-
Schoulen a Betreiungsstrukturen: d'Aussetze vun den Aktivitéite gëtt bis den 19. Abrëll 2020 verlängert
Vu dass d'Zuel vun de COVID-19-Infektiounen zu Lëtzebuerg weiderhin an d'Luucht ginn an no enger Reevaluatioun vun der Situatioun duerch d'Direction de la santé, huet d'Regierung decidéiert d'Aussetze vun den Aktivitéiten am schouleschen an edukative Beräich bis den 19. Abrëll 2020 ze verlängeren.
-
Coronavirus: Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge an der Landwirtschaft
Vu d'Evaluatioun vum Coronavirus COVID-19, huet d'Regierung Virsiichtsmoossnamen an Ausnamereegelunge en Place gesat, déi och d'Landwirtschaft betreffen.
-
Livestream vum Pressebriefing mam Xavier Bettel nom Regierungsrot 18.03.2020
De Livestream fänkt géint 18h Auer un.
-
Ëffnung vun de Maisons-médicalë fir Patiente mat Symptomer vum Coronavirus
Vum 18. Mäerz un empfänken d'Maison-médicalë fir Allgemengmedizin Patienten déi Symptomer vun enger akuter Infektioun vun den Otemweeër opweisen.
-
Deklaratioun vum Premierminister an der Chamber: Bleift doheem!
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel huet haut an der Chamber eng Deklaratioun iwwer d'Mesurë gemaach géi d'Regierung wéint COVID-19 décidéiert huet. Dono huet d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert eng Declaratioun gemaach.
-
Communiqué fir Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen
Den Aussen- an Europaministère invitéiert alleguer d'Lëtzebuerger an Awunner vu Lëtzebuerg déi sech aktuell am Ausland ophalen an/oder hir Studien am Ausland maachen en Urgence hir Réckreesméiglechkeeten op Lëtzebuerg ze préiwen.
-
D'Regierung erënnert drun, dass déi Mesuren déi geholl goufe fir d'Ausbreede vum Virus COVID-19 ze begrenze mussen agehale ginn.
D'Regierung erënnert drun, dass et absolut néideg ass, déi Mesuren ze respektéieren déi geholl goufe fir d'Ausbreede vum Virus COVID-19 an der Bevëlkerung ze bremsen.
-
Virsiichtsmoossname, wéinst dem Virus COVID-19, fir all Organismen déi technesch Kontrollen duerchféiere vum 17. Mäerz 2020
Wéinst der Evolutioun vum Virus COVID-19 zu Lëtzebuerg an enger domat verbonnener Hausse vum Risk vun enger Iwwerdroung huet d'Regierung an de leschten Deeg eng Rei Mesurë geholl a Recommandatioune gemaach fir d'ëffentlech Gesondheet ze schützen.
-
Coronavirus: reduzéierte Service bei der Immigratiounsdirektioun vum 16. Mäerz 2020 un
Wéint der aktueller Situatioun gesäit d'Immigratiounsdirektioun sech verflicht, den Empfang vun der Ëffentlechkeet vum 16. Mäerz 2020 un ze reduzéieren. Sou wäerte verschidde Servicer vun der Immigratiounsdirektioun d'Ëffentlechkeet net méi kënnen empfänken.
-
Reeswarnung: Communiqué vum Aussen- an Europaministère
Den Aussen- an Europaministère réit vun all net-essentiell Rees an d'Ausland of. Lëtzebuergesch Staatsbierger déi sech am Moment am Ausland befannen an déi op Lëtzebuerg zeréckkomme wëlle, solle sech un hir Reesagence, hiren Tour-Operator oder hir Fluchgesellschaft wenden.
-
Signature vum Koalitiounsaccord en vue vun der neier Regierungsbildung duerch de Formateur Luc Frieden an d'Delegatiounscheffe vun der CSV an der DP Claude Wiseler a Xavier Bettel
De Livestream fänkt géint 11 Auer un.
-
Pressebriefing vum Paulette Lenert iwwert déi nei Mesurë vum Regierungsrot vum 15. Mäerz 2020
Pressebriefing vum Paulette Lenert iwwert déi nei Mesurë vum Regierungsrot vum 15. Mäerz 2020
-
Stellungnam zum Stockage vun Atomoffäll an der Lëtzebuerger Grenzregioun
Op enger Pressekonferenz bezitt d’Carole Dieschbourg, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Stellung zur ëffentlecher Consultatioun a Bezuch zum belschen Avant-projet d’arrêté royal an zum Rapport iwwert d’Auswierkunge vun den Atomoffäll op d’Ëmwelt vun der Lëtzebuerger Grenzregioun.
-
Neien Akt C45 iwwer Téléconsultatioun an der medezinescher Nomenklatur, dat am Kader vun der Epidemie vum Coronavirus "COVID-19".
Fir de leschte Mesurë gerecht ze ginn, déi am Kampf géint de Coronavirus "COVID-19" geholl goufen, besonnesch wat d'ëffentlech Gesondheet ugeet, gouf en neien Akt an d'Nomenklatur vun den Dokteren opgeholl. Dësen Akt féiert d'Téléconsultatioun an, och wat d'Schreiwe vun Ordonnancen oder Krankeschäiner ugeet.
-
Regierungsrot - Nei Mesurë géint de Coronavirus
Am Hibléck op d'Entwécklung vum Coronavirus an eisen Nopeschlänner an hei am Land ass et néideg fir zousätzlech Mesuren ze huelen, fir d'Verbreedung vum Virus an der Bevëlkerung ze limitéieren an déi ufälleg Persounen ze schützen.
- Éischt Säit
- ...
- 63
- 64
- 65
- 66
- 67
- ...
- Lescht Säit