Dernière modification le
Jean-Claude Juncker, Transcription de la réponse du Premier ministre à une question urgente au sujet du secret bancaire et de la non-participation du Luxembourg à une conférence organisée à Paris sur la lutte contre la fraude et l'évasion fiscales
Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Kollegen,
Déi Fro, déi den Här Meisch stellt ënner Dringlechkeetsform, ass eng Fro déi sech a kengerlei Hisicht un de Finanzminister oder un de Staatsminister riicht, mä un den Tresorsminister. Deen ass zoustänneg fir déi Froen, déi mat där Gesamtfro déi hei débattéiert gëtt zesummenhänken. Vu datt de Minister Frieden sech awer am Kuwait an am Qatar ophält, fir der Finanzplaz Lëtzebuerg weider Clienten zouzeféieren - déi brauche mir dringend - a vu datt et den Här Meisch ass deen déi Fro stellt, deen ëmmerhin deen ass deen en ass, an déi Usprëch huet déi en huet, huet et mir normal geschéngt, datt ech mech haut de Mëtteg soll hei an der Chamber présentéieren, fir dem Kolleg Meisch op seng Froen eng Äntwert ze ginn.
Den däitsche Finanzminister, deen net zu menger Bluttgrupp gehéiert, mä zu enger anerer, an de franséische Budgetsminister, deen zu enger Bluttgrupp gehéiert, vun där een net weess wéi se ausgesäit, déi hu fir haut eng Sitzung zu Paräis aberuff, ënner Form vun enger Invitatioun un all OECD-Staaten, fir iwwert d’Froe vun de sougenannte Steierparadiser ze schwätzen. Contrairement zu deem, wat déi suggestiv Formuléierung vum Här Meisch géif gleewen dinn, ass dat eng Invitatioun déi 3 Méint al ass, also näischt mat der aktueller Finanzkris ze dinn huet. Well et muss ee wëssen, déi déi an der fréierer Regierung ware wëssen dat, déi déi an dëser sinn, déi wëssen et och, d’Thema Bankgeheimnis ass ee permanent Thema an Europa. Et ass liicht driwwer hei ze schwätzen, et ass schwéier et ze verteidegen an der Europäescher Unioun.
Mir hunn an der Europäescher Unioun eng Eenegung iwwert d’Besteierung vun de Spuererspuernisser erzilt, ënner schwieregste Bedingungen, géint de Wëlle vun der Regierung eigentlech a géint de Wëlle vun der Chamber prinzipiell. Mä esouwuel Regierung wéi Chamber, ech schwätze vun deene leschte Regierungen a Chamberen, hunn dee Wee deen den Här Grethen, den Här Frieden an ech der Regierung proposéiert hunn, du streng imposéiert hunn, dunn der Chamber explizéiert hunn an dunn der Chamber imposéiert hunn, matgemaach, an et war ee kollektivt Wierke vun den Haaptkräften déi hei am Parlament vertruede sinn.
Déi europäesch Directive iwwert d’Fiscalité de l’épargne huet - entgéint deem wat den ADR deemools gesot huet, deen deemools gesot huet, dat wier den defintiven Aus fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg - der Finanzplaz Lëtzebuerg kee Millimeter geschuedt, mä en huet dem Staatsbudget supplémentaire Recetten abruecht, wat ee vläicht bescheidenheetshalber heiansdo mol sollt agestoen.
Mir hunn un där Sitzung zu Paräis net deelgeholl. Mir si Member vun der Europäescher Unioun, mir si Member vun der OCDE, mir stinn net ënner däitsch-franséischem Invitatiounskommando. An dofir hu mir un där Sitzung haut net deelgeholl an dofir ass déi Fro, wat fir eng Attitude datt déi lëtzebuerger Regierung an där Sitzung bezitt eng Fro déi sech net stellt. Well d’lëtzebuerger Regierung huet zanter 2 Méint laang scho kloer gemaach, si géif un där Sitzung net deelhuelen, à moins, datt déi proposéiert Conclusioune vun där Sitzung esou wieren, datt mir mat hinne kënnte liewen.
Déi proposéiert Conclusioune vun der Sitzung sinn awer, datt eng Equatioun hiergestallt gëtt tëscht Secret bancaire a Paradis fiscal. An deem Mooss, wou mir déi Basishypothes do net akzeptéieren, hu mir net agesi firwat mir un där Sitzung, déi eng Privatinitiative vun 2 Regierungen ass, sollen deelhuelen, well dat hätt dozou gefouert, datt d’lëtzebuerger Regierung haut den Owend erkläert hätt, et wär eng interessant Sitzung gewiescht, mä mir wiere mat de Conclusiounen net d’accord. Vu datt déi déi invitéiert hunn zanter Méint wëssen, datt mir mat de Conclusiounen déi ugeduecht gi waren net d’accord wieren, huet et mir méi richteg geschéngt net un där Sitzung deelzehuelen, obschonn ech prinzipiell der Meenung sinn, datt een un alle Sitzunge soll deelhuele fir säi Standpunkt ze vertrieden. Mä déi Tatsaach, wéi déi ganz Affär ugeleiert ginn ass war esou, datt mir nëmmen den 2., 3., 4. oder 15. Präis kritt hätten. Dofir si mir also net an déi Sitzung gaangen. Dat hu mir ofgeschwat, och mat anere Kollegen an Europa, notamment den Éisterräicher déi och un där Sitzung net deelgeholl hunn. Ech hu gëschter Owend ee laangt Gespréich mam éisterräicheche Finanzminister gehat a gefrot ob mir net awer sollten dohinner goen, fir eise Standpunkt virzebréngen a mir si gemeinsam zur Conclusioun komm, datt eise Standpunkt eigentlech net esou wier, datt en déi aner géif esou vun der argumentativer Kraaft op de Réck geheien, datt se op hier Conclusiounen géife verzichten, dofir huet et mir geschéngt de Schued wier manner grouss wa mir net do wieren, wéi wa mir do wieren a mir géife soen, mir wiere mat allem d’accord, just net mat deem Punkt.
Den Här Meisch freet an enger zweeter Fro, ech hale mech hei u säi schrëftlechen Exposé, mä säi mëndleche war deem plus ou moins konform, den Här Meisch freet an enger zweeter Fro, wéi mir dozou géife stoen, datt de franséische Budgetsminister, den Här Woerth, de Reproche formuléiert hätt, datt mir eis net kënnten op Dauer, dat war säi Reproche, der Ofschafung, ech interpretéiere säi Propos, mä esou war e gemengt, vum Bankgeheimnis opposéieren a stattdessen de System vun der Quellesteier a vum Echange d’informations géifen der Ofschafung vum Bankgeheimnis réflétéieren.
Wéi soll ech dorop reagéieren? Ech reagéieren doropper am Numm vun dëser Regierung an am Numm vun der leschter Regierung: mir hunn een Accord an der Europäescher Unioun fonnt, datt 3 Länner, Éisterräich, d’Belsch, Lëtzebuerg, keen Echanges d’informations géife maachen an datt déi aner Länner kee Bankgeheimnis hätten. Mir wollten eist Bankgeheimnis net opginn, net deemools, net elo, an dofir maache mir Quellesteier. Duerch dee System vu Quellesteier kréien déi Staaten déi ronderëm eis leien, och déi déi méi wäit ewech leien, een Deel vun deene Recetten déi op der Finanzplaz Lëtzebuerg realiséiert ginn. Ech muss soen, déi sinn net substantiel. Dat wäert dann zwou Ursaachen hunn: entweder setzt sech d’Finanzplaz Lëtzebuerg aus ville Clienten zesummen déi Steieren hannerzéien, dat sinn net eis Frënn - mir menge mir géife vun hinne profitéieren, mä eis Frënn sinn net déi, déi hir Steieren an hirem Heemechtsland hannerzéien. Ass Lëtzebuerg déi natierlech Ulafplaz vu Leit, déi an hiren nationaler Kollektivitéit déi gemeinsam Chargen net wëlle mat finanzéieren? Een dee mengt dat wier dee groussen Argumentaire fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg, dee versënnegt sech durabel un de lëtzebuerger Staatsfinanzen an um lëtzebuerger Finanzwiesen. Mir sinn net déi, déi kennen op Käschte vun den Nopeschlänner liewen, doduerch, datt déi déi vill Fric hunn hir Steieren net bei sech bezuelen an hir Suen zu Lëtzebuerg ënnerbréngen. Mindestmoral muss sinn!
Mä mir stelle fest, datt och ganz vill Clienten, déi kommen aus Däitschland, déi kommen aus der Belsch, déi kommen aus Frankräich, hiren eegene Steierautoritéiten ënnert dem Siggel vun deenen europäeschen Engagementer déclaréieren, wat si vu Suen zu Lëtzebuerg hunn. Dat nennt sech op Lëtzebuerg Disclosure. Déi soen dem däitschen, dem belschen, dem franséische Fisc wat si zu Lëtzebuerg hunn, an déi ginn do besteiert. Ergo, kënne mir net Suen iwwerweisen, déi schonn eng Kéier ënner Form vu klingelnder Münze an deenen hire Staatskeese gerabbelt hunn. Ergo hale mir déi Léisung déi mir fonnt hu fir gutt.
Et muss ee gesinn, datt déi Léisung e puer Etappë kennt. Dat gëtt oft vergiess an der aktueller Diskussioun. Mir hunn elo eng 10%teg Quellesteier fir déi Leit déi heiheem wunnen, mir hunn eng 15%teg fir déi Leit déi am Ausland wunnen. Déi geet awer graduell erop bis op 35%. Et war d’allgemeng Meenung an Europa gewiescht, wéi mir d’Directive iwwert d’Fiscalité de l’épargne ugeholl hunn, datt wann een eng 35%teg Quellesteier hätt, datt dat am dissuasive Steierfluchtsberäich déiselwecht Wierkung hätt wéi d’Ophiewung vum Bankgeheimnis. Do komme mir réischt hin. Mir komme lues a lues dohin, well mir lues a lues nëmmen d’accord waren, als Lëtzebuerg, eis op dee Wee ze beginn. Deen Dag wou d’Quellesteier 35% bedréit, ass d’Quellesteier mindestens esou dissuasiv fir Steierflüchtlinge wéi d’Bankgeheimnis attraktiv fir Steierflüchtlingen ass. Also kann ech net a priori gesinn, firwat datt dat Regelwierk soll geännert ginn.
Mir hunn eng Diskussioun an der Europäescher Unioun, ob aner Finanzproduiten wéi déi déi haut an den Uwennungsberäich vun der Directive iwwert d’Fiscalité de l’épargne leien, och sollen an den Anzéiungsberäich vun därselwechter kommen. Dat ass eng Diskussioun un där mir eis bedeelegen. Mä fir ze soen, mir kënnten eis op Dauer net dem Informatiounsaustausch, dat heescht der Ophiewung vum Bankgeheimnis entzéien, well dat net konform wier mat de Wënsch, den Erwaardungen an dem positive Recht vun der Europäescher Unioun, ass eng falsch Behaaptung. Mir sinn an engem evolutive Prozess, deen duerchaus ee Verhandlungsprozess war, deen an eng positiv Rechtsnorm gegoss ginn ass, un dee mir eis halen a vun deem mir och gären hätten, datt déi Nopeschstaaten sech géifen drun halen.
Nun hunn ech zur Kenntnis geholl, well de President vun der franséischer Republik, haut am Europäesche Parlament gesot huet, dee sech mat Lëtzebuerg séier marginalement beschäftegt huet, op Grond vun enger Fro vum Europadeputéierte Goebbels, déi en net ze beäntwerte gehat hätt, wa se net gestallt gi wier - dat ass keng Kritik um Här Goebbels. De franséische President huet op d’Tatsaach reagéiert, datt ee lëtzebuerger Deputéierte e gefrot huet - wéi wann ee franséischen Deputéierten mech géif iwwert een extrae Steierregime am Europaparlament interpelléieren, hält deen och ëmmer ee Virtrag iwwert korsesch an aner steierrechtlech Nischen – insofern muss ee wësse wee weem eng Fro stellt, well ee sech duerchaus denke ka wee weem wat fir eng Äntwert gëtt. Mä déi Fro vum Här Goebbels war berechtegt well en huet gesot, dee gesamte Weltfinanzsystem misst ëmgestallt ginn. En hat vergiess ze soen, datt Lëtzebuerg een Deel vun der Welt ass, dat ass allerdings wouer. De President vun der Republik, dee sech jo iwwert d’Steierparadiser opreegt, reege mir eis net iwwert déi op? Firwat fille mir eis eigentlech interpelléiert, esouguer de Chef vun der Oppositioun, wann ee vu Steierparadiser schwätzt? Firwat fille mir eis dann do extra interpelléiert? Dir zitéiert an Ärer Fro d’Aussoe vum franséische Premierminister, dee gesot huet d’Steierparadiser missten verschwannen. Firwat reegt dat Iech op? Si mir ee Steierparadis?
De franséische Finanzminister huet eis net opgezielt, well dee franséische Finanzminister ass d’Madame Lagarde, déi huet sech zu deene Froen net geäussert. De franséische Budgetsminister huet gesot, wéi 25 Finanzministeren an Europa, Lëtzebuerg kéint net virufuere mat der Quellesteier, well d’Belsch ännert de System. D’Belsch schaaft d’Bankgeheimis of, dat as iech jo bekannt. De liberale belsche Finanzminister schaaft d’Bankgeheimnis of, well en et net am Intérêt vun der Belsch fënnt. Bleiwen nëmmen nach Éisterräich an nach Lëtzebuerg. Dat ass d’Diskussiounslag.
Den Tabellestand ass, datt nach just Lëtzebuerg an Éisterräich d’Bankgeheimnis wëlle bäibehalen an d’Belsch schafen d’Bankgeheimnis of. Mir hunn also an de klasseschen Ausdrocksformen een Alliéierte verluer, dee fréier allerdéngs net eisen Alliéierte war mä deen et eréischt ginn ass, nodeem mir iwwert d’Fiscalité de l’épargne ze vehandelen haten. Mä mir sollen eis dach net extra interpelléiert spieren, wann de franséische Premier vun der Ofschafung vun de Steierparadiser schwätzt. Si mir oder si mir net dee Meenung, mir wieren e Steierparadis? Firwat gëtt hei an enger parlamentarescher Fro de franséische Premier zitéiert mat sengem Opruff géint d’Paradis fiscaux virzegoen, wa mir der Meenung sinn, mir wiere keent? Ech verstinn dat eigentlech net. Entweder mir sinn et oder mir sinn et net. Ech menge mir wieren et net, mä wann Dir mengt mir wieren et a mir missten eis géint de franséische Premier wieren, dann hutt Dir gesot mir wieren eent. Mä Dir sidd jo awer d’accord, datt mir keent sinn. Also brauche mir eis och net ze wieren.
Ech hu mam franséische Premier a mam franséische President, well mir eis jo dauernd gesinn, nächtens und tagsüber, driwwer geschwat ob si do speziell Iwwerleeungen iwwer Lëtzebuerg hätten, an de franséische President an de franséische Premier hu mir gesot, wa si vu Paradis fiscaux géife schwätzen, géife si net u Lëtzebuerg denken. Well si mir dat gesot hunn, soen ech dat och den Owend an engem Interview op France 2, déi zwee hätte mir gesot, et géif net ëm Lëtzebuerg goen. Well wat een engem esou seet während eng Sitzung, dat ass jo och wichteg, datt déi aner Leit dat wëssen. Dat ass och wichteg alleng fir déi franséisch Regierung, fir déi déi net där Meenung vum franésiche President a vum franséische Premierminister sinn, fir ze wëssen, datt net Lëtzebuerg domat gemengt ass.
Pour le reste sinn ech der Opfaassung, datt d’Existenz vu Bankgeheimnisser net ursächlech dru Schold ass un där Finanzkris déi mir de Moment erliewen. D’Tatsaach, datt mir ee Bankgeheimnis hunn an eenzelne Länner an Europa ass net Schold drun, datt mir déi Finanzkris hunn. Déi Tatsaach, datt et duerch d’Bankgeheimnis an der Spëtzt zu enger séier wäit ausgedehnter Intransparenz vun de Finanzprodukter an der Welt komm ass, déi Tatsaach kann ech allerdéngs net ofstreiden. Ech gesi keen extrat lëtzebuergescht Beméien an deem Zesummenhang. Datt et aner Territoirë gëtt, och an der Europäescher Unioun, och d’britesch Kanalinselen, déi Produkter an d’Welt gesat hunn, déi zur Intransparenz bäigedroen hunn, dat ass net esou séier eise Fall wéi dee vun aneren. Dat kann een net contestéieren. Lëtzebuerg ass esou wéineg Schold un der Finanzkris déi mir de Moment erliewen, wéi den Olympique vun Äischen Schold drun ass, datt Bayern München net däitsche Fussballmeeschter ginn ass. Mä wa Fussball gespillt gëtt no Regelen déi net iwwerall déiselwecht sinn, wa Fussball gespillt gëtt no Regele wou deen dee méi klug ass, wéi deen aneren, well e méi spéit aus der Kabinn kënnt, oder während der Paus keen Théi zervéiert mee en Aschléiferungsmëttel, da kann dat duerchaus dozou bäidroen, datt de Finanzsystem net fonctionnéiert. Ergo, musse mir bereet sinn an der Europäescher Unioun, net an der OECD, an der Europäescher Unioun, iwwer Weeër ze schwätzen déi e massivt Ausnotzen vun der Persistenz vum Bankgeheimnis op eenzelnen europäesche Finanzplazen kann evitéieren.
Mir sollen an déi Diskussiounen eragoen ouni Angscht. Déi Leit déi Argumenter virbréngen, séier oft séier richteg Argumenter géint d’Bankgeheimnis, déi hu Recht, mä si hunn net op der ganzer Linn Recht. Déi Leit déi Argumenter virbrénge fir d’Bankgeheimnis, déi hunn och Recht, mä déi hunn net op der ganzer Linn Recht. Mir mussen also kucken, wéi mir an den nächste Joren déi zwou Positiounen openeebréngen. Déi Virstellung allerdéngs, datt dee ganze Finanzsystem vun der Welt geännert muss ginn, just datt zu Lëtzebuerg sech näischt däerf änneren, dat ass eng där ech net ka spontan unhänken.
D’Insistenz vun der Regierung allerdéngs fir d’Bankgeheimnis ze verteidege géint Argumenter déi net méi wärt si wéi déi Argumenter déi fir d’Bankgeheimnis schwätzen, déi ass och integral. Et ass eng Diskussioun déi mir musse mat eise Partner a Frënn an der Europäescher Unioun féieren a mir féieren se och. Lëtzebuerg gëtt mar de Mueren net d’Bankgeheimnis op, mä Lëtzebuerg bedeelegt sech un all Diskussioun déi zu méi Transparenz op de Finanzmäert bäidréit a Lëtzebuerg wäert an deem Kontext verlaangen, datt all aner extra Steieren a Regelungen déi et soss op den Territoire vun der Europäescher Unioun gëtt, engem kriteschen Examen ënnerworf ginn, dee mindestens esou intensiv ass wéi deen, deem eist Bankgeheimnis ënnerworf gëtt. A Lëtzebuerg wärt och drop opmierksam maachen, wéi mir dat déi lescht 7-8 Joer gemaach hunn, an zwou verschiddene Regierungskompositiounen, datt aner Extraen, déi aner Länner hunn, grad esou kritesch gekuckt ginn. Der Welt entsteet manner Schued duerch een intelligent applizéiert Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg, wat een z’iwwerpréifen huet, ob dat och déi nächst 20 Joer ka bestoe bleiwen, wéi der Welt Schued entsteet duerch de Waffenexport vun deene Länner déi eis kritiséieren.