Jean Asselborn, Prise de position dans le cadre de l'heure de questions à la Chambre des députés au sujet du projet de défense antimissile

Miir hun ët beim geplangten Rakéitenoofwiersystem ze din, mat enger héichkarätecher politescher Fro an eréischt op zweeter Plaaz mat enger militärischer Fro.

Um Niveau vun der NATO ass zu Riga, um Sommet de leschten November beschloss gin, vun der Allianz, d’Etude iwert eng Rakéitenoofwier weiderzedreiwen.

Bis dato leien keng Conclusiounen fiir vun där Etude. An engem Interview mat der Financial Times dësen Méindeg huet den NATO-Generalsekretär ugedeit, dat d’NATO-Diskussiounen suwuel déi militäresch wéi och déi politesch Dimensioun vun der Problematik solle beliichten.

Bis dato hu miir keng kloer Indikatiounen, och net technischer Natur zur Verfügung, fiir behaapten ze kënnen, dass Rakéiten, hypotetescher Weis aus dem Iran oder Nord-Korea, grad esou no bei Russland oofgewiert misste gin.

Mir all deelen eis, geographesch gesin, dësen Kontinent mat Russland; hun also madeneen ze liewen, an nit den Géigendeel, wéi daat laang de Fall war.

D’EU an d’NATO sin mat Russland eng Partnerschaft agaangen, fiir dëst ze erméiglechen. Daat heescht net, dass a Russland eis alles gefaale gif, respektiv, dass miir vu Moskau alles fiir boer Mënz huelen, mä ët kann net heeschen, dass an Europa d’Sëcherhett ouni Concertatioun an Kooperatioun mat Russland organiséiert ka gin.

Also, e militäreschen Ooffwiermekanismus, dee fiir hypotetesch Ugrëff vun ausserhalb vun Europa méi Secherheet brénge soll, därf net zur Konsequenz hun, dass d’Stabilitéit op dësen Kontinent nees a Fro gestallt giff gin, wéi daat am 20. Joerhonnert de Fall war.

Ängschten sin dacks op Malentenduen opgebaut; daat muss verhënnert gin. Dëst zielt fiir d’USA, fiir Russland, fiir d’NATO a fiir d’EU.

Europa brauch d’USA fiir zesummen dës nervös Welt méi friddlech ze gestalten.

D’USA brauchen e solidarescht, e staarkt Europa, waat net bilateral funktionnéiert, mä wou europäeschen Interessen och europäesch Äntwerten kréie mussen, konform zum Artikel 11 vum Traité.

Dëst ass d’Positioun vun der lëtzebuerger Regiirung, an ech wärt als Ausseminister hëllefen alles ze maachen, an der EU an an der NATO, fiir d’Gefoor vun Oprüstung mä och vun falsche Signaler ze ënnerbannen.

Mat der Perceptioun déi bei eis, wéi an Drittlänner fiirherrschen kann, muss Politik an Diplomatie sech ausernaanersetzen. Dëst sollt a fären an an offenen Consulatiounen geschéien.

Ängschten an Onstabilitéit féieren béid zu manner Sëcherheet.

Den transatlanteschen Dialog muss grad elo fiir méi Sëcherheet duerch politesch Stabilitéit stoen.

Partnerschaft, net Konfrontatioun ass gefrot.

Dernière mise à jour