Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2007 (version originale luxembourgeoise)

Le 9 mai 2007, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2007.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Iwwer d'Lag vum Land ginn et esouvill Meenunge wéi et Leit am Land gëtt. Jiddferee vun eis werft op d'Land säin eegene Bléck a projezéiert seng eege Gefiller op et. Jiddferee vun eis bliedert am méi oder manner déckgefëllte Buch vu sengen eegenen Erfahrunge mat Land a Leit a kënnt dann zu senger ureegener Meenung. Kee kuckt mat objektiven Aen. Kee gesäit alles. An trotzdeem schwätze mer alleguer esou wéi wa mer alles géife gesinn.

Ech wollt haut nëmmen iwwer dat schwätze wat an d'Ae stécht. Iwwer dat wat an all Ae stécht an dofir och misst vu jiddferengem gesi ginn. Dat wat just am méi schmuele Bléckwénkel läit, dat loossen ech op der Säit. Ech loossen et op der Säit net well et net wichteg wier, mee well ech fäerten datt ee vum ville Stuerken op den Detail dat Ganzt net méi géif gesinn. Fir dat Ganzt ze gesi geet heiandsdo ee séiere Bléck duer. Heiandsdo muss een awer och e puermol kucke fir dat wat ee gesäit am grousse Ganzen ze gesinn.

Zum grousse Ganze gehéieren net nëmmen d'Ëmstänn an Zoustänn am eegene Land. Och dat wat ronderëm eis lass ass betrëfft eis. Mir bestëmmen eis net eleng. Sou muenches hei zu Lëtzebuerg, wéi an allen anere Länner och, ënnerläit dem Afloss vun dobaussen.

Deen eenzegen Afloss dee mer op den Afloss vun dobausse kënnen huelen deen übe mer an der Europäescher Unioun aus. Wa mer nëmmen an eise Bannegewässer géife schwammen, da géife mer zwar wäit, mee net wäit genuch kommen. Well eisen natierleche Baseng awer dee vun Europa ass kënne mer méi wäit kommen. Duerch Europa kënne mer all Ufer vun der Welt erreechen, si mer méi e grousst an e wichtegt Stéck Welt wéi wa mer eis mat eiser eegener Geografie – déi ass schéin – a mat eiser eegener Demografie – déi ass kleng – misste begnügen. An dofir kann et eis net egal si wéi et an Europa a wéi et mat Europa virugeet.

Haut ass den 9. Mee, den Europadag. Deen dréit dëst Joer eng besonnesch Faarw well mer viru genau 50 Joer déi Réimesch Grënnungsverträg ënnerschriwwen hunn. Am 50. Joer vun der Europäescher Unioun besichen Europa an d'Europäer eist Land iwwer de Wee vum Kulturjoer. Mir organiséieren et heiheem an an der Groussregioun: méi europäesch geet et net. De Succès ass em gewëss wéi esouvill international Stëmmen, och Pressestëmmen, et beweisen. Ech wollt dofir virun allem dem Octavie Modert, mee och dem Koordinator Robert Garcia an hirer Equipe meng onageschränkten Unerkennung soen. Si sinn amgaang Grousses ze leeschten. Hinnen an eis wollt ech soen datt mer d'Kultur no dësem Joer op Orbite wëllen halen. Eise Kultur-Budget hällt sech zanter dem Joer 2000 iwwer engem Prozent vum Budget, en Niveau dee vu bal kengem europäesche Land erreecht gëtt. Mir wäerten och an Zukunft Kultur-Leader bleiwen. Dat entsprécht eisem Selbstverständnis an et mécht de Bléck vu baussen op Lëtzebuerg méi komplett. D'Kulturjoer huet iwwerall an Europa Clichéeën iwwer Lëtzebuerg un d'Wackele bruecht an dat ass gutt esou.

Wann alles an Europa esou gutt géif klappe wéi d'Kulturjoer zu Lëtzebuerg, da wiere mer op der gewonnener Säit. Mee op däer si mer awer net well d'europäesch Unioun nach ëmmer net mat sech selwer eens gëtt.

Den 21. an 22. Juni kommen déi europäesch Staats- a Regierungschefen zu Bréissel zesumme fir e Fahrplan a Saachen EU-Verfassung auszeschaffen. Et geet drëm Europa aus deem Immobilismus erauszeféieren an deem et no dem Ratifizéierungsstop vun der Verfassung versackt ass.

D'Lëtzebuerger hunn den 10. Juli 2005 "Jo" zum EU-Verfassungsvertrag gesot. Si hunn dat mat iwwer 56 Prozent gemaach, en däitleche Jo wéi d'auslännesch Press schreiwt, e klenge Jo wéi d'lëtzebuerger Press seet déi gelungenerweis awer an deene 54 Prozent franséische Nee-Stëmmen e massive Nee gesäit. 56 schéngt méi kleng wéi 54 ze sinn. Dat kann nëmmen dee verstoen deen och dat versteet wat net ze verstoen ass.

De Lëtzebuerger Jo verflicht d'lëtzebuerger Regierung. Eist Verhandlungsmandat fir déi Gespréicher déi kommen ass kloer: déi inhaltlech Substanz vum Verfassungsvertrag muss sech an engem neien EU-Vertrag erëmfannen. Dee Vertrag wäert net méi Verfassungsvertrag heeschen an dofir wahrscheinlech op eng Rei vu verfassungsnoe Symboler verzichte mussen, wéi den europäesche Fändel zum Beispill. Déi eng wäerte fir de Fändel kämpfen, déi aner wäerte géint de Fändel sinn. Eng Debatt iwwer de Fändel wäert et ginn. Sträit ëm de Fändel hoffentlech net. Fändelssträit ass néierens gutt. Mee méi wichteg wéi den europäesche Fändel selwer ass dat firwat e steet. Fir datt en duerch déi Zäit kënnt déi virun eis läit – eng Zäit vun héijer internationaler Komplexitéit an dowéinst och eng Zäit vu grad esou héijer europäescher Responsabilitéit – brauche mer en Europa dat funktionnéiert an decidéiert. En Europa dat seng Kompetenzen do ausbaut wou et der net genuch huet, en Europa dat d'Fangere vun deene Saachen ewech léisst déi besser bei de Member-Staaten an hire Parlamenter opgehuewe sinn. Am Kloertext: d'Integratiounsfortschrëtter zu deenen d'Lëtzebuerger "Jo" gesot hunn, virun allem an de Beräicher Energiepolitik, Kriminalitéitsbekämpfung, Aussen- a Sécherheetspolitik, Sozialpolitik an déi reng institutionnell Effizienzsteierungsmechanisme si fir d'lëtzebuerger Regierung Grondelementer vun engem méiglechen Accord. Doriwwer eraus komme mer op Punkten zréck bei deene mer an de Verhandlungen zum Verfassungsvertrag net vun der Plaz komm sinn. Mir brauchen en Europa – fir dee wichtegste Punkt erauszegräifen – dat méi sozial-politesche Schlëff huet. Dofir si mer fir een ambitiöse Sozialprotokoll. Mir wëllen datt d'Verhandlunge virum Enn vum Joer 2007 ofgeschloss si fir datt deen neie Vertrag fir d'Europawahle vun 2009 a Kraaft triede kann. Ouni neie Vertrag geet Europa e schwéiere Wee. Mat engem neie Vertrag gëtt et an Europa net einfach mee awer méi liicht. Deen neien EU-Vertrag wäert keng supplementar national Souverainetéitsrechter op Europa iwwerdroen. Ech fäerten: éischter wäert de Géigendeel de Fall sinn. Dofir ass aus heiteger Siicht och kee Grond z'erkenne fir deen neien EU-Vertrag per Referendum unzehuelen. D'Lëtzebuerger hunn den 10. Juli 2005 Jo gesot. Et gëtt keng Ursaach op dee Jo zréckzekommen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Et kann eis net egal si wéi d'Politik an Europa dréit a kéiert. Mee och déi wirtschaftlech Entwécklung an Europa, méi prezis déi am Euroraum, léisst eis net kal.

Den Euro ass déi national Währung vu Lëtzebuerg. Mir deele se mat zwielef aneren europäesche Staaten, vum nächsten 1. Januar u mat véierzéng well Malta an Zypern dem Euroraum bäitriede wäerten. Mat hinnen zesumme bilde mer eng Wirtschaftszon déi zu deene selwechte monetäre Bedingunge funktionnéiert.

D'Weltwirtschaft huet 2006 en Totalwuestum vu 5,2 Prozent verzeechent, no 4,8 Prozent am Joer virdrun. 4,8 Prozent: dat schéngt de Maximum ze sinn deen 2007 kann erreecht gi well d'US-Wirtschaft dëst an d'nächst Joer däitlech méi lues dréie wäert.

Déi amerikanesch Wirtschaft leeft manner gutt wéi d'Euro-Economie. D'Euro-Länner hunn et 2006 op e Wuestumsplus vun 2,7 Prozent bruecht, zweemol méi wéi 2005 an zolidd méi wéi an alle Prognose virausgesot. D'Eurozon hat 2006 dat héchste Wuestum zanter 6 Joer. Fir 2007 rechent d'europäesch Kommissioun mat engem Plus vun 2,6 Prozent. D'Inflatioun gesäit se bei ënner zwee Prozent. D'Aarbechtslosegkeet soll weider zréckgoen: nach ni sinn et an der Eurozon an deene leschte 15 Joer esou wéineg Aarbechtsloser ginn. Mee et sinn der selbstverständlech ëmmer nach vill ze vill. Entgéint deem wat behaapt gëtt zerstéiert den Euro keng Aarbechtsplaze well eleng an deene leschte fënnef Joer – zanter der "richteger" Euro-Aféierung - sinn 8 Milliounen neier entstan. An den aacht Joer zënter der "eigentlecher" Euro-Aféierung den 1. Januar 1999 si siwemol méi nei Aarbechtsplazen entstan wéi an den aacht Joer viru senger Aféierung. Déi déi am Euro d'Symbol an d'Instrument vum soziale Réckgank gesi sollte sech déi Zuel opschreiwen.

Well d'Wirtschaft am Euroraum am Joer 2006 op onerwaart héich Toure komm ass ass et och net aus der Mooss verwonnerlech datt den Aussewäert vum Euro sech verstäerkt huet. De Wiesselcours vun enger Währung reflektéiert och d'Kraaft vun de wirtschaftleche Fundamentaldaten – oder besser gesot: e soll se reflektéieren. Den Euro mécht dat, de Yen mécht dat net. Wéi den Euro viru Jore par rapport zum Dollar an d'Gette gaang ass du hu vill Leit – och heibannen – sech iwwer déi schwaach europäesch Währung lëschteg gemaach. Elo wou en opgewäert huet – en hat de leschte 24. Abrëll mat engem Cours vun 1,3649 säin historesch héchste Niveau par rapport zum Dollar erreecht – gëtt sech Suergen – ech hoffen net heibannen – iwwer deen ze staarken Euro gemaach.

Sécher: de staarken Euro ka sech – géif e weider klammen – exportofschwächend auswierken. Mee d'Exporter an hire Volume sinn net eleng ausschlaggebend fir d'Croissance. D'Exporter vun den Eurolänner an d'Net-Eurolänner maachen nëmmen 18 Prozent vum Bruttosozialprodukt vun der Eurozon aus. 82 Prozent vum Bruttosozialprodukt entstinn duerch den "Aussenhandel" an a mat der Eurozon selwer. An an däer gëtt et de Phänomen vun de Währungsschwankungen net méi ënner deene mer fréier – mir als exportorientéiert Natioun nach méi wéi déi aner – sou staark gelidden hunn.

Dee staarken Euro fiedert och den Impakt vun de staark uwuessenden Uelegpräisser op d'Präisser vu Bensin an Diesel of. Ouni den Euro a seng Stabilitéit wiere Bensin, Diesel an Heizungsmazout e gutt Stéck méi deier wéi haut.

Dobäi kënnt – obschon d'europäesch Zentralbank tëschent Dezember 2005 an haut d'Zënsen vun 2 op 3,75 Prozent ugehuewen huet – datt mer ouni Euro zu Lëtzebuerg méi héich Zënsen hätte wéi mat him. D'Tatsaach ass nämlech datt mer zu Lëtzebuerg ee vun deenen héchsten Inflatiounstauxen an der Eurozon hunn – 2,7 Prozent am Joer 2006. Well awer d'europäesch Zentralbank d'Zënse fir de ganzen Euroraum fixéiert, an net fir all Land speziell, a well op Grond vun däer méi niddreger Inflatioun an deenen anere Länner den duerchschnëttlechen Inflatiounsniveau an der Eurozon méi niddreg ass wéi deen dee mir hunn gi mer fir eist Inflatiouns-Fehlverhalen zënspolitesch net méi bestrooft. Mir si wäit ewech vun deene 7, 8, 9 an 10 Prozent Zënsen déi mer an der gudder aler belscher Zäit haten.

Bref: den Euro beweist datt en eng stabil Währung ass. Sou war et geplangt, sou ass et gemaach ginn, sou muss et bleiwen. Den Euro ass e grousse Blitzableiter fir eist klengt Land.

Och de Stabilitéitspakt, dee mer als lëtzebuergesch EU-Presidentschaft am Mäerz 2005 reforméiert hunn, huet seng Prouf bestan. Déi dräizéng Euro-Länner hu mat engem Gesamtstaatsdefizit vun duerchschnëttlech 1,6 Prozent am Joer 2006 hir Negativrekorde vun deene véier Joer virdru gebremst kritt. 2005 louch de Gesamtdefizit nach 0,9 Prozent méi héich. D'europäesch Kommissioun geet dervun aus datt e sech dëst Joer op 1 Prozent zréckentwéckelt an am nächste Joer op 0,8 Prozent fällt. Déi déi um Euro an um reforméierte Stabilitéispakt kee gutt Hoer gelooss hu sinn net op hir Käschte komm.

Iwwer den Euro schwätzen ech net méi laang wéi virun 1999 iwwer de belsche Frang. Den Euro ass wéi gesot eise neie Frang an domat e fundamentalt Element vun eiser nationaler Wirtschaftsuerdnung.

Wéi gesäit s'aus, déi national Wirtschaft? Ass s'an Uerdnung, ass se staark, wou leien hir Chancen, wou lauere Risiken op se, wéi geet et weider mat der Inflatioun? Ech muss déi Froen an dëser Erklärung net verdéiwe well de Wirtschaftsminister dat d'lescht Woch a senger Foire-Ried gemaach huet.

Ech wëll just e puer Bemierkungen zur wirtschaftlecher Entwécklung noschéissen.

1. Eis Wirtschaft ass 2006 ëm 6,2 Prozent gewues, 2,2 Prozent méi wéi 2005, een aussergewéinlecht gutt Resultat. Dat war esou vu kengem virausgesinn a virausgesot ginn. Keen, net den internationale Währungsfong, net d'europäesch Kommissioun an och net de Statec hat mat méi wéi véier Prozent Wuestum gerechent. Dat wat mer zu Lëtzebuerg feststellen, dat ass iwwerall an der Eurozon z'observéiere gewiescht. An der Eurozon war fir 2006 ee Wuestum vun 1,2 Prozent virausgesot ginn. Den tatsächleche Wuestum war awer 2,7 Prozent, méi wéi dat duebelt. D'Euro-Economie insgesamt an all eenzel Deel-Economië vum Euro-Land si méi séier gewues wéi et am Ufank vum Joer 2006 virausgesi konnt ginn.

Während sech am Ausland iwwer Wirtschaftszuelen déi besser wéi erwaard ausfale gefreet gëtt, gëtt sech an dësem Land a muenche Kreeser driwwer mokéiert, d'Regierung hätt d'Croissance net richteg ageschat, hätt vu Kris geschwat, bref géif hiert Handwierk net verstoen. Et gëtt gemaach wéi wann d'Regierung mat diabolescher Perfidie dem Land déi wirtschaftlech Wourecht virenthal hätt.

Wéi konnt et passéieren datt esou en dichtege Mann wéi de Minister vun der Economie, den Här Jeannot Krecké, fir mat dem Tageblatt-Editorialist vum leschte Samschdeg ze schwätzen, de Wirtschaftswuestum zu Lëtzebuerg esou "unglaublich krass unterschätzen" konnt wéi en dat gemaach huet. Dat konnt passéiere well mer bei der Festleeung vun der lëtzebuergescher Wirtschaftsexpansioun hu mussen op d'Wuestumsprognosen déi d'Nopeschlänner fir sech selwer opgestallt haten zréckgräifen. Ausserdeem konnt en net ignoréieren datt d'europäesch Zentralbank an d'europäesch Kommissioun den Eurowuestum mat 1,2 Prozent fir 2006 ugesat haten. Den Här Krecké huet also seng Prognose-Aarbecht, déi en dem Finanzminister am Hierscht 2005 zougestallt huet, op Grond vun deenen zur Verfügung stehenden Date virgeholl an en huet se richteg gemaach. D'Wirtschaftsministere vun deenen aneren europäesche Länner hu sech genau esou positiv getäuscht wéi hien.

Engem anere genau esou dichtege Mann war et an de Joren 2001, 2002 an 2003 ähnlech, mee anescht, nämlech ëmgedréit gaang: dem fréiere Minister vun der Economie, dem Henri Grethen. Hat den Här Krecké d'Wirtschaftswuestum ze niddreg ugesat, sou hat hien et ze héich ugesat. Du sinn der Finanzplaz eng Rei Geschäftsfelder ewech gebrach: aus die Maus.

Wat léiert een aus den Häre Grethen a Krecké hire "krasse Fehlaschätzungen"? Et léiert een doraus datt d'Wirtschaftswuestum zu Lëtzebuerg an engem onwahrscheinleche Mooss vun den Wirtschaftsperformance vum Ausland ofhänkt. An nach méi vun den Aktivitéite vun der Finanzplaz. Si ass de Motor vun eiser Wirtschaft. Wann dee Motor brummt da klëmmt d'Wirtschaftsleeschtung. Wann dee Motor tuddelt da fällt se. Mir si gutt berode wa mer ëmmer am Kapp hunn datt d'Finanzplaz géint ee Formverloscht net gefeit ass.

Am Ufank vun dësem Jorzéngt schénge mer dat alleguer besser am Kapp gehat ze hu wéi elo. Wéi op der Finanzplaz an de Joren 2001, 2002 an 2003 méi lues getrëppelt ginn ass, dunn huet jiddfereen heibannen – an net nëmmen heibannen – haart gesot mir dierften eis strukturell Ausgabeprogrammen net no de konjunkturelle Spëtzeleeschtunge vum Finanzsecteur ausriichten. Dat wat deemools richteg war dat ass haut net falsch.

2. Wann eng Economie esou wiisst wéi eis da kann een net soe se géng an der Kris stiechen.

Och wa se, wéi d'lescht Joer ëm dës Zäit ugeholl ginn ass "nëmmen" véier Prozent méi staark am Joer 2006 gi wier hätte mer net vu Kris kënne schwätzen. Ech hat dofir och am Mee 2006 meng Ried heibanne mam Saz ugefaang: "Eis Wirtschaft ass net an der Kris". Trotzdeem gëtt all Woch x-mol behaapt, d'Regierung géif dat Wuert "Kris" andauernd am Mond féieren an domat de Leit d'Flemm andreiwen. Kee Virworf ass méi falsch wéi deen: mir si frou iwwer eis kollektiv Wirtschaftsleeschtung. Mee mir notze se net zu interesséierte Propagandazwecker. Mir kucken dem Wirtschaftswuestum ënner de Lepp, duerchliichten en a probéieren a seng eenzel Kompartimenter eranzegesinn. An da gesi mer – une fois de plus – datt virun allem de Finanzsecteur, deen een Drëttel vun eiser Wirtschaftsleeschtung ausmécht, eis Wirtschaft direkt an indirekt zitt. D'Industrie ouni d'Sidérurgie wiisst däitlech manner lues wéi de Volume vun de Finanzaktivitéiten. Eenzel Industriebranchen hu sech zwar staark verbessert, anerer tendéieren awer ferm no ënnen. Fazit Nummer eent: eis Wirtschaft wiisst net gläichméisseg, d'intersektoriell Wuestumsdifferenzialer si grouss. Fazit Nummer zwee: d'Politik muss der Variétéit vun der Industrielandschaft – datselwecht gëllt fir Handel an Handwierk – Rechnung droe wa s'allgemeng Regele wëllt erloossen déi ënnerschiddlech gutt gestallte Secteuren a Betriber gläichméisseg treffen.

3. Sectoriell ajustéiert Wirtschaftsinitiative ginn ëmmer méi wichteg. Dofir gëtt een neie Mëttelstandsprogramm opgeluecht. Dofir kënnt een neien – deen Aachten – 5-Joresplang fir den Tourismus dee vun 2008 bis 2012 wäert lafen. Dofir kënnt een neit Agrargesetz mat enger Lafdauer vu siwe Joer. Dofir dauert et vun 2008 un nach just eng Woch fir vum Mëttelstandsminister eng Betribsgenehmegung ze kréien. Dofir fuere mer viru mam Ofbau vun der administrativer Belaaschtung vun de Betriber. Dofir bleiwt d'SNCI op mëttelstandsfrëndlechem Cours: si huet am Joer 2006 dem Handwierk, dem Handel, der Hôtellerie an der Restauratioun deen héchsten Equipementskreditniveau zanter hirer Grënnung viru genau 30 Joer accordéiert, 50 Prozent méi wéi nach 2005.

4. Et wier net richteg iwwer d'Wirtschaft a virun allem iwwer de Mëttelstand ze schwätzen ouni e puer Remarquen zum Thema Eenheetsstatut ze maachen.

Virun engem Joer hunn ech hei op der Tribune gesot, nodeem ech de prinzipiellen Accord vun alle Sozialpartner zum Eenheetsstatut begréisst hat, et géife "keng einfach Weeër" zu him ginn. Ech louch mat däer Prognose net total derniewent well mir sinn nach ëmmer net do wou mer emol eng Kéier zesummen hi wollten.

De Wëlle vun der Regierung, fir um Ufank vum 21. Jorhonnert zwee Statuten zesummenzeféieren déi zesummegehéieren, ass ongebrach. Ech hu bis haut nach vu kengem ee prinzipiellt Argument géint den Eenheetsstatut héieren. Keen ass opgestan an huet gesot, et wier richteg, datt d'Aarbechter fir eng Iwwerstonn méi e klengen Opschlag kréie wéi Privatbeamten. Keen. Ergo musse mer eng Léisung sichen déi sécher stellt datt a Punkto Iwwerstonnen d'Diskriminéierungen ophalen. Ech hunn dem Patronat a senge verschiddenste Formatiounen a menger Qualitéit als Finanzminister Propositioune gemaach wéi een iwwer de Wee vu Cotisatiounsbefreiunge vun der Majoratioun fir Iwwerstonnen an iwwer de Wee vu steierlechen Ofsenkungen um integralen Iwwerstonnesegment zu enger Léisung komme kënnt déi d'Gläichheet vun den Aarbechter a Beamte garantéiert an d'Betriber net méi belaascht. Wat d'Lounfortzahlung fir d'Aarbechter ugeet hunn d'Ministeren Di Bartolomeo a Biltgen, deenen ech hei eng propper Aarbecht attestéiere wëllt, Virschléi gemaach déi den abusiven Absenteismus, dee besonnesch déi kleng Betriber fäerten, staark ofbremsen, Virschléi och déi e finanziellt Garantienetz fir déi Betriber spane géifen.

Et bleiwt beim Versprieche vun der Regierung – gemeinsam mat de Sozialpartner an der Tripartite formuléiert – datt d'Aféiere vum Eenheetsstatut keng supplementar finanziell Charge fir d'Economie als Ganzt däerf mat sech bréngen. Grad esou bleiwt et beim Verspriechen datt sektoriell Schwieregkeeten déi enstoe kënnen aus dem Wee musse geraumt ginn.

Déi Äntwerte fënnt een net wann een dauernd am Krees dréit. Déi déi verhandelen däerfe sech selwer net dronke maache soss fanne se de richtege Wee ni. Et däerf een och déi net dronke maachen déi bei de Verhandlungen net selwer derbäi sinn an déi ganz dacks net wësse wou de Ball grad drun ass. Eenzel Patronatsfunktionäre sinn amgaang sech selwer z'ëmdribbelen. Esou schéisst ee kee Gol. A wann ee fir eng Federatioun stiermt, da soll ee Goler schéisse statt déi eng Equipe géint déi aner opzestëppelen. Et huet och nëmme limitéiert Wäert dem Arbiter dauernd Bréiwer ze schreiwen deenen hiren Inhalt dem eigentleche Spillverlaf scho laang net méi entsprécht. Deem fällt souwisou d'Päif net esou séier aus dem Mond.

D'Regierung wëllt déi zwou Säite, Gewerkschaften a Patronen, vun hiren Argumenter a Propositiounen iwwerzeegen. Si huet vill nogelauschtert an nogeduecht. Si huet hir Positioun e puermol de Vuë vun de Sozialpartner ugepasst. Mir mussen elo zum Ofschloss kommen – a mir kommen och elo zum Ofschloss. A mir mussen zesumme beweisen datt mer et zu Lëtzebuerg kollektiv fäerdeg brénge wichteg Strukturreformen duerchzeféieren. Zum gudde vum Land an zum Avantage vu jiddferengem.

5. D'Aféiere vum Eenheetsstatut geschitt net op d'Käschte vun der Kompetitivitéit vun eise Betriber. Déi hu mer duerch Gesetzer an Tripartitebeschlëss d'lescht Joer gefestegt. Ech leeë Wäert drop datt d'Accorden tëschent Sozialpartner a Regierung am richtege Geescht exekutéiert ginn. Dat zielt och a grad fir d'Indexéierung vun de Léin a Gehälter. Zu däer Fro hat ech a menger Ried vum leschte Joer eng kristallkloer Ausso gemaach. "An de Joren 2006, 2008 an 2009", sou hunn ech gesot, "erfällt nëmmen eng Indextranche. Am Joer 2007 erfällt keng eng." Domat ass de Geescht vum Tripartiteaccord an d'Intentioun vun der Regierung eendäiteg beschriwwen: wann et am Joer 2007 entgéint den ursprünglechen Erwaardungen zu kenger Indextranche kënnt, da gëtt déi déi am Joer 2008 erfällt net annuléiert, mee da gëtt s'ausbezuelt.

6. Meng sechsten Umierkung betrëfft déi vun der EU-Kommissioun proposéiert integral Liberaliséierung vun de Postservicer. De Postmonopol dee mer fréier kannt hu besteet haut nach just fir de Courrier ënner fofzeg Gramm. Dëse Monopol soll den 1. Januar 2009 auslafen. D'Lëtzebuerger Regierung wäert géint déi Direktiv stëmme well mer gäer hätten datt d'Post dee Monopol behällt. De Wirtschaftsminister ass iwwer déi Fro a Kontakt mat dem zoustännegen EU-Kommissär a mat de Regierunge vun anere Memberstaaten déi déi Fro esou gesi wéi mir. Mer hunn och Kontakt opgeholl mam Rapporteur vum Europa-Parlament dat an dëser Matière co-legiferéiert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Mir sinn eis driwwer eens datt Lëtzebuerg Gefor gelaf ass 2003 an d'Kris ofzerëtschen, esou wéi dat méi wéi engem vun eisen Nopere geschitt ass. Eis Economie huet resistéiert, huet sech erkrabbelt a steet haut erëm méi fest do. Kee soll de Mérite dofir fir sech eleng reklaméieren. Wéi ëmmer wann et gutt geet ware mer et alleguer.

D'Fro ass ob et de Staatsfinanzen och gutt geet.

D'Äntwert op déi Fro läit op der Hand: et geet hinne besser wéi nach virun zwee Joer mee et geet hinnen net esou gutt wéi et der Economie geet. An esou wéi een d'Economie an all hire Quartierë muss besiche fir se besser ze begräifen, sou muss een och d'Staatsfinanze kompartimentéieren a sezéiere fir ze gesi wou mer hierkommen a wou mer stinn.

D'Staatsfinanze muss een op laang Siicht kucken. Et muss een am Kontebuch zréckbliedere fir sech déi Säiten déi eréischt geschriwwe gi besser kënne virzestellen. Mir mussen dobäi eis öffentlech Finanzen an hirer ganzer Breet gesinn. Si setze sech aus dräi verschiddenen Deeler zesummen. Aus dem Budget vum Zentralstaat, dat heescht dee Budget deen dir heibanne stëmmt plus d'Ausgabe vun den Investitiounsfongen an den öffentlechen Etablissementer. D'öffentlech Finanze beinhalten ausserdeem d'Budgetë vun de Gemengen an zu gudder Lescht d'Ausgaben an d'Einnahme vun der Sécurité sociale.

Loosst mer emol an d'Zuelebuch vun de leschten zéng Joer bliederen.

Loosst mer emol den Op an Of vun eisen öffentleche Finanzen tëschent de Joren 1996 an 2006 Revue passéieren, also sämtlech Einnahmen an Ausgaben, sämtlech Zuelen a Finanzfakten déi relevant sinn.

Wat gesi mer do? Mir gesi villes wat mer vergies hunn. Vun 1996 bis 2003 hunn eis öffentlech Gesamtfinanzen – Staat, Gemengen, Sécurité sociale – mat engem Iwwerschoss ofgeschloss: 1996 mat engem Prozent, 1997 mat 3,5 Prozent, 1998 mat 3,2 Prozent, 1999 mat 3,3 Prozent, 2000 mat 5,9 Prozent, 2001 mat 6 Prozent, 2002 mat 2,1 Prozent, 2003 mat 0,4 Prozent.

2004 ass aus deem Iwwerschoss een Negativsaldo vu Minus 1,2 Prozent ginn deen 2005 op Minus 0,3 Prozent zréckgefall ass fir am Joer 2006 erëm liicht positiv ze ginn: plus 0,1 Prozent.

Mir mussen also feststellen: vun 2000 bis 2004, also an nëmme fënnef Joer, huet sech eis Gesamtbilanz ëm 7,1 Prozent par rapport zum Bruttoinlandprodukt verschlechtert. Ëm ronn 1 Milliard 620 Milliounen Euro. Esou séier kann dat goen. An esou séier vergësst een dat.

Grad esou instruktiv ass d'Entwécklung vum eigentleche Staatsbudget, dem Budget vum sougenannten Zentralstaat, vun deem Budget also fir deen eleng d'Chamber an d'Regierung Verantwortung droen. De Budget vum Zentralstaat war – tiens – 1996 mat Minus 0,4 Prozent am Defizit, am Joer 1997 mat 2,1 Prozent am Boni, grad ewéi an de Joren 1998 an 1999 mat 1,4 respektiv 1,5 Prozent. An de Joren 2000 an 2001 huet den Iwwerschoss vum Zentralbudget all Kéier 2,8 Prozent ausgemaach, fir sech dann am Joer 2002 brutal an en Defizit vun 0,5 Prozent ze verwandelen, Tendenz steigend well en ass am Joer 2003 op Minus 1,3 Prozent ugewues fir am Joer 2004 säi bisheregen Héchststand vu Minus 2,7 Prozent z'erreechen. Am Joer 2005 huet e sech op Minus 1,5 Prozent ofgesenkt a mat Minus 1,6 Prozent ass en 2006 grosso modo deeselwechte bliwwen.

Mir gesinn: aus engem Plus vun 2,8 Prozent am Joer 2001 ass ee Minus vun 2,7 Prozent am Joer 2004 ginn – Differenz 5,5 Prozent – an ee Minus vun 1,6 Prozent am Joer 2006 – Differenz 4,4 Prozent. Et hunn – fir et an Zuelen ze soen - dem Zentralbudget am Joer 2006 500 Milliounen Euro, 20 Milliarden al lëtzebuerger Frang, gefeelt fir säi Finanzlach zouzekréien. An dat trotz 6,2 Prozent Wirtschaftswuestum! An deem Joer 2006 an deem d'Wirtschaft ëm 6,2 Prozent gewues ass hu mer méi Souen ausgi wéi mer Souen erakritt hunn. Fir dee Feelbetrag vun 1,6 Prozent ze decken – et kann no enger endgülteger Iwwerpréifung e bësse manner ginn - hu mer mussen an d'Reservekëscht vun de Staatsfinanze gräifen an hu mer musse Soue léine goen. Et féiert also kee Wee laanscht d'Noutwendegkeet déi budgetär Konsolidéierungsefforten, dat heescht d'Politik vum Defizitofbau virunzeféieren. Dës Konsolidéierungseffortë musse struktureller Natur sinn, dat heescht hir Effetë mussen ee mëttelfristeg bleiwende Charakter hunn. A si mussen op der Ausgabesäit vum Zentralbudget ugesidelt ginn. Den Zentralbudget däerf sech net exklusiv iwwer konjunkturell bedéngte steierlech Mehreinnahme finanzéieren. Dës Mehreinnahme sinn am Joer 2006 souwisou net duergaang fir säin Defizit auszegläichen. An déi Mehreinnahmen déi mer kritt hunn hunn zudeem ee volatilen a fragilen oder awer een eemolege Charakter.

Absolut eemoleg sinn déi Mehreinnahmen déi mer am Zesummenhank vun der Arcelor-Mittal-Fusioun realiséiert hunn: iwwer 600 Milliounen Euro vun deene ronn 400 Milliounen emol net, no de Maastricht-Regelen, als Budgetsrecette kënne gebucht gi well een de Verkaf vu staatleche Partizipatiounen net an d'Recettekolonn vum Zentralbudget däerf androen. Egal wéi: ouni Arcelor-Mittal-Operatioun wier den Defizit vum Zentralstaat méi grouss wéi e war an aus deem liichten Iwwerschoss vun den öffentleche Gesamtfinanze wier een Defizit ginn, trotz deenen anere Konjunkturmehreinnahmen déi mer kritt hunn.

Zu dësen anere supplementare Konjunkturrecette wier villes ze soen.

Ech wollt haut just dat heite soen: déi supplementar Konjunkturrecette fléissen dem Zentralbudget an deenen nächste Joren net automatesch zou. Si sinn nach ni automatesch komm. Ech ginn iech als Beispill d'Taxe d'abonnement.

Mir hunn 2006 617 Milliounen Taxe d'abonnement kasséiert, 157 Milliounen Euro méi wéi erwaard, 124 Milliounen Euro méi wéi 2005. Dat ass eng typesch Recette, déi vun der Taxe d'abonnement, op déi ee sech net verloossen däerf. Wann et der Finanzplaz an de Boursë gutt geet, da kritt ee vill Taxe d'abonnement. Wann et hinne schlecht geet, da kritt een der manner, vill manner. Déi rezent Experienz weist dat. Am Joer 2003 – d'Finanzplaz an d'Boursen hunn du manner floréiert – krute mer nëmmen 357 Milliounen Euro Taxe d'abonnement, 260 Millioune manner wéi am Joer 2006. D'Taxe d'abonnement ass schon dacks zréckgaang. Huele mer emol eng Sekonn u se wier 2006 op den Niveau vun 2003 ofgesackt: d'Lach am Zentralbudget géif net 505 Millioune bedroen, mee 765 Milliounen. Mir hu selwer keen Afloss op déi Recette, si ass reng konjunkturbedéngt. Also däerf een déi 157 Milliounen Euro déi mer méi erakritt hu wéi erwaaard net huele fir dauerhaft strukturell Ausgabe mat hinnen ze finanzéieren. Wann d'Finanzkonjunktur sech negativ entwéckelt, da bleiwen d'Ausgaben, déi strukturell sinn, bestoen an d'Einnahmen, déi konjunkturell sinn, bleiwen aus. An dann hu mer iwwer Nuecht een neit Finanzéierungslach dat een nëmme mat däer gréisster Méi gestoppt kritt, nämlech via Aspuerungen op anere Plazen. A fir déi Aspuerunge gëtt et da kee Versteesdemech weder an der Chamber nach am Land well bis dohi vergies ginn ass mat wat fir konjunkturbedingte Soue mer déi strukturell ugeluechten Ausgabeprogrammer finanzéiert hunn.

Dat wat ech iwwer d'Taxe d'abonnement gesot hunn, kënnt ech och iwwer d'Kapitalsteier soe wou mer 208 Millioune méi erakritt hunn, am Joer 2006, wéi geduecht. Och si, d'Kapitalsteier, ass largement konjunkturell bedéngt.

Wann ech déi zwee Beispiller zesummeleeën – d'Taxe d'abonnement, d'Kapitalsteier – da gesi mer datt mer am Joer 2006 eng reng konjunkturell bedéngte Supplementarrecette vun 157 plus 208 ass 365 Milliounen Euro haten. Wier s'ausbliwwen – a mar ka s'ausbleiwen – da wier den Defizit vum Zentralbudget net 505 Millioune mee 870 Milliounen, net 1,6 Prozent mee 2,6 Prozent gewiescht. An da wier aus dem öffentleche Gesamtfinanzboni vun 31 Milliounen een Defizit vun 334 Milliounen Euro ginn.

Wat ech Iech mat deenen Zuelen a Beispiller wëll soen ass dat hei: loosst mer net op Grond vun de gudde Wirtschaftsdate vun elo a finanziell Euphorie fir d'Zukunft verfalen. Loosse mer seriös bleiwen. Dat ass besser fir eis. Dat ass och besser fir déi déi no eis kommen.

Nach eng Kéier: et ass eis finanziell méi séier besser gaang wéi geduecht. Et ass den öffentleche Finanzen am Joer 2006 méi séier besser gaang well d'Konjunkturentwécklung an der Eurozon onerwaart staark war a well mer bei der Exekutioun vum Budget op muenech Depense, notamment op 153 Milliounen Euro Investitiounsdepensen, bewosst verzicht hunn. Mee et geet eis awer nach net gutt a wa mer net seriös bleiwe kann et eis ganz séier erëm méi schlecht goen.

All déi Erklärungen an all déi Warnungen – à condition datt mer se net ignoréiere just well s'eis de Moment stéieren – kënne mech net dervun ofhalen, d'Joer 2007 positiv ze gesinn.

Déi gesond Konjunkturentwécklung geet weider, och wa se sech vläicht e bëssen ofschwächt. De Statec seet eng Croissance fir d'Joer 2007 vu 4,5 Prozent viraus, eng Schätzung déi mer ze konservativ schéngt. Ech fir mäin Deel mengen d'Wirtschaft géif méi wéi 5 Prozent dëst Joer wuessen.

Ech mengen och datt den Iwwerschoss vun allen öffentleche Finanze méi héich um Enn vun dësem Joer a vum nächste Joer wäert si wéi um Enn vum leschte Joer. Dat weisen d'Steierrecetten déi mer an den éischte véier Méint vun dësem Joer erakritt hunn. Et komme méi Lounsteier, méi Taxe d'abonnement a méi TVA era wéi geplangt. D'Recette bleiwen dynamesch. Dës konjunkturell Dynamik wäert sech awer nëmmen da positiv op d'Ennzuele vun de Budgeten 2008 an 2009 auswierke wann déi am Parlament votéiert an an der Tripartite decidéiert provisoresch strukturell Moossnahmen ouni Changementer applizéiert ginn. Bref: d'Politik muss bleiwe wéi s'ass!

Si muss esou bleiwe wéi s'ass – nämlech seriös a responsabel – well mer ganz genau wësse wat fir finanziell Belaaschtungen an den nächste Joren op eis Finanzen zoukommen. Ech wëll nëmmen e puer Ausgabebléck kuerz an Erënnerung ruffen.

  • Déi staatlech Bedeelegung un de Kannergeld-, Pensiouns- a Krankekeese wäert am Joer 2009 2,9 bis 3 Milliarden Euro kaschten. Zweemol méi wéi am Joer 2000.

  • Fir d'Schoul musse mer a wëlle mer an den nächste Joren am Schnëtt tëschent 1100 an 1200 Milliounen Euro zur Verfügung stellen. Zweemol méi wéi am Joer 2000.

  • An de Spideeler – an den nächste Méint gëtt iwwregens een neie Spidolsplang virgeluecht – mussen iwwer 500 Milliounen investéiert ginn, an den Altersheimer 150 Milliounen, insgesamt 650 Milliounen.

  • Fir de Klimaschutz brauche mer kleng gerechent 500 Milliounen.

  • D'Wunnengsbaupolitik huet e Besoin vun 300 Milliounen.

  • De Fonds du rail brauch an deene kommende Joren iwwer 200 Milliounen an den öffentlechen Transport 250 Milliounen – iwwer 10 Milliarden lëtzebuerger Frang – vun 2008 un.

  • Dat neit Agrargesetz wäert 367 Millioune kaschten.

  • De Beschäftegungsfong kënnt bis 2009 op e Finanzbesoin vun 1,9 Milliarden Euro.

  • D'Uni Lëtzebuerg kritt bis 2009 200 Milliounen Euro, an "d'Cité des Sciences" op Belval musse ronn 560 Milliounen investéiert ginn. De Gesamtinvestitiounsbudget vum Staat wäert bis 2009 iwwer dräi Milliarden Euro an Usproch huelen.

  • Fuerschung an Innovatioun musse mat 500 Miliounen Euro méi bedéngt ginn.

  • An d'Kannerbetreiung sinn am Joer 2005 84 Milliounen Euro gefloss, 2006 106 Milliounen Euro, ee Plus vun 22 Milliounen. An de Joren 2007, 2008 an 2009 – mir brauchen 10.000 Plaze méi vun elo bis 2009 – musse mer 390 Milliounen Euro virgesinn. Dozou eng Remarque: et héiert an et liest een d'Regierung géif via Desindexéierung vum Kannergeld an anere Familljenzoulagen zolidde Sozialofbau bedreiwen. Déi Remarque ass falsch: d'Desindexéierung ass am Kontext vun der Strukturoprëschtung fir d'Familljen ze gesinn. Am Joer 2009 kascht d'Kannerbetreiung 144,5 Milliounen Euro, duerch d'Desindexéierung "spuere" mer am selwechte Joer nëmme 67 Milliounen Euro. Duerch déi Politik déi op Sachleeschtunge setzt, op e bessert Matenee vu Beruff a Famill, an net exklusiv op Geldleeschtungen déi mer och nach exportéiere mussen entsteet de Familljen ënner dem Strich een Netto-Plus-Betrag vu 77,5 Milliounen eleng am Joer 2009. Dat ass kee Sozialofbau. Am Géigendeel. 'T ass d'Finanzéierung vu sozialem Fortschrëtt fir d'Familljen.

Här President,

Dat waren elo grad an och schon éinescht vill Zuelen. Et muss ee se kenne fir ze verstoe wou mer stinn a wouhinner mer ginn. Wann ee se kennt – an och zur Kenntnis hëllt – da weess ee wéi falsch déi leien déi eis arieden et misst Schluss si mat der sougenannter Spuerpolitik, da weess een datt et net richteg ass fir ze behaapte mir géifen am Geld schwammen an um Geld géif et net feelen, da weess een datt mer Geld, vill Geld brauchen, da weess een datt d'Ausgabe méi sécher si wéi d'Einnahmen, da weess ee fir wat datt d'Tripartitemoossnahme musse bäibehal ginn, da weess een datt de Virworf vum Sozialofbau net stëmmt, da weess een datt de Sozialbudget staark klamme wäert, da weess een – wann ee bereet ass déi Zuelen zur Kenntnis ze huelen – fir wat datt d'Regierung d'Spendéierboxen net kann undinn. Regéieren heescht net lamentéiere well dofir gëtt et hei zu Lëtzebuerg keng Ursaach, regéieren heescht net spendéiere well mir schwammen net am Geld, regéieren heescht geréieren an imaginéiere fir datt mer mar an iwwermar net ruinéieren.

Anescht gesot: wann d'Konjunktur jauwt an d'öffentlech Finanzen erëm a Form kommen da soll ee spueren an d'Souen op d'Säit leeë fir se dann ze hu wann d'Konjunktur nees méi lues trëppelt an d'öffentlech Finanzen ausser Otem kommen. Genau dat hu mer decidéiert. Genau dat wëlle mer och maachen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Aus all deem wat ech iech bis elo virgedroen hunn ergëtt sech fir d'Budgetë vun de Joren 2008 an 2009 eng zwéngend Konklusioun: si musse méi lues klamme wéi Wirtschaftswuestum an Inflatioun zesummegeholl.

Mee wat fir Konsequenzen ergi sech aus deem wat ech gesot hu fir d'Steierpolitik?

Wann et ëm d'Steiere geet dann hällt de Spaass op.

D'Steierzueler hunn ëmmer d'Gefill si géifen zevill Steiere bezuelen. A wa s'eng Zäit laang dat Gefill net hunn da kréie se vun interesséierter Säit pausenlos suggeréiert et wier héich Zäit d'Steieren erofzesetzen. Da gëtt vergiess datt mer am Zentralstaat 500 Milliounen Euro – 20 Milliarde lëtzebuerger Frang – Defizit hunn an datt mer es nach méi hätte wa mer net op konsiderabel supplementar Konjunkturrecetten an op exzeptionnel Steiervolumen déi sech net automatesch reproduzéieren zréckgräife kënnten.

D'Aufgab vum Finanzminister – a fortiori wann en och nach Staatsminister ass – besteet dran an der Steierpolitik en Ënnerscheed tëschent deem ze maache wat méiglech ass an deem wat néideg ass. E mécht sech domat net beléift. Mee well ech mech a Saache Steiere schon e puermol onbeléift gemaach hu kënnt et op eng Kéier méi net un.

Wat ass néideg? Wat ass eigentlech néideg a punkto Besteierung vun de Privatpersounen?

Mir hunn an eisem Steiertarif eppes wouno d'Belsch, d'Fransousen an déi Däitsch sech d'Fanger géife lecken, nämlech eng ganz breet steierfräi Akommeszon. Am Frankräich bezillt eng Koppel vun engem besteierbare Joresakommes vu 4.412 Euro u Steieren, an der Belsch vu 5.940 Euro un an an Däitschland vu 15.329 Euro un. Zu Lëtzebuerg hu mer e Grondfräibetrag vun 19.500 Euro. Eréischt wann eng Koppel ee besteierbart Akommes vun 19.500 Euro verdéngt fänkt de Staat u matzeverdéngen. Dëse Grondfräibetrag ass zanter 1990 – deemools louch en op 340.800 Frang oder 8.448 Euro – véiermol ugehuewe ginn: 1991, 1998, 2001 an 2002. Zanter 1990 mécht den Accroissement vum Aganksseuil vum Steiertarif 131 Prozent aus, véiermol méi wéi den Accroissement vun der Inflatioun an däerselwechter Period. Véiermol méi!

D'Belsch an déi Däitsch wieren och begeeschtert wa bei hinnen den Agankssteiersaz esou niddreg wier wéi bei eis. Sou läit en an der Belsch bei engem Akommes vu 5.940 Euro bei 25 Prozent, an Däitschland bei engem Akommes vu 15.329 Euro bei 15 Prozent. Zu Lëtzebuerg läit e bei 8 Prozent vun engem Akommes vun 19.500 Euro un.

Mer hunn also deen héchste Grondfräibetrag an deen niddregsten Agankssteiersaz. Dat hu mer gemaach well mer déi kleng Revenuë schounen an déi sougenannten onqualifizéiert Aarbecht net besteiere wëllen.

Dobäi kënnt datt mer – ech wëll dat just en passant soen – hei zu Lëtzebuerg mat 15 Prozent deen niddregsten TVA-Saz wäit a breet hunn: an Däitschland läit den Normalsaz vun der TVA bei 19 Prozent, am Frankräich bei 19,6 an an der Belsch bei 21 Prozent. Ee vill méi héicht Kannergeld a vill méi niddreg Soziallaaschten rënnen dat sozialt Bild of.

Och déi déi méi, vill a ganz vill méi verdéngen, gi léiwer zu Lëtzebuerg besteiert wéi am Ausland. Engem Spëtzesteiersaz vu 50 Prozent an der Belsch, 48 Prozent am Frankräich a 45 Prozent an Däitschland steet ee Spëtzesteiersaz vun 38 Prozent zu Lëtzebuerg géintiwwer. Dat ass manner wéi déi 59 an déi 56 Prozent op déi Dänemark a Schweden et bréngen.

Generell ass ze soen datt duerch déi verschidden Tarifreformen an Inflatiounsupassunge vum Tarif vun 1990 bis haut d'Steieren insgesamt an deene 17 Joer 3,4 mol méi séier gefall si wéi d'Inflatioun geklommen ass.

Op d'laang Siicht zréckgekuckt hu mer also eng Upassungsavance op d'Inflatioun an alles anescht wéi ee Retard.

Ech wollt dat alles emol an Erënnerung ruffen ier mer an de Steiergaart kraude ginn.

Och wa mer eise Steiertarif wäit iwwer d'Inflatiounsprogressiounszon eraus ugepasst hunn, da bleiwt eppes wouer: wa mer d'Compteuren am Joer 2002 – d'Joer vun däer leschter Tarifreform – op Null setzen a wa mer vergiessen datt mer eng Avance op d'Inflatiounsupassung hunn, da misste mer eng Inflatiounsberengegung vum Tarif vun 12 Prozent virhuelen. Da géif – well ee Prozent Tarifberengegung ronn 25 Milliounen Euro kascht – fir d'Joer 2008 ee Steierausfall vu ronn 300 Milliounen Euro ausmaachen.

300 Milliounen Euro: dat si vill Souen. Vill Soue fir déi déi se bezuelen, woubäi ee muss wëssen datt an de Joren 2003, 2004, 2005 an 2006 iwwer 33.500 Aarbechtsplazen entstan sinn esou datt et normal ass datt den Ertrag vun der Lounsteier schon eleng dowéinst staark klëmmt. 300 Milliounen Euro, dat sinn och vill Soue fir de Finanzminister – woubäi ee muss bedenken datt mer am Budget vill volatil Steierrecetten hunn: déi honnerte Milliounen Taxe d'abonnement kënne mar fort sinn, déi 220 Milliounen Euro TVA op dem elektroneschen Handel och. Wann eleng déi lescht genannten Einnahmequelle verdréchne weess ech net wéi mer a woumat mer Crèchen a Schoule bauen déi mer dringend brauchen, wéi mer a woumat mer déi dräi Milliarden Euro öffentlech Investitioune finanzéieren, weess ech net wéi mer a woumat mer Recherche, Uni a Spideeler an Altersheimer bezuele sollen.

Alles dat ass ze bedenke wann iwwer Steiererliichterunge geschwat gëtt. Net nëmmen de Staats- a Finanzminister huet dat ze bedenken. Jiddfereen huet dat ze bedenken.

Grad wéi jiddfereen och Folgendes bedenke soll: mir hunn ofgemaach ee Steierkredit – ee Crédit d'impôt – fir bestëmmten Akommeskategorien anzeféieren. Och dee kascht méi oder manner vill. Ech wäert mat de Sozialpartner am Juni an am Juli doriwwer verhandelen. Dëse Steierkredit muss op der Zomm finanzéiert ginn déi fir d'Inflatiounsupassung vum Tarif reservéiert gëtt an dat wäerte manner wéi 300 Millioune sinn. An anere Wierder: et kënnt – vläicht op zwee Joer verdeelt – zu enger Upassung vum Tarif. Si wäert a si muss prozentual méi däitlech ausfale fir d'Kleng- a Mëttelverdénger wéi fir d'Spëtzeverdénger déi méi Solidaritéitsreserven hu wéi anerer. Steierreduktiounen, Steierkredit, budgetär Bedienung vun den Ausgabeprioritéite vum Staat an d'Berücksichtigung vun de mëttelfristege Risiken op der Säit vun de Recette mussen zesumme betruecht ginn. Fest steet awer elo schon datt den direkte Steierregime vun de Bestuetenen op Leit déi am Partenariat zesummeliewen ausgedehnt gëtt. Bis haut sinn iwwregens 569 Partenariater deklaréiert ginn, dovun 120 tëschent Gläichgeschlechtlechen. Ech hunn och d'Steierverwaltung gebieden déi rezent Steierpropositioune vum ADR duerchzerechnen.

Här President,

Och wat d'Betribsbesteierung ugeet ass d'Fro wat néideg a wat méiglech ass.

Ech hu gesot fir d'Privatpersoune kënnten et keng massiv Steiererliichterunge ginn. Datselwecht ass wouer fir d'Betriber. Wéi ech 1989 Finanzminister gi sinn hat d'Besteierung vun de Betriber een Niveau vu 40,62 Prozent erreecht. Mir hunn entretemps d'Gewerbekapitalsteier ofgeschaaft – géint vill Widderstänn wéi ech mech weess z'erënneren. Mir hunn de Kierperschaftssteiersaz entretemps op 22 Prozent zréckgefouert. Resultat: déi duerchschnëttlech Besteierung vun de Betribsgewënner ass vun 40,62 Prozent op 29,23 Prozent zréckgefall, d'Betriber behalen 2007 70,37 Prozent vun hirem Gewënn, 1989 konnte se just 59,38 Prozent behalen. Differenz: ee Plus vun 11 Prozentpunkten.

D'Betriber bezuelen een nominale Kierperschaftssteiersaz vun 22 Prozent. Effektiv bezuele se no allen Deduktiounen an no allem Verrechnens wiesentlech manner.

Dem gesamte Betribsbesteierungssaz vu ronn 30 Prozent – Kierperschaftssteier a Gewerbesteier zesummegeholl – entsprécht ee Saz vun 38,7 Prozent an Däitschland, 34,9 Prozent am Frankräich a 34 Prozent an der Belsch. Mee déi dräi Länner gi mat hire Sätz erof, Däitschland zum Beispill senkt säi Kierperschaftssteiersaz op 19 Prozent ouni awer ee Besteierungsniveau z'erreechen deen ënner eisem géif leien.

Wat ass also ze maachen?

Eis Betribsbesteierung muss kompetitiv bleiwen. Dorunner besteet keen Zweifel. Dat steet och an der Regierungserklärung. Bleift se dat am beschten duerch d'Reduktioun vum Kierperschaftssteiersaz oder bleift se dat am beschten duerch Fiskalmoossnahmen déi d'Investissementer an de Rayonë Fuerschung an Entwécklung souwéi Transfert vun der intellektueller Proprietéit ënnerstëtzen? Doriwwer schwätze mer nach virum Summer mat de Patronatsorganisatiounen, soudatt mer fir de spéiden Hierscht der Chamber kënnen eis Virschléi maachen. D'Fro vum Droit d'apport an d'Fiskalitéit vun der "Société européenne" gëtt zilorientéiert mat examinéiert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Steierniveauë festleeën ass eng Saach. Déi Steieren déi geschëld sinn anzedreiwen eng aner.

Ech leeën dem Regierungsrot den nächste Freideg e Gesetzprojet iwwer eng verstäerkt Zesummenaarbecht tëschent der Steierverwaltung an der Enregistrementsverwaltung vir. D'Zil dervun ass et artifiziell, vereelsten an iwwerflësseg Cloisonnementer tëschent deenen zwou Steierverwaltungen ofzeräissen, Cloisonnementer déi näischt bréngen a just de Steieronéierlechen notzen. Steierhannerzéiung a Steierbedruch gi bekämpft. Méi staark wéi bis elo. Am Intérêt vum Budget an am Intérêt vun der Konkurrenzgläichheet tëschent de Betriber. Dofir gëtt den Informatiounsaustausch tëschent de Verwaltungen fluid gemaach: d'Donnéeën d'Kierperschaftssteier, d'Akommessteier, d'TVA an d'Enregistrementsrechter betreffend ginn deenen zwou Verwaltungen zougänglech gemaach. D'Douane, d'Gewerbeinspektioun, d'Inspektioun vun der Sécurité sociale, d'Kannergeldkeesen an den Transportministär, do wou et néideg ass, schaffe méi enk mat de Steierverwaltungen zesumme wéi bis elo. D'Kontrolle gi verstäerkt, hir Zuel hëllt zou, d'Strofen op Verstéiss géint d'TVA-Gesetzgebung ginn erhéicht. Et gi Beamte vum Enregistrement a vun der direkter Steierverwaltung – si kréien d'Qualitéit vum Officier de police judiciaire – bei d'Police judiciaire detachéiert fir datt d'Enquêtë méi séier ginn: et besteet ganz dacks ee ganz enken Zesummenhank tëschent der Fraude fiscale, dem Wäisswäschen, dem Schmuggelen an der organiséierter Kriminalitéit.

D'Besteierungsprozedure fir d'Betriber gi geännert. Am Beräich vun den direkte Steiere gëtt de Prinzip vun der Besteierung op Deklaratioun agefouert. Dat heescht: d'Verwaltung akzeptéiert d'Steiererklärung esou wéi s'agereecht gëtt, si wäert nobesteiere falls eng zousätzlech Steierschold sech no weideren Iwwerpréiwungen ergëtt. Esou kommen d'Steiere méi séier eran an d'Beamten hu méi Zäit fir déi néideg Kontrolle virzehuelen. D'Welt ännert sech zum Gudde vun de Betriber a vun de Leit déi hir Steiere korrekt bezuelen – si ännert sech och fir déi aner.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Et besteet keen Zweifel drun datt mer eis Wirtschaft mussen am kompetitive Spëtzepeloton vun der Europäescher Unioun halen. Mir maachen dat, steierlech an och soss. Mee d'Economie ass kee Selbstzweck. Si ass do fir de Mënschen ze déngen. Besonnesch deenen déi keng Aarbecht hunn.

Mir schafe vill Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg, eleng an de Joren 2005 an 2006 iwwer 21.000. Mee net all Aarbechtsplaz ass eng nei Aarbechtsplaz. Wat ech domat soe wëll ass datt net all nei geschafen Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg nei besat ka ginn. Muenech Aarbechtsplaz ass hei am Land deklaréiert, läit awer am Ausland. Kee vun deene Leit déi eng Aarbecht siche kann déi Aarbechtsplaz besetzen. Ausserdeem wësse mer datt Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschafe ginn, déi mer als nei Aarbechtsplazen ausweisen, déi scho besat sinn ier se zu Lëtzebuerg entstin. Et gëtt Betriber déi sech aus dem Ausland op Lëtzebuerg delokaliséieren an déi hir Leit matbréngen. Si schafen Aarbechtsplazen, jo. Mee si schafen Aarbechtsplazen déi scho besat sinn. Kee vun eise Chômeure kann esou eng Aarbechtsplaz kréien. Dee Phänomen vun der Delokaliséierung a Richtung Lëtzebuerg weist fir de Rescht datt mer Globaliséierungsgewënner am europäesche Wirtschaftsraum sinn. Et komme méi auslännesch Betriber op Lëtzebuerg wéi lëtzebuergesch Betriber an d'Ausland ofzéien.

Mir schafe vill Aarbechtsplaze mee eise Chômage geet an d'Luut. En ass am Mäerz zréckgaang. E wäert och am Abrëll weider zréckgoen. Mee en ass ze héich. Mir däerfen eis mam aktuellen Niveau vum Chômage op kee Fall offannen. Fatalitéit ass ee Wuert dat een net däerf an de Mond huele wann et ëm d'Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet geet. Laut Statec si 56 Prozent vun deenen neigeschafenen Aarbechtsplaze Bac+ - Aarbechtsplazen. Iwwer d'Halschecht vun de Leit awer déi um Arbeitsamt ageschriwwe sinn hunn nëmmen eng Grondschoulausbildung an déi déi e bësse besser forméiert sinn hunn am Regelfall keen Diplom. Iwwer 20 Prozent, all Fënneften also, vun de Leit déi um Arbeitsamt ageschriwwe sinn, sinn entweder handikapéiert oder si hunn eng Deelinvaliditéit. Eleng am Joer 2006 hu sech 434 Männer a Frae mat enger Deelinvaliditéit, Leit am sougenannte "Reclassement externe", méi um Arbeitsamt ageschriwwen. Dës Leit si kierperlech ugeschloen, sinn zu 80 Prozent méi al wéi 40 Joer, hunn zu 60 Prozent nëmme Primärschoul gemaach a ginn zu 60 Prozent Laangzäitaarbechtsloser. Dës Donnéeë weisen datt d'Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg keng wirtschaftlech Ursaachen huet, mee anerer.

Mir musse bei der Festleeung vun eisen Aarbechtsmaartinstrumenter däer Tatsaach verstäerkt Rechnung droen. Déi Moossnahmen déi mer ergräife mussen individuell Zouschnëtter op de Profil vun eisen Aarbechtslose kréien. Eent vun deenen Instrumenter wat mer vum 1. Juli u fir déi Jonk asetze besteet an däer sougenannter Aktiviéierungskonventioun déi all Jonken innerhalb vun dräi Méint an all Net-Jonken innerhalb vu sechs Méint muss ugebuede ginn. Iwwer dee Wee gëtt probéiert d'Leit déi keng Aarbecht hu méi fit fir den Aarbechtsmaart ze maachen. D'Zuel vun de Stagen am Privatsecteur gëtt an d'Luut gesat. Sou sollen déi Leit déi keng praktesch Qualifizéierung aus hire Schouljore matbruecht hunn déi néideg Erfahrung kréie fir um Aarbechtsmaart kënnen ze bestoen. Iwwer de Wee vum Gesetzprojet 5144 kréien d'Beschäftegungsinitiativen d'Méiglechkeet déi Leit déi op Grond vun hirer Biografie an hirem Liewenswee ganz wäit vum Aarbechtsmaart ewech fir méi laang an hire Strukturen opzehuelen an hinnen esou iwwer de Wee vun der Aarbecht hir Dignitéit – well Aarbecht an Dignitéit hänken zesummen - mat op de Wee ze ginn. Mir wënschen eis datt dat Gesetz iwwer de "maintien dans l'emploi" un d'Lafe kënnt. Seng Philosophie besteet doranner Aarbechtslosegkeet ze verhënneren a stattdessen am Sozialdialog Weeër fräizeleeë wéi Leit op déi eng Entloossung lauert séier op eng nei Aarbechtsplaz kënne kommen. A propos Sozialdialog: mir sollten en net liichtfankeg op d'Spill setzen. Hie brauch eng nei Beliewung zu Lëtzebuerg. D'Alternativ zum Sozialdialog ass de Sozialkonflikt. Mir wëlle keng Konfliktgesellschaft. Mir géife gäer eng dialogbereet Gesellschaft bleiwen.

Ech hunn iech d'éinescht gesot wéivill deelinvalid Arbeitnehmer mir am Reclassement externe hunn. E puer Joer nodeems d'Gesetz iwwer d'Deelinvaliditéit an den externe Reclassement a Kraaft getrueden ass musse mer haut feststellen datt dat Gesetz méi negativ wéi positiv Konsequenzen zur Folleg hat. Et stellt sech eraus datt dat Gesetz zevill eng fein Affär fir muenche Patron ass. De Reclassement externe mécht et eenzelne Betriber ze einfach. De Reclassement externe kascht de Patron näischt, e brauch weder ze kënnegen nach eng Indemnité de départ ze bezuelen. D'Leit déi an d'Deelinvaliditéit gi sinn es och heiandsdo ze séier zefridden: si hunn e Recht op zwee Joer Aarbechtslosenentschiedegungen an duerno op eng Warte-Indemnitéit. Mir mussen dat Gesetz dowéinst reforméieren. De Reclassement externe gëtt manner attraktiv am Verglach zum interne Reclassement am Betrib gemaach. De Reclassement interne gëtt de Prinzip. D'Ausmusterung, de Reclassement externe, muss zur Ausnahm ginn.

Mir hoffen datt d'Gesetz iwwer d'Beruffsausbildung séier kënnt. Et ass eng gutt Reform. Ee vun der Beruffswelt unerkannten Diplom ass ëmmer nach dee sécherste Wee zu enger Aarbecht. D'Zil vun der Schoul muss et sinn enger méiglechst grousser Zuel vu Schüler ee méiglechst héije Qualifikatiounsniveau ze ginn. Mir brauchen dofir eng regelrecht Qualifizéierungsoffensiv. Mir brauche se fir déi Jonk déi ouni interessant Liewensperspektiv verluer sinn. Mir brauche se am Intérêt vun eiser Economie déi op gutt ausgebillte Leit muss kënnen zréckgräifen. Mir brauche se fir d'sozial Kohäsioun am Land ze festegen déi ëmmer méi zerbriechlech gëtt well d'Zuel vun deenen déi vum Aarbechtsmaart ausgeschloss ginn ëmmer méi grouss gëtt. Dofir musse mer d'lëtzebuerger Schoul un d'Erfuerdernisse vun haut adaptéieren. Dofir musse mer an der öffentlecher Schoul villfälteg Formatiounsoffere fir eng ëmmer méi heterogen Schoulbevölkerung uleeën. Loosse mer net vergiessen datt 44 Prozent vun de Kanner am Préscolaire eng aner Mammesprooch wéi d'Lëtzebuergesch hunn. Deem ass Rechnung ze droen. Den Handicap vun der Sprooch an aner Liewensongereimtheeten erkläre fir wat datt mer zu Lëtzebuerg méi en héije Redoublementstaux an der Primärschoul hu wéi am Ausland. Fënnef Prozent vun eise Primärschüler redoubléiere während an Däitschland nëmmen 1,62, an der Schwäiz 1,64 an an der Wallonie 3,83 Prozent vun de Kanner sëtze bleiwen. Zwanzeg Prozent vun de Schüler déi aus der Primärschoul kommen hunn op d'mannst ee Joer Retard op hir normal Schoulzäit. Dofir mussen de schouleschen Inhalt an déi schoulesch Strukture vum préscolairen a primären Unterricht iwwerpréift ginn. Dës Iwwerpréiwung ass amgaang. All Kand muss bestëmmte Kompetenzsockelen op deene verschiddensten Etappe vum Préscolaire bis un d'Enn vum Primaire erreechen. Déi Kompetenzsockele kënnen elo an d'Applikatiounsphas goen. An enger éischter Phas gi se vum Lehrpersonal dat dat fräiwëlleg mécht an de Klasse getest. Zesumme mat der Universitéit Lëtzebuerg gëtt déi Testphas evaluéiert. Wann déi Kompetenzsockele bis validéiert si gi s'an alle Schoule vum Land agefouert. De Gesetzprojet iwwer d'Reform vum Schoulgesetz vun 1912 gëtt virun der Summervakanz hei an der Chamber deposéiert. Et huet laang Gespréicher mat alle Concernéierte gebraucht fir et a Form ze kréien. Dat neit Gesetz wäert Léierzyklen déi méi Flexibilitéit erlaben aféieren. Dës Léierzykle wäerten deenen enge Kanner et erméigleche méi séier virunzekommen, deenen aneren erlabe se déi Fächer ze verdéiwen an deene se Schwieregkeeten hunn. D'Partnerschaft tëschent den Elteren an der Schoul gëtt institutionaliséiert. D'Iwwerpréiwung vun de Contenuë vum Enseignement mécht och fir déi Schoulzäit no der Primärschoul Fortschrëtter. D'Edukatiounsministesch huet ee Sproochenaktiounsplang am Mäerz virgeluecht. Si huet breet a vill konsultéiert, a ville Schoulen an an allen Deeler vum Land. D'Dräisproochegkeet vun eiser Schoul gëtt bäibehale well se muss bäibehal ginn. Si ass ee formidablen Atout fir d'Leit hei am Land. Deen Atout wëllt keen op d'Spill setzen, mee de Sproochenunterricht muss esou amenagéiert ginn datt en een Integratiounsinstrument bleift an ni zu engem Ausscheedungsinstrument verkënnt. Keng Sprooch gëtt negligéiert, keng Sprooch gëtt iwwerprivilegéiert.

D'Tâche vun de Professeren ass redefinéiert ginn. Vun der nächster Schoulrentrée un hale si eng Stonn méi Schoul. Déi nei Tâche gesäit och méi Disponibilitéitssurface fir Gespréicher a Kontakter mat de Schüler a mat den Eltere vir. Dat huet eng méi laang Präsenz an der Schoul zur Folleg. Ech wëll hei ausdrécklech d'Edukatiounsministesch an d'Enseignantsgewerkschafte fir d'Qualitéit vun deem Accord dee se fonnt hu luewen. Dee Merci gëllt besonnesch den Enseignanten: an engem Moment wou d'Lycéeën all Joer méi Schüler ophuelen an zu engem Zäitpunkt wou mer ëmmer méi Schwieregkeeten hu Professeren ze rekrutéiere war hiren Accord zur Reform vun der Tâche eng wiesentlech Viraussetzung fir datt mer eis Schoule kënne besser organiséieren.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D'Schoul soll eise Jonken de Wee an d'Zukunft fräimaachen. Mee e grousst Stéck vun hirer Zukunft läit an den Hänn vun deenen déi haut liewen, déi haut plangen, déi haut regéieren. Mir hunn haut d'Wiel hinnen eng Welt ze preparéieren déi u sech selwer erstéckt oder eng Welt an däer se fräi otme kënnen. D'Bekämpfung vum weltwäite Klimawandel, esou hunn ech d'lescht Joer gesot, wier déi zentral ökonomesch, sozial an ekologesch Erausfuerderung vun eiser Zäit. Mir dierften eis, esou sot ech, net wéi intergenerationell Egoiste behuelen deenen d'Welt vu mar egal wier. De Klimawandel ass eng Realitéit. Kee kontestéiert dat. Mir mussen der Zukunft haut dat erëmgi wat mir hir gëschter gestuel hunn.

D'Tatsaache schwätze fir sech.

Déi weltwäit Temperature klammen. Si klammen an engem ëmmer méi séiere Rhythmus. De Planéit ass an deene leschten honnert Joer 0,74 Grad méi waarm ginn, mat verheerende Konsequenze wéi mer haut scho gesinn. CO2-Emissioune sinn zënter 1990 ëm 28 Prozent an d'Luut gaangen. Ouni strikt Moossnahme klamme se bis un d'Enn vun dësem Joerhonnert nach eng Kéier ëm 60 bis 240 Prozent. D'Auer steet op 5 vir 12. Wa mer se virulafe loossen, bis 5 op 12, da gëtt et der Welt ze waarm. Dann zitt ee laange Cortège vu Klima-Flüchtlingen duerch eenzel Kontinenter. Da geréit villes a Gefor: eis physikalesch, biologesch, sozial a sozietal Systemer, mee awer och de Fridden op der Welt. Dofir musse mer elo handelen. Virun allem d'Regierunge mussen handelen. Si hunn et an der Hand d'Klimakatastroph ofzewenden, duerch dat wat se selwer maachen an duerch dat wat se de Leit hëllefen ze maachen.

Mir hunn am Abrëll vum leschte Joer hei am Land een nationalen Aktiounsplang fir d'Reduktioun vun den CO2-Emissiounen ugeholl. D'Moossnahmen déi dëse Plang fëllen droen derzou bäi eist Kyoto-Zil, à savoir Treibhausgasemissioun ëm 28 Prozent bis 2012 am Verglach zu 1990 ze kierzen, z'erreechen. Mir hunn ee Kyoto-Cent um Bensin agefouert a sinn dofir vernannt ginn. Mir hunn eis Autossteier enger CO2-Reform ënnerworf a sinn dofir net geluewt ginn. Mir hunn nei Fördermoossnahme fir d'energetesch Sanéierung vun alen Haiser ergraff. Mir hunn d'Subsidië fir Solarthermie esou wéi fir Niddregenergie- a Passivhaiser erhéicht. Mir hunn déi nei Wärmeschutzverordnung op de Wee bruecht an hoffen datt se geschwë kann a Kraaft trieden. Mir hunn eis den öffentlechen Transport an den Ausbau vun de Buslinnen eppes kaschte gelooss. Zënter dem 29. Mee funktionnéiert d'Zuchautobunn tëschent Lëtzebuerg a Perpignan.

D'lëtzebuerger Regierung ënnerstëtzt d'Ëmweltziler vun der Europäescher Unioun. Bis an d'Joer 2020 mussen an Europa CO2-Emissiounen ëm 20 Prozent erofgesat ginn. Zwanzeg Prozent vun eisem Energieverbrauch an Europa musse mat erneierbarer Energie bestridde ginn. D'Energieeffizienz ass op eisem Kontinent ëm 20 Prozent ze verbesseren. D'Kyoto-Logik muss no 2012 fortgefouert ginn. Op 20 Prozent erneierbar Energie kënne mer aus eegener reng lëtzebuerger Ustrengung net kommen, och net wa mer et mordicus wëllten. Dofir bedeelege mer eis un de belschen an hollänneschen Wandmilleparken am Mier. Déi Energie déi mer esou produzéieren hëllefe gëtt eis national ugerechent.

D'Regierung presentéiert an den nächste Wochen nei Reglementer fir de schounenden Ëmgank mat der Energie a fir d'Notzung vun erneierbarer Energie ze förderen. Dës Reglementer sollen den 1. Januar 2008 a Kraaft trieden. D'Ustrengunge ginn op d'Förderung vun effizienter erneierbarer Wärmeproduktioun ausgeriicht. Et gëtt ee vereinfachten a verbesserte Sanierungsförderprogramm fir al Haiser agefouert. Et kommen nei Einspeisetariffer fir d'Stroumproduktioun aus erneierbarer Energie. Si ginn deene jeweilegen Technologië besser ugepasst. Et gëtt eng festgeluechte Förderdauer bestëmmt déi d'Investitiounssécherheet soll garantéieren. Et geet awer net duer wa Staat a Gemengen dee grénge Stroum förderen. D'Privatleit musse finanziell ënnerstëtzt gi wa se grénge Stroum kafen. De Staat selwer wëllt a senge Gebaier och grénge Stroum notzen. D'Energieberodung gëtt ausgebaut.

Mir fuere viru fir d'Ëmklamme vum Privatauto op den öffentlechen Transport ze plädéieren. Mir maachen och eppes dofir. Um Dossier Tram an um Dossier "Gares périphériques" gëtt mat Nodrock geschafft. Den 1. Juli ginn nei méi familljefrëndlech Tariffer fir den öffentlechen Transport agefouert. D'Leit déi Autoë mat niddregem CO2-Ausstouss kafe gi finanziell ënnerstëtzt, siew et iwwer den direkte Subventionéierungswee oder awer iwwer de steierleche Wee. A voir. Egal wéi: déi ëmweltschounend Autoë gi méi bëlleg. D'Regierung stellt d'Flotte vun de Verwaltungs- a Regierungsautoen op méi CO2-aarm Gefierer ëm. D'Reform vun der Autossteier gëtt doduerch ergänzt datt mer d'Firmeween an hiren Uwendungsberäich eranzéien.

De lëtzebuerger Finanzminister wäert am Krees vu sengen europäesche Kollegen fir reduzéiert TVA-Sätz op energiespuerende Produkter streiden. D'Regierung wäert och dofir plädéieren eng Karbon-Tax op Importprodukter aus Länner déi den internationale Klimaschutz d'kal Schëller weisen anzeféieren.

Um sougenannten Tanktourismus, dat heescht um Verkaf vun Diesel a Bensin virun op allem op eisen Autobunnen, huet de lëtzebuerger Staat am Joer 2006 1,1 Milliarden Euro verdéngt. Duerch deen enorm héijen Diesel- a Bensinofsaz dee Lëtzebuerg realiséiert klëmmt eis Kyoto-Rechnung a substantiellem Mooss. Jiddfereen dee sech mat däer Fro beschäftegt ass d'accord fir ze soen datt mer op laang Siicht mat däer mol bewosstener mol onbewosstener Politik mussen ophalen. Si war bewosst an deem Mooss wou mer ëmmer probéiert hunn den Niveau vun eisen Akzisen ënner deem vun eisen Noperen ze halen. Si war onbewosst an deem Mooss wou d'Präisdifferenzialer zougeholl hu well eis Noperen hir Akzisenniveauë permanent an d'Luut gesat hunn. Si hunn dat net aus ëmweltschützeresche Grënn gemaach, si hunn dat aus reng budgetäre Grënn musse maachen. Mee mir kënnen a mir däerfe keng bewosste Präisdifferenzialpolitik mam Ausland méi bedreiwen. Fir d'Steiergebare vun den Nopeschlänner kënne mer eis allerdéngs och net responsabel maache loossen. An alle Fäll gëllt: mir bedeelegen eis konstruktiv un der Debatt iwwer d'Erhéije vun den 1992 harmoniséierten Akzisesätz déi elo an Europa ufänkt. Mir verhandele konstruktiv. Mir maueren net. Mir hu keng prinzipiell Awänn. Mee mir hätte gäer eng Léisung déi deene Länner déi méi e wäite Wee hu fir op déi nei Minimaen eropzekommen Iwwerganksfristen aberaumt déi hinnen et erlaben déi ganz Streck ze goen ouni ënnerwee vun haut op mar finanziell a budgetär virun onextrikabel Schwieregkeete gestallt ze ginn. Den Tanktourismus, dat musse mer wëssen, bréngt geschwë manner a mëttelfristeg ganz vill manner Steiereinnahme wéi en dat haut mécht. Denkt dodru wann der Steierreduktiounen op anere Plaze fuerdert. A Saache Klimaschutz geet et net duer ze verlaangen datt eppes muss geschéien. Och a Saache Klimaschutz ass et Weises dat gëllt.

Iwwer dës an all déi aner Froen déi de Klimaschutz an d'Ofwende vun der Klimakatastroph komportéiere wëllt d'Regierung deemnächst hei an der Chamber am Kader vun enger Konsultatiounsdebatt méi eingehend schwätzen. Et soll keng Debatt iwwer breet Prinzipië ginn. Mir wëlle jo d'Klimakatastroph net. Et gëtt eng Debatt iwwer Detailer. An do muss jiddferee Faarw bekennen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Et geet dëser Deeg vill Rieds iwwer d'Gesellschaftspolitik.

D'Gesellschaftspolitik ass ee breede Begrëff. An net jiddferee vun eis versteet dorënner datselwecht. D'Gesellschaft déi mer haut hunn, dat ass eng aner wéi déi déi mer gëschter haten. An déi déi amgaang ass erunzewuesse wäert anescht konfiguréiert si wéi déi vun haut. 'T ass d'Aufgab vun der Politik d'Bréck vun der Gesellschaft vun haut an d'Gesellschaft vu mar eran esou unzeleeën datt d'Mënsche kënnen iwwer se goen. Op däer Bréck däerf ee keng Barrikaden installéieren déi s'um Weidergoe géifen hënneren. Iwwer déi Bréck musse mer alleguer zesummen a jiddferee vun eis eenzel goen. Déi déi déi Bréck vun haut op mar plange géife gutt drun di wa se vun Ufank un hire Bau als ee Stéck Co-Architektur géife begräifen. Si géifen och gutt drun dinn, wa se ënnerschiddlecher Opfaassung iwwer de genaue Verlaf vun däer Bréck sinn, hir Ideeë sech openeen zoubewegen ze loossen. Déi eng wiere gutt beroden dermat opzehalen deenen aneren z'ënnerstelle si wëllten zréck an d'Steinzäit a si wëllten déi aner um Spronk an d'Modernitéit hënneren. Déi déi sech schwéier di mat der Modernitéit vu mar unzefänke géife gutt drun dinn deenen déi dat scho gemaach hunn net z'ënnerstelle se wëllten eng Welt ouni Regelen an ouni Gewëssensnormen. Iwwer Gesellschaftspolitik debattéiert een. Wann ee just iwwer se polemiséiert da léisst een de Verdacht opkommen et géif engem méi ëm d'Politik wéi ëm d'Gesellschaft goen.

Dat schéinste Stéck Gesellschaft dat mer hunn dat sinn eis Kanner. Hei am Land liewe 57.000 Kanner déi manner wéi 9 Joer al sinn. 28.500 sinn tëschent 10 a 14 Joer al, 16.000 sinn an deem spannenden Alter tëschent 15 a 17 Joer. Mir hunn 101.000 Kanner a Jonker, 22 Prozent vun eiser Bevölkerung maache s'aus.

Eng kleng Zuel vun hinne ka sech scho ganz gutt selwer hëllefen. Mee déi meescht vun hinne brauchen nach eis Hëllef an eis Suerg.

Et gëtt keng Gesellschaft déi déi Kanner a Jonker kann ëmfueren deenen et net gutt geet. An et gëtt vill Kanner hei am Land deenen et net gutt geet.

900 vun deem beschriwwenen Zukunftskrees, 0,86 Prozent vun deenen 101.000, si Kanner déi net bei hirem Papp, hirer Mamm oder hiren Eltere liewen. Si sinn – a mir gebrauchen dofir ee schrecklechen Ausdrock - "placéiert" ginn. Si sinn ausserhalb vun hirer Famill placéiert, bei enger anerer Famill, an Heimer oder an aneren Institutiounen. Si sinn dohinner vum Geriicht placéiert ginn. Si si fréi am Liewe mat dem drëtte Pouvoir konfrontéiert ginn, vill ze fréi. D'Jugendriichtere maachen eng delikat, eng schwiereg mee awer eng gutt Aarbecht. Mee ëm déi Kanner déi net an hirem natierleche Liewensmilieu kënne bleiwen däerfe sech net nëmmen d'Geriichter bekëmmeren. Mir musse sozio-edukativ Begleedungsariichtunge schafen déi um preventive Plang Léisungen an Zesummenaarbecht mat alle Betraffene kënne proposéieren, Léisungen déi de Kanner de Wee iwwer d'Geriicht spuert. De Gesetzprojet iwwer "d'Aide à l'Enfance", deen d'Familljen- a Jugendministesch dem Regierungsrot d'lescht Woch virgeluecht huet, mécht dat an Zukunft méiglech.

Et gëtt iwwerhaapt vill Kanner déi nolens volens op eemol am Mëttelpunkt vun enger Geriichtsprozedur stinn oder awer staark vun hir betraff sinn. Hir Rechter musse gestäerkt ginn. Dofir wëlle mer d'Regel aféieren datt all Kand d'Recht op en Affekot kritt wann ee Prozess usteet deen et betrëfft. De Staat iwwerhëllt d'Affekotekäschten, ka se spéider awer bei den Elteren zréckfroe wann déi materiell esou gestallt sinn datt dat méiglech ass.

Jonker ënner 18 Joer gehéieren net an de Prisong. Mee heiandsdo geet et net anescht. Et gëtt Jonker déi muss ee viru sech selwer a virun deenen anere schützen. Dofir sinn ech frou driwwer datt endlech no jorelaangem Hin an Hir een Accord fonnt ginn ass fir eng zoue Struktur fir Jugendlecher zu Dräibur ze realiséieren. Mee mir wëssen: wa mir bauen da baue mer lues. Ech sinn dergéint datt mer während däer Zäit wou mer déi Struktur zu Dräibur nach net stoen hu Kanner virun an de Prisong féieren. Mir brauchen eng provisoresch Tëscheléisung, dringend. Wa mer net wëllen datt Jonker an de Prisong kommen a wa mer wëssen datt déi geplangte Struktur zu Dräibur esou séier nach net fäerdeg ass, da musse mer eis zesummem iwwerleeë wou mer déi Jonk kënnen an der Tëschenzäit ënnerbréngen. Ech bieden all Buergermeeschter an all Schäffen- a Gemengerot déi bereet wiere Jonker bei sech an der Gemeng an engem gesécherten Haus opzehuele sech bei der Familljeministesch ze mellen. D'Regierung dréit d'Käschten.

Well ech grad bei der Justiz sinn, nach just dräi Sätz dozou.

D'Justiz ass Deel vun der Gesellschaft. Si muss gutt funktionnéieren, si muss sech besser explizéieren. Dofir riichte mer bei de Geriichter eng Pressestell an.

Fir datt d'Justiz ka gutt funktionnéiere muss s'onofhängeg bleiwen. Wien den drëtte Pouvoir doduerch schwächt datt en e méi ofhängeg mécht dee schwächt d'ganz Gesellschaft. Mee 't gëtt dacks iwwer d'Justiz geklot. Dofir probéiert de Justizminister am Gespréich mat alle Justizacteure fir d'Iddi vun engem Conseil supérieur de la Magistrature ze werben, ee Conseil supérieur dee sech mat de Kloen iwwer de Funktionnement vun der Justiz a mat bestëmmte Froen am Zesummenhank mat den Nominatioune vun de Riichtere kéint befaassen.

Zur Justiz, zur Strofjustiz gehéiert e Prisong. Déi déi am Prisong sëtze gehéieren och zu eiser Gesellschaft. An och wa se vorübergehend vun hir ausgespaart ginn esou ass d'Zil vum Strofvollzuch s'erëm gesellschaftsfäheg ze maachen. Si kommen aus dem Prisong eraus, si kommen zréck an d'Gesellschaft. D'Mënscherechter – well d'Mënscherechter gehéieren zu eiser Gesellschaftsuerdnung – mussen och am Prisong respektéiert ginn. D'Liewen am Prisong muss mënschewürdeg sinn. Soss kréie mer keng gesellschaftsfäheg Mënschen aus dem Prisong eraus. D'Regierung wëllt de Mediateur mat der externer Kontroll vum Respekt vun de Mënscherechter am Prisong beoptragen.

A propos Mënscherechter: mir wëllen der Mënscherechtskommissioun déi mer virun e puer Joer ageriicht hunn an déi eng gutt Aarbecht mécht, ee legale Statut ginn.

Zréck bei d'Kanner a bei déi Jonk. Vill Jonker, ëmmer méi Jonker liewen op der Strooss. D'Gesellschaft an d'Politik kënnen net esou maache wéi wann et si net géif ginn. Mir kënne s'eng Zäit laang ignoréieren. Mee mir sinn dergéint datt se viru sech hi vegetéieren. Mir brauchen fir si eng Opfankstruktur déi hinnen an dringende Fäll en Ënnerdaach ka bidden. A mir brauchen – d'Familljeministesch schafft dodrun – eng Strategie fir se vun der Strooss zréck an d'Normalitéit ze féieren.

Zur Gesellschaft gehéieren och déi déi aus der Friemd bei eis kommen. D'Zäit ass komm fir d'Betrieden an d'Verloosse vum Land an d'Liewen am Land besser ze regelen. Dofir brénge mer een neit Zouwanderungsgesetz op den Instanzewee. Ee Gesetz dat d'Integratioun soll promovéiere fir datt mer d'sozial Kohesioun behalen. Ee Gesetz dat d'Integratioun op der Basis vun eise Verfassungswäerter pousséiert. Ee Gesetz dat déi aktiv Partizipatioun um ekonomeschen, sozialen a kulturelle Liewe vum Land méiglech mécht. Ee Gesetz dat de Regroupement familial nei regelt. Mir wëllen net manner Immigratioun, mir wëllen net mordicus méi Immigratioun. Mee mir brauchen eng besser Integratioun. Si ass net esou gutt wéi mer eis et selwer virmaachen. Fir d'Integratioun iwwer den tëschemënschleche Wee méi einfach ze maachen, dat heescht iwwer de Wee vun der Sprooch, wäert den Aarbechtsminister iwwer de Wee vun engem Gesetz ee Lëtzebuergesch-Congé aféieren dee jiddferengem et erlabe soll während 80 Stonne vun der Aarbecht fräigestallt ze gi fir Lëtzebuergesch ze léieren.

D'duebel Nationalitéit, ee Projet vun extremer gesellschaftspolitescher Wichtegkeet, wäert d'Integratioun méi komplett maachen. Si kënnt ouni genügend Lëtzebuergesch-Kenntnisser net aus.

Fir datt de Bierger sech an der Gesellschaft wuelspiert, fir datt e seng Citoyennetéit méi komplett an eisem demokratesche Raum kann erliewe muss en informéiert, gutt informéiert sinn. Dofir leeën ech der Chamber an deenen nächste Méint ee Gesetzprojet iwwer den Zougank vum Bierger zu administrativen Dokumenter vir. De Staat, d'Gemengen an d'öffentlech Etablissementer halen zevill Informatiounen zréck déi d'Leit direkt betreffen. Dat neit Gesetz wäert de Perimeter vun hirer Informatiounsflicht determinéieren. Et wäert d'Aarbechte vun de Journaliste wiesentlech erliichteren. Dee Gesetzprojet iwwer den allgemengen Zougank zur administrativer Informatioun ass praktesch fäerdeg. En inspiréiert sech un der aktueller Legislatioun iwwer den Zougank vun der Öffentlechkeet zu Ëmweltinformatiounen, en inspiréiert sech un de Systemer déi an den Nopeschlänner praktizéiert ginn an en inspiréiert sech un der Gesetzpropositioun vum Deputéierten Alex Bodry vum 20. Juni 2000 iwwer déiselwecht Matière.

Zu voller Citoyennetéit gehéiert och datt d'Liewen an enger Gesellschaft ouni Diskriminatioun stattfanne kann. Mir sinn 2007 am europäesche Joer vun der Chancegläichheet. Dofir huet d'Regierung d'Installatioun vun engem Gläichheetszentrum beschloss un deen d'Leit sech kënnen adresséiere wa se sech aus religiösen, ethneschen, sexisteschen oder anere Grënn diskriminéiert spieren. Deen Zentrum funktionéiert geschwënn.

Och d'Steierpolitik muss probéieren op de gesellschaftleche Wandel ze reagéieren. Net Hals iwwer Kapp mee wuel iwwerluecht. D'Avantage vun der Steierklass 2 vun de Bestuetene ginn op Leit déi am Partenariat liewen – hetero- an homosexuell Koppelen – ausgedehnt. D'individual Besteierung, eng technesch héich komplizéiert Affair, bleiwt als Optioun um Dësch. D'Regierung wëllt hir Vuën dozu am spéiden Hierscht an ärer Finanzkommissioun virleeë fir datt iwwer si kann diskutéiert ginn, eventuell, falls der et wënscht, am Plenum.

D'Gesellschaft an d'Politik mussen och déi Froe klären déi sech an deem Raum stelle wou Liewen an Doud sech begéinen. D'Regierung wier frou wann d'Gesetz iwwer d'Stierwbegleedung an dat iwwer de Begleedungsurlaub séier géife kommen. Bei der Regelung vun däer Fro déi eng Gewëssensfro ass kann et kee Fraktiounszwank ginn. Et ass evident datt d'Proposition de loi Huss–Err déi an deem Zesummenhank deposéiert ginn ass parallel mam Gesetzprojet vun der Regierung kann examinéiert ginn.

D'Fro vum Avortement ass eng déi vill Mënschen, besonnesch awer vill Fraen ëmdreiwt. Mir maachen de Bilan vum aktuelle Gesetz a maache Propositioune wéi eventuell Karenze bei senger praktescher Applikatioun kënne besäitegt ginn. Och an dëser Fro gëllt et deen néidege Respekt fir d'Positioun vun deem aneren ze hunn.

Zur Gesellschaftspolitik gehéiert och den Dialog tëschent der Fräiheet an der Sécherheet. D'Fräiheet ass deen eigentleche Propulsiounsmotor vun der Geschicht, d'Fräiheet vum Eenzelnen ze schützen ass eng Aufgab vum demokratesche Rechtsstaat. Mee och d'Sécherheet ass ee Biergerrecht an och dat muss de Staat probéieren ze garantéieren. Ëmmer méi Kameraen hänken doruechter. An och de Staat huet der opgestallt a wëllt der nach opstellen. Wéinst der Sécherheet vun eise Bierger. Mee privat an öffentlech Kameraë mussen d'Privatsphär vun de Leit respektéieren. Mir mussen déi sougenannte Kamera-Fro regelen. Strikt regele fir datt d'Privatsphär vun de Leit geschützt bleiwt. Soupel regele fir datt mer eise Sécherheetsaufgabe kënnen nokommen. Äer Chamber ass amgaang sech mat däer Fro ze beschäftegen. Ech mengen déi zoustänneg Kommissioun wier um richtege Wee fir Sécherheet a Fräiheet mateneen an Aklank ze bréngen. Net d'Politik an net ee Minister soll wa mer dat Gesetz bis hunn driwwer befanne kënnen ob eng Kamera däerf opgehaang ginn oder net. Déi Decisioun soll vun däer onofhängeger Datenschutzkommissioun geholl ginn. Am Prinzip gëllt: d'Sécherheet vun de Leit geet vir. Am Zweifel gëllt: d'Fräiheet huet Virfahrt well de Schutz vun der Privatsphär ass eng Staatsaufgab. Mir wëlle kee Land, mir wëlle keng Stad, mir wëlle keng Stroossen déi voller Kameraen hänken. Mir wëlle keen Iwwerwaachungsstaat deen an all Liewensverhältnisser an an all Bewegung vum Alldag eragesäit. D'Privatliewe geet de

Staat näischt un. Déi biergerlech Fräiheete geroden zu Lëtzebuerg net a Gefor well mir wäerten eent vun deene restriktivste Kamera-Gesetzer kréien déi et an Europa gëtt.

Här President,

Ech weess datt déi meescht Riedner déi no mer kommen ee gudden Deel vun hirer Riedezäit dermat verbrénge fir alles dat opzelëschte wat nach an dëser Ried hätt missten ugesprach ginn. Ech wollt haut scho soen, da brauch ech dat mar net ze widderhuelen, datt se selbstverständlech Recht hunn. Well och vill Froen déi ech net gesträift a behandelt hunn hunn hir Wichtegkeet.

Den IVL zum Beispill mat deem sech déi zoustänneg Chamberkommissioun esou intensiv a leschter Zäit beschäftegt huet. Ech wëll just zu dësem Punkt umierken datt et net gutt wier wann et ëm den IVL zevill roueg géif ginn. Seng Basisphilosophie bleiwt richteg, seng praktesch Ëmsetzung geschitt am Dialog mat alle Concernéierten. Dat sinn d'Gemenge fir d'éischt déi selbstverständlech net zwangsfusionnéiert ginn. Dat sinn d'Leit déi am Land wunnen awer och déi wa s'iwwer d'Ausriichte vum IVL schwätzen net däerfen d'Joer 2007 an d'Land wéi et haut ass virun Aen hu mee d'Joer 2040 an d'Land wéi et da wäert sinn. Déi véier haaptsektoriell Pläng déi den Transport, déi grouss Landschaftszonen, de Wunnengsbau an déi wirtschaftlech Aktivitéitszone betreffen, wäerten am Laf vum Joer 2008 als Plang-Projet an d'Prozedur goe fir dann esou séier wéi méiglech a Kraaft ze trieden. De Landesplanungsminister wäert an den nächsten Deeg ee regionalen Tour duerch d'Land maache fir de Gemengeresponsablen d'Aarbechten un de Pläng an d'Pläng selwer esou wéi hir Abannung an d'Zilsetzunge vum IVL z'erklären. Fir datt déi Pläng esou séier wéi méiglech no hirem a-Kraaft-triede kënnen ëmgesat gi musse mer d'Gesetz vun 1999 iwwer d'Landesplanung revidéieren.

Déi déi d'Remarque maachen et wier falsch gewiescht näischt iwwer dat neit Waassergesetz ze soen, déi hunn och Recht. Mee mir kréien an deenen nächste Méint nach dacks doriwwer ze schwätzen. D'Explikatioun vu senger Technik hätt mech am Kader vun dëser Ried einfach ze wäit gefouert.

Déi déi mar soe wäerten ech hätt näischt iwwer de Wunnengsbau gesot déi hu selbstverständlech Recht. Ech hat d'lescht Joer ganz vill iwwer de Logement geschwat. De Plan-Logement ass deposéiert. Mir kréien en ze diskutéieren. Do wou e kann ausgebaut oder muss geännert gi wäert dat am Gespréich tëschent Minister a Parlament geschéien.

Deenen déi bemängelen ech hätt net iwwer d'öffentlech Funktioun geschwat soen ech mar – falls d'Geleeënheet sech ergëtt – datt d'Verhandlunge mat der CGFP iwwer d'Léin beim Staat lafen a geschwënn zum Ofschloss kommen. Wann nach een eng gutt Iddi huet: et ass de Moment fir dermat erauszeréckelen.

An esou kënnt ech d'Lëscht vun deene Punkten déi ech a menger Erklärung net ernimmt hu beliebeg laang viruféieren. Dat wëll ech mat Récksiicht op äert Sëtzlieder net maachen. Ech kënnt et och net mat däer noutwendeger Grëndlechkeet maache well mäi physeschen Zoustand mech déi lescht Deeg staark ageschränkt huet. Ech bieden dat ze verstoen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Mir hunn d'Halschecht vun der Legislaturperiod iwwerschratt. Heiandsdo mengt ee mar wiere Wahlen. Mee mar si keng Wahlen. Dofir géif ech och ganz häerzlech drëm biede mat deene ville Meenungsëmfroe mat deene mer a leschter Zäit iwwerschwemmt ginn ee souveränen Ëmgank ze fleegen. Als een deen – bis elo jiddefalls - ëmmer un der Spëtzt vun - wéi nenne se dat? – der Politikerhitparad steet soen ech Iech: loosst mer net op d'Meenungsëmfroë stuerke mee op eis Aufgabe kucken. Mir hunn alleguer eng Aufgab z'erleedegen. Mir hunn alleguer eng grouss Aufgab: eist Land a seng Leit virunzebréngen. Fir d'Land a mat de Leit. D'Regierung stellt sech däer Aufgab.

Merci.

Dernière mise à jour