Discours de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean pour son abdication (version originale luxembourgeoise)

Léif Matbiérger,

Et leit der Grande-Duchesse an mir um Häerz fir iéch ee grousse Merci ze soën, éier ech muër d'Geschecker vun eiser Hemecht an d'Hänn vum Prënz Henri leën.

An deenen 36 Joër wou ech un der Spetzt vum Land stong, konnten mir op äert Vertrauen ziélen.

Ech hun äer Gefiller schons 1939 bei der Feier vun den 100 Joër Onofhängegkeet vum Land gespuert. Et war dest Gefill, dat mir am Exil d'Kraft gin huët, fir mech zesummen mat mengem Papp, dem Prënz Felix, an den alliéierten Arméien ze engagéieren.

Deemools hun ech ëm d'Hemecht gebangt.

Ewéi all gudde Lëtzebuerger war ech bereet alles fir eis Fräiheet ze woën. Speziell d'Leit aus menger Generatioun erënneren sech nach haut un dës schwéier Stonnen. Dun sin mir eis bewosst gin, wat d'Hemecht eis bedeit.

Ech denken mat Respekt un all déi, déi duurch de Krich gelidden hun, mä besonnesch un déi, déi hirt Liéwen fir d’Hemecht gin hun.

Nom Krich sin mir eis eneg bliwwen, fir zesummen mat menger Mamm, der Grande-Duchesse Charlotte, eist zerstéiert Land opzebauen an eis Institutiounen erem mat Liéwen ze erfëllen.

Ewéi ech 1961 Lieutenant-Représentant an 1964 Grand-Duc gin sin, hut dir mir eng glecklech Hand gewënscht fir mat iéch aus Lëtzebuerg e modernt Land ze maachen.

Mir hun ët zesummen erreecht.

Ni virdrun an eiser Geschicht war eist Land esou respektéiert an der Welt ewéi haut.

Ni huët Lëtzebuerg esou eng laang Period vu Fridden, politescher Stabilitéit a vu Wuësstem kannt.

Ni war eisen Liéwensstandard esou héich an eis sozial Sécherheet esou gutt ausgebaut ewéi haut.

Ni hun esou vill Leit an eisem Land gewunnt a geschafft an ni war eist Liéwen um kulturellen Plang esou räich.

Eng wichteg Viraussetzung dofir as eis Partizipatioun an der Europaëscher Unioun.

Als glaïchberechtegten Partner liwwert eist Land en wäertvolle Bäidrag fir den Opbau vun Europa. Mir hun et fäerdeg bruëcht, eis Wirtschaft der moderner Zäit unzepassen.

Ech erenneren hei un d'Stolkris an un den Iwwergank vun der Industrie zu de Servicer an den neien Technologiën. Dobei hu mir d'Suërgen vun de Mënschen net vergiéss.

Mir hun och op friém Arbechtskräften kënnen ziélen. Si maachen an der Zwëschenzäit iwwer d'Halschent vun eiser aktiver Populatioun aus.

Dës Evolutioun as och nët ouni Afloss op eis Mentalitéiten an eis Gewunnechten bliwwen. Och as de Wäert vun der Emwelt eis méi bewosst gin an et as eis Flicht, si an d'Natur ze erhalen.

Eis Kanner hun dës Verännerungen vu klengem un mat erliéwt. Si fannen et ganz normal fir mat de friémen Matbiérger zesummen ze liéwen an ze schaffen. Si begeeschteren sech fir déi nei Technologien, ewéi Internet.

Ech gesin dat um Prënz Henri a senger Famill, déi mat vill Freed all Neierungen matmaachen.

Den Henri an d'Maria Teresa hun eng héich Opfassung vun hiren Flichten.

Mäin Son huët dat an den leschten zwee Joër bewisen, ewéi hién mir bei den Aufgaben, déi d'Constitutioun mir virschreift, gehollef huët.

Wann dir dem Prënz Henri esou weider vertraut éwei mir, sin ech iwwerzeegt, dat hién d'Land, mat där Stabilitéit ewéi bis elo, an d'next Joërdausend féieren wäert.

D'Grande-Duchesse war an as eng fest Steip a mengem Liéwen. Mir si frou weider an äerer Mëtt ze bleiwen.

Grande-Duchesse as haut nët niewent mir. Muër as se bei eis, wëll mir gudd Noriichten vum Guillaume kritt hun.

Doriwer kënnen mer alleguër besonnesch frou sin. Muër kann also méi en freedegen Dag gin. Och si mer iéch séier dankbar fir déi vill léif Messagen, déi mir aus alle Schichten vun der Populatioun kritt hun. Si waren eng grouss moralesch Hëllef an eiser Angscht.

Eiser Hemecht an dem lëtzebuerger Vollek bleiwen mir ëmmer mat ganzem Häerzen verbonnen.

Dernière mise à jour