Regierungsrot

De Regierungsrot erhält seng verfassungsrechtlech Legitimitéit opgrond vun de Bestëmmunge vum Kapitel V vun der Verfassung. D'Formatioun vun der Regierung am Sënn vum Artikel 76 vun der Verfassung gëtt an hirer aktueller Form duerch de kinnekleche groussherzoglechen Arrêté vum 9. Juli 1857 "iwwert d'Organisatioun vun der groussherzoglecher Staatsregierung" geregelt. Dëse kinnekleche groussherzoglechen Arrêté, dee säitdeem puer Mol geännert gouf, stellt nach haut d'Rechtsbasis dofir duer.

De Regierungsrot kënnt wëchentlech am Staatsministère (Hôtel St Maximin), dem Sëtz vun der Regierung, zesummen, fir iwwert all d'Ugeleeënheeten ze beroden, déi um, vum Premierminister, dem President vum Regierungsrot, festgeluechten Ordre-du-jour stinn. All d'Ministere kënnen de Regierungsrot mat enger Ugeleeënheet, déi hiert Departement betrëfft, befaassen.

Iwwert all d'Ugeleeënheeten, déi dem Groussherzog eragereecht ginn, muss am Virfeld am Regierungsrot berode ginn. De Regierungsrot beréit och iwwert Gesetzesprojeten, déi bei der Chamber eragereecht ginn.

De kinnekleche groussherzoglechen Arrêté vum 9. Juli 1857 gesäit vir, dass déi vun der Regierung am Regierungsrot getraffen Decisiounen per Majoritéitsofstëmmung geholl ginn. Bei Stëmmegläichheet ass d'Stëmm vum President, also vum Premierminister, ausschlaggebend. An der lëtzebuergescher politescher Traditioun ginn d'Decisioune vum Regierungsrot allerdéngs am Konsens geholl, sou dass eng Ofstëmmung nëmmen an Ausnahmefäll stattfënnt.

D'Verantwortung fir all déi am Regierungsrot getraffe Moossnahmen obläit all de Regierungsmemberen, déi un dëser Moossnahm matgewierkt hunn. De Minister, dee seng Géigestëmm am Protokoll vun der Sëtzung vum Regierungsrot feststelle gelooss huet, gëtt allerdéngs vu senger Verantwortung entbonnen.

De Regierungsrot gëtt vum Generalsekretariat vum Regierungsrot, ee vum Premierminister ofhängege Service, ënnerstëtzt. De Generalsekretär vum Regierungsrot sou wéi de stellvertriedende Generalsekretär gi vun der Regierung ënner den héije Fonctionnairen ausgewielt. Si kënnen zu all Moment ofgesat ginn, an hir Amtszäit endegt mam Enn vum Regierungsmandat.

De Generalsekretär vum Regierungsrot bereet d'Sëtzunge vum Regierungsrot vir, hëlt dorun deel, dresséiert de Protokoll vun de Sëtzungen a suergt fir d'Duerchféierung vun den Decisioune vum Rot. De Regierungsrot kann hien ausserdeem nach mat aneren Aufgabe beoptragen.

Aktualiséiert