Déclaration du Premier ministre au sujet de l'OPA de Mittal Steel sur Arcelor (version luxembourgeoise)

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

et gëtt fir de Staatsminister relativ einfach Rieden. Dat sinn déi, déi eis eleng betreffen, déi eis ureege Sensibilitéite mussen opfänken an a praktesch Politik mussen ëmgemënzt ginn. Ganz einfach sinn dës Rieden och net, mä si gi just eis eppes un, a mat deem wat just eis selwer eppes ugeet, do gi mir meeschtens gutt eens.

An da ginn et Rieden, déi méi komplizéiert sinn, well se Theme behandelen, déi och anerer betreffen. Haut muss ech a wëll ech eng Ried halen, déi extrem komplizéiert ass, well si geet eis ureege Sensibilitéiten eppes un, a si betrëfft och anerer.

Ech wëll schwätzen zur OPA vu Mittal op d’Arcelor. Ech weess, datt d’Leit hei am Land eng kloer Sprooch erwaarden. Ech weess awer och, datt d’Finanzmäert, datt d’Analysten an datt d’Observateuren dobaussen eng Ried mat dausend Nuancen erwaarden. Eng sougenannten intelligent Ried, déi an déi real Landschaft passt déi d’Globaliséierung zeechent.

Ech hu mech décidéiert eng kloer Ried ze halen. Net well ech géif exklusiv kuerzfristeg fonctionnéieren, an déi mëttelfristeg Risike géif ignoréieren. Am Géigendeel, ech kennen déi mëttel- a laangfristeg Risike ganz gutt, besser vläicht wéi muncher een, deen no mir schwätze wäert, oder dee muer schreiwe wäert.

Mä am Liewen, dat zielt fir dat privat Liewen, dat zielt och fir de Staat, kann een nëmmen eng Ried halen, an déi Ried muss alles bedenken: d’Chancen, d’Opportunitéiten an d’Risiken. Et muss een d’Chancë gesinn, et muss een déi Chancë gesinn, déi kloer virun engem leien, an et muss een d’Risiken déi ee spiert kloer ofweien, an net aus den Ae verléieren. Mä d’Promenade duerch d’Risikowelt, déi dierf d’Chancen an d’Opportunitéiten, déi ee kloer gesäit awer net verdecken.

Am Kloertext: d’Lëtzebuerger Regierung ass där feindlecher OPA vu Mittal op d’Arcelor onfrëndlech gesënnt.

Mir wëlle se net, well mir se net verstinn. A mir wëlle se net, well se bis haut, och nom agréable Gespréich mam Här Mittal - deen en dichtege Mann ass, deen ze respektéieren ass - net plausibel, konsequent a kohärent konnt erkläert ginn. Dofir si mir iwwerzeegt, datt mat deem kloren industriellen Europakonzept vun der Arcelor, dat mir kennen an dat mir mat ausgeschafft hunn, mir als Land an als Europäesch Unioun, besser fuere wéi mat där Mittal-Offerte, an deem mir kee kloert lëtzebuergescht an europäescht Konzept kënnen erkennen.

Déi OPA ass net konsequent, an ass an der Method, déi gewielt ginn ass, net kompatibel mat där Fassong wéi mir als Lëtzebuerger an als Europäer d’Globaliséirung gestallte wëllen, gestallte sollen, a gestallte mussen.

Wéi mir viru Joren d’Arcelorfusioun, alleguer zesumme leschtendlech, op de Wee bruecht hunn, ware mir befaasst mat engem gemeinsame Plang vun der Arbed, eiser lëtzebuergescher Stolgesellschaft, der Aceralia, enger spuenescher Stolgesellschaft an der Usinor, enger europäescher Stolgesellschaft. Déi 3 si bei eis komm, bei mech a bei den deemolege Wirtschaftsminister, den Här Grethen, an hunn eis hir Pläng presentéiert, explizéiert a plausibel duergestallt. Déi Pläng ware kompatibel mat deem wat fir Lëtzebuerg wichteg war, a mat deem wat fir Europa noutwenneg war. Mir waren am Ufank zréckhalend, an hunn eis lues a lues, well e Konzept stoung, säi lëtzebuergeschen Deel, säin europäeschen Deel, iwwerzeege gelooss.

Den Ënnerscheed mat deem wat geschitt ass wéi d’Arcelorfusioun gemaach ginn ass, op de Wee bruecht ginn ass, an deem Virgank dee mir haut erliewen, ass considérabel. Et ass net nëmmen eng kleng Differenz, mä et ass een dramateschen Ënnerscheed tëscht dem gemeinsame Plang vun 3 europäesche Gesellschaften déi eng europäesch Léisung wëllen, an dem Plang vun engem Eenzelnen, vun enger Famill, déi ouni prealabel Consultatioun mat där Gesellschaft, vun där e mengt, e misst se iwwerhuelen, a wat den Haaptaktionär vun där Gesellschaft ass, probéiert op de Wee ze bréngen.

Hätte mir deemools d’Fusioun vun der Arbed mat Usinor a mat Aceralia net gemaach, da wier d’Arbed haut e Vull fir d’Kaz. Doduerch datt mir et gemaach hunn, ass d’Arbed haut eng Kaz, déi een net esou einfach schlécke kann. Mä d’Method déi hei gewielt ginn ass, ass eng, déi op d’Désapprobatioun vun der Lëtzebuerger Regierung stéisst.

Mir kënnen an deem wat Mittal virschléit keen industriellt Konzept erkennen. Och net no deem Gespréich wat ech zesumme mat de Ministere Krecké a Frieden haut de Moie mam Här Mittal hat. A mir sinn der Meenung, datt wann een zesummen eppes wëllt opbauen, zesumme wëllt konstruktiv sinn, datt ee sech da mat deene muss prealablement eenegen, mat deenen een zesumme wëllt bauen, a mat deenen een zesumme wëllt an eng Richtung goen.

Mir kënnen an deem Mittal-Konzept wat mir esouguer schemenhaft net erkenne kënnen, net déi Saachen erëmfannen, déi fir d’Lëtzebuergesch Regierung a fir d’Europäesch Unioun an hirer Gesamtheet richteg sinn. Mir gesinn um Plang vun der Gouvernance notabel Ënnerscheeder tëscht der Démarche, déi bis haut déi war, déi Mittal gewielt huet, an där Démarche, déi bis elo déi war, déi mir als Lëtzebuerger fir d’éischt, an duerno iwwerall do wou Arcelor no der Fusioun täteg ginn ass, zur Applicatioun bruecht hunn: ee Modell vu Gouvernance, deen doranner bestanen huet, aus klorem Geschäftsinteressen eraus, déi sozial Concertatioun ze sichen mat de Beschäftegten an der Stolindustrie, an déi micro- a macroeconomesch Concertatioun mat den involvéierte Regierungen a Gebietskörperschaften unzestrengen.

D’Arcelor, mat där mir vill gestridden hunn, wéi iwwregens och mat de Stolgewerkschaften, déi bei der Arbed a bei der Arcelor täteg waren, huet, esou wéi d’Arbed fréier och, vun Ufank u verstanen, datt déi lëtzebuergesch Stolgeschicht eng aner wier, wéi déi, déi et op anere Plazen, heiansdo och an Europa, mä jiddwerfalls am Rescht vun der Welt, gëtt. Déi intim Relatioun, déi net nëmmen déi Leit hunn an haten, déi op der Schmelz geschafft hunn, mä déi eng ganz Natioun eigentlech a Beweegung an an Otem gehalen huet. Ee Land wat huet missen, wann ech dat esou salopp dierf formuléieren, déif an d’Täsch gräifen, fir datt d’lëtzebuerger Sidérurgie eng Iwwerliewenschance hat, an déi Iwwerliewenschance a konkret Resultater konnt ëmsetzen, zu engem Moment, wou munnchereen heiheem an am Rescht vun der Welt der lëtzebuerger Sidérurgie schonn den Doudeschäin ausgestallt hat.

Den Här Mittal, deen een dichtege Mann ass, deen en intelligente Mann ass, deem ech och net Sensibilitéite fir Munnches ofspriechen, kann zesumme mat deenen déi e begleeden dat selbstverständlech alles léieren. Mä et ass méi liicht fir eis, mat engem ze schaffen, deen dat erlieft huet, deen dat gespuert huet wuessen, deen dat Wuesse begleet huet, deen et versteet déi extraordinär, heiansdo irrational Relatioun déi tëscht de Lëtzebuerger an der Stolindustrie besteet.

Et ass fir eis méi einfach strategesche Partner, net ee finanz- a bourseinteresséierte Partner, mä e strategesche Partner an enger europäescher Gesellschaft mat engem kloren industrielle Konzept ze bleiwen, wéi zesumme mat aneren ënnerzegoen, an engem konzeptuelle Magma, an engem konzeptuellen Diffusum, dat mir net total op den éischte Bléck, och net op den zweeten, an och net op den drëtte Bléck kënne begräifen.

D’Lëtzebuerger Regierung ass net u kuerzfristege Finanzresultater, positiver Natur fir de Staatsbudget, interesséiert. Wa mir, wéi munnchereen eis dozou invitéiert, muer oder haut de Mëtteg, d’Arceloraktie verkafen, realiséiere mir e Bénéfice vun iwwer 1 Milliard Euro. Dir, déi der Spezialist am Lëtzebuerger Budget sidd, wësst, datt dat exakt dat duebelt ass vum totale Staatsbudget dee mir an 2 Joere realiséieren. Dat wëlle mir awer net maachen. Mir wëllen elo net eis kuerzfristeg budgetär Problemer séier léisen, doduerch datt mir eppes maachen, wat déi spekulativ Vernunft engem seet, mä doduerch datt mir wëllen ee strategesche Partner an enger europäescher Gesellschaft, mat engem europäesche Sozial, mat engem europäeschen Ëmfeld a mat engem europäesche Gouvernancekonzept bleiwen, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet.

Net de schnelle Bénéfice kann d’Regel vun der Regierungshandlung sinn, mä déi strategesch Ausriichtung vun der lëtzebuerger Präsenz als ee gestaltenden Acteur am Gesamtaktionariat vun enger europäescher Gesellschaft, muss d’Regelwierk fixéieren, nodeem d’lëtzebuerger Politik sech muss déclinéieren.

Et geet hei ëm Lëtzebuerg, et geet hei ëm Europa. Déi zwou Saache si gläichméisseg wichteg. Wichteg fir dëst Land ass, datt déi Aart a Weis de Restrukturéierungsprozess vun der europäescher Sidérurgie ze gestalte bäibehale gëtt, a gläichzäiteg dofir ze suergen, datt mat Sëtz zu Lëtzebuerg a vu Lëtzebuerg aus, een europäesche Stolchampion ka säi Wierken esouwuel an Europa wéi och am Rescht vun der Welt entfalen. An dofir wäerte mir eis och beméien an deenen nächsten Deeg, wéi och iwwregens an deene leschten Deeg, a Gespréicher mat eise Kollegen am méi noen Ausland, dofir ze suergen, datt déi Lissabonphilosophie, déi sech jo soss duerch dee ganzen europäesche Prozess zitt, och hei am Beräich vun der europäescher Stolindustrie respektéiert gëtt.

Dofir reesen ech haut a muer no Paräis an no Bréissel, zesumme mam Wirtschaftsminister Jeannot Krecké, deen zesumme mam Minister Luc Frieden déi éischt Deeg vun dëser Erausfuerderung mustergëlteg bestridden huet, fir Gespréicher - obschonn ech der och aus Afrika zwee mat hinne gefouert hunn - mam franséische Staatspresident a mam belsche Premierminister, mat deenen ech och zweemol aus der malesescher Wüst telefonéiert hunn, ze féieren, esou wéi mam franséische Minister a mam franséische Finanz- a Wirtschaftsminister, esouwéi mat dem flämeschen a mat dem wallounesche Ministerpresident, esouwéi och mat dem President vun der europäescher Kommissioun.

Ech kann, Dir Dammen an Dir Hären, mam allerbeschte Wëllen haut kee Versprieche ginn, datt mir an deem Moment wou d’lëtzebuerger an d’europäesch Stolindustrie op eng besonnesch Aart a Weis erausgefuerdert ginn, eis Interesse kënne bis zum Schluss integral duerchsetzen.

Mä ech sinn determinéiert, esou wéi d’Regierung och, fir alles ze maachen, fir datt dat woufir mir geschafft hunn, an un dat mir gleewen, dat Lëtzebuergescht an dat Europäescht, doduerch erhale bleift, datt mir all Moyenen alignéieren déi mir brauchen fir déi hostil OPA ofzeleenen. Ech kann dat net verspriechen, datt dat eis geléngt. Ech ka just verspriechen, datt mir alles wäerte maachen, fir déi lëtzebuergesch Plaz an der europäescher Sidérurgie esou ze halen, datt mir e strategesche Gestaltungspartner vun därselwechter bleiwen.

Wa mir wëlle bleiwe wat mir sinn, wat net dat selwecht ass, wéi datt mir wëllen hale wat mir hunn, da musse mir an der europäescher Sidérurgie eng Plaz behalen déi eis et erméiglecht, hei vu Lëtzebuerg aus déterminant Elementer vun der Gouvernance vun de Gesellschaften, vun der sozialer Responsabilitéit vun de Gesellschaften, vum Erhale vun de Recherchen op eise Siten, an op deenen anere Siten déi haut déi vun der Arcelor sinn, fir alleguer déi Elementer, déi eis wichteg schéngen, duerchzesetzen.

Dernière mise à jour