen domat datselwecht wéi dat wat d'lëtzebuerger Sozialpartner och soen.

Dee gudde Positionnement vu Lëtzebuerg op der internationaler Steierskala erlaabt eis virun allem am Fall vun däer fir dat zweet Hallefjoer 2003 virausgesotener ekonomescher Reprise déi lëtzebuergesch Wuestumschancen ze majoréieren. D'Bäibehale vun deem kompetitive Fiskalkader dee mer zu Lëtzebuerg hunn erzwéngt awer eng augmentéiert Reaktiounsfähegkeet an der Zukunft. Fir eiser Reaktiounsfähegkeet déi virbereedend Sprongkraaft ze ginn hunn ech am Finanzministär ee "groupe d'analyses fiscales" ageriicht dee sech aus Vertrieder vum Staat a vun der Privatwirtschaft zesummesetzt. Seng Aufgab besteet doran d'Aféierung vun der "société européenne" virzebereeden an all Opportunitéiten déi sech aus de Konklusioune vum europäesche Code de conduite am Beräich vun de Betribssteieren erginn ze studéieren. An dësem Kontext wäert e sech besonnesch mat dem Regime vun de Koordinatiounszentre beschäftegen, dat a Konformitéit mat de Konklusioune vun der Europäescher Unioun a vun der OECD.

Mir ware frou an allen internationalen an a bal allen nationale Kommentairen zur rezenter Steierreform d'Begeeschterung iwwert den Ausbau vum drëtte Pilier vun der Renteversëcherung ze liesen. Den drëtte Pilier, dat sinn d'Privatzousazversëcherungen. Dës privat Zousazversëcherungsméiglechkeet hu mer viru manner wéi engem Joer, am Kader vun der Applikatioun vum neien Artikel 111bis vun eiser Steiergesetzgebung, de 25. Juli 2002 duerch groussherzoglecht Reglement agefouert. De Bilan ass absolut impressionnant. Den 1. Mee 2003 hu mer hei am Land 20.500 Kontraker iwwert d'Privatzousazversëcherung gezielt. Dat sinn der wiesentlech méi wéi mer erwaart an erhofft haten. Et sinn 11.500 nei Kontrakter ofgeschloss ginn, et sinn 2.000 al Kontrakter ëmgeännert ginn, et si 7.000 fréier Kontrakter bäibehale ginn. Et ass zu engem Encaissement vu ronn 23 Milliounen € komm. Déi meescht Kontrakter si mat Assurance-Gesellschaften ofgeschloss ginn. An déi meescht Assurance-Gesellschafte geréieren dës Spuerinstrumenter an enker Zesummenaarbecht mat de Banke vun der Plaz. Dës Spuerinstrumenter hunn nei Aktivitéiten op eis Finanzplaz bruecht. Si hu bestehend Aarbechtsplazen ofgesëchert an neier geschaf. Si weisen datt et op eiser Finanzplaz och reng national Diversifizéierungsinstrumenter gëtt.

Et wäer eiser nationaler Ekonomie de Moment méi duerch Konsomméiere wéi duerch Epargnéiere gedéngt. D'Kafkraaft an eisem Land ass net zréckgaang, am Géigendeel si ass geklommen. Eis Leit misste méi konsomméieren, mee si maachen dat net well se duerch d'Noriichte vun der internationaler Wirtschaftsfront verschreckt sinn. Also spuere se. D'Spueren, een a sech wertvolle Reflex, dat ass de Konsum vu mar. Ergo si mer zur Opfaassung komm datt d'Spuere vun haut an d'Virbereede vum Konsum vu mar Ënnerstëtzung verdéngt.

Dir wësst datt virun iwwer zwee Joer d'Regirung beim Europäesche Rot zu Feira zu enger Léisung iwwert d'Regelung vun den Zënserspuernisser an Europa bäigedroen huet. Dir wësst datt mer am Januar vun dësem Joer, no laangen, schwieregen, haartnäckegen an heiandsdo kompromisslose Verhandlungen eis mat deenen anere 14 Länner an der Europäescher Unioun op ee Gesamtkompromiss iwwert d'Zënssteieren an d'Betribssteieren an Europa gëeenegt hunn. Italien, net Lëtzebuerg, hällt fir de Moment nach dës steierlech Gesamtléisung op. Mee Italien wäert seng Reserven am Juni ophiewen. Da wäerte mer ee Gesamtsteierpak hunn deen der lëtzebuerger Regirung Satisfaktioun gëtt. E gëtt hir Satisfaktioun well mat der Adoptioun vum Steierpak eng Hypothéik verschwënnt déi zënter zwanzeg Joer iwwert der Finanzplaz hung. E gëtt hir Satisfaktioun well mer eng Regelung fonnt hunn déi eis Finanzplaz schount. E gëtt hir Satisfaktioun well en eis Finanzplaz net méi schlecht wéi d'Konkurrenzfinanzzentren innerhalb vun der Europäescher Unioun an ausserhalb vun däerselwechter wäert behandelen. E gëtt hir Satisfaktioun well et zu enger adäquater Kapitalbesteierung kënnt. An e gëtt hir Satisfaktioun well d'Plangen op eiser Finanzplaz méi previsibel gëtt an hiren Image de marque duerch dës Regelung gewonn huet. Ech war frou festzestellen datt d'Akteure vun der Finanzplaz Lëtzebuerg an d'Hänn geklappt hu wéi mer eis an Europa gëeenegt hunn. Ech war frou festzestellen datt déi fonnte Regelung am Ausland, dat heescht och bei de Kliente vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, Zoustëmmung fonnt huet. An ech war frou – ech wëll dat ausdrécklech heibanne begréissen – datt grouss Deeler vun der Oppositioun d'Regirung bei de Verhandlunge lafend an op divers Methoden ënnerstëtzt an dem Gesamtakkord hir eendäiteg Zoustëmmung ginn hunn. Ech nennen dat eng responsabel Oppositiounspolitik. Den Akkord vu Feira an den ECOFIN-Akkord vum 20. an 21. Januar 2003, dat ass net d'Enn vun der Finanzplaz Lëtzebuerg, dat ass net den etappeweise Verkaf vun der Finanzplaz Lëtzebuerg. Dës Akkorden, dës Regelungen, dës Léisungen, dat ass d'Viraussetzung fir eng weider gutt Entwécklung vun engem wichtegen Deel vun eiser nationaler Ekonomie.

Déi Akkorden déi mer zu Bréissel fonnt hunn trieden den 1. Januar 2005 a Kraaft. Bis dohinner musse mer eis national Legislatioun däer neier Directive upassen. Bis dohinner musse mer och kläre wéi d'Besteierung vun de Kapitalerträg am eegene Land, fir déi Leit déi hei am Land wunnen, ausgesäit. Mir hunn dobäi zwee Zieler.

Mir wëllen datt d'Lëtzebuerger responsabel a solidaresch Steierbierger bleiwen. Dofir schafe mer d'Bankgeheimnis fir déi Leit déi hei am Land wunnen net of. Mir wëllen net de Steierzueler aus Glas. Mir wëllen net datt de Staat dem Steierzueler duerch siwe Boxe kucken an e froe ka wéi en déi eng Box iwwert déi aner kritt huet. Mir wëllen ee Steierzueler deem seng Kapitalerträg adäquat besteiert ginn. Esou wéi aner Einkunftsarten och. Mee manner wéi dës well d'Kapital- an d'Spuererträg hunn eng aner Natur wéi déi aner Akommesvergréisserungsmethoden.

Mir wëllen d'Neiregelung vun der Kapitalertragsbesteierung esou maachen datt d'Spuere vun haut an d'Konsomméiere vu mar steierlech méi gënschteg gestallt ginn. Haut ginn d'Zënsrevenuë mam duerchschnëttleche Steiersaz besteiert. Mir wëllen, zäitgläich mat der Akraafttriedung vun der europäescher Zënsdirective oder kuerz duerno, d'Zënsrevenuen an aner Spuerrevenuen un der Quell besteieren. Mir wëlle se fréistens am Joer 2005 a spéitstens am Joer duerno mat zéng Prozent un der Quell besteieren. Dat bedeit fir d'Spuerer eng wiesentlech Steiererliichterung. Mir verdueblen d'Steierabattementen: de Steierabattement gëtt op 3.000 € fir den eenzelne Steierzueler an op 6.000 € fir d'bestuete Koppel ugehuewen. Kee Spuerer bezillt méi, mee all Spuerer bezillt manner Steiere wéi haut. Parallel zum Akraafttriede vun däer neier Regelung schafe mer d'Verméigenssteier op de Privatpersounen of. Dat ass eng weider Steiererliichterung. Insgesamt bedeit d'Neiregelung vun der Besteierung vun alle Forme vu Spuererträg eng Stäerkung vun den nationale Sträng vun eiser Finanzplaz.

Deen zweeten Tromp dee mer net liichtfankeg aus den Hänn däerfe ginn ass den niddrege Niveau vun eise Soziallaaschten. Si sinn niewent der favorabler Steierlandschaft dee wichtegste Standuertfakteur dee mer hunn. Mir däerfen deen net verspillen. Dofir hu mer an der Tripartite beschloss – d'Regirung, d'Patronat an d'Gewerkschaften – d'Kotisatiounen fir d'Krankekeesen op kee Fall z'erhéigen. Sollt sech an dësem sensible Beräich, op dësem Schnëttpunkt vun ekonomescher Effizienz a sozialer Sensibilitéit, d'Noutwendegkeet vum Rééquilibrage erginn, da muss deen neien Equiliber sech ausserhalb vun der simpler Kotisatiounserhéigung fannen.

Och d'Industrie-Kaart musse mer wieder spillen. D'Industrie-Politik bleiwt wichteg. Ouni niddreg Betribssteieren an ouni niddreg Soziallaaschten huet si keng Zukunftschance. D'Europäesch Unioun verspäert eis – zu Recht - de Wee vun der Iwwersubventionéierung vun industriellen Investissementer. Mee och wa se méi schwéier ginn ass: d'Industrialiséierungspolitik muss konsequent virugefouert ginn. Si gëtt dat och. D'Diversifizéierungsresultater déi de jetzege Wirtschaftsminister ka virweise sinn op d'mannst esou gutt wéi d'Diversifizéierungsresultater vu senge Virgänger. Mir mussen op deem Wee virufueren. Mee déi zukünfteg nei Industrieusiedlunge mussen ëmweltschounend, manner landverbrauchend a manner personalintensiv si wéi déi déi mer an der Vergaangenheet op Lëtzebuerg gezunn hunn.

Ech well eppes heibanne ganz kloer maachen: eist Land brauch d'Industrie. Déi Virstellung mir kënnte viru wuessen, virun an der ekonomescher Spëtzt vum europäesche Peloton leien, viru produzéieren an exportéieren, virun eng gutt duerchstrukturéiert Ekonomie hunn a mir kënnten dat alles ouni Industrie maachen, ass eng Virstellung déi d'Regirung net deelt. Eist Land brauch eng staark Industrie fir datt mer ekonomesch a mental dat bleiwe wat mer sinn. Dofir ass all Wuertmeldung fir eng schläichend Desindustrialiséierung vu Lëtzebuerg eng Wuertmeldung fir eng verstärkte Monolithiséierung vun eiser Ekonomie. Si ass domat eng Ofso un ee sozialt, soziologesch equilibréiert a modernitéitsorientéiert Wuestum vun eisem Land.

Eng modern Industrie brauch ee kompetitivt Ëmfeld. Um steierleche Plang hu mer gemaach wat ze maachen ass. Méi ass net ze maache well méi kann net gemaach ginn. Mee trotz de fiskale Verbesserungen huet eis Kompetitivitéit sech an deene läschte Jore verschlechtert. Dofir gëtt et méi wéi eng Ursaach. Iwwert d'Genèse an d'Explikatioun vun deenen eenzelnen Dimensiounen hu mer an der Tripartite kontrovers diskutéiert. Eis Lounpolitik muss – souwéi d'Europäesch Unioun dat fir all europäesch Ekonomien decidéiert huet – moderat a responsabel bleiwen. Si war dat a ville Sekteuren och. Mee si war et net an alle Sekteuren. D'Léin kënnen an däerfen net méi séier wuesse wéi d'Produktivitéit. D'Léin an eenzelne Sekteure sinn awer méi séier gewues wéi d'Produktivitéit. Fir datt mer d'Produktivitéit an d'Kompetitivitéit besser am A behalen, fir datt mer en cours de route d'Lounkurw ajustéieren an d'Gestaltung vun der Lounlandschaft besser preparéiere kënnen, fir datt d'Observatioun vum Lounëmfeld an d'Impaktimplikatioun vun deemselwechten an d'Lounbildung méi zäitgläich ginn hu mer an der Tripartite d'Schafung vun engem "Observatoire de la compétitivité" beschloss. Dëse soll d'Kompetitivitéitserhalung an d'konsequent Lounbildung wëssenschaftlech an empiresch ënnerfidderen.

Iwwert eng vermeintlech Ursaach vun dem Divergéieren tëschent Kompetitivitéitsëmfeld a Lounbildung ass an de läschten Deeg vill geschwat ginn. Ech maachen Allusioun – dir hutt et geroden – un d'Diskussioun iwwert d'Indexatioun. Mir hunn d'Indexatioun an den Index. A mir wäerten d'Indexatioun an den Index behalen. All wirtschaftswëssenschaftlech an observatiouns-empiresch Etude weisen: mëttelfristeg verschlechtert den Index eis Kompetitivitéit net. De Patronats-Virschlag, d'Indexéierung nach just fir Léin ënnert der Héicht vun 1-2mol de Mindestloun z'applizéieren an d'Kafkraafterhalung fir d'Lounkategorien dodriwwer dem Beräich vun de Kollektivvertragsverhandlungen zouzeuerdnen gräift ze kuerz. Wa jiddfereen dee méi wéi 1.500 – 2.000 € de Mount verdéngt säi Loun net méi indexéiert kritt mee drop ugewisen ass – ouni Garantie – datt säi Loun am Kader vun de Kollektivvertragsverhandlungen opgebessert gëtt, da lafe mer d'Gefor datt d'Kafkraaft fällt, de Konsum zréckgeet an d'Ekonomie deelweis op der Plaz trëppelt. Wann een dat net wëllt, wann een dat verhënnere wëllt, da muss ee sech géint eng Vereinfachung vun der Index-Diskussioun, esou wéi vum Patronat ugestiwelt, wieren. D'Regirung wiert sech dergéint.

D'Industrie-Politik, fir erfollegräich ze sinn, brauch een Ajustement vun hiren Instrumenter. Dofir hunn de Wirtschafts- an de Finanzminister vir, de Verwaltungsrot vun der SNCI mat enger Reform vun dëser Industrie- a PME's-Entwécklungsbank ze beoptragen. Dës Decisioun geet op eng Suggestioun vun de Sozialpartner zréck, d'Sozialpartner sollen hir eege Suggestioun weiderdreiwen. D'Absicht ass et fir nach am Joer 2004 eng sprochräif SNCI-Reform virleien ze hunn.

D'Industrie brauch Plaz. Dofir keeft de Staat d'Industriebrooche vum Eilerenger Crassier fir eng nei national Industriezone ze schafen. Ideeën hu mer, Reforme brauche mer, Plaz kréie mer, nei Industrie kréie mer och. Fir datt se schaffen, produzéieren an exportéiere kënne verstäerke mer eis Aussenhandelsbezéiunge mat deenen neien Ekonomien an Ost- a Mëtteleuropa. Mir mussen dës Politik net eréischt ufänken. Mir musse s'elo verstäerkt viruféieren.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn d'läscht Joer heibanne gesot, mir misste vun enger heiandsdo onverschimmter Nischepolitik Ofstand huelen, enger Politik déi eis méi Duerstellungsproblemer am Ausland wéi ekonomesch a sozial Succèsen heiheem bréngt. Intelligent an europadénglech Besetzung vu Qualitéitsnischen deenen hiren Ameublement ee bestännegen an nohaltege Wuestum sëchert, Schafung vu valeur ajoutée ouni Landverbrauch an ouni Aarbechtsmaartexplosioun: esou oder ähnlech hat ech de Gestaltungsmotto fir d'Zukunft d'läscht Joer ëmschriwwen.

Dat ware keng eidel Wierder. Dat war d'Ukënnegung vun enger neier Intentioun a vun enger noutwendeger Ëmorientatioun.

Ech hunn an deene läschten zwielef Méint – als Finanzminister fir d'éischt, als Staatsminister fir d'zweet - probéiert aus der Intentioun eng konzentréiert Aktioun ze maachen. D'Bündelung vun eise steierlechen Atouten – déi mer bewosst ugeluecht hunn -, vun eiser infrastruktureller Performance – déi mer geziilt gesteiert a gesteigert hunn – a vun eiser Reaktiouns- an Adaptatiounsschnellegkeet ergët ee Pak vu Standuertvirdeeler déi et a sech hunn an déi an däer persuasiver Intensitéit kaum een aneren huet. Déi Virdeeler déi mer hunn – well mer se wollten hunn -, déi muss een erklären a verkafen. Dat hu mer am läschte Joer gemaach, mer si gereest, hunn empfaang, hunn explizéiert, militéiert an negocéiert mat internationale Firmen an auslännesche Regirungen. Näischt geet vum selwen. Asaz zielt a Weises gëllt.

Ech kann haut konfirméieren datt d'Verhandlungen tëschent dem Staat a Finanzministär an America Online, AOL, an deene läschten Deeg definitiv mat engem fir eist Land positive Resultat konnten ofgeschloss ginn.

AOL, eng vun deene gréisste weltwäit aktiven Internetfirmen, etabléiert säin europäeschen Dingschtleeschtungszenter zu Lëtzebuerg. AOL huet 38 Millioune Kliente weltwäit, awer nëmme 6,5 Milliounen Abonnenten an Europa. AOL wëllt seng Aktivitéiten an Europa ausbauen: Europa ass een nach ënnerentwéckelte Marché mat enormen Expansiounsméiglechkeeten. Déi al an déi nei europäesch Kliente vun AOL ginn AOL-Lëtzebuerg rattachéiert an AOL wäert vun hei aus fakturéieren. Dat heescht: op all europäescher AOL-Dingschtleeschtung gëtt d'Lëtzebuerger TVA zu Lëtzebuerg bezuelt. Ech brauch iech net ze soen datt dat à terme konsiderabel Steierrecette bedeit.

An engem Moment wou d'wirtschaftlech Entwécklung méi lues geet an d'Betribssteiererwaardunge méi wackleg gi sinn, ass d'Implantatioun vun AOL zu Lëtzebuerg – an dat a méi wéi engem Sënn vum Wuert – eng Beräicherung fir eist Land.

AOL kënnt op Lëtzebuerg a geet net – dat waren déi aner méiglech Optiounen – op London, Amsterdam oder a Portugal. AOL kënnt op Lëtzebuerg wéinst eisem insgesamt favorablen TVA-Steierregime. Mee mat ausschlaggebend ass dee sophistikéierte Charakter vun eisem Kommunikatiounsreseau an d'Exzellenz vun eisen Interkonnexioune mat den Haaptnervenzentre vun der europäescher Internet-Landschaft. Dobäi kënnt d'Asiicht datt mer hei zu Lëtzebuerg extrem séier kënne reagéiere wann déi reglementaresch Kaderen un international Evolutiounen ugepasst musse ginn.

AOL fir sech selwer geholl, ass ee grousse Succès vun der Diversifikatioun.

Mee d'AOL-Implantatioun zu Lëtzebuerg ass och ee Signal fir aner komparabel Firmen. Wann de weltwäiten Internet-Leader, esou eis Iwwerleeung, seng Europazentral zu Lëtzebuerg opschléit, da kommen anerer no. Genau dat ass och an de läschten Deeg agetratt. Ech si frou iech haut matdeelen ze kënnen datt mer d'läscht Woch och d'Verhandlunge mat dem weltwäit gréissten Internet-Händler AMAZON ofgeschloss hunn. AMAZON ass och hei zu Lëtzebuerg eng bekannte Gréisst am Buchhandel, am CD-, DVD- a Videospill-Handel. AMAZON mécht aus Lëtzebuerg déi Plaz déi zum Internet-Intermédiaire tëschent Kliente gëtt déi Produkter verkafen a Klienten déi Produkter kafen. AMAZON deelt an den nächsten Deeg mat, sech fir Lëtzebuerg decidéiert ze hu well et hei ee favorable Klima fir den elektroneschen Handel gëtt – an eng Regirung déi all Entwécklung am e-Beräich positiv begleet. AMAZON verdingt op all Relatioun déi tëschent Verkeefer a Keefer zustan kënnt eng Kommissioun op däer se Steiere bezillt. Op all Transaktioun déi entsteet zitt de lëtzebuerger Staat d'lëtzebuerger TVA an. Dir hutt verstan wat dat heesche kann.

AOL an AMAZON droe wiesentlech mat derzou bäi datt d'Informatiounsautobunnen net laanscht Lëtzebuerg lafen. Si kommen hei un a si fueren hei fort. Lëtzebuerg gëtt esou ee vun den Haaptcarrefouren vun der europäescher Internet-Geografie.

Datt AOL an AMAZON op Lëtzebuerg kommen, datt mer mat hinnen an duerch si eng nei Ouverture op d'Zukunft kréien ass d'Resultat vun enger richteger Infrastrukturpolitik an deene läschte Joren – an d'Resultat vun zéie Verhandlunge mat de Konzernspëtzten. Si hu stattfond an Amerika an heiheem. Ech hu se net aleng gefouert. Ouni déi gutt Rotschléi vum Wirtschaftsminister an ouni dee mustergültegen Asaz vu menge Mataarbechter, haaptsächlech dem Administrateur général am Finanzministär dem Här Gaston Reinesch, an de Beamte vun der Enregistrementsverwaltung wier et net méiglech gewiescht aus der ugekënnegter Intentioun vum läschte Joer een Erfolleg vun dësem Joer ze maachen.

Mee opgepasst. AOL an AMAZON retten net eis Wirtschaft an och net eise Budget. Si erliichteren dem Budget seng Péng, mee si si keng Schmäerztherapie déi éiweg unhällt. Fir gesond ze bleiwe musse mer eis weider ustrengen.

Weider ustrenge musse mer eis bei der Konsolidéierung vun der Finanzplaz Lëtzebuerg. D'Explosioun vun der Spekulatiounsblos op de Boursen – ee Virgang op deen d'Regirung nu wierklech keen Afloss hat – an den Aktiekollaps deen nokomm ass huet d'Finanzplaz manner gutt Resultater schreiwe gelooss. Mee trotz Réckgang vun de Resultater wësse mer wat mer un der Finanzplaz hunn. An dat wat mer hunn, dat musse mer ausbauen.

Duerch gutt a geschéckt Verhandlungen iwwert d'europäesch Zënsbesteierung huet d'Regirung et fäerdeg bruecht der Finanzplaz Entwécklungsprevisibilitéit a Planungssëcherheet ze ginn. Nëmmen déi déi iwwert d'Volatilitéit vum Kapital net Bescheed wëssen ënnerschätzen dëse Stabiliséierungsbeitrag vun der Politik. Déi konzernéiert Insider verstin dovu méi wéi d'ausrangéiert politesch Outsider an dofir luewe se d'Regirung fir hiren Asaz.

Den europäesche Steierakkord huet der Finanzplaz de Réck gestäipt. Mee e staarke Réck geet net duer: d'Finanzplaz brauch och agil Äerm a Been. Si muss sech bewegen a fest zoupake kënnen.

Dofir war et gutt datt äer Chamber Enn 2002 dat neit Gesetz iwwert d'Investitiounsfongen – d'OPC'en – gestëmmt huet. Et hëlleft de Banke vun der Plaz eng offensiv a modern Gestioun vun de Klienten hiren Aktiva z'assuréieren.

Dofir wier et gutt wann äer Chamber esou séier wéi méiglech d'Gesetz iwwert déi nei spezialiséiert Finanzberuffer stëmme géif. D'Demande fir zu deene Spezialisatiounen zougelooss ze ginn hëllt zou. Hei besteet Urgence, de projet de loi läit do, mir musse seng Adoptioun akzeleréieren.

Dofir brauche mer ee Gesetz iwwert d'SICAR'en, iwwert d'Investissementsgesellschaften déi am Risikokapital täteg sinn. Dës Gesellschafte sammele Kapital fir et nei gegrënnte Betriber, Betriber déi nach net op der Bourse kotéiert kënne sinn a ganze Wirtschaftssekteure mat Opschwongpotential zur Verfügung ze stellen. Esou kënnen Investissementer an déi Kleng- a Mëttelbetriber heiheem an an déi nei Ekonomien an Ost- a Mëtteleuropa drainéiert ginn.

Dofir brauche mer ee Gesetz dat deen ale Modell vum Treihandgeschäft duerch en neien Trust-Modell no angelsächseschem Virbild ersetzt. Dëst Gesetz bréngt  juristesch Sëcherheet an ee Beräich wou kloer Regele gebraucht ginn.

Dofir brénge mer séier ee Gesetzprojet iwwert d'Titrisatioun, d'Verbriefung an. D'Verbriefung huet enorm Entwécklungschancen, mir musse se méi séier wéi eis Konkurrenten notzen. A mir wäerten dat och maachen.

Dofir brénge mer ee Gesetz an iwwert d'Organschaft um Plang vun der TVA. D'Banken organiséiere sech ëmmer méi – dat wëllt hir gréisser Spezialiséierung – a sougenannte business-lines, déi eng déi aner zervéieren. Op de Prestatiounen déi si leeschte gëtt zu Lëtzebuerg TVA opgehuewen. Dat mécht dës Leeschtunge méi deier wéi soss doruechter. De "groupe d'analyses fiscales" vum Finanzministär iwwerkuckt dëse Froekomplex esou datt mer op deem Punkt nees kompetitiv ginn ouni datt de Budget an Otemnout kënnt. Dir hutt dee Projet geschwënn an et wier fein wann en äert Haus esou séier wéi méiglech a Richtung Memorial erëm géif verloossen.

D'Industrie ass wichteg, d'Finanzplaz och. Mee hiert eigentlecht Gläichgewiicht kritt eis Ekonomie duerch hir Kleng- a Mëttelbetriber, duerch de Mëttelstand. De Mëttelstand leid ënnert der Kriis, mee en ass net an der Kriis. E wiert sech net nëmmen, e kënnt gutt virun. Dat ass d'Resultat vun der Steierreform, dat ass d'Resultat vum Aktiounsplang fir de Mëttelstand, dat ass d'Konsequenz vum Wëlle vun den Handwierker a vun de Geschäftsleit sech net ënnerkréien ze loossen. Datt se sech net ënnerkréie loosse weist eleng schon d'Tatsaach, datt déi Investissementer déi iwwert d'Hëllefe vun der loi-cadre generéiert ginn d'läscht Joer ëm 58 Prozent gewues sinn. Eenzel Wirtschaftssekteuren hei am Land hu Schwieregkeeten ze dréien, de Mëttelstand ass amgaang z'investéieren.

Mir hunn haut ee Gesetzprojet iwwert d'Reform vun dem Mëttelstand senger loi-cadre deponéiert. Et erlaabt et net nëmme korporell Investissementer, mee och Breveten, Lizenzen an net brevetéiert Wësse fir d'Ënnerstëtzungshëllefen eligibel ze maachen. Et bréngt méi Hëllefe wéi bis elo beim "premier établissement", dat heescht bei den initialen Investissementer. Et encouragéiert déi rational Notzung vun der Energie an et begleet d'Recherche-Ustrengungen. Ausserdeem gesäit et ee speziellen Hëllefsregime fir d'Steigerung vun der Ernährungssëcherheet vir, Ernährungssëcherheet zu däer d'Regirung och d'läscht Woch ee spezielle Fuerschungsprojet lancéiert huet.

Allgemeng gëllt souwisou: mir mussen eis Efforten am Beräich vun der Recherche verstäerken. Et bleiwt derbäi datt mer – trotz budgetären Zwäng – 0,3 Prozent vun eisem PIB fir d'Fuerschung wëlle reservéieren.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Bei alle Schwieregkeeten déi mer hunn, bei alle Réckschrëtt déi et gi sinn, bei all Schwächeufall dee mer erlidden hunn, bei aller Verdrësslechkeet iwwert d'Morositéit vun der europäescher Ekonomie a vun der Weltwirtschaft: mir sinn ee Land voller Chancen. Mir hunn d'Kaarten an der Hand: gesond Staatsfinanzen, niddreg Steieren an niddreg Soziallaaschten, eng Industrie um Wee vun der Diversifizéierung, eng Finanzplaz mat groussen Entwécklungspotentialen, nei Betriber am Kommunikatiouns- an Internetberäich, ee leeschtungsstaarke Mëttelstand, eng gutt ugeluechte Mechanik déi eis Croissance lancéiert wa se aus dem Boxestop kënnt. Mir packen et fir erëm un d'Wirtschaftsperformance vun der Vergaangenheet unzeschléissen. Si kréien esou bal nach net hiren alen Niveau erëm. Mee si fannen hiren ale Profil zréck. D'europäesch Ekonomie ass schwaach. Si bewegt sech däitlech ënnert hirem Wuestumspotential. Dee fënnt s'erëm wann d'Strukturreforme ronderëm eis viru ginn a wann d'europäesch Zentralbank hiren Zënsspillraum gewëtzt ausnotzt. Den Euro huet eis d'läscht Joer geschützt – géint d'Inflatioun, géint d'Kafkraaftverloschter, géint monetär Turbulenzen -, ouni Währungsunioun hätte mer trotz eisen zeidegen Äppel Duuscht gelidden. Mee den Euro fänkt un op den Export ze drécken. Hei si Korrekture wënschenswäert.

Mir packen et och um Aarbechtsmaart.

Et huet kee Wäert d'Situatioun um Aarbechtsmaart schéinzerieden. Eise Chômage ass méi déif wéi am Rescht vun Europa. Mee e klëmmt an e klëmmt zevill.

Mir sinn eis an der Tripartite eens ginn d'PAN-Gesetz vun 1999, esou wéi et spéider ugepasst ginn ass, ze verlängeren. Dat weist datt mer 1999 dat Richtegt gemaach haten. D'Flexibiliséierungsmoossnahmen iwwert d'Referenzperiode gi bis Juli 2007 prolongéiert an dono – je nodeem wéi se sech bis dohinner bewährt hunn – ugepasst. De Congé parental fënnt eng definitiv Plaz an der Soziallandschaft: déi fundamental Kritik vun Deeler vum Patronat géint säi Prinzip sinn eis net schlësseg virkomm. Wat zu Tréier, Metz, Arel a Kopenhagen keen insurmontable Problem duerstellt kann zu Lëtzebuerg kee Bierg si bei deem senger Montée eis Patronen stieche bleiwen. Mee mir leeën eis an d'Pedale fir datt d'Montée méi liicht gemaach gëtt a féiere mëttelstandsfrëndlech Souplesse-Elementer an.

Mir sinn eis eens ginn datt all Potentialitéite vum PAN-Gesetz méi staark solle getest an applizéiert ginn. Besonnesch déi kollektivvertraglech Aarbechtsplazbeschafungsmoossnahme sollen nei ugeworf ginn. D'Sozialpartner hu jo gewisen – virun allem duerch den Accord iwwert d'Weiderbildung – datt se zu gudde Resultater komme wa se co-determinéiert sinn. Mir ënnerstëtzen, och finanziell, d'vertraglech Imaginatioun wa se Aarbechtsplazen erhällt oder neier schaaft. D'Aaabechtszäitverkierzung finanzéiere mer wa se Chômage ofbaut – no Verhandlungen déi den Aarbechtsminister opgeholl huet – wahrscheinlech och wa se den Ofbau vun Aarbechtsplaze ka verhënneren. Déi legal Aarbechtszäitverkierzung ass kee Wee. Déi staatlech ënnerstëtzte kontraktuell Aarbechtszäit awer déi de Lien zu de Realproblemer vum Aarbechtsmaart hirstellt ass eng Optioun déi um Dësch bleiwt.

D'Aarbechtsmaartpolitik ass méi wéi Aarbechtslosenënnerstëtzung. Si ass aktiv Aarbechtsmaartanimatioun. Den Aarbechtsminister ass decidéiert, d'Gesamtinstrumentarium vun eiser Aarbechtsmaartpolitik maximal z'aktivéiere fir datt méi Leit a Beschäftegung kommen a manner Leit ze laang ouni Beschäftegung bleiwen. Déi meeschte Chômeure fannen zu Lëtzebuerg no 6 Méint eng Plaz: 60 Prozent vun hinnen sinn no engem halwe Joer nees a Beschäftegung. Dëse friktionnelle Chômage ze verkierzen ass bei aktueller Konjunkturlag bal net dran. Trotzdem gëtt et probéiert. Well Chômage ass keng Fatalitéit.

De Gesetzprojet iwwert d'Solidarekonomie, deen haut heibannen deposéiert ginn ass, hëlleft deene Leit déi um normalen Aarbechtsmaart schwéier Fouss faassen op d'Been. Mir wiere frou wann en – grad ewéi d'Verlängerung vum PAN-Gesetz – séier kënnt gestëmmt ginn.

D'Aarbechtsrecht war an der Tripartite wéineg an der Kritik. Et brauch keng radikal Reform an et kritt och keng. Aarbechtslosegkeet léisst sech net duerch d'Zerstéierung vum Aarbechtsrecht bekämpfen. D'Verdënnung vum Aarbechtsrecht mécht d'Aarbechtsmaartproblemer méi déck well se d'Prekaritéit méi breet mécht. Dat ass net de Wee dee mer wëlle goen.

Sëcher: d'Tripartite huet dëst Joer keng dramatesch nei Weeër ageschloen. Mee et wier dramatesch gewiescht wa mer déi ageschloer Weeër hätte misse verloossen. D'Tripartite funktionnéiert net nëmmen da wa se innovéiert. Si funktionnéiert och wa se klug konservéiert.

Den Aarbechtsmaart kennt kuerzfristeg Problemer. Ëm déi bekëmmert den Aarbechtsminister sech. Den Aarbechtsmaart ass awer net fräi vu méi laangfristege Problemer. D'Immigratiouns-Kommissioun vun der Chamber huet sech intensiv a läschter Zäit mat de Wiesselbezéiungen tëschent Immigratioun an Aarbechtsmaart beschäftegt. Den Aarbechtsminister huet hire President, den Här Marcel Glesener, mat enger Etude iwwert déi mëttel- a laangfristeg Wiesselbezéiungen a Kombinatiounsméiglechkeeten tëschent Immigratioun an Aarbechtsmaart beoptragt. Mir si gespaant op d'Resultater vu sengen Iwwerleungen.

Ween Aarbechtsmaart, Aarbechtsmaartpolitik, aktiv Aarbechtsmaartpolitik seet dee seet am selwechten Otemzuch Bildungspolitik a Weiderbildungspolitik.

Et mécht kee Sënn iwwert d'Ouverture op d'Zukunft, iwwert d'Usiedlung vun Internet-Betriber an iwwert den Zougang zur Kommunikatiounsgesellschaft ze schwätze wa mer net gläichzäiteg derfir suergen datt d'Schüler vun haut an déi Aktiv vu mar fréi genuch mat den Aarbechtsinstrumenter vun däer neier Aarbechtsgesellschaft Kontakt kréien. Mir haten am Joer 2000 ee Computer fir 11 Schüler. Am Postprimär hu mer haut ee Computer fir 6 Schüler.

Et huet kee Wäert iwwert den Aarbechtsmaart vu mar a seng Exigence vun iwwermar ze schwätze wa mer déi Jonk net op déi aarbechtsmaartpolitesch Erausfuerderunge virbereeden.

Dofir ass et gutt datt mer d'Reform vun der ieweschter Divisioun vun dem Sekundarunterricht realiséiert hunn. Et ass gutt datt d'B-Sektioun an der ieweschter Divisioun vum technesche Sekundarunterricht partiell a Richtung Informatik reorientéiert ginn ass fir eng mathematesch-informatesch Sektioun ze ginn.

Et ass gutt datt am technesche Sekundarunterricht d'Formatioun vum Mécatonicien agefouert ginn ass. Si fänkt bei der Hierscht-Rentrée un.

An der handwierklecher Ausbildung kënnt et zu enger Aktualiséierung vun de Programme vu 25 spezifeschen Handwierker. Hei wäerte sech an Zukunft Theorie a Praxis besser begéinen. Iwwregens: zanter 1998 ass d'Zuel vun deene Jonken déi e CATP kritt hunn ëm 27,5 Prozent an d'Luut gaang.

Och wat dat liewenslänglecht Léieren ubelaangt hunn d'Zuelen – dat heescht d'Realitéit – sech verbessert. Am läschte Joer hu 17,84 Prozent vun der aktiver Populatioun u Weiderbildungsmoossnahmen deelgeholl. Insgesamt hu mer 50.285 Aschreiwungen a Weiderbildungscoursen gezielt. Dat weist: de Weiderbildungsreflex huet sech agebiergert.

De Problem vun der Aarbechtslosegkeet kritt een net vun haut op mar geléist. Mee d'Problemer vum Aarbechtsmaart vu mar kann een entschäerfe wa Land a Leit, Jonker an Aktiver sech konsequent op seng Erausfuerderunge virbreeden.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Mir hunn eist klengt Land an deene läschten zwielef Méint duerch en internationalt Gewässer misse steieren dat aussergewéinlech onroueg war, dat vum Irak-Orkan esou opgeputscht gouf dat bal alles duercherneen geflunn ass.

Eréischt an e puer Joer wësse mer wéi d'Geschicht d'Rechter vun dem Stuerm zesummegekiert kritt huet.

Haut awer scho wësse mer datt e Krich deen de Fridden ënnerbrëcht méi liicht erschéngt wéi de Fridden deen nom Krich kënnt. Mir gesinn dat all Dag.

Déi Fräiheet déi d'Iraker nom Stuerz vum Diktator kritt hunn muss elo an déi gestaltend Hänn ënner anerem vun der UNO, vun der Völkergemeinschaft kommen. D'Welt gehéiert net nëmmen engem, si gehéiert eis alleguer. Si muss an hirer ganzer Komplexitéit erfaasst an dofir och multipolar gefaasst ginn.

Well se eng multipolar Co-Propriétéit ass mussen d'Aufgabe gedeelt ginn, gedeelt ginn no Sensibilitéiten an no Kënnen. Zu dësem neien Denken – solidaresch Co-Gestioun a multipolarer Verantwortung – hu sech véier europäesch Länner – Frankräich, Däitschland, Belgien a Lëtzebuerg – den 29. Abrëll bekannt wéi se d'Schafung vun enger europäescher Sëcherheets- a Verteidegungspolitik gefuerdert hunn.

D'Europäesch Sëcherheets- a Verteidegungspolitik ass eng zentral Aufgab vun der gewuessener Europäescher Unioun. Et ass no der Währungsunioun déi gréissten europäesch Ambitioun déi eis Generatioun ze transportéieren an ze forméieren huet. D'Meenung mir hätten ze vill Amerika ass falsch, d'Iwwerzeejung mir hätten net Europa genuch ass richteg. Europa wäert net aus der transatlantescher Sëcherheetsallianz austrieden – d'Bündnis mat Amerika ass liewenswichteg – mee Europa wäert an der Allianz a mat den Amerikaner zesummen däer europäescher Sëcherheets- a Verteidegungsdimensioun eng eegen a kredibel Identitéit musse ginn.

D'lëtzebuerger Regirung huet d'Initiative vum belsche Premier duerzou matgedroen. Well d'Plaz vu Lëtzebuerg ëmmer do ass wou méi Europa entsteet.

Méi Europa schafen, dat heescht net et zu engem militäresche Muskelprotz ze maachen. Méi Europa schafen dat heescht eng kritesch Mass vun zivilen, politischen an eben och militäresche Mëttelen z'alignéieren fir datt Europa an der Welt a vun der Welt zur Kenntnis geholl gëtt. Mir wëllen aus Europa keng Krichsmaschine maachen. Ganz am Géigendeel: mir wëlle weisen a beweisen datt de Krich kee normalt Mëttel vun der Politik ass an et och net däerf ginn. Europa dréit bis haut d'Wonne vum Krich mat deem et sech onglécklech gemaach huet. Mee Europa huet dofir och eng konstruéiert Friddensexpertise mat däer et d'Welt impressionnéiert. Wann elo ee wichtegt Stéck neit Europa entsteet - d'Europa vun der Sëcherheet a vun der Verteidegung – da muss Lëtzebuerg eng Kéier méi Grëndungsstaat sinn. Mir waren nom Krich ee vun deene Wéinegen déi Europa gehollef hu grënnen, mir waren ee vu Wéinegen déi mat der Wirtschafts- a Währungsunioun Eescht gemaach hunn a mir waren ëmmer bei deenen déi vun der Entwécklung Recht kritt hunn. Dat wäert dës Kéier net anescht sinn.

Mir ginn dës nei Aufgab mat eisen dräi direkten Noperen un. Mat deenen dräi vun deene während den Irak-Kontroversen heibannen an dobaussen behaapt ginn ass si géife sech vun eis ofwenden. Dat war an ass erkennbar net de Fall. Dat weist déi gemeinsam Sëcherheets- a Verteidegungsinitiativ. Dat huet de Besuch vum däitsche Bundeskanzler iwwert de Weekend bewisen. Dat wäerten d'offiziell Visite vum franséische Premier den 11. Juli a vum belsche Premier virum Summer beweisen. Eis Bezéiunge sinn esou gutt wéi ëmmer a vereenzelt esou gutt wéi nach ni virdrun.

Wann déi grouss Geschicht sech an e puer Joer ëmdréit da wäert hire Bléck – ech hunn et gesot – op den Irak-Krich, seng Ufäng a seng Konsequenze falen. Mir wëssen haut nach net genau wat se da gesäit.

Wann déi kleng lëtzebuerger Geschicht de Bléck no hanne riicht fir déi läscht zwielef Méint ze kucken da gesäit s'eppes ganz aneschtes. Deen Datum dee sech fir ëmmer an déi läscht zwielef lëtzebuergesch Méint ageschriwwen huet ass de 6. November 2002. 'T war deen Dag vum Luxair-Akzident. Et war eng national Tragedie, et war eng Tragedie fir déi déi ëm d'Liewe komm sinn an et ass eng Tragedie fir deen deen iwwerliewt huet.

'T ass opgefall, an deenen zwou-dräi Wochen no deem Akzident, datt mer op eng spiirbar Art a Weis anescht mateneen ëmgaang sinn hei am Land. Well mer erliewt hunn datt et méi Wichteges gëtt wéi dat wat eis Dag an Dag aus ëmdreiwt an auserneendreiwt. Mer hunn ugefaang méi Rücksicht openeen ze huelen. Mir hunn ugefaang méi verständnisvoll mat de klenge Feeler vun deenen aneren ëmzegoen. An déi aner hunn ugefaang méi douce op eis eegen Onzoulänglechkeeten ze reagéieren. Mir ware fir ee Moment besser gi wéi mer sinn. Dat Openeenzougoen an dat Mateneendroen huet sech lues a lues nees aus eise kollektive Reflexer erausgeschlach.

Et wënscht ee sech Stécker dervun erëm wa mer déi grouss Froe vun der Natioun diskutéieren. Well d'Autobiografie vun eisem Land däerfe mer net verkritzelen. Mir musse se schéi schreiwen.

Dernière mise à jour