Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2008 (version originale luxembourgeoise)

Le 22 mai 2008, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2008.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Et kann ee sech - wann een iwwert d'Lag vum Land schwätzt - direkt mat Karacho op den Ambiente an op d'Befindlechkeeten heiheem stierzen. Et kann een an d'Luxemburgensia antauchen an an deenen ënnergoen, sech un hinne mat Genoss a Verdross festbäissen.

Ech kann dat net maachen. Dofir ass d'Welt ze grouss a si mir ze kleng. D'Welt ass ze grouss a si stécht voller Misär. Mir sinn ze kleng an et geet eis - och wa mir et net wëllen zouginn - am Schnëtt ganz gutt. D'Zuel vun deenen deenen et net esou gutt geet, d'Zuel vun deenen déi net méi esou gutt matkommen, d'Zuel vun deenen deenen um Enn vum Mount an och heiansdo schonn éischter d'Loft ausgeet, déi Zuel hëllt zou. Mä allgemeng gëllt: mir hu wéineg Ursaach fir ze kloen a kee Grond zur kollektiver Larmoyanz. Wa mir eis bekloen, da bekloe mir eis am Reegelfall op héijem Niveau. Jiddweree vun eis hätt gäre méi - absolut méi, komparativ méi, mä op jiddwerfalls méi. Kee vun eis seet hien hätt genuch. Bal jiddweree seet ech hätt gäre méi. Mir mussen oppassen datt mer net lues a lues eng ëmmer méi onzefridden Ech-Gesellschaft ginn. Et giff eis alleguer gutt dinn eis méi dacks ze froe wie mir wëlle sinn anstatt eis permanent dermatt ofzegi wat a wéivill mir méi wëllen hunn. Et kann een och vill si wann ee manner huet. Déi déi manner hu wéi mir déi sinn dofir net manner wéi mir. Dat ass wouer Heiheem, dat ass och richteg soss dueruechter.

D'Problemer vun der Welt si bombastesch. A wat mir eis méi wäit vun Heiheem ewech beweegen wat d'Problemer méi bombastesch ginn.

  • Kuckt no China. Dat Land dat esou erfollegräich an d'Zukunft ënnerwee war - villäicht fir seng Verhältnisser esouguer ze séier -, dat gëtt duerch dat fuerchtbart Erdbiewe vum Päischtméindeg regelrecht erschloen an a sengem Zukunftstempo ofgebremst. Dat ass net gutt fir China an dat ass net gutt fir eis, et ass net gutt fir eis well et schlecht ass fir de Wirtschaftswuesstum weltwäit. Vum Misär vun de Leit déi no hire Kanner gruewen iwwerhaapt net ze schwätzen.
  • Kuckt no Myanmar, no Burma, wou ee Stuerm ouni Merci honnertdausenden Dreem ewech geblosen huet. An déi Dreem ware schonn net grouss well de Militärregimm deen dat Land fest am Grëff huet d'Mënschen souwisou schon an hirem Weiderkomme gehënnert huet. Elo ginn d'Burmesen nach weider no hanne gehäit well déi international Solidaritéit - eppes immens Wertvolles well d'international Solidaritéit ass eng Allianz géint de nationalen Egoismus - op de Grenze gestoppt gëtt. Mir an Europa wësse net méi wat Grenze sinn. D'Leit zu Rangun stierwe well et eng Grenz gëtt. D'Grenze sinn déi schlechtesten Erfindung déi Politiker jee gemaach hunn. Europa ass eng schéin, eng mënschefrëndlech Erfindung well mir d'Grenzen ofgeschaaft hunn an domatt dat éléminéiert wat eis esou laang an heiansdo esou dramatesch vuneneen ewechgehalen huet.
  • Kuckt op d'Krichsplazen op dëser Welt: Et gëtt der iwwer honnert. Honnert mol Krich, dat heescht honnertdausende gebrache Biographien, dat heescht datt mat all Doudegem een neie Kär vun zukünftegem Haass geluecht gëtt. A wann deen Haass bis op geet, dann ereecht en och eis. Mä e kritt eis net total ze pake well mer an Europa geléiert hunn aus dem Haass keen Zukunftssom méi ze maachen. Europa bleift déi schéinste Nokrichsinventioun, d'Europa-Iddi hätt missten dausend Friddensnobelpräisser beienee kréien. Déi eenzeg déi dat net méi esou richteg ze schätze wësse schëngen d'Europäer selwer ze sinn, virun allem déi méi jonk Europäer. Datt si ni méi mat dem alen europäesche Krichsdämon konfrontréiert ginn, dorunner schaffe mer. Et wier gutt wann déi méi al an déi méi jonk Europäer mat Häerz a Verstand dobäi giffe matmaachen anstatt eppes fir normal ze hale wat an Europa ni selbstverständlech war.
  • Kuckt op déi nei Hongersnout déi op d'Welt zouleeft, jo déi hir deelweis schonn d'Iessen ewech geholl huet. Milliounen a Millioune Mënsche ginn an den Hongerdoud gedriwwe well d'Welt net richteg funktionnéiert. Déi nei Hongersnout, déi bei déi al derbäi kënnt, huet méi wéi eng Ursaach a mir kenne se. D'Bevölkerung wiisst a si wäert weider wuessen, ëmmer méi Mënschen - besonnesch an den asiatesche Schwellelänner - fänken un hiert Recht op Ernährung ze praktizéieren. Mir haten an allen Deeler vum Planéit d'lescht Joer schlecht Rekolten. Spekulatiounsgeiere kreesen iwwert de Liewensmëttelmäert an hëllefen d'Präisser an d'Luucht ze joen. An de leschten dräi Joer sinn d'Liewensmëttel weltwäit 83% méi deier ginn, de Weess esouguer 181% méi. Dës Präisserhéijungen treffen déi aarm Länner méi wéi déi räich an hei am Land déi mannerbemëttelt Familje méi wéi déi bessergestalten. D'Politik, net nëmmen d'international, och déi national muss dorop reagéieren.

D'Ernährungskris weist datt mer net Liewensmëttele genuch produzéiren. Dofir ass et och grondfalsch de Baueren an der Landwirtschaft deene mer virun e puer Joer nach d'Iwwerproduktioun virgeworf hunn elo wëllen d'Ernährungskris an d'Schung ze schëdden. Am Géigendeel: et gëtt elo ëmmer méi kloer datt mir eng produktiv, multifunktionnell, effikass a leeschtungsfäheg Landwirtschaft brauchen. Mir brauche se méi wéi jee. Déi déi d'Wichtegkeet vun der Landwirtschaft op hiren Undeel um PIB reduzéieren an dofir och der gemeinsamer Agrarpolitik an Europa de Krunn wëllen zoudréien well se ze deier wier, déi ieren sech fundamental. D'Landwirtschaft ass net d'Spillwiss vun de Baueren, mä si ass d'Grondlag vun eiser Ernährung. Ech mengen dat haten der vill vergiess.

Ech respektéiere jiddwerfalls de Baueren hir Aarbecht méi wéi d'Aktivitéite vun den Finanzmaart-Jongleuren déi d'Liewensmëttelpräisser mat hire perverse Spekulatiounsgeschäfter an d'Luucht dreiwen. D'Liewensmëttelpräisser zum eegene Gewënnzweck no uewe puschen, dobäi Honger a Krich - well Honger féiert ëmmer zu Krich - als kleng Kollateralschied niewebäi a Kaaf ze huelen, dat ass de Géigendeel vun ethesch fundéierter Maartwirtschaft. Esou e Behuelen ass kriminell. Vun Zäit zu Zäit wënscht ee sech d'Rebelliounsfähegkeet an d'Onrou vum Mee 68 erëm, deen eis esouvill Hoffnung a Perspektiv ginn hat.

Onëmstridden ass datt mer eis Begeeschterung fir de Biospritt e puer Kreck zeréck dréine mussen. De massiven Ausbau vun der Bioenergie riskéiert zu engem liewensgeféierlechen Ofbau vun de Liewensmëttelproduktiounsflächen ze féieren. Mir halen um EU-Ziel fest fir zu enger zéngprozenteger Biosprittbäimëschung bei de Kraaftstoffer ze kommen. Awer nëmmen dann - esou wéi mir dat ëmmer gesot hunn - wa Biospritt zu nohaltegen a weltwäit oekologesch vertriedbare Konditiounen ze kréien ass. D'Ernährung muss Virfahrt virum Biospritt hunn. Mir setze verstäerkt op déi zweet Generatioun Biospritt. An deem an an aneren Zesummenhäng och nach dat hei: haut ass den internationalen Dag vun der Biodiversitéit. 70% vun de Planze si weltwäit vum Ausstierwe bedrot. De Kampf géint déi Biopiraterie muss och hei zu Lëtzebuerg gefouert ginn.

Zeréck bei de renge Biospritt. Wann ee wees datt mir eis Kyoto-Zieler, un deene mer festhalen, ouni Biosprittbäimëschung net erreeche kënnen, da mussen all aner Hiewele vun der Klimaschutzpolitik méi intensiv bedingt ginn.

  • Mir mussen Energie aspueren. Dofir gëtt d'Energieberodung zu Lëtzebuerg intensivéiert.
  • Den Häiserbau no passive Baukritären, d'energetesch Sanéierung vun den Häiser, Holzhackschnitzelanlagen an thermesch Solarkollektere gi besser gefördert, eleng an dësem Joer mat zéng Milliounen Euro.
  • De Gebrauch vu gréngem Stroum gëtt ausgebaut.
  • Et gi Biomasskritären ausgeschafft déi op d'Nahrungs- a Fuddermëttelnoutwendegkeet Rücksicht huelen.
  • Öffentlech Ausschreiwunge musse méi "kyotokompatibel" gemaach ginn.
  • Et gëtt eng Campagne fir méi oekologescht Autofuere lancéiert well duerch en ugepasste Fahrstil kann een 10% CO2-Emissiounen aspueren.
  • Mir probéieren eis lues a lues vum sougenannte Benzinstourismus ze befreien. Dat geet net vun haut op mar. Et kënnt zu kenger weiderer Kyoto-Cent-Erhéijung an zu kenger weiderer Accisenerhéijung op Diesel a Benzin well, dat léist d'Prioritéit vun der Inflatiounsbekämpfung am Moment net zou. Déi déi nach virun net allzelanger Zäit proposéiert hunn d'Sprittpräisser statt d'Autosteier ze héijen missten dat eigentlech d'selwecht gesi well et héiert een net méi vill vun deem Virschlag.
  • D'Moyenne vun der Autosteier läit bei 170 Euro, 35% vun de Chauffeure bezuele manner wéi 100 Euro. De Subside fir energiespuersam Autoen - 750 Euro - kennt ee grousse Succès, wéi d'Verkaafszuele vum Autofestival weisen. Dee Subside gëllt nëmme fir Privatween, e gëtt elo op d'Firmeween ausgeweit déi ëmmerhinn ee Fënneftel vun eisem Fuhrpark ausmaachen. Logescherweis kënnen d'Betriber d'Autosteier op hire Firmeween dann net méi vun der Betribssteier ofsetzen. Op den éischte Januar 2009 trëtt wéi versprach een Abattement op der Autossteier fir kannerräich Familjen a Kraaft.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn Iech vu China geschwat, vum Myanmar, vun der neier Hongersnout déi d'Welt onglécklech mécht. D'Welt ass en Duerf ginn a mir leiden ënnert den direkten an indirekte Konsequenze vun deem wat sech an eisen Nopeschdierfer an Asien an an Afrika ofspillt. Mir profitéieren och dacks vun de Spëtzeleeschtungen déi an eise Nopeschdierfer erbruecht ginn. Ouni déi konstant Impulser déi d'Wirtschaftsreim aus de Schwellelänner dem Weltwirtschaftswuesstum ginn, ouni de Beitrag vu China, vun Indien a vun aneren opstriewende Länner wier eise Wirtschaftswuesstem an Europa an zu Lëtzebuerg däitlech méi schappech. D'Globaliséierung ëmspaant d'Welt, am gudde wéi am schlechten. Doriwwer ze lamentéieren hëlleft kengem virun. 59% vun de Lëtezbuerger mengen d'Globaliséierung giff Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg zerstéieren. Dobäi gehéiert Lëtzebuerg zu de grousse Globaliséierungsgewënner an dat schonn zanter laanger Zäit: CLT, SES an anerer waren global ier d'Wuert iwwerhaapt bestanen huet. Et kënnt vir datt Betriber sech an d'Ausland delocaliséieren. Mä ënnert dem Stréch ass et dach esou datt hei zu Lëtzebuerg trotz an heiansdo grad wéinst der Globaliséierung zanter dem 1. Januar 2000 iwwer 70.000 nei Aarbechtsplazen entstane sinn. A kengem aneren EU-Land huet et esou eng Aarbechtsmaartexpansioun gi wéi heiheem. Zanter datt d'Globaliséierung sech offizialiséiert huet huet eis Wirtschaft u Kraaft an u Stäerkt gewonn. Dat ass och op d'Efforte vum Wirtschafts- an Aussenhandelsminister a vum Tresorminister zeréck ze féieren déi der lëtzebuergescher Wirtschaftspromotioun am Ausland ee neien Opschwong ginn hunn.

Ech si kee Globaliséierungsfanatiker. Ech verdroen eenzel doktrinär Sätz net méi déi regelméisseg iwwert de Globaliséierungsradio ginn. "Ëmmer méi Maart" ruffen d'Marchésfundamentalisten, "ëmmer manner Politik" jäitzen déi selwecht. D'Politik soll sech aus der Wirtschaft eraushalen, esou ruffe se. D'Politik soll eis gewäerde loossen, esou verlaange se.

Meng Meenung ass dat net. De Maart ass eng Noutwendegkeet. En ass keng Äentwert. De Maart eleng produzéiert keng Solidaritéit. D'Solidaritéit ass dat gewolltent Resultat vum Matenee vu Maart a Politik. An déi déi dem Staat an der Politik de Monopol op exklusiv Normesetzung streideg wëlle maachen, déi sinn an de leschte Méint mat hirer richsëcherer Nues klak an d'Mauer geknallt.

Grad déi déi an de leschte Joer net midd gi sinn der Politik ze soe si soll sech an den Eck stellen, waren déi éischt déi nom Staat geruff hun wéi si mat hirem Spekulatiounslatäin um Enn waren. Dofir war et richteg datt déi grouss Zentralbanken, och déi Europäesch Zentralbank, den ausgedrëchente Marchéen zousätzlech Liquiditéiten zougefouert hunn an esou de Mäert eng Solidaritéitssprëtz ginn hunn.

Dofir war et richteg datt d'G-7-Staaten, an deenen d'Eurozon vertrueden ass, bei hirer leschter Sitzung am Abrëll zu Washington op d'Besäitegung vun de Schwaachstellen insistéiert hunn déi sech an dat internationaalt Finanzmaartgeschéien ageschlach hunn: Si verlaange méi Transparenz, si verlaange méi Informatiounsdicht iwwert opaque Finanzprodukter, si verlaangen d'Offeleeung vun alle Risiken an eng besser Bewertung vun deene selwechten. Dofir, mä och aus Grënn vun Effizienzsteigerung, wäerte mer d'Zesummenaarbecht tëscht der CSSF an der Lëtzebuerger Zentralbank verstäerken a verbesseren. D'Gestioun vun de Liquiditéiten vun de Kreditetablissementer brauch eng méi pousséiert Reglementatioun. Dofir, awer och aus Gerechtegkeetsgrënn, hunn ech an deene leschte Wochen déi iwwerhéichte Managergehälter europa- a weltwäit kritiséiert: Et schued een der sozialer Maartwirtschaft an hirer Acceptanz wann ee vun den Arbeitnehmer gréisste Lounzréckhalung verlaangt a gläichzäiteg d'Remunératiounen an de Chefetage wëll galoppéiere léisst a wann een dann och nach strategesch Fehldecisioune mat exorbitant héijen Ofgangsentschiedegunge belount déi vun der Steier kënnen ofgesat ginn.

Et ass falsch ze behaapte mir hätten eis der Globaliséierung ausgeliwwert. Et ass falsch ze behaapten Europa giff der Globaliséierung neutral an ouni Reaktioun géintiwwer stoen. Europa huet sech en vue vun der Globaliséierung organiséiert. Den Euro, deen der esouvill verhënnere wollten an deen der esouvill fir eng Utopie gehal hunn, ass dee wichtegsten Dispositif an dem europäesche Globaliséierungsarsenal. Den Euro, dës gréisste politesch Leeschtung vun den Europäer am leschte Véierel vum leschte Joerhonnert, kritt den nächsten 1. Januar zéng Joer. Hien huet de Währungsturbulenzen déi den Europäer an deene leschten 20 Joer esou dacks op de Kapp gefall sinn en Enn gesat. Hien huet den Aus bedeit fir kompetitiv Ofwäertunge mat deenen europäesch Länner sech an der Vergaangenheet ongestroft op d'Käschte vun hirem Noper beräichert hunn. En huet dem europäesche Wirtschaftsraum eng Stabilitéit bruecht déi dëse virdrun ni kannt huet.

Dës Stabilitéit ass fir eng kleng exportorientéiert Wirtschaft wéi eis vun essentieller Bedeitung: mir bedreiwen eisen Aussenhandel mat eise wichtegste Wirtschaftspartner an der selwechter Währung. Dat huet déi Bedingungen zu deene lëtzebuergesch Betriber schaffen an exportéieren, commercéieren an importéieren eng enorm Previsibilitéit ginn. Zanter der Euroaféierung hu mir an Europa 17 Milliounen Aarbechtsplaze méi geschaaft, ass d'Aarbechtslosegkeet op deen nidderechste Stand zanter 25 Joer gefall, ass de Beschäftegungstaux an d'Luucht gang an d'Defiziter erof. D'Realzënse sinn op engem historesch nidderege Stand, d'Inflatioun huet sech am Schnëtt gutt gehalen: Si ass an den achzeger Joeren ëm 8%, an de nonzeger Joeren ëm 4%, an an dësem Joerzéngt an der Moyenne ëm 2% gedréit. Fir ee Land dat d'automatesch Indexéierung vun de Léin kennt huet dat eng Kompetitivitéitsstabiliséierung bruecht déi mir ouni den Euro net kritt hätten. Mir Lëtzebuerger hungen achzeg Joer lang am monetaire Schlepptau vun der Belsch. Mir sinn haut gläichberechtegt Co-Propriétäre vun der stäerkster Währung vun der Welt. Mir sinn net manner, mir si méi souverän ginn.

Duerch den Euro ass d'europäesch Wirtschaft, och eis, méi resistent ginn. D'Amerikaner kucken an d'Rezessiounslach an d'europäesch Wirtschaft wiisst virun. Si wiisst manner séier virun an dësem an an deem nächste Joer wéi an deenen zwee leschte Joeren. Mä si wiisst méi stark wéi déi amerikanesch.

Fréier hunn d'Amerikaner op eis erof a mir op si erop gekuckt. Haut kënne mir hinne riicht an d'Ae kucken. Dat mécht och d'europäesch Aussepolitik méi staark. Den Euro ass e wichtegt Stéck Aussendiplomatie vun der Europäescher Unioun.

Här President,

Ech hu gesot d'Welt giff ëmmer méi global ginn. Doraus resultéiert: mir däerfen elo net ufäenke radikal lokal ze ginn. Mir mussen d'Erausfuerderung unhuelen. A mir hunn och Mëttelen an Talenter fir dat ze maachen. A moins datt mer wëllte Globaliséierungsverléierer ginn an déi gi mer wa mer mat eis selwer iwwerméisseg zefridde sinn.

Mir mussen a wirtschaftlecher a sozialer Topform bleiwen. Fitt fir d'Globaliséierung gëtt een net doduerch datt een all Globaliséierungs-extravaganze matmécht an noäfft. Mir brauchen eis der maartradikaler Dereguléierungslogique um Aarbechtsrecht net halsiwwerkapp an d'Aerm ze geheien. Mir hunn een zolitte Kënnegungsschutz a mir wäerten deen och behalen. Lëtzebuerg ass dat Land an Europa dat deen héchste Prozentsaz un onbefristeten Aarbechtsverträg huet: 94%. Alleguer déi aner hunn der manner. Lëtzebuerg huet e Gesetz iwwert d'Leiharbeit wat gutt funktionéiert mä wat trotzdem muss op eenzel Abusen hinn iwwerpréift ginn. D'Leiharbeit ass fir eis an aller éischter Linn een Agliederungsinstrument op den Aarbechtsmaart, an net nëmmen en Ajustéierungsmechanismus vun deem selwechten. An eenzelne Branche mussen Zäitverträg sinn, mä si däerfen net zum Regelaarbechtsvertrag ginn a si ginn et hei zu Lëtzebuerg och net.

Net Extravaganzen nomaachen mä Performancen opmaachen: dat ass de Motto vun enger offensiver Globaliséierungsstrategie. Esou eng offensiv Globaliséierungsstrategie setzt sech aus e puer Deeler zesummen. All eenzelnen Deel fir sech gekuckt maach engem kleng jo heiansdo butzeg virkommen. Mä zesumme gekuckt erginn déi Deeler ee Ganzt dat et an sech huet.

Wee vu Globaliséierung an domatt vu Kompetitivitéit schwätzt, ween Topform seet an eng optimal Fitness wëllt, dee muss sech mat dem steierlechen Ëmfeld vun eise Betriber beschäftegen.

D'Wirtschaft ass kee Selbstzweck. Mä si ass zweckorientéiert: Si muss hëllefen déi kollektiv Besoinen ze co-finanzéieren. Dofir si mir géint deen internationale fiskalen Dumping bei der Betribsbesteierung deen am Endeffekt zu soss näischt féiert wéi datt d'Wirtschaft sech lues a lues aus der Steierpflicht erausschläicht an d'Steierlaascht eleng vun der Aarbecht gedroe gëtt. Dat wier net gutt fir den Equiliber an eiser Gesellschaft. Mä wat muss dat muss: d'Steierlandschaft muss fir eis Betriber déi hei sinn a fir déi Betriber déi kënne bei eis komme kompetitiv bleiwen. Mat 29,6% ass d'steierlech Punktioun op de lëtzebuerger Betriber ronn 11% méi niddereg wéi um Enn vun den achzeger Joeren. D'Betribsbesteierung huet also eng Schlankheetskuer matgemaach. Mä eis Noperen an déi aner OECD-Staate ginn och ëmmer méi schlank. Ergo musse mer nach eng Kéier e bëssen ofspecken. Dofir gëtt den Droit d'Apport dee mer dëst Joer halbéiert hunn d'näechst Joer ganz ofgeschaaft. Dofir senke mer d'Besteierung op de Betriber an e puer Etappen op 25,5%, net ouni d'Besteierungsbasis - do wou et geet, do wou et muss sinn - ze verbreeden. Déi Moossnahmen erlaben eis et op der internationaler Compétitivitéitsskala genau dee Sprong no fir ze maachen dee mer brauchen.

Ech hunn Iech d'lescht Joer hei virgerechent, jo regelrecht bewisen datt d'Steieren op de physesche Persoune vun 1990 bis haut 3,4 mol méi gefall si wéi d'Inflatioun geklomm ass. Et huet och kee probéiert mir dat falsch ze maachen. Mir hunn - ech bleiwen derbäi - op zwanzeg Joer zeréck betruecht eng Steierupassungsavance op d'Inflatioun. D'Steierprogressioun zu Lëtzebuerg ass keng kal wéi am Ausland, si ass woteleg bis waarm. Mä esou wéi mir dat scho fir d'Joer 2008 gemaach hu menge mer et wier och gutt am Joer 2009 d'Leeschtungsbereetschaft vun deenen déi schaffen duerch eng weider Inflatiounsupassung vum Steiertariff unzeerkennen. D'Inflatiounsberéngegung wäert och 2009 6% bedroen, dat heescht: wann déi Steierupassung bis gemaach ass bezillt jiddwereen nëmmen esouvill Steiere wéi wann en 6% manner verdinge giff. Dat mécht e Nettogewënn fir jiddwereen dee Steiere bezillt. Et ginn och eenzel Steierabattementen gehéicht, op jiddwerfalls emol deen deen d'Ofsetzbarkeet vun den Assurancekäschte betrëfft.

Iwwert d'Aféierung vun der Individualbesteierung ass an de leschte Joere vill diskutéiert ginn. Déi Diskussioune musse mer viru féieren. Ech iwwerreechen Iech zu deem Thema herno eng fundéiert Etude vun der Steierverwaltung, esou datt mer iwwert d'Machbarkeet vun der Individualbesteierung an der Finanzkommissioun kënnen diskutéieren. Ech hannerleeën Iech och eng Etude vun der selwechter Verwaltung iwwert déi sougenannte Flat-Tax déi mir parallell an der selwechter Kommissioun kënne studéieren.

Net nëmmen d'Steiere spillen eng Roll bei der Kompetitivitéitsbemiessung. Och de Niveau vun der Inflatioun huet Afloss op d'Wettbewerbsfähegkeet vun engem Land. Besonnesch vun engem Land dat seng Léin a Gehälter via Indexéierung der Liewenskäschtenentwécklung upasse muss. Ech soen: muss. An domatt hunn ech gesot datt et selbstverständlech esou ass datt wann d'Tripartitemoossnahme bis ausgelaf sinn, et am Prinzip vum 1. Januar 2010 un erëm zur integraler Indexupassung kënnt. Et wäert d'Aufgab vun der Regierung sinn déi aus de Wale vum Juni 2009 ervirgeet fir dat ze confirméieren. Oder awer, falls d'wirtschaftlech Situatioun sech giff zolitt verschlechteren, mat de Sozialpartner iwwer aner Léisungen nozedenken. Ofmachunge sinn Ofmachungen: an dofir bleiwen d'Ofmachunge vun der Tripartite fir hir ganz Lafdauer a Kraaft. Gesetzer si Gesetzer: an dofir spréngt den Index den 1. Januar 2010 am Prinzip erëm voll un.

Wann d'Inflatioun héich ass, da kann den Index zum Problem ginn. Wann een d'Inflatioun an de Grëff kritt, dann ass d'Indexéierung kee Problem. Dofir musse mer der Inflatioun Meeschter ginn. D'Anti-Inflatiounsmoossnahmen déi an der Tripartite décidéiert gi si goufen op de Wee bruecht. D'Regierung huet zousätzlech dozou virun e puer Wochen decidéiert all staatlech verfügte Präisser fir de Rescht vun dësem Joer a fir dat ganzt näechst Joer anzefréieren. Iwwerall do wou d'Regierung mat un dem Dësch sëtzt wou iwwer Präisserhéijungen debattéiert gëtt wäert se deeselwechte Standpunkt anhuelen. Mir invitéieren d'Gemenge bei der Festleeung vun hiren Taxen no Méiglechkeet dat selwecht ze maachen. Wann dat geschitt, wann administréiert Präisserhéijungen ënnerbleiwen a wann d'Kommunaltaxen net klammen, da kënne mer der Inflatioun den Aarm béien. Mir mussen hir den Aarm fale well si klëmmt souwisou duerch déi héich Petrolspräisser an déi méi héich Liewensmëttelpräisser. Mir hunn éierlech gesot keen anere Choix.

Well d'Inflatiounsverhältnisser esou si wéi se sinn brauche mer eng weider Period vu Lounmoderatioun. Och dat ass een Deel vun den Tripartitebeschlëss. Lounmoderatioun heescht net Lounstopp, Lounmoderatioun heescht net eng onendlech laang Rei vun Nullronnen. Lounmoderatioun heescht datt d'Léin net méi séier solle klamme wéi d'Produktivitéitsverbesserungen dat zouloossen. D'Gewerkschaften hunn den 1. Mee zu Recht drop higewisen datt et hinnen am vergangene Joer gelongen ass real Lounerhéijungen an de Kollektivverträg duerchzesetzen. Wann déi Lounerhéijungen am Aklang mat de Produktivitéitsfortschrëtter sti brénge se méi Kafkraaft an heizen se d'Inflatioun net un. Esou soll et sinn. Esou soll et nach eng zäitlaang bleiwen. Eierlech gesot: och hei hu mir keen anere Choix.

Alles dat féiert awer nëmmen zu vollem Erfolleg wa mer et fäerdeg brengen eis Infrastrukturen a Schoss ze bréngen.

An der zweeter Joereshalschent gëtt de sektorielle Plan directeur iwwert di wirtschaftlech Aktivitéitszone fäerdeg. Hie wäert et erlaben iwwer 400 Hektar nei Aktivitéitszonen, notamment fir d'Kleng- a Mëttelindustrie mat Bléck op den Horizont 2020 zur Verfügung ze stellen.

Niewt der Reconversioun vun de Frichen op Arbed Belval wäerten 3 national Aktivitéitszonen op den ale Friche vun Diddeleng/Beetebuerg, dem Crassier zu Eilereng an dem Paafewee zu Déiferdeng/Suessem entwéckelt ginn. Hir Surface wäert 150 Hektar bedroen.

Mir fuere viru Lëtzebuerg zu engem europäesche Logistikzenter auszebauen. D'Aarbechte fir den Logistikzenter op de fréiere WSA-Terrainen zu Beetebuerg/Diddeleng fänken am zweete Semester 2009 un.

Eis Breetbandinfrastrukture gi weider entwéckelt, de Bau vun Datenzentere gëtt viru gedriwwen, mir probéiere weider Betriber am Beräich vum e-commerce zu Lëtzebuerg unzesiedelen.

Mir sinn am gaang en Aktiounsplang a Saachen Eco-Technologien auszeschaffen. D'Legislatioun iwwert eco-energeetesch Investissementshëllefen ass geplangt. D'Reorganisatioun vun den Elektrizitéits- a Gassekteure geet virun. Luxtrust SA stellt sech als eng ëmmer méi performant international Plattform fir elektronesch Certificatioun eraus. Betriber kënnen hir TVA-Erklärungen elektronesch maachen, de Projet Paperless-Douane erlaabt et de Betriber hir Deklaratiounen en ligne ze maachen. D'Sécuriséierung vun der Informatik a vun de Reseaue mécht gutt Fortschrëtter.

Zu de liewensnoutwändegen Infrastrukture gehéieren awer och Elementer un déi een am éischten Abléck net denkt. Wa mir wëllen Ankerplaz gi fir international Betriber musse mer eis international Schoulen zu Lëtzebuerg ausbauen. Wa mer wëllen eng wichteg Plaz op der Wirtschaftsweltkaart bleiwe musse mer eis Flugverbindungen an d'Ausland optimal gestalten. D'Extensioun vum Cargocenter an déi nei Aerogare um Findel sinn esou ze gesinn.

Wien an der globaliséierter Welt vun der Plaz wëllt kommen dee muss méi séier ginn. Dee muss mobil sinn. D'Mobilitéit an hir Organisatioun sinn zu Lëtzebuerg net optimal.

Zanter datt mer den IVL-Konzept am Joer 2004 virgestallt hunn, hunn d'Zuelen iwwert déi zukünfteg Verkéiersstréim zu Lëtzebuerg sech drastesch verännert. D'Erausfuerderunge sou wéi se am IVL duergestallt gi sinn déi bleiwen. Mä si sinn nach méi grouss ginn. D'Awunnerzuel klëmmt bestänneg - wien hat scho méi vum 700.000 Awunnerstaat geschwat? -, d'Zuel vun de Frontalieren och.

Onofhängeg vun der Zuel vun den Transportbewegungen: Eis Ambitioun muss et bleiwen ee Véierel vun hinne via öffentlechen Transport ze organiséieren. Wa mer ee Modal-Split vun 75% Individualverkéier an 25% öffentlechen Transport erreechen da klëmmt bis an d'Joer 2020 d'Stroossebelaaschtung awer nach ëm 30%. Wa mer dee Split net erreechen - an haut hu mir eréischt 13% erreecht - da klëmmt de Stroosseverkéier tëscht 40 a 60%. Dann ass en absolut net méi ze bewältegen. Also musse mer eis dru gi mam IVL a mat der Mobilitéitsorganisatioun.

Der Schinn kënnt déi alleréischte Prioritéit zou.

Mir brauchen eng nei zousätzlech Zuchstreck vun der Staat op Beetebuerg. Si ass wichteg fir d'franséisch Frontalieren där mir der haut schonn 65.000 hunn.

Mir brauchen en Ausbau vun den Zuchstrecken op Rodange an op Klengbetten. Si si wichteg fir eis belsch Frontalieren an si si wichteg fir Lëtzebuerg méi séier mat Bréissel ze verbannen.

Mir mussen et fäerdeg brénge mat Däitschland, Frankräich an der Belsch eng gemeinsam effizient öffentlech Verkéiersorganisatioun op d'Been ze stellen. D'Grenzgänger huelen den Zuch oder de Bus net eréischt op der Grenz, mä esou no wéi méiglech do wou se wunnen. Eis Nopere mussen de Wonsch no séiere Mobilitéitsverbindunge vun hire Leit eescht huelen.

Trotz dem Ausbau vum Schinnenetz brauche mer wahrscheinlech d'Verbreederung vun zwou op dräi Piste vun der Autobunn tëscht Beetebuerg a Mamer. Déi brécht haut schonn ënnert dem Transitverkéier tëscht Frankräich a Belgien an ënnert dem Aarbechtsverkéier vun de Grenzgänger bal zesummen.

Mir mussen déi grouss Entwécklungszentre vum Land efficace matenee verbannen. Mir brauchen direkt Verbindungen tëschent dem Süden, der Haaptstad an der Nordstad. Dat gëllt an éischter Linn fir d'Schinnenubannung vu Belval. Belval an Esch musse séier an dacks mat der Staat via Zuch verbonne ginn, fir d'éischt iwwer Beetebuerg, an enger zweeter Phase och direkt.

D'Entwécklungszentere méi no beienee bréngen dat heescht awer och datt d'Nordstrooss esou séier wéi méiglech fäerdeg gëtt, dat heescht datt Belval duerch d'Liaison Micheville un d'Escher Autobunn ugebonn gëtt, dat heescht och um Contournement vun der Nordstad weiderzeplangen.

D'Mobilitéit um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg stellt eis viru grouss Erausfuerderungen. Vill nei Aarbechtsplazen entstinn um Kierchbierg, um Findel, op der Cloche d'Or an am Raum Strossen/Bartreng. Déi intern Stroossenetzer an dësen Entwécklungszentre musse séier fäerdeg gestallt ginn. Zéngdausende Leit mussen op eng effizient Manéier an déi opstriewend Randgebidder vun eiser Stad bruecht ginn. Déi wëllen net fir d'éischt op d'Gare fuere mee hätte gären een direkte Wee op hir Aarbechtsplaz. Dofir mussen nei Gare gebaut ginn: um Houwald, um Kierchbierg, zu Zéisseng. Déi Gare musse kënnen direkt vun do aus ugefuer gi wou d'Leit hierkommen – also och vun Diddenuewen, vun Arel, vu Saarbrécken a vun Tréier. A si musse matenee verbonne ginn. Dofir musse mer een Zuch tëschent der Gare, dem Findel an dem Kierchbierg un d'Rulle kréien.

De Mobilitéitspuzzel wier net komplett ouni den Tramm duerch d'Stad. Deen Tramm ass keen Zweck u sech. E soll d'Schinnen an d'Garen déi mer hunn an déi mer nach kréien ergänzen. D'Gare périphériquen ouni den Tramm maachen net all Sënn. Den Tramm ouni d'Gare périphériquen mécht och keen.

De Mobilitéitskonzept "Mobil 2020" besteet graff gekuckt aus dräi Deeler. Verbindungen tëscht eisen Haaptentwécklungszentere mussen sech un engem Réckgrad kënnen ophänken dat keen anert ka si wéi den Zuch. Dat Réckgrad mécht nëmme Sënn wa mer mat den Gare périfériquen déi noutwänneg Distributiounskanäl kréien. Den Tram an de Bus maachen dëst Mobilitéitskonzept zu engem Ganzen. Ech brauch Iech net ze soen datt dëst Mobilitéitskonzept vill Milliarde kascht. Ech muss Iech villaicht awer soen datt een dorunner soll denke wann ee pauselos Steiererliichterunge reklaméiert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Offensiven Emgang mat der Globaliséierung, kompetitiv Steierlandschaften, séier Stroossen, schéi Brécken, optimal Eisebunnsverbindungen: dat alles ass net vill wäert wa mer eis Gesellschaft net beienee behalen. De gesellschaftlechen Zesummenhalt, d'sozial Cohesioun si vun essentieller Zukunftsbedeitung. Wa mer se verléiere, verléiere mer eis mat. Wa mer se behalen an do wou se brëcheg ass flécken an op nei Bunne schéissen, da kënne mer roueg otmen.

Cohesioun ass méi wéi Co-Existenz. Et geet net drëm einfach a reiwungslos niewenteneen ze liewen, jiddwereen a sengem Eck, jiddwereen esou datt en deen anere net stéiert. Et geet drëm gutt zesummen ze liewen. Et geet drëm openeen zou ze goen an zwar esoulang bis ee mateneen deen zentrale Punkt erreecht huet wou d'Differenzen esou kleng ginn datt een et zesummen an der Mëtt aushällt. Eréischt wann d'Gesellschaft dee Punkt fonnt huet wou hir Differenze matenee compatibel ginn a wou se sech ausgläichen, eréischt da kënnt d'Gesellschaft an d'Géigend vun der kollektiver Maturitéit. Esou verstan heescht d'Gesellschaftspolitik net Politik mat der Gesellschaft maachen. Gesellschaftspolitik heescht Politik fir d'Gesellschaft maachen. A genau sou eng Politik wëlle mer maachen.

E schéint Beispill fir eng Politik déi zesummeféiert, e schéint Beispill fir eng Punktlandung déi d'Differenzen ausgläicht, dat ass d'Gesetz iwwert den Eenheetsstatut. Dës Reform ass eng sozial an eng gerecht Gesellschaftsreform well se no esou villen Uleef déi schif gaange sinn Aarbechter a Beamten endlech am Aarbechts- a Sozialrecht gläichstellt. Dës Reform ass eng déi un d'Strukture geet well s'et erméiglecht d'Krankekeesen, d'Berufschamberen, d'Pensionskeesen an d'Sozialgeriichtsbarkeeten zesummen ze leeën. Si bréngt méi modern Strukturen, méi Effikacitéit, eng besser Gestiounskapacitéit, ee méi qualitativ héichrangegen Déngscht um Assuré a si bréngt administrativ Vereinfachunge fir d'Betriber. D'Réaliséiere vum Eenheetsstatut ënnersträicht de Reformwëllen an d'Reformfähegkeet vun dëser Regierung a vun dëser Koalitioun. Si ass méiglech gi well déi zwou Koalitiounsparteien de feste Wëllen hate se méiglech ze maachen. Si ass méiglech ginn duerch den onermiddlechen Asatz vun engem CSV- an engem LSAP-Minister. Si ass méiglech gi well d'Konsensbereetschaft déi systemimmanent zum lëtzebuerger Modell gehéiert voll gespillt huet. Ech soen et nach eng Kéier well dat meng Iwwerzeegung ass: Nëmmen dës Koalitioun bréngt et fäerdeg eng Reform vun där Dimensioun unzestoussen.

A mir fuere virun esou, well déi nächst wichteg Sozialreform ass schonn an der Pipeline. De Regierungsrot huet viru véierzéng Deeg prinzipiell gréngt Liicht gi fir d'Reform vun der Unfallversécherung. Kleng Unfallschied ginn an Zukunft a Kapital ausbezuelt. D'Unfallrente sollen sech op de Lounausfall konzentréieren. Aner Schied wéi Schmäerzen, esthetesch Folgen a moralesche Schued gi kapitaliséiert. D'Reform gesäit e Bonus/Malus System fir, dee Betriber mat enger efficacer Sécherheetsstruktur belount an déi pénaliséiert déi duerch eng mangelhaft Sécherheetskultur opfalen.

Och a Saache Rentesplitting maache mer elo Neel mat Käpp. Zanter 30 Joer siche mer no der idealer Splittingléisung an eng ideal Léisung wier déi déi iwwert d'Instrumenter an iwwert d'Mechanisme vun der Sécurité sociale giff ofgewéckelt ginn. Et hunn der vill sech un dëser idealer Léisung probéiert a keen huet se fonnt. Ëmmer erëm scheiteren d'Léisungsusätz un eiser spezifischer Situatioun déi sech duerch eis verschidde Pensiounsregimmer an deen héije Prozentsaz vu Grenzgänger auszeechent. Mä mir werfen d'Bengelen net bei d'Tromm: mir sichen eng pragmatesch Léisung. Dës Léisung kann doranner bestoen datt am Fall vun enger Scheedung de Riichter virun all aner Deelung fir d'éischt emol deem enge Partner seng Schold a punkto Pensiounsrechter vis-à-vis vun deem anere feststellt. Dës Schold muss als éischt beglach ginn, sief et duerch direkt Reconstitutioun vun de Rechter oder duerch hire progressiven Opbau. Do wou näischt do ass fir ze deele muss d'Nationalsolidaritéit op eng festzeleeënd Manéier asprangen.

Méi allgemeng ass zu eise Renten- a Pensiounssystemer ze soen datt se de Moment gutt a Form si well d'Reserve leien haut bei 3,3 mol d'Joeresausgaben. Dat ass vill mä dat stellt net sécher datt se déi Marathonstreck packen déi virun hinne läit. D'Suerg ëm déi laangfristeg Viabilitéit vun eise Renten- a Pensiounssystemer ass eng reeëll. Mir musse Pisten, Mëttelen a Weeër fannen déi se ofsëcheren. Dee klenge Rentendësch sicht de Moment schon ee Wee laanscht d'Rentemauer. Kuerzfristeg besteet déi wichtegst Aufgab doranner derfir ze suergen datt manner Leit ze fréi aus dem Aaarbechtsprozess ausscheeden. Geléngt dat eis, da réckelt d'Mauer méi no hannen.

Renten a Pensiounen hunn eppes mat sozialer Cohesioun ze dinn well nëmme wann de Generatiounevertrag funktionéiert behällt d'Cohesioun hir richteg Faarw. Mä d'Cohesiounsbereetschaft an d'Gefill fir Cohesiounspflicht déi kritt een net an d'Wéi geluegt. Et ass an der Schoul wou déi éischt Cohesiounsuebunge stattfannen. D'Schoul ass eng reegelrecht Cohesiouns- an Integratiounswierkstat an dofir muss se am Mëttelpunkt vun all zukunftsorientéiertem Denke stoen.

Grad an der Schoulpolitik ass de Reformwëlle vun der Regierung grouss. Ech weess datt vun Zäit zu Zäit an de Millieuë vun der Schoul a ronderëm d'Schoul Reformstress a Reformmiddegkeet entstinn. Dat ass gutt ze verstoe well vun eisen Enseignante gëtt vill verlaangt. Si hunn eng schwéier Aarbecht a si hunn et net liicht: Heiansdo huet een den Androck datt déi déi nach ni Schoul gehal hu sech abilde méi vum Schoulhalen ze verstoe wéi déi déi der all Dag halen. Eis Gesellschaft kennt hier Aarbecht net genuch un an eis Gesellschaft huet Onrecht dobäi.

De Schoulreformwëlle vun dëser Regierung ass grouss, en ass och ongebrach. D'Educatiounsministesch huet eng Reform vun der Beruffsausbildung virgeluecht a mir hätte gären datt dës Reform endlech gestëmmt gëtt. D'Educatiounsministesch huet 4 Reformprojeten zum préscolairen a primairen Unterricht virgeluecht a mir hätte gären datt dës Reformgesetzer iwwert de Grondunterricht esou séier wéi méiglech gestëmmt ginn. Ech well hei ganz däitlech am Numm vun der Regierung soen, an déi zwou Majoritéitsfraktioune sinn domatt d'accord : di ganz Koalitioun steet hannert de Pläng vun der Educatiounsministesch. A mir hätte gären datt all déi Pläng nach dëst Joer realiséiert ginn. Mir hunn elo laang genuch discutéiert an debattéiert. Mir waarden nach op déi Avisen déi ausstinn an da ginn d'Reforme gestëmmt. Besonnesch d'Reform vum Grondunterricht ass wichteg. Mir wëssen datt 27% vun de Kanner am 5. Schouljoer méi al sinn wéi deen Alter deen se am 5. Schouljoer dierften hunn. Si hunn also redoubléiert. Dat sinn der vill, dat sinn der zevill. Dat sinn der och dann nach zevill wann een der Tatsaach Rechnung dréit datt 16% vun de Kanner net am Préscolaire ware well se ze spéit an d'Land komm sinn. Ëm dës an aner Kanner muss sech bekëmmert ginn, intensiv bekëmmert ginn. Et gëtt ee Plang opgestalt iwwert d'Detectioun an d'Prise en charge vun deene Kanner déi spezifesch educativ Besoinen hunn, sief et Sproochschwieregkeeten, motoresch Schwieregkeeten oder einfach grouss Léierschwieregkeeten. Déi Kanner déi op Grond vun deene Schwieregkeetsmusteren opfalen oder déi notabel Defizienzen opweise musse fréi identifizéiert ginn. Soss ka sech net intensiv genuch ëm si bekëmmert ginn. Mir hunn haut an eise Primärschoulen 4.700 wöchentlech Leçons d'appui. Fir deen Aktiounsprogramm vun deem ech geschwat hunn duerchféieren ze kënne musse mer déi Stonnenzuel praktesch doubléieren. Maache mir dat da geléngt et eis villäicht, esouguer héchstwarscheinlech d'Zuel vun de Redoublementer erof ze setzen. Dat ass gutt fir d'Kanner. Dat ass gutt fir d'Schoul. Dat ass gutt fir d'Cohesioun an hirem éischte Stadium.

Wann déi Jonk aus de Schoule kommen da stoussen se op den Aarbechtsmaart. Et ass um Aarbechtsmaart wou den éischte Cohesiounstest stattfënnt.

Dee Cohésiounstest geet fir vill Jonker fir d'éischt emol schief. Am Mäerz 2007 waren 19,9% vun alle Leit déi am Chomage ageschriwwe ware manner wéi 25 Joer al. Am Mäerz 2008 ass dëse Prozentsaz gottseidank op 16,6% zeréck gaang. Dat sinn der nach ëmmer zevill. Mä de Réckgank ass bemierkenswert well déi absolut Zuel vun de Leit déi am Chomage sinn och am gaang ass ze falen. Et sinn also relativ an absolut betruecht manner Jonker am Chomage wéi virun engem oder zwee Joer ëm déi selwecht Zäit. Och d'Zuel vun den indemniséierte Chomeuren ass vu Mäerz 2007 op Mäerz 2008 ëm 6,2% zeréck gaangen, esou datt mer elo en Aarbechtslosentaux vun 4,2% hunn. Dat ass manner wéi an de Joere virdrun. Dëse relative Redressement vun eiser Aarbechtsmaartsituatioun huet selbstverständlech mat dem Impakt vun der zolitter Konjonktur ze dinn. Dee Réckgank erkläert sech awer och duerch déi aktiv Beschäftigungspolitik déi deen hefteg ëmstriddene Gesetzesprojet 5611 erméiglecht huet. Déi passiv Moossnahmen vum Aarbechtsamt sinn zeréck gaang. Si hunn am Joer 2006 135 Milliounen Euro kascht, si hunn 2007 128 Milliounen Euro ausgemaach. D'Depense fir déi aktiv Beschäftegungsmoossnahmen si vun 114 Milliounen Euro am Joer 2006 op 129 Milliounen Euro am Joer 2008 geklomm. Zur Erënnerung am Joer 2004 hunn déi aktiv Moossnahmen nëmmen 80 Milliounen ausgemaach. Fazit : d'Aarbechtsmaartpolitik ass wesentlëch méi aktiv ginn. D'Tripartitedécisioune vun 2006 an déi Gesetzer déi d'Chamber dorop hi gestëmmt huet hunn eppes bruecht.

Mee vill Leit ouni Aarbecht hu vun der gudder Konjunktur a vun der Aktivéierung vun der Aarbechtsmaartpolitik manner profitéiert. Den Undeel vun den iwwer 50jähregen am Chomage ass vun 2007 op 2008 ëm knapp 2 op 20,6% geklomm. D'Leit tëscht 40 a 60 Joer maachen 46,8% vun alle Chomeuren aus. Zwou Saachen hunn elo ze geschéien. D'Adem, d'Aarbechtsamt wéi mer soen, muss reforméiert ginn. D'Adem gëtt reforméiert: si kritt méi Autonomie, och beim Rekrutéieren a Forméiere vun de Placeuren. D'Adem kritt och nach eng Kéier nei Placeuren am nächste Joer derbäi. Méi a besser forméiert Placeure brauche mer well vill Leit ouni Aarbecht extrem schwéier ze vermëttele sinn an een nach méi individualiséierte Suivi brauchen. 1.500 vun deenen 9.500 ageschriwwenen Demandeur d'emploi schwätzen weder Lëtzebuergesch nach Däitsch nach Franséisch nach Englesch. Si sinn, schonn eleng aus sprochlëche Grënn, immens schwéier ze placéieren. Vun deenen ageschriwwene Chomeure befannen sech der 1.546 an dem sougenannte Reclassement externe. 80% vun deene sinn iwwer 40 Joer al, 60% hunn esou jhust eng Grondschoulausbildung a 60% vun hinne si Laangzäitchomeuren. Och si sinn extrem schwéier op den Aarbechtsmaart ze bréngen. All dës Chomeure riskéieren an der struktureller Aarbechtslosegkeet ze versacken. Si brauchen ouni Zweifel eng méi op hir Persoun zougeschnidde Betreiung. Hinne feele ganz einfach déi Basisfähegkeeten déi ee brauch fir Trëtt um Aarbechtsmaart ze faassen. Dofir wiere mer och frou wann de Gesetzesprojet 5144 iwwert d'Beschäftigungsinitiative nach am Joer 2008 kënnt gestëmmt ginn. De Staatsrot invitéiere mer parlamentaresch Amendementer zu dësem Projet séier ze aviséieren. Den Aarbechts- a Beschäftigungsminister lancéiert elo geschwënn de Projet INDURA deen et den Interimsfirme soll erlabe Leit déi net einfach ze vermëttele sinn définitiv an Aarbecht ze bréngen. Leiharbeit ass keng Parkplaz mä soll eng Schleis op den Aarbechtsmaart sinn.

Fir déi eenzel transversal Tëschewierkungen tëscht Aarbechtsmaart, Wirtschaft, Immigratioun, Bildungspolitik a Sozialpolitik vernetzt ze diskutéiere wäert d'Regierung, dat heescht déi verschidden zoustänneg Ministeren, vum 4. bis de 6. Juli déi éischt Journées nationales de l'emploi organiséieren. Alles an allem: d'Aarbechtsmaartpolitik gëtt nach méi aktiv, d'Aarbechtsmaartpolitik gëtt nach méi innovativ, d'Aarbechtsmaartpolitik huet den Optrag keen hänken ze loossen.

D'sozial Cohesioun ass net nëmmen eng Erausfuerderung där um breeden Aarbechtsmaart muss begéint ginn. D'Sich no der sozialer Cohesioun fänkt eigentlech am eenzelne Betrib un.

D'sozial Cohesioun kann een un der Qualitéit vum innerbetriibleche Sozialdialog moossen. De Sozialdialog an de Betriber gëtt vu Gesetzer aus de 70er Joeren vum leschte Joerhonnert encadréiert. Dës Texter inspiréieren sech un de Realitéite vun dem sougenannten Industriezäitalter, mä awer net un deenen déi mer haut hunn. D'Regierung wëllt datt de Sozialdialog erhale bleift a méi intensiv gëtt, mä si wëllt net an d'Blannt era légiferéieren. Dofir befaasse mer de Wirtschafts- a Sozialrot mat engem Avis zu enger Reform vum innerbetriibleche Sozialdialog.

Do wou de Sozialdialog besteet, do wou en eng laang Traditioun huet, soll e viru gefouert ginn. Dofir menge mer datt an deene nächste Méint d'Stoltripartite eng weider Kéier zesumme soll triede fir de Point ze maachen a fir ze kucke wéi et an der Stolindustrie weider geet.

D'Integratioun vun eisen auslännesche Matbierger, vun deenen Auslänner déi hei am Land schaffe geschitt och iwwert d'Aarbechtsplaz. Dofir déposéiert den Aarbechtsminister deen d'lescht Joer ugekënnegte Projet de loi iwwert d'Aféierung vun engem Sproochecongé. De Staat bedeelegt sech finanziell un de Käschten déi sou ee Congé mat sech zitt.

Hie wäert och eng Virlag iwwert d'Liewensaarbechtszäitkonten abréngen.

Di meescht Lëtzebuerger - dat weisen Ëmfroe - sinn op hirer Aarbechtsplaz zefridden. Mä net alles wat blénkt ass och ëmmer Gold. Obschonn et net vill Kloen op der Gewerbeinspektioun wéinst Mobbing op der Aarbechtsplaz gëtt wësse mer awer datt vill Leit op hirer Aarbechtsplaz ënnert Mobbing leiden. D'Sozialpartner sinn domatter beschäftegt deen europäesche sozialpartnerschaftlechen Accord iwwert de moraleschen Harcelement an Gewalt op der Aarbechtsplaz duerch een interprofessionnellen Accord op nationalem Niveau ëmzesetzen deen duerno - wann e bis steet - allgemeng verbindlech erkläert gëtt. D'Regierung wier frou wann deen Accord esou séier wéi méiglech giff zustan kommen. Kënnt e net zustan maache mer e Gesetz. Kënnt en zustan ergänze mer en duerch gesetzlech Dispositiounen déi de repressive Volet vum Kampf géint de Mobbing reegelen.

D'Regierung suivéiert mat gréisster Opmierksamkeet an heiansdo mat Bësuergnis déi sozial Rechtspriechung vum Europäesche Geriichtshaff. Mir bleiwen dobäi: déi sozial Iwwerleeunge mussen de Bannemaartiwwerleeungen iwwergeuerdnet ginn. Datt Zweifelen un der Hierarchie vun der Wäerter - dat Sozialt fir d'éischt, dat Wirtschaftlecht fir d'zweet - konnten opkommen huet manner mat enger Rechtspriechung ze dinn déi sech veriert hätt wéi mat der Tatsaach datt et net genuch kloer sozial Dispositiounen an Europa gëtt déi dëse Prinzip abetonnéieren. D'Lëtzebuerger Regierung setzt sech zanter Joere fir eng besser Miwweléierung vun der sozialer Dimensioun vun der Europäescher Unioun an a mir wäerte mat deem Asaz viru fueren.

Europa geet dee falsche Wee wann et net dee soziale Wee geet. De Bannemaart ass eréischt komplett wa mer an der Europäescher Unioun iwwert e Mindestsockel vun Arbeitnehmerrechter verfügen. Ech ginn net midd dat ze soen, ech ginn net midd dat ze verlaangen.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

D'sozial Cohesioun verdréit keng ze grouss Akommesennerscheeder an der Gesellschaft. D'sozial Cohesioun verdréit keen héige Prozentsaz vu Leit déi an ënnert Aarmut leiden oder se musse fäerten.

Et gëtt schlëmm Aarmut, richteg brutal Aarmut an et gëtt statistesch Aarmut. Déi statistesch Aarmut muss een am Aa behalen déi richteg Aarmut muss ee bekämpfen.

Et gëtt gesot zu Lëtzebuerg giffe 14% vun de Leit an Aarmut liewen oder giffe riskéieren an d'Aarmut erofzerëtschen. Dëse Prozentsaz deen op Grond vun enger europäescher Aarmuts- an Aarmutsrisiko Erhiewungsmethod errechent gëtt ass dat wat ech d'statistesch Aarmut nennen. Si läit mat 14 % ganz héich well déi europäesch Berechnungsmethod zwéngend zur Konsequenz huet datt an engem Land mat héijem Duerchschnëttsakommes d'Aarmut och relativ héich ass. Esou ass eng Koppel mat engem Kand déi 2.761 Euro de Mount verdéngt zu Lëtzebuerg als aarm agestuuft. Mir wëssen datt dës Koppel zu Tréier, zu Thionville an zu Arel net als aarm gëllt. Ech wëll hei net iwwer Zuele streiden, net iwwer europäesch Berechnungsmethode mech ënnerhalen. Ech wëll hei just soen: loosse mer keng Zäit mam Kampf géint d'statistesch Aarmut verléieren, dee Kampf féiert zu kenge Resultater. Loosse mer eis einfach mat der Tatsaach beschäftegen datt mer zu Lëtzebuerg méi arem Leit hu wéi mer mengen an datt méi Leit een Aarmutsrisiko lafe wéi mer ëmmer ugeholl hunn. Den Aarmutsrisiko ass fir Familje mat Kanner méi grouss wéi fir Familjen ouni Kanner. Den Aarmutsrisiko ass fir Elengerzéier méi ausgeprägt wéi fir Koppele mat Kanner. Loosse mer déi richteg Aarmut bekämpfen. Dat wëll d'Regierung maachen.

Dofir erhéije mer op den 1. Januar 2009 de Mindestloun. E gëtt der allgemenger Lounentwëcklung ugepasst. Mir hunn an der Tripartite am Dram net dru geduecht déi régulär Mindestlounerhéijungen auszesetzen well mer der Meenung sinn datt een a Saache Mindestloun keen Zickzackkurs fueren däerf mä un enger kontinuéierlecher Politik muss festhalen. De Mindestloun erhéije mer op den 1. Januar zousätzlech - also iwwert déi normal Mindestlounupassung eraus - doduerch datt mer den Arbeitnehmerfreibetrag vun aktuell 600 Euro deen all Salarié hei am Land zegutt huet an e Steierkreditt verwandelen. De maximale Steiergewënn deen e Salarié duerch den Arbeitnehmerfreibetrag ka réaliséieren - an dee kann e nëmme réaliséieren wann en de Spétzesteiersaz bezillt - bedréit 233,70 Euro. Mir hätte gären datt de Gewënn op 300 Euro netto erop geet. Dofir ersetze mer den Arbeitnehmerfreibetrag duerch ee Steierbonus vun 300 Euro netto deen all Salarié onofhängeg vun der Héicht vu senger Pei kritt. De Spétzeverdinger kritt 300 Euro, mä de Mindestlounbezéier och. Fir d'Mindestlounbezéier bedeit dat eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun déi se wéinst der Deierécht och brauchen. Ëmverdeelung vun Uewen no Ënnen huet dat fréier eemol geheescht.

Den 1. Januar 2009 kënnt et och zu dem reguläre Renten- a Pensiounsajustement. Och d'Renten a Pensioune ginn der allgemenger Lounentwécklung ugepasst. An och de Rentnerfräibetrag gëtt an e Steierbonus ëmgewandelt. Besonnesch déi Leit mat méi klenge Rente profitéieren duerch dëse Nettoplus deen iwwert de normalen Ajustement eraus geet.

Mir hunn zu Lëtzebuerg, am Géigesaatz zu eise Nopeschlänner, keng ausgeprägten Altersaarmut. Mä mir hunn eng Kanneraarmut an e Kanneraarmutsrisiko déi däitlech iwwert der allgemenger Aarmut an dem allgemengen Aarmutsrisiko leien. D'Aféierung vum Kannerbonus war déi éischt konkret Aktioun zur Bekämpfung vun der Kanneraarmut. Esou huet de Kannerbonus zur Folleg datt dat verfügbaart Akommes vun engem Elengerzéier deen de Mindestloun verdéngt an zwee Kanner huet sech ëm 7,24% no uewe bewegt huet. Esou huet d'Aféierung vum Kannerbonus zur Folleg datt eng Koppel an där déi zwee Partner all Kéiers de Mindestloun verdéngen an déi zwee Kanner hunn eng Steigerung vun hirem verfügbaren Akommes vun 4,49% fir d'Joer 2008 kritt hunn. Mir ginn elo dräi Schrëtt méi wäit.

  1. De Steierabattement fir Elengerzéier gëtt zu Konditiounen déi mer nach musse festleeën an e Steierkreditt ëmgewandelt, ähnlech wéi d'lescht Joer d'Steiermoderatioun fir d'Kanner an e Kannerbonus ëmfonktionnéiert ginn ass. Doduerch wäerten d'Elengerzéier, déi méi wéi anerer vun Aarmut a vum Aarmutsrisiko betraff sinn, d'nächst Joer netto méi zur Verfügung hunn.
  2. Anstatt d'Kannergeld pauschal fir all Kand ze erhéije féiere mer vum nächste Joer un Dingschtleeschtungschèquen, sougenannte Chèque-Servicer, a fir Familje mat Kanner. Watfir Leeschtunge genau mat esou engem Dingschleeschtungschèque kënnen akaaft gi gëtt am Laf vun deene nächste Méint festgeluecht. Fest steet awer schonn haut: Mat deenen Dingschtleeschtungschèquen kann ee sech eng bestëmmte Stonnenzuel an de Kannercrèchen, an de Garderien an an de Maisons-Relais kafen. Esou gëtt Kannerbetreiung méi bëlleg. A terme ass et fir mech kloer datt Kannerbetreiung zu Lëtzebuerg muss gratis ginn. D'Festleeung vun der Héicht vun de Chèquen, d'Lëscht vun de Leeschtungen déi ee mat deene Chèque ka kafe ginn vun der Familjeministesch, déi vun neien Iddeeë spruddelt, fixéiert. Déi graduell Aféierung vun der gratis Kannerbetreiung geschitt am Kader vun de budgetaire Méiglechkeete vum Staat. D'Kannerbetreiung gëtt weider ausgebaut. Mir hunn am Joer 2005 8.000 Kannerbetreiungsplazen zur Verfügung gestallt, am Joer 2006 10.250 an am Joer 2007 12.800. Déi Entwëcklung gëtt accelriert well mir brauche méi Betreiungsplazen.
  3. De Pacte-Logement gëtt ergänzt duerch d'Aféiere vun engem Steierkreditt fir d'Scholdzënsen um Eegenheem, ee Steierbonus deen déi bishäreg steierlech Déductibilitéit vun de Scholdzënsen ersetzt. Esou hëlleft de Staat jiddwengem am gläiche Mooss an onofhängeg vum Akommes mat de Konsequenze vun de geklommene Baupräisser an Zënsen eens ze ginn.

Fir mech ass eppes kloer: Joer fir Joer kënnt et zu méi Steierkreditter. Joer fir Joer gi Steierabattementer a Steierkreditter ëmgewandelt. Net Abattementer verklengeren d'Aarmut zu Lëtzebuerg, nëmme Steierkreditter bréngen dat fäerdeg.

Ech hunn ewell éinscht d'Inflatiounsproblematik kuerz gesträift. Ech wëll nach eng Kéier op se zeréck komme well ënnert héijer Inflatioun leide besonnesch déi kleng Akommes, leide besonnesch déi Leit déi net wësse wéi si um Enn vum Mount kënnen eens ginn. D'Petrolspräisser bleiwen héich, mir sollen eis doriwwer keng Illusioune maachen. D'Liewensmëttelpräisser entwéckele sech och net op de Niveau vu virun 2 Joer zeréck, si bleiwe méi héich wéi se dierfte sinn. Déi zwee zesumme geholl - Petrolspräisser a Liewensmëttelpräisser - stelle vill Familje viru kaum léisbar Aufgaben. Dofir verwandele mer den Heizkostenzouschoss dee mer hunn an eng Deierechtzoulag a mir verduebelen de Montant deen dofir zur Verfügung gestallt gëtt. Esou ginn déi Leit déi sech der Decke no strecke musse besser mat de Käschten eens déi se duerch d'Liewensverdeierung elo méi hunn. Ee Stot vun 2 Persounen dee manner wéi 2.356 Euro de Mount verdingt kritt haut en Heizkostenzouschoss vun 825 Euro. E kritt d'nächst Joer eng Deierechtzoulag vun 1.650 Euro. Een 3 Persounen Haushalt dee manner ewéi 2.804 Euro de Mount verdingt kritt haut een Heizkostenzouschss vun 990 Euro. D'nächst Joer kritt en eng Deierechtzoulag vun netto 1.980 Euro.

Aarmut ass keng Fatalitéit. Et kann een eppes géint si maache. A mir maachen eppes géint d'Aarmut.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

"Haaptsaach mir bleiwe gesond", esou soe mer dacks. "Dat Wichtegst ass d'Gesondheet", esou soe mer och. Wann dat stëmmt, an dat stëmmt, dann ass d'Gesondheetspolitik ee vun deene wichtegste Politikberäicher an dann ass de Gesondheetsministär ee vun deenen nobelsten déi et an der Regierung gëtt.

D'sozial Cohesioun an engem Land erreecht een nëmmen da wann een de fräien Zougang zu qualitativ héichwäertege gesondheetlechen Déngschtleeschtungen ouni Ënnerscheed vum Revenu séchert a wann ee fir e solidaresche Finanzement vum Gesondheetssystem suergt. Ouni e gutt fonktionnéierende Gesondheetssystem kann et keng sozial Cohesioun ginn. D'Regierung an in specie de Gesondheetsminister si sech desse bewosst.

D'Pflegeversécherung ass een zolitt Stéck sozial Cohesioun. Sozial Cohesioun heescht ëmmer a fir d'éischt Solidaritéit mat an Hëllef fir déi déi gesondheetlech schlecht dru sinn, déi net méi esou séier lafe kënne wéi déi aner, déi net méi un alle gesellschaftlechen Aktivitéiten deelhuele kënnen, déi méi lues trëppele mussen. D'Leeschtunge vun eiser Pflegeversécherung sinn impressionant. D'Pflegeversécherung huet fir déi Leit déi doheem gepflegt ginn am Joer 2005 am Duerchschnëtt 22.500 Euro ausginnn. Däitschland - dat och eng Pflegeversécherung huet, déi meeschte Länner hunn iwweregens keng - huet am Schnëtt nëmmen 6.300 Euro opbruecht. Fir Pflegefäll déi an den Institutioune gepflegt ginn hu mer am Schnëtt 45.000 Euro opbruecht, Däitschland 13.600 Euro. 9.500 Leit hunn am Joer 2005 vun de Pflegeleeschtungen doheem oder an enger Institutioun profitéiert. D'Zuel vun de Beschäftegten an de Pflegereseauen beleeft sech entre-temps op 5.000. D'Pflegeversécherung huet och Aarbechtsplaze geschaaft: mir hunn ëmmer gesot datt een aus der informeller Pflegeaarbecht déi et ëmmer ginn huet e formelle Sekteur vun eisem Aarbechtsmaart misst maachen. Dat ass eis gelongen. Wéi et drëm gaang ass d'Pflegeversécherung anzeféieren du waren d'Widderstänn ganz grouss. Kee wëllt haut bei deene gewiescht sinn déi géint d'Pflegeversécherung waren. Ech wees awer nach wien net derfier war. Wann een d'Pflegeversécherung wëllt consolidéieren, da muss een awer zu enger kritescher Iwwerpréifung vun der Qualitéit vun de Leeschtunge kommen. Dat wäert geschéien esouwuel fir d'Pfleg doheem ewéi fir d'Pfleg an den Institutioune wou d'Pensiounskäschten dauernd klammen. Hei brauche mer méi Transparenz am Intérêt vun enger grousser Saach.

Verhënneren an d'Fréierkennung vu Krankheete gëtt een ëmmer méi wichtegen Deel vun der Gesondheetspolitik. Rondrëm d'Verhënnerung an d'Fréierkennung dréie sech déi wichtegst Initiative vun eisem emsege Gesondheetsminister. Ee Programm jot deen aneren: Mir hunn e Programm "Gesond iessen - méi beweegen", mir hunn e Programm "Schoulen ouni Tubak", mir hunn e Programm iwwert d'Ophale mat fëmmen", mir hunn en Aktiounsplang "keen Alkohol ënnert 16", mir hunn e Programm "national Réckeschoul", mir hunn een "Impfprogramm géint de Gebärmutterhalskriibs". Et kommen an deene nächste Méint weider Programmer derbäi: e Programm fir de Remboursement bzw. d'Bereetstellung vu Verhiddungsmëttele fir Jonker a sozial Schwaacher, systematesch Gesondheetschecke vun Häerz- a Kreeslafkrankheeten. Iwwerhaapt kënnt et zu enger méi grousser Mobiliséierung géint de Kriibs a géint d'Häerz- a Kreeslafkrankheeten, Initiativen déi an engem "Plan cancer" an an engem Aktiounsplang "cardio-cérébro" zesummelafe wäerten.

An Executioun vum Spidolsgesetz gëtt am Juni dee neie Spidolsplang virgestallt. Hie wäert de praktesche Funktionnement vun eise Spideeler verbesseren, e wäert den Akzent op d'Moderniséierung an den Ausbau vun der bestehender Infrastruktur leeën, e wäert och Akzenter a Richtung optimal Qualitéitssécherung setzen. Deen ale Spidolsplang huet an deene leschten 10 Joer 700 Milliounen Euro kascht. Dee neie wäert eng hallef Milliard Euro kaschten. D'Spidolslandschaft ass am gaang komplett nei gezeechent ze ginnn. D'Fusiounen tëscht 3 vun deene 4 Süd-Spideeler ass perfekt, d'Fusioun tëschent de Clinique vun Ettelbréck a Woltz gëtt duerch e Gesetzesprojet deen am Juni abruecht gëtt zur neier Nord-Réalitéit.

De Bereetschaftsdingscht vun de Generaliste gëtt vum Hierscht u besser. De Bereetschafsdingscht de Week-end an op de Feierdeeg gëtt ausgedehnt, d'Ugebued Nuets gëtt optiméiert, de Bereetschaftsdingscht réckelt méi no un d'Besoinen vun de Leit erun. Dat erlaabt och d'Urgenceservicer vun de Cliniquen ze entlaaschten.

"Bereetschaftsdingscht", dat liwwert mer, Här President, d'Stéchwuert fir eng aner Iwwerleeung. An déi Iwwerleeung betrëfft d'Sonndesaarbecht. Et gëtt Leit déi Sonndes musse schaffe well d'Beschafenheet vun hirer Aarbechtsplaz se dozou zwéngt. Deen Dingscht un der Gesellschaft deen se Sonndes leeschte mussen, dee solle mer respektéieren. Mä et gëtt an eiser Wirtschaft ëmmer méi Stëmmen déi wëllen d'Leit och an e maximale kommerzielle Bereetschaftsdingscht vum Sonndeg drécken. Et gëtt - dat war de Wëlle vum Gesetzesgeber - d'Interdictioun fir um Sonndeg ze schaffen. Déi Interdictioun mécht Sënn well et ass gutt wann op engem Dag an der Woch Rou ass. Et ass gutt wann déi gesetzlech Roupaus vun de Leit ka genotzt gi fir dat ze maache woufir se Loscht hunn a woufir se gemeinsam Fräizäit brauchen - Zäit fir mat hire Kanner oder hirem Partner ze verbréngen, Zäit fir spazéieren ze goen, Zäit fir Sport a Kultur ze maachen, bref fir een Dag an der Woch esou liewen ze kënne wéi se wëllen. Déi Interdictioun vun der Sonndesaarbecht kann opgehuef ginn, si kann opgehuef ginn an deene Fäll déi d'Gesetz virgesäit. Mir wenden d'Gesetz iwwert de Verbued vun der Sonndesaarbecht flexibel un an dat ass gutt esou. Schlecht wier et wa mer nach méi Sonndesaarbecht giffen zouloosse wéi déi, déi haut autoriséiert ass. Ech wëll hei ganz däitlech soen: et gëtt keng weider Extensioun vun der Sonndesaarbecht iwwert dat eraus wat mir haut un Ausnahmebestëmmungen an un Ausnahmeregelungen zur Sonndesaarbecht hunn. Et wäert net geschéien, jiddwerfalls net esou laang ewéi ech hei am Land eppes ze soen hunn, datt ëmmer méi Leit musse Sonndes untrieden fir datt déi aner Leit hire Sonndeskonfort op deenen hir Käschten organiséiere kënnen. Zur sozialer Cohesioun gehéiert et och datt een op deen anere Rücksicht hëllt. A mir solle Rücksicht huelen op déi Salariéen déi Famill a Kanner hunn, op déi Leit déi an de Veräiner aktiv sinn, op déi Leit déi de Sonndeg brauche fir duerch ze otmen. Ech weess datt dat almoudesch kléngt, mee ech sinn almoudesch an ech wëll almoudesch bleiwen. Ech wëll keng Gesellschaft wou déi eng mat hiren Enkele Sonndes akafe ginn an d'Kanner vun den Elteren déi schaffe mussen eleng doheem sëtzen. Ech wëll dat net. Et kënnt zu kenger weiderer Ausweidung vun der Sonndesaarbecht. Bal hat ech et gesot "basta". Mee ech mengen eigentlech och "basta", et geet elo duer.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Déi sozial an déi national Cohesioun ass nëmme méiglech wann d'Leit am Land Vertrauen an d'Institutiounen hunn. Ech hu net den Androck wéi wann dat Vertrauen an der leschter Zäit zougeholl hätt. Mir brauchen awer Vertrauen an eis Institutiounen, mir brauche Vertrauen an d'Justiz an an d'Polizei. D'Justiz ass onofhängeg a weder Regierung nach Parlament nach Politik hu sech an hiert regulärt Funktionnement anzemëschen. Keen däerf hir onofhängeg Ausübung behënneren. Dofir wäert de Justizminister e Gesetzesprojet presentéieren dat d'Behënnerung vun der Justitz stroofbar mécht. Eise Polizeicorps muss verstärkt ginn a wäert verstärkt ginn. Bis an d'Joer 2015 kommen 500 weider Polizisten derbäi. D'Polizei gëtt esou méi biergerno a méi efficace. An iwwregens: Loosse mer ophalen all eenzelne Polizist responsabel ze maache fir Disfunktionnementer déi et op eenzelnen Etage vun der Polizeihierarchie viru Joerzéngte ka ginn hunn. D'Polizisten um Terrain maachen eng gutt Aarbecht a mir solle se dobäi ënnerstétzen.

Am Beräich vun der Justiz stinn aner grouss Reformprojeten un. Mir wëllen ee neit Gesetz iwwert den Divorce dat d'Scheedungsprozedure méi mënschlech mécht. Mir wëllen ee Gesetz iwwert den Afferschutz: et läit eng Proposition de loi vun eisem Kolleeg Alex Bodry an e Projet vun der leschter Regierung aus dem Joer 2003 vir. Mir hätte gär d'Avise vum Conseil d'Etat a mir giffe gäre besonnesch d'Informatiounsrecht vun den Affer stäerken. Dat ass eng Noutwendegkeet vun där ech hoffen datt se jiddwerengem aliicht. Mir giffe gären déi "Autorité parentale" déi mer kennen qualitativ a Richtung "Reponsabilité parentale" veränneren. Mir hätte gären datt déi zwee Elterendeeler hirer elterlecher Verantwortung gemeinsam gerecht ginn, op se bestued sinn oder net, op se am Partenariat liewen, getrennt oder gescheet sinn. Nach jhust an Ausnahmefäll soll de Riichter d'elterlech Responsabilitéit engem eenzegen Elterendeel kënnen zouspriechen. Autoritéit, individuell Autoritéit duerch Responsabilitéit, gemeinsam Responsabilitéit ersetzen ass ee Schrëtt dee mer musse maachen. De Justizminster wäert och e Gesetzesprojet iwwert d'Gefällegkeetsbestiednes an iwwert d'Zwangsbestiednés virleeën, Phenomäner déi de Justiz- a Gemengenautoritéiten heiansdo grouss Problemer bereeden. Dee selwechte Minister wäert och e Gesetzesprojet zur Repressioun vum Stalking ausschaffe fir datt dës Form vun, wann ech esou soe kann, moderner Belästegung déi déi Leit déi d'Affer dovu sinn zum Wahnsinn dreift, sech net méi breet mache kann.

Här President
Dir Dammen an dir Hären,

Sozial Cohesioun reimt sech mat Integratioun. Ee Land dat esou een héijen Auslännerundeel huet ewéi Lëtzebuerg kënnt net derlaanscht d'Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger, dat heescht dat gewollte Matenee vu Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger geziilt unzestriewen. Dofir ass et vun eminenter Bedeitung d'Gesetzesprojeten iwwer d'Immigratioun an d'Intégratioun séier an de Mémorial ze kréien. Dës Gesetzer bedeiten eng Verdéiwung vun der Integratioun vun de Net-Lëtzebuerger. Et gesäit Rechter a Pflichte fir déi eng a fir déi aner vir. Gerad esou wichteg ass et fir de Gesetzesprojet vum Inneminister deen d'Reduzéierung vun den Aschreiwungsfristen vun den EU Bierger fir d'Europawahlen a vun allen auslännesche Matbierger fir d'Gemengewahlen virgesäit ze verabschieden. D'Aschreiwungsfrist gëtt vu 14 respektiv 18 op 3 Méint erof gesat a garantéiert esou e méi breet Matmaache vun EU-Bierger a vun aneren Auslänner bei den Europa- an de Gemengewahlen.

Ech hu mech an der Vergaangenheet an zënter Joeren ëmmer nees fir d'duebel Nationalitéit agesat. Och wann elo ëmmer méi Stëmmen sech Gehéier verschafen déi géint de Prinzip vun der duebeler Nationalitéit, géint de Prinzip vum duebele Pass optrieden, bleiwen ech bei menger Meenung a bleift d'Regierung bei hirer Meenung datt d'duebel Nationalitéit eng Integratiounsschubwierkung an ee Méi un Integratioun a sozialer Cohesioun bedeit. Dat Gesetz muss kommen, et muss den 1. Januar vum nächste Joer kënnen a Kraaft trieden. Ech wëll de Géigener vun der duebeler Nationalitéit - an dir wäert gesinn datt déi sech an de nächste Méint massiv äussere wäerten - soen, datt d'duebel Nationalitéit keng Optioun géint Lëtzebuerg ass mee eng Optioun fir Lëtzebuerg duerstellt. Duerch d'duebel Nationalitéit kréien d'Auslänner - wa se aus Länner kommen déi och d'duebel Nationalitéit kennen - net méi Rechter wéi d'Lëtzebuerger, mee si kréien hire Wëllen fir mat eis gläichberechtegt zesummen ze liewen dokumentéiert. Mir ginn eis Nationalitéit net op, mee mir maachen se op. A fir se kënnen opzemaachen ass et absolut noutwendeg datt déi Mënschen fir déi se opgeet sech a lëtzebuergesche Saachen auskennen an sech an der lëtzebuerger Sprooch kënnen ausdrécken. Si mussen net Lëtzebuergesch kënne schwätze wéi en Affekot - déi meeschte lëtzebuerger Affekote schwätzen iwweregens Franséisch -, mee si musse kënnen esou mat eis schwätzen datt mir si verstinn a si mussen esouvill Lëtzebuergesch verstoen datt si eis verstinn. D'Sprooch ass e wichtegt Element vun der Integratioun. Déi déi dat net wëllen zur Kenntnis huele verstinn net alles vun de Lëtzebuerger. Déi déi d'Sprooch zu enger Integratiounsbarrière wëlle maachen, déi déi d'Sprooch zum exklusiv séilegmaachenden Element vun der Nationalitéitsacquisitioun wëllen ëmfunktionnéiere verstinn net alles vun der nationaler Cohesioun. Passt ganz gutt op: d'duebel Nationalitéit fënnt eng Majoritéit heibannen, d'duebel Nationalitéit muss awer och a virun allem eng breed Acceptanz dobausse fannen. Wa se keng Acceptanz dobausse fënnt, wann se laanscht de nationale Konsens seegelt, dann dréit se méi zur Desintegratioun wéi zur Integratioun bäi. D'lëtzebuergesch Sprooch erlaabt et d'Saache beieneen ze bréngen. Ech sinn iwwerzeegt dervun datt déi Sproochereegelung déi um Dësch läit der Sproocheproblematik gerecht gëtt. Well mir si jo keng Fanatiker, mä Pragmatiker.

Wie Lëtzebuerg a Lëtzebuergesch seet dee mengt och Kultur. Eis Kultur schwätzt net nëmme Lëtzebuergesch. Mir hunn, fir et mat de Wierder vum Ben Fayot ze soen, ee Sproochesystem zu Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. An esou ass och eis Kultur. Kultur ass e wiesentlëcht Sprangbried vun der Integratioun an domatt e Bausteen fir d'sozial Cohesioun. No deem groussen Erfolleg vum Kulturjoer 2007 - an zu deem Erfolleg huet d'Staatssekretärin Octavie Modert wiesentlech bäigedroen - muss dee budgetairen an inhaltleche Kultureffort op héijem Niveau bleiwen. Et wäert net geschéien datt de Kulturbudget ugeknabbert gëtt. Deen deen de Kulturbudget méi schmuel mécht, dee geet eiser kultureller Ambitioun u Muech a Schank. Dofir wäert dat och net geschéien.

Et giff kee Kulturliewe ginn ouni den Engagement vum Staat. Mee Kulturliewe giff och dann net stattfanne wann net vill Fräiwëlleger - a Fräiwëlleger sinn ëmmer Begeeschterter - eng Hand giffe mat uleeën. Dat ass net nëmme wouer fir d'Kultur. Dat ass och wouer am Beräich vum Sport. Dat ass virun allem och wouer fir d'Protection civile, fir d'Pompjeeën a fir aner Hëllefsdingschter. Sozial Cohesioun ass net nëmmen d'Resultat vu staatlechen Efforten. Sozial Cohsioun ergëtt sech aus dem Matenee vu staatlechen a vu privaten, dat heescht fräiwëllegen Efforten. Et gëtt dausende Leit hei am Land déi hir Fräizäit huelen, iwwerhaapt sech Zäit huele fir hire Matmënsche kënnen ze dingen. Giff et dës Leit net ginn - d'Protection civile, d'Pompjeeën, Hëllefsdingschter allgemeng, Leit déi sportlech Aktivitéite vu Jugendlechen encadréieren, Leit déi Aktivitéite vun de Jugendveräiner méiglech maachen - da misst de Staat dës Aufgabe selwer iwwerhuelen, mee da misst hie kleng bäi ginn well e kënnt d'Iwwerhuele vun dësen Aufgaben iwwerhaapt net finanzéieren. Well mer wësse wat mer dem Benevolat verdanke, well mer wësse wat fir eng exceptionnel Cohesiounsroll déi Fräiwëlleg spille leeë mir virum Enn vum Joer en integrale Programm zur Ënnerstëtzung vun der Fräiwëllegenaarbecht vir. Ech wëll haut just soen datt mer den Asatz vun de Fräiwëllegen, vun de Benevole schätzen. De Rescht kënnt virum Enn vum Joer no.

Benevolat dat reimt sech mat Mécénat an e bëssen och mat Philanthropie. Wann et drëm geet d'Zesummeliewen ze reusséieren, da brauch een och d'privat Initiativ, d'Zivillgesellschaft, deen Eenzelnen dee sech am allgemengen Interessi abréngt, da brauch een Mécénat an de philanthropeschen Engagement. Wann et drëm geet d'sozial Cohesioun zur integraler Reussite ze maachen da muss de Staat wëssen datt e net alles selwer kann. Hie kann - an dat ass seng Pflicht - déi kollektiv Besoinen vun der Gesellschaft en Charge huelen. Mee hien deet sech schwéier - an e weess dat - nei Besoinen an der Gesellschaft schnell ze identifizéieren an och op spezifesch Situatiounen, besonnesch wa se nëmmen e klengen Deel vun de Leit betreffen, gezielt anzegoen. Dofir ass d'Regierung décidéiert de privaten Engagement am allgemengen Interessi méi staark ze förderen. Mir mussen d'Barrièren aus dem Wee raumen déi sech deenen an de Wee stellen déi bereet sinn een Deel vun hirer Energie a vun hirem Verméigen fir d'Allgemengheet ze mobiliséieren. Dofir schafe mer eng privat, onofhängeg Fondatioun déi d'Promotioun vun der Philanthropie a vum Mécénat zum Ziel huet. Dës Fondatioun däerf deenen déi um Terrain aktiv sinn keng Konkurrenz schafen. Si däerf keng Struktur ginn déi hinne virun d'Nues gesat gëtt. Dës Fondatioun soll zu engem Intermédiaire tëscht den Destinataire vun den Donen an deene Leit an Entreprisen déi bereet sinn sech finanziell am allgemengen Interessi ze engagéieren. Dës Fondatioun soll déi, déi Informatiounen iwwer al a nei philanthropesch Tätegkeetsfelder brauche beroden. Dës Fondatioun soll onofhängeg vun der Regierung a vum Staat sinn an dofir hu mir d'Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte gebieden de Staat an der Fondatioun ze vertrieden.

Am Hierscht wäert de Justizminister Virschléi zur Philanthropie maachen, Virschléi déi ee méi favorabele Kader fir d'philanthropescht Wierken hei zu Lëtzebuerg virgesinn, philanthropescht Wierken Heiheem, philanthropescht Wierken déi aner Säit vun de Grenzen. Philanthropie fir dat ganz kloer ze soen, ass keen Ersatz fir staatlecht Engagement. De Staat zitt sech aus kengem Beräich op Käschte vun der Philanthropie zeréck. Philanthropie däerf net zu staatlechem Desengagement féieren si muss e plus fir d'Mënsche sinn. Philanthropie huet et schonn ëmmer ginn, Philantropie gëtt et nach méi wann de Staat se steierlech besser ënnerstëtzt. Haut kann een Donen an der Héicht vu maximal 10% vum Akommes an e maximale Montant vun 500.000 Euro d'Joer vun der Steier ofsetzen. Déi Plafonge gi verduebelt. Donen sollen och iwwert e puer Joer gestreckt ofgesat kënne ginn. D'Eregistrementstaxen déi bei Ierfschaften an Donen u Fondatiounen déi virum Notär gemaach ginn ginn ëm en Drëttel erofgesat. Gréisser Donen wäerten och keng extra Autorisatioun méi brauche wa se iwwer Virementen gemaach ginn.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn Iech elo vill iwwer Cohesioun geschwat an Iech d'Etappe vun der Cohesiounsausweidung gewisen. Mee d'Cohesioun gëtt och do gepréift wou et ëm dat Essentielt, ëm dat Letztendlëcht geet. Ech schwätze vu Stiewbegleedung a vun Euthanasie.

D'Gesetzer iwwert d'Palliativmedezinn an iwwert d'Euthanasie si wat hir Formatioun an hir Ausriichtung ubelaangt an den Hänn vum Parlament. An do gehéiere se och hinn. Well am Parlament lafen d'Meenungen, d'Stréimungen an d'Iwwerzeegungen a staark Gedanken zesummen. D'Regierung huet kee Gesetz iwwer d'Euthanasie virgluergt mee nëmmen eent iwwert Palliativmedezinn. D'Parlament ass awer och mat enger Gesetzespropositioun vun de Kolleegen Err an Huss iwwert d'Euthanasie befaasst. D'Chamber huet am Februar eng éischt Ofstëmmung virgeholl. Déi verdingt Respekt.

D'Regierung huet sech an der Debatt iwwert d'Gesetzespropositioun ronderëm d'Euthanasie neutral verhalen. Et gëtt keng Regierungsdecisioun zur Euthanasie. Ech kann also och hei keng Regierungsdecisioun zur Euthanasie virdroen. Mä ech wëll meng Meenung dozou soen.

Ech sinn hei am Land keng moralesch Autoritéit, an ech erhiewen deen Usproch och net. Ech hun ewéi jidferee meng Zweifelen, vill Froen, koherent Convictiounen awer och Nuancen. Ech hu virun e puer Woche gesot - obschonn all Observateure maache wéi wann ech mech zu dëser Fro nach ni geäussert hätt - datt ech déi Proposition de loi Err-Huss net ging stëmme wann ech Deputéierte wier. An ech hu gläichzäiteg gesot - dat schéngt jiddwereen iwwerhéiert ze hunn - datt ech net der Meenung wier datt mat engem Gesetz iwwert d'Palliativmedezinn d'Problematik integral ofgedeckt wier. A Saachen Stiewbegleedung ass d'Pallliativmedezinn den Nec mee net an alle Fäll den ultimativen Ultra. Et gëtt Fäll wou d'Palliatifmedezinn net all Äntwerten huet. Déi Fäll solle mer reegelen. Déi Fäll em déi et sech do handelt sinn Ausnahmefäll. Jidfereen seet d'Euthanasiegesetz soll Ausnahmefäll reegelen. Da kommt mir reegelen se.

Ech hunn op enger anerer Plaatz vun dëser Ried gesot d'Politik an d'Konscht vun der Politik giffen doranner bestoe fir d'Differenzen ënnertenee kompatibel ze maachen. Dat zielt och fir dës Fro. Mir mussen an dëser Fro zu enger Eenegung an der Mëtt kommen. Et ass an der Mëtt wou d'sozial Cohesioun an och déi national Cohesioun stattfannen. Déi déi einfach mat hirer Iddi duerchmarschéiere wëllen déi iere sech. Déi déi einfach deenen aneren hir Iddien, mat deenen se duerchmarschéiere wëlle blockéieren déi ieren sech och. Et geet hei net ëm eis. Et geet hei ëm d'Mënschen. Et geet hei ëm eis Gesellschaft. Et geet hei ëm den ethesche Fridden am Land. Kommt mir sichen deen. Et ass derwäert.

Här President,
Dir Dammen an dir Hären,

Ech hunn elo laang geschwaat, mä ech hunn an dëser Ried - entgéint ménger Gewunnecht - nach net vill Zuele genannt. D'Erklärung dofir ass einfach: ech hunn iwwert de Budget an iwwert d'Staatsfinanzen nach näischt gesot. Normalerweis maachen ech dat am Ufank vun der Ried zur Lag vum Land, ech maachen et dës Kéier zum Schluss. Mee ech nennen och um Schluss net vill Zuelen. An ech soen Iech och firwat: No all Ried zur Lag déi ech hei gehalen hunn - an dat hei ass déi 14. déi ech halen - ass mer heibanne gesot ginn ech giff d'Deputéiert an den Zuelen ersaufen. No all Ried zur Lag vum Land ass an der lëtzebuerger Press geschriwwe ginn ech hätt vill Zuele genannt an net genuch iwwert d'Liewensbedingungen an d'Liewensëmstänn vun de Mënschen zu Lëtzebuerg geschwat. Dat war selbstverständlech eng Fehlinterpretatioun: d'Realitéit léisst sech mat Zuele beschreiwen an Zuele soen iwwert d'Realitéit eppes aus, si soen och eppes aus iwwert d'Liewe vun de Mënschen. Mee well ech net berodungsresistent si mä extrem lernfäheg sinn nennen ech och bei der Behandlung vum Thema Staatsfinanze wéineg Zuelen mä ech schwätze Kloertext. D'Zuelen déi de Finanzministär mir fir dës Debatt virbereet huet déi leeën ech op Äert Pult Här President an Dir verspriecht mer datt der se am Chamberbericht publizéiert.

A wat fir engem wirtschaftlechen Ëmfeld beweege mer eis ? Dat ass schwéier ze soen.

D'Weltwirtschaft dréint an de Joeren 2008 an 2009 méi lues wéi an de Joeren 2006 an 2007. Datt se iwwerhaapt nach op héijem Niveau dréit ass virun allem de wirtschaftleche Leeschtunge vun de Schwellelänner op anere Kontinenter ze verdanken. D'Vereenegt Staate vun Amerika kucken an d'Rezessiounslach an och wa se net dra fale wäerten se wiesentlech méi lues wuesse wéi dat an deene leschte Joeren de Fall war. D'Wirtschaft vun der Eurozon wiist méi séier wéi déi vun de Vereenegte Staaten, mee awer ënnert dem Niveau vun hirem Wuesstemspotential an däitlech manner staark wéi an de Joeren 2006 an 2007. D'wirtschaftlecht Ëmfeld ass manner gutt wéi et war. An d'Wuesstemsperspektive fir d'Joer 2009 sinn däitlech méi niddereg wéi d'Wuesstemsperspektive vun de Joeren 2007 an 2008 et waren. D'Europäesch Kommissioun geet dovunn aus datt d'Wirtschaft vun der Eurozon am Joer 2008 ëm héchstens 1,7 an am Joer 2009 ëm héchstens 1,5% wiisst. Den Internationale Währungsfong prognostizéiert d'Zuelen déi nach däitlech drënner leien. Mä: di éischt Zuelen iwwert d'wirtschaftlech Entwécklung am éischte Quartal vum Joer 2008 loossen eis gleewen datt Wuesstemspessimismus fir d'Eurozon net ubruecht wär. Et kënnt an Europa zu kenger Rezessioun.

Et kann ee laang driwwer streiden op mer dat Schlëmmst vun der Finanzkris hannert eis hunn. Ech mengen dat net, ech mengen ënnert de Repercussioune vun der amerikanescher Finanzkris, vun der amerikanescher Subprime-Kris leide mer nach laang well et dauert nach op d'mannst 2-3 Trimesteren ier mer d'Repercussioune vun der Kris op déi europäesch Realwirtschaft exakt moosse kënnen. Mir wëssen och net wéi déi Kris sech am Endeffekt an am Detail zu Lëtzebuerg wäert auswierken. Et ass ganz einfach nach ze fréi fir dat ofschléissend kënnen ze beuertdeelen.

Wat de Wirtschaftswuesstem zu Lëtzebuerg ubelaangt esou musse mer dovunn ausgoen datt en sech däitlech no Ënnen ofsenkt. Mir haten am Joer 2006 een aussergewéinlech héije Wirtschaftswuesstum vun 6,1% Prozent. D'Europäesch Kommissioun mengt mir hätten am Joer 2007 e Wirtschaftwuesstum vun 5% gehat, de STATEC mengt et wier nëmmen ee vun 4,6% gewiescht. Mir gi fir d'Joeren 2008 an 2009 vun engem Wirtschaftswuesstem tëscht 3 a 4% aus.

An anere Wieder an ouni Zuelen: d'Weltwirtschaft wiisst méi lues, d'amerikanesch Wirtschaft leeft Gefor rezessiv ze sinn, d'Eurowirtschaft wiisst ënnert hirem Wuesstumspotential, d'lëtzebuerger Wirtschaft leet manner zou wéi an deene leschte Joeren. D'Conclusioun aus all deem: am Joer 2009 geet et de Staatsfinanzen, virun allem dem Budget vum Zentralstaat, eiser Economie an eis selwer manner gutt wéi an der Joeren 2006, 2007 an 2008. Deem ass bei der Opstellung vum Budget fir 2009 Rechnung ze droen. Am Oktober, wa mer en opstelle wësse mer méi iwwert d'wirtschaftlech Entwécklung a wäerten all Konsequenzen aus der Entwécklung zéien. Aus all deem ergëtt sech awer och datt un den Tripartitebeschlëss aus dem Joer 2006 bis un d'Enn vum Joer 2009 muss festgehale ginn. Ouni Tripartitedecisioune vum Abrëll 2006 an ouni déi dorops hi gestëmmte Gesetzer wier de Budget vun dem Zentralstaat am Joer 2007 negativ gewiescht. Dank deenen Decisiounen a Gesetzer war e positiv.

Déi bishäreg Executioun vum Budget vum Joer 2008 déi der am Detail an der Note kënnt noliesen déi ech um Büro vun der Chamber deposéiert hunn ergëtt bis elo folgend Bild: Par rapport zum Joer 2007 klëmmt d'Lounsteier staark - dat ass virun allem op déi massiv Expansioun vum Aarbechtsmaart zeréck ze féieren -, d'Accise stagnéieren, d'Quellesteier entwéckelt sech normal, d'Taxe d'abonnement fällt par rapport zum selwechten Zäitraum zum leschte Joer ëm 10,5%, d'Kierperschaftssteier fällt staark. Ergo ass Virsiicht ugesot, ergo muss de Budget fir d'Joer 2009 strikt opgestallt ginn, ergo muss de Budget vum Joer 2008 streng ausgefouert ginn, ergo wäert am Budget fir d'Joer 2009 keng Plaz fir allméiglech Wahlgeschenker sinn. Déi selectiv steierlech, akommes- a familjepolitesch Moossnahmen - déi jo allerguer eppes wäerte kaschten - loossen dat net zou.

An anere Wierder: déi déi nach manner Steieren an nach méi Depense froen droen der Realitéit vun dësem a vun deem nächste Joer keng Rechnung. D'Regierung muss a wäert hir awer Rechnung droen.

An nach anere Wierder: et gi just déi Steierajustementer gemaach déi noutwendeg sinn, et ginn déi Moossnahme getraff déi d'Inflatiounsbekämpfung verlaangt, et ginn déi Sozialausgaben erhéicht déi d'Folge vun der Deierecht ausgläiche sollen, et kënnt zu kenger allgemenger Gehälterrevisioun. D'Regierung fiert awer virun an de näechste Méint d'Evolutioun vun den Diplomer, d'Responsabilitéiten an d'Missioune vun deenen eenzelnen Staatscarriere geneestens ze annalyséieren. De Budget fir d'Joer 2009 kann nëmmen am Liicht vu rezente wirtschaftlëchen Entwécklungen, déi net ouni Auswierkung op d'Finanzplaz bleiwen an am Liicht vun de probabele wirtschaftleche Wuesstemsposche vum Joer 2009 opgestallt ginn. Mir hunn eis gesamt Staatsfinanzen an de leschte Joere consolidéiert well mer d'Depense manner séier wuesse gelooss hunn wéi d'Recetten eis dat erlaabt hätten a well mer ausseruerdentlech staark vun den onerwaart héije konjunkturbedingte Steiereinnahme profitéiert hunn. Et gesäit esou aus datt dee waarme Konjunkturreen d'nächst Joer net méi um Rendez-vous ass.

Esou, Här President, ech ginn an déi lescht Kéier vun dëser Ried. Ech weess net genau wat d'Joer 2009 eis brénge wäert. Wéi dës Regierung ugetrueden ass hate mer en Euro-Dollar Cours vun 1,22. Wéi dës Regierung ugetrueden ass huet de Petrolspräiss sech op 39 Dollar de Barrel belaf. Haut flirt den Euro Dollar Cours mat 1,60. De Petrolspräiss huet haut de Moien 135 Dollar erreecht Mir ginn dervun aus datt d'Petrolspräisser héich bleiwen, mir ginn dervun aus datt d'Liewensmëttelpräisser héich bleiwen, mir ginn dervun aus datt de Wiesselcours tëschent Euro an Dollar sech net extrem favorabel fir den Euro an deene nächste Méint entwéckele wäert. Mir mengen d'Inflatioun giff d'nächst Joer erëm an der Géigend vun 2,7% landen, mee wéi d'wirtschaftlecht Ëmfeld am Joer 2009 genau ausgesi wäert kann ech Iech mat deem beschte Wëllen net soen. Ech hoffe mir gesinn seng Ëmrësser besser am Oktober wa mer de Budget fir d'Joer 2009 opstellen.

Méi genau gesi mer den Aarbechtsprogramm vu Parlament a Regierung vun Haut bis zum Enn vun der Legislaturperiod.

Mir wëllen der nächster Regierung e Land iwwerginn deem seng sozial Cohesioun méi zolitt ginn ass. Dofir mussen d'Gesetzer gestëmmt ginn déi d'Sozialpolitik an d'Familjepolitik méi selectiv a méi gerecht maachen. Dofir mussen och sämtlech Gesetzer déi vun der Educatiounsministesch abruegt gi sinn an déi d'Reform vun der Grondschoul - dat eleng si 4 Gesetzer - a vun der Beruffsausbildung betreffend votéiert ginn. Dofir ginn d'Gesetzer iwwert d'duebel Nationalitéit, iwwert d'Integratioun an d'Immigratioun an iwwert d'Verkierzung vun den Aschreiwungsfriste fir Europa- a Kommunalwale gestëmmt. Dofir mussen d'Gesetzer iwwert den Afferschutz, iwwert d'Responsabilité parentale, iwwert den Divorce, iwwert d'Sécherheet am öffentlechen Transport an iwwert d'Augmentatioun vun de Polizeieffektiver kommen. D'Gesetzesprojeten iwwert d'Aide sociale, iwwert d'Aide à l'enfance, iwwert d'Besserstellung vun de Behënnerten an iwwert d'Jugend gi gestëmmt. Et ginn och gestëmmt d'Gesetzesprojeten iwwert d'Beschäftegungsinitiativen, iwwert de Sproochecongé an iwwert d'Zäitkonten.

Des weideren ass et de Wonsch vun der Regierung datt folgend Gesetzesinitiative d'parlamentaresch Hürden nach virun de Wahlen huelen:

  • de Gesetzesprojet iwwert d'Reorganisatioun vum Héichschoulwiesen,
  • de Gesetzesprojet iwwert de Beruff vum Auditeur,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Reorganisatioun vum Affekoteberuff,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Hospitaliséierung vu geeschteg gestéierte Leit,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Constructioun vun der Liaison Micheville,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Verbesserung vum legislative Kader vun eiser Finanzplaz,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Reform vum Konkurrenzrecht,
  • de Gesetzesprojet iwwert eng verbessert Zesummenaarbecht tëschent der Steier- an der Enregistrements-Verwaltung,
  • de Gesetzesprojet iwwert d'Reform vun den Hëllefe fir d'Recherche,
  • de Gesetzesprojet iwwert de Pacte Logement dee vun essentieller Bedeitung ass,
  • d'Kadergesetz iwwert d'Waasser,
  • ee neit Gesetz iwwert d'öffentlech Ausschreiwungen,
  • d'Gesetz iwwert déi biomédezinnesch Fuerschung,
  • d'Reform vun der Unfallversécherung,
  • ee neit Gesetz iwwert d'Juegt,
  • d'Gesetz iwwert d'Schafung vun engem nationale Sproocheninstitut.

Dat sinn eis absolutt Prioritéiten. Aner Gesetzer déi déposéiert sinn, déi aviséiert sinn oder net, giffen et och verdingen vum Parlament examinéiert a votéiert ze ginn.

Här President,

Dir gesitt datt d'Regierung nach Munnches virhuet. Ech liesen heiansdo der Regierung giff lues a lues d'Puste ausgoen, si giff an Otemnout geroden, si weist net méi fir wat se eigentlech do wier. Déi programmatesch Erklärung vun haut an den Hiwäis op déi législativ Prioritéite vun de nächste Méint hun Iech gewisen: dëser Regierung geet d'Pusta net aus, dës Regierung ass voll gelueden.

D'Regierung geet dat lescht Joer vun der Legislaturperiod mat vollem Asaz un. Kee soll sech Hoffnunge maachen datt d'Wahlen éischter stattfanne wéi et geplangt ass. Ier se stattfanne fannen nach vill aner Saache statt. Nodeems mer dëst Joer d'Steiermoderatioun fir d'Kanner an e Kannerbonus ëmgewandelt hunn transforméiere mer d'nächst Joer den Arbeitnehmerfreibetrag, de Rentnerfreibetrag, den Abattement mono-parental an den Abattement fir Scholdzënsen an e Nettosteierkreditt, ersetze mer den Heizkostenzouschoss duerch eng Deierechtzoulag an duebeler Héicht, erhéije mer d'Mindestléin, d'Renten an d'Pensiounen, féiere mer Chèque-Servicen an, berengege mer de Steiertariff an hiewen eenzel steierlech Abattementen. Fir d'éischt gëtt dat gemaach. An dann eréischt maache mer Wahlkampf. Ween am Wahlkampf ze fréi fortleeft dee kënnt nawell gären ze spéit un. Mir komme gären am richtegen Ament un.

Dernière mise à jour