Message du gouvernement à l'occasion du 60e anniversaire de la Libération

"Sachez qu’il y aura toujours ici, un homme ou une femme pour se souvenir de vous" (Normandie 6 juin 2004).
Dir sollt wëssen, datt et hei ëmmer e Mann oder eng Fra wäert ginn, fir sech un iech z'erënneren.

Dest Verspriechen dat d’Fransousen an der Normandie allen alliéierten Zaldote ginn hunn, déi do vum 6.Juni 1944 u gelant sinn, gëtt och d‘Lëtzebuerger Regierung am Numm vun alle Lëtzebuerger deene jonken alliéierten Zaldoten, déi Lëtzebuerg liberéiert hunn.

E besonnesche Merci adresséiere mer haut um 60. Joresdag vun der Liberatioun vu Lëtzebuerg un d’Zaldote vun der 5. amerikanescher Panzerdivisioun, déi den 10. September 1944 an eis Haaptstad eragezu sinn an den Occupant verdriwwen hunn.

Wa Lëtzebuerg och deemols keng eegen Arméi hat, esou fanne mer dach bei den alliéierten Truppen, an amerikanischen, engleschen oder franséischen Divisiounen a besonnesch an der belscher Brigade Piron lëtzebuerger Fräiwëlleger, déi ugetruede si fir Europa vum Nazismus ze befreien. Och hinne gëllt haut ons Unerkennung. Si all hunn dozou bäigedroen de Lëtzebuerger hir Fräiheet an Onofhängegkeet erëm ze ginn an hinnen erlaabt hir Zukunft nees selwer ze bestëmmen.

D’Freed vun der Liberatioun ass eenzegarteg an der lëtzebuerger Geschicht well dat wat d’Vollek virdrun z'erdroen hat als eng eenzegarteg Epreuve a senger Geschicht do steet.

Vill vun eise Matbierger wëssen haut net méi wat et heescht ënnert enger Diktatur ze liewen a fir si ass d’Liberatioun en historescht Evenement dat se just nëmmen aus de Geschichtsbicher kennen.

D’Regierung wäert sech weider beméie fir datt d’Geschicht vum Zweete Weltkrich net an de Vergies geréit an dofir suergen datt och zu Lëtzebuerg ëmmer een do ass dee sech un eis Befreier erënnert.

Vive Lëtzeburg! Vive eis Liberateuren!

(communiqué par le Service information et presse du gouvernement)

Dernière mise à jour