Déclaration de Jean-Claude Juncker et de Lydie Polfer (en luxembourgeois)

M. Jean-Claude Juncker, Premier Ministre, Ministre d'Etat.- Här President, Dir Dammen an Dir Hären. Et gëtt zwou Zorte Biller, déi d'Mënsche veränneren an doduerch, datt se d'Mënsche veränneren, d'Welt mat veränneren.

Dat sinn déi schéi Biller fir d'éischt, déi Biller op deenen ee Kanner gesäit grouss an d'Welt kucken, déi Biller op deenen ee gesäit wéi d'Landschaften d'Welt méi weit e méi breet maachen, déi Biller, déi Mënsche weisen, deenen d'Liewen déi Skulptur an d’Gesiicht ginn huet, déi se hunn.

Wann een déi Biller kuckt, da spiert een a sech selwer, datt een duerch d'Kucke besser gëtt an doduerch datt ee besser gëtt, gëtt ee méi wäertvoll fir déi, mat deenen een zesummelieft.

An da gëtt et déi elle Biller, an och si veränneren d'Mënschen an och si veränneren d'Welt. An déi Biller vum 11. September vun New York an déi vu Washington sinn elle Biller gewiescht, Biller vum Béisen, Biller vun deem wat een net versteet a Biller déi, wann ee se wëllt beschreiwen, engem weisen, dass et net Wierder genuch gëtt an der Sprooch, fir dat auszedrécke wat ee spiert.

Wann een déi Biller gesäit, wann een dat Leed gesäit, wann een déi Verzweiflung gesäit zu deem dat Leed féiert, da gëtt et keen anere Saz wéi deen, deen haut esou dacks gesot ginn ass an deen dat Gefill, dat mer hunn, richteg beschreift. Dat si Gefiller vun Trauer an déi Gefiller vun Trauer mussen eis staark op d'Säit vun eisen amerikanesche Frënn an Alliéierte stellen.

Haut de page

Mir hunn als Lëtzebuerger gutt Grënn, fir eis dohinner ze stellen an net ze wackelen. Dat si lëtzebuergesch Grënn, well hei am Land leie jonk Männer a Frae begruewen, zu Hamm, zu Péiteng, op anere Plazen, déi hunn eppes gemaach fir eis Fräiheet, fir eist Selbstverständnis a fir eis Plaz an der Welt. An et gëtt gutt kontinental Grënn, well datselwecht amerikanescht Vollek huet vill gemaach fir eise Kontinent. An näischt wat nom Zweete Weltkrich enstanen ass hätt kënnen esou entstoen, wann et net dat Hand-an-Hand-Goe ginn hätt tëschent deenen zwou demokratesche Säite vum Atlantik.

Wa mer déi Biller gesinn hunn, da stellt een och fest wéi hëlleflos datt een ass, a wann een hëlleflos ass, da sicht een no Weeër an no Mëttel fir dat auszedrécke, wat ee spiert. E Stat huet niewent deene Kondolenzbréiwer, déi e ka schreiwen, net vill Méiglechkeeten - niewent der praktescher Hëllef, déi ee kann ubidden - dat zum Ausdrock ze brénge wat séng Awunner spieren. Da setzt een d'Fändelen op hallefhéich. Da stellt ee fest, well et vill Trauer bei de Leit dobausse gëtt, dass e Land am Trauer ass an da behëlt ee sech och deementspriechend a sengem Ëmgank, a sengem Behuelen, a sengem Rieden an a sengem Sinn während e puer Deeg.

Déi Säit, déi mer ageholl hunn, nämlech d'Säit vum amerikanesche Vollek, bréngt eis dozou an deene politeschen Allianzen, an deene mer eis befannen, déi Politiken, déi mer do hëllefen décidéieren, matzedroen. Aktiv Solidaritéit ass keng rhetoresch, mä aktiv Solidaritéit ass eng, déi sech deklaréiert an déi bereet ass och ze agéieren, wann Appel u si gemaach gëtt.

Haut de page

Dat Zeeche vun Trauer no baussen, wat mer ginn, ass eent wat a ganz Europa festzestellen ass. Mar ass an alle Länner vun der Europäescher Unioun an och vun de Kandidatestaten Trauer. Um sechs Auer mar de Moie loossen déi 15 Stats- a Regierungschefe vun der Europäescher Unioun eng Deklaratioun publizéieren, wou se nach eng Kéier an e puer Zeilen dat zesummefaasse wat déi meeschten Europäer de Moment spieren. Um 12 Auer mar de Mëtteg ass iwwerall an Europa dräi Minutte Rou.

D'Regierung huet sech un déi dofir zoustänneg Instanze gewennt, fir dass um 12 Auer d'Doudeklacke lauden, well et gëtt vill Doudeger. D'Regierung wier frou driwwer, wann um 12 Auer all Aarbecht am Land géif während dräi Minutte rouen a wann den Autos- an Zuchverkéier och géif während dräi Minutte rouen. All ëffentlech Manifestatioune fannen ouni Participatioun vun der Regierung statt, well d'Regierung doduerch wëllt zum Ausdrock bréngen, dass muer en aneren Dag ass wéi déi aner Deeg, déi mer hunn.

Mir hu gemierkt den 11. September, dass d'Fräiheet eppes ass, wat mer nëmme geléint hunn, a mir wësse vläicht besser zënter dem 11. September, dass mer eppes musse maachen, fir dass mer déi Fräiheet och kënne behalen.

Ech hu gesot, déi schéi Biller géifen d'Mënsche veränneren. Ech hätt net ongären - dat kléngt vläicht e bësse glungen -, dass och déi elle Biller eis d'selwecht géife verännere wéi déi schéi Biller. Nämlech dass mer eise Bléck opmaache fir dat wat geschitt ass an un déi Leit denken, dass mer eis Aen opmaachen, fir deem onendlech ville Misär a fir déi onendlech vill Gewalt, déi et all Dag an der Welt gëtt. Dass mer besser gesinn, dass iwwerall do wou dat Béist ass, ob et heiheem ass oder soss éierens, vun eis verlaangt gëtt, dass mer géint et untrieden. Dat Béist hëlt vill Formen un, wann all Dag an der Welt 24.000 Mënsche stierwe well se näischt ze iessen hunn.

Esou hoffen ech, datt déi schrecklech Biller vun New York ons och hëllefen, déi Saachen neess ze gesinn ; an och an där Bezéiung wieren déi Onglécklech vun New York a vu Washington net fir näischt gestuerwen, wa se ons gehollef hätten, emol erëm d'Aen opzemaachen an dat Béist ze gesinn an doduerch besser Mënschen ze ginn.

Haut de page

A wa mer musse reagéieren - Terror verhënnert een net doduerch, dass een hie selwer verhënnert, et verhënnert een en nëmmen doduerch, dass een e bestrooft -, da musse mer dat maachen andeem mer ni vergiessen, dass mer fräiheetlech demokratesch Rechtsstate sinn. Zu deem gehéiert de Prinzip vun adäquater a vu proportioneller Beäntwerung vun deenen Erausfuerderungen, déi do sinn.

Zu dem fräiheetleche Rechtsstat gehéiert, datt een d'Liberalitéit vun eise Gesellschaften no bannen net opgëtt. Zu eiser fräiheetlecher Gronduerdnung gehéiert och, datt mer iwwerall do, wou mer gefuerdert sinn, ënnert deene verschiddenste Formen, wéi dat vun eis gefuerdert gëtt, stoe bleiwe wann Erausfuerderunge kommen. Stoe bleiwen heescht de Moment op der Säit vum amerikanesche Vollek sinn.

Merci.

Dernière mise à jour