Règlement interne

Règlement interne vum Deontologiekommitee 

Geméiss dem groussherzoglechen Arrêté vum 14. Mäerz 2022, deen déi deontologesch Reegele fir d'Membere vun der Regierung definéiert, an dem groussherzoglechen Arrêté vum 14. Mäerz 2022, deen déi deontologesch Reegele fir d'Regierungsconseilleren definéiert

 

Artikel 1. Den Eethikkommitee besteet aktuell aus véier Memberen. D'Sekretariat huet dräi Mataarbechter, déi d'Schreiwessen an Dokumenter entgéinthuelen, déi un de Kommitee adresséiert ginn, se als Kopie un d'Membere weiderginn an d'Originaler sécher versuergen.

 

Artikel 2. All Member vum Kommitee kann op eegen Initiativ eng Sëtzung vum Kommitee aberuffen. Déi proposéiert Dagesuerdnung gëtt vum Sekretariat un déi aner Memberen iwwermëttelt.

 

Artikel 3. D'Sëtzunge vum Kommitee sinn net ëffentlech. Un de Sëtzungen dierf och ee Mataarbechter vum Sekretariat deelhuelen. D'Reunioune kënnen als Presenzsëtzung oder per Videokonferenz gehale ginn.

 

Artikel 4. Den Datum vun de Sëtzungen an d'Presenze ginn an enge spezielle Regëster festgehalen, dat vum Sekretariat gefouert gëtt. D'Donnéëen aus dësem Regëster gi fennëf Joer laang gehalen.

 

Artikel 5. Steet e Punkt op der Dagesuerdnung, deen en Interessekonflikt fir e Member aus de Kommitee oder dem Sekretariat duerstelle kéint, muss dëst deenen anere Membere virum Ufank vun den Diskussioune matgedeelt ginn. Déi aner Memberen entscheede mat Stëmmemajoritéit, ob de betraffene Member un der Sëtzung deelhuelen a matstëmmen dierf.

 

Artikel 6. De Kommitee dierf just a Presenz vun der Majoritéit vun de Memberen ofstëmmen.

 

Artikel 7. De Kommitee ass fräi déi Persounen unzehéieren an Experten ze consultéieren, déi hie fir nëtzlech befënnt. An deem Fall preparéiert d'Sekretariat déi néideg Convocatiounen.

 

Artikel 8. D'Membere vum Kommitee souwéi d'Mataarbechter vum Sekretariat si verflicht, d'Vertraulechkeet vun den Deliberatiounen an Ofstëmmungen ze garantéieren.

 

Artikel 9. D'Avise gi mat enger einfacher Stëmmemajoritéit vun de Memberen decidéiert, déi present sinn. D'Mataarbechter vum Sekretariat sinn net stëmmberechtegt. Bei Stëmmengläichheet ass d'Stëmm vum déngschteelste Member entscheedend. All Member kann seng ofwäichend Meenung, wa néideg mat enger Begrënnung, nom Avis vun der Majoritéit protokolléiere loossen, ouni datt säin Numm genannt gëtt. Den Avis gëtt um Enn vun engem Member vum Kommitee, deen un der Ofstëmmung deelgeholl huet, ënnerschriwwen.

 

Artikel 10. D'Verëffentlechung vun de Publikatiounen, geméiss dem groussherzoglechen Arrêté vum 14. Mäerz 2022, deen déi deontologesch Reegele fir d'Regierungsmemberen definéiert, an dem groussherzoglechen Arrêté vum 14. Mäerz 2022, deen déi deontologesch Reegele fir d'Regierungsconseilleren definéiert, gëtt vum Sekretariat assuréiert.

 

Artikel 11. D'Dokumenter a Schreiwessen, déi un de Kommitee adresséiert ginn, gi wärend enger Period vu 5 Joer nom Datum vun der Finaliséierung vum Avis vum Kommitee am Sekretariat versuergt.

 

Artikel 12. Et gëtt e Joresbericht iwwert d'Aktivitéite vum Kommitee erstallt.

Erstallt zu Lëtzebuerg, de 25. Mee 2022

 

D'Membere vum Deontologiekommitee