Dernière modification le
Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2006 (version originale luxembourgeoise)
Le 2 mai 2006, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2006.
- Seul le discours prononcé fait foi -
INTRODUCTION
Etat d’une Nation
Economie
Le plan social
Finances publiques
I. AMELIORER LA COMPETITIVITE
Lutte contre l’inflation
TVA
L’indexation des salaires
Investissements publics
Infrastructures et perspectives
Politique énergétique
Kyoto et politique de l’environnement
Diversification économique
II. LA POLITIQUE DE L’EMPLOI EST LA PRIORITE ABSOLUE DU GOUVERNEMENT
Politique de l’emploi
Politique de l’enseignement
Logement
III. PLANIFIER L’AVENIR NECESSITE DES FINANCES PUBLIQUES CONSOLIDEES
Priorités et initiatives
INTRODUCTION
Etat d’une Nation
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Selbstverständlech erschöpft d'Lag vun enger Natioun sech net an der Beschreiwung vun hirer wirtschaftlecher, sozialer a finanzieller Situatioun. Eng Natioun, hir Hoffnunge fir mar, hir Dreem fir d'Zukunft, hir Ambitioune fir doheem gutt zesummenzeliewen a fir mat deenen aneren eens ze ginn: dat ass méi wéi de Cumul vum Wirtschaftlechen, Sozialen a Finanziellen.
Economie
Wann awer déck Froenzeeche sech hanner dat Wirtschaftlecht, Sozialt a Finanziellt hänken, dann ass et d'Aufgab vun der Regierung a besonnesch vun deem dee se presidéiert sech mat deene Froen – a fir eng Kéier – exklusiv mat deene Froen ofzeginn. Fir ze weise wou mer stinn a fir kloer ze maache wou mer ginn. Et gëtt keng Dreem, keng Hoffnungen a keng Ambitioune wann dat Wirtschaftlecht, dat Sozialt an dat Finanziellt net stëmmen.
Et muss ee soe wéi et ass: näischt klappt méi honnertprozenteg.
-
Eis Wirtschaft ass net an der Kris. Dat huet och ni ee behaapt. Mee si schwächelt op eenzelne Flanken. Si wiisst mat iwwer 4 Prozent, si wiisst robust a staark am Verglach mat deenen anere Wirtschaftsraim vum Euro-Land. Si wiisst virun allem well d'Finanzplaz wiisst. Datt dës iwwerhaapt nach wiisst misst déi heibannen déi virun de Wahlen d'europäiesch Kapitalertragssteierregelung als déi final Doudessprëtz fir d'Finanzplaz erbäikatastrophéiert hu rout am Gesiicht gi loossen. Déi virun de Wahlen doutgesote Finanzplaz ass quietschfidel, mee mer haten eis an de Joren 2001 an 2002 geschwuer – alleguer zesumme geschwuer – mer dierfen eis ni méi an Ofhängegkeet zur Finanzplaz an hiren exogen z'erklärende Performance beginn. Et kann ee strukturell Sozialausgaben net op konjunkturell Spezialeinnahme vum Finanzsecteur opbauen. Et kann een net, et däerf een net, also soll een och net. Grad esou wéi ee sech net op sporadesch Arcelor-Chèquen däerf ausrouen.
Eise Wirtschaftswuestum ass finanzplazgedopt. Wann een dat Opputschmëttel ewechhëllt, ass eis Wirtschaftsleeschtung nach ëmmer besser wéi déi vun eise Noperen, awer si ass nëmme méi d'Halschecht wäert. Dat däerfe mer net vergiessen. Grad wéi mer net däerfen iwwersinn datt eis Economie an deene leschte Joren am Direktverglach mat eisen dräi Noperen, mat eisen Euro-Partner a mat eise Matstreider am globale Wettbewerb manner kompetitiv ginn ass. Mir hunn zu Lëtzebuerg – an eis dräi Noperen hunn déi net – ee seriösen Inflatiounsproblem. Tëschent Mäerz 2004 a Mäerz 2005 huet Lëtzebuerg déi héchsten Inflatioun, tëschent Januar 2005 a Januar 2006, tëschent Februar 2005 a Februar 2006 an tëschent Mäerz 2005 a Mäerz 2006 deen zweethéchsten Inflatiounsspronk an der Euro-Zone ze verzeechnen. Eisen tëschent 1996 an 2005 akkumuléierten Inflatiounsdifferential mat Däitschland, Frankräich, der Belsch an Holland beleeft sech op 7,2 Prozentpunkten. Ergo: mir si méi wéi 7 Prozent manner kompetitiv gi wéi eis Haapthandelspartner. Dësen Zoustand – d'Hausse vun der Inflatioun, d'Perte vun der Kompetitivitéit – muss behuewe ginn, ëmsou méi wéi déi automatesch Lounindexéierung, déi dräi vun eisen Noperen iwwerhaapt net an d'Belsch nëmmen zum Deel kennen, dësen Inflatiounsdrock direkt an ouni allzevill Nuancen an d'Léin dréit an de Facteur Aarbecht domat relativ a komparativ betruecht méi deier mécht.
Le plan social
A sozialer Hisiicht si mer op alle Pläng besser gestallt wéi eis Noperen. Mer hu méi en enkt sozialt Netz, mer hunn eng besser well méi egalitär Gesondheetsversuergung, mir hu méi héich Nettoléin, méi héich Renten a Pensiounen, méi en héicht Kannergeld, ee besser bezuelten Elternurlaub, eng méi héich Aarbechtslosenentschiedegung wéi eis Nopere wäit a breet. Dat ass gutt esou. Awer dat muss op Dauer och esou bleiwe kënnen. Wéinst der sozialer Kohäsioun am Land. Wéinst der Atmosphär an der Gesellschaft. Wéinst dem geuerdnete Mateneen ënnereneen. Mee de Chômage klëmmt, e klëmmt staark an e klëmmt méi wéi soss doruechter. Mer fannen eis domat net of. Mir trieden u fir de Chômage ze reduzéieren. Mer wëllen de Marche an d'Massenaarbechtslosegkeet un d'Stoppe kréien.
Aarbechtslosegkeet ass keng Form vu Fräizäitgestaltung, si däerf keng sinn, si däerf keng ginn. Si ass en individuellen Drama deen d'Kollektivitéit vill kascht, quasi ewech geworfent Geld an ewech geworfen Energie en fait. Mer hunn am Joer 2005 356 Milliounen Euro – bal 14,2 Milliarde lëtzebuerger Frang – fir d'Finanzéierung vu Chômage- a Beschäftegungspolitik opbruecht, méi wéi 1 Prozent vun eisem nationale Räichtum, 0,4 Prozent vun eisem PIB méi wéi nach 2002 wou mer 207 Milliounen Euro hu mussen opbréngen. De Chômage ass eng Attack op d'Liewensbiografie vun deenen déi en trëfft, en ass eng op Dauer inakzeptabel finanziell Charge fir d'Allgemengheet. E muss falen a fir datt e fällt muss jiddferee méi wéi eng Hand upaken.
Finances publiques
-
Och finanziell betruecht geet et eis besser wéi eise Noperen. Däitschland a Frankräich hu Budgetsdefiziter vun ëm oder iwwer 3 Prozent an eng öffentlech Schold vu 67,7 respektiv 66,8 Prozent, d'Belsch huet 2005 zwar de budgetären Equiliber erreecht mee gëtt awer vun enger Staatsschold vun 93,3 Prozent erdréckt. Mir haten 2004 e Gesamtstaatsdefizit vun 1,1 Prozent an 2005 ee vun 1,9 Prozent. Eis öffentlech Schold beleeft sech op 6,2 Prozent – dat ass mat risegroussem Ofstand deen niddregste Scholdestand an der Euro-Zone deen am Schnëtt 70,8 Prozent ausmécht.
Esou verglach kënnt ee mengen, et wier alles an der Rei.
Et ass richteg: mer si besser wéi vill anerer.
Richteg ass awer och: aner Anerer si besser wéi mir: Spuenien, Irland a Finnland haten 2005 ee Budgetsiwwerschoss an dat bei am Mëttel engem méi niddrege Wirtschaftswuestum wéi deem lëtzebuergeschen.
Nach méi richteg ass: eis öffentlech Finanze bewege sech an déi falsch Richtung.
Fir wat bewege se sech an déi falsch Richtung, fir wat si se deelweis schon op der falscher Plaz ukomm, dat heescht am Desequiliber an am Defizit?
D'Äntwert läit op der Hand. Déi öffentlech Ausgabe wuesse méi séier wéi dat nominalt Wirtschaftswuestum an och méi séier wéi d'Recetten.
D'Entwécklung vun de relevante Finanzaggregater zënter dem Joer 2000 loosse keen anere Constat zou.
An de Joren 2000 an 2001 hunn d'öffentlech Finanze sech duerch en Iwwerschoss vu 5,9 Prozent par rapport zum Bruttoinlandprodukt ausgezeechent. Dunn ass de wirtschaftlechen Abroch komm a quasi logescherweis ass den eigentleche Staatsbudget – de Budget vu Regierung a vum Parlament – am Joer 2002 defizitär ginn an am Joer 2004 sinn déi gesamtstaatlech Zuelen – déi vum Staatsbudget, déi vun de Gemengen an déi vun der Sécurité sociale – negativ ginn.
Tëschent 2000 an 2005 ass e relativ dramateschen Zuelenëmschwonk passéiert: aus engem Iwwerschoss vu 5,9 Prozent ass en Defizit vu 1,9 Prozent ginn, dat heescht de Gesamtequiliber vun allen öffentleche Finanzen huet sech ëm 7,8 Prozent PIB-Punkte verschlechtert. An Euro heescht dat: d'Verschlechterung huet 2.340.000.000 Euro ausgemaach. A Frangen: 94,5 Milliarden.
An deemselwechten Zäitraum sinn d'öffentlech Einnahmen – trotz de Steierreformen aus de Joren 2001 an 2002 – mat ronn 42,5 Prozent-Punkte vum PIB stabil bliwwen. Mee während däerselwechter Period sinn déi öffentlech Ausgaben vu 37,7 Prozent op 44,3 Prozent vum PIB geklommen, dat heescht si hu 6,6 PIB-Prozentpunkten zougeluecht. Se sinn also iwwer dëse 5-Joreszyklus méi séier gewues wéi eis Wirtschaft.
Fir wat si se méi séier gewues wéi eisen nationale Räichtum vum Moment et eigentlech erlaabt hätt? Mee well déi deemoleg CSV-DP-Regierung – matten am wirtschaftspolitesche Konjunkturofschwonk vun de Joren 2001 bis 2003 -, déi sougenannten "automatesch Stabilisateuren" wollt spille loossen. Trotz wirtschaftlechem Réckgank hu mer d'Dépensen, notamment am Investitiouns- a Sozialberäich, sech am geplangtene Rhythmus virubewege gelooss. Dat hu mer gemaach well mer de wirtschaftleche Réckgank net duerch staatlech Ausgaberestriktioune wollten a Stagnatioun oder Rezessioun verwandelen. An d'Wirtschaftszréckentwécklung eraspueren hätt eiser Economie an à terme eiser Sozialstruktur enorm geschued. Dat wollte mer net. A mer hunn et och net stringent gebraucht. Mer hate Reserven aus de gudde Joren op d'Säit geluecht a mer hunn dës, ënner dem Präis vun enger objektiv iwwerzunnener Ausgabesteigerung, zum Asaz bruecht. Dës Ausgabepolitik, a Kombinatioun mat enger zibléierter Steierpolitik, huet d'wirtschaftlech Aktivitéite stabiliséiert an de Retour zu deem méi konsequente Wirtschaftswuestum, dat mer zënter 2004 bis haut hunn, favoriséiert.
Ouni dës Politik wiere mer haut, reng wirtschaftlech betruecht, méi schlecht drun. Eis Noperen hunn an d'Wirtschaftskris eraspuere musse well se keng Reserven ugeluecht haten. Mer hunn d'Wirtschaftskris verhënnert well mer hir Politik net hu brauche nozeäffen.
Wann haut, notamment vun Deeler vun der Oppositioun an der Press, behaapt gëtt déi aktuell Regierung wier schold un der Verschlechterung vun der Finanzsituatioun, dann ass dat falsch. Et war déi fréier Regierung. An déi huet – dozou stinn ech och nach haut – déi richteg Politik am richtege Moment gemaach. Ech héieren an ech liesen, de Juncker an de Frieden wiere schold un de finanziellen Engpäss déi mer haut kennen. Okay, wann et jiddferengem hëlleft sech esou aus däer matgedroener Verantwortung erauszestielen, da wëll ech an da kann ech domat liewen. Wann de Juncker an de Frieden, si zwee ganz eleng, d'Land virun der Stagnatioun gerett an eis Wirtschaft nees zur zweethéchster Wirtschaftsleeschtung an der Euro-Zone zréckgefouert hunn, dann akzeptéieren ech dee Reproche. Mee d'Wierklechkeet ass – leider fir de Juncker an de Frieden – eng ganz aner. De Verdingscht un däer korrekter Politik – an domat d'Verantwortung fir déi aktuell Defiziter – droen och d'DP an all déi déi an den Tripartite vun de Joren 2001, 2002, 2003 an 2004 hir Zoustëmmung zu däer volontaristescher Politik, besonnesch am Investitiounsberäich, ouni Nuance ginn hunn: den OGB-L, den LCGB, d'CGFP, d'FEDIL, d'Fédération des Artisans, d'Chambre des Métiers, d'Confédération du Commerce, d'Horesca, d'Chambre de Commerce, d'Bauerenzentral. An d'LSAP hirersäits ass net duerch massiv Spuerappeller an däer Zäit opgefall.
Wéi gesot: ech iwwerhuelen d'Verantwortung fir dës Politik. Ech muss s'och iwwerhuele fir d'Gesamtresultater vum Rentendësch déi eise strukturellen öffentleche Finanzdefizit ëm 0,8 Prozent vun 2002 u vergréissert hunn. Wann ech 2001 gesot hätt de Rentendësch géif ze deier ginn a mer kënnten en eis op Dauer net leeschten, da géif ech haut net hei stoe well da wier ech erschoss ginn a vill heibannen hätte mat geballert.
Meng Solidaritéit mat der fréierer Regierung huet mech derzou bruecht hir Politik z'explizéieren an ze justifizéieren. Eis Verantwortung fir d'Land a fir seng Zukunft bréngt dës Regierung derzou se ze modifizéieren. Mir hunn haut e Wirtschaftswuestum vun iwwer 4 Prozent. A wann d'Wirtschaft 4 Prozent wiisst – wat vill ass – dann däerf een op Dauer keng Defiziter maachen. Am Géigendeel: Defiziter sinn ofzestellen doduerch datt d'öffentlech Finanzen net méi séier méi héchstens grad esou séier wuesse wéi dat nominalt Wirtschaftswuestum.
Géife mer nämlech d'Politik vu bis elo – an dës Politik war richteg – sech an den nächste Joren einfach virun entwéckle loossen, da géife mer déi falsch Politik maachen.
Géife mer déi bishereg Politik fräi galoppéiere loossen, da géifen d'öffentlech Finanzen zwangsleefeg méi schnell uklamme wéi d'Wirtschaftswuestum – dat international gekuckt ganz héich ass – et erlaabt. Wa mer d'Politik einfach weider schreiwe géifen - d'Investitiounspolitik, d'Sozialpolitik, d'Gehälterpolitik, d'Indexéierung vun de Léin a Gehälter an esou virun – da géif sech den Defizit vum Zentralstaat – also dee vun der Regierung a vun der Chamber – vun 2,6 Prozent am Joer 2003 a vun 3,3 Prozent am Joer 2004 op 4,1 Prozent am Joer 2007 bewegen.
An der Moyenne iwwer 4 Prozent Wirtschaftswuestum bis 2009 an als Resultat massiv Defiziter: dat kann net sinn an dat wäert och net sinn. Mir haten – bei alle Fehltreffer – déi richteg Politik vun 1999 bis 2005. Fir déi richteg Politik ze behale brauche mer elo e Politikwiessel. Keen dramateschen. Mee e konsequenten. Keng stur Austeritéit, mee kollektiv Responsabilitéit. Kee radikalen Ofbau mee ee manner séieren Opbau deen iwwerluecht an equilibréiert muss sinn. Keen Ofbau well mer hu vill Neies opzeriichten. An dat wat mer opriichte dat muss haut esou finanzéiert ginn datt déi déi no eis kommen – déi déi jonk sinn an op déi d'Zukunft waart - net ënner der Laascht zesummebriechen déi mir hinnen op hirem Liewenswee optiermen.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Wa mer eis öffentlech Ausgaben an de Joren 2007, 2008 an 2009 esou viru jauwe loosse wéi tëschent 2000 an 2005 – wou mer se aus Konjunkturgrënn net konnten an net wollten ofbremsen – da fabrizéiere mer bis un den Ufank vum nächste Jorzéngt een zesummegedroenen Defizit vu 15-20 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt. Eis Reserven déi mer hunn – eis Noperen hu keng – belafe sech op insgesamt 1,4 Milliarden Euro. Si géifen net duergoe fir deen Defizit auszegläichen. Ergo misste mer iwwer Mooss Geld léine goen. Mir géifen, géife mer dat maachen, der nächster Regierung eng öffentlech Schold vu 15 Prozent vun eisem nationale Räichtum hannerloossen. Et gëtt dacks gesot a geschriwwen, eis Staatsschold kënnt laut de Maastrichter Konvergenzkritäre bis op 60 Prozent uschwëllen. Dat ass richteg. Mee dat ass virun allem awer falsch. 60 Prozent Staatsschold: dat ass an Europa e maximale Plafong, et ass keen Zil. Schold muss een zréckbezuelen, si kascht déi nächst Generatioun vill Geld a verkléngert esou hir Liewenschance. Dofir hat de Budgets- an Tresorminister Recht an de leschte Jore wéineg Schold a vill Reserven ze maachen. Géif en elo vill Schold maachen an d'Reserve verschleideren, da misste mer mar an iwwermar, fir d'Schold zréckzebezuelen, d'Steiere fir d'Leit an d'Betriber massiv héijen. Géifen a misste mer dat maachen, da géife mer déi individuell Liewenskompetitivitéit vun all Lëtzebuerger – well och déi gëtt et – reduzéieren a mir géifen – an engem Moment wou iwwerall an Europa d'Betribssteiere falen – eiser Economie an domat eis alleguer grousse Schued zoufügen. Mir géifen eis international Kompetitivitéit durabel an definitiv verschlechteren. An dofir musse mer haut méi lues trëppele fir mar net aus der Bunn ze fléien.
Dat ass eis Responsabilitéit.
Grad ewéi et eng dringend Exigenz ass, iwwert dat Budgetäert a Finanziellt eraus, d'Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft ze verbesseren. Jo, Staatsfinanzen an durabel Kompetitivitéit ginn zesummen. Dofir musse s'och zesummen ugepaakt ginn. An dofir pake mer se zesummen un.
I. Eis Kompetitivitéit verbesseren
Lutte contre l'inflation
Här President,
Ech hunn Iech virun e puer Minutte gesot, den Haaptproblem vun eiser Wirtschaft an hirer Kompetitivitéit wier dee par rapport zu eisen Nopere gewuessenen Inflatiounsdifferential. Dee muss verschwannen, respektiv däitlech méi kleng ginn. Dat brénge mer fäerdeg wa mer alleguer zesummen an déi Richtung schaffen.
Eng ze héich Inflatioun zu Lëtzebuerg – an eis Inflatioun ass ze héich – entsprécht kengem Naturgesetz. Mir hunn an den 80er Jore vum leschte Jorhonnert Inflatioun aus Däitschland a virun allem aus Frankräich an aus der Belsch importéiert. Dat ass de Moment net de Fall well d'Inflatioun an deenen dräi Länner ass méi niddreg wéi heiheem. Mir hunn eng héich Inflatioun wéinst de Petrolspräisser déi d'Kopplabunz schloen. Ënner deenen héije Petrolspräisser leiden eis Noperen och, en fait leide se méi well de Benzin, den Diesel an de Mazout sinn an deenen dräi Nopeschlänner wiesentlech méi deier wéi zu Lëtzebuerg. Mee hir Inflatioun leid manner ënner der Präisexplosioun vun de Petrolsprodukter. Si gëtt net esou staark vun de Petrolspräisser gedriwwe wéi eis: ganz einfach well se keng oder keng integral Indexéierung vun de Léin a Gehälter kennt. Op d'Petrolspräisser hu mer als Lëtzebuerger keng Influenz. Mee 't muss ee wëssen: déi meeschten Inflatioun maache mer selwer. An op déi Inflatioun déi mer selwer maache musse mer méi e staarken Afloss kréien. Mer mussen e méi staarken Afloss op se kréie well eis Kompetitivitéit hänkt zu engem groussen Deel dervun of wéivill Kontroll a Maîtrise mer iwwert eis hausgemaachten Inflatioun kréien.
Mer mussen déi Inflatioun déi mer selwer produzéiere stoppen. Dat kascht Ustrengung. Mer mussen dës Ustrengung maachen.
-
De Staat an d'Gemengen droe bei der Inflatiounsbekämpfung eng konsiderabel Responsabilitéit. Si musse sech beim Festleeë vun öffentlechen Tarifer, vun öffentleche Präisser a vu kommunalen Taxen eng méi grouss Retenue operleeë wéi dat an der Lescht de Fall war. D'Gemenge kréien ab Januar 2007 méi Finanzmëttelen duerch eng Rei steierlech Ännerungen déi kommen zougefouert. Dofir kënne se méi lues bei der Erhéijung vu kommunalen Taxe maachen. Si kréie méi Soue vum Staat. Da kënne se de Leit der och méi loossen.
-
Och déi déi mam Staat zesumme schaffe wäerte mierken datt mer d'Inflatioun mat den Hare wëllen huelen, iwwerall do wou mer se ze pake kréien: d'Ministeren ënnerschreiwe keng Kontrakter méi déi voll indexéiert sinn. Wann eng Indextranche erfällt däerf dat net länger zur Konsequenz hunn datt all Kontrakter mam Staat automatesch 2,5 Prozent méi deier ginn. Dat war bis elo esou. Dat ass elo eriwwer.
-
D'Regierung wëllt fräiwëlleg Präisaccorde mat eenzelne Wirtschaftssecteuren ofschléissen. Zu deem Zweck setzen de Mëttelstands- an de Wirtschaftsminister sech mat der Confédération du Commerce, der Horesca an anere Wirtschaftskreesser fir eng Konzertéierungsronn zesummen déi Weeër a Mëttele siche soll fir d'Präisser a bestëmmte Beräicher ze stabiliséieren. Mer wëllen d'Inflatioun ausbremsen doduerch datt mer Accorde mat deenen treffen déi selwer d'Präisser maachen.
TVA
Mer hu besser Viraussetzunge fir méi niddreg Präisser wéi anerer. Zu Lëtzebuerg bedréit den normalen TVA-Saz 15 Prozent. Mir hunn déi niddregsten TVA an Europa a mer wëllen déi och behalen. D'Belsch huet en TVA-Taux vun 21 Prozent, Frankräich ee vun 19,6 Prozent an Däitschland héicht säin den 1. Januar 2007 vu 16 op 19 Prozent. Dat heescht: ronderëm eis misst Villes méi déier si wéi heiheem well zu Metz, zu Arel an zu Tréier musse méi héich Steiere beim Akafe bezuelt ginn. Or eleng zu Tréier ginn d'Lëtzebuerger iwwer 160 Milliounen Euro d'Joer aus. Mer hu graff geschat datt dem Lëtzebuerger Staat am Joer 60-70 Milliounen Euro TVA-Einnahme verluer ginn doduerch datt d'Lëtzebuerger net heiheem mee an der Grenzregioun kafen. Dat ass e Steierverloscht deen enger Solidaritéitssteier vun 3 Prozent entsprécht.
Fir datt mer eis gutt verstinn: mer hunn näischt dergéint datt d'Lëtzebuerger och an der Groussregioun akafen. Mee mer géife gäer – well mer déi niddregste Konsumsteier hunn – aus Lëtzebuerg den Haaptakafszentrum vun der Groussregioun maachen, een Akafszentrum wou déi aner hikomme statt datt mir bei déi aner ginn. Dofir musse mer méi präiswäert ginn. An Zukunft wäert e komparative Präisindex vun der Groussregioun publizéiert ginn op deem d'Leit vun heiheem an d'Leit aus der Groussregioun de Präisstand kënnen ofliesen. An engem Wuert: mir musse mat eiser niddreger TVA bewosst wirtschaften. Dofir starte mer d'nächst Joer och eng grouss Marketing-Offensiv, zesumme mat der Confédération du Commerce, fir Lëtzebuerg zur éischter Akafs-Adress an der Groussregioun ze maachen. Mer mussen eis bewegen, ëm all däitschen, belschen a franséische Klient kämpfen, gutt Präisser ubidden, en Tram duerch d'Stad fuere loossen, frëndlech sinn am Geschäft an op der Strooss. Déi Zäite wou d'Kéi am Himmel gefries hunn an hir Mëllech zu Lëtzebuerg ginn hunn, déi sinn definitiv eriwwer.
-
D'Maîtrise vun der Inflatioun kann net Abstraktioun vun der Lounentwécklung maachen. Déi muss Schrëtt hale mat der genereller an der sektorieller Produktivitéit. Op dee Basisprinzip, deen d'Lounmoderatioun zu Lëtzebuerg irrigéiere soll, hu mer eis an der Tripartite gëeenegt.
-
Mer si laang ronderëm d'Fro vun der Indexéierung geschlach. Dir wësst: un dëser Fro kann ee sech d'Fangere verbrennen. Esouguer d'Kanner kréien hei am Land relativ fréi bäibruecht datt een d'Fangeren ewech vum Index soll loossen.
L’indexation des salaires
D'Indexéierung vun de Léin a Gehälter huet Virdeeler an Nodeeler. D'Regierung an d'Partner an der Tripartite hu sech mat deenen engen a mat deenen aneren auserneegesat.
Den Index huet an den Ae vun der Regierung een inkontestable Virdeel: en erlaabt eng periodesch Upassung vun de Léin un d'Inflatioun, dat heescht e gläicht de Kafkraaftverloscht aus – wann och mat Retard. Domat hëllt e Konfliktstoff aus de Lounverhandlungen eraus an erlaabt eng dezentraliséiert Lounpolitik. Déi ass wichteg well d'Léin sollen no un der individueller Betribssituatioun pechen. Esouguer d'Patrone stellen d'Indexéierung net méi prinzipiell a Fro: wie fir eng maximal Indextranche ass, deen ass fir d'éischt emol fir den Index. D'Regierung ass och fir den Index an dofir gëtt e bäibehal.
Nodeeler vum Index sinn och bekannt.
En dreiwt d'Inflatioun. Manner wéi d'Patrone soen, mee méi wéi et gutt ass. E reagéiert extrem op wirtschaftlech Facteuren déi sech eisem Zougrëff entzéien: déi aktuell Explosioun vun de Petrolspräisser, deenen hiren Niveau dëser Deeg mat 75 Dollar geflirtet huet, mécht dat däitlech. D'Regierung wëllt d'Petrolspräisser net aus dem Index huele well hiert Uklamme belaascht den normalen Duerchschnëttsbierger an engem zolidde Mooss.
Den Index produzéiert budgetär a finanziell Méibelaaschtungen déi d'Politik net verbessere mee déi se méi deier maachen. Eng Indextranche kascht de Staatsbudget 125 Milliounen Euro an de Gesamtstaat – dat heescht de Staat, d'Gemengen an d'Sécurité sociale – 180 Milliounen. Dat war nach ëmmer ee Problem. Dat ass elo méi e grousse Problem well d'Petrolspräisser eis iwwerlafen a well mer méi knapp bei Keess sinn. Eis Partner – och a grad d'Gewerkschaften – akzeptéieren d'Realitéit vun däer Contrainte. Well d'Petrolspräisser enorm op d'Gestehungskäschten a via Index op d'Léin drécken a well déi öffentlech Finanzen duerch déi gemeinsam decidéiert konjunkturschounend Politik vun de leschte Joren an den Desequiliber ofgerutscht si waren d'Gewerkschaften – entgéint hirer traditionneller Doktrin – mat enger Indexmodulatioun d'accord. Ech wollt hinne meng Unerkennung fir déi Kraaftustrengung soen. Et war fir si net einfach. Mee hiert Responsabilitéitsgefill – och wann et fir säin Zustanekommen Zäit gebraucht huet – mécht eis Villes méi einfach.
Mer hunn all dës Elementer an Iwwerleeungen a laangen Tripartitegespréicher – ënnerbrach duerch enorm vill Stonne bilateral Verhandlungen – mateneen ofgewien an hu se dunn esou laang zesummegestréckt bis mer eng akzeptabel Léisung haten.
Déi Léisung déi mer erschafft hunn ass keng kleng Léisung – egal wat gesot gëtt.
Si ass besser wéi e faule Kompromiss – dee fënnt een ëmmer – a si ass tout compte fait besser wéi all aner Léisung déi um Dësch louch. Déi Léisung déi mer fonnt hunn ass déi hei.
Fir d'éischt emol: d'Regierung hätt kënnen dermat liewen eenzel Produkter elo schon aus dem Indexwuerekuerw erauszehuelen – net d'Petrolsprodukter, mee Alkohol an Tubak. Well d'Gewerkschaften awer nëmmen d'accord ware sech iwwer dës Fro eréischt endgülteg z'äussere wann déi nächst regulär Iwwerpréifung vun der Zesummesetzung vum Wuerekuerw stattfënnt – an déi fënnt 2007 statt – hu mer déi Diskussioun op da vertagt. Si ass net eriwwer – si ass vertagt.
Mer hunn dofir mussen aner Weeër goen. Mer hunn decidéiert all Erhéijung vu bestehenden Taxen an Akzisen an all Kreatioun vun neien Taxen, wann d'Erhéijung vun deenen Alen an d'Schafe vun deenen Neien aus ëmwelt-, gesondheets- oder sozialpolitesche Grënn erfollegen, am Index honnertprozenteg ze neutraliséieren. Dat zielt ënner anerem fir steierlech an administrativ Opschléi op de Petrolsprodukter, den Tubakpräisser an dem Waasserpräis dee mer nom Verbrauch- an Notzerprinzip mussen unhiewen.
Fir ze verhënneren datt d'Inflatioun zevill klëmmt an domat d'Kompetitivitéit zevill fällt hu mer eis op eng Modulatioun vum Erfale vun den Indextranche verstännegt.
Wann den Index normal géif spillen – esou wéi d'Gesetz et virschreiwt , – da géif – esou gesäit een dat haut – folgende Rhythmus sech erginn: wéinst den héije Petrolspräisser géif eng Indextranche schon am August 2006 an net – wéi am Ufank vum Joer geplangt – am Oktober entfalen, déi nächst wier fir den August 2007 fälleg, gefollegt vun enger am August 2008 an op mannst enger am Joer 2009, nämlech spéitstens am August.
Mer sinn eis eens ginn datt de Cumul vun dësen Tranchen d'Kompetitivitéit géif schiedegen an d'Staatsfinanze géif iwwerbelaaschten.
Der Regierung hirer Berechnung no hätt d'Lounmass sech bis August 2009 ëm 2,4 Milliarden Euro no uewe bewegt, iwwer 97 Milliarden al lëtzebuerger Frang. Dës Lounmass hätt vun den öffentlechen a privaten Arbeitgeber missen opbruecht ginn. Dat wier schéi gewiescht fir d'Leit, mee et wier zevill gewiescht fir d'Kompetitivitéit.
Dofir wäert d'Regierung der Chamber nach virum Summer e Gesetz virleeën dat d'Indextranche vum 1. August 2006 op den 1. Dezember 2006 verleeë wäert.
Am Joer 2007 – wou normalerweis spéitstens am August eng Indextranche erfall wier – gëtt et keng Indextranche. Déi Indextranche déi am Joer 2007 erfall wier gëtt op den 1. Januar 2008 verluecht, à moins datt d'Petrolspräisser vun haut bis dann an der Moyenne méi héich wéi 63 Dollar de Barrill gewiescht wieren. An deem Fall entfällt d'Indextranche net am Januar mee eréischt am Mäerz 2008. Vun haut aus gekuckt entfällt se wahrscheinlech am Mäerz. Wann dës Situatioun géif antrieden da géif den Heizkostenzuschuss – dee fir déi besonnesch Akommesschwaach geduecht ass – no uewen ugepasst ginn.
Am Joer 2008 erfällt keng weider Indextranche. Déi déi normalerweis am August 2008 géif entfale gëtt op den 1. Januar 2009 verluecht. Stinn d'Petrolspräisser bis dohinner nach ëmmer iwwer 63 Dollar an der Moyenne, gëtt s'op den 1. Mäerz 2009 verréckelt. Aus der Siicht vun haut gëtt et éischter Mäerz wéi Januar. Doriwwer eraus kënnt et am Joer 2009 zu kenger weiderer Indexupassung.
Ech wëll dës Indexmodulatioun kommentéieren.
-
An de Joren 2006, 2008 an 2009 erfällt nëmmen eng Indextranche. Am Joer 2007 erfällt keng eng.
-
Op der gesamter Lounmass gëtt vun August 2006 bis Januar 2010 konservative Regierungsberechnungen no e Lounbetrag vu ronn 700 Milliounen Euro net ausbezuelt, e Betrag vu ronn 28,2 Milliarde lëtzebuerger Frang. E gëtt och nom 1. Januar 2010 net zréckbezuelt.
-
De Mindestloun gëtt den 1. Januar 2007 an den 1. Januar 2009 ugehuewen. Dës Unhéijung huet keng Gewerkschaft der Regierung mussen ofzwéngen. Ech hat Iech schon den 12. Oktober 2005 hei am Parlament gesot datt de Mindestloun géif ugepasst ginn.
-
D'maximal Indextranche vun 1,5 mol de Mindestloun, sou wéi d'Patronat se proposéiert hat, hätt eng Erspuernis op der Lounmass vu ronn 850 Millioune bruecht, 150 Milliounen Euro méi wéi an däer akzeptéierter Regierungspropositioun. Op d'Lafdauer vum Accord bezunn – Enn 2009 muss déi nei Regierung déi aus de Wahle vun 2009 ervirgeet frësch verhandelen – grosso modo 3,5 Milliounen Euro de Mount. Dat ass d'Differenz tëschent däer Léisung déi mer zréckbehal hunn an däer struktureller Léisung déi d'Patronat gäre gehat hätt. Sans commentaire!
-
D'Gewerkschafte wollte keng maximal Indextranche. Et ass hir Aufgab de Leit dat z'erklären, obschon d'Kontraktioun vum Gehälterfächer Argumentatives enthält. D'Patronat wollt eng maximal Indextranche bei 1,5 mol de Mindestloun. Der Regierung war déi Limit ze niddreg.
-
Am Kompetitivitéitsrésumé, d'Betriber gewanne 700 Milliounen Euro. Zum Verglach: ee Prozent vum Bruttoinlandprodukt mécht 300 Milliounen aus, eng eenzeg Indextranche kascht manner.
Déi déi soen dat wier e bescheident Resultat ire sech. Besser: wëlle sech iren. D'Leit am Land verzichten op Villes an 't soll een den Zynismus net esouwäit dreiwe se gleewen ze dinn, se géifen näischt verpassen.
Dësen Accord war méiglech well d'Partner verstänneg waren. Si sollte beim Kommentéiere vum Accord grad esou verstänneg si wéi bei sengem Ofschloss. Den Index bleiwt erhalten, e gëtt moduléiert no engem Accord an der Tripartite, ouni Streik wéi 1982-1983, ouni béist sozialt Blutt an am Geescht vum lëtzebuerger Modell. Dësen huet seng Grenze bewisen. Mee huet jeemools ee behaapt en hätt keng Grenzen? Wien deen däitsche Konfrontatiounsmodell wëllt, wien de franséischen Totalkonfliktmodell wëllt statt eisem rouege sozial equilibréierte partnerschaftlech geréierte lëtzebuerger Modell, dee soll dat mar hei ee fir allemol soen! Ech sinn allergesch géint de bëllege Konsensualismus, jo, ech si géint de Kompromëss wéinst dem Kompromëss. Ech si fir tragbar Léisungen am Konsens. De Konsens ass ni dat wat een an der d'Zomm gäer hätt. En ass awer méi wéi dat wat een am Sträit kritt. En ass dat wat d'Regierung wollt an, am konkrete Fall, dat wat d'Land brauch.
-
Fir datt eis Economie staark bleiwt, geet et net duer d'Inflatioun ze käppen an der Kompetitivitéit nei Muskelen ze ginn. Mer brauchen och weiderhin héich öffentlech Investitiounen. Mer mussen haut investéiere fir mar performant Infrastrukturen ze hunn. Déi Infrastrukturen un deene mer haut bitze sinn de Stoff aus deem mar d'Gezei vun der Economie gemaach gëtt.
Investissements publics
Mer hunn haut déi héchsten öffentlech Investitiounen an der europäescher Unioun an an der Euro-Zone. Mer mussen déi fir déi nächst Jore geplangten Investitiounsausgabe kierze well eis Finanze paken hire Laascht net méi. Mer haten an de Joren 2000 bis 2005 een extrem héijen Investitiounsbudget. Mer haten en héijen Investitiounsbudget well mer d'Konjunktur wollte stäipen. Si steet elo op méi feste Féiss. Si brauch manner Stäipen. Mee d'Konjunktur vu mar brauch d'Investitioune vun haut. Si brauch héich Investitioune mee ebe manner héich Investitioune wéi bis elo.
Dofir féiere mer d'öffentlech Investitioune vun 3,7 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt am Joer 2006 graduell bis op 3,2 Prozent vun eisem PIB am Joer 2009 zréck. Mer féiere se zréck par rapport zu deem wat mer eis fir 2007, 2008 an 2009 virgeholl haten. Mee mer erhéije se par rapport zu 2005 vun engem Joer zum aneren. Eis Wirtschaft brauch dat. Eist Land brauch dat. Eis politesch Prioritéite verlaangen dat.
Mer investéieren 2007 170 Millioune manner wéi geplangt, awer nëmme 50 Millioune manner wéi 2006 wou mer 217 Millioune méi wäerten investéiere wéi 2005.
Mer investéieren 2008 iwwer 190 Millioune manner wéi geplangt, mee awer 120 Millioune méi wéi 2007.
Mer investéieren 2009 300 Millioune manner wéi geplangt, mee awer grosso modo deeselwechte Betrag wéi 2008, dat heescht nach eng Kéier 120 Millioune méi wéi 2007.
An de Joren 2007, 2008 an 2009 investéiere mer insgesamt 3,3 Milliarden Euro: dat si 660 Milliounen Euro manner wéi geplangt. Dat sinn der méi wéi an de Joren 2004, 2005 an 2006 zesummen.
D'Steigerung vun den Investitioune betreffe virun allem den Héichbau a sinn domat mëttelstands- a beschäftegungsfrëndlech.
D'Kierzunge par rapport zu deem wat geplangt war betreffen aner Projeten, Projeten déi noutwendeg wieren, déi mer awer mussen zrécksetzen: den Ausbau vun zwou op dräi Piste vun der Autobunn A6 tëschent Mamer a Beetebuerg, d'Tangente Ouest tëschent der A7 an der A6, eenzel Contournementer vun eise Lokalitéiten, eenzel Echangeuren op eisen Autobunnen.
Fir den Investitiounsimpakt op d'öffentlech Finanzen ofzefierdere musse mer – wann et nëmme geet – zu engem öffentlech-private Partnership kommen, besonnesch am Schoulberäich wou mer investiv net méi lues maache well mer net méi lues maachen däerfen: den Investissement an d'Intelligenz an an déi Jonk huet absolut Prioritéit. No intensiven Etüde weist et sech datt mer nom PPP-Prinzip méi séier a 15-20 Prozent méi bëlleg kënne bauen. Also baue mer elo méi séier a méi bëlleg.
Alles an allem: mer investéiere manner wéi geplangt mee méi wéi bis elo. D'Handwierk an d'Beschäftegung gi geschount. Et gëtt net op der falscher Plaz gespuert. D'Wirtschaft wäert vun dësen Investissementer profitéieren, eis wirtschaftlech Zukunft och.
-
Fuerschung an Innovatioun gehéieren zur Wirtschaftspolitik wéi d'Amen zum Gebiet. Ouni Fuerschung fënnt keng Zukunft statt. Fuerschung ass virun allem d'Saach vun der Wirtschaft selwer. Mee d'öffentlech Fuerschung muss esou verstäerkt ginn datt mer Uschloss un de Fuerschungsniveau vun eisen Nopere fannen. Den öffentleche Fuerschungsbudget muss par rapport zu sengem Volume vun 2006 verduebelt gi fir den öffentleche Fuerschungsundeel bis an d'Joer 2009 op 0,66 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt unhiewen ze kënnen. Mir mussen – Staat an Entreprisen – manner innovatiounsfaul a méi fuerschungsfrëndlech ginn. Eis Aarbechtsplaze vu mar hänken dovunner of.
Infrastructures et perspectives
-
Fir eis Wirtschaft dauerhaft ze stäerke muss eng Hellewull vun aneren Initiative geholl ginn.
-
-
Mer mussen d'Exportfähegkeet vun eisen Entreprise förderen. Besonnesch déi méi kleng Betriber di sech schwéier wann et ëm Exportrisikofinanzéierung geet – besonnesch ausserhalb vun Europa. Si kréien eng méi breet Ënnerstëtzung vum Office national du Ducroire an der SNCI deenen hir Aktivitéite mer méi no beieneeleeën, bis hin zu enger eventueller Fusioun. D'SNCI an den Office du Ducroire gi Förderschleidere fir grouss a virun allem fir kleng Exportbetriber.
-
Mer mussen eis international Entwécklungshëllef an eisen Aussenhandel sech openeen zoubewege loossen. Mer hunn am Prinzip keng merkantil orientéiert Entwécklungshëllef a mer wëllen och keng geschäftsgedriwwen Entwécklungshëllef kréien. Mee mer wäerten duerfir suergen datt eis eege Betriber d'Partner vun eiser eegener Entwécklungshëllef gi statt datt just Betriber aus Länner déi manner Entwécklungshëllef maache wéi mir un eiser Entwécklungshëllef verdingen.
-
Mer halen dat steierlecht Ëmfeld vun eiser Economie virun am A. Mer schléisse kompetitivitéitserweidernd Schrëtt am Steierberäich an deenen nächste Joren net aus. Mer bedeelegen eis konstruktiv um Versuch, d'Bemiessungsgrondlage fir d'Betribsbesteierung an Europa ze vereinheitlechen. Mer maachen dat well mer mengen datt de ruinöse Steierdumping tëschent Länner vun der europäescher Unioun muss contrekaréiert ginn. D'Wirtschaft fënnt net fir sech selwer statt, si huet eng sozial Verpflichtung, d'Länner vun der europäescher Unioun däerfen net zu de Komplize vun engem wäertneutrale Globaliséierungswahn ouni Grenzen an ouni Gêne ginn. Si musse vill méi Architekte vun enger equilibréierter Mondialiséierung sinn. Besser gesot: si mussen dat ginn.
-
Mer musse méi Plaz, méi Zukunftsraum zu Lëtzebuerg amenagéieren, méi Terrainen uleeë fir nei Aktivitéiten unzesiedelen déi eis eis Plaz an der Economie vu mar sécheren. D'Beräicher Logistik, Biotechnologie, medezinesch Equipementer an Eco-Technologie hu Prioritéit. Aus dem Eilerenger Crassier maache mer eng national Industriezone, aus de WSA-Terrainen e grousse Logistikzenter. Inkubateuren, sougenannte Betribszären, mussen a méi grousser Zuel wéi bis elo entstoen.
-
Eis Betriber leiden ënner administrativer Iwwerbelaaschtung. Deen administrativen Opwand kascht Wirtschaftswuestum an Aarbechtsplazen, e mécht d'Wirtschaft an d'Schaffe méi deier. Mir schätzen datt d'Bürokratiekäschten heiheem net méi niddreg si wéi am Rescht vun Europa: d'Bürokratie frësst 3 Prozent vum Bruttoinlandprodukt. D'Käschte vun der Bürokratiediktatur ginn no ënne gedréckt. D'Bürokratie kascht Geld, Nerven an Zäit. Am spéiden Hierscht leet d'Regierung en administrativen Entfesselungsprogramm fir eis Wirtschaft vir.
-
Politique énergétique
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Wien iwwer Kompetitivitéit schwätzt dee muss och ee Wuert iwwer d'Energiepolitik verléieren.
D'Energiefacture laascht schwéier op eiser Economie. Mer musse probéiere se ze reduzéieren.
Zanter der Liberaliséierung vum Stroummaart an Europa kafen eis Entreprisen hire Stroum um fräie Maart. D'Konkurrenz tëschent de Produzente spillt, mee d'Präisser bleiwen héich, ze héich fir eis Betriber. Ergo muss d'Konkurrenz vergréissert ginn. Mer mussen dofir eis Stroumreseauë mat allen dräi statt wéi bis elo nëmme mat zwee vun eisen Nopeschlänner verbannen. Mer mussen iwwerall undocken, eis iwwerall konnektéieren an dann interkonnektéieren. De Stroumpräis besteet awer net nëmmen aus dem Akafspräis, och den Transportpräis spillt eng Roll. D'Transportweeër musse minimal laang, d'Qualitiéit vun de Reseauë maximal performant sinn. Dës qualitativ héichrangeg Reseauë mussen och vun alle potentielle Stroumfournisseure kënne genotzt gi fir datt d'Konkurrenz och praktesch, dat heescht finanziell, beim Klient ukënnt. Dat wat fir de Stroum gëllt, muss selbstverständlech och fir de Gas zielen.
Mer reforméieren d'nächst Joer de Kompensatiounsfong eng zweete Kéier, fir d'Laaschte vun de Betriber nach eng Kéier erofzedrécken. D'Cogeneratioun wäert manner ënnerstëtzt ginn. De Kompensatiounsmechanismus wäert op de Gassekteur ausgedehnt ginn.
Kyoto et politique de l’environnement
Här President,
D'Stéchwuert vun der Energie féiert eis direkt op Kyoto.
D'Bekämpfung vum weltwäite Klimawandel ass – niewt dem Ausradéiere vun der Aarmutt an der Welt – déi zentral ökonomesch, sozial an ekologesch Erausfuerderung vun eiser Zäit. D'Temperatur klëmmt, d'Gletschere schmëlzen an den Niveau vum Mier gëtt méi héich.
Et gëtt vill Leit, a besonnesch vill Europäer – an ënnert hinnen och vill Lëtzebuerger –, déi dëser Problematik de Réck dréine well s'eis Generatioun net existentiell betraff gesinn. "No eis d'Sintflut": nach ni war dësen Irresponsabilitéitsmotto esou richteg wéi haut.
De Klimawiessel an de Klimaschutz sinn awer keng Aufgabe vu mar. Et sinn Aufgabe vun haut.
Intergenerationell Egoisten ignoréieren déi Aufgab. Weltbierger stellen sech hir. Mer wëllen ee Vollek vu Weltbierger sinn.
Kyoto, esou gëtt ëmmer erëm gesot, ass eng schwéier Laascht fir Lëtzebuerg well mer eis CO2-Emissioune bis 2012 ëm 28 Prozent reduzéiere mussen.
Jo, dëse Reduktiounsvolume zu deem déi virlescht Regierung sech international engagéiert huet ass ee Problem. Mee et ass virun allem eng Chance. Eng Chance fir nei Weeër an der gesamter Energiepolitik ze goen, eng Chance fir manner ofhängeg vum Petrol ze ginn, eng Chance fir nei Technologien z'entwéckelen, eng Chance fir méi Energie ze spueren, eng Chance fir méi Energieeffizienz a fir erneierbar Energien, eng Chance fir méi Aarbechtsplazen an den erneierbaren Energien, an der Albausanéierung an an der Energieberodung.
Dës Chance wëlle mer a solle mer notzen. Wa mer se richteg notze gëtt eis Wirtschaft méi kompetitiv well mer se méi nohalteg kënne wuesse loossen.
Wéi gesäit eise Kyoto-Bilan aus?
Vun 1990 bis 1998 hu mer eis CO2-Emissioune vun 12,5 op 8,5 Milliounen Tonnen ofgebaut. 2004 hu se sech awer schon erëm op 12,6 Milliounen Tonne belaf. Bis 2012 riskéiere s'op 14 Milliounen eropzeklammen. Mer däerfen awer net méi wéi 9 Milliounen Tonnen CO2 d'Joer ausstoussen. Dofir muss eppes geschéien.
D'Regierung huet de leschte Freideg ee Kyoto-Aktiounsplang ugeholl deen op dräi fundamental Objektiver erausleeft:
kuerzfristeg geet et drëm déi Kyoto-Ziler zu deene mer eis engagéiert hunn ze respektéieren;
laangfristeg geet et drëm d'Jalone fir eng permanent Strategie géint de Klimawiessel se setzen;
fundamental geet et drëm all Acteur vun der Energiezeen an all Bierger am Land bewosst ze maachen, datt mer alleguer gefuerdert sinn, datt déif strukturell Changementer néideg si fir méi ëmweltfrëndlech Produktiouns- a Konsummodeller ze favoriséieren an datt dës e wichtegen ekonomeschen Differentialavantage duerstelle well s'et erlaben nei Aarbechtsplazen – an zwar heiheem – ze schafen.
Mer wëlle vun der Ofhängegkeeet vun de fossile Brennstoffer ewech. Mer wëlle Weeër siche fir Energie ze spueren. Mer wëllen ewech vun deem engen an hin zu deem anere well eis Wirtschaft vun den Energiepräisser erdréckt gëtt a well Leit mat niddregem Akommes een ëmmer méi groussen Deel vun hirer Pei oder vun hirer Pensioun mussen opbrénge fir eng waarm Wunneng ze hunn.
Eis Moossname betreffen dofir d'Secteure vum Transport, de Gebeier, den erneierbaren Energien an d'Industrie. Den Ëmweltminister stellt déi eenzel Moossnamen an deenen nächsten Deeg méi genau vir. Ech wëll mech haut op déi méi desagreabel Elementer vun eiser Kyoto-Strategie konzentréieren.
Et gëtt eng speziell Kyoto-Kontributioun agefouert. Dës speziell Kyoto-Kontributioun, déi eng Responsabilitéitskontribution ass, hëllt d'Form vun enger progressiver Erhéijung vun den Akzisen um Diesel an um Benzin un. 1990 huet den Transportsecteur 2,6 Milliounen Tonnen CO2-Ausstouss ze veräntwerte gehat, dat war ronn ee Fënneftel vum lëtzebuergesche Klimakillervolume. 2004 waren et 6,8 Milliounen Tonnen CO2, 55 Prozent vun eisem Killerpotential. Vun deene 6,8 Milliounen Tonnen CO2-Ausstouss si 70 bis 75 Prozent duerch de grenziwwerschreidenden Tankverkéier komm. Mer mussen dëse Killerpotential onbedéngt ofbremsen. Ofbremsen an da reduzéieren. Soss kënne mer eist Kyoto-Ziel net erreechen. Mer gi graduell vir. Mer sinn dobäi net näiv: d'Inzidenz vun den Diesel- a Benzinspräisser op de budgetären Equiliber gëtt regelméisseg bewäert. D'Kyoto-Kontributioun, falls et sech als noutwendeg erweist, gëtt am jährleche Rhythmus ugepasst. An enger éischter Phase ass d'Hausse vun den Akzisen déi folgend: den 1. Januar 2007 ginn d'Akzisen um Benzin ëm 2 Cents an um Diesel ëm 1,25 Cent erhéicht. Den 1. Januar 2008 gëtt d'Akzise um Diesel eng weider Kéier ëm 1,25 Cent erhéicht. Déi Kyoto-bedéngten Erhéijung vun den Akzise gëtt indexneutral gestaltet. Si bréngt eis Recette vun 300 Milliounen Euro vun haut bis an d'Joer 2012. De Käschtepunkt vun der Emissiounsreduktioun déi mer virhuele musse beleeft sech op iwwer 500 Milliounen Euro vun haut bis an d'Joer 2012. D'Differenz tëschent dem reale Coût an dem Steierplus musse mer mat normale Budgetsmëttele bestreiden.
No den elementare Regele vum Verursacherprinzip gëtt déi realiséiert supplementar Steierrecette integral an de Kyoto-Fong agespeist. Dëse Kyoto-Fong huet dräi Ziler. E soll innovativ national Reduktiounsmoossname finanzéieren. E soll déi sougenannte flexibel Mechanisme finanzéieren, also en fait Projeten an anere Länner finanziell méiglech maachen. An e soll d'Organisatioun vum Emissiounshandel deen zu Emissiounsreduktioune féiere wäert regelen.
Ech hat Iech den 12. Oktober vum leschte Joer eng Reform vun den Autosteieren ugekënnegt. Dës Reform ass elo fäerdeg. Si trëtt den 1. Januar 2007 a Kraaft. Eis aktuell Autosteier wiisst mat der Gréisst vum Motor. Well awer de Kyoto-Problem en CO2-Ausstoussproblem ass muss a wäert d'Reartikulatioun vun der Autosteier derzou féieren datt Autoe mat engem méi héijen CO2-Ausstouss hu méi staark besteiert wäerte ginn. Si wäert och d'Loftpollutioun duerch d'Emissioune vun de Stéckoxyder an de Feinpartikele mat a Betracht zéien. Esou gëtt en Ënnerscheed tëschent Diesel- a Benzinsautoe gemaach. Mer wëllen zu deem Grapp voll Länner an der europäescher Unioun gehéieren déi d'Autosteier op engem CO2-Kritär, dat heescht dem Kyoto-Kritär baséieren. Net méi d'Gréisst vum Motor, net méi den Hubraum, mee den Emissiounsschued vun engem Auto bestëmmen d'Steierbasis fir d'Autosteier. Esou erreeche mer, datt jiddfereen dee sech en Auto keeft sech beim Choix vu sengem Auto iwwer den Emissiounspotential vu sengem Gefier informéiert. Jee manner Emissiounsdreck en Auto produzéiert ëmsou méi niddreg wäert d'Autosteier sinn. All Joer ginn hei am Land 50.000 nei Autoen ugemellt. Wa 50.000 mol ee méi emissiounsaarmen Auto kaaft gëtt dann huet jiddfereen deen en neien Auto keeft säin individuelle Kyoto-Bäitrag geleescht.
Fir Autoe mat niddregem Verbrauch – Hybridautoen zum Beispiel – wäert d'Autosteier grosso modo déiselwecht bleiwen. Fir déi meescht mëttelgrouss Autoen, fir déi mat raisonnablem Spritverbrauch, wäert och d'Autosteier räsonnabel bleiwen. Jiddefalls méi niddreg wéi an Däitschland a virun allem an der Belsch. Méi zolidd Haussen – bis zu enger Verdräi- a Vervéierfachung vun der Autosteier – wäert et fir déi Autoe ginn déi am meeschten Dreck maachen. Betraff sinn do haaptsächlech grouss Véier-Rad gedriwwe Gefierer déi duerch hiert méi héicht Gewiicht oder hire méi grousse Loftwidderstand extrem vill Benzin respektiv Diesel verbrauchen.
En Auto deen 192 CO2-Gramm pro Kilometer ausstéisst ass haut mat enger Autosteier vun 81 Euro beluecht. D'Autosteier klëmmt fir esou en Auto op 208 Euro, géint 305 Euro an der Belsch.
En Auto deen 260 CO2-Gramm pro Kilometer ausstéisst bezillt haut eng Autosteier vun 126,25 Euro. An Zukunft muss ee fir esou en Auto 526 Euro bezuelt ginn, géint 1.020 Euro an der Belsch.
Der CO2-Problematik komme mer nëmme bäi wa mer laangfristeg Plaz vum öffentlechen Transport an eisem Verkéierssystem stäerken. Mer wëlle bis an d'Joer 2020 eng Opdeelung vum Verkéier zu 75 Prozent op den Individualverkéier an zu 25 Prozent op den öffentlechen Transport erreechen. Ech hat den 12. Oktober 2005 heibanne gesot datt mer der Meenung wieren duerch d'Stad misst en Tram fueren. Mer sinn dësem Ziel e gutt Stéck méi no geréckelt. Den Tram ass en Deel vun engem méi breede Mosaik dee sech ënner anerem duerch Gares périphériques an à terme nei Zuchstrecke vu Lëtzebuerg op Beetebuerg respektiv vu Lëtzebuerg op Esch zesummesetzt. De Fonds du Rail wäert déi néideg finanziell Mëttele fir dës Investitiounen zur Verfügung stellen.
Eng nei Wärmeschutzverordnung trëtt Ufanks 2007 a Kraaft. Si wäert ambitiös Standarde fir den Energiekonsum an neie Gebaier setzen, Standarden déi no un deene vun den Niddregenergiehäiser sinn.
D'Fördermoossname fir erneierbar Energien, vun deene Privatpersoune kënne profitéieren, ginn iwwer den 31. Dezember 2007 eraus virugefouert. Hei kënnt de Moossname fir eng méi héich Energieperformanz vun den Häiser a fir d'energetesch Sanéierung vun de bestehende Gebaier d'Haaptopmierksamkeet zou. Bis zu 30 Milliounen Euro si virgesi fir öffentlech Gebaier energetesch ze sanéieren. Eng Marketingstrategie fir Niddregenergiehäiser gëtt ab 2007 vum Ëmweltminister lancéiert. Biomass an Holz wäerte méi wichteg Energielieferante ginn. Et gëtt e Reseau agesat deen al konzernéiert Acteuren zesummebréngt: privat Bëschbesëtzer, Gemengen, zoustänneg Verwaltungen an anerer. D'Biomass als Energielieferant wäert eng nei Akommesquell fir eis Landwirtschaft ginn. Speziell d'Gemenge sinn opgefuerdert, bei neie Projeten d'Wärmeproduktioun duerch Holzhackschnitzel-Förderungsanlagen oder Holzpellets-Anlagen ze garantéieren.
D'Aspeisung vu Biogas an den natierleche Gasreseau gëtt ënnersicht. Hei ass den Aspuerpotential grouss. Et musse méi Bio-Carburanten a méi Bio-Diesel op de Maart kommen. D'Regierung ënnerstëtzt all Efforten an déi Richtung. Zu Lëtzebuerg ginn am Joer 2,7 Milliarde Liter Benzin an Diesel verkaaft. Et kann ee sech also virstelle wat de Wee a Richtung Bio-Carburant a Bio-Diesel un Aspuerungspotential ka bréngen.
Mer stellen en zweeten nationalen Allocatiounsplang a Saachen Emissiounshandelsregelung fir d'industriell Betriber op. Dëse Plang muss bis den 30. Juni bei der EU-Kommissioun agereecht ginn.
Fir datt déi déi fir deen Aktiounsplang fir Emissiounsreduktioun zoustänneg sinn ënnerwee net vu Muskelschwund befal gi setzt d'Regierung eng Taskforce an déi d'Ëmsetzungsaarbechte suivéiere soll. Dës Taskforce leet regelméisseg d'Ëmsetzungsbilane vir.
Et geet net duer d'Absicht ze hunn d'Emissiounen ze reduzéieren. Et muss derfir gesuergt ginn datt s'effektiv reduzéiert ginn.
Diversification économique
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Déi lescht Wochen hu schlecht Noriichte vun der Wirtschafts- a Beschäftegungsfront bruecht. TDK, Villeroy & Boch, WSA, Monopol an esou weider si Réckschléi fir d'Land. Si si virun allem en individuellen Drama fir déi betraffe Männer a Frae vun heiheem a vu ronderëm.
Esou schlëmm wéi déi Virgäng och sinn, mir däerfen elo de Kapp net hänke loossen.
Et gëtt Echecen, jo. Mee mir hunn an deene leschte Joren och muenches fäerdeg bruecht wat mer eis selwer a wat déi aner eis net zougetraut hätten.
An de 70er an den 80er Jore vum leschte Jorhonnert – wéi mer eis zu Lëtzebuerg mat der Stolkris erëmgeklappt hunn an iwwerzeegt waren, Lëtzebuerg hätt seng beschten Zäiten hannert sech – do hu jonk Leit ouni Soue mee mat Iddien an de Kelleren an an de Garage vun den amerikanesche Virstied d'Informatiounsrevolutioun agelaut. Microsoft, Apple, AOL, E-bay an anerer sinn entstan.
Si waren net fir eis geduecht. Mee elo si se hei. Well mer se siche gaang si wéi se sech no enger Ankerplaz an Europa ëmgekuckt hunn. Et war net einfach fir se ze kréien. Et kascht grouss Efforte fir datt mer der méi kréien. Mee déi déi mer méi kënne kréie sinn ënnerwee. Vu datt mer kënne wa mer wëlle kréie mer s'och. Mer wëllen an der Techno-Parad an der éischter Rei matdanzen.
Et ass am Techno-Beräich scho vill geschitt.
Déi grouss E-Playere sinn zu Lëtzebuerg ukomm a bedéngen Europa vun hei aus mat hire Produkter. Dee leschten an der Série ass Digital River, dee weltwäit gréissten Informatiounsgrossist.
Wichteg Banke siedlen hiert d'Datenzentrum bei eis un.
Am Medien- a Kommunikatiounsberäich schaffen haut scho vill Leit. Mer sinn zouversiichtlech datt et der nach méi gëtt.
Fir datt dës E-Betriber komme muss de Kader stëmmen. Un deem Kader schaffe mer.
Mer hunn d'TVA-Säz op den digitalen Televiounsservicer op 3 Prozent ofgesenkt, de Paquet Telecommunicatiounen huet d'Chamber Mëtt 2005 passéiert.
Mer hunn endlech de Plan sectoriel "Antennen" ëmgesat, am Beräich vun der Breetbandkommunikatioun si mer vun der 16. op déi 8. Plaz an der Europa-Skala no vir gesprongen. An engem Joer. Mer kënne wa mer wëllen.
Am Mäerz hu mer eng nei UMTS-Lizenz ausgeschriwwen.
Elo musse mer eis intensiv mat der Fro vun der internationaler Konnektivitéit, dat heescht mam Ubanne vu Lëtzebuerg un déi grouss Daten-Autobunnen an Europa bekëmmeren.
A priori ass eis Ubannung un dat internationalt Netz ganz gutt. Mee mëttelfristeg hu mer net méi genuch Kapazitéiten. Si mussen elo kuerzfristeg ausgebaut ginn, besonnesch och fir den Entreprisen déi hei sinn oder nach komme wëlle Sécherheetsprevisibilitéit z'offréieren. D'Infrastrukture vu Ponts et Chaussées an CFL mussen technologiezielorientéiert genotzt ginn.
Mer sinn am E-Beräich um gudde Wee. Och d'Finanzplaz huet eng Kéier ganz kleng ugefaang. Et muss en ëmmer erëm kleng ufänke wann ee wëllt grouss ginn. Am E-Secteur si mer schon no e puer Joer net méi kleng. D'Kand entwéckelt sech. Dat ass gutt esou.
II. D'Beschäftegungspolitik huet absolut Prioritéit
Politique de l’emploi
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
D'Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeet ass eng kruzial Aufgab vu Staat a Gesellschaft. Si ass déi alleréischte Prioritéit vun der Politik, si misst d'Prioritéit vu jiddferengem sinn.
Déi Aarbechtsmaartpolitik op déi mer eis an der Regierung an duerno an der Tripartite gëeenegt hunn ass eng déi d'Aarbechtslosegkeet verhënnere soll. Et ass eng déi d'Leit déi um Aarbechtsmaart ënnerwee sinn aktivéieren a responsabiliséiere muss. Mer brauchen nees eng regelrecht Vollbeschäftegungsmentalitéit zu Lëtzebuerg statt datt mer d'Aarbechtslosegkeet passiv erdulden: dofir muss d'Aarbechtsmaartpolitik präventiv an aktiv zugläich sinn.
— D'Aarbechtslosegkeet verhënneren.
Et geet fir d'éischt emol drëm den Aarbechtsplazverloscht a sengem Risikoopbau fréi genuch, méi fréi wéi bis elo z'erkennen.
-
Dofir muss all Betrib mat méi wéi foffzéng Beschäftegten dem Konjunkturkomitee an Zukunft all wirtschaftlech bedéngten Entloossunge matdeelen. Esou kënne mer besser gesinn datt an engem Betrib een Aarbechtsplazofbaurisiko amgaang ass z'entstoen.
-
Dofir gëtt elo no der drëtter Demande op Kuerzaarbecht déi e Betrib areecht e wirtschaftlechen a sozialen Audit duerchgefouert. Dësen Audit soll de Betrib wirtschaftlech op Häerz an op Niere préifen a sech mat senger sozialer Weiderentwécklung am Detail ofginn.
-
Wann e puer wirtschaftlech bedéngten Entloossungen an engem Betrib stattfonnt hunn, da kënnt et zur Opstellung vun engem sougenannte Beschäftegungserhalungsprogramm. Dëse Programm soll Alternativen zu weideren Entloossungen opzeechnen. Esou e Plang kann zum Beispiel virgesinn de Salariéen déi riskéieren an de Chômage ze kommen direkt eng Formatioun en vue vun enger neier Aarbechtsplaz unzebidden, ouni datt se virdrun e puer Méint duerch de Chômage transitéiere mussen. De Staat bedeelegt sech un de Käschte vun dëse Formatiounsprogrammer.
-
Fir d'Leit méi aarbechtsmaartsécher ze maache féiert d'Edukatiounsministesch zesumme mat den Acteuren um Terrain, hir Politik vu liewenslänglecher Ausbildung op engem gesteigerten Niveau virun.
-
D'Aarbechtslosegkeet kann een och verhënneren doduerch datt een d'Instrument vun der Préretraite-Ajustement zum Asaz bréngt. Mee d'Préretraite däerf keng Alibiléisung ginn, eng fir déi optéiert gëtt well keng aner gesicht ginn ass. Dofir geet de Préretraite-Wee an Zukunft nëmme méi am Kader vum neie Beschäftegungserhalungsplang op. Am Prinzip muss de Betrib, net wéi bis haut tëschent 0 a 50 Prozent, mee tëschent 30 bis 75 Prozent Finanzéierungsundeel un der Préretraite iwwerhuelen.
-
Fir d'Neiastellung vu Leit déi duerch eng Restrukturéierung hir Aarbecht verluer hunn z'akzeleréiere kënnen d'Betriber déi Leit astellen déi aus enger Entreprise mat Beschäftegungserhalungsplang komme genau déiselwecht Astellungshëllefe kréie wéi déi déi hinnen normalerweis zousti wa se e Chômeur embauchéieren. Dat erlaabt e méi séiere Reklassement vun Entloossungsbedrohten an erspuert dësen et fir d'éischt emol e puer Méint Bekanntschaft mam Arbeitsamt ze maachen.
— Mir mussen d'Acteuren um Aarbechtsmaart frësch responsabiliséieren an d'Aarbechtsmaartpolitik aktivéieren.
-
Dofir riichte mer en Appell, en Appell deen dringend ass, un d'Gewerkschaften an un d'Patronen endlech a verstäerkt hiren Obligatiounen nozekommen déi s'op Grond vum PAN-Gesetz vun 1999 hunn. Dëst Gesetz zwéngt se bei Kollektivsvertragsverhandlungen net nëmmen iwwer de Loun am Betrib, mee och a virun allem iwwer d'Beschäftegung am Betrib ze verhandelen. Si sollen dëser gesetzlecher Obligatioun nokommen, si sollen dat maache well se hunn dat an der Tripartite versprach. Ech hoffen datt dat keng eidel Versprieche sinn. 1999 waren et jiddefalls keng ganz voll Verspriechen.
-
An deem Zesummenhank si mer frou iwwer d'Offer vun de Patronatsorganisatioune bis zu 1.000 nei Léierplazen an e puer honnert supplementar Plaze fir Insertiounsstage fir déi Jonk a Réinsertiounsstage fir déi eeler Aarbechtsloser zur Verfügung ze stellen.
-
Spéitstens 6 Méint no senger Aschreiwung um Arbeitsamt muss all Jonken eng Aarbechtsplazmoossnam, e Stage oder eng Formatioun vun der ADEM ugebuede kréien. D'Jugendaarbechtslosegkeet bekämpft ee mat Aarbecht a mat Beschäftegung, et bekämpft ee se net mat Indemnitéite fir näischt ze maachen.
-
Aarbecht fënnt een net nëmmen iwwer d'Arbeitsamt. Et kann ee sech och selwer eng Aarbecht sichen. An Zukunft muss all Aarbechtslose beweise kënnen datt e sech selwer ëm eng Aarbechtsplaz beméit huet. D'kollektiv Solidaritéit däerf déi individuell Responsabilitéit net suppriméieren.
-
Am Prinzip gëtt an Zukunft d'Entschiedegungsperiod fir Chômage proportional zur effektiver Dauer vun der Beschäftegungsperiod ausgeriicht. Een deen nëmme 6 Méint geschafft huet soll keng Entschiedegung kréien déi méi laang dauert.
-
Am Prinzip gëtt d'Erwuesseneléier erëm hirem initiale But zougefouert, dat heescht de Leit iwwer 25 Joer reservéiert.
-
D'ADEM an d'Interimsgesellschafte musse méi enk zesummeschaffen. D'Interimsgesellschafte gi vum Staat finanziell ënnerstëtzt wa s'et fäerdeg bréngen e Chômeur via Zäitaarbechtsvertrag definitiv an e Beschäftegungsverhältnis ze bréngen.
Politique de l’enseignement
Här President,
D'Aarbechtslosegkeet betrëfft dacks déi Jonk.
Dofir kënnt der Schoulpolitik eng enorm Bedeitung zou. Mee d'Schoul kann net alles maachen: allgemeng geet een dervun aus datt de Succès an der Schoul nëmmen zu engem Véierel vun der Schoul selwer ofhänkt. Déi aner Explikatiounsdeeler vum Succès an der Schoul leie bei den Elteren, de Schüler selwer a bei der Ëmwelt am breede Sënn vum Wuert. Dofir däerfe mer d'Schoul, d'Professeren an d'Schoulmeeschteren net fir alles responsabel maache wat schief leeft. Si maachen eng schwéier Aarbecht a si maachen dës Aarbecht mat vill Engagement a Devouement, ouni duerfir déi richteg Unerkennung vun der Gesellschaft ze kréien. D'Gesellschaft tendéiert derzou sech ze deresponsabiliséieren andeems se d'Schoul iwwerresponsabiliséiert.
Mee dee Véierel fir deen d'Schoul fir de Succès-Trajet zoustänneg ass, dee muss s'optimal notzen.
Dofir musse mer d'Missioun vun der Schoul a vun den Enseignanten redefinéieren. Dofir brauch een net alles op d'Kopp ze werfen. Mee d'Edukatiounsministesch an d'Enseignante mussen zesummen un der Schoul vun der Kompetenz schaffen. Fir all Schoulniveau a fir all Schoulstuf, am Primaire esou gutt wéi am Secondaire, um Enn vun der obligatorescher Schoulzäit esou gutt wéi op den Zwëschenetappen, muss ee Sockel vu Kompetenze festgeluecht ginn déi de Schüler muss maîtriséieren. Dës Aarbechte sinn amgaang, si gi mat den Enseignante gemeinsam gemaach, Enseignante vun deene mer menge si hätten et méi einfach wann an eise Schoulen den Equipegeescht géif wuessen. En Enseignant eleng, deen och dacks eleng muss eens ginn, kann net esouvill fäerdeg brénge wéi eng Equipe vun Enseignanten déi systematesch zesummeschafft, zesummeschwätzt, zesummeberéit an zesummenorientéiert. Hir Tâche soll net nei geregelt gi well mer op der Schoul wëlle spueren – am Géigendeel: si gëtt vill méi deier – oder well mer d'Enseignante wëllte piesaken. De Problem ass datt d'Missioun vum Enseignant muss frësch beschriwwe ginn. De Problem ass datt d'Schülerzuel konstant wiisst – mir hunn 30.200 Sekundarschüler haut géint 16.200 am Joer 1970 – an datt mer net genuch Enseignanten hunn – 3.894 haut, 1.046 am Joer 1970. D'Schülerzuel ass ëm 87 Prozent ugewues, déi vun den Enseignanten ëm 272 Prozent. D'Zuel vun den Enseignanten ass also méi séier gewues wéi d'Zuel vun de Schüler. Mee vun 1999 bis 2006 hätten 1.175 Professereplazen kënne besat ginn. Or et sinn awer nëmmen 935 Professere rekrutéiert ginn. 240 Plaze sinn net besat ginn, net well mer hätte wëlle spueren, mee well déi richteg Leit net zur Verfügung stungen.
Ech sinn iwwerzeegt dervun datt eis Enseignanten dee Problem verstinn an datt se hëllefen, zesumme mat der Edukatiounsministesch, dës Problemer ze léisen.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Am leschte Schouljoer hunn 1.984 Schüler d'Schoul ouni Ofschloss verlooss. Dat kann engem egal sinn. Mir ass dat net egal. 320 vun hinne maache bis haut näischt. Si schaffen net, si sinn a kenger Beschäftegungsmoossnam, si maachen eben näischt, si si sech selwer iwwerlooss. Hinnen offréiere mer vum nächste Joer un e fräiwëllegt Sozialjoer. Well mer se wëlle beschäftegen. Well jiddferee gebraucht gëtt, an Altersheimer, an de sozialen Institutiounen, iwwerall. D'Jugendministesch wäert Iech hire Beschäftegungsplang fir déi beschäftegungslos Jugendlech deemnächst virstellen. Et läit op der Hand datt dem organiséierte Suivi vun deene jonke Beschäftegungslosen déi solle beschäftegt ginn eng primordial Bedeitung zoukënnt. Mee mer kënnen net tatenlos nokucke wéi all Joer 300 Jonker an d'Welt entlooss ginn ouni d'Welt ze fannen. All Joer 300 Jonker déi keng Liewensorbite fannen: dat sinn der 1.500 a fënnef Joer. Wa mer näischt maache fir datt si eng Plaz fannen, da fanne mer s'op Plazen erëm déi se hir Plaz am Liewe net fanne loossen. D'Jugendpolitik huet als éischt Aufgab sech ëm dës Jonk ze bekëmmeren. D'Jugendministesch stellt sech däer Aufgab.
Logement
Här President,
Dee leschten 12. Oktober hunn ech mech heibannen iwwer d'Fehlentwécklungen um Wunnengsmaart geiergert.
Obschon d'Zuel vun de Baugenehmegunge vun 2.956 am Joer 2002 op 4.662 am Joer 2005 eropgaang ass, obschon d'Baupräisser an d'Loyere sech e bësse stabiliséiert hunn, besteet ëmmer nach Ulass zur Wunnengssuerg.
De Logementsplang deen ech Iech am Oktober ugekënnegt hat, dee läit elo vir. De Wunnengsbauminister wäert e geschwënn am Detail virstellen – well en enthält vill Detailer. Ech hunn haut just Zäit fir op seng grouss Zich ze kucken.
Dee Programm gesäit an éischter Linn e regelrechte Wunnengsbaupakt tëschent Staat a Gemenge vir. Bei der Baulanderschléissung a bei der Wunnengsbaufuerderung hu Staat a Gemengen eng gemeinsam Verantwortung ze droen. Si mussen Hand an Hand a Verstand a Verstand schaffen.
De Staat ass prett all Gemengen eng substantiell finanziell Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen déi sech duerch eng Konventioun mat him engagéiere Wunnengsbauentwécklungspläng opzestellen. Dës Wunnengsbauentwécklungspläng sollen et erméiglechen hir Awunnerzuel innerhalb vun zéng Joer ëm méi wéi 15 Prozent wuessen ze loossen. Si sollen et erméiglechen datt d'Gemengen d'Baulanderschléissung méiglechst séier a méiglechst präisgënschteg realiséieren. Mécht eng Gemeng mat, am Kader vun esou engem Wunnengsbauentwécklungsplang, da kritt se 4.500 Euro Kapitalhëllef vum Staat fir all supplementaren Awunner.
Déi Gemengen, deenen hir Entwécklung laut IVL prioritär ass an déi bereet si gréisser zesummenhängend Arealer z'erschléissen a méi dicht bebauen ze loossen déi kréien eng staatlech Bäihëllef déi 50 Prozent méi héich läit wéi déi virdru beschriwwen.
An all Lotissementer vu méi wéi engem Hektar sollen 10 Prozent vun der Surface fir d'Realisatioun vu präisgënschtege Wunnenge reservéiert ginn.
Staat a Gemenge musse méi efficace op d'Baulanderschléissung an d'Baulandpräisser awierke kënnen. Duerfir brauche se méi eng staark "maîtrise" vu Grond a Buedem a vu potentielle Baulandzonen.
Staat a Gemenge musse gemeinsam méi aktiv um Immobiliemaart ginn an d'Terrainen ënner der Form vun engem "bail emphytéotique" fir Wunnengsbauprojeten zur Verfügung stellen. De Staat ass bereet de Gemenge 50 Prozent vun den Uschafungskäschte vun esou Terrainen bäizeleeën. De Bail emphytéotique, e Pachtvertrag vun 99 Joer, ass sécherlech dat wierksamst Mëttel fir d'Baupräisser substantiell ze reduzéieren. Dofir gëtt d'Gesetz iwwer d'Emphytéose an den Droit de superficie vun 1824 iwwerschafft an ugepasst.
D'Gemenge sollen des weiteren e Virkaafsrecht kréie fir gréisser Terrainen opzekafen déi an Entwécklungs- oder Baulandsreservezone leien. Déi zäitlech begrenzte staatlech Virdeeler beim Verkaf vun Immobilie lafen den 31. Dezember 2007 of – esou wéi ech Iech et den 12. Oktober 2005 gesot hat – a ginn ersat duerch eng partiell oder total Steierexemptioun beim Verkaf vun Immobilien un d'Gemengen oder un de Staat.
Fir géint d'Baulandspekulatioun oder Zréckbehale vu potentiellem Bauland virzegoen, hunn d'Gemengen zwar schon zënter Joren e legalt Mëttel: si kënnen e Baugebot op esou Terraine virschreiwen. Déi domat verbonnen Enteegnungsprozedur huet s'awer dervun ofgehal op d'Instrument vum Baugebot zréckzegräifen.
Dofir ass elo virgesinn niewent der Expropriatioun – déi iwwregens duerch eng Ëmännerung vum Artikel 16 vun der Verfassung erëm raisonnabel Delaien erméigleche soll – als Alternativ eng spezial Taxe anzeféieren. Dës spezial Taxe gëtt de Gemengen d'Méiglechkeet een iwwerdriwwent Zréckbehale vu Bauterraine finanziell ze bestrofen.
Mee d'Gemengen däerfen awer och net selwer derzou bäidroen, d'Bauland onnëtzerweis ze verdeieren. Dofir gëtt eng entspriechend Ofännerung vum Artikel 34 vum Gesetz iwwer de kommunalen Amenagement virgeschloen.
De Fonds du Logement huet säi Bauprogramm fir de subventionnéierte Wunnengsbau verduebelt. Ech hoffen datt d'Gemengen an aner Promoteuren duerch dësen Aktiounsprogramm ugespornt gi fir och hire Beitrag zur Vergréisserung vun der Offer vu bezuelbarem Wunnraum ze leeschten.
Wann een iwwer Wunnengsbau referéiert, da muss een och op d'Wichtegkeet an op d'Dringlechkeet vun der Reform vum Mietgesetz hiweisen. D'Regierung hätt gäer, datt dëse Gesetzesprojet, dee scho méi laang um Instanzewee ass, méiglechst schnell vun der Chamber votéiert gëtt. Dëse Projet wäert d'Investitiounen an de Mietwunnengsbau erëm méi intressant maachen. E wäert zu engem méi héijen Ugebuet vu Mietwunnenge bäidroen. Hie gëtt de Gemengen awer och nei Méiglechkeeten, fir géint den zweckentfremdete Gebrauch vu Wunnhäiser virzegoen, e Problem dee sech jo besonnesch an der Haaptstad Lëtzebuerg negativ op de Wunnengsmaart auswierkt. Hien erlabt desweideren eng besser Iwwersiicht iwwer d'Zuel vun den eidelstoende Wunnengen ze kréien. All Gemeng ass fräi eng eventuell spezial Taxe op eidele Wunnengen anzeféieren. Och an dësem Rayon ass den Handlungsbedarf net kleng.
Wa mer et fäerdeg bréngen d'Offer u Bauterraine méi grouss an domat d'Bauterraine méi bëlleg ze maachen, da wier ech frou. Wa mer nach eng Kéier scheiteren – Staat a Gemengen zesummen –, da weess ech menger Hänn kee Rot méi.
Datt d'Bauen an d'Wunnen zu Lëtzebuerg méi deier ass wéi zu Paräis a wéi zu London weist datt mer se net méi alleguer hunn.
III. Zukunftsgestaltung brauch konsolidéiert Staatsfinanzen
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn an de vergaangenen Deeg – haaptsächlech zanter dem Ofschloss vun den Tripartite's-Aarbechten – ëmmer erëm héiere mussen – och aus dem Mond vun dësem oder deem dee méi oder manner passiounslos ronderëm den Dësch vun der Tripartite souz – mer hätten eis déi leschte Méint nëmmen ëm d'Staatsfinanze bekëmmert an et wier der Regierung schliesslech och gelongen, d'Finanzproblemer vum Staat ze léisen. Wann ee Finanzminister ass, da kann een dat mam allerbeschte Wëllen net direkt als eng Beleidegung empfannen. An trotzdem ergëtt déi reng finanzpolitesch Beschreiwung eng total onkomplett Würdegung vun eisen Aarbechten. Well s'ignoréiert bewosst oder onbewosst – am Regelfall awer bewosst – wat hannert dësen Aarbechte stécht. Si gëtt, fir et mam Lenin ze soen, "den Dingen hinter den Dingen" net gerecht.
Mer hunn den Androck ginn nëmmen iwwer d'Staatsfinanzen diskutéiert ze hunn, okay. En fait hu mer awer iwwer de finanziellen Impakt vun der adäquater Zukunftsvirbreedung geschwat.
Priorités et initiatives
Mer hunn iwwer dat geschwat wat fir déi nächst Jore wichteg ass. Fir déi al-nei an déi ganz nei Prioritéiten ze finanzéiere brauche mer enorm finanziell Mëttelen, méi Mëttele wéi bis elo. Mer hu musse mat de Sozialpartner iwwer déi al-nei an déi ganz nei Prioritéite schwätzen. Se betreffe si direkt, se gi si direkt un, se betreffen eist Wirtschafts- a Sozialgefüge. Dofir hu mer och musse mat de Patronatsorganisatiounen a mat de Gewerkschaften iwwer déi Aspuerunge schwätzen déi mer hikréie musse fir déi Marge fräizeleeën déi mer brauche fir d'Prioritéite vun eiser Politik kënnen ze finanzéieren.
Wat wëlle mer a wat brauche mer an den nächste Joren?
Fir d'staatlech Bedeelegung un de Kannergeld, Pensiouns- a Krankekeese brauche mer am Joer 2009 mindestens 2,8 Milliarden Euro. Am Joer 2000 hu mer dofir 1,5 Milliarden Euro gebraucht. Dës Politik kascht also am Joer 2009 1,3 Milliarden Euro méi wéi am Joer 2000. Mer wëllen net op de Kanner, mer wëllen net op de Rentner, mer wëllen net op de Kranke spueren. Also musse mer dës Mehrausgabe finanzéieren. Jiddferee war domat d'accord. Dont acte.
Mer wëllen a mir brauche modern Spideeler. Da musse mer vun elo un bis an d'Joer 2017 500 Milliounen Euro, iwwer 20 Milliarde lëtzebuerger Frang, méi opbréngen. Fir déi Projeten déi lafen a fir nei Projeten déi kommen.
Mer wëllen a mir brauchen Altersheimer. Si kaschten eis an den nächsten dräi Joer 150 Milliounen. Wann ee mengt mer bräichten dës nei Altersheimer net, da soll en dat mar hei soen. Kee wäert dat soen. Dont acte.
Mer wëllen a mir brauchen eng méi konsequent Logementspolitik. Si kascht eis bis an d'Joer 2009 ronn 300 Millioune méi. Wien der Meenung ass mer sollen am Beräich vun der Wunnengsbaupolitik spueren, dee soll dat soen. Kee wäert dat soen. Dont acte.
Mer wëllen a mir brauche méi Soue fir d'Sécherheet vun de Leit hei zu Lëtzebuerg ze garantéieren. Dat schléit 2007, 2008 an 2009 mat 750 Milliounen Euro zu Buch. Wien der Meenung ass mir bräichte manner Sécherheet, manner Sécherheetsefforten, dee soll dat mar hei soen. Kee wäert dat soen. Dont acte.
Mer wëllen an deenen nächste Jore méi Klimaschutz bedreiwen. Dat ass eis moralesch Aufgab. Dat ass eisen Engagement fir eng besser Welt. Dësen Engagement bedéngt en Investissement vu méi wéi 500 Milliounen Euro bis an d'Joer 2012. Wie géint dësen Engagement ass, wien dës moralesch Responsabilitéit net a sech selwer spiert, dee soll dat soen. Ech hoffe kee wäert dat soen. Dont acte.
Mer wëllen a mir brauchen méi Accueilstrukturen a méi Crèche fir eis Kanner. Mer mussen de Leit de Choix tëschent Beruff a Famill loossen. Mer imposéiere keng Liewensmodeller. Mer sinn net Meeschter iwwer d'Liewe vun de Leit. A well mer keng Liewensmodeller wëllen imposéieren, well mer eis net Meeschter iwwer de Leit hiert Privatliewe maache wëllen, musse mer och de Choix fir Beruff a fir Famill, de parallele Choix fir Beruff a Famill zouloossen, favoriséieren a begleeden. Mer hunn haut 8.000 Versuergungsplaze fir d'Kanner, mer brauchen der bis 2013 ronn 30.000, 10.000 méi vun elo u bis 2009. Den Accueil vun de Kanner ausserhalb vun de Schoulzäiten huet am Joer 2000 näischt kascht, e kascht an de Joren 2007, 2008 an 2009 tëschent 150 an 180 Milliounen Euro, mat de Crèchen derbäi 230 bis 250 Milliounen Euro. Wëlle mer dat oder wëlle mer dat net? Wien dat net wëllt, wie gäeren hätt datt d'Leit net eens ginn an hirem Getessels tëschent Beruff a Famill, dee soll dat mar hei soen. Kee wäert dat soen. Dont acte.
Mer wëllen a mir brauche performant Schoulen. D'Zuel vun de Schüler wiisst, mer brauchen dofir nei Schoulgebaier, méi Klassen, méi didaktescht Material. Mer wëllen d'Schoul net futti spueren, mer brauche vill méi Soue wéi bis elo fir eisen Enseignement. D'Schoul huet am Joer 2000 550 Milliounen Euro kascht, si wäert an deenen nächste Joren tëschent 1.100 an 1.200 Milliounen Euro d'Joer kaschten. Wien der Meenung ass se soll manner kaschten, dee soll dat mar hei soen. Wien der Meenung ass d'Tâche vun den Enseignante soll net nei definéiert ginn dee soll dat mar hei soen. Ech si gespaant.
Mer wëllen a mir brauchen en öffentlechen Transport dee gutt funktionnéiert: seng Detailorganisatioun muss iwwerpréift ginn, mee de Fonds du Rail brauch ees wéi ees iwwer 200 Milliounen Euro d'Joer an de kommende Joren an de Persounentransport opmannst 250 Milliounen Euro d'Joer vun 2008 un. Wien der Meenung ass den no Iwwerpréifung reforméiereten öffentlechen Persounentransport bräicht manner Geld, dee soll dat mar hei soen.
Mer wollten eng Uni well mer eng Uni gebraucht hunn. Si brauch ronn 200 Milliounen an den nächste Joren. Wie mengt e géif mat manner auskommen, dee soll dat mar hei soen. Wie mengt et kënnt ee mat manner auskommen, dee soll soe wou ee mat manner kann auskommen.
Mer wëlle méi Recherche well mer brauche méi Recherche. Wa mer se wëllen, da brauche mer fir Fuerschung an Innovatioun an de Joren 2007, 2008 an 2009 ronn 500 Milliounen Euro méi. Mer brauche 500 Milliounen Euro méi fir datt mer vun der Plaz kommen. Am Joer 2000 hu mer just penibel 20 Milliounen Euro missen opbréngen. Wie mengt d'Fuerschung géif mat manner auskommen, wie méngt d'Innovatioun soll manner kaschten, dee soll dat mar hei soen.
Neen Här President, déi déi soe mer hätte just iwwer d'Vergaangenheet an iwwer Aspuerunge geschwat, déi iere sech. Mer hunn iwwer d'Liewensplanung vun eisem Land geschwat. Iwwer dat wat alternativlos muss sinn. A mer hunn iwwer d'Weeër geschwat wéi mer eis öffentlech Finanze mussen ausriichte fir méi Fuerschung, fir eng besser Schoul, eng méi durabel Ëmwelt, méi bëlleg Logementer, méi performant Transportweeër, eng besser Kannerpolitik, eng solidaresch Politik fir Al a Jonk ze garantéieren.
Ech hunn Iech gesot datt dës Politiken an d'Geld schloen. D'Zukunft kritt een net fir näischt. Wann een d'Zukunft wëllt kréien, da kann een net Alles direkt an net alles ouni Ofstrécher wëllen. Da muss een op anere Pläng Fouss bei Mol halen. Et sief dann et wëllt een alles behale wat mer hunn, alles derbäi kréie wat mer brauchen, Scholde maachen, Defiziter maachen, ouni un déi ze denken déi no eis kommen an déi net wëllen an eise Scholden an an eisen Defiziter ënnergoen.
Déi Aspuerungen déi mer gemaach hunn ergi sech aus däer Politik an aus deenen Zukunftsprioritéiten déi ech beschriwwen hunn.
D'Indexmodulatioun déi der Kompetitivitéit op d'Spréng soll hëllefe schléit sech am Budget vum Zentralstaat mat enger Economie vun 220 Milliounen Euro bis 2009 nidder.
Der CGFP hu mer eng Lounpaus fir d'Joren 2007 an 2008 proposéiert. Eng net Erhéijung vum Punktwäert géif eis bis d'Joer 2009 80 Millioune méi iwwreg loosse fir aner Politiken ze maachen. Ech sinn iwwerzeegt, datt eis Staatsbeamten, déi responsabel a solidaresch sinn, sech keng Lounerhéijunge fir d'Joren 2007 an 2008 erwaarden.
D'Investitioune kierze mer par rapport zu eise Pläng bis zu 660 Milliounen Euro an deenen nächsten dräi Joer. D'Investitioune klamme virun, si klamme just manner héich wéi geplangt.
Duerch ee méi luest Uklamme vun den Neiastellunge beim Staat an duerch substantiell Aspuerunge bei de staatleche Funktionnementskäschte gewanne mer 125 Milliounen Euro bis an d'Joer 2009. D'Funktionnementskäschte vum Staat bedroen am Joer 2006 2,4 Prozent vum nationale Bruttoinlandprodukt. Se ginn op en Niveau vun 2,1 Prozent am Joer 2009 ofgesenkt.
Eleng fir d'Rentekeese musse mer tëschent 1 Milliarde an 1,1 Milliarden d'Joer an nächster Zäit opbréngen. Ech war dofir frou datt d'Sozialpartner dermat d'accord waren, Ausgabe vu ronn 70 Milliounen Euro am Joresduerchschnëtt op d'Pensiounskeesen z'iwwerdroen. 'T ass evident datt den eigentleche Staatsbudget huet transferméisseg mussen entlaascht ginn.
De staatleche Beitrag fir d'Fleegeversécherung gëtt op 140 Milliounen Euro d'Joer agefruer. Am Géigenzuch klëmmt d'Kotisatioun fir d'Fleegeversécherung vun 1 op 1,4 Prozent, dat vum 1. Januar 2007 un. D'Fleeg ass néideg, mee si ass och deier. Dofir ginn d'Leeschtungen an d'Performance vun der Fleegeversécherung am nächste Joer kritesch iwwerpréift. Egal wéi: jiddferee weess datt eng Kotisatioun vun 1,4 Prozent, iwwer d'ganz Liewe bezuelt, dacks net am Entferntesten un d'Käschte vun der Fleeg erukënnt déi een enges Dags vläicht muss brauchen. Ee Fleegefall "kascht" – wann een dat esou soe kann – an der Moyenne 2.500 Euro de Mount, 30.000 Euro d'Joer.
D'Kotisatioun fir d'Fleegeversëcherung gëtt op dem gesamten Akommes erhuewen, net nëmmen um Loun, och op de Loyeren, den Dividenden, an esou weider. Si kann net vun de Steieren ofgesat ginn. Deen dee vill verdéngt muss netto méi bezuelen. Deen dee brutto manner verdéngt, muss netto vill manner bezuelen. De Mindestloun gëtt den 1. Januar 2007 ëm ronn 40 Euro erhéicht. 4,5 Euro vun deem Mindestlounplus ginn an d'Fleegeversécherung, et bleiwt eng real Lounerhéijung vu 36 Euro de Mount, vu 432 Euro d'Joer. D'Fleegekotisatioun vum Mindestlounbezéier geet vun 11,37 Euro de Moment op 15,78 Euro de Mount, 189 Euro d'Joer erop. Ee wéi de Staatsminister, dee beschtbezuelte Staatsbeamten, bezillt vum 1. Januar 2007 u ronn 200 Euro Fleegekotisatioun de Mount, 2.400 Euro d'Joer géint 1.700 Euro haut, 700 Euro méi wéi bis elo. Ee wéi de Staatsminister bezillt zwielef an en halleft Joer an ier en e Betrag vun engem Joer Fleeg erbruecht huet. E Mindestlounbezéier bezillt a senger ganzer Carrière 7.560 Euro an, dat heescht däitlech manner wéi déi 30.000 Euro déi am Duerchschnëtt ee Fleegejoer kascht. Dëse Finanzéierungssystem ass sozial gerecht. An dofir ass en och richteg.
Fir d'Kannergeldkeess muss de Staat tëschent 2,3 an 2,8 Milliarden Euro an den nächsten dräi Joer bereetstellen, fir den Accueil vu Kanner tëschent 150 an 180 Milliounen Euro. Dofir desindexéiere mer d'Prestatioune vun der Kannergeldkeess a kënnen esou dës méi deier Politik mat 100 Milliounen Euro géigefinanzéieren.
De Renten- a Pensiounsajustement gëtt net beieneen op den 1. Januar 2007 ausbezuelt. Mer deelen den Ajustement an Tranche vun all Kéier engem Prozent op den 1. Juli 2007 an den 1. Juli 2008 op. Esou verbessert sech den Equiliber vum Gesamtstaatshaushalt ëm bal 50 Milliounen Euro eleng am Joer 2007.
D'Solidaritéitssteier klëmmt ëm 1 Prozent. De Chômage war nach ni esou héich, d'Solidaritéitssteier nach ni esou niddreg wéi am Joer 2006. Dofir hunn d'Gewerkschafte hir Erhéijung virgeschloen. D'Regierung war domat d'accord.
Am Beräich vun der TVA kënnt et zu Upassunge bei de liberale Beruffer deenen hir Prestatiounen an Zukunft, wéi al aner Aktivitéiten déi der TVA ënnerleien, mat 15 statt mat wéi bis elo 12 Prozent besteiert ginn.
Mer brénge par ailleurs e Gesetz an dat eng sekuriséiert juristesch Basis fir d'Kooperatioun tëschent de Steierverwaltunge schafe wäert. Ouni déi kënne mer de Kampf géint Steierhannerzéiung net honnertprozenteg efficace organiséieren.
Ee Wuert nach, well dat intresséiert jo heibannen, zu de Gemengefinanzen. D'Gemengebudgete gewannen duerch déi Gesamtoperatiounen déi d'Regierung Iech virschléit supplementar Finanzéierungsmargen. Vu datt d'Akommessteiertabell net un d'Inflatioun ugepasst gëtt, kréie se méi en héijen Undeel un der Lounsteier. Vu datt den Index moduléiert gëtt, spuere se op hire Personalkrediter. Vu datt d'TVA fir déi liberal Beruffer an d'Autosteier méi Ertrag wäerten ofwerfen, kréie se méi Souen an hir Keess. Schliesslech si se mat 10 Prozent un der TVA-Recette a mat 20 Prozent un der Autosteier bedeelegt.
Eleng d'Indexmodulatioun, Neierunge bei der TVA an d'Reartikulatioun vun der Autosteier iwwersetze sech fir d'Gemengen mat engem budgetäre Plus vun 43,5 Milliounen Euro, 1,8 Milliarde lëtzebuerger Frang, fir d'Joren 2007, 2008 an 2009. 14,5 Milliounen Euro d'Joer, 585 Millioune lëtzebuerger Frang. Ech soen dat net fir eppes ze beweise mee just fir et ze soen.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Wann d'Chamber mat deene Moossnamen d'accord ass déi d'Regierung Iech, nodeems de Koordinatiounskomitee vun der Tripartite säin Avis ofginn huet, virschléit, da géifen eis öffentlech Finanze sech no engem zweejährege Konsolidéierungseffort, deen 2007 an 2008 muss erbruecht ginn, 2009 nees am Equiliber befannen. Fir dohinner ze komme schloe mer eng global Erspuernis vun 1,5 Milliarden Euro iwwer dräi Joer verdeelt am Budget vum Zentralstaat vir.
Den Defizit vum Zentralstaat, dat heescht den Defizit fir deen d'Chamber an d'Regierung zoustänneg sinn, reduzéiert sech vun 3,8 Prozent am Joer 2006 op 1,7 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt am Joer 2009, dat heescht ëm ronn 2 Prozent.
Dofir mussen d'öffentlech Finanzen an de Joren 2007, 2008 an 2009 manner séier wuesse wéi dat nominalt Wirtschaftswuestum, am Joer 2007 héchstens ëm 4 Prozent. Den Defizit vum Gesamtstaat – Staat, Gemengen a Sécurité sociale – fällt ëm 1,9 Prozent am Joer 2005 op plus ou moins 0 Prozent am Joer 2009, also och ëm 2 Prozent vum PIB.
Déi Aspuerungen déi mer virschloe sinn net agreabel. D'Leit gi méi belaascht, dat soll een net verstoppen. Mee dës Aspuerungen, dëst méi lues Trëppelen an de nächste Joren, muss ee gesinn am Liicht vun deene Reformen a Verbesserungen déi a ville Beräicher vun der Politik komme sollen.
CONCLUSIONS
Am Résumé:
-
mer hunn eis politesch Prioritéite fir déi nächst Jore fixéiert a wësse wéi mer se finanzéieren: méi Schoul, méi Famill, méi Klimaschutz, méi Fuerschung, méi Kompetitivitéit, méi öffentlechen Transport, méi Investissementer, méi bëlleg Wunnengen, bref: méi Solidaritéit a méi Responsabilitéit. Et ass derwäert fir dee Moderniséierungseffort ze versichen.
-
Mer hunn d'Viraussetzunge geschaaft fir am Joer 2009 eis Staatsfinanzen nees an d'Gläichgewiicht ze kréien.
-
Mer prevenéieren de Chômage wou ëmmer et geet, mir responsabiliséieren an aktivéieren d'Partner vum Aarbechtsmaart an um Aarbechtsmaart wou et néideg ass.
-
Mer verbesseren d'Kompetitivitéit vun eiser Economie, net nëmmen iwwer d'Indexmodulatioun, mee duerch deen Aktiouns- an Initiativensembel deen ech Iech duergeluecht hunn.
Villes ass méi kloer wéi viru 6 Méint.
Mee net all Froe konnten endgülteg geklärt ginn.
Iwwer d'Fro vun der Liewensaarbechtszäit an iwwerhaapt den Impakt vun dem Vieillissement vun der Populatioun op eis Sozialsystemer wäert an deenen nächste Méint a wahrscheinlech Joren diskutéiert an negociéiert ginn. Keen huet d'Recht déi demographesch Changementer an hir Konsequenzen z'ignoréieren.
Iwwer den eenheetlechen Arbeitnehmerstatut gëtt et e prinzipiellen Accord, en Accord vu jiddferengem fir an d'Richtung vum Ofschafe vun der Diskriminéierung tëschent Aarbechter a Beamten ze goen. Iwwer d'Weeër fir dohinner ze komme muss selbstverständlech nach geschwat ginn, et si keng einfach Weeër. Mee datt mer endlech, um Ufank vum 21. Jorhonnert, also ze spéit, d'Chance an der Hand hu mat der zweegedeelter Welt vun der Aarbecht Schluss ze maachen, dat mécht mech éierlech frou.
D'Tripartite kann net alles maachen. Si soll a si brauch och net alles ze maachen. D'Chamber behällt hir uereege Verantwortung, d'Regierung ass heibanne responsabel, net an der Tripartite. Wa s'an der Tripartite gescheitert wier, da wier se zwar heibannen dofir responsabel gemaach ginn. Mee si ass der Chamber Rechenschaft schëlleg, soss kengem.
Zur moderner Form vun der Politikgestaltung gehéiert d'Konsultatioun an d'Koncertatioun mat de Verantwortleche vu Wirtschaft a Salariat. Wie mengt d'Politik géif just am argumentative Wiesselspill tëschent Regierung a Parlament gemaach ginn, dee liest keng Zeitungen. Deen huet sech och net an der moderner Politikwëssenschaft kënneg gemaach.
Eenzelner hu gesot, mer hätten an der Tripartite villzevill Zäit verplempert. Ech wëll dozu Folgendes soen: wann een den Index moduléiert, wann een d'Kannergeld an aner sozial Prestatiounen desindexéiert, wann een den Ajustement retardéiert, wann een d'Beschäftegungspolitik moderniséiert, wann ee d'Kompetitivitéit amelioréiert, da muss een, ier ee mam Parlament schwätzt, mat de Sozialpartner schwätzen déi fir d'Kompetitivitéit co-responsabel sinn, déi d'Budgete vun der Sécurité sociale co-geréieren, déi fir d'Lounpolitik vun de Betriber zoustänneg sinn. D'Tripartite kann net alles. D'Politik eleng kann och net alles. Mer sollten bescheide genuch si fir dat anzegestoen. Wann ech den 12. Oktober vum leschte Joer oder de 15. Februar vun dësem Joer hei an d'Chamber komm wier an hätt, ouni Konsultatioune mat de Sozialpartner, eng Indexmodulatioun ugekënnegt, e Verschiebe vum Rentenajustement matgedeelt, d'Desindexéierung vum Kannergeld annoncéiert, d'Ofsenke vun de geplangten Investitiounsausgabe matgedeelt, dann hätt der mer gesot et wier ee graffe politesche Feeler gewiescht net mat de Patronatsorganisatiounen a mat de Gewerkschaften, déi vun all dëse Moossnamen direkt betraff sinn, geschwat ze hunn. Da sot mer elo net mir hätten Zäit verluer. Deen Zäitverloscht, wéi eenzelner en nennen, huet eis et erlaabt, responsabel an zukunftsorientéiert Léisungen am Konsens auszeschaffen. D'Chamber muss dee Konsens net deelen. Dat ass hiert gutt Recht. Mee wie vu fir eran op d'Verhandlunge mat de Sozialpartner an op d'Konsensintersektioun mat hinne verzicht, dee leeft d'Gefor, am soziale Krich stiechen ze bleiwen. Mer wollten net stieche bleiwen. Mer wollte virukommen. Mat de Sozialpartner. Mee awer och mat der Chamber. Mee an der moderner Demokratie geet d'Meenung vun der Chamber a vun der Regierung zwar vir, mee se zielt net eleng. Jiddferee weess dat. Da soll och jiddfereen dat zur Kenntnis huelen, wann ech gelifft. Wann d'Politik eleng handelt, wann d'Politik radikal Léisunge proposéiert, wann d'Politik op radikal Léisungsvirschléi lauschtert: manner Soue fir d'Kultur, manner Soue fir d'Entwécklungshëllef, wann d'Politik sech iwwerdehnt, wann d'Politik ophällt ze lauschtere wat anerer soen, wann d'Politik bewosst op déi speziell lëtzebuergesch Art a Weis verzicht Problemer unzegoen a Problemer ze léisen, wann d'Politik mengt si bräicht keng Rücksicht op de lëtzebuerger Sozialmodell ze huelen, dann ass dat eng Optioun, mee et wier eng falsch Optioun. Ech hat Iech am August 2004, bei der Virstellung vum Regierungsprogramm, gesot dës Regierung wier eng Regierung vun der Moderatioun. Dat ware keng eidel Wierder. Dat war en Deel vun eisem Programm. Wie jo zur Regierungserklärung gesot huet, dee muss och jo soen zu der genereller Method wéi de Regierungsprogramm am Detail ëmgesat gëtt.
Ech soen Iech merci.