Jean-Claude Juncker, Transcription de la déclaration faite à l'occasion du projet de fusion entre Arcelor et Mittal Steel, Chambre des députés, Luxembourg

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

déi leschte Kéier wéi ech mech hei am Parlament zu de Virgäng ronderëm d’Arcelor am Zesummenhang mat der hostiller OPA, oder OPE, vu Mittal geäussert hunn, dat war den 31. Januar. Den 1. Februar zu Paräis hunn ech mech international eng allerleschte Kéier dozou geäussert andeem ech gesot hunn, eng hostile Iwwernahm vun der Arcelor duerch de Grupp Mittal géif eng net manner hostil Reaktioun vun der Lëtzebuerger Regierung zur Folleg hunn. Zanterhier war ech – déi, déi mech kenne wëssen, datt dat mer extrem schwéier gefall ass - aussergewéinlech roueg an där Saach.

De Moment ass komm, wou een hei am Haus, do wou d’Regierung responsabel ass fir dat wat si mécht, muss Stellung huelen zu rezenten Evenementer ronderëm de Versuch vun dem indesch-britesche Grupp Mittal d’Arcelor einfach esou z’iwwerhuelen.

Et ass am Geschäftsliewen, an der Politik, am internationale Business net vill anescht wéi am Privatliewen. Et kuckt een no, datt zwee Leit net zesummekommen oder zwee Leit sech auserneebewegen. A wann een dat vu bausse kuckt, weess een net firwat déi zwee sech anenee konnte verléiwen a firwat déi zwee Sträit mateneen hunn a net zesummen kommen. Nëmme wann ee mattendran ass, versteet ee wat déi zwee sech soen, dann wann keen aneren nolauschtert. Da muss een domat liewen, datt déi, déi net dobäi si wa si sech essentiell Saachen soen, Kommentaren ofginn, wéi wa se all Minutt dobäi gewiescht wieren.

Déi intim Gespréicher, déi den Ufank vun der Léift an d’Enn vun der Léift, d’Ënnerbrieche vun der Léift, weider Proufzäiten, nei Engagementer erklären, déi entzéie sech dem ëffentleche Raum, well se fannen net an deem selwechte statt. An d’Leit déi nokucke, maache wéi wa se ëmmer dobäi gewiescht wieren a gi voll autoriséiert Kommentaren of iwwer dëst an dat, wat hätt kënne gesot ginn, wat hätt kënne geduecht ginn.

Esou wéi et am Privatliewen ass, esou ass et och am ëffentleche Liewen, an esou wéi et am ëffentleche Liewen ass, ass et och am Geschäftsliewen. A wann déi zwee sech begéinen, dat ëffentlecht Liewen an d’Geschäftsliewen, dann ass et besonnesch spannend. Mä d’Kommentaren sinn esou wéi wa jiddwereen ëmmer an all Moment dobäi gewiescht wier. Ech gi mer no deene rezenten Developpementer, notamment de leschte Sonndeg, wou de Verwaltungsrot vun der Arcelor décidéiert déi extrem augmentéiert Offer vu Mittal unzehuelen, Rechenschaft driwwer of, datt mat Ausnahm vun deenen déi méi oder manner - méi méi wéi manner - an deene leschte Méint bei alle Gespréicher dobäi waren, wahrscheinlech déi eenzeg sinn, déi iwwerhaapt versti wat virgeet.

Ech maache mer net eng Sekonn Illusiounen driwwer, datt d’Lëtzebuerger déi dat doten erliewen bal, obschonn et net grad esou war, wéi ee spannende Match tëschent deem engen an deem aneren, net versti wat eigentlech virgaangen ass. An ech mengen, datt dat Onverständnis wat eis Leit heiheem iwwert dat hu wat do passéiert ass, vill domat ze dinn huet, éischtens, datt se net ëmmer dobäi waren, zweetens, datt d’Regierung net konnt alles erziele wat déi lescht Méint passéiert ass an drëttens, datt extrem vill Leit mengen, dat wat de Grupp Mittal dem Grupp Arcelor - an domat och eis - proposéiert huet, nach genau dat selwecht wier wéi dat wat de Grupp Mittal mat der Arcelor wëlles hat de 27. Januar vun dësem Joer, wéi dee ganze Versuch fir d’Arcelor ze kasséieren ugefaangen huet.

Et huet sech awer villes geännert, et ass villes changéiert. Landschafte sinn nei gebild ginn, Ressentimenter sinn ofgebaut ginn a Sentimenter opgebaut ginn tëscht dem 27. Januar 2006 an dem 27. Juni 2006. An ech wollt doriwwer e puer Wuert soen zum bessere Verständnis vun deem wat geschitt ass, zum bessere Verständnis och vun der Aart a Weis wéi d’Regierung sech an deem Gesamtzesummenhang, deen ech am gaange sinn ze beschreiwen, beholl huet.

Ech hu leider net d’Zäit - obschonn ech jo näischt léiwer maachen, wéi mech selwer ze zitéieren - hei nach eng Kéier op alleguer déi Elementer anzegoen, vun deem wat ech heibannen an der Chamber den 31. Januar vun dësem Joer gesot hunn, wéi ech fir d’éischt a praktesch fir d’lescht am Numm vun der Regierung Stellung geholl hunn zu dem Versuch vu Mittal d’Arcleor ze kasséieren, z’iwwerhuele - sans plus an ouni wäitreechend Engagementer.

Mä ech géif gären zwou Saachen an Erënnerung ruffen, vläicht och dräi. Déi éischt: Ech hu mech an där Ried - an all d’Kollegen heibannen hunn dat iwwregens och gemaach an der Reaktioun op déi Ried - dogéint verwiert, datt den Androck géif entstoen wéi wa mer zu Lëtzebuerg ee Land wieren, dat zou wier, dat geschlosse wier, een zouene Butteck, eng Epicerie déi d’Rollueden erofléisst a just no sech selwer kuckt. Ech hu gesot, mir wären een oppent Land, mir géife gär mam Rescht vun der Welt Handel bedreiwen, Industriepolitik maachen, och a grad Stolpolitik maachen. An ech hu mech dogéint gewiert, datt aus der Tatsaach, datt den Här Mital indescher Ofstamung wier, géif quasi een negativt Standuertargument gemaach ginn. Ech hu gesot, déi Tatsaach, datt den Här Mittal indescher Ofstamung wier, géif d’Décisioun vun der Regierung deem feindlechen Übernahmeversuch entgéint ze trieden, net zu engem konstitutiven Element vun eiser negativer Reaktioun op d’Approche vum Här Mittal maachen. Ech hu gesot den Här Mittal wier een dichtege Mann, een intelligente Mann, hee géif Respekt verdingen an dee räich a senge Sensibilitéiten verschiddenster Aart wier an dee wahrscheinlech och - dat kënnt Dir noliesen - mat der Zäit géif iwwer Lëtzebuerg esouvill an Erfahrung bréngen, datt en d’Lëtzebuerger an d’lëtzebuerger Reaktioune géif besser verstoen.

Do si mer haut. Ouni wëllen arrogant ze wierken, wëll ech soen, de Grupp Mittal huet iwwer Lëtzebuerg vill an Erfahrung bruecht, huet vill bäigeléiert, Saachen déi en net wosst. An déi Tatsaach, datt de Grupp Mittal vill geléiert huet iwwer Lëtzebuerg ass, well ech eege Verdingschter total géint meng Gewunnecht wëll ganz niddreg hänken, virun allem de Ministere Krecké a Frieden ze verdanken, déi op mäi Wonsch an op meng Instruktiounen hinn, zanter dem Februar ganz intensiv Kontakter mat dem Grupp Mittal, Papp a Fils, ënnerhalen hunn an d’Luxemburgensia ëmmer erëm frësch an nei mat dem Grupp Mittal duerchdeclinéiert hunn.

A wa mer haut ee Resultat erreecht hunn, wat mer schéngt esou ze sinn, datt et aus Lëtzebuerger Siicht an op dem feste Fong vum nationalen Interesse akzeptabel erschéngt, ass dat zu engem ganz groussen Deel de Verdingscht vun deenen zwee Ministeren, déi, jo, op déi manner ëffentlech Aart a Weis déi sech imposéiert huet, Erklärungskontakter mat deem Grupp Mittal haten. Als Chef vun der Regierung hunn ech mech bei deenen zwee ënner Form vun engem Merci dofir ze äusseren.

Wat huet changéiert tëscht dem 27. Januar an dëm 27. Juni? Wa mer éierlech sinn, dat recommandéiert sech vun Zäit zu Zäit, hu mer negativ op déi feindlech Offer vum Här Mittal a sengem Grupp reagéiert, well laang d’Gefill virgeherrscht huet d’Arcelor, esou wéi se entstan ass, kënnt virufueren an där Form wéi se entstan wier a kéint sech géint déi Offer vum Här Mittal a senge Leit wieren, ouni d’Hëllef vun engem Drëtten.

Ech weess eigentlech net, an eigentlech war ech och ni där Meenung, an d’Noliese vu mengen Aussoen hei wäerten Iech doriwwer beléieren, wéi mer eigentlech gemengt hu mir kéinte géint de Rescht vun der Welt bestoen, well mir Lëtzebuerger de Besëtz hunn an hate vun Arcelor, 5,6% vum Kapital vun der Arcelor. A mir ass opgefall, dat ass eppes wat ech iwwersinn hat, datt eis Leit hei am Land gemengt hunn, d’Arcelor, dat wiere mir. Mir wieren d’Arcelor, mir wieren zu honnert Prozent d’Arcelor. Mir waren ni d’Arbed, mir waren och ni d’Arcelor zu honnert Prozent. Mä esou wéi mir hei fonktionnéieren hunn d’Leit gemengt, dat wier awer esou. Dat war awer net esou. Mir waren ee klenge butzegen Deel vum Aktionnariat vun der Arcelor. An doduerch datt mir jo natierlech méi dichteg sinn a méi clever si wéi de Rescht, hu mer alleguer zesummen et fäerdeg bruecht aus dem klengen Deel Arcelor dee mir selwer haten, d’Impressioun ze skulptéiren, wéi wann ouni eis näischt géif goen.

An Tatsaach ass, datt net nëmmen eis Leit heiheem gemengt hunn, ouni de Lëtzebuerger Staat, d’Regierung, eis - loosse mer elo keng institutionell Nivellementer maachen - mä och déi aner hu gemengt ouni eis géif näischt goen. An Tatsaach ass, d’Geschicht vun deene leschte Méint huet och gewisen, ouni de Lëtzebuerger Staat, ouni d’Lëtzebuerger Regierung, ouni Jo oder Nee vun der Lëtzebuerger Regierung ass och näischt gaangen.

Mir hunn eis beméit, a Kontakter mat der franséischer Regierung - Dir hutt de franséische President gëschter Owend héieren – der belscher Regierung, däitscher Regierung, spuenescher Regierung, anerer, eis Standpunkter däitlech ze maachen. An déi si vun deenen anere Regierungen entweder intuitiv gedeelt ginn oder spontan novollzu ginn. Mä mat der Zäit, a well d’Welt esou ass wéi se ass a well de Kapitalismus esou ass wéi en ass, et ass net mäi Lieblingssystem, no dëser ganzer Affär, nach vill manner wéi jemols virdrun, huet sech erausgestallt, datt mer missten, wa mer wëllten an där Ausernanersetzung bestoen als Land, als Sëtz vun enger nei ze forméirender Gesellschaft, als Décisiounszentralpunkt an Europa fir alles dat wat d’Sidérurgie ubelaangt, datt mer eis missten no Partner ëmkucken, déi eis géifen hëllefen dat ze maache vun deem mer mengen, a gemengt hunn, datt et am Interesse vun eisem Land, an doriwwer eraus am Interesse vun der Europäescher Unioun wier.

De Management vun der Arcelor huet sech beméit, an net all Krëmmungen a Verrenkunge vum Management vun der Arcelor si spontan ageliicht. Mir zum Beispill huet net gutt ageliicht, firwat datt ech haut nach, an internationalen Zeitungen, vun der Arcelor geschalte Publicitéite liese muss, vun enger ganzer Säit, datt ee sech géint Mittal misst wieren, nodeem gëschter oder e Sonndeg aner Recommandatioune vum Verwaltungsrot vun der Arcelor erausgaange sinn. Ech hu geléiert, datt net nëmmen eng Regierung näischt daacht wann et ëm d’kommunizéiere geet, mä anerer kënnen och nach muneches dobäi léiere fir déi nächste Kéier. Mä ech denken eng nächste Kéier wäert et net ginn. Déi, déi engem dauernd erkläre wéi ee Land muss regéiert ginn, sinn net vill méi geschéckt wéi déi déi d’Land regéieren.

Wéi mer bis gemierkt hunn, datt déi These „Stand alone“ - alleng eens ginn - näischt géif bréngen, ass sech no Alternativen ëmgekuckt ginn. Et si bal eng Dosen Alternativë studéiert ginn, esouwuel vum Management vun der Arcelor, wat eist Vertrauen hat, behält an huet, wéi och vun der Regierung selwer. Heiandsdo ware mer no drun ee grousse Coup ze landen, deen iwwregens méi iwwerrascht hätt wéi déi Léisung, déi mer elo getraff hunn. Esou wéi et am Liewe geet, och déi intimste Gespréicher scheiteren heiandsdo un objektiven Hindernisser déi beemol stattfannen - well dësen an dee scho bestuet ass, well dësen an deen nach eng aner Affär huet, déi en och muss klären, well een Drëtten, deen dat nokuckt och fënnt, esou geet dat jo awer net wéi Dir Iech dat do virstellt. Si sëtze mol a Kanada, mol sëtzen se zu Bréissel, an europäeschen Institutiouen - bref, et gëtt anerer déi matschwätze wa Leit wëlle beienee kommen.

Nodeems mer dat alles ofgetaascht haten, fir am Bild ze bleiwen, si mer zur Conclusioun komm, datt mir, esouwuel de Management wéi och de Lëtzebuerger Staat, d’lëtzebuerger Regierung - mä d’Regierung ëmmer am feste Gefill esou ze handele wéi et och de Wonsch vun dësem Haus wier, ech hunn ni festgestalt an all deene Méint, datt mer hei eis de Pleséier offréiert hätten parteipolitesch un dës Saach erunzegoen, woufir ech och am Numm vun der Regierung Merci ze soen hunn -, hu mer probéiert dann een ze fanne mat deem et géif goen. Dat war de russesche Grupp Severstal a säi Chef den Här Alexeï Mordachov.

Ech wëll hei soen, datt d’Lëtzebuerger Regierung et ganz gär gesinn hätt, wann déi Integratioun vu Severstal an d’Arcelor méiglech hätt kënne gemaach ginn, well mer staark gegleeft hunn, aus enger och reng industrieller Optik eraus, datt déi Hochzäit schrecklech vill Sënn gemaach hätt. Dat aus ville Grënn, ënnert anerem och aus geostrategesche Grënn, wann een déi kommerziell kann usträichen, well mer mat Russland ëmmer als Land extrem gutt bilateral Relatiounen haten, well et och perséinlech Frëndschafte gëtt tëscht der Féierung vun der russescher Federatioun an der politescher Féierung vum Grand-Duché, a well et einfach Sënn gemaach hätt, datt mer, via eng Integratioun vu Severstal an d’Arcelor, eis Sidérurgie hätte kënnen an déi russesch Plainen a Landschaften erandroen. Mat deene logesche geographeschen a kommerzlandschaftleche Verlängerungen, déi esou eng Pénétratioun méiglech gemaach hätt.

An ech wëll hei soen, datt et d’Absicht ass vun der Lëtzebuerger Regierung an och d’Absicht muss sinn, an dat ass se, vun deem nei forméierte Siderurgistegrupp Arcelor-Mittal, well esou heescht déi nei Gesellschaft, fir extrem enk Lienë mat der russescher Stolindustrie a besonnesch mat deem Betrib, dee bereet war de Risiko vun enger Integratioun an d’Arcelorstrukturen eran anzegoen, datt déi Absicht déi vun der Regierung ass an och déi vun deem neie Grupp soll sinn. An ech wëll hei och erklären, datt contrairement zu enger Impressioun déi am Land besteet an déi anerer kënnen hunn, d’Lëtzebuerger Regierung, ech mengen och net de Management vun der Arcelor, zu iergendengem Moment de Grupp Severstal hätt wëlle benotze fir de Grupp Mittal zu enger besserer Asiicht ze féieren.

Ech wëll hei och soen, datt ech net fir d’éischt a mengem Liewen, mä dës Kéier op eng definitiv Aart a Weis, festgestalt hunn, datt mer zu eisem komme wa mer zesummestinn. Ech wëll dat soe fir d’politesch Parteien heibannen. Ech sinn an deene Presseorganen, déi eenzel Parteien nostinn, ëmmer erëm interpelliert ginn, ech misst mech elo dozou äussere wat am gaange wier ze geschéien. Mä ech hunn op eng séier dankbar Aart a Weis zur Kenntnis geholl, datt dat führend politescht Personal hei am Land, ech schwätze vun de Spëtzte vun de politesche Parteien, zu kengem Moment probéiert huet an déi Richtung de Chef vun der Regierung ze dreiwen. Wier dat geschitt, hätt ech iergendwann eppes musse soen. Doduerch datt et net geschitt ass, konnte mer eis Interesselag an der Gesamtausernanersetzung ronderëm dësen Dossier wiesentlech besser vertreidegen. An dofir gehéiert meng Unerkennung all deenen, déi och politesch mussen heibanne liewen an déi sech staatsmännesch an deem Dossier hei beholl hunn. An ech mengen net, datt et vill Länner gëtt, wou et dat gëtt. Ech hu mat auslännesche Kollegen, dofir kommen ech méi spéit haut, nach eng Kéier ofschléissend doriwwer beroden an néierens ass d’Debatt ronderëm dës Stolhochzäit esou onpartisan gefouert ginn, parteipolitesch betruecht, wéi zu Lëtzebuerg. Dofir huet ee sech ze beluewen, well mer eigentlech, wann et drop ukënnt, besser si wéi déi aner déi probéieren ëmmer een Avantage, parteipolitescher an innepolitescher Natur, aus esou enger Ausernanersetzung ze zéien.

A menger Ried den 31. Januar hat ech eng Rei vu Punkte genannt, déi fir d’Lëtzebuerger Regierung a fir den Haaptactionnaire, deemols nach, vun der Arcelor, ausschlaggebend wier. A wann Dir mer d’Gentillesse wëllt erweisen déi Ried nozeliesen, dann hätte mer gläichzäiteg den Avantage fir se net brauche virzeliesen, da stellt Dir fest, datt op deene Punkten déi an den Aë vun der Regierung, an ech mengen och vun eisem Parlament, deemols ausschlaggebend waren, datt mer op deene Punkte kënne propper haut ofliwweren.

Mir hunn deemols monéiert, datt eng onfrëndlech Iwwernahm eppes wier wat mat eise lëtzebuergeschen an europäeschen Traditiounen net compatibel wier. Mir waren net erféiert, datt déi onfrëndlech Offer vu Mittal komm ass, mä mir hu se zréckgewisen, well mer se, wéi ech deemols gesot hunn, net verstanen hunn.

Mir sinn elo an enger anerer Realitéit, 5 Méint méi spéit, well déi Offer, déi onfrëndlech war, déi feindlech war, vu Mittal sech transforméiert huet an eng frëndlech Fusioun ënner Gläichen. Dat ass déi Fassong wéi mer gäre mam Rescht vun der Welt zesummeschaffen. Dat ass déi Fassong wéi mer gären zesummekommen. Net am Kampf an net am Krampf, mä an engem Danz dee sech lues a lues d’Partner openeen zoubewege léisst.

Mir hunn deemols gesot, Enn Januar, datt mer dat Industriekonzept dat Mittal géif proposéieren, net géife verstoen, well Mittal keen Industriekonzept proposéiert huet an datt mer gär géife virufueren no Arcelor-Methoden, déi heiheem entstane sinn, viru Stolpolitik an Europa an an der Welt ze maachen. Den Här Mittal, deen ech zesumme mat de Kollegen haut de Mëtteg gesinn hunn, huet gëschter an och haut mir géintiwwer erkläert, datt en d’Industriekonzept vun Arcelor bereet wier z’iwwerhuelen an en fait an de facto och sech engagéiert huet z’iwwerhuelen.

Dat heescht, datt d’Stolgeschäft net stattfënnt aus finanziellen Interessen alleng, dat gehéiert selbstverständlech ëmmer dozou, mä datt sech mat deem gemeinsame Stolgeschäft ee gemeinsamt Stolkonzept verbënnt an datt zu deem gemeinsam gebuerene Stolkonzept gehéiert, datt gewuessen wann och jonk Traditioune vun der Arcelor iwwerholl ginn. Dat heescht, datt et net drop ukënnt méiglechst vill Tonnen egal wéi, egal wou an zu egal wat fir enger Qualitéit an der Welt ze produzéieren, mä datt et drop ukënnt een zousätzleche Mehrwert ze schafen, duerch déi Industriepolitik déi ee weltwäit géif maachen.

Zu deem gemeinsamen Industriekonzept, wat am Januar net do war wéi mer dat feindlecht Übernahmeangebot vu Mittal ofgelehnt hunn, gehéiert och eng staark Konzentratioun op Fuerschung an Entwécklung an eng permanent Berücksichtegung vun den Noutwendegkeeten, déi sech aus dem méi breede Konzept vun der nohalteger Entwécklung erginn. An deem Moment a vun deem Moment un, wou Mittal bereet war déi industriell Konzeptioune vun der Arcelor z’iwwerhuelen, dat ouni Nuancë bereet ass gemeinsam mat deem wat aus der Arcelor vun Traditiounen a vu Wëssen, vun Expertise, vu Verhale geierft gëtt, z’iwwerhuelen, ass de massivsten Deel vun deenen Elementer déi mer am Januar genannt hu fir d’Zesummenaarbecht mat Mittal ofzelehnen entfall, well op deem Punkt sech net nëmmen ee Rapprochement gemaach huet, mä een Iwwerhuele vun deem wat d’Arcelor vun un datt se sech aus deenen dräi, spueneschen, franséischen a lëtzebuergesche Gruppen zesumme gesat huet, zu hirer Geschäftsphilosophie entwéckelt huet.

Ech hat den 31. Januar heibanne gesot, mir hätten extrem Schwieregkeeten als Lëtzebuerger Staat, d’Chamber huet deemols déi Aschätzung dankenswerterweis gedeelt, mat deem wat een d’Gouvernance vum Grupp nennt, d’Aart a Weis wéi sou ee Grupp, weltwäit aktiv, dee gréisste Grupp vun der Welt, sollt gefouert ginn. Et war am Januar net kloer, mä dat ass méi kloer ginn duerch déi Gespréicher déi d’Kollege mat Mittal a mat villen anere gefouert hunn, et war deemols net kloer wéi d’Salariat sollt an de Strukture vun deem neie Grupp vertruede ginn. Mir hunn drop gedrängt, an alle Gespréicher, esouwel mam Här Mittal wéi och mat Severstal, wéi och mat deenen aneren mat deene mer a Gedeessems waren, datt et eng staark Représentatioun vum Salariat misst an de Führungsorganer vun enger wéi och ëmmer geaarteter Stolgesellschaft, déi vu Lëtzebuerg aus gefouert géif ginn, misst kommen.

Mir hunn all Garantië vu Mittal kritt, datt et bei enger staarker Vertriedung vum Salariat - et ass ëmmerhin ee Grupp dee weltwäit aktiv ass, dee méi Mataarbechter huet wéi Lëtzebuerg lëtzebuerger Awunner huet, géif bleiwen. Dat hate mer och mat Severstal erbäiverhandelt. An dat wat mer mat Severstal erbäiverhandelt hunn, ass nahtlos vu Mittal an der leschter Instanz, am leschte Moment, iwwerholl ginn. Och déi Lëtzebuergesch Vertriedung an de Führungsorganer vun der Gesellschaft wier bei Severstal zefriddestellend gewiescht an ass och bei Mittal zefriddestellend, well dat ass ouni grouss Diskussiounen iwwerholl ginn. Et bleift bei enger staarker Lëtzebuergescher Vertriedung am Verwaltungsrot vun der neier Gesellschaft Arcelor-Mittal, esou wéi och bei Arcelor selwer. De Lëtzebuerger Staat, als ee vun de gréissten Actionnairen och vun der neier Gesellschaft, behält ee Vertrieder am Verwaltungsrot an e kritt ee supplementare Vertrieder dobäi, als politesch Vertriedung vun deem Land an deem de Sëtz vun der neier Gesellschaft ass. Dee Vertrieder gëtt vun der Lëtzebuerger Regierung benannt, an dee Moment wou dee Vertrieder géif ausscheeden, ass et un der Lëtzebuerger Regierung fir deem seng Successioun däitlech ze maachen, een neie lëtzebuergeschen, wann ech kann esou soen, obschonn d’Gesellschaftsrecht deen Ausdrock net kennt, Siègevertrieder ze delegéieren.

Kuckt mol, wéi den Här Mittal a säi Grupp, oder soll ech soe seng Famill, am Januar Iwwernahmpropositioune gemaach huet, war et eigentlech virgesinn, datt d’Famill Mittal 64,1% vum Stëmmrecht an der neier Gesellschaft sollt hunn. Dogéint hu mer eis gewiert, well mer gesot hunn, d’Lëtzebuerger Siderurgie an dat wat drunhänkt - et hänkt méi dru wéi dat wat Lëtzebuergesch ass - dat ka keen einfache Familljebetrib gi wou een décidéiert, wou ee virséngt a wou déi aner ofhuelen. Haut si mer an enger Situatioun wou déi al Arcelor-Actionnairen iwwert d’Halschent vum Kapital duerstellen, nämlech 50,6% a wou Mittal maximal 43% vun de Stëmmrechter an der neier Geselllschaft huet. Dat ass enorm vill. Dat erlaaabt villes, mä dat sinn awer keng 64,1%, esou wéi dat nach am Januar als eng vun den essentielle konstitutive Konditioune vun dem Deal deen ugestriewt ginn ass, duergestallt ginn ass.

Den Här Mittal wollt méi Stëmmrechter hunn fir all Aktie déi en hätt, wéi déi aner Actionnairen. De Justizminister huet a laange Gespréicher dem Här Mittal a sengem Jong erkläert, datt dat zu Lëtzebuerg net geet, datt mir hei esou ee gelungent Land sinn, wou deen een esouvill wäert ass wéi déi aneren, an datt eng Aktie net méi Stëmmrechter kann hu wéi déi aner. Mir hunn ëm net erkläert, datt mir selwer, wa mer bei SES oder esou hantéieren, als Staat fanne mir wieren alt méi wéi déi aner. A mir sinn als Staat och méi wéi Kapitalisten déi eng Gesellschaft féieren, well mir hunn aner Ambitiounen an aner Projeten an aner Profiler ze vertrieden wéi Leit, déi aus net nëmmen ökumenesch breet gestreete kollektive Gemeinsinn Geschäfter dreiwen, mä déi dat och am eegenen Interesse maachen. Mir maache keng Industriepolitik am eegenen Interesse. Mir maachen Industriepolitik, well mer politesch gewielte Vertrieder vun engem Vollek sinn. An dofir menge mer - dat ass awer an der kapitalistescher Welt staark ëmstridden - datt mer anescht wiere wéi déi aner. A mir sinn och anescht wéi déi aner a mir wëllen och anescht bleiwe wéi déi aner. Mä jiddwerfalls huet sech an deem Zesummenhang massiv de Profil, esou wéi e vum Här Mitaal ugeduecht war am Januar, geännert nodeem alleguer déi Gespréicher, déi Verhandlunge stattfonnt hunn.

Wou spillt d’Musik an engem Betrib? Net hei. D’Musik spillt an der Generaldirektioun. Et ass do wou Industriepolitik entsteet. Et ass do wou Investissementer décidéiert ginn. Et ass do wou déi grouss zukunftsträchteg Décisioune geholl ginn. D’Suerg vun der Lëtzebuerger Regierung war et, an der Optioun Severstal, an der Optioun Mittal, dofir ze suergen, datt d’Generaldirektioun esou zesummegesat wier, datt déi Arcelorsäit an domat och déi lëtzebuergesch Säit, sech integral reflétéiert an der Aart a Weis wéi déi Generaldirektioun zesummegestallt gëtt. Déi Generaldirektioun déi do ass, haut, an déi schonn ee groussen Deel vun der fréierer Arbed-Generaldirektioun integréiert hat, déi bleift bestoen an a manner grousser Zuel wéi d’Arcelor-Representanten, komme Representante vum Grupp Mittal dobäi, fir déi gemeinsam Politik z’entwerfen. D’Arcelor huet d’Majoritéit vun den Actionnairen, d’Arcelor stellt d’Majoritéit vun der Generaldirektioun, an aus dem Zesummeschaffe vun Arcelor a vu Mittal ergëtt sech d’Majoritéit vum Verwaltungsrot, wou déi ëffentlech Interessen an d’Salariatsinteresse maximal an eigentlech bal besser wéi an den Arcelorstrukture vun haut vertruede wäerte sinn.

Ech sinn dogéint, do mécht jiddweree wéi e fënnt datt een dat soll maachen, fir hei den Androck ze ginn d’Regierung hätt elo de Rescht vun der Welt hei op d’Plaz gesat oder dofir gesuergt datt Saache géife richteg lafen. Ech hat Iech heibanne gesot den 31. Januar, ech kënnt net verspriechen, datt d’Lëtzebuerger Regierung et géing fäerdeg bréngen, déi essentiell Punkten déi fir Lëtzebuerg wichteg wieren ze sauvegardéieren. Mir hunn dat awer fäerdeg bruet. Do kënnt ee gewëssene Mérite der Regierung zou, dat kann ech jo net verkennen. Ech wëll awer hei och soen, obschonn ech e bësse genéiert si fir dat ze soen, datt mer och extrem enk Aarbechtsrelatiounen hate mat de Vertrieder vum Salariat an dem Verwaltungsrot vun der Arcelor a besonnesch mam Lëtzebuerger Vertrieder, dem John Castegnaro, deen och heibanne sëtzt, dofir wier et eigentlech besser wann e géif erausgoe wann ech dat soen. An datt ech och genoss hu wéi an de ville Jore virdrun, datt wann et ëm d’Verteidegung vun den Interesse vun de Leit, ëm d’Erhalung vun Sitë geet, ëm d’Duerchsetze vu Lëtzebuerger Positiounen - obschonn de Lëtzebuerger Salariatsvertrieder jo net Lëtzebuerg an deem Sënn vertrëtt, mä d’Salariat vun der Gesellschaft vertrëtt - an him een Interlocuteur fonnt hunn, deen alles matgemaach huet wat mer wollten hunn an deen näischt gemaach huet wat mer net gäre gehat hätten an deen eis mat alle wichtegen Informatioune versuergt huet, déi mer mussen hunn, fir kënnen déi richteg Décisiounen am richtege Moment ze huelen. An och dat ass ee Stéck lëtzebuergesch Aart a Weis fir ze fonktionnéieren, deen een an där Form soss néierens erëmfënnt.

Jo, et ass richteg, ech liesen dat an Zeitungscommentairë vun haut, datt den Här Mittal am Januar versprach hat de Siège vun der Gesellschaft géif op Lëtzebuerg kommen. Dat hat den Här Severstal, deen awer Här Mordachov heescht, och. Mä den Här Mittal a säi Grupp haten am Januar gesot, mir sinn d’accord, datt de Siège op Lëtzebuerg kënnt, mä hei sinn d’Bedingungen ënnert deenen de Siège op Lëtzebuerg kënnt - déi ware steierlecher Natur, déi waren transfertméissegbedingter Natur, Siège Mittal: Rotterdam, Siège Arcelor-Mittal: Lëtzebuerg. De Justizminister an de Budgetsminister an de Schatzminister huet dat an heftege Gespréicher mat dem Grupp Mittal geregelt, esou datt dee Sëtz elo ouni weider Konditiounen op Lëtzebuerg kënnt. An dat begéint eng weider Konditioun déi mer an eiser Ried den 31. Januar heibanne genannt haten, nämlech datt de Sëtz vun der neier Gesellschaft, wéi ëmmer se och wier, zu Lëtzebuerg misst sinn an datt mer architektonesch kënnten täteg ginn, gestaltend kënnten täteg ginn, vu Lëtzebuerg aus, doduerch datt mer dee Sëtz vun enger wéi och ëmmer zesummegesatener Gesellschaft zu Lëtzebuerg hätten.

Mir haten den 31. Januar heibanne gesot, mir géifen eis asetzen, ouni datt mer versprieche kënnen, datt dat eis géif geléngen an egal wéi d’Saach géif virugoe fir déi lëtzebuergesch Sitten a fir d’Erhalung vun der Beschäftegung zu Lëtzebuerg op de Lëtzebuergesche Stolsitten. Dat hu mer fäerdeg bruecht. Dat hätte mer och iwwregens mat dem Här Mordachov a mat Severstal fäerdeg bruet.

Mittal, déi elo net d’Arcelor iwwerhëlt, mä déi ënner Gläichen mat Arcelor fusionnéiert, op eng frëndlech Aart a Weis, iwwerhëlt, och wëll se muss hir Frëndlechkeet beweisen, all Arrangementer déi tëscht dem Lëtzebuerger Staat an der Arcelor ofgeschloss gi sinn. Dir kennt dee Plang, dee mer an der Stoltripartite veraccordéiert hunn, dee vun 2006 bis 2007 leeft. Dee gëtt integral respektéiert. Dat wat mer als Stolsozialdialog a muneche Schluechten hei zu Lëtzebuerg erbäigefouert hunn a wat an de Sitzunge vun der Stoltripartite seng sozialpartnerschaftlech Vollendung fënnt, gëtt integral vu Mittal respektéiert. Mir wäerte relativ séier eng Stoltripartite aruffen an den Här Mittal wäert un där Stoltripartite deelhuele fir sech z’erklären, a fir am Dialog mat Regierung - mä deen Dialog ass souwisou hefteg gewiescht - mat de Gewerkschafte seng Positioun duerzeleeën, an ze erkläre wéi e gedenkt déi Engagementer, déi e vun Arcelor iwwerholl huet, déi mer gemeinsam ofgemaach hunn, wéi e gedenkt déi ze honoréieren.

Zu der Aart a Weis wéi mer funktionnéieren am Stolberäich huet och ëmmer gehéiert, datt d’Chamber, well de Staat Actionnaire ass an der Stolindustrie, enk associéiert war. Den Här Mittal wäert sech och relativ séier an deenen zoustännege Parlamentskommissioune présentéieren, fir am Gespréich mat deenen déi d’Regierung droen heibannen, well si gewielte Volleksvertrieder sinn, seng Vuë vun de Saachen duerzeleeën a sech engem kritesche Gespréich mat de gewielte Volleksvertrieder vum Lëtzebuerger Land ze stellen.

Wa Severstal als de Partner zréckbehale gi wier, a Mittal als de Partner fortgeschéckt gi wier - denkbar war dat - da wier d’Drotstrooss zu Schëffleng zougemaach ginn, well déi gehéiert Mittal. Elo kënnt et drop u wéi Arcelor a Mittal zesummen d’Zukunft vun der Drotstrooss, vun der SFTS zu Schëffleng gesinn. Dat gëtt net méi eng Décisioun unilateral vu Mittal, dat gëtt eng gemeinsam Décisioun vun Arcelor a Mittal, dat heescht vun der neier Gesellschaft. D’Erwaardung vun der Lëtzebuerger Regierung ass, datt all Engagementer vun deem engem a vun deenen aneren, déi ëffentlech konfrontéiert gi sinn, selbstverständlech agehale ginn. Mir hunn dat och a Gespréicher déi lescht Deeg an haut selwer däitlech gemaach.

Nu stellt sech fir de Lëtzebuerger Staat eng extra Fro. Dir kennt d’Offer vu Mittal, ech wëll se hei net am techneschen Detail auswalzen. Mä déi Offer erlaabt et der Lëtzebuerger Regierung, dat heescht dem Staat, dat heescht Regierung a Parlament, mir musse jo do näischt vun Differenzielle siche goe wat et net gëtt, op déi Offer anzegoen. Ech wëll zwou Saache soen zu där Offer.

Éischtens, et ass déi fest Absicht vun der Lëtzebuerger Regierung Actionnaire vun der neier Gesellschaft ze bleiwen. Mir zéien eis aus där neier Arcelor-Mittal Gesellschaft net zréck. Mir wëllen ee vun den Haaptactionnairë bleiwen, obschonn natierlech, mä dat wier bei Severstal och de Fall gewiescht, duerch d’Integratioun vu Mittal an d’Arcelor - Mittal iwwerhëlt jo net d’Arcelor, Mittal gëtt an d’Arcelor integréiert - fällt natierlech d’Gewiicht vum Staat ënner 3%.

Elo hu mer zwou Méiglechkeeten, Kollegen, Dir Dammen an Dir Hären: Entweder mir profitéieren net vun der Offer an hunn e bësse méi Aktien, a mir sinn dann deen eenzegen Actionnaire deen an deem Casinospill hei, wat mer net gefällt, net a seng normal Acitonnairesrechter trëtt a keng Sue kritt. Oder mir soen, mir wëllen och behandelt gi wéi déi aner Actionnairen.

Ech hat Iech den 31. Janur gesot, mir wëllen net eis Aktie verkafen, mä esou wéi d’Geschicht sech elo entwéckelt huet, kënne mer awer eppes duerch d’Engagement vun eisem Land an der Arbed an an der Arcelor, duerch d’Engagement vun de Bierger vun dësem Land an der Arbed an der Arcelor, doduerch, datt d’Leit aus dësem Land d’Arbed gerett hunn - ouni déi Rettungsaktioun wier et ni zur Kompositioun vun der Arcelor komm an ouni déi Rettungsaktioun vun de Lëtzebuerger an de 70er an an den 80er Jore wier et net dozou komm, datt dee gréisste Stolgrupp vun der Welt kënnt säi Siège zu Lëtzebuerg hunn an déi Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg kënnten erhal ginn - da musse mer eis froen, als Vertrieder vun deenen Generatiounen déi geblecht hunn, fir dat mol simpel auszedrécken, ob mir dann déi eenzeg solle sinn, déi nokucke wann déi aner d’Sue kréien. A mir sinn an der Regierung der Meenung, datt mer solle matmaachen am Krees vun de Bénéficiairë vun däer Ausschëddung déi do elo wäert stattfannen.

De Lëtzebuerger Staat kann maximal eppes iwwer 400 Milliounen Euro a seng Keese féieren, doduerch datt mer déi Offer vu Mittal unhuelen. A wa mer bis zu ronn 400 Millioune kréien, da bleiwe mer nach ëmmer mat liicht ënner 3% ee vun deene gréissten Actionnairë vun der Arcelor. An dofir si mer der Meenung, datt mer, ouni haut ze soe wéi dat elo am Detail genau geet, mussen e puer Saache méiglech maachen. Mir hunn als Steierzueler an als Bierger, och déi déi keng Steiere bezuelt hunn - déi hunn och mussen an den 80er Joren 3% méi TVA bezuelen an hunn och musse méi bezuele fir dëst a fir dat, méi héich Bensinnspräisser an esou virun, dat ass net nëmmen eng Saach vum Steierzueler dee Steiere bezuelt huet, mä vun alle Lëtzebuerger.

Mir sinn der Meenung, datt mer déi Suen déi mer kënne kréien, mussen zu bestëmmten Zwecker notzen. Éischtens hat d’Lëtzebuerger Regierung relativ erhieflech Käschten déi lescht Méint fir sech an dësem Iwwernahmekampf adequat bankentechnesch, finanziell a juristesch beroden ze loossen. Déi Banquieren, déi Étuden, déi hire Rot zur Verfügung stellen, fannen, datt hire Rot ganz wertvoll ass, a froen de Präis. Ech hätt gären, datt de Budgetsminister déi Suen zréckkritt déi e gebraucht huet fir déi Rechnungen ze bezuelen an ouni d’Aarbecht vun all deene Consultante wier et och der Regierung net méiglech gewiescht in real time, dat heescht direkt, op alles ze reagéiere wat geschitt wier, well mir sinn dichteg, mä mir wëssen awer net alles.

Dat Zweet: Ech si radikal dogéint, fir déi vun de Lëtzebuerger verdingte Suen, duerch e puer jorzéngteelaang Trei, zur Lëtzebuerger Siderurgie zustane gekomme Gewënner, déi mer elo kënne realiséieren, einfach esou an de Staatsbudget ze féieren an se verpolferen ze loossen zu Konsumzwecker. Ech hätt gären, datt déi Suen géife reservéiert ginn fir zukunftsträchteg Projeten, notamment am Beräich vun der net nëmmen industrieller Diversificatioun; déi Sue si besser stationnéiert, geparkt bei der SNCI a bei ähnlechen Ambitiounstransformatiounsmechanismen, wéi datt mer déi elo einfach an de Budget géifen huelen, domadder eis Budgetsproblemer géife léisen an déi Suen einfach géifen an den normalen Konsumkanal ginn. Ech wär frou, wa mer doriwwer een Averständnis heibanne kéinten erreechen.

An drëttens, mir hunn 1976 d’Solidaritéitssteier agefouert a mir hu se deemols mat 2,5% ugesat fir d’Aarbechtslosenentschiedegung kënnen ze finanzéieren, well mer deemols keng Assurance-Chômage zu Lëtzebuerg haten. Mir hunn am Kader vun der Tripartite, op d’Suggestioun hi vun de Gewerkschaften a well et de Gewerkschafte wichteg war de Solidaritéitsgedanken däitlech ze maachen beim Kampf géint d’Aarbechtslosegkeet, décidéiert d’Solidaritéitssteier fir Betriber a fir déi physesch Persounen, fir d’Privatleit ergo, z’erhéijen. D’Regierung freet keen, mä doriwwer wëlle mer an den zoustännege Chamberkommissioune selbstverständlech beroden, datt mer op déi Solidaritéitssteiererhéigung fir d’Betriber a fir d’Privatleit, déi mer an der Tripartite ofgemaach hunn an déi d’Regierung sech apprétéiert huet der Chamber an engem Gesetzesprojet, deen am Hierscht ze stëmme gewiescht wier zréckzebehalen, fir op déi Erhéigung vun der Solidaritéitssteier einstweilen ze verzichten, well mer Deeler vun deene Suen déi mer kréien, am Kader vun der Gesamtoperatioun Arcelor-Mittal, wëllen dem Beschäftegungsfong zouféieren. Mat deene Suen déi mir kënne realiséieren - ob mer déi Suen alleguer ofruffen ass eng aner Fro, dat muss de Budgetsminister in fine décidéieren - wëlle mer zukunftsträchteg, net nëmmen industriell, Innovatiounsprojeten zu Lëtzebuerg finanzéieren a wëllen och de Beschäftegungsfong domat dotéieren, well d’Leit, doduerch datt an de Beschäftegungsfong an der Zäit bis zu 10% Solidaritéitssteier bezuelt hunn, dozou bäigedroen hunn, datt d’Arbed konnt virubestoen, datt d’Arcelor konnt entstoen an datt elo kann dee gréisste Stolgrupp vun der Welt entstoen.

Dofir menge mer, wann de Staat net duerch seng Initiativ, mä duerch säi geschéckt Verhalen an dëse Konditiounen ee Benefiss kann als Haaptactionnaire vun der Stolindustrie realiséieren, datt een Deel dovu muss de Lëtzebuerger zréckgefouert ginn, ënnert anerem doduerch, datt een déi Erhéigung vun der Solidaritéitssteier net mécht, an doduerch datt mer Mëttelen, Munitioun kréie fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft ze moderniséieren an ze diversifizéieren, datt mer dat net huele fir den normale staatleche Konsum ze finanzéieren, mä datt mer wéinst de Leeschtunge vun de Lëtzebuerger an der Vergaangenheet, de Lëtzebuerger vun der Zukunft nei Méiglechkeete wëllen zur Verfügung stellen, doduerch, datt mer déi Suen urbar maachen, fir d’Gestaltung vun der Lëtzebuergescher Zukunft.

Nu si vill Leit der Meenung, ech eigentlech och, elo wier alles eriwwer. Ech war der Meenung schonn zweemol an de leschten 3 Woche. Ech kann net ausschléissen an ech wëll d’Leit och net ierféieren, datt nach weider Dévloppementer an dësem Dossier kënne passéieren. Ech hat Iech Enn Januar heibanne gesot, ech kënnt Iech net verspriechen, datt mer et géife packen, datt Lëtzebuerg een Haaptsdécisiounszenter vun der europäescher an der weltwäit aktiver Stolindustrie bleift. Dat hu mer awer fäerdeg bruecht – oh, mir net alleng. Ech hu vun de Gewerkschaftsvertreider geschwat, ech misst hei och ee Wuert soen iwwert de Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung, dem Här Georges Schmit aus dem Wirtschaftsministère, am Verwaltungsrot vun der Arcelor, deen extrem grouss Méritter huet. Et kënnt nëmme selte vir heibannen héich Staatsbeamten ze luewen, ech hunn en awer ze luewen. Un grand serviteur de l’État! Zesummen hu mer dat hikritt.

Ech hat Iech gesot, Enn Januar, ech kënnt net verspriechen, datt mer Garantië géife kréien fir eis Sitten. Déi Garantië fir d’Stolstanduerter zu Lëtzebuerg hu mer awer kritt.

Ech hat Iech Enn Januar gesot, ech kënnt Iech net verspriechen, datt mer et géife fäerdeg bréngen de Lëtzebuerger Afloss an enger weltwäit operéiernder Stolgesellschaft maximal ze garantéieren. Dat hu mer awer fäerdeg bruecht. Alleguer déi, déi dorunner geschafft hunn, net nëmmen d’Regierung alleng – et ass mir esou laang wéi breet ob d’Leit mengen d’Regierung hätt hei hir Aarbecht misse maachen - ech wëll soen, si huet probéiert hir Aarbecht gutt ze maachen. Je ne révendique aucun mérite pour le gouvernement, just d’Unerkennung, datt d’Regierung hir Aarbecht anstänneg, a schwieregste Konditioune gemaach huet. Dat wat mer am Januar gesot hunn, hu mer alles erreecht. Net d’Regierung alleng, mä mir alleguer zesummen.

Ech kann net soen, datt et elo eriwwer ass. Ech mengen et wier elo gedoen a mir géifen elo eis Rou fanne. Ech weess, esouguer wa mer eis Rou fannen, hu mer eis Rou nach iwwerhaapt net, well duerch déi frëndlech Fusioun ënner Gläiche vu Mittal a vun Arcelor, kommen 3-4 extrem schwiereg Joren op d’Acteuren vun der neier Gesellschaft zou, well weltwäit muss restrukturéiert ginn. Mä zu Lëtzebuerg net esou, datt mer géifen Aarbechtsplaze verléieren, zu Lëtzebuerg esou, datt d’Engagementer, déi bis 2010 lafen, déi mer souwisou mat der Arcelor hätte missen nei verhandelen 2011, vun der neier Gesellschaft respektéiert ginn. Mä ech weess net, ob mar net een aneren een anere Plang op den Dësch leet. An dann ass et un den Organer vun der Gesellschaft an un der Regierung, déi an den Organer vun der Gesellschaft sëtzt, fir déi nei Situatioun, géif se antrieden, op Grond vun där dann agetruedener Situatioun nei ze beuerteelen.

Mä aus der Siicht vun haut a mat dem Wësse vun haut, an no all deenen Efforten déi déi eng an déi aner an d’Regierung och gemaach hunn, fir datt Lëtzebuerg de Sëtz vun der neier Gesellschaft bleift, datt Lëtzebuerg den Décisiounszentrum vun där gréisster Stolgesellschaft bleift déi et an der Welt gëtt - wat keen normalt Resultat ass, wann een aus engem Land kënnt wou ee seng eege Stolindustrie gesinn huet Faillite maachen an den 80er Joren - aus der Siicht vun haut, mat dem Wësse vun haut, am Wëssen ëm d’Engagementer vun den Haaptacteuren an dësem Dossier, géif ech d’Behaaptung a woen ech och d’Behaaptung, a gleewen ech et och, datt dat heiten, obschonn den Ofschloss mat Severstal och enorm Chancen an Opportunitéiten eisem Land bruecht hätt, géif ech behaapten, datt deen Arrangement, deen zur Fusioun tëscht Mittal an Arcelor gefouert ass, och am Interesse vun eisem Land ass, well mer een Décisiounszenter bleiwen, dee weltwäit Importenz huet, well déi Leit déi op eise Schmelze schaffen maximal Garantien hu wat d’Erhalung vun hirer Beschäftegung ubelaangt, well Lëtzebuerg duerch dëst Fusiounsarrangement, deen eppes anescht ass wéi d’Aknécke virun enger feindlecher Iwwernahm, ee groussen Décisiounsacteur am weltwäite Stolconcert bleift.

Ech soen net, datt et d’Regierung war, déi dat heite fäerdeg bruecht huet. Ech soen net, datt aner Léisungen net besser gewiescht wieren. Mä virun de Choix gestalt un dëser Léisung matzeschaffen, dës Léisung méiglech ze maachen oder awer, an dat war eng Décisioun déi d’Membere vum Verwaltungsrot, Salariatsvertrieder, esou gutt wéi Regierungsvertrieder besonnesch ze stellen haten an ze beäntwerten haten, virun de Choix gestalt déi feindlech Übernahme vu Mittal, déi an de Finanzmäert grouss Zoustëmmung fonnt hunn - wat ech net gären hunn, mä et ass esou - sech virun entwéckelen ze loossen, alles ze verléieren, wat ech Iech elo hei an Termen vun Industriekonzept, Gouvernance, Salariatsvertriedung, Ofsécherung a Garantië fir Lëtzebuergesch Interesse genannt hunn, virun déi Altrenativ gestalt, ass d’Regierung no laange Berodungen, no villem Nodenken an nom Ausraume vu villen Zweifel zur Conclusioun komm och der Chamber ze recommandéieren déi Ofmaachungen, déi no der Generalversammlung vun der Arcelor proposéiert ginn a fir déi d’Regierung stëmme wäert den 30. Juni, och positiv ze begleeden.

Ech soen Iech merci fir Är extrem Gedold.

Dernière mise à jour