Dernière modification le
Déclaration de politique générale 2005 (version originale luxembourgeoise)
Le 12 octobre 2005, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés en séance publique une déclaration de politique générale sur les priorités du gouvernement.
- Seul le discours prononcé fait foi -
Introduction
Débat européen
Intégration des étrangers dans la société luxembourgeoise
Accompagnement de fin de vie
Éducation
Compétitivité
Indexation des salaires
Diversification économique
Recherche et université
Aéroport et chemin de fer
Fiscalité des entreprises
Investissements publics
Politique de l'énergie
Transports publics
Aménagement du territoire
Emploi
Logement
Finances publiques
Introduction
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
D'Lag vun der Natioun hätt eng intensiv Ried verdéngt, mee dës Ried béckt sech net iwwert d'Gesamtsituatioun vum Land. Si beschränkt sech drop, d'politesch Prioritéite vun der Regierung fir déi nächst Méint ze beschreiwen. Sou huet d'Chamber et gewollt an esou wëll ech et och halen.
De politesche Kalenner ass esou datt een et och net vill anescht hätt kënnen halen.
- Haut aacht Deeg gëtt de Budgetsentworf fir d'Joer 2006 an der Chamber abruecht an dee Budget wäert mat Sécherheet méi grëndlech a méi kontrovers diskutéiert gi wéi seng Virgänger. Mir kréie Budgetsdebatten an deene muss Faarw bekannt ginn.
- Vum 24. Oktober u lafen déi sektoriell Eisebunns-Tripartite an déi grouss Kompetitivitéits-Tripartite. Se wäerte bis an déi éischt Méint vum nächste Joer lafen. Et gëtt villes do ze bespriechen a muenches hei ëmzesetzen.
- Am November diskutéiert d'Chamber d'lëtzebuerger Editioun vun der Lissabonner Reformagenda. Eréischt no däer Diskussioun schéckt d'Regierung hiren nationale Reformprogramm op Bréissel deen een nationale Plang fir Innovatioun a Vollbeschäftegung soll ginn.
- Fir den 1. Dezember vun dësem Joer musse mer d'Aktualiséierung vun eisem Stabilitéitsprogramm virleeën, deen dann am Januar-Februar 2006 vun der EU-Kommissioun an den EU-Finanzministere beuerteelt wäert ginn. D'Beuerteelung wäert frëndlech bleiwen, mee manner frëndlech wéi soss. D'Rekommandatiounen an d'Kritike wäerte stramm ginn, méi stramm wéi bis elo.
Dës Terminer a Rendez-Vousen hunn et a sech. D'Regierung wäert se offensiv a volontaristesch ugoen.
Eisen Usproch, eis Ambitioun fir déi nächst Zäit an déi Zäit duerno ass kloer. Mir brauche Modernisatioun do wou mer net virukommen, mir brauche Remoderniséierung do wou mer zréckfalen. Innovatioun, Transformatioun, Integratioun: ronderëm dës Begrëffer organiséiere sech d'Modernisatioun an d'Remodernisatioun. An d'Ëmsetzungsmethod vermësche sech Konviktioun a Moderatioun.
Mir spieren a mir wëssen – och wa mer et heiandsdo net wësse wëllen – datt mer och hei am Land un Ännerungen a Verännerungen net laanscht kommen. Mee mir wëllen dës Changementer net mat brachialer Rambo-Logik duerchsetzen, mee si argumentativ plädéieren. Mee Moderatioun brauch Zäit a gesäit no Sichen an no Zécken aus. Dee Risiko huele mer a Kaf, soulaang wéi mer eis iwwer d'Ziel vun eise Beméiungen eens bleiwen: d'Objektiv ass et, déi kuerz- a mëttelfristeg Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft méi zolidd ze maachen an hir Stäerkten ze notzen, fir d'sozial Solidaritéit an de sozialen Zesummenhalt iwwer d'Jorzéngten, dat heescht och a grad fir déi nei Generatioun, méi nohalteg staark ze maachen.
Moderatioun geet net ouni Nolauschteren.
Débat européen
Mir hu während der EU-Referendumskampagne wuel vill geschwat, mee och gutt nogelauschtert. Net alles wat mer héieren hunn hat mam Thema ze dinn. Et sief dann. Mee villes wat gesot ginn ass hat mam Thema ze dinn. A mir wëllen dëst Thema, nämlech d'Art a Weis wéi d'europäesch Unioun sech entwéckelt a wéi mir Lëtzebuerger dës Entwécklung gesinn, konsequent weider behandelen. D'Europadiskussioun ass den 10. Juli net op een Enn komm, dat wat an der Debatt gesot ginn ass gëtt net einfach op d'Säit geluecht. D'Europadiskussioun fänkt elo eréischt richteg un, mir mussen um europäesche Ball bleiwe fir e richteg spillen ze kënnen. D'Sozialpartner, d'Zivilgesellschaft, d'Parlament, d'Parteien, déi net duerchorganiséiert Deeler vun der Gesellschaft, d'Künstler, d'Schrëftsteller, d'Denker vum Méiglechen an Onméiglechen, d'Leit alleguer mussen op den Terrain a matspillen. Mee si mussen och matspille wëllen. Wa mer eng Informatiounsversammlung iwwer d'Bolkestein-Direktive ofhalen – een einfache Rappel: mir lehnen all Form vu sozialem Dumping of – da musse se kommen a sech zu Wuert mellen. Wa mer öffentlech driwwer berotschloe wéi mer déi sozial Dimensioun vun Europa festege kënnen, da brauche mer Gespréichspartner déi hir Bibelen a Fibelen – dat sinn einfach Lektüren – an de Bibliothéike loossen a sech mat den europäesche Gesetzestexter auserneesetzen – dat ass e komplizéierte Liesstoff. Wa mer an der Chamber an an hire Kommissiounen déi europäesch Rendez-vouse virbereeden – an dat wëlle mer systematesch maachen – da brauche mer kloer Indikatiounen, keng Schlagwierder. An alle Fäll brauche mer kloer Wierder, och wa genéiert Genoschels méi einfach schéngt. Sou ass et fir d'Regierung kloer, a mir soen dat ouni Gène, datt mer all Form vu Friemefeindlechkeet a vu Friemenhaass – an dees konnt ee während der Referendumskampagne jo besichtegen – oflehnen a bekämpfen. Si passen net zur moralescher Geschäftsgrondlag vun eisem Land. Passt op op déi onerwaart grouss Effete vun de vermeindlech klengen Ausrutscher am Denken an am Schwätzen!
Déi noutwendeg, all Dag dagesaktuell Europadebatt musse mer an engem regelrechten nationalen Europaforum zesummelafe loossen. Dëse wäert vum Minister Nicolas Schmit animéiert ginn deen och heizou konkret Handlungsvirschléi wäert ënnerbreeden. Da wäerte mer mierken: Europa gesäit no Glamour aus, ass awer haart Knachenaarbecht déi vill Zäit an Energie kascht.
Intégration des étrangers dans la société luxembourgeoise
An déi Debatt an an hir Verlängerung mussen eis Iwwerleeungen iwwer eist Matenee mat deenen déi net Lëtzebuerger sinn afléissen.
Déi déi soen d'Integratioun vun den Auslänner hei am Land wier reusséiert soen eppes wat mer alleguer zesumme gäre gleewen. D'Wierklechkeet ass awer heiandsdo ganz anescht: et bilde sech heiheem, wéi am Rescht vun Europa, regelrecht Parallel-Gesellschaften. Mir brauchen en neit Immigratiounsgesetz dat dat vun 1972 ersetzt an e revidéiert, méi voluntaristescht Integratiounskonzept viraussetzt. D'Diskussioun heiriwwer, och d'Diskussioun iwwer eis Sprooch an eise Sproochesystem, fänken an dësem Wanter un a sollen am nächste Wanter ofgeschloss ginn. De Justizminister wäert am spéide Fréijor vum nächste Joer e Gesetzprojet iwwer d'duebel Nationalitéit virleeën, d'Edukatiounsministesch wäert d'Debatt iwwer eis Sprooch op der Regierungssäit begleeden.
Accompagnement de fin de vie
Eng Fro déi Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger am selwechte Mooss betrëfft, an am selwechte Mooss betraff mécht, ass déi vum Liewen a vum Stierwen. Mir schreiwen net vir wéi zu Lëtzebuerg gestuerwe gëtt. De Staat deet gutt drun, sech do Grenzen opz'erleeë wou den eenzelne Mënsch mat sech selwer eleng ass. Mee e muss sech mat der Fro beschäftegen, wéi den eenzelne Mënsch stierwe wëllt. Dofir leet de Gesondheetsminister am November e Gesetzprojet iwwer d'Stierfbegleedung vir, e Gesetzprojet deen dee vun der fréierer Regierung ersetzt.
Éducation
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Och d'Schoul, d'Bildung an d'Ausbildung gi Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger eppes un. An zwar méi wéi eppes. Dat wat an der Schoul a während der Schoulzäit schief geet, dat kritt een am Liewen dacks net méi zurecht gebéit.
Mir wëllen déi grouss Atoute vun eisem Schoulsystem erhalen. Dofir wëlle mer d'Schoul zesumme mat de Schüler, den Elteren a besonnesch den Enseignanten weiderentwéckelen. Am Gespréich mat Enseignante fällt op datt der vill vun hinnen d'Gefill hunn, hir Aarbecht, hiren Engagement an hiren Devouement géifen op wéineg Resonanz an der Gesellschaft stoussen. Si maachen eng nobel Aarbecht, si hunn ee grousst Stéck lëtzebuerger Zukunft an der Hand. 'T ass falsch si fir all Fehlentwécklung an der Schoul haftbar ze maachen. 'T ass richteg, mat hinnen zesummen ze probéieren, all Kand eng Chance op Erfolleg ze ginn.
'T hunn awer net all Kanner Erfolleg. Esou hunn tëschent November 2003 an November 2004 1.200 Schüler hire Schoulparcours ofgebrach. Ee Véierel vun hinnen huet sech an enger auslännescher Schoul ageschriwwen, ee Véierel huet eng Aarbecht fonnt, ee Véierel ass a Formatiounsmoossnahmen. Een anere Véierel awer ass weder am Ausland nach um Aarbechtsmaart nach a Formatioun. Dee Véierel mécht ganz einfach näischt, ass doheem oder soss éierens. Dat ass hiren Echec, dat ass och eisen. Deen Echec wiisst all Joer 300 Mol.
Eis Gesellschaft, och eis jonk Gesellschaft, ass extrem heterogen. D'Schoul muss dës Heterogenitéit geréieren. Mir mussen eis fräi maache vun der Iddi, all Schüler kënnt deeselwechte Programm am selwechte Rhythmus absolvéieren. Dofir muss d'öffentlech Schoul d'Schouloffer méi breet maachen. Déi lescht Regierung huet domat ugefaang, dës Regierung mécht domat weider. Deen neie Lycée ass eng wichteg Etapp op deem Wee. D'Festleeë vun engem Kompetenzsockel fir all Stuf vun der Schoulausbildung, vum Préscolaire bis un d'Enn vun der Scolaritéit, ass eng aner. D'Edukatiounsministesch wäert, zesumme mat alle Schoulakteuren, Kompetenzsockele festleeën, besonnesch wat dat verlaangtent Sproochwëssen ubelaangt.
D'Schoulgesetz vun 1912 gëtt reforméiert. Een neien Avant-projet de loi geet an deenen nächsten Deeg a Konsultatioun a soll virum Summer d'nächst Joer deposéiert ginn.
D'Reform vun der Beruffsausbildung kënnt geschwënn. Dat neit Beruffsausbildungsgesetz schreiwt sech an d'Logik vun der liewenslänglecher Weiderbildung an, definéiert d'Profiler vun all Handwierk nei an organiséiert déi modulär Ausbildung.
D'Schoul fënnt net niewent dem Liewe statt. Dofir muss se d'Liewensgewunnechten an d'Liewensëmstänn vun den Elteren a vun de Kanner maximal berücksichtegen. Mir brauchen eng fakultativ Ganzdagsoffer och an der Gemeng, mir musse virufueren, Opfang- a Begleedungsstrukture fir déi Kleng virun an no der Schoul a méi grousser Zuel unzebidden. Famill a Beruff kënnen net getrennt, si mussen zesumme gesi ginn.
D'Schoul hällt net mat der Schoul op. D'Léieren an d'Bäiléiere si liewenslänglech ginn. Iwwer 53.000 Leit hu sech d'lescht Joer weiderausbilde gelooss. Deen Effort gëtt konsequent weidergefouert. Eng kompetitiv Wirtschaft brauch d'Qualifikatioun vun deenen déi an hir schaffen.
Compétitivité
Här President,
Zum Stéchwuert "Kompetitivitéit" wier villes ze soen. An der Regierungserklärung vum 4. August 2004 hunn ech zu deem Stéchwuert – dat eigentlech en Aarbechtswuert ass – alles dat gesot wat fir d'ganz Legislaturperiod gëllt.
D'Kompetitivitéit ass ee breede Begrëff. Hien enthält villes.
Indexation des salaires
- 'T gëtt Kreesser hei am Land fir déi reduzéiert d'Kompetitivitéitsfro sech op d'Fro vum Index. Dës Fro stellt sech, mee se stellt sech ëmmer och am Zesummenhank vun der Erhalung vum soziale Fridden: och de soziale Fridden ass ee Standuertargument. Den Index erlabt e Minimum vun organiséierter nationaler Lounpolitik – jiddferengem seng Pei gëtt der Inflatioun ugepasst. D'Indexéierung schaft esou de Fräiraum, deen dezentraliséiert betribsbezunnen Tarifpolitik méiglech mécht. Wann een den Index ofschaft, da gëtt d'ganz Tarifpolitik national an domat manner betribsbezunn. D'Ekonomie – a besonnesch d'Patronat – hunn dobäi nëmmen ze verléieren.
D'Regierung hällt un der Indexéierung vun de Léin a Gehälter fest. Mee mir verspären eis net enger Diskussioun iwwer eng limitéiert Indexneiregelung, déi de Prinzip vun der Indexéierung respektéiert well d'Indexéierung bréngt d'Kompetitivitéit net prinzipiell a Gefor. Mee mir se bereet mat de Sozialpartner iwwer d'Zesummesetzung vum Indexwuerekuerw ze diskutéieren: Alkohol an Tubak mussen net am Wuerekuerw stoen, d'Petrolsprodukter mussen drastoe bleiwe well hir Erhéijung verdeiert d'Liewe vum Duerchschnëttsbierger an engem gehéierege Mooss. Mir sinn och bereet, iwwer d'Aféierung vun enger maximaler Indextranche ze diskutéieren, wa se héich genuch op der Gehälterskala usetzt. Déi déi héich Léin hunn, brauchen net noutwendegerweis d'voll Indexéierung vun hirer Pei. Déi déi net esou vill verdénge brauche se. Si brauche s'ëmsou méi wéi mer an der Regierung der Opfaassung sinn datt eist Land eng moderat Lounpolitik muss bäibehalen, déi sech strikt un der Produktivitéitserhéijung ausriichte soll.
Iwwer déi Froe wëlle mer mat de Sozialpartner zielorientéiert an der Tripartite verhandelen.
- Wa mer wëlle komplett kompetitiv bleiwen, da musse mer eis Wirtschaftsinfrastruktur kontinuéierlech kompletéieren. Dat huet all Regierung bis haut versicht. Dat mécht och déi heiten. Si mécht dat net iergendwéi. Si mécht dat op der Grondlag vun deene Prinzipien déi an der Regierungserklärung opgefouert goufen.
Diversification économique
Am Laf vun deenen nächste Méint konzentréiere mer d'wirtschaftlech Diversifikatioun op e puer Achsen.
• D'Promotioun vum Wirtschaftsstanduert a vun der Finanzplaz geet beschleunegt virun. Den Tresor- an de Wirtschaftsminister reesen nach am November mam Grand-Duc an den arabesche Raum fir dës bis elo vun eis negligéiert Regioun méi staark u Lëtzebuerg z'intresséieren. Den Tresorminister ass am Oktober an den USA fir eis Finanzplaz, déi amgaang ass sech nees ze fänken, ze werben.
• Mir wëlle Lëtzebuerg zu enger Haaptadress vun der E-Technologie an der Welt an an Europa maachen. Grouss Nimm wéi AOL an AMAZON sinn haut schon d'Flagschëffer vun däer Politik déi vum Finanzminister a vun anere konzentréiert gesteiert gëtt. De Siège vu SKYPE, deem gréissten internationalen Internet-Telefonie-Provider dee viru kuerzem vun E-bay opkaaft ginn ass, huet a behällt säi Siège heiheem. Mat anere groussen internationale Playere lafe villverspriechend Kontakter. Dës zukunftsträchteg Aktivitéit fënnt, wann och bei wäitem net nëmmen, an engem gënschtege steierlechen Ëmfeld statt dat mer hei zu Lëtzebuerg geschafen hunn. Dat Ëmfeld wëlle mer erhalen an dofir si mer och géint déi proposéiert EU-Direktive déi déi indirekt steierlech Regelen am E-Beräich wëllt änneren. Mee domat geet et net duer: mir vereinfachen an deenen nächste Méint eis Datenschutzgesetzgebung, mir behiewen d'Konnektivitéitsdefiziter déi mer hunn, mir bekëmmeren eis ëm d'Verbesserung vun der Präisstruktur. Mir wëllen eis intensiv an offensiv als Exzellenzzentrum fir Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie weltwäit profiléieren.
Fir d'Entwécklung vun den Tele-Servicer, besonnesch vun der digitaler Televisioun, ze pushe setze mer vum 1. Januar 2006 un den TVA-Saz fir déi digital Servicer op 3 Prozent erof.
Mat der CLT fänke mer un iwwer d'Erneierung vum Konzessiounsvertrag ze verhandelen, obschon dësen eréischt am Joer 2010 ofleeft. Mir wëlle Planungssécherheet fir de Mediestanduert Lëtzebuerg.
• D'lëtzebuerger Wirtschaft behällt all hir Chancen. Mir maachen aus der SNCI ee regelrecht Gestaltungsinstrument vun eiser wirtschaftlecher Entwécklung an deem mer si zu enger kompletter Förderbank an de Beräicher Diversifikatioun a Konsolidatioun maachen. Domat setze mer hir Efforte vun de rezente Méint fort an deene si sech duerch de Kooperatiounsvertrag mam europäeschen Investitiounsfong an duerch d'Moderniséierung vun hire Kreditinstrumenter nei Muskele ginn huet.
Recherche et université
• D'SNCI huet och hir Interventiounsméiglechkeeten am Beräich vun der Recherche duerch d'Opleeë vun enger Fuerschungsfacilitéit verbreedert. D'Recherche bleift eng Regierungsprioritéit: si huet sech an de leschte fënnef Joer versechsfacht, déi öffentlech Recherche wäert am Budget 2006 0,3 Prozent vum PIB ausmaachen, d'Ziel bleift et si op 1 Prozent unzehiewen an d'Gesamtrecherche - privat an öffentlecher – op 3 Prozent vun eisem PIB erunzeféieren. D'Recherche zu Lëtzebuerg organiséiert sech ronderëm d'Uni Lëtzebuerg. Si wäert hiren Haaptakzent éischter op Doktorater a spezialiséiert Master-Diplome leeën. D'Uni gëtt och eng Kompetitivitéitsfabrik. Si wëllt net a ville Beräicher wéineges ubidden mee a wéinegen Domainer villes. Akademesch Fokusséierung, net universitär Megalomanie wäert si auszeechnen. 2006 wäert eis Uni 3.400 Studenten hunn – 200 méi wéi elo -, am Joer 2010 studéieren op hir maximal 4.800 Studenten an am Joer 2015 sollen et der net méi wéi 6.000 sinn.
Aéroport et chemin de fer
• Och de Flughafe wëlle mer a sengem gesamte Potential dynamiséieren. Net méi Flich, mee méi Aktivitéiten, virun allem logistesch Aktivitéiten: dat wëlle mer um Findel, dat wëlle mer och op der Bunn wou mer ab der Eisebunns-Tripartite vum 24. Oktober d'Frachtzukunft an iwwerhaapt d'Struktur vun der Eisebunn thematiséiere wäerten. Mir befannen eis an Europa an enger Atmosphär vu Liberaliséierung, mee mir sichen typesch lëtzebuerger Léisungen. Mir se keng fanatesch Liberaliséierer, mir wëllen net d'Demolitioun vun den CFL mee hir sozialverträglech an equilibréiert Adaptatioun un d'Zukunft.
Fiscalité des entreprises
• D'Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie an d'Erhale vun eise Standuertvirdeeler hu wiesentlech mat der Betribsbesteierung ze dinn. Mir hunn eis Betribsbesteierung an deene leschte fofzéng Joer fundamental verbessert. Do wou et sech als noutwendeg wäert erausstellen ajustéiere mer se weider. Mee ech kënnege fir d'nächst Joer keng massiv Ofsenkung vun de Betribssteieren un. Op der internationaler Besteierungsskala leie mer zwar net honnertprozenteg optimal, mee mer leien awer gutt. All weider steierlech Ofsenkung am Intérêt vun de Betriber muss genauestens, an zwar am gesamteuropäesche Kontext, studéiert ginn. Déi Iwwerleeung féiere mer. Si wäert fir d'Joer 2006 keng Verännerung vun der Betribsbesteierung zur Folleg hunn.
Investissements publics
• Zur Effizienz vun enger Ekonomie gehéieren efficace Infrastrukturen. Trotz enker Finanzlag wäerten d'Investissementskrediter sech am Joer 2006 op héijem Niveau bewegen. Dat gëllt fir all Infrastrukturberäicher. Mee mir musse wëssen: iwwer den normale Staatsbudget kënne mer déi geplangten an noutwendeg Investissementsausgaben net méi integral finanzéieren. Vum iwwernächste Staatsbudget un, also vun deene vun 2007 un, musse mer eis öffentlech Investissementer deelweis anescht finanzéieren. Wat de Budget net eleng packt, dat muss an öffentlech-privater Kooperatioun finanzéiert ginn. De Staat muss net alles selwer bauen a selwer finanzéieren. E kann och baue loossen. Dat wäerte mer maache well dat musse mer maachen. Mer diskutéiere mat der Chamber iwwer dee beschte Wee an iwwer déi adäquat Instrumenter fir dat kënnen ze maachen.
Politique de l'énergie
• Mir diskutéieren zu Lëtzebuerg net genuch iwwer d'Energiepolitik. Dat ass ëmsou méi erstaunlech wéi d'Energiefacture vum Land déck ass a wéi d'Energiekäschten déi op de d'Betriber leie grouss sinn. Mir sinn zu 99 Prozent vun den Energieimporter aus eisen dräi Nopeschlänner ofhängeg. Et läit op der Hand: mir mussen iwwer d'Ofsécherung vun eisem Energieapprovisionnement an deenen nächste Méint diskutéieren an decidéieren. Déi Diskussioun muss sech ronderëm d'Diversifikatioun vun eisen Approvisionnementsweeër dréinen, muss sech mat der Entwécklung vun eiser Produktiounsinfrastruktur beschäftegen a muss sech un der Entwécklung vun eiser Distributiounsinfrastruktur intresséieren. Kyoto an de gesonde Mënscheverstand verlaangen datt mer zu enger méi duerchorganiséierter Energieeffikazitéit hei am Land kommen. D'Förderung vun alternativen Energiequellen an alle Beräicher, och an deem vun der Landwirtschaft, däerf net weiderhi lächerlech gemaach ginn, si muss konsequent entwéckelt ginn. Selbstverständlech ass dobäi d'Relatioun tëschent öffentlech ze bestreidendem Käschtepunkt a Maximéierung vun der Energieeffizienz ze bedenken. 'T ass evident datt mer Energie musse spueren. Grad a besonnesch am Beräich vum Wunnengsbau. A terme musse mer "Niddreg-Energiestandarde" respektéieren déi iwwer eng nei "Wärmeschutzverordnung" agefouert ginn. Mir wäerten an den nächste Méint Propositiounen iwwer eng méi staark Besteierung vun den Autoe mat héijem CO2-Ausstouss virleeën.
Transports publics
• Den öffentlechen Transport gëtt weider ausgebaut: d'Kreditmassen déi him zougefouert gi klammen och am Budget fir d'Joer 2006. Mir mengen duerch d'Stad misst een Tram fueren. Mir zweifele kee Moment drun datt deen neie Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg dat och esou gesäit.
Eng gesond Ëmwelt, een nohaltegt Wuessen, ee responsablen Ëmgank mat Energie, ee konsequenten Investissement a méi Mobilitéit: dat sinn och Standuertvirdeeler. Wien dat anescht gesäit muss et soen. An e muss et virun allem beweisen.
Aménagement du territoire
• Et gëtt keng modern Ekonomie wann dat Land an deem se sech ofspillt sech net selwer resolut an d'Zuchloft vum 21. Jorhonnert stellt. D'Ëmsetze vum integréierte Verkéiers- a Landesplanungskonzept, kuerz IVL, soll eisem Land dee Moderniséierungsschub vereinfachen. Mir mengen datt all Joer am Hierscht d'Chamber am Kader vun enger Orientéierungsdebatt iwwer d'Ëmsetzung vun den IVL-Pläng debattéiere soll. D'Schwéierpunkter vun deenen Debatte gesäit een elo schon: Belval – ee Projet deen absolut Prioritéit an den Ae vun der Regierung genéisst -, d'Nordstad, sektoriell Pläng an deene verschiddenste Beräicher. D'Opstelle vun deene sektorielle Pläng brauch Zäit. Während däer Zäit wou s'opgestallt ginn däerf ee keen Entwécklungsstëllstand an deene Beräicher déi vun hinne betraff sinn deekretéieren. Déi wirtschaftlech Entwécklung geet virun, si waard net op déi lescht Raffinementer vun eisen Entwécklungspläng. Mee si muss déi grouss Linne vun hinne respektéieren. Déi politesch an administrativ Reorganisatioun vun eisem Land musse mer an d'Hand huelen. De Regierungschef selwer wäert sech un deenen Iwwerleeungen intensiv bedeelegen. Eppes ass kloer: Zwangsfusioune vu Gemenge wäert et keng ginn. Eppes ass awer grad esou kloer: jiddfereen hei am Land, egal wou e wunnt, huet d'Recht op d'Satisfaktioun vun deene selwechte Grondbesoinen.
Emploi
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
D'Moderniséiere vum Land, d'Verbesserung vun eiser Kompetitivitéit, d'Optiméierung vun eisem fiskalen Ëmfeld: dëst sinn alles nëmmen eidel Wierder wann déi politesch Ustrengungen déi ronderëm dës Begrëffer gravitéieren hiert Objektiv net erreechen. An dat Objektiv ass Vollbeschäftegung. Ech gehéieren zu deenen almoudesche Politiker déi menge Vollbeschäftegung wier méiglech, Vollbeschäftegung wier néideg a Vollbeschäftegung misst sinn. Vollbeschäftegung heescht net datt jiddfereen ëmmer eng Aarbecht huet, dat weess ech och. Mee Vollbeschäftegung heescht datt jiddfereen dee schaffe wëllt an dee schaffe kann och eng Aarbecht muss kënne fannen. Ech soen net datt nëmmen deen eppes wert wier dee schafft. Mee ech mengen datt deen dee schafft besser weess wat e wert ass. An dofir däerfe mer eis an Europa net mat Massenaarbechtslosegkeet offannen. An dofir däerfe mer eis och net mat dem permanenten Uklamme vun der Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg offannen. D'Aarbechtslosegkeet ass keng Fatalitéit déi eis aschléiferen däerf. Hir Bekämpfung ass eng Noutwendegkeet déi eis muss permanent wakreg halen.
D'Aarbechtslosegkeet klëmmt och heiheem. Sécher: si ass net esou héich wéi an de Länner ronderëm eis. Mee si ass ze héich. Si muss méi niddreg ginn. Dat geet net vum selwen an net vun haut op mar. Mee mir mussen eis Kräfte bündelen, déi vum Staat, déi vun de Betriber, déi vun de Gewerkschaften, déi vun de Leit déi schaffen an déi vun deenen déi keng Schaff hunn, fir hir op de Läif ze réckelen.
Ech hu gesot d'Aarbechtslosegkeet wier keng Fatalitéit. Si däerf och net esou behandelt gi wéi wa s'eng wier. Wann d'Betriber restrukturéiert ginn, wa Personalofbau aus wirtschaftleche Grënn an d'Haus steet, wann Effektiver aus ökonomeschen Ursaache mussen ofgesenkt ginn, da gëtt et zwee Weeër: Entloossungen ouni Nuance oder intelligent Restrukturéieren. Den Aarbechtsminister huet d'Sozialpartner viru méi wéi zwee Joer mat Iwwerleeungen zur Festegung vun der Beschäftegung am Restrukturéierungsfall befaasst. Hien huet e Gesetz - wéi dat esou schéin op lëtzebuergesch heescht - iwwer de "Maintien de l'emploi" ugereegt. Mir sinn an der Regierung der Opfaassung datt d'Sozialpartner net séier genuch an net adäquat op déi ministeriell Initiativ geäntwert hunn. Mir wëllen dës Iwwerleeungen an ee Gesetzprojet kleeden dee séier hei am Parlament soll abruecht ginn. D'Opstelle vun engem Sozial-Audit, d'Encouragéiere vun temporairer Arbeitnehmerüberlassung, Outplacement, temporair Aarbechtszäitreduktioun an aner Forme vun intelligentem Restrukturéiere wäerten d'Kärelementer vun deem Gesetzprojet ginn.
Wann d'Aarbechtslosegkeet klëmmt, wann d'Beschäftegungsverhältnisser zur Prekaritéit tendéieren, wann Angscht ëm d'Aarbechtsplaz ëmgeet, dann hunn déi einfach Rezepter Héichkonjonktur. Deenen déi der Zerstéckelung an dem Zerschloe vun eiser aarbechtsrechtlecher Uerdnung d'Wuert riede wëlle mer soen: mir maachen dës Moud, déi an eenzelnen Nopeschlänner virexerzéiert gëtt, net mat. Deenen déi mengen d'Léisung vun den Aarbechtsmaartproblemer géif an allgemengen Aarbechtszäitreduktioune leie soe mer: si hunn néierens durabel Resultater bruecht, mir brauche s'also guer net ze probéieren. Deenen déi der Opfaassung sinn 't géif duergoen d'Aarbechtslosenentschiedegung erofzesetze fir datt déi déi keng Aarbecht hu sech mobiliséiere soe mer: mir huele keng radikal Kierzung vun der Aarbechtslosenentschiedegung vir well déi meeschte Leit déi keng Aarbecht hu sichen eng Aarbecht a sinn éierlech beméit eng Aarbecht ze fannen. De Staat muss déi hinnen operluechte Period vun Inaktivitéit finanziell begleede fir datt se net ënner d'Aarmuttsgrenz rëtschen.
Mee mir si selbstverständlech bereet, am Kader vun der Tripartite a vum stännege Beschäftegungskomitee, déi bestehend Aarbechtsplazbeschafungsinstrumenter kritesch ze préiwen. Mir stellen, net ouni Verdrësslechkeet, ëmmer nees fest datt déi sougenannten aktiv Aarbechtsplazbeschafungsmethoden, besonnesch wa se sech am Rayon vum Staat oder um Niveau vun de Gemengen ofspillen, net zu enger gesteigerter Beschäftegungsfähegkeet féiere mee ganz dacks zu gréisster Passivitéit bei der Sich no enger neier Aarbecht. Dofir musse mer eis mat der Fro beschäftegen, op déi relativ héich Indemniséierung vun deenen temporäre Beschäftegungsverhältnisser net no ënne muss revidéiert ginn. Vill Leit, besonnesch vill jonk Leit, déi an esou temporäre Beschäftegungsverhältnisser beim Staat a bei de Gemengen ënnerwee si maachen alles fir definitiv op deene Plazen déi se besetze kënnen ze bleiwen. Si halen op sech eng aner Aarbecht ze sichen. Or déi Beschäftegungsverhältnisser, déi temporärer Natur sinn, däerfen net zu enger aarbechtsmaartpolitischer Parkplaz ginn déi een net wëll verloosse wann ee bis op hir eng Plaz fonnt huet. Doriwwer schwätze mer mat de Sozialpartner.
Ech si keen Unhänger dervun, d'Zumutbarkeetsregele fir d'Unhuele vun enger Aarbechtsplaz onzoumutbar ze maachen. Mee och d'Leit hei am Land musse wëssen: an eisen Zäite kritt net méi jiddfereen déi Aarbechtsplaz gebak op déi e mengt en individuellen Usproch ze hunn. Och Lëtzebuerger mussen op Schichte schaffen. Och Lëtzebuerger musse bereet sinn e bësse méi wäit op d'Aarbecht ze fuere wann et muss sinn. D'Zumutbarkeetsregele ginn net radikal verschäerft, mee si ginn nuancéiert iwwerpréift.
Et ass een ëmmer erëm iwwerrascht wann ee gesäit mat wat fir enger Begeeschterung d'Betriber probéieren hir Leit an d'Préretraite, an d'Prépensioun, z'entloossen. 'T ass een ëmsou méi iwwerrascht doriwwer wou aflossräich Kreesser vum Patronat net midd ginn eng Diskussioun iwwer d'Verlängerung vun der Liewensaarbechtszäit unzemanen. Ech sinn net dergéint datt mer eng roueg Diskussioun iwwer d'Liewensaarbechtszäit féieren. Déi zukünfteg finanziell Sécherung vun eisen Alterssécherungssystemer verlaangt dat wahrscheinlech. Mir mussen ënnereneen, dat heescht Regierung, Parlament, Patronen a Gewerkschaften, driwwer diskutéieren ob et net Grënn gëtt fir vun engem festzeleeënde Joer no 2012 u Joer fir Joer een oder zwee Méint méi ze schaffen. Mee ech wëll déi Diskussioun eréischt op een Enn gefouert gesi wa virdrun näischt onversicht gelooss ginn ass fir déi Männer a Fraen déi am aarbechtsfähegen Alter sinn an der Beschäftegung ze halen. D'Zuel vun deene Leit iwwer fofzeg Joer, déi nach kënnte schaffe mee awer net méi däerfe schaffen oder net méi solle schaffen oder net méi solle schaffe gelooss ginn oder aus dem Aarbechtsprozess erausgedréckt ginn, ass zu Lëtzebuerg enorm héich. Wien iwwer eng Augmentatioun vun der Liewensaarbechtszäit wëllt diskutéieren, muss fir d'éischt beweisen datt e gewëllt ass déi Leit iwwer fofzeg Joer déi nach wëlle schaffen, déi eng Aarbecht sichen a keng fannen, déi eng Aarbecht sichen a gäre géife schaffen an der Beschäftegung ze halen. D'Préretraitemechanisme selwer mussen aus aarbechtsmaartpoliteschen an aus finanzpolitesche Grënn iwwerpréift ginn. Eppes gëtt net iwwerpréift: dat ass d'Préretraite fir d'Schicht- an d'Nuetsaarbechten. Mee deen einfache Wee dee vill Betriber gi wa Restrukturéierungen usti gëtt méi schwéier gemaach. Dat ass de Wee iwwer d'Préretraite-Ajustement. D'Regierung wäert mat de Sozialpartner iwwer d'Erhéijung vun de betribleche Partizipatiounen um Käschtepunkt vun der Préretraite, dee vun der Allgemengheet muss bestridde ginn, diskutéieren.
Mir brauchen e Gespréich mat de Sozialpartner driwwer wéi een Interimsaarbechten, dat heescht zäitweileg Beschäftegung, kann notze fir aarbechtslose Mënschen eng Beschäftegung ze ginn. Et ass besser, wann een am Chômage ass, et huet een zäitweilig eng Beschäftegung déi engem nei Chancen um Aarbechtsmaart gëtt, wéi während engem Joer oder anerhalleft Joer beschäftegungslos ze bleiwen. D'Interimsplaze ginn zu Lëtzebuerg vu Frontaliere besat. Mir hätte gären datt och déi Leit déi hei am Land keng Aarbecht hu méi regelméisseg op Interimsplazen zréckgräife fir sech beschäftegungsfäheg ze halen. Och doriwwer muss geschwat ginn.
D'Ofschafe vum Mindestloun ass een anere Schlager deen ee regelméisseg héiert. D'Regierung schaft d'Gesetzgebung iwwer de Mindestloun net of. An anere Länner gëtt iwwer d'Aféierung vum Mindestloun diskutéiert, zu Lëtzebuerg gëtt net iwwer seng Ofschafung diskutéiert. Mee mir mussen eis zesummen d'Fro stellen ob et net heiandsho besser wier, jonke Leit déi keng Ausbildung hu mee awer eng Beschäftegung kënne fannen déi mat Ausbildungselementer versinn ass, een Astellungsmindestloun z'offréieren, dee mer Qualifizéierungs- a Formatiounsmindestloun géife nennen, dee se während hirer Noschoulausbildung am Betrib kréien. Dat geet nëmme wann um Enn vun hirer betribsinterner Formatioun d'Aussiicht op eng definitiv Beschäftegung besteet. Doriwwer gëtt an deenen nächste Méint debattéiert.
Och iwwer den Zougank vun EU-Bierger zu Deeler vun der Fonction publique muss frësch diskutéiert ginn. Et kann net sinn datt d'Lëtzebuerger alles maache fir eng Aarbechtsplaz beim Staat oder bei de Gemengen ze fannen, mee d'Aarbechtsplazen an der Privatindustrie awer haaptsächlech den Net-Lëtzebuerger wëlle reservéieren. Dat ergëtt eng Schieflag déi enges Dags d'Ongléck vum Land wäert ausmaachen. Mir wëllen doriwwer diskutéieren a verhandelen.
Et gëtt vill Betriber déi mam Arbeitsamt gutt zesumme schaffen. Mee 't gëtt der net genuch. Selbstverständlech kann den Aarbechtsmaart sech net der Aarbechtsmaartverwaltung upassen. Selbstverständlech ass et esou datt d'Aarbechtsmaartverwaltung sech dem Aarbechtsmaart muss upassen. Mee ouni intensiv Zesummenaarbecht tëschent Betriber an Aarbechtsmaartverwaltung leeft net genuch um Aarbechtsmaart. Dofir féiere mer ee Präis an deen all Joer dee Betrib soll auszeechnen dee besonnesch gutt mam Arbeitsamt zesummegeschafft huet.
Déi sougenannte Beschäftegungsinitiative stinn dacks an der Kritik. Muenches wat hir Funktiounsweis ubetrëfft muss iwwerduecht ginn. Mee d'Beschäftegungsinitiative musse viru bestoen. Si beschäftegen an der Regel Leit déi um normale regulären Aarbechtsmaart strikt keng Chance hunn oder nach keng Chance hunn. Wien d'Beschäftegungsinitiativen ofschafe wëllt dee produzéiert Aarbechtsloser ouni Aussiicht op Placement. Dee produzéiert och vill Misär an de Famille vun deene jonke Leit déi an deene Beschäftegungsinitiative sinn.
Iwwer all dës Froen an iwwer anerer déi ech aus Zäitgrënn hei net kann opféiere muss diskutéiert ginn. Mir däerfen eis mat der Aarbechtslosegkeet net offannen. Aarbechtslosegkeet ass keng Fatalitéit. Mee si ass d'Schicksal vu ville Leit déi gär géife schaffen oder déi besser hätten ze schaffen.
Logement
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn iech iwwer d'Kompetitivitéit vun eiser Ekonomie ënnerhalen, iwwer Moderniséierungsimpulser déi mer brauchen, iwwer d'Art a Weis wéi een d'Aarbecht zu Lëtzebuerg soll a ka gesinn. Et feelt ee Wuert iwwer d'Wunnen zu Lëtzebuerg. Well wunnen ass wichteg.
Ech muss éierlech zouginn datt ech mat enger gewëssener Gène iwwer de Logement schwätzen. Zanter 1991 hunn ech als Staats- a Finanzminister alles gemaach fir d'Wunnen zu Lëtzebuerg fir jiddfereen hei am Land erschwinglech ze maachen. Ech si bei deem Versuch gescheitert. Wann ech – obschon d'Zäit dofir nach laang net komm ass – haut Bilan ze zéien hätt iwwer mäi politescht Wierken, da fällt mer – dat wäert iech net wonneren – villes a wat ech gutt gemaach hunn. Mee ech fannen, an ech konsideréieren dat als ee grousse perséinlechen Echec, datt ech an der Wunnengsfro versot hunn.
Wunnen a Baue si schrecklech deier zu Lëtzebuerg ginn. Um Wunnengsmaart kucken déi kleng Leit dacks no wat déi aner maachen. Mee si gesinn net wéi se kënne matmaachen.
Ech fanne mech net mat däer Fehlentwécklung um lëtzebuerger Wunnengsmaart of. Dofir hätt ech gären datt mer alleguer zesummen eis der Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg objektivorientéiert unhuelen
A Saache Wunnengsbau leeft näischt wann et tëschent dem Staat an der Gemeng net optimal leeft. Muench Iddi ass hei an der Vergaangenheet ugestouss ginn, wéinech Iddie sinn ëmgesat ginn. Ech hätt gär datt Staat a Gemeng hirer Responsabilitéit fir d'Leit nees gerecht ginn. Si ginn et de Moment net. Ech soen dat mat Insistenz fir d'Regierung an ech soen dat ouni Indulgenz fir d'Gemengen.
Ech schloen nach eng Kéier ee regelrechte Wunnengsbaupakt tëschent dem Staat an de Gemenge vir. Ech hätt gär datt Staat a Gemengen zesummen, do wou et geet, do wou et noutwendeg ass, an et ass bal iwwerall noutwendeg, Wunnengsbauentwécklungspläng ausschaffen. Wunnengsbauentwécklungspläng an deenen de Staat seet a wat fir engem Mooss an zu wat fir Kritären en déi Gemengen ënnerstëtzt déi enger Vergréisserung vun hirem Wunnengsugebuet op dem Territoire vun hirer Gemeng zoustëmmen. D'Gemenge packen d'Folgekäschte vun der demographescher Explosioun a vun der Wunnengsexpansioun net eleng. De Staat muss hei hëllefen. Mir mussen zesumme Baulandreserven uleeën.
Mir mussen d'Offer um Wunnengsmaart stärken, net d'Demande weider ënnerstëtzen. D'Demande gëtt zolidd genuch ënnerstëtzt. D'Offer muss vergréissert ginn. Ech plädéieren, grad wéi de Wunnengsbauminister, fir eng massiv Verbreederung vun dem Bail emphythéotique - et gëtt leider kee lëtzebuergescht Wuert fir dat Instrument. Ech plädéiere fir d'Virkafsrecht vun de Gemengen. Ech plädéieren derfir datt mer d'Gesetzgebung iwwer déi kommunal Grondsteier esou wäit flexibiliséieren datt d'Gemenge méi héich Steieren op deenen Baulandterraine kënnen imposéieren déi net zu Bauzwecker genotzt ginn. Et ass net eis Absiicht Bauterrainen déi Eltere fir hir Kanner halen ze besteieren. Mee 't ass eis fest Absiicht, d'Viraussetzung ze schafe fir datt d'Gemengen der Baulandspekulatioun energesch kënnen entgéint trieden, de Gemengen et z'erlaben der Baulandverdeierung definitiv e Riedel virzeschieben.
Déi steierlech Moossnahmen déi duerch d'Gesetz vum 20. Juli 2004 zur Ënnerstëtzung vum Wunnengsbau agefouert ginn, gi bis zum Joer 2007 verlängert. Mir fuere virun eisen Effort am Beräich vun de Mietwunnengen auszedehnen. Ech soen et nach eng Kéier: de Staat wäert déi sech zum Bauen eegnend Terrainen déi en huet zu verbëllegte Präisser op de Baumaart bréngen. Mir brauchen an deenen nächste Joren ee Plus vu 15.000 Wunneenheeten. Mir maachen alles fir datt mer dat fäerdeg bréngen.
Ech wier frou wann d'Chamber d'Regierung regelméisseg a stramm géif interpelléieren iwwer d'Fortschrëtter déi mer bei eise Beméiungen erreechen. Ech si bereet mech deenen Debatten, zesumme mam Wunnengsbauminister, ze stellen.
Finances publiques
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Alles dat wat ech iech gesot hunn – an nach vill aner Saache méi – lafen am Staatsbudget an doriwwer eraus an de Staatsfinanzen zesummen. D'Staatsfinanze renseignéieren eis driwwer wou mer stinn, wouhi mer ginn, wat mer kënnen, wat mer net méi kënnen a wat mer esou bal nach net wäerte fäerdeg bréngen.
Fir eng laang Ried kuerz ze maachen: mir hunn d'lescht Joer Defizit gemaach, mir maachen es méi dëst Joer, mir maachen es nach méi d'nächst Joer.
Fir eng laang Deskriptioun kuerz ze maachen: ech hat dat, iwwregens am Numm vun der Virgängerregierung, am September 2003, bei der Presentatioun vum Budget fir d'Joer 2004, heibannen ugekënnegt an deem ech Iech gesot hat: d'Budgete fir 2004, 2005 an 2006 ginn déi schwéierst déi mer zanter der Mëtt vun den 80er Jore wäerte gehat hunn. Mir haten, am November 2003, een Defizit vun 1,8 Prozent fir d'Joer 2004 ugekënnegt. Dat war virun de Budgetsdebatten, dat war och laang virun de leschte Wahlen. Alleguer déi soe mir hätten d'Zuele virun de Wahle verstoppt hunn eng gewëssen Distanz zur Wourecht. Mir hunn am Joer 2004 en Defizit vun 0,6 Prozent kritt, also dräimol manner wéi virausgesot. Am November 2003 virun de Budgetsdebatten a virun de Wahlen hu mer ee previsiblen Defizit vun 2,3 Prozent fir d'Joer 2005 op Bréissel gemellt. Dee wäerte mer och grosso modo kréien.
Den Defizit fir d'Joer 2005 an den Defizit dee mer am Joer 2006 kréien heescht net, datt mer géint d'Stabilitéitskritäre vun der Währungsunioun verstoussen. D'Feinanalys déi d'Kommissioun wäert maache wäert weisen datt eisen héije Reserveniveau am Gesamtstaat an eis niddreg Staatsverschëldung eis nach ëmmer kuckenswert erschénge loossen.
Mee ech wëll Iech net verstoppen, datt d'Kommissioun eis e Méindeg an der Eurogroup den Ufank vun engem béise Fanger gemaach huet, wuelwëssend datt am Joer 2004 – eisen Defizit war do 0,6 Prozent – d'Moyenne vum Euro-Defizit 2,7 Prozent war an d'Staatsschold an der Euro-Moyenne zéngmol méi héich war wéi bei eis. Si huet virun allem op 2005 ofgestallt, wou mer op een Defizit vu méiglecherweis 2,3 Prozent zousteieren, während eis Partner an der Moyenne 2,8 Prozent Defizit wäerten hunn. A si huet virun allem 2006 an déi Joren duerno am Viséier wou mer net gutt, wann och besser wéi déi aner, ausgesinn.
Fir eng laang Explikatioun kuerz ze maachen:
D'Ursaach vun eisem Budgetsproblem läit net prioritär zu Lëtzebuerg, e läit an Europa dat et net fäerdeg bréngt un dat robust Weltwirtschaftswuestum unzeknäppen. De Problem läit awer och heiheem. E läit net prioritär op der Recettesäit, obschon eenzel Recette wéi d'TVA onerwaart an onverständlech falen – den Impakt vun individuellen a spezifesche Remboursementer erklärt dëse Phänomen net wierklech. E läit éischter op der Säit vun den Ausgaben – an de Phänomen vun den automateschen Ausgabespréng erklärt dee Problem bal ganz.
Mat Ausnahm vun der TVA a vun den UEBL-Recetten evoluéieren d'Recette plus ou moins normal, d'Lounsteier entwéckelt sech trotz Steierreform esouguer iwwer Erwaarde gutt.
Mee op der Ausgabesäit quietscht et partiel zolidd.
Wann ech de sougenannten Zentralstaat kucken, dat heescht dee Budget iwwer deen dir heibannen ofstëmmt, dann hunn d'Ausgaben ee Plus vun 10,8 Prozent am Joer 2004 verzeechent, d'Einnahmen awer nëmmen ee vun 8 Prozent. Ersetzt dës Zuelen duerch déi previsibel Zuele vun 2005 – Ausgabe vun 10,6 Prozent, Einnahme plus 5,3 Prozent – da gesidd der wat lass ass.
Elo stellt Iech d'Joer 2006 vir.
D'wirtschaftlecht Ëmfeld ass net gutt. D'europäesch Wirtschaft wiisst ëm nëmmen 1,2 Prozent. Och wann eis bis zu 4 Prozent ka wuessen, sou leide mer dach awer ënner de schwaachen Ofsazmäert an Däitschland, Belgien a Frankräich. D'Uelegpräisser sinn enorm ugeklommen a si wäerten 2006 iwwer 60 Dollar pro Barril bleiwen. Dat dréckt op d'Revenue vu Leit a Betriber, d'Steiere kommen un d'Stocken, déi automatesch Depense lafe virun.
De Budgetsminister huet de Budget 2004 strikt exekutéiert. Dofir hu mer 2004 dräimol manner Defizit gemaach wéi mer op Bréissel gemellt haten.
De Budgetsminister exekutéiert de lafende Budget mat strenger Hand soss géife mer méi Defizit maache wéi deen dee mer op Bréissel gemellt an heiheem ugekënnegt hunn.
De Budgetsminister stellt de Budget 2006 mat penetranter Rigueur op soss géif den Defizit lëtzebuergesch Defizitexperienzen total sprengen.
Nach ass et awer esou datt mer 2006 ee breeden Defizit kréie wäerten deen eis interpelléiere muss well e méi héich wäert leie wéi dee vun 2005.
Am Liicht vun däer Entwécklung hu mer zwou Méiglechkeeten.
Mir kënnen ofwaarden, Téi drénken an drop laueren datt d'Taass sech nees vum selwe fëllt. Mir kënnen awer och handelen a selwer derfir suergen, datt mer net esou séier esou vill a kuerzer Zäit aus däer klenger Taass déi mer hunn drénken. Vläicht hu mer guer net esou vill Duuscht beienee wéi mer heiandsdo mengen.
D'Regierung mengt 't wier eng Politik niewt dem Dill wa mer elo d'Steiere géifen an d'Luut setzen. Dat wier einfach, de Finanzminister gëtt vernannt, am Ufank spruddelen d'Quellen, mee no e puer Joer geet eis Wirtschaft schlamm an d'Leit fänken un ze hippen. Mir héijen d'Steieren net, mee mir kënnen awer och de Steiertarif net un d'Inflatioun upassen. Deen Effort musse mer dem Steierzueler zoumudden. Hien huet dat net gäer. Ech och net. Mee dat ass awer esou.
Mir kënnen och net egal wéi egal wou spueren. D'Investitioune mussen héich bleiwen. Mir hunn déi héichsten Investitiounsquote an Europa a mir wëlle se behalen. Mee ech hunn Iech gesot datt mer se an engem gestrecktenen Aspuerungsprozess mussen anescht – méi modern eigentlech – an engem öffentlech-private Partnership finanzéieren.
Mee mir kënnen an deenen nächste Joren – sou wéi eenzelner vun eis dat iwwregens virun de Wahlen iwwerdäitlech gesot haten – déi iwwer de Staatsbudget finanzéiert Sozialleeschtungen net unhiewen. Sou kann et an den nächste Joren zum Beispill keng Erhéijung vum Kannergeld ginn.
Mee 't gëtt awer Plazen a Plage wou mer zesummen iwwer Aspuerunge mussen nodenken, besser: iwwer d'Bremse vum automateschen Uwuesse vun eise Staatsdepense mussen nodenken.
D'Regierung hätt dat kënnen ex cathedra decidéieren, vun engem Budget zum aneren, quasi vun haut op mar. Dat géif awer zu Onrou an zu Ausernanersetzunge féieren. Mir wëllen dat net well d'Provokatioun féiert zu Antagonismen déi eis ausernee géifen dreiwen. Dofir setze mer – erënnert Iech un eis Methodebeschreiwung vum August 2004, an der Regierungserklärung – op den Dialog, Verhandlung a Moderatioun.
Mir wëllen iwwer Aspuerunge verhandelen. Heibanne fir d'éischt, selbstverständlech. An der Majoritéit. Mat der Oppositioun. Dobausse fir d'zweet, mat de Sozialpartner an der Tripartite an och bilateral.
Mir mussen iwwer d'Finanzéierung vun eiser sozialer Sécherheet verhandelen. 2,4 Milliarden Euro d'Joer lafen iwwer de Staatsbudget an d'Sécurité sociale, bal 900 Milliounen eleng an d'Rentekeesen. D'Sécurité sociale, a besonnesch d'Rentekeesen, hu Reserven an Iwwerschëss déi zu engem groussen Deel aus dem Staatsbudget kommen. Ouni Staat géif et keng Iwwerschëss a keng Reserve ginn. Iwwer dee Finanzflux musse mer schwätzen: d'staatlech Kontributiounen un d'Rentekeesen, d'staatlech Finanzéierung vun de Pensiounen, d'staatlech Partizipatioun un de Krankekeesen an der Flegeversécherung mussen, grad wéi d'Finanzéierung vun der Mammerent a vun de Baby-Joren, a rouege Gespréicher diskutéiert ginn. Ouni virgefaasste Meenung op eiser Säit. Ouni exzessiv Tabuzone bei deenen aneren.
Mir wëllen driwwer schwätzen ob all déi iwwer de Budget, direkt oder indirekt, finanzéiert Sozialleeschtunge lafend voll un den Index mussen adaptéiert ginn oder ob hei Zwëscheléisungen envisagabel sinn.
Mir musse mat de Sozialpartner d'Aspuerungspotential am Beschäftegungsfong sichen.
Mir mussen d'Finanzéierungsrelatioune Staat-Gemengen, besonnesch beim Bezuele vum Schoulpersonal, a Gespréicher mam Syvicol iwwerpréiwen.
Mir musse Verständnis derfir kréien datt Leit déi vu staatleche Leeschtunge profitéieren, a sech ee Beitrag dozou kënnte leeschten, un der Finanzéierung vun dëse Leeschtungen eemol méi eemol manner käschtendeckend partizipéieren. Dat zielt fir d'Kannerversuergung, dat zielt och fir Gestehungskäschte vun der Waasserversuergung.
Mir mussen iwwer d'Reorganisatioun, am Sënn vun der budgetärer Aspuerung a vun der adäquater Personalbedienung, vun der Tâche vun den Enseignante mat deenen hire Gewerkschafte schwätzen.
Mir brauchen e Gespréich mat der Staatsbeamtegewerkschaft iwwer d'Bremse vun deem lounsteigernden Impakt vun den automateschen Avancementer a mir brauchen elo schon e Gespréich iwwer d'zukünfteg Ausriichtung vun der Lounpolitik beim Staat déi an de Joren 2007, 2008 an 2009 méi moderat muss ginn.
Voilà, Här President, dat ass wat ech Ich soe wollt a wat ech Iech ze soen hat. Dee leschten Deel war net esou schéin. E war awer néideg.
Mir stiechen net bis iwwer zwee Oueren an der Kriis, wéi eenzelner eis dat wëlle gleewen dinn.
Mee mir gesinn awer datt et net einfach esou ka virugoen. Et gehéiert zu de Gebuertsfeeler vun der Demokratie datt déi déi warnen, datt déi déi haut lues maache wëlle fir datt mer mar nach Vitesse genuch hunn, net zu deen extrem beléifteste Politiker gehéieren. A voir!
Mir wëllen eis fir d'Zukunft nei opstellen. Dofir setze mer eis an, doriwwer verhandele mer. Mir wëllen datt déi déi no eis kommen och nach vun eisem Sozialmodell profitéiere kënnen. Mir wëllen datt d'Solidaritéit lieweg bleiwt, mir wëllen net datt se stierwt well mer se haut zevill strapazéieren.
Mir Lëtzebuerger packen dat. Wa mer alleguer upaken, fir eis a fir déi déi no eis kommen. Mir Lëtzebuerger hunn et nach ëmmer gepackt – wa mer fréi genuch ugepakt hunn.