Déclaration sur la politique de coopération au développement 2012 (version originale luxembourgeoise)

Le 11 octobre 2012, la ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Marie-Josée Jacobs, a présenté la déclaration sur la politique de coopération et de l'action humanitaire 2012 à la Chambre des députés.

- Seul le texte prononcé fait foi -

Här President,

Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten. Exzellenzen,

Mir hunn dëst Joer den Timing vun der Publikatioun vum Rapport annuel, deen ech de 16. Juli an der Kommissioun presentéiert hunn, vun den Assisen a vun der Regierungserklärung iwwert d’Entwécklungshëllef dem Wonsch vun der Chamber ugepasst, esou dass eent an dat anert gräift an e komplett Bild gëtt.

D'Entwécklungspolitik ass d'Zeechen vun eiser Solidaritéit mat deenen, deenen et net esou gutt geet, déi hiert Schicksal nëmme bedéngt selwer an d'Hand kënnen huelen, et ass en Zeeche vun handelndem Humanismus. Zesummen mat der Protectioun vun den Mënscherechter an dem Antriede fir d'Prinzipien a Wäerter, fir déi mir stinn, ass dat d'Basis vun eiser Aktioun an der Entwécklungshëllef.

Ech si frou, datt Lëtzebuerg hei handelt an seng Responsabilitéiten um internationale Plang hëlt. E Land wéi eist, dat selwer net ëmmer konnt bestëmmen, a wat fir eng Richtung et géif goen, muss méi wei anerer weisen, datt et deenen zur Säit steet, déi et brauchen.

Entwécklungshëllef ass Solidaritéit an d'Ausübe vun eisen internationale Responsabilitéiten, ma et ass och an eisem eegenen Interesse, datt d'Ongläichheeten an der Welt net verdéift ginn. Mat eiser Hëllef wierke mer deem entgéint an droen dozou bäi, datt eis Partner méi an besser Kapazitéiten entwéckelen.

A Krisenzäiten, wou d'Versuchung sech op sech selwer zréck ze zeien – op dat Nationaalt – grouss ass, ass et indispensabel fir Lëtzebuerg, dëse Wee net anzeschloen an ze weisen, datt dëst net eist Verständnes vum internationalen Zesummeliewen ass. Et ass grad a schwéieren Zäiten, wou ee weisen muss, datt een zu deem steet wat een a besseren Zäite gesot huet.

An deem Sënn ass fir mech Entwécklungshëllef e wäertvollt Instrument, mat deem mir Responsabilitéit huelen a Solidaritéit aktiv bedreiwen. An dofir sinn ech frou a Stolz dës Politik, an enkem Dialog mat dësem Haus, kënnen ëmzesetzen.

Dir Dammen an Dir Hären,

2012 ass e besonnescht Joer fir d’lëtzebuerger Kooperatioun.

Virun 30 Joer ass dat éischt Gesetz gestemmt ginn, wat eis en Kader fir eis Politik ginn huet. Dëst Joer hu mir dëst Gesetz adaptéiert an moderniséiert. D'Action humanitaire huet elo am Text deen Stellewäert, deen dësem wichtegen Deel vun eiser Kooperatioun zousteet. D'Secteuren an deenen de Fong aktiv kann sinn, an d'horizontal iwwergräifend Beräicher, si méi grouss ginn. An eiser wichteger Zesummenaarbecht mat den ONGen ass méi Transparenz op Basis vun zousätzleche Kriterien an Regele geschafe ginn, ënner anerem duerch d'Règlements grand-ducaux vum 7. August. Des Reglementer hunn ech an der Kommissioun presentéiert.
Wa Verschiddener villäicht gäre méi wäit gaange waren, mengen ech, datt mir elo en adäquaten Equiliber fonnt hunn, mat deem gutt ze schaffen ass.

An deem Kontext, géif ech gären ënnersträichen, datt d’Kohärenz vun de Politiken, déi mir jo alleguer fuerderen a gären hätten, e festen Bestanddeel gëtt vun eisem rapport annuel an och vun der Aarbecht vum neie Comité interministériel.
Dëse Comité wäert Enn Oktober eng éischt Sitzung hunn, a vrun Enn des Joers mat dem Cercle vun den ONGen zesumme kommen, fir iwwert d’Kohärenz vun de verschiddenen Regierungspolitiken ze diskutéieren. Et ass kloer meng Roll, d'Kollege Ministeren op méiglech Inkohärenzen hinzeweisen, an och eis eegen Aarbecht vun der lëtzebuerger Kooperatioun kritesch ze duerchliichten.

Fir dat ze illustréieren, erlaabt mer e Puer Beispiller: Ech ka versécheren, datt z.B. am Agrarberäich an eisen Partnerlänner genee opgepasst gëtt , fir eis net un Operatiounen ze bedeelegen, déi OGMen zouloossen. Eis aner Engagementer um multilaterale Plang musse regelméisseg gepréift ginn, fir ze kucken ob si nach eise Kriterien entspriechen. Wéi bei den OGMen, ass des Regierung sech och hirer Responsabilitéit bei den Agrocarburants an am Finanzsecteur bewosst. Ech wëll net den Diskussioune vum Comité interministériel virgräifen, ma ech hoffen, datt all Bedeelegt sech der Wichtegkeet vun enger sérieuxer Aarbecht bewosst sinn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst Joer sinn et 20 Joer hier, datt den deemolege Premier Minister Santer vrun der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen d'Engagement geholl hat, fir d'Joer 2000, den Seuil vun 0,7% vum RNB fir Entwécklungshëllef ze erfëllen. Dëst ass erreecht ginn a viru geféiert ginn. Dës Regierung huet sech engagéiert, de quantitativen Effort fir d'Period 2009-2014 op 1% vum RNB ze halen.

2011 ass eis ëffentlech Entwécklungshëllef 0,97% vun RNB gewiescht. Dës liicht Reductioun stellt an kenger Hisiicht eng Ännerung vun eise Prioritéiten duer.
Lëtzebuerg ass mat dësem Engagement op drëtter Platz no Norwegen a Schweden, a vrun Dänemark an Holland. Leider ass an der EU global gesinn, d’ëffentlech Entwécklungshëllef zeréck gaangen op 0,42% trotz dem Engagement vun de 27 ënnert lëtzebuerger Présidence 2005, fir a terme 0,7% ze erreechen. Mir wäerten eis bei de 27 virun asetzen, fir datt dëst Ziel net opgeweecht gëtt .

69,18% vun all de Gelder sinn an bilateral Kooperatioun gaangen, esou gutt iwwert den Fong, wéi iwwert verschidde Budgetsartikelen. Hei ass natierlech besonnesch eis Kooperatioun mat den 9 Partnerlänner ervir ze hiewen.

Ech géif gären am Detail des besonnesch enk Partenariater hei beliichten, a weise wou mir mat wat fir engem Land stinn, wat mir an deem Land als Bailleur duerstellen, a wou mir zesumme mat eisen Partner hi ginn.

4 vun eisen Partnerlänner sinn am Sahel an deelen an ville Froen e gemeinsamt Schicksal. Klimatesch Exzesser, duerch den Klimawandel verstäerkt. Hongersnout, ma och Onsécherheet a politesch onstabel Momenter sinn Erausfuerderungen, déi si ze bewältegen hunn.

Et war normal, datt d'Assise sech dëst Joer ebe grad mat dëse verschiddenen Onsécherheeten an der Sahelregioun befaasst hunn. Si all si Parameteren, déi d’Entwécklungshëllef muss consideréieren. Dës Situatioun huet sech nach verschlechtert duerch e grousst Land an hirer Mëtt, den Mali.

Säit Ufank vum Joer ass de Mali an enger extrem komplexer Kris, déi esou gutt d’Integritéit vu sengem Territoire, wéi 20 Joer politesch Stabilitéit iwwert den Koup geheit hunn. Déi verschidde bewaffnet Gruppen hunn elo 2/3 vum Territoire ënnert hirer Gewalt. Hei ass eng rechtsfräi Zon entstanen, wou all Traffiker aus der Regioun statt fannen an d’Nopeschlänner mat an de Misère bréngen.

Dank dem Drock vun der Westafrikanescher Unioun an der internationaler Communautéit ass ënnert engem Interimspresident den 21. August eng Transitiounsregierung bestätegt ginn. Si huet trotz internen Differenzen d'militäresch Hëllef vun der Westafrikanescher Unioun gefrot. Mam Mali zesummen hu si en Accord de principe virun dem Sécherheetsrot vun de Vereenegten Natioune bruecht, deen dës Woch am Sécherheetsrot diskutéiert gëtt.

Am traurege Fall vum Mali kann ee gesinn, firwat Sécherheet an Developpement esou enk verflecht sinn, an datt, wéii den fréiere Generalsekretär vun der UNO gesot huet, dat eent net kann ouni dat anert erfollegräich fonctionnéieren. Dës Interaktioun ass fir eis Lëtzebuerger well ëmmer en zentraalt Thema an eisem Handelen. Wa mer an enger Woch Succès hu mat eiser Kandidatur am Sécherheetsrot, wäert dat och e Sujet sinn, dee mir do no fir brénge wäerten.

D’lëtzebuerger Kooperatioun war eng vun deene wéinegen am Mali, déi säit laange Joeren am Norden vum Land präsent war, an do den Leit, z.B. zu Kidal an zu Timbuctou gewisen huet, datt si net eleng sinn. Ma wéi d'Sécherheetslag net méi tragbar war, hunn och déi lescht Mataarbechter dësen Deel missen verloossen. Mir hunn eis Kooperatioun suspendéiert an gekuckt, wat vun de Projeten, déi keen direkte Lien mat den staatlechen Autoritéiten haten, zumindest deelweis am Süden gemaacht konnte ginn.

Wei d'Situatioun viru geet, ass schwéier ze soen. Diskussioune mat verschiddene Gruppéierungen aus dem Norden lafen, ënner anerem iwwert de Médiateur vun der Westafrikanescher Unioun, de President vum Burkina Faso. Parallel ginn d'Preparatioune fir eng militäresch Missioun vun der Cedeao, mat internationaler Ënnerstëtzung, geféiert.

Eise Programme indicatif de coopération war bis 2011 virgesinn, och wann net all Programmer fäerdeg waren. En neie PIC kann eréischt mat neien demokratesch legitiméierten Autoritéite preparéiert ginn. Mir ginn dovunner aus, datt no der Kris, déi mir esou kuerz ewéi méiglech hoffen, eng Period vun Transitioun komme wäert. Vill Kapazitéite sinn zerstéiert ginn, d'Leit hunn hier Uertschafte misste verloossen. Bis mir erëm die normal Kooperatioun ophuele kënnen, wäerten 2-3 Joer vergoen. An der Zäit wëll ech awer net inaktiv waarden, ma elo d’Aktivitéiten vun der Transitioun virbereeden, z. B. am Gesondheetsberäich oder an der Educatioun. Et däerf hei keng Zäit verluer goen, well d'Demokratie an d'international Zesummenaarbecht musse beweisen, datt si dem Eenzelnen eppes a sengem alldeegleche Liewen bréngen. Lëtzebuerg wäert prett sinn, säin Deel ze leeschten, a léiwer haut, wei muer.

Den Niger ass 2009-10 duerch ähnlech schwéier Zäite gaangen, wei haut den Mali. Anticonstitutionnellt Handelen an duerno e Militärcoup hunn eis forcéiert, de PIC 2008-2012 ze suspendéieren. No engem Referendum a Wahlen, konnte mir 2011 eis Kooperatioun erëm ophuelen an nei Finanzkonventiounen ënnerschreiwen.
Bei der Geleeënheet hu mer entscheet, eis alljährlech Hëllef un den Fong vun der nigerescher Regierung fir Präventioun an d'Gestioun vun Hongerkrisen ze verlängeren. Dëst ass en eemolegen Dispositiv an Westafrika, dee Gelder vun de Bailleure gruppéiert fir esou selwer Stocken unzeleeën an de Leit an der Nout ze hëllefen. Dëse Fong huet sech dëse Summer nëtzlech gewisen. Dëst Joer huet den Niger awer zousätzlech zéngdausende vun Réfugiéen aus dem Mali opgeholl an déi schlëmmsten Iwwerschwemmunge säit 80 Joer erlieft.

Am Niger gëtt och déi nei europäesch Missioun EUCAP Sahel op d'Been gesat fir d’Autoritéiten am Kampf géint d'organiséiert Kriminalitéit ze ënnerstëtzen a géint den Terrorismus. Sécherheet an Developpement sinn eben an dëser Regioun ganz enk verbonnen. Spéider kann des Missioun op den Mali an Mauretanien erweidert ginn. Eng lëtzebuerger Polizistin ass hei dobäi.

En drëtt Land, den Burkina Faso, ass och direkt vun der lnstabilitéit duerch de Mali betraff. No Onrouen am Mee-Juni 2011 huet d'Situatioun sech erëm berouegt an d'Regierung huet verschidde politesch Reformen decidéiert. Den 3. Dezember si Parlaments- an Gemengewahlen, wou Lëtzebuerg traditionell iwwert de PNUD Fonge fir d'Matfinanzeieren vun dëse Wahlen ginn huet. Wéinst der Situatioun am Land an an der Regioun, hunn dës Wahlen e grousse Stellewäert. Dat weisen déi héich Zuele vu Wieler – zweemol méi wei virdrun – déi sech bis August ageschriwwen hunn.
Mat ëm déi 100.000 Réfugiéen aus den Mali huet de Burkina Faso eng enorm Laascht ze droen, déi dëse Summer zu grousser Liewensmettelonsécherheet geféiert huet. Humanitär Hëllef koum hei och vun Lëtzebuerg.

Eisen PIC 2008-2012 ass e Retard op de Kalenner. Dat hu mer bei der revue à mi-parcours am Mäerz 2012 zesumme festgestallt. Dëst ass bedéngt duerch Ännerungen an den Prozeduren a Schwächten an den Administratiounen vun eisem Partner. Bei engem Ministertreffen am Juli hu mer du prinzipiell decidéiert, de PIC bis 2015 ze verlängeren, an awer och eng Erweiderung vun der Enveloppe fir Basis Educatioun an den Developpement vun Telekommunikatioun/Internet. Esoubal e Projet de texte iwwert des nei Etapp ausgeschafft ass, wäert ech deen, wéi all aner PICen, der zoustänneger Kommissioun virleeën.

Am 4. westafrikanesche Land, wou d’lëtzebuerger Kooperatioun präsent ass, am Senegal, ass d'politesch Lag anescht. Och wann hei Momenter vun grousser Tensioun waren, ass d'politesch Alternance no den Wahlen am Mäerz 2012 gelongen. Den neien President Macky Sall huet d'Parlamentswahle liicht virgezu fir sech séier un d'Aarbecht ze maachen. Dozou huet z. B. gehéiert sech de Problemer vun der Liewensmëttelsécherheet dëse Summer ze stellen, anstatt si erof ze spillen. Hei war och d’lëtzebuerger Aide humanitaire iwwert de PAM an d'Unicef präsent.

Duerch déi politesch Alternance si grouss Reorganisatiounen an den Ministèren am Gaang, déi mat sech bréngen, datt mir eis Programmer fir de PIC vun der 3. Generatioun deels ëmformuléiere mussen. D'Konzept vun dësem PIC ass anescht, well hie méi wei virdrun op den Input vum Partner setzt. Dëst gëllt esou gutt bei der Ausformuléierung vun de Programmer, wei bei hirer Ëmsetzung, wou den Partner kloer den Lead huet. Dat bréngt mat sech, datt ganz aner Prozedure fir d’Ëmsetzen an d’Finanzéierung op de Wee musse bruecht ginn. Bis Enn des Joers wëlle mir dës Etapp ofgeschloss hunn. Eis lnterventiounssecteure bleiwen d'Gesondheet an d'Educatioun, ma och d'Dezentralisatioun an d'éducation citoyenne.

Mat der Belsch wäerte mir déi éischt Kooperatioun croisée ëmsetzen, no de Prinzipie vun der Efficacitéit vun der Hëllef. Dat heescht, datt deen ee mat de Gelder vun deem aneren do weider mécht, wou hie well eng Expertise huet. Lëtzebuerg wäert mat belsche Fongen Aktivitéiten an der Formation professionnelle ëmsetzen, an d'Belsch wäert mat eise Fongen hydraulesch Projeten ofschléissen.
Mam Cap Vert huet Lëtzebuerg säit 2011 och e PIC vun der drëtter Generatioun, deen an der Ëmsetzung besonnesch op d’Entwécklung vun der Qualifizéierung vun de Leit setzt. Aus deem Bléckwénkel ass eis sektoriell Budgetshëllef vun 2,5 Milliounen € fir 5 Joer ze gesinn an der Formation professionnelle. Zesumme mat deenen anere Bailleuren gëtt den Ëmgang mat dëser Hëllef genau kontrolléiert.

Lëtzebuerg ass Chef de File vun allen Bailleuren am Secteur Educatioun, Formation professionnelle an Emploi. An där Funktioun ënnerstëtze mer d'kapverdianesch Regierung bei der Finalisatioun vun enger integréierter Politik an dëse Beräicher. Am Waasserberäich si mir an der institutioneller Reform täteg an bei der Gestioun vun den Ressourcen. Hei ass d'EU Chef de File fir all d'Bailleuren.

Ech hunn hei méi laang eis Partner aus Afrika beschriwwen, well e gréissten Deel vun eiser bilateraler Entwécklungshëllef an des Länner geet, wat justifiéiert, datt ee sech méi laang domat befaasst.

An Asien ass de Laos en Partnerland, wou Lëtzebuerg ee vun deene wichtegste Bailleuren ass. De PIC 2011-2015 konzentréiert sech op sozial Secteure mat engem speziellen Accent op d'gutt Gouvernance. Op Initiativ vun der Lëtzebuerger Kooperatioun hunn d'UNO Agencen am Laos sech zesumme gedoen, fir e gemeinsame Programm iwwert d'Gesondheet vu Mamm a Kand opzestellen. Dat vereinfacht d’Ëmsetzung esou gutt fir d'Laoten wei fir eis, a spuert Geld fir de Programm selwer.
Am Vietnam ass eisen. 3. an leschten PIC am Gaang bis 2015. Bis dohinner wäerte mir an besonnesch aarme Gebitter viru géint Aarmut virgoen, ma aner ekonomesch Secteure komme bei eis Aarbecht dobäi, wei d'Formatioun am Finanzsecteur. Duerch d’Entwécklungshëllef si verschidde lëtzebuerger Betriber mat hire Produkter a Servicer bekannt. Et geet elo dorëms, déi gutt Kontakter virun ze fleegen an ekonomesch Projeten op den Wee ze bréngen, fir datt no 2015 eis bilateral Relatioune méi diversifizéiert sinn.

Ech géif gären ënnersträichen, datt an deenen zwee Länner an Asien d’lëtzebuerger Kooperatioun de Spezialist ass vun der Formation professionnelle am Tourismus an an der Hotellerie, dank verschiddene bilateralen an multilaterale Projeten. Des Formatioune ginn duerch Stagen an den Hotelsschoulen zu Dikrech an Wolz kompletéiert.

D’lëtzebuerger Entwécklungshëllef ass an Zentralamerika, a besonnesch am Salvador an am Nicaragua. Mam Nicaragua verbënnt eis en PIC vun der 3. Generatioun, dee bis 2014 leeft a sech besonnesch op den Tourismussecteur bezitt. Hei ass eist Land och Chef de file vun den Bailleuren a krut och iwwert Lux­Development eng coopération déléguee fir d’Europäesch Kommissioun auszeféieren.

Am Salvador ass en neien Programme indicatif de coopération bis 2015 en place. En groussen Deel vun der Ënnerstëtzung geet duerch e Fong, deen déi verschidde Programmer an den lokale Communautéiten alimentéiert. En Deel vun eisen Mëttele fir Etudë sollen gebraucht ginn fir méi Diversifikatioun an eis Relatioun ze kréien, an och ekonomesch Projeten unzestoussen.

Mir sinn der Meenung, datt regional Programmer hei ideal sinn, wei z. B. an der Mikrofinanz oder am Beräich vun der sozialer Responsabilitéit vun den Entreprisen. Ech war frou eis Honorarkonsulen aus Zentralamerika d’lescht Woch zu Lëtzebuerg ze gesinn an och mat hinne ze kucken, wei mer kënnen Developpement fir déi Äermsten aus eise Partnerlänner a méi breet ekonomesch Relatiounen op een Nenner bréngen. D'Creatioun vun enger regionaler Chambre de commerce op hir lnitiativ hin ass do sécher e gudde Schrëtt.

Déi besate palästinensesch Gebitter hunn an der lëtzebuerger Kooperatioun e spezielle Status, deen deem vun engem Partnerland ganz no kënnt. Säit 2007 ass eis Hëllef um selwechten Niveau vun 7 Milliounen d'Joer. Bei eiser Palästinahëllef wier virun allem d'Zesummenaarbecht mat der UN Agence zoustänneg fir d’palästinensesch Réfugiéen, d'UNRWA, ervir ze hiewen.

Ech wollt mech bewosst op eis Partnerlänner konzentréieren, an net all Regiounen uschwätze wou mir aktiv sinn, wei den Kosovo, Serbien, Montenegro, Afghanistan, Mongolei, Ruanda oder Tunesien, als Folleg vum sougenannte Printemps arabe.

Dir Dammen an Dir Hären,

No dem laangen Ausfluch an eis bilateral Kooperatioun géif ech elo gären op en aneren Volet hiweisen, an zwar d'Aide humanitaire. Si representéiert bal 15% vun eiser ëffentlecher Entwécklungshëllef 2011. Des gëtt jo natierlech esou gutt bilateral, wei multilateral ëmgesat.

Eis Efforten hu sech iwwert dat lescht Joer prioritär op d'Regioun vum Sahel konzentréiert, déi jo wéinst enger Dréchent vun enger schwéierer Liewensmëttelonsécherheet getraff war, an nach ass. Mir hunn hei tëscht November 2011 an haut iwwert 9 Milliounen Euro ausginn. Esou gutt d’Europäesch Kommissioun, wei och d'UNO soen haut, datt déi international Gemeinschaft mat Zäit an adäquat op dës Kris reagéiert huet, an datt doduerch dat Schlëmmst konnt verhënnert ginn.
Mir hunn awer och eis Partner a villen aneren schwierege Kontexter ënnerstëtzt, wei am Südsudan an am Kongo oder am Horn vun Afrika.

Fir deenen Dausende Leit ze hëllefen, déi vum Konflikt a Syrien betraff sinn, sou gutt am Land, wéi an den Nopeschlänner, hu mir iwwert 1,1 Millioun Euro zur Verfügung gestallt, virun allem iwwert d'Caritas an den UNHCR. Et gëllt awer Ieider hei wéi an aneren Krisegebitter prett ze sinn, och nach agräifen ze kennen, wann d'international Opmierksamkeet net méi sou präsent ass.

Wat eis Telekommunikatiounsplattform emergency.lu ugeet, do kann ee behaapten, datt si elo voll am Asaz ass a mir vill Succès domat hunn. Kommunikatioun fir d’humanitär Acteuren um Terrain an Zäite vun Krisen an an entleeëne Gebitter ass heimat ginn. Et geet net nëmmen dorëm, eis Terminalen an eis Equipë prettzestelle fir se op Ufro vun deenen eenzelnen Organisatiounen, wei dem PAM oder dem UNHCR, op den Terrain ze schécken. Mir schaffe ganz intensiv un enger Kommunikatiounsplattform, déi d'Koordinatioun an den Informatiounsaustausch tëscht deenen eenzelnen humanitären Acteure soll verbesseren an esou eng méi effizient Hëllef soll erméiglechen. Et ass och en Instrument wat den Betraffenen, déi Kriseregiounen hu misse verloossen, erlaabt mat der Famill Kontakt ze kréien.
Eise System funktionéiert a ganz entleeëne Géigenden am Südsudan an am Mali (zu Mopti). Weider Deploiementer wäerten am Nepal sinn, an op Ufro vum UNHCR an Südamerika.

D'Karibesch Krisemanagement Agence an d'Afrikanesch Unioun sinn och interesséiert sech mat emergency.lu-Material ze equipéieren.

De Projet ass also am Gaang sech am humanitäre Beräich als äusserst nëtzlech ze erweisen. Mir sinn iwwerzeegt, datt duerch dëse Succès fir eise privaten Partner, ganz am Sënn vum Public-Private-Partnership, iwwert déi nächst Méint kommerziell Opportunitéite wäert bréngen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Eng besonneschen Roll, esou gutt an der bilateraler Kooperatioun, wei an der humanitärer Hëllef, steet den lëtzebuerger ONGen zou. Am Moment ginn et 97 ONGen, déi en Agreement vum Ministère hunn. Ech ënnersträichen, datt bal 20% vun eiser ëffentlecher Entwécklungshëllef vu lëtzebuerger ONGe geréiert ginn.

Et gouf eis well méi wéi eng Kéier, och am Moment vum Comité de l'aide au développement vun der OCDE, no geluecht, manner ëffentlech Entwécklungshëllef mat den ONGen ofzewéckelen. An deem präzise Fall hunn ech op keen Fall Wëlles an d'Richtung ze goen, déi mir gerode kréien. Fir mech sinn an bleiwen d'ONGen e Pilier vun eiser Kooperatioun, deenen hir Roll net verhandelbar ass. Dacks kënnen ONGen Aktioune leeden, déi eng Regierung net ausféiere konnt. Duerch eis ONGe sinn d'Leit och direkt un der Kooperatioun bedeelegt, a si gesi wat een erreeche kann, wann ee sech zesummen deet.

Et ass wichteg datt d'ONGe finanziell Mëttelen zur Verfügung hu fir Sensibiliséierungsaktiounen an éducation au développement an eiser Gesellschaft ze maachen. Ech si frou, datt mir Finanzmëttelen, wann och begrenzt, hu fir d'ONGen an dëser wichteger Funktioun ze ënnerstëtzen.

Dir Dammen an Dir Hären,

Ech hunn am Ufank vun manger Ried haut gesot, datt 2012 e besonnescht Joer ass. Dëst betrëfft och d’Qualitéit vun onser Kooperatioun an den Kontroll dovunner, esou wei d'Verbessere vun der Efficacitéit vun eisem Asaz.

Vrun 20 Joer ass Lëtzebuerg dem Comité d'aide au développement, vun der OCDE, dem CAD, bäigetrueden. Et war kloer, datt eise quantitativen Engagement Hand an Hand misst goe mat engem qualitativen Engagement.

Dëst Joer gi mir duerch déi 5. Revue des pairs a waarde gespaant, wat den definitive Jugement iwwer d'Verbesserung vun eiser Aarbecht an deenen leschte 4 Joer wäert sinn. Et ass kloer, datt duerch de CAD mir eis Kooperatioun méi konzeptuell strukturéiert hunn. Haut hu mir eng generell Strategie, ma och sektorieller an iwwergräifender, wéi déi iwwert de Genre an iwwert Ëmwelt a Klimawandel.
Ech wollt de Membere vun der Chamberkommissioun Merci soen, datt si bereet waren eis Examinateuren am Fréijoer ze begéinen. Natierlech stinn ech der Chamber zur Verfügung fir iwwert d'Resultater ze informéieren, den 26 November.

D’Efficacitéit vun eiser Aarbecht verbessere schéngt engem normal ze sinn. D’Manéier mat där mir eis Entwécklungshëllef ëmsetzen huet an deenen leschte 7Joer fundamental geännert. Wa mir an der Zäit haaptsächlech eng Projet's Approche haten, kënne mir, spéitstens zanter déi drëtt Generatioun PICen a Kraaft getrueden sinn, definitiv behaapten, datt mir an enger programmatescher a sektorieller Approche sinn. Dat bedeit net, datt ee muss generell direkt Budgetshëllef ginn.
E puer Wuert zum Ëmsetzen vum europäesche Code de conduite fir d'Complémentariteit an d'Opdeelung vun der Aarbecht. Lëtzebuerg ass zur Zäit an 11 Initiativen vu coopération déléguée, a 4 cooperation conjoints implizéiert, an dat an 9 vun onse Partnerlänner. Kooperatioune lafe mat der Europäescher Kommissioun an mat der Belsch, mat Spuenien, mat der Schwäiz a mat Frankräich. All dëst si fir mech kloer Zeeche vun der Unerkennung vun der Qualitéit vun onser Entwécklungshëllef.
Erlaabt mir nach kuerz d'Thema vun der Efficacitéit ofzeschléisse mat dem Forum vu Busan: Hei ass en globaalt Partenariat geschloss ginn wat méi weit geet wei eng efficace Entwécklungshëllef, an et viséiert eng méi efficace Entwécklung am breeden Sënn. Mir wëssen all, datt d’Entwécklungshëllef alleng net duer geet fir de Länner ze hëllefen aus der Aarmut erauszekommen. Dofir ass et ëm sou méi begréissenswäert, datt mat Busan de Privatsecteur, d'Société civile an d’Schwellelänner un dësem Partenariat deelhuelen. Et geet dorëms, d’Entwécklung als e Ganzt ze kucken, mat all den Acteuren déi implizéiert sinn an en Impakt op den Developpement vun engem Land oder enger Regioun kënnen hunn.

D'Komplementariteit mat der Société civile gëtt verdéift, andeems mir z.B. direkten Appui un d'Zivilgesellschaft an onsen Partnerlänner ginn. Et geet och dorëms, d'Kompetenzen a gutt Experienzen aus de Länner am Süden méi ze gebrauche fir aner Länner ze ënnerstëtzen. Dat geschitt duerch déi sougenannte Sud-Sud Cooperatioun an déi triangulaire Cooperatioun.

Et ass wichteg eis Kooperatioun konstant méi efficace ze maachen. Et geet dobäi natierlech och ëm de berechtegte Contrôle, dee mir, vu datt mir hei Steiersue geréieren, op déi Aart a Weis ganz gezielt duerchféieren. Et heescht awer och aus de Conclusiounen vun där Analyse ze léiere fir e bessere Suivi vun onsen Evaluatiounen an all eise Kooperatiounsberäicher ze sécheren. D’Resuméë vun eisen Evaluatioune wäerten ëffentlech zougänglech sinn iwwert eis Internetsäit D'Evaluatioun ass deemno e wichtegen, awer och e ganz normale Moment am Zyklus vun all Zort vun Interventioun.

Wann der erlaabt, géif ech gären ënnert dem Kapitel Kontroll an Evaluatioun e Wuert iwwert de spezielle Rapport vun der Cour des comptes iwwert d’lëtzebuerger Entwécklungshëllef soen. Dëse Rapport, deen Enn Mee eraus komm ass, huet méi am Detail de Fonctionnement vum Entwécklungshëllefsfong analyséiert a vun Lux-Development, eiser Agence d'exécution. Ufank Juni hat ech d’Geleeënheet op verschidde faktuell Elementer aus dësem Rapport ze reagéieren. Béid Dokumenter leien der Chamber säit Mëtt September vir. Ech war äusserst frou an deem Rapport ze liesen, datt d'Cour des comptes festgestallt huet, datt d'Finanzgestioun vun eiser Agence keng signifikativ Feeler opzeweisen huet. Esou eng gutt Zensur kritt net jiddwereen. Wann et gewënscht ass, kann ech der zoustänneger Kommissioun gären zousätzlech Informatioune ginn.

Har President,

Dir Dammen an Dir Hären,

D’lëtzebuerger Entwécklungshëllef richt hir Aktioun no den Milleniumsziler fir den Developpement: den Objektiv ass, d'Aarmut an der Welt ëm d’Halschent ze reduzéiere fir d'Joer 2015, an dat andeem een op 8 grouss Ziler hi schafft.
D’nächst Joer soll e Sommet si fir festzestellen, wéi wäit mir komm sinn an dëser grousser Operatioun.

An dëser Zäit gëtt ëmmer méi debattéiert iwwert dat wat no 2015 geschéie soll. Wat maachen, wann d'Milleniumsziler net erreecht ginn? Nei Acteuren an net Forme vu Finanzementer musse mat era bruecht ginn, ma wei soll dat geschéien? Dës Diskussioun ass eréischt am Ufank, ma si wäert eis iwwert d'Joer 2013 beschäftegen. Et geet och drëm ze kucken, wei dës Developpementsobjektiver no 2015 zu den Objektiver vun der nohalteger Entwécklung stinn, déi de Sommet Rio+20 festgeluecht huet. Des nohalteg Entwécklungsziler, déi sougenannten SDGs, si fir all Länner bestëmmt, fir eis esou gutt wei fir déi mannsten entwéckelte Länner. Wéi soll dat mat den Entwécklungsziler zesumme passen?

Ech wäert an den nächste Woche mat verschiddene Membere vum high level group Kontakt hunn, deem säi Roll doranner besteet, fir dem Generalsekretär vun der UNO e Rapport iwwert de post-2015 ze schreiwen. Et läit mir natierlech besonnesch drun, datt an dëser Diskussioun nei Partner a Weeër fir Entwécklungshëllef fonnt ginn, ma et muss kloer sinn, datt mir eis global Ziler net verwässeren. Et kann och net sinn, datt een an dat selwecht Geld 2 oder 3 Mol versprach gëtt.

Dat si mir de Leit an eisen Partnerlänner schëlleg.

Grousse Merci.


Dernière mise à jour