Aktualiséiert den
Deontologiekommitee
D'Regierungsmemberen an hir bäigeuerdnet Conseilleren verflichte sech wärend a nom Ausübe vun hirem Mandat spezifesch eethesch Reegelen ze befollegen, geméiss den Deontologie-Coden, déi an den Annexen D an F vum interne Reglement vun der Regierung festgeluecht sinn.
Geméiss Kapitel 2 vun der Annex D, gëtt en Deontologiekommitee agefouert deen zoustänneg ass fir d'Uwendung vun den Eethikreegelen z'iwwerwaachen. De Kommitee besteet aus op d'mannst dräi Persounen, déi aus fréiere Regierungsmemberen, Deputéierten, Riichteren, Staatsréit oder Beamten ausgewielt ginn. D'Membere vum Deontologiekommitee gi fir eng net verlängerbar Amtszäit vu fënnef Joer ernannt.
D'Missioune vum Deontologiekommitee bestinn doranner Avisen (ëffentlech oder vertraulech), Recommandatiounen a Communiquéen erauszegi bezüglech der Interpretatioun vun den deontologesche Reegelen an hirer Uwendung duerch d'Regierungsmemberen a Conseilleren. Dës sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen:
Den Deontologiekommitee gëtt a senge Funktioune vun engem Sekretariat ënnerstëtzt.