Staatsvisite zu Lëtzebuerg vum President vun der Republik Cabo Verde, José Maria Neves, a senger Fra Débora Katisa Carvalho - Éischten Dag

Op Invitatioun vun H.K.A. dem Groussherzog an der Groussherzogin sinn de President vun der Republik Cabo Verde, José Maria Neves, a seng Fra Débora Katisa Carvalho vum 23. bis de 25. Mee 2023 op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. D'Presidentekoppel gëtt vum Minister fir Aussepolitik, Kooperatioun a regional Integratioun, Rui Alberto de Figueire do Soares, dem Minister vun de Communautéiten, Jorge Pedro Maurício dos Santos, an dem Minister fir Industrie, Handel an Energie, Alexandre Dias Monteiro, begleet.

Um Virowend vun der Staatsvisitt gouf d'Presidentekoppel vum Cabo Verde bei senger Arrivée um Lëtzebuerger Flughafe vum Minister Marc Hansen am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung begréisst.

Dënschdeg 23 Mee 2023

De President vun der Republik Cabo Verde, José Maria Neves, a seng Fra Débora Katisa Carvalho sinn offiziell vu S.K.A. dem Groussherzog um Parvis vum groussherzogleche Palais begréisst ginn. No de militäreschen Éierungen an der Interpretatioun vun den Nationalhymnen, der Garde Revue an der Presentatioun vun den Autoritéiten a jeeweilegen Delegatiounen, hat d'Presidentekoppel eng Entrevue mam Lëtzebuerger Staatschef am Palais. ​

Um Programm stoung uschléissend d'Néierleeë vun engem Kranz beim Monument national de la Solidarité luxembourgeoise (Kanounenhiwwel) a Presenz vum Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an dem Chef d'état-major vun der Arméi, dem Generol Steve Thull. Beim Verloosse vum Monument hunn de José Maria Neves a seng Fra d'Porte-drapeauen, Membere vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale a Vertrieder vu patriotesche Beweegungen an Associatiounen, begréisst.

D'Presidentekoppel a S.K.A. de Groussherzog haten dunn d'Geleeënheet, hir Gespréicher bei engem private Mëttegiessen am Groussherzogleche Palais weiderzeféieren. Den Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet och e Mëttegiessen zu Éieren vun de Ministeren aus dem Cabo Verde ugebueden, un deem och d'Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun a Ministesch fir d'Groussregioun, deelgeholl huet.

Am fréien Nomëtteg huet de Staatschef vum Cabo Verde fir d'éischt de Chamberpresident Fernand Etgen, dann de Premierminister Xavier Bettel, an uschléissend de Aussen- an Europaminister Jean Asselborn fir eng Audienz am groussherzogleche Palais empfaangen. An dësem Kader huet de Xavier Bettel den 1. Grad vum Ordre Amílcar Cabral, déi héchsten Auszeechnung vun der Republik Cabo Verde, erhalen.

D'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, huet d'Presidentekoppel a S.K.A. de Groussherzog an der Märei zu enger Séance académique a Presenz vum Schäfferot an dem Gemengerot begréisst. Fir de musikaleschen Encadrement hunn en Ensembel vu Museker an de Chouer Fortissimo vum Stater Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gesuergt.

Um kulturelle Programm stoung uschléissend eng Visite guidée duerch de Lëtzebuerg City Museum a ee Spadséiergang op der Corniche.

Den 1. Dag vun der Staatsvisitt ass mat engem Galadinner zu Enn gaangen, dee vun H.K.A. dem Groussherzog an der Groussherzogin zu Éieren vum President vun der Republik Cabo Verde a senger Fra am groussherzogleche Palais an a Presenz vu S.K.A. dem Ierfgroussherzog offréiert ginn ass.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht