Rétrospective 2002 avec le Premier ministre Jean-Claude Juncker

A l’approche de Nouvel An, le Premier ministre Jean-Claude Juncker s’est exprimé dans une série d’interviews de fin d’année au sujet des principaux événements nationaux et internationaux qui ont marqué l’année 2002.

Vous pouvez consulter ci-joint les diverses interviews radio-télévisées du Premier ministre:

Voici une sélection de citations de Jean-Claude Juncker au sujet de divers thèmes:

Economie/conjoncture
Diversification économique
Rentes et pensions
Intégration
Politique d'asile
Conséquences du 11 septembre
Sécurité intérieure
Euro
Harmonisation fiscale et secret bancaire
Elargissement
Irak

Economie/conjoncture

"Et geet einfach däitlëch méi lues. Ech mengen awer nach ëmmer datt dat sektoriell ganz verschidden ass. Den Haaptexplikatiounsfaktor vun dem Repli, deen eis Konjunktur kannt huet, den och an den öffentlechen Finanzen ze spieren ass, läit am Secteur net an hausgemaachten Problemer op der Finanzplaatz, mee an importéierten Problemer déi d’Weltkonjunktur no Lëtzebuerg spullt."
(honnert,7, de soziokulturelle radio, "Riicht eraus Spezial", 28 décembre 2002)

"...Wann een an der Regierung ass oder soss éierens am Land Verantwortung dréit, (...), da muss een roueg bleiwen, sech alles dat ukucken, d’Erklärungen probéieren ze verstoen, d’Erweiderungen, d’Konsequenzen gesinn, an dann nët iwwerréagéieren, well doduerch kann een dat Konjunkturlach an dem mir sinn nach staark vergréisseren. Wa mir d’Investitiounen staark erofgesaat hätten fir Suen ze spueren, wann mer direkt an dat sozialt Leeschtungsnetz schneide gaang wären, wéi dat op esou villen aneren Plaatzen geschitt, an domatt d’Vertrauen zerstéiert hätten, d’Konsumdisponibilitéiten vun de Léit geschwächt hätten, dann géife mer de Problem eigentlech nach vergréisseren. Wa mer gesot hun, "Keng Panik!", wollte mer domatt eigentlech soen, datt mer op eng roueg mee bestëmmten lëtzebuergesch Art a Weis dorop solle réagéieren."
(RTL-Télé Lëtzebuerg,"Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

"Et gëtt eng Konsensprognose, an déi Konsensprognose, déi wëllt, datt et an der zweeter Halschent vum Joer 2003 erëm biergop geet. Mee esou Konsensprognosen hate mer och schon an dem Joer wat elo op een Enn geet, well fir dëst Joer 2002 waren se och virausgesot ginn, an der zweeter Halschent vum Joer, da géif ett neess biergop goen. Et ass awer nët biergop gaangen. Nie hunn sech Wirtschaftsinstituter, international Organisatiounen, Economisten, Denker vun den Zesummenhäng esou geierrt wéi fir d’Joer 2002. Nun hoffen ech, zesummen mat allen aneren, datt se sech fir d’Joer 2003 nët ierren, et gëtt och gudd Unzeechen dofir, datt se sech nët ierren, well, déi läscht Zuelen aus Amerika weisen awer een héicht Wuesstëm am läschte Quartal, esou wann een dat op d’ganzt Joer géif emleeën, dat e Wuesstum vun 4% wär. An déi englesch Economie, déi geet och däitlech besser. Et gëtt vill Zeechen vun Erhuelung, an trotzdem géif ech mech net endgülteg op esou eng Prognose wëlle festleeën. Ett muss een all Dag am An behalen vun dem Joer dat kënnt."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Diversification économique

"Et ass awer e relativ normale Phenomen, an enger klenger Economie, matt wéineg Leit bedriwwen, datt wann een an engem Secteur op eemol eng aussergewéinlech Stäerkt endweckelt, fréier an der Stolindustrie, an dene läschte 15, 20 Joer op der Finanzplaatz, datt een dann eng bal monolithesch Struktur kritt. Mir kënne net 4, 5 ekonomesch Succèen parallel esou féieren, wéi den ronderëm d’Finanzplaatz. Mir hunn net méi Menschen fir dat ze maachen. Mir hunn net méi Plaatz fir dat ze maachen. An dofir däerf een sech doriwwer eigentlech – bei aller Geféierlechkeet déi dat a sech dréit – nët iwwerrascht weisen, datt esou e staarkt Gewiicht vun engem Secteur ausgeübt gëtt, wéi fréier vum Stol, an haut eigentlech vun de Banken. Mä donierwent, an drënner an driwwer muss een emmer vill kléng Weeër uléen, déi alleguer an der Mëtt vun der Economie zesummelafen. An dofir muss ee probéieren seng Steierlandschaft, wat d'Betriebsbesteierung ubelaangt, kompetitiv ze halen. Et muss een probéieren seng indirekt Bestéierung, d’TVA, convenabel niddreg ze halen, um niddregsten Punkt an Europa, well ett kommen Opportunitéiten, et sinn der ennerwee, an et kommen der, déi brauchen eng niddreg TVA zu Lëtzebuerg, an do gëtt et Aktivitéiten, déi sichen sech déi Platzen raus. Dofir muss een eppes maachen, dofir muss ee reesen, dofir muss een mat ville Leit schwätzen, mee dann geet dat op eemol op."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Rentes et pensions

"D’Renten an d’Pensiounen ginn nët geséchert duerch d’Phantasie vun de Politiker, mä eenzeg an eleng duerch d’Kraaft vun der Wirtschaft, an duerch d’Ustrengung vun de Leit, déi an der Wirtschaft schaffen."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

"Et geschitt ouni all Zweifel net datt et kuerzfristeg zu Changementer géif kommen wat d’Decisiounen vum Rentendësch ubelangen – Renten a Pensiounen déi ginn net touchéiert - esou spieren ech dat - virun der allgemenger Iwwerpréifung déi ugesot ass fir d’Joer 2006. Awer jiddfereen muss gesinn, och déi déi sech virun e puer Méint dëck iwwert mech opgereegt hun wéi ech mol eng Kéier dorop opmierksam gemaach hun dass mer eben nët dauerhaft déi 4% Wirtschaftswuesstom hun, déi mer brauchen fiir eis Renten a Pensiounen dauerhaft ofzesëcheren. "
(DNR, Joeresréckbléck mam Premier Jean-Claude Juncker, 29 décembre 2002)

"Mir brauchen (…) 4% Wirtschaftswuesstëm fir op Dauer d’Renten - ech setzen dobäi d’Pensiounen, well wann eng Kéier mussen Korrekturen gemaach ginn, get et net nëmmen ëm d’Renten am Privatsecteur, mä och ëm d’Pensiounen am öffentleche Secteur, fir déi kënnen ze finanzéieren."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Intégration

"Mir sinn eng Economie, an domatt och ee Land wat gewinnt ass, mat Nët-Lëtzebuerger zesummenzeliewen an zesummenzeschaffen. An ech mengen – bäi aller Roserei déi heiansto mol eropkënnt bei deenen Engen a bei deenen aaneren, datt mer duerch Erfahrung, eegen Erfahrung, wirtschaftlech a sozial, an duerch Friemerfahrung, zweete Weltkrich Fachismus an esou virun, an der Kombinatioun vun dene Phenomener iwwert ë Reaktions- a Reflexmuster verfügen, wat eis besser wéi aanerer schützt an en Oofrëtschen an déi Médiocritéit."
(RTL-Télé Lëtzebuerg,"Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Politique d’asile

"All Politik am Beräich vum Flüchtlingswiesen, fir dat emol esou ze beschreiwen, ass falsch. Et gëtt keng richteg Art a Weis fir mat deem Phänomen emzegoën, well ëmmer wann eng allgemeng Moossnahm ennerschiddlëch Menschen trefft, ass dat an dem Endresultat, bei deem wou d’Politik ukënnt, ëmmer mat grousser Häert verbonnen. An déi Leit, déi fortgelaf sinn bei sech, haaptsächlech während dem Kosovo-Krich a virdrun, an déi heihinner komm sinn, dat sinn jo Onglécklécher. 'T ass jo net, datt déi frouen Häerzens heihinner komm wären. An elo hunn se gemengt, si hätten eng nei Situatioun fond, vill vun hinnen, an elo geht et erëm an déi aner Richtung. A wann ee just esou gefillsméisseg un déi Saach erugeht, wat eng autoriséiert Art a Weis ass fir sech mat deem Thema ze beschäftegen, da géif een natiirlech gäre soen, déi Leit sollen heibleiwwen."
(RTL-Télé Lëtzebuerg,"Impuls Spezial, 29 décembre 2002)

Haut de page

Conséquences du 11 septembre

"Richteg ass, datt déi Endausleefer vun dem 11. September 2001 nach nët definitiv ukomm sinn. Et ass den Datum an der rezenter Geschicht, op den sech am dacksten referéiert gëtt, d’hënnescht and d’ierwescht iwwrigens, well jiddfereen den eppes ze soen huet mengt, et wier gudd, wann hien dat géif a Verbindung bréngen mat dem 11. September, esou wéi wann mer deen Dag d’Geschicht bekäppt hätten. Ech mengen d’Geschicht war virdun schon esou wéi se lo ass, an ech mengen, ech hat d’läscht Joer och op Ärer Antenne scho gesot, och den 10. September sin 24.000 Leit un Honger gestuerwen. Dat ass net richteg fir ze soen, den 11. September huet d’Welt geännert. Sie war virdrun schon nët richteg, an sie ass och nët besser ginn zanter dem 11. September. Ech hat ëmmer déi Hoffnung gehat - ech hat dat do eng Kéier an enger Chambersried gesot - datt d’Beschäftegung mat dem Schrecklechen wat den 11. September geschitt ass, eis misst d’Aen opmaachen fir nach vill Schreckleches wat dauernd geschitt. Ech mengen net datt d’Aen eis opgaange sin, well mer den 11. September - dat ass jo och noutwenneg datt mer dat maachen - nemmen an senger Wiesselbezeiung mam Terrorismus gesinn. Ech rieden déi Debatt an deem Zesummenhang nët kleng, mee daat geet nët duer fir datt een enges Dags kéint soen, datt mer – well deen Dag jo d’Welt sollt anescht gi sinn – dann all Lektiounen gezunn hätten, déi sech aus deem Aneschtginn an deem Aneschtsinn erginn hätten. Dat ass eng Beschäftegung, déi ee viru muss ëmdreiwen."
(honnert,7, de soziokulturelle radio, "Riicht eraus Spezial",28 décembre 2002)

"Ech mengen, datt mer d’Weltpolitik (...) nët däerfen asperren, an déi exklusiv Logik do. Datt alles dem Kampf géint den Terrorismus ze ennerwerfen an ze subordinéieren wär, halen ech fir een Sech-D’Flilécken-Oofschneiden, wann ee wëll an Zukunft fléien. Ech gehéieren zu deenen, déi wirklech déi Determinatioun deelen vu villen Stats- a Regierungchefen an der Welt, datt een do muss e Barrage opriichten, datt een dem Terrorismus keng Chance däerf ginn, datt ee net däerf duerchloossen, datt een d’Menschheet insgesamt an hiere Méiglechkeeten, och an hieren Dreem an den Dreck zitt (...) . Mä all Phänomen den op der Welt geschitt, all Viirgang den op der Welt geschitt, eenzeg an eleng duerch de Brëll vun dem ze liesen den mat dem Kampf géint den Terrorismus beschäftegt ass, ass menger Ansicht no esou, datt et zu engem méi kuerze Bléck op eng méi breet Wiirklechkeet féiert."
(honnert,7, de soziokulturelle radio, "Riicht eraus Spezial", 28 décembre 2002)

Haut de page

Sécurité intérieure

"Lëtzebuerg ass keng Insel, a mir hunn véier Aen op wann et ëm déi Bedrohungen geht, déi keng akut Form zu Lëtzebuerg unhuelen, fir de Rescht gëllt, datt ech mech wirklech net wëll iwwert d’Froen vu kollektiver Secherheet an aller Ëffentlechkeet äusseren, well da muss een jo och ëmmer soen, wat een géint déi mecht déi se bedrohen, an déi sinn staark drunn interesséiert net ze wessen datt et d’Bedrohung gëtt, dofir sinn se jo selwer zoustänneg, mee fir ze wëssen wat een dogéint mecht. Ech soen nët – well dat wier arrogant – 't ass meng Saach, mä ech hunn domatt ze dinn, an ech hun en A drop."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

"Mir hun keng akut terroristesch Bedrohung zu Lëtzebuerg, mee mir sinn net an der Situatioun vun dem, dee sech kann roueg an de Sessel zerëckleen a soen, dat do dat ass eppes wat et just am Ausland gëtt (...)."
(honnert,7, de soziokulturelle radio, "Riicht eraus Spezial", 28 décembre 2002)

Haut de page

Euro

"Also mir maachen eisen däitschen Noperen jo villes no. Wann déi Däitsch den Euro den "Teuro" nennen, da mengen mir och zu Lëtzebuerg wär alles och méi deier ginn. Richteg ass iwwrigens mäi Gefill, datt an eenzelnen Sparten e bësse méi drop getesselt ginn ass, wéi hätt dierften dropgetesselt ginn, nämlech hätt iwwerhaapt näischt dierften dropgetesselt ginn. Mä d’Inflatioun ass jo awer staark enner Kontroll bliwwen, an et soll ee sech net vun all däitscher Diskussioun geroden loossen. Heiansdo hunn ech den Androck, mir stellen eis, mir sëtzen eis virun den däitschen Fernseh, an da kucke mer dat, an dann mengen mer alles dat wat do iwwer Däitschland gesot gët, dat wär eigentlech och heiheem esou. (...) Dat huet wiesentlëch domatt ze dinn – déi Erklärung ass bal ze einfach fir datt ee se ka gleewen – datt mer eis, duerch d’Stëmmung déi an den Nopeschlänner virherrscht, gewanne loossen, an eis Reflexer esou ajustéieren, wéi wa mer an enger komplett anerer Réalitéit, nämlech an der däitscher, an der franséischer, an der belscher ennerwee wären. A well déi Däitsch sech besonnesch gär heftegst iwwert hiert Schicksal bekloën, och wann et en nach gudd geht, fänke mir hei och un esou infizéiert ze ginn vun enger, sech wirtschaftlech auswierkender Konsumflemm, déi op Grond vun enger gesteigerter Kaafkraft zu Lëtzebuerg eigentlech keng Ursaach huet fir ze bestoen."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Sèpezial", 29 décembre 2002)

"Vun un datt mer den Euro hun, gëtt et eenzel Ausgaben, déi ee méi onkontrolléiert mecht, wéi virdrun ... mir geet dat jiddferfalls esou. Déi kleng Saachen, do rechent een net richteg, an mir rechnen jo awer nach ëmmer ëm, wat mer jo net dierften maachen. Mä ech maachen dat awer dauernd. An da bei esou klengen Dépensen, bei ganz klengen, do rechent een nët richteg. Ech mengen, datt een fir kleng Ausgaben - dat soen d’Léit mer alleguer - d’Suen méi séier ausgëtt wéi dat virdrun de Fall war. A wann d’Aféierung vun engem Een- an Zwee-Euro-Geldschäin géif hëllefen, datt mer eis do mol e bësse méi packen, da wär ech do dofir; (...) aus psychologësche Grënn wär dat wichteg. Mir waren dat och gewinnt heiheem, an elo hun mer Mënzen, wou mer fréier Schäiner haaten. Dat bleiwt nët ouni Repercussioun op d’Art a Weis wéi een onviirsichteg konsomméiert a wéi een d’Päaisser nët méi kontrolléiert."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, 29 décembre 2002)

Haut de page

Harmonisation fiscale et secret bancaire

"Mir wäerten kenger Léisung zoustëmmen, wou d’Finanzplaatz Lëtzebuerg benodeelegt gëtt par rapport zu aneren Finanzplaatzen an Europa selwer oder ausserhalb vun der Europäescher Unioun, d’Schwäitz, an esouvirun. Dobäi bleiwt et an dovunner gi mer net oof. A wann ech an Aussiicht gestallt hunn, d’Chancen wären gudd, fir datt mer den 21. Januar géifen eens gin, dann ass et ëmmer an dem Kontext."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, 29 décembre 2002)

"Dat Bankgeheimnis ass bei wäitem net esou wichteg méi, wéi et virun 20 oder virun 15 Joer nach war, mee et bleiwt wichteg, well et gëtt enger Finanzplaatz – wann se ansonsten seriös ass, wat eis Finanzplaatz ass - Geldwäschen, Drogen, Kriminalitéit, Terrorismus, do brauche mer eis vun kengem vun eisen Noperen, och nët vun den Englänner, virschreiwen ze loossen, wéi et eigentlech misst gemaach ginn – wann d’Finanzplaatz seriös ass – an eis Finanzplaatz ass et – kënnt d’Bankgeheimnis nach dobäi, fir déi Finanzplatz atmosphäresch ze coloréieren; dat behällt seng Wichtegkeet, dat huet nët eng iwwerragend Wichtegkeet méi, wéi dat fréier de Fall war, dat ass bei wäitem nët méi esou en Damokles-Schwert, wéi dat fréier mol war. Mä et garantéiert eng Reih vun Aktivitéiten, déi gudd sinn fir eis national Economie, déi nët steierfräi solle bleiwwen, déi solle besteiert ginn, mä raisonabel besteiert ginn, mä déi Asiichten déi mer do hunn, dat kann eis nët dozou bréngen unilatéral Konzessiounen vu Lëtzebuerger Säit aus ze maachen."
(RTL-Télé Lëtzebuerg, 29 décembre 2002)

"Mä als Stats- an als Finanzminister kann ech nëmmen ee Kompromiss agoen, wann ech en europäesch veräntwerten kann. Et muss eng europäesch Léisung sinn, an nët eng etiquettéiert Renationaliséierung vun der Steierlandschaft a vun de Kapitalflëss an Europa. An ech kann dat nëmmen maachen wann ech eng Chance gesinn, essentiell Interessen vun eisem Land berücksichtegen ze kënnen. Veto mecht een net einfach esou. Dat ass jo einfach ze soen op engem Kongress: „Sou Juncker, maach Veto“. A sécherer Deckung léisst sech villes verlaangen, mee enger Léisung kënne mer nëmmen zoustemmen, wann eis Finanzplaatz doduerch nët geschiedegt gëtt, wann d’Léisung eng europäesch ass, a wa mer alleguer déi Elementer am Kompromisskuerw fannen, déi eis arrangéieren. Also ech sinn keen deen dofir bekannt ass, datt e speziell europafeindlech agestallt wier. Mä hei muss een dat, wat national wichteg ass a Kombinatioun bréngen mat dem, wat europäesch wënschenswäert ass. A wann et "nee" ass, dann ass et "nee". A wa mer eleng sinn, da si mer eleng. Ech maachen dat nët gär, mä wann et muss sinn, da gët et gemaach".
(RTL-Télé Lëtzebuerg, "Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Elargissement

"Bis elo hun mer fiir d’éischt an der Geschicht - an der Geschicht (!) - datt déi zwou Partien vun Europa friddlech beieneefannen. Dat ass eppes Gewalteges! D’Generatioun vu mengem Pap, déi waren am Krich. An d’Gerneratioun vun eise Kanner huet quasi Garantie, wa mer op der Piste bleiwen, datt se dat net méi brauchen ze maachen: an Europa openëneen ze schéissen. Lo sinn ech d’accord datt ee seet: Daat gëtt alles zevill déier, an dat ass alles ze komplizéiert. Dat wichtegst op eisem Kontinent ass, datt een de Fridde rett. Dat ass keng Saach, déi sech einfach mecht. An elo geht een Deel vun der Geschicht eriwwer, d’Geschicht vun der Trennung. Dat war eng dramatesch Geschicht, an eng schlëmm. An elo geht d’Geschicht un vun der Eenegung, dat gëtt keng dramatesch, mä dat gëtt eng schwiereg, well do muss een all Dag nei zesummebitzen an zesummenheekelen, fir datt dat wat beieneen gehéiert och beieneen bleiwt. Mä et ass awer eng Arbecht déi sech lount. All Europäer huet jo de Friddensnobelpraiss verdéngt."
(RTL-Télé Lëtzebuerg,"Impuls Spezial", 29 décembre 2002)

Haut de page

Irak

"Ech hun déi Gelegenheeten, déi ech hat, fir mech mam amerikaneschen President an nach méi dacks mam engleschen Premierminister doriwwer auszetauschen, genotzt, fir eis Bedenken ze soen, well ee net weess, wat dann no deem Krich an där Regioun soll geschéien, well een net weess wat nom Saddam Hussein soll kommen. Méi eppes Schlëmmes kann et eigentlëch net ginn, trotzdeem ass awer d’Fro vum „Day-after“, wéi mer dat an der internationaler Diplomatie nennen, vum Dag duerno, eng wichteg Fro. Do sinn also vill Iwwerleeungen ze féieren, woubäi de Krich ëmmer eng Niederlaag ass. De Krich huet ee schon verluer ier een en ufänkt, well et ass ëmmer eng Niederlaag vun der Politik a vum Mensch, wann een zu de Waffe muss gräiffen. (…) Mä den Irak muss och wëssen, datt en och een Acteur ass, den vill Schlësselen an senger Hand huet. Wann den Irak sech un déi Konditiounen hällt, déi die International Gemeinschaft formuléiert huet, dann kënnt et jo net zu där Ausernanersetzung. Et ass also net nëmmen den amerikaneschen Präsident den iwwer Krich oder Nët-Krich décidéiert, och am Irak selwer mussen Efforten geleescht ginn."
(DNR, Joeresréckbléck mam Premier Jean-Claude Juncker, 29 décembre 2002)

Dernière mise à jour