Neierungen 2024

Nei gesetzlech Reegelen a Virschrëften, déi de Bierger direkt betreffen, wäerten 2024 a Kraaft trieden. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Justiz

Juristesche Bäistand

Akraafttrieden: 1. Februar 2024

D'Gesetz vum 7. August 2023 iwwert d'Organisatioun vum juristesche Bäistand trëtt den 1. Februar 2024 a Kraaft. Dëst gesäit e partielle juristesche Bäistand vir, besonnesch fir déi Persounen, déi am Sënn vum betraffene Gesetz iwwert begrenzt finanziell Mëttel verfügen. Dat bedeit dass d'Affekotskäschten an -honorairen, déi sech aus enger Geriichtsaffär erginn, a fir déi d'eligibel Persounen ee partielle juristesche Bäistand kréien, jee no Fall zu 50%, respektiv zu 25% vum Staat iwwerholl ginn. Doriwwer eraus brauchen Eltere staatlech finanzéiert Affekotskäschten an -honorairen, déi hire mannerjärege Kanner am Kader vun engem juristesche Bäistand accordéiert goufen, net zeréckzebezuelen.

gouvernement.lu ​

Informatiounstechnologien

Elektronesche Portmonni (eWallet)  

Akraafttrieden: am Laf vum Joer 2024

Soubal dat betraffent Gesetz a Kraaft trëtt, wäerten d'Bierger am Laf vum Joer 2024 d'Méiglechkeet hunn en elektronesche Portmonni (eWallet) ze benotzen, wou si hir offiziell Dokumenter ofspäicheren a sécher an zouverlässeg iwwert hire Smartphone deele kënnen. Dës digital Dokumenter hunn dann déi selwecht Gültegkeet wéi d'Pabeierversioun dovunner. Si kënnen deemno och bei Policekontrolle virgeluecht ginn.

Soubal den eWallet a Betrib ass, wäert en och d'Attestatioun vun der Carte d'identité vum jeeweilegen Titulaire enthalen. D'Lëscht vun den Dokumenter, déi op dës Aart a Weis um Smartphone deponéiert kënne ginn, gëtt an Zukunft nach weider ausgebaut.

Sport

Congé sportif

Akraafttrieden: 1. Januar 2024

Vum 1. Januar 2024 un, gëtt de Krees vun de potentielle Beneficiairë vum Congé sportif vergréissert, fir esou d'Benevolat an den Engagement a Sportveräiner a -verbänn ze fërderen an d'sportlech Virbereedung op Kompetitiounen ze vereinfachen.

sports.lu

Environnement

Bäihëllefen  

Akraafttrieden: 1. Januar 2024 bis Enn Juni 2024

De Regierungsrot huet decidéiert d'Verlängerung vum System vun de finanzielle Bäihëllefen an d'Weeër ze leede fir an de Beräicher vum Logement ("Klimabonus Wunnen") a vun der Mobilitéit ("Klimabonus Mobilitéit") d'Nohaltegkeet, déi effizient Energienotzung an déi erneierbar Energië weiderhin ze fërderen.

Reklamm

Akraafttrieden: 1. Januar 2024

Mat Ausnam vu gratis Exemplare vun der Informatiounspress, ass et vum 1. Januar 2024 u verbuede kommerziell Printsupporten an d'Bréifboîtten ze geheien oder ze verdeelen, ausser bei formeller Zoustëmmung vum Empfänger.

Landwirtschaft

Akraafttrieden: 1. Januar 2024

Vum 1. Januar 2024 un, ass de Verkaf vu bestëmmten Herbiziden, Insektiziden, Schleekemëttel a Fungiziden un d'breet Ëffentlechkeet verbueden.

agriculture.lu

Aarbecht

Teletravail fir däitsch Frontalieren

Akraafttrieden: 1. Januar 2024

De Grand-Duché vu Lëtzebuerg an d'Bundesrepublik Däitschland hunn de 6. Juli 2023 en Avenant zur Ännerung vum Ofkommes iwwert d'Duebelbesteierung tëscht deenen zwee Länner ugeholl.

Dësen Avenant ännert de Plaffong deen am Steierofkommes festgeluecht ass. Domat ginn déi autoriséiert Deeg fir den Teletravail oder professionell Deplacementer vun 19 op 34 Deeg erhéicht. Betraff sinn Aarbechter, déi an deem engen oder an deem anere Land Resident sinn an an enger Firma am jeeweileg anere Land schaffen.

En änleche System gëtt fir d'Employéë vum ëffentlechen Déngscht agefouert. Dës zwee Systemer gëllen ab 2024.

gouvernement.lu ​

Finanzen

Upassung vum Steierbarème ëm véier Indextranchen

Akraafttrieden: 1. Januar 2024

D'Steiererliichterung entsprécht dem Accord, deen no der Tripartite vum 3. Mäerz 2023 tëscht der Regierung, der Union des Entreprises Luxembourgeoises an de Gewerkschaften LCGB, CGFP an OGBL getraff gouf. An deem Kontext ware schonn 2,5 Indextranchë festgehale ginn, zu deenen elo nach 1,5 Tranchen dobäikommen.

Vum 1. Januar 2024 un, ginn d'Steierklassen am Verglach zum Tarif deen zanter 2017 applizéiert gëtt ëm 10,38% ugepasst.

Dat bedeit zum Beispill fir e Steierzueler aus der Steierklass 1 mat engem Bruttojoresakommes vu 75.000 Euro en Nettogewënn vun 1.095 Euro fir 2024. Wann een d'Reduzéierung vun der Steierlaascht berécksiichtegt, déi sech aus der Aféierung 2023 vum Crédit d'impôt conjoncture (CIC) ergëtt, beleeft sech de Gewënn pro Joer nach ëmmer op 567 Euro.

Fir eng Koppel mat engem Bruttojoresakommes vun 125.000 Euro (wou de Salaire vun der éischter Persoun 2/3 an dee vun der zweeter Persoun 1/3 ausmécht), entsprécht dat fir d'Joer 2024 enger Hausse vun 2.189 Euro am Verglach zu 2023. Hir Steierlaascht geet deemno ëm 10,9% zeréck. Wann een de Crédit d'impôt conjoncture (CIC) vun 2023 berécksiichtegt, beleeft sech de Gewënn op 1.333 Euro.

Fir e Steierzueler aus der Steierklass 1a mat engem Bruttojoresakommes vu 50.000 Euro, bedeit dës Upassung e Gewënn vun 1.160 Euro fir 2024. Dëst entsprécht enger Reduzéierung vun der Steierlaascht ëm 19,8%. Wann een de Crédit d'impôt conjoncture (CIC) berécksiichtegt, beleeft sech de Gewënn op 709 Euro.

gouvernement.lu

Wirtschaft/Energie

Verlängerung vun de Finanzhëllefe fir d'Energiekäschte bis den 31. Dezember 2024

Fir déi aussergewéinlech Hausse vun den Energiepräisser anzedämmen, huet d'Regierung am Tripartite-Ofkommes vum 7. Mäerz 2023 sämtlech Finanzhëllefen am Beräich vun der Energie bis den 31. Dezember 2024 verlängert:

Stabiliséierung vum Stroumpräis fir d'Stéit

Dës staatlech Mesure huet als Zil d'Stabiliséierung vun de Stroumpräisser um Duerchschnëttsniveau vun 2022 fir all Stéit mat engem Joresverbrauch vu manner wéi 25.000 kW/Stonn a gëtt bis den 31. Dezember 2024 verlängert.

Des Weidere ginn 2024 och nees d'Präisser vum Stroum fir Benotzer vun ëffentlech zougängleche Luedstatioune fir Elektroautoe stabiliséiert, wéi dat schonn 2023 de Fall war.

Temporär Subventioun vum Gaspräis

De Präisdeckel beim Äerdgas fir Stéit bleift weiderhi bei +15% géintiwwer dem duerchschnëttlechen Äerdgaspräisniveau vum September 2022.

De Staat wäert och weiderhin d'Reseauskäschten bis Enn Dezember 2024 iwwerhuelen.

Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Flësseggas fir d'Stéit

De Verkafspräis vu Flësseggas gëtt weiderhin ëm 0,20 Euro/kg reduzéiert.

Temporär Subventioun vum Verkafspräis vu Mazout

Déi temporär Reduzéierung vun den Heizkäschten (Mazout) ëm 15 cts/l TTC gëtt och bis den 31. Dezember 2024 verlängert.

Temporär Subventioun vum Verkafspräis vun Holzpellets fir d'Stéit

Déi temporär Reduzéierung vum Verkafspräis vun Holzpellets fir d'Stéit gëtt och bis den 31. Dezember 2024 verlängert: ëm bis zu 35% vum Präis, mat engem Maximum vun 200 Euro pro Tonn.

Temporär Subventioun fir d'Liwwerung vu Wäermt fir Stéit déi un engem Fernwärmenetz ugeschloss sinn.

D'Stéit, déi un e Fernwärmenetz ugeschloss si profitéiere weiderhi vun engem Präisdeckel vu +15% am Verglach zum duerchschnëttleche Präisniveau am September 2022. Dës Mesure gëtt bis den 31. Dezember 2024 verlängert.

Weider Informatiounen op www.subventions-energie.lu/.

Verlängerung vun de Finanzhëllefe fir d'Energiekäschte bis Enn Juni 2024

Verlängerung vun de Finanzhëllefen zu Gonschte vun de Betriber déi besonnesch betraff si vun der Energiepräisdeierecht, déi op de Krich tëscht Russland an der Ukrain zeréckzeféieren ass

D'Period an där d'Betriber Bäihëllefe fir d'Finanzéierung vun hiren zousätzlechen Energiekäschte kënne kréien, gëtt viraussiichtlech ëm sechs Méint, also bis Enn Juni 2024 verlängert. Dëst ass am Kader vu spezifesche Bestëmmunge vum geännerte Gesetz vum 15. Juli 2022 zur Aféierung vun engem Hëllefsystem fir Betriber, déi besonnesch staark betraff si vun der Präisdeierecht déi op déi russesch Aggressioun géint d'Ukrain zeréckzeféieren ass. Dës Upassunge mussen nach vun der Europäescher Kommissioun approuvéiert ginn éier se kënnen ëmgesat ginn.

Verlängerung vum System vun de finanzielle Bäihëllefe fir an de Beräicher vum Logement a vun der Mobilitéit d'Nohaltegkeet, déi effizient Energienotzung an déi erneierbar Energië weiderhin ze fërderen

De Regierungsrot huet decidéiert d'Verlängerung vum System vun de finanzielle Bäihëllefen an d'Weeër ze leede fir an de Beräicher vum Logement ("Klimabonus Wunnen") a vun der Mobilitéit ("Klimabonus Mobilitéit") d'Nohaltegkeet, déi effizient Energienotzung an déi erneierbar Energië weiderhin ze fërderen, dëst vum 1. Januar bis Enn Juni 2024.

Aktualiséiert