Discours de Jean-Claude Juncker à l'occasion de l'abdication de S.A.R. le Grand-Duc Jean (version originale luxembourgeoise)

Monseigneur,

Am éiwegen Op an Of vum Liewe gëtt et Momenter wou ee stoe bleiwt, wou ee ronderëm sech kuckt fir erauszefannen wou een  ass a wou een porbéiert et roueg an sech selwer gin ze lossen fir besser ze spire ween een ass.

Dat ass esou am Liewe vun de Mënschen. An dat ass am Liewe vun de Natiounen net anescht.

Haut ass esou een Dag fir Iech, an haut as esou en Dag fir eis alleguer.

Ech giff Iech dofir gären haut – um Dag vum Trounwiessel – an hei – op dëser Plaz -  an Ärem Palais – deen der an deene leschten 36 Joer zu eisem Palais gemach huet an am Numm vun alle Lëtzebuerger, an am Numm vun deene villen déi mat eis zesumme liewen, gären e puer Gedanke soen. Et sinn d’Gedanke vum ganze Land.

Eigentlech hate mer welles ier Der ofgedankt hut Iech ee warmen Au revoir ze soen. Wéinst dem Akzident vum Prënz Guillaume war dat net méiglech a mir machen dat méi spéit wéi geplangt. Et ass eise Wonsch – an Dir wësst dat – datt de Prënz an d’Prinzessin Sybilla, erëm geschwën bei eis sinn. Mir vermësse Se och.

Mee ech giff Iech virun allem gären a Präsenz vun der Kinnigin Beatrix, dem Kinnek Albert an der Kinnigin Paola am Numm vum Land Merci soen.

Dir hätt kënne, vun Ärer Intelligenz hier, vun Ären Talenter hier, villes am Liewe maachen. Mee Dir hutt mussen eise Grand-Duc ginn. Well d’Verfassung schreift dat esou vir. Dir hutt den Dingscht deen Der dem Land geleescht hutt gäre geleescht. Dir waart eise Grand-Duc a gudden Deeg an a manner gudden Deeg, an Zäite wou mer viru komm sinn an an Zäiten wou mer eise Wee gesicht hunn. Dir hutt dem Land no bannen déi Rou ginn déi et gebraucht huet fir an Harmonie mat sech selwer eens ze gin a fir an Harmonie mat sech selwer kënnen ze liewen. Dir sitt ee vun eis an Dir hutt eis ni d’Gefill ginn Dir wiert anescht wéi mir. D’Lëtzebuergescht Vollek als Ganzt gesäit an Iech de Grand-Duc. Mee, all eenzelne Lëtzebuerger a jiddfereen deen hei am Land liewt huet zu Iech eng ganz perséinlech Relatioun opgebaut, selbstverständlech well Der de Grand-Duc sidd, mee virun allem well Dir et sidd.

Dir wësst et a mir wëssen et, mee Dir wësst et besser wéi mir: ouni d’Grande-Duchesse hätt Der dat wat Der geleescht hutt net kënne fäerdeg brengen. Si war Iech eng Stäip, Si war all Dag Ären éischte Mataarbechter. Deen Dag wou Si lëtzebuerger Buedem betrueden huet, huet Si eis an hiert Häerz geschloss. A mir hun ët einfach selwecht mat Hier gemach. Dee Merci dee mer Iech soen ass och e Merci u Si. Wa mer Iech haut Merci soen, Monseigneur, dann as dat e merci deen a groussen Deeler och der Grande-Duchesse zoukënnt.

Parlons de notre Grande-Duchesse, de la Grande-Duchesse Josephine-Charlotte, de celle que de nombreux belges continuent à appeler la Princesse Charlotte, je voudrais saluer très respectueusement parmi nous le  Roi des Belges et la Reine, je voudrais dire à travers vous aussi au peuple belge qui nous regarde et nous écoute nombreux ce matin, que nous lui sommes reconnaissant de nous avoir fait cadeau de la meilleure de ses filles. Et je voudrais sur un même élan et avec le même respect saluer parmi nous la Reine Beatrix des Pays-Bas, nous savons l’itensité des liens qui unissent nos deux maisons royales et nos deux familles royales. Majestet wij zejn bizzunder vereerd met Uw Aanwezigheid.

Den Trounwiessel, Monseigneur, dat as en Dag vu Freed, jo mir freen eis op de Grand-Duc Henri an op d’Grande-Duchesse Maria Teresa. Mee mir gesin Iech nët gäre goen. Et geet nët anescht, mir hätten Iech am léifsten alleguer. Dir gitt och nët richteg, an et as de Wonsch vun de Lëtzebuerger, dass mer Iech oft an dacks gesin. Dir hut virun 10...11 Joer mengen ech, de Lëtzebuerger zougeruff Dir wirt stolz Hire Grand-Duc ze sin. Abee, ech soen Iech haut, Monseigneur, Dir hut als eise Grand-Duc e Parcours ouni Feeler gemach. Mir ware stolz op Iech, mir sin stolz op Iech a mir bleiwe stolz op Iech. Merci Monseigneur, Merci Madame.

                         

Dernière mise à jour