Jean-Claude Juncker, Transcription de l'intervention faite à l'occasion du dépôt du projet de budget 2009, Partie I, Chambre des députés, Luxembourg

Här President,
léif Kollegen,
Dir Dammen an Dir Hären,

Mir liewen an engem séier onsécheren Ëmfeld. Nach ni war d’Ëmfeld an Europa a weltwäit esou onsécher an esou fragile, wéi dat de Moment de Fall ass. De Wuesstem an der Eurozon, de Wuesstem weltwäit, de Wuesstem zu Lëtzebuerg loossen eng däitlech Tendenz a Richtung Zréckentwécklung erkennen. D’Inflatioun ass am Laf vum Jor geklommen an d’Uelegpräisser bleiwen no wéi vir op engem héijen Niveau – och wann et elo zu enger gewësser Berouegung komm ass.

Eng Regierung déi mat esou enger Situatioun konfrontéiert ass, eng Regierung vun engem Land deem seng Recettë sech duerch extrem Volatilitéit auszeechnen, eng Volatilitéit déi et an där Form a kengem anere Land gëtt, huet zwou Verhalensweisen. A wann Dir duerch d’europäesch Regierungslandschaft kuckt, gesitt Dir, datt déi zwou Verhalensweisen adoptéiert ginn: entweder waart d’Regierung of a kuckt wat kënnt oder eng Regierung agéiert voluntaristesch, andeems se sech un ale Gedanken inspiréiert déi nach virgëschter als archaesch Gedanke gegollt hunn. An d’lëtzebuerger Regierung huet en face vun der Finanzkris déi mir hunn, an déi lues a lues och d’Realekonomie an Europa erreecht, décidéiert net ofzewaarden. D’Regierung waart net of wat geschitt, mä d’Regierung reagéiert fir datt eppes geschitt.

Aus deem Zréckhuelen an d’Wierklechkeet vum Primat vun der Politik ergëtt sech, bei aller Relativitéit vum Begrëff, eng nei Kombinatioun vu Budgetspolitik, vu Steierpolitik, vu Sozialpolitik a vum Asetze vun ongewéinleche Finanzéierungsinstrumenter, wann et ëm staatlech Interventiounen an der Wirtschaft geet. Déi Kombinatioun, déi muss esou fonnt ginn, datt den ëffentleche Finanze keen nohaltege Schued erwiisst, wat hiren Equiliber ubelangt.

Et ass dofir, wou mir déi Rettungsaktiounen – anescht kann een dat net beschreiwen, och wann eng aner Terminologie am Bankesecteur heiansdo gewënscht gëtt – notamment fir zwou grouss lëtzebuergesch Banken, hu missen haushalts-, dat heescht budgetsneutral gestalten. Déi Interventiounen déi mir am Beräich vum Finanzsecteur zu Lëtzebuerg maachen, kaschten, wann alles riicht geet, de Steierzueler kee Sou a bréngen dem lëtzebuerger Staat supplementar Recetten an e puer Joer vun haut aus gekuckt. Wann alles riicht geet.

Dofir mussen d’Leit, déi mat der Finanzplaz ze dinn hunn, eis Clienten, op déi massiv ëffentlech Interventioun am Bankesecteur no Méiglechkeet adequat reagéieren. Et gëtt keng Ursaach, fir datt Leit déi hir Konte bei der Dexia oder bei der Fortis hunn, déi Konten opléisen. Géife se dat maachen, géif de Rettungsplang vun der Regierung schifgoen. Maachen se dat net, da geet de Rettungsplang vun der Regierung riicht, an als national Kollektivitéit komme mir spéiderhin an de Genoss vun de Rendemente vun deenen Investissementer déi mir an deem Secteur do tätegen.

Déi Interventiounen déi de Staat vun e Sonndeg op e Méindeg a vun e Méindeg op en Dënschdeg a Saache Fortis an Dexia gemaach huet, kënne mir nëmme maachen, well de Verschëldungsstand vum lëtzebuerger Staat ganz niddereg ass. Déi hunn och – woufir ech dankbar sinn – d’Approbatioun vun alle politesche Kräften hei am Haus fonnt, ech ënnersträichen dat, well ech wierklech dofir dankbar sinn, well kee probéiert huet hei e politeschen Extratours op Käschte vun engem aneren ze dréinen, mä jiddweree sech senger Verantwortung als Parlamentarier, respektiv als Minister bewosst war.

Mir belaaschten de Budget net, mä mir erhéijen an engem vertrietbare Mooss d’ëffentlech Schold zu Lëtzebuerg. Wier d’ëffentlech Schold zu Lëtzebuerg ganz héich, hätte mir dat net kënne maachen. Oder awer mir hätten eng schonn ze héich ëffentlech Schold, dat ass de Fall fir eis belsch a franséisch Kollegen, nach weider missten erhéijen, an domat d’Appréciatioun déi eisem Land an der internationaler Communautéit zoukënnt verschlechtert. Mir kënnen dat maachen, well mir an deene leschte Joere beim Scholdenopbau virsichteg waren. Besonnesch de Minister vum Budget a vum Tresor huet e grousse Verdéngscht dodrun, an déi Politik war jo a ville Quartiere vun der lëtzebuerger ëffentlecher Meenung ëmmer ëmstridden.

Dee Budget, deen d’Regierung virleet ass e séier voluntaristesche Budget, deen net risikofräi ass. E geet nämlech vu Wuesstems-, Inflatiouns- an aneren Hypothesen aus, déi esou just d’Strooss halen. An e geet dovun aus, datt d’Land, déi wirtschaftlech Akteuren an déi sozial Responsabel conformément zu deene Linne reagéieren déi de Budget hei fir d’Jor 2009 virgëtt. Et ass e Budget vum Vertrauen. Et ass, obschonn ech dat Wuert net ganz gären hunn, en Antikrisebudget vum Vertrauen. Et ass jiddwerfalls e Budget dee weist, datt d’Regierung net mat den Hänn am Schouss do sëtzt. Et ass kee Budget dee weist, datt d’Regierung händeringend no Loft géif schnapen, mä et ass e Budget vum rouegen Otem.

Well, ee Land wat Wiesentleches vu sengem Weiderkommen der Vertrauensbasis verdanke muss op där all Politik sech opsetzt, dat brauch eng Politik vun der roueger Hand. An eng roueg Hand ass net eng Hand, déi net dësen oder deen Hiewel relativ drastesch kann an eng aner Richtung leeën.

Et ass ee Budget - doduerch ass en e bëssen anescht wéi aner Budgeten an der Europäescher Unioun - dee ganz däitlech de Retour vun der Politik an d'wirtschaftlech an an d'sozial Gesamtzesummenhäng vum Land markéiert, an dofir ass et ee Budget, deen d'Politik responsabiliséiert fir dat Ganzt an net nëmme fir hirt eegent Uleies.

De Budget vun der Regierung dee mir virleeën dréit e falschen Numm. Et ass net, obschonn d’Regierungsënnerschrëften drënner stinn, de Budget vun der Regierung. Et soll de Budget vum ganze Land sinn an dee Budget hei, deen zielt méi wéi iergendee Budget deen ech zanter 1984 hei am Parlament mat ze veräntwerten hat. Dee Budget hei, an all déi Ambitiounen an Intentiounen déi sech mat deem Budget verbannen, ginn nëmmen op, wann d’Leit am Land och matmaachen. Dat zielt fir d’Privatpersounen, dat zielt fir déi Beschäftegt hei am Land, dat zielt fir d’Betriber aus alle Secteure vun der Ekonomie hei am Land.

Et ass e Budget mat deem ech d’Hoffnung verbannen, datt hien eis an enger onsécherer Zäit, à moins datt ee géif maache wéi wann een net alles géif gesinn, d’Méiglechkeet gëtt et zesummen ze packen. D’Regierung alleng, d’Chamber alleng, d’Parteien alleng, d’Gewerkschaften alleng, d’Patronen alleng bréngen an dëser Situatioun guer a glat näischt fäerdeg wat Bestand huet. Nëmmen zesumme packe mir dat. An dat Zesummewuessen, dat zesumme Maachen, dat d’Saachen zesummen upaken an zesumme gestalten, dat reflétéiert sech an der fundamentaler Ausriichtung vun dësem Budget an dat fënnt sech, a méi wéi Spurenelementer, och an deem erëm, wat mir als Steierpolitik fir d’nächst Jor entwerfen a wat mir als Steierlandschaft fir déi nächste Joere programméieren.

Ech géif et sënnvoll fannen, wann de Budgets- an Tresorsminister, deen an deene leschten Deeg – ech och, mais enfin c’est la rançon de la gloire – extrem belaascht war, kéint duerstellen, wéi déi grouss Artikulatioun vum Budget fir d’Jor 2009 ass, ëmmer andeem een am Geescht behält, datt nom Jor 2009 och nach e Jor 2010, 2011 an 2012 kënnt.

Dernière mise à jour