Neierungen 2025

Eng Rei gesetzlech a reglementaresch Bestëmmungen, déi de Bierger direkt betreffen, trieden 2025 a Kraaft. Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Afloss op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

Sozialversécherung

Erhéijung vun de Pensiounen

Akraafttrieden: 1. Januar 2025

D'Upassung vun de Pensioune gëtt op den 1.1.2025 ëmgesat, am Aklang mat den Dispositioune vum Artikel 225bis vum Code de la sécurité sociale. An deem Sënn ginn d’Pensiounen ëm 1,6 % erhéicht, a ginn esou un d’Entwécklung vum duerchschnëttlechen Niveau vun de cotisabele Salairen ugepasst.

Educatioun / Jugend

Nei Reegele fir Schoulen an Erzéiungs- a Betreiungsstrukturen iwwer de Gebrauch vun elektronesche mobille Geräter oder änlechen Apparater mat enger méiglecher Internet-Verbindung

Wëssenschaftler warne virun de Follge vun engem onkontrolléierte Konsum vun digitale Schiermer: Schlofmangel, Mangel u kierperlecher Aktivitéit, Konzentratiounsschwieregkeeten, Gesondheetsproblemer oder nach Stéierungen an de Beräicher vun der Entwécklung oder vun de Sozialkompetenzen. Fir deem entgéintzewierken, hëlt de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend eng Rei Moossnamen, fir d'Kanner virun engem exzessive Konsum vun digitale Medien ze schützen an d'Gläichgewiicht tëscht den digitalen a reellen Aktivitéiten hierzestellen (Screen-Life-Balance).

An den Erzéiungs-a Betreiungsstrukture fir net-schoulflichteg Kanner (Crèchen)

Akraafttrieden: 1. Januar 2025

Vum 1. Januar 2025 un, ass d'Notze vu Bildschiermer an den Erzéiungs- a Betreiungsstrukture fir net-schoulflichteg Kanner verbueden. Dëse Verbuet gëtt an d'Konventioune mat de Prestatairen integréiert.

An de Primärschoulen, an Erzéiungs- a Betreiungsstrukture fir Schoulkanner

Akraafttrieden: Abrëll 2025

Direkt no der Ouschtervakanz, ass d'Notze vu mobillen elektronesche Geräter oder änlechen Apparater mat enger méiglecher Internet-Verbindung am Prinzip an de Gebailechkeete vu Grondschoulen a Maison-relaisen verbueden. D'Notze vun Tablette fir pedagogesch Zwecker ass, mat ausdrécklecher Autorisatioun vum Léierpersonal, net vum Verbuet betraff.

Am Secondaire

Akraafttrieden: Juni 2025

Direkt no der Päischtvakanz, muss wärend de Coursen am Secondaire eng physesch Distanz tëscht de Schüler an de mobillen elektronesche Geräter oder änlechen Apparater mat enger méiglecher Internet-Verbindung agehale ginn. Doriwwer eraus mussen déi betraffe Strukturen eng Charta ausschaffen, déi d'Notze vun elektronesche mobille Geräter oder änlechen Apparater mat enger méiglecher Internet-Verbindung festleet.

Famill

Geziilte sozial Moossname fir dat progressiivt Auslafe vum Energiepräisdeckel ze begleeden

Akraafttrieden: 1. Januar 2025

Energieprimm

Fir dem Aarmutsrisiko entgéintzewierken a vulnerabel Stéit an Zäite vun der Energiepräisdeierecht geziilt z'ënnerstëtzen, gëtt d'Energieprimm 2025 verlängert a de Montant verdräifacht. Et sief drop higewisen, dass de Seuil vum maximale Brutto-Revenu elo scho bei 25% iwwert deem vun der Allocation de vie chère läit. Fir dass nach méi Stied vun dëser Moossnam profitéiere kënnen, gëtt eng reduzéiert Energieprimm agefouert, déi d'Hallschent vum Montant vun der regulärer Energieprimm ausmécht. Dës Hëllef ass fir Stéit geduecht, bei deenen de Revenu mensuel tëscht 25% an 30% iwwert der Allocation de vie chère läit.

(Reglement vum Regierungsrot vum 17. Juli 2024 iwwert d'Zoulag vun der Allocation de vie chère am Joer 2025)

Équivalent crédit impôt (ECI)

Den ECI gëtt verlängert an op 90€ erhéicht fir d'Beneficiairë vum pauschale Grondbetrag, deen am Kader um Gesetz vum 18. Juli 2018 iwwert de Revenu d'inclusion social esou wéi de Beneficiairë vum Revenu fir schwéierbehënnert Persounen zousteet.

De Gesetzesprojet Nummer 8424 gouf de 4. Dezember 2024 vun der Chamber gestëmmt.

Staatlech Bedeelegung un der Finanzéierung vun de Präisdeierechte vun der Energie fir Wunnstrukture fir eeler Leit

Déi staatlech Bedeelegung un der Finanzéierung vun de Präisdeierechte vun der Energie fir Wunnstrukture fir eeler Leit gëtt fir d'Joer 2025 verlängert. Am Géigenzuch, engagéieren sech d'Prestatairen, déi vun dëser Bedeelegung profitéieren, d'Präisser wärend deem Zäitraum net ze erhéijen, mat Ausnam vun den Upassungen déi op de Liewenskäschtenindex zréckzeféiere sinn.

De Gesetzesprojet Nummer 8423 gouf de 4. Dezember 2024 vun der Chamber gestëmmt.

Sozial Moossname fir d'Aarmutsbekämpfung

Akraafttrieden: 1. Januar 2025

Erhéijung vun der Allocation de vie chère ëm 10%

Zousätzlech zu enger dauerhafter Erhéijung vum Montant vun der Allocation de vie chère ëm 10%, ginn och d'Bedéngungen ugepasst, fir den Zougang zu dëser sozialer Leeschtung ze vereinfachen a géint d'Net-an-Usproch-huele virzegoen. An deem Sënn kréien d'Beneficiairë vun der Allocation d'inclusion och automatesch d'Allocation de vie chère iwwerwisen.

(Reglement vum Regierungsrot vum 17. Juli 2024 iwwert d'Zoulag vun der Allocation de vie chère am Joer 2025)

Weider Informatiounen

Erhéijung vum REVIS (Revenu d'inclusion sociale) a vum RPGH (Revenu pour personnes gravement handicapées)

Dësen Text proposéiert d'Montante vum REVIS a vum RPGH ëm 2,6% ze erhéijen. Dës Upassung entsprécht der suggeréierter Erhéijung vum soziale Mindestloun vum 1. Januar 2025 un, wéi se am Gesetzesprojet iwwert d'Ännerung vum Artikel L-222-9 vum Code de travail virgesinn ass.

Lafende Gesetzesentworf ( REVIS & RPGH)

Inklusioun

Akraafttrieden: 28. Juni 2025

Akraafttriede vum Gesetz vum 8. Mäerz 2023 iwwert d'Accessibilitéit vu Produkter a Servicer

Fir d’Inklusioun ze stäerken an all Bierger ze erlaben, un der Gesellschaft deelzehuelen, ginn nei Bestëmmungen agefouert, fir d’Accessibilitéit vun enger Rei vu Produkter a Servicer ze verbesseren, wéi Bankautomaten, E-Banking oder den Online-Handel. Mam Akraafttriede vum Gesetz, den 28. Juni 2025, sinn d'Betriber verflicht, sech un déi nei Normen am Beräich vun der Accessibilitéit unzepassen.

Laut senge Missiounen, wäert den neien Office de la surveillance de l'accessibilité des produits et services (OSAPS) als Referenzorgan fir Accessibilitéit agéieren. Hi steet den Entreprisë mat Rot an Dot zur Säit, fir hinnen dobäi ze hëllefen d'Accessibilitéit vun hire Produkter a Servicer ze verbesseren. Doriwwer eraus huet jiddereen d'Méiglechkeet d'Net-Konformitéit vun engem Produkt oder Service beim OSAPS ze mellen.

Gesetz vum 8. Mäerz 2023

Mobilitéit

Den Tram um Findel ab dem Fréijoer 2025

Akraafttrieden: Mäerz 2025

Am Laf vu Mäerz 2025 wäert den Tram zwou weider Statiounen ufueren: "Héienhaff P+R" an "Findel Luxembourg-Airport". Domat ass déi éischt Linn da komplett a verbënnt de Stadium mam Fluchhafen.

Finanzen

Reduzéierung vun der Steierlaascht fir d'Stéit

Akraafttrieden: 1. Januar 2025

Upassung vun der Steiertabell

Mat enger Upassung vun der Steiertabell op de Revenu vun 2,5 Index-Tranchen, bréngt de Steierpak ab dem 1. Januar 2025 Steierentlaaschtunge fir jiddereen, besonnesch fir kleng Revenuen.

Elengerzéiend Familljen

Bis zu engem Brutto-Akommes vu 52.400 Euro pro Joer, bezuelen elengerzéiend Stéit keng Steieren am Joer 2025.

Onqualifizéierte Mindestloun

De Gesetzesprojet Nummer 8414 gesäit och vum 1. Januar 2025 un d'Steierbefreiung fir den onqualifizéierte Mindestloun fir all Steierklasse vir.

Aner Mesurë vum Entlaaschtungspak

  • Mam Steierpak gi verschidde spezifesch Regimmer, déi fir Talenter an héichspezialiséiert Profiller virgesi sinn, méi attraktiv fir déi betraffe Salariéë gemaach. Dat selwecht gëllt fir d'Bedeelegungsprimm a fir de Régime d'impatrié.
  • Aféierung vun enger neier Primm fir jonk Salariéeën, souwéi vun engem Steierkredit fir Iwwerstonne fir Grenzgänger.
  • Fir d'Betriber ze encouragéieren, méi Chômeuren anzestellen, gëtt déi entspriechend Steiervergënschtegung bis Enn 2026 verlängert.
  • De Kierperschaftssteiersaz gëtt ëm ee Prozentpunkt reduzéiert an déi aktiv geréiert ETFen sinn ab 2025 vun der Abonnementssteier befreit.
  • Upassung vun der Zëns-Barrière a vum gesetzleche Kader fir Verwaltungsgesellschaft fir Familljeverméige fir Abusen ze vermeiden.

Quell: https://gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiques/2024/07-juillet/17-roth-paquet-fiscal.html

Betriber

Steiervergënschtegung fir Investitiounen 

Am Kader vun der Steiervergënschtegung fir Investitioune kënnen Entreprisen, déi eng Eligibilitéits-Attestatioun fir e Projet am Beräich vun der digitaler Transformatioun oder dem ökologeschen an energeeteschen Iwwergang kruten, ab dem 01.01.2025 iwwer d’Plattform MyGuichet eng Attestatioun ufroen, déi hir reell Investitiounen a Betribsausgabe bestätegt. De Guichet.lu proposéiert eng Infosäit zu dëser Demarche.

Geméiss §6 (2) vum Artikel 152bis L.I.R. gëtt drun erënnert, dass d’Ufro fir de Certificat spéitstens zwee Méint nom Ofschloss vum Geschäftsjoer agereecht muss ginn, an deem d’Investitiounen oder d’Betribsausgabe realiséiert goufen, fir dass se recevabel ass.