Dernière modification le
Déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2009 (version originale luxembourgeoise)
Le 21 avril 2009, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a présenté à la Chambre des députés la déclaration du gouvernement sur la situation économique, sociale et financière du pays 2009 (discours sur l'état de la Nation).
- Seul le discours prononcé fait foi -
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Léif Kollegen,
Dëst ass déi 15. a vläicht déi lescht - je nodeem wéi d'Wieler am Juni entscheeden - Erklärung zur Lag vum Land déi ech hei an der Chamber däerf virleeën. Ech hu fënnefmol eng Deklaratioun am Numm vun enger CSV-DP-Regierung ofginn, zéngmol hunn ech dat gemaach fir eng CSV-LSAP-Regierung. Et war - an et ass - ni nëmme meng Erklärung. Och dës Erklärung ass keng perséinlech Erklärung, keen Exposé am eegenen Numm, keen Aufsatz vu mir eleng. Wier se dat, dann hätt dës Erklärung méi Ecken a Kanten, méi Nuancen, wahrscheinlech hätt se och méi Froenzeechen hanner deene Sätz déi dat Laangfristegt betreffen, deene Sätz déi vun deem handele wat iwwer den Dag erausgeet. Mee ech schwätze fir eng Regierung déi um Enn vun hirem Mandat ukomm ass. Ech hu keen Optrag fir fir déi Regierung ze schwätzen déi nom Juni d'Geschécker hei am Land wäert féieren. Géif ech fir déi wëlle schwätzen, da géif Der zu Recht soen dat wier eng arrogant an umoossend Approche. Meng Partei - an domat och ech -, mir si wäit dervun ewech mat Sécherheet an der nächster Regierung ze sinn. A grouss ass d'Zuel vun deenen heibannen déi - wéi se selwer periodesch zouginn - vun enger Regierung ouni CSV dreemen. Heiandsdo hu se esou haart gedreemt datt ech mech um Owend vun de Wahlen - wann de Wieler se wäerd wakreg gerëselt hunn - un hir Dreem wäert erënneren. Da kënne se net soe si hätte jorelaang gefuebelt. Ech huelen d'Anti-CSV-Dreem fir boer Mënz a bezuele mat däerselwechter zréck.
Well dës Erklärung jo awer kee perséinlechen Aufsatz soll sinn an och keng Deklaratioun vu menger Partei mee eng vun der Regierung, kommen ech relativ direkt zum Haaptstoff vun der Explikatioun vun haut. An dësen Haaptstoff setzt sech zesummen aus all deene Froen déi d'Zukunft vum lëtzebuerger Land betreffen an déi sech ëm eis lëtzebuerger Saach dréien.
Déi lëtzebuerger Saach, d'Saach vun de Lëtzebuerger heiheem, d'Saach vun de Lëtzebuerger an Europa, d'Saach vun Europa hei zu Lëtzebuerg, déi betrëfft eis alleguer gläichermoossen. Un hir hu vill Lëtzebuerger an deene leschte Jorzéngte geschafft, mol mat groussem Succès, mol mat manner Erfolleg. D'politesch Parteie waren de Vekteur vun hirem Wëllen a vun hiren Ambitiounen. Ouni Ausnahm hunn d'Vertrieder vun DP, LSAP an CSV - si aleng hate jo d'Regierungsverantwortung an deene leschte Jorzéngten ze droen - hiert Bescht gi fir dat Bescht vum Land. Bis op den Dag vun haut hunn ech mat 40 Kollegen aus deenen dräi Parteien an der Regierung zesummegeschafft. Mäi bleiwenden Androck ass deen datt jiddferee vun hinnen et wollt gutt maachen an am Regelfall och gutt gemaach huet. Datt mer matten an der Kris besser do sti wéi déi aner europäesch Länner ass e kollektive Verdéngscht. Datt mer eenzel Schwächen net iwwerwanne konnten ass hir kollektiv Verantwortung.
Well ech - den Alter erkläert dat wahrscheinlech - ukomm si bei der Liewensgeschicht vun deenen déi Verantwortung hei am Land ze droen haten, wëll ech zwou ganz perséinlech Bemierkungen an déi Nobetruechtung awiewen déi wahrscheinlech net jiddferengem gefale wäerten, déi mer awer um Häerz leien.
Dës Debatt ass déi lescht Debatt un där zwee Kollegen deelhuelen déi ech als perséinlech Frënn betruechten däerf, och wa se keng Parteikollege vu mer sinn. Frëndschaft tëschent Mënschen a Komplizitéit an der Saach hunn näischt mat Parteien ze dinn. Parteien däerfe keng Grenzposten tëschent Mënschen zéien déi - insgesamt betruecht - deene selwechten Zieler wëllen déngen.
De Charel Goerens huet decidéiert der reng nationaler Politik Äddi ze soen. Hie kandidéiert fir d'europäescht Parlament - eng Optioun déi Respekt verdéngt well se sengem europäeschen Engagement dat hien esou laang scho bravourös ënner Beweis gestallt huet entsprécht. Ech wëll dem Wielerwëllen net virgräifen, mee ech wëll dervun ausgoe kënnen datt hien nom 7. Juni ee vun de 6 lëtzebuerger Europadeputéierte wäert sinn. Een Asaz fir Europa an an Europa steet net am Konflikt zu engem reng nationalen Engagement. Déi zwee ginn zesummen an dofir verdéngt d'Kandidaturoptioun vum Charel Goerens Respekt. Hie war e gudde Minister, hie gëtt eng staark Stëmm fir Lëtzebuerg an Europa an all meng Wënsch begleeden hien dohinner. E Gewënn fir Europa ass kee Verloscht fir Lëtzebuerg. E gudde Mann an Europa, dat ass e Gewënn fir Lëtzebuerg. De Charel Goerens wäert e Gewënn fir Lëtzebuerg an Europa an e Gewënn fir Europa zu Lëtzebuerg ginn. All Guddes Charel. Du wäerts dat gutt maachen.
De Charel Goerens gesinn ech mat engem A fortgoen dat laacht a mat engem aneren A dat kräischt. Well hie bleiwt eis jo politesch erhalen. En anere gesinn ech fortgoe mat zwee Aen déi kräischen. Dësen aneren ass de John Castegnaro. Hie kandidéiert net méi fir d'Chamber obschons hien ouni all Zweifel nees gewielt gi wier. Mat him verléisst e Mann den öffentleche Spektrum op deen hien als Gewerkschaftler an als Politiker groussen Afloss hat. Mat him verléisst e Mann déi direkt politisch Szene mat deem ech dacks Sträit, mee ni béise Sträit hat. Ouni d'Matmaachen an d'Matdenke vum John Castegnaro - a Matdenken a Matmaachen heescht och Matdroe vu Verantwortung - hätten de sozialen Dialog an de lëtzebuerger Sozialmodell net déi Maturitéit erreeche kënnen déi s'erreecht hunn. De John Castegnaro huet sech op eng aussergewéinlech Art a Weis ëm dëst Land verdéngt gemaach. An ech wëll him an aller Frëndschaft an an aller inhaltlecher Verbonnenheet all Guddes wënschen a Merci soe fir gutt Rotschléi an eng Komplizitéit déi och a schwieregen Zäiten ni gerass ass. All Guddes John, ale Feind an ale Frënd. Merci.
Ähnleches an datselwecht kënnt ech och iwwer a fir de Marcel Glesener soen deen e Schlussstréch ënner den öffentlechen Deel vu sengem Liewen zitt. Mee sengen eegene Leit seet een dat net. E seet een hinnen net coram publico merci - dat mécht een intern. Bei him a fir hie wëll ech a muss ech eng Ausnahm och heibanne maachen. Dem John Castegnaro an dem Marcel Glesener wëll ech soen: mellt Iech zu Wuert wann Iech eppes net passt. Mee maacht et e bësse méi lues wéi zu ärer Glanzzäit. An als Bieleser Jong fillen ech mech verflicht och deem fréiere Suessemer Buergermeeschter, dem Sünnen's Fred, merci ze soen - well och hien hällt mat der aktiver Politik op - fir dat wat hien an "eiser" Gemeng an fir d'Reanimatioun vu Belval gemaach huet. All Respekt Fred a merci och dir.
Här President,
Um Enn vun enger Legislaturperiod stellt sech deem deen dës Erklärung ofgëtt ëmmer erëm déiselwecht Fro: leeën ech en Akzent op de Bilan vun der Regierung oder beschreiwen ech d'Léisungsméiglechkeete fir d'Problemer déi an Zukunft op eis laueren? Et ass dat nëmmen op den éischte Bléck eng spannend Fro. Well egal wat ech maachen an egal wéi ech et maachen, d'Reaktioune sinn a priori a Betong gegoss. D'Regierungsparteië luewen de Bilan, d'Oppositioun kritiséiert en. D'Presentatioun vun engem Bilan ass de Garant fir eng steril Debatt. Verzicht op de Bilan bréngt engem de Virworf an, et hätt ee kee Bilan ze presentéieren. Wat soll een also maachen? Vläicht wier et gutt, mat - wéi ech zouginn - passenden Auszich aus der Regierungserklärung vum August 2004 unzefänken. D'Regierungserklärung vum August 2004 huet den Toun gesat an d'Melodie ass an de Joren duerno nokomm. Am Ufank ganz lues, duerno ëmmer méi haart an um Enn kënnt déi universell Musek engem bal vir wéi e Stéck vun engem globale Panik- an Chaosorchester, eng dysharmonesch Improvisatioun ouni Partitur an ouni Dirigent.
Situation économique et financière
Wéi wann ech eng liicht Virahnung gehat hätt hat ech an der Programmerklärung zum Optakt vun dëser Legislaturperiod folgend Sätz gesot déi, wéi se gesot goufen, keen Androck hannerlooss hunn, déi awer fënnef Joer méi spéit ee besonnesche Relief kréien. "Am Regierungsprogramm steet Villes mee net alles", hunn ech de 4. August 2004 heibanne gesot. "An him steet Alles wat mer maache wëllen" sot ech. An ech si virugefuer andeem ech gesot hunn: "an him steet net Alles wat mer maache mussen, je nodeem wéi d'Welt sech entwéckelt. Well niewent Lëtzebuerg gëtt et nach eng ganz Welt déi no hire Gesetzer wiisst, Gesetzer déi se selwer nach net kennt, mee déi sech awer wa se se bis formuléiert huet och eis imposéieren." Genau esou ass et och komm: d'Welt huet sech zanter dem August 2004 dramatesch verännert. Heiheem huet nach net jiddfereen dat gemierkt. Mee déi déi wéinst Kuerzaarbecht oder dem Ewechrationaliséiere vun hirer Aarbechtsplaz e Fënneftel manner verdéngen, déi sech also 20 Prozent manner kënne leeschten, déi hunn et gemierkt. Fir si ass d'Kris kee Gespréich vun de Leit, kee Gerücht wat zirkuléiert: fir si ass d'Kris haut schon eng erliewten a batter Realitéit.
D'Finanz- an d'Wirtschafskris ass net vum Himmel gefall. Si ass keng Naturkatastroph mee si ass zum groussen Deel vu Mënsche gemaach.
Vum éischten Dag u wou dës Regierung am Amt ass huet d'Wirtschafts- an d'Finanzpolitik an engem extrem onsécheren a volatilen Ëmfeld musse geplangt ginn. D'Oniwwersiichtlechkeet vum Gesamtkontext an deem Wirtschaft a Finanzen hu musse stattfanne léisst sech an zwou Zuele kleeden. De 4. August 2004 - dem Dag vun der Regierungserklärung - huet den Euro-Dollar-Wiesselcours 1,1983 bedroen an de Barrell Petrol huet 41,75 Dollar kascht. Véier Joer méi spéit, am Juli 2008, huet de Wiesselcours bal 1,60 ausgemaach - den absoluten Héichststand zënter der Euroaféierung - a fir e Barrell Petrol hu mer mussen 143,68 Dollar opbréngen. All Observateure sinn am Juli 2008 - dat war virun 9 Méint - och dervun ausgaang den Eurowiesselcours an d'Petrolspräisser géife grosso modo op deem Niveau bleiwen dee se am Summer 2008 erreecht haten. De 15. Abrëll vun dësem Joer awer waren den Eurocours op 1,3173 an de Petrolspräis op 52,80 Dollar zréckgaang. Aleng déi Course- a Präisvergläicher weisen datt en exakt Prognostizéiere vu Wuestums- a Budgetszuelen eng Saach vun der Onméiglechkeet war an ass. D'Op an Of vun eise Fundamentalzuelen déi de Budget an d'Ekonomie betreffen erklären sech objektiv esou. D'Regierung huet net gefuddelt a geflunkert. Si huet mat deeneselwechten internationale Previsioune geschafft wéi déi aner europäesch Regierungen och. Dës Previsiounen hunn a fënnef Joer zéngmol de Koplabunz geschloen, mee duerch d'Aspuermoossnahme vun der Tripartite aus dem Joer 2006 konnte mer eis Staatsfinanzen esou stabiliséieren datt mer haut an der schlëmmster Kris zanter Jorzéngten eng Budgetspolitik kënne féieren déi de Konjunkturabroch offiedert a brutal Aschnëtter am Sozialnetz verhënnert. Erëm eng Kéier erweist et sech als richteg fir a gudden Zäiten eng virsichteg Budgetspolitik ze maache fir net a schlechten Zäiten eng onvirsichteg Sozialpolitik mussen ze maachen. Leçon à retenir!
Dat floud an ongenaut Previsiouns- a Prognosegerätsels bleiwt bestoen. Nach am Oktober 2008 si sämtlech Eurostaate vun engem positive Wuestum fir d'Joer 2009 ausgaang. Haut, e puer Méint méi spéit, sëtzt d'Eurozone an der Rezessioun fest. Nach am Oktober d'lescht Joer hu mer gemengt, d'lëtzebuerger Ekonomie géif dëst Joer ëm dräi Prozent wuessen. De Statec mengt elo de PIB géif 2009 1,8 Prozent ofhuelen. D'Bréisseler Kommissioun wäert eis an e puer Woche matdeelen datt de Schrumpfungsprozess vun eiser Wirtschaft bis zu dräi Prozent am Joer 2009 bedroe kann.
Wat heeschen dës abstrakt Zuelen eigentlech?
Si heeschen datt d'Joer 2009 wirtschaftlech e ganzt schlecht Joer gëtt. An datt d'Joer 2010 en aussergewéinlech schwieregt Joer wäert ginn.
Si heeschen datt - bei engem Wuestumsréckgank vun 1,8 Prozent wéi vum Statec virausgerechent - d'Zomm vun de Revenusë vun den Haushalter an de Betriber net vu 36 Milliarden 662 Milliounen, wéi nach am Oktober erwaart ëm 1 Miliard 100 Milliounen eropgoen, mee ëm 700 Milliounen Euro fale wäert. An anere Wierder: de Gesamtwuelstand vum Land wäert Enn 2009 ëm 1800 Milliounen Euro oder ëm 72 Milliarden al lëtzebuerger Frang méi niddreg si wéi mer dat viru 6 Méint nach ageplangt haten. Sollt sech de Kommissiounsminus vun 3 Prozent konfirméieren da géife mer 2 Milliarden 200 Milliounen Euro, also bal 89 Milliarden al lëtzebuerger Frang, manner erwirtschafte wéi geplangt.
Datt dësen Tassementsprozess voll amgaang ass mierke mer elo schon un de Budgetszuelen déi bis haut bekannt sinn. De vollen Effet vun der wirtschaftlecher Retroentwécklung wäerte mer awer eréischt am Joer 2010 ze spiere kréien.
Op den 31. Mäerz vun dësem Joer huet de Staat Einnahme vun 2 Milliarden 440 Milliounen Euro realiséiert. Dat si 24,9 Prozent vum votéierte Budget. D'lescht Joer hate mer an deenen éischten dräi Méint schon 28,1 Prozent vun de gestëmmtene Recetten an der Kees. De Bruttorecetteminus beleeft sech bis haut op 65 Milliounen Euro. Eenzel direkt Steierrecette sinn an deenen éischten dräi Méint vun dësem Joer liicht an d'Luut gaang, esou zum Beispill d'Akommes- a Lounsteier déi ëm 1,3 Prozent geklommen ass. Si ass geklomme well mer am Januar an am Februar vun dësem Joer 3.345 nei Aarbechtsplaze bäikritt hunn. Iwwer 3.000 nei Aarbechtsplazen, dat schéngt vill an dat ass och vill. Mee 't muss ee wëssen datt mer am selwechten Zäitraum 2008 - am Januar an am Februar also - iwwer 6.000 nei Aarbechtsplaze geschafen haten. Wiere mer 2009 nach esou gutt wéi mer 2008 waren, dann hätte mer bal 3.000 Steierzueler a mat Sécherheeit iwwer 3.000 Cotisantë méi. Aner Steierrecette falen: d'Kierperschaftssteier ëm 53 Milliounen Euro oder 14,8 Prozent, d'Taxe d'abonnement ëm 59 Milliounen Euro oder 35 Prozent, d'TVA ëm 17 Milliounen oder 2,6 Prozent, d'Recette vun der Douane ëm 17 Milliounen oder ëm 5,1 Prozent.
Dat sinn Zuele vu Januar, Februar a Mäerz. Si soen net alles aus. Mee dir sollt se kenne well si weise wou d'Rees méiglecherweis higeet.
Fir de Budget 2009 heescht dat aus der Siicht vun haut - an och compte tenu vu méi héije krisebedéngten Ausgaben - datt mer e Gesamtstaatsdefizit vu 640 Milliounen Euro dat heescht vun op d'mannst 1,7 Prozent par rapport zum PIB kréien. Ech menge fir mäin Deel datt en um Enn vum Joer däitlech iwwer 2 Prozent wäert leien. D'Steiere ginn nämlech weider zréck an d'Sozialausgaben, déi mer als Krisebegleedungsinstrument op héijem Niveau halen, gi weider an d'Lut. Mir hunn haut 1,9 Milliarden Euro Reserven an den Investitiounsfongen. Mir riskéieren Enn 2010 keng Reserve an den Investitiounsfonge méi ze hunn. Da wieren d'Reserve vun den Investitiounsfongen op Null, pleite wéi ech soss anzwouch gesot hunn. D'Reservefongen. Net d'Land. Och wann d'Reserve vun den Investitiounsfongen ausdréchnen, ass Lëtzebuerg als Staat an als Land net pleite. Et muss een op d'Wierder an op hir eigentlech Bedeitung oppassen.
Här President,
Mir sinn net frou iwwer d'Verschlechterung vun de Staatsfinanzen. Sécher, et deet de Staatsfinanzen insgesamt gutt datt d'Inflatioun an d'Zënsen niddreg Stänn erreecht hunn. Mee mir mussen eis un de Gedanke gewinnen datt mer an de Joren 2009 an 2010 d'Staatskonten am Defizit wäerten ofschléissen an datt d'Staatsschold klamme wäert. Dës Entwécklung ass inevitabel well d'Wirtschaft wiisst de Moment negativ a wäert sech am Joer 2010 nëmme liicht positiv entwéckelen. Wéivill Wirtschaftsvitesse mer am Joer 2009 verléieren a wéivill vun hir mer am Joer 2010 rekuperéiere kënne kann ech Iech net soen. An ech fannen och keen dee mir et genau ka viraussoen. Vill hänkt vun der Entwécklung vun der Weltwirtschaft a vun der ekonomescher Evolutioun am Euroraum a besonnesch bei eisen direkten Noperen of. Mir ginn dervun aus datt déi Konjunkturpäk déi an Europa op de Wee geschéckt gi sinn - Konjunkturpäk vun ëmmerhin 3,5 Prozent vum europäesche Bruttoinlandprodukt - positiv Impakter am Joer 2010 wäerte produzéieren. Mir ginn dervun aus datt dës Revitaliséierung vun der europäescher Ekonomie och d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg wäert favorabel beaflossen. Mee en attendant konnte mer hei zu Lëtzebuerg d'Hänn net einfach an de Schouss leeën an op gutt Noriichten aus dem Ausland waarden. Mir hu musse selwer an eegestänneg - wann och an engem europäesch koordinéierte Kader - handelen. Mir wësse wuel datt mer als kleng an extrem oppen Ekonomie net kritesch Mass genuch op d'Wo brénge fir eng exklusiv lëtzebuergesch Wuestumspolitik ze lancéieren déi eis et erlabe géif eis aus eegener Kraaft eleng zréck op de Wuestumspad ze katapultéieren. Mee mir wëssen awer och datt mer d'Flicht hunn alles ze maache fir e Maximum vun eisen Aarbechtsplazen an eise produktive Kapazitéiten z'erhalen. A virun allem wësse mer datt mer finanziell Méiglechkeeten hu fir an der Kris, a fir d'Joren 2009 an 2010, energesch kënnen dergéint ze steieren. Op Grond vun enger laangfristeg prudent ugeluechtener Budgetspolitik, op Grond vun den Haushaltsmargen déi duerch d'Spuermoossnahmen no der Tripartite vun 2006 entstan sinn an op Grond vun enger niddreger Staatsverschëldung si mer besser op d'Aufgabe vun haut a vu mar virbreet wéi eis Noperen déi ënner de Budgetsdefiziter an de Scholdebierger zesummebriechen. D'Fro war: notze mer déi relativ gutt Situatioun fir Konjunkturbeliewung - quitte datt mer d'Defiziter verbreeden an d'Staatsschold an d'Lut setzen - oder setze mer den Akzent op d'Budgetskonsolidéierung - quitte datt mer dann nach méi Chômage an nach méi Faillite kréien. D'Regierung huet hire Choix getraff: de Staat muss d'Investitiouns- an Nofrolach vum Privatsecteur mat gesteigerten öffentlechen Investitiounen a mat no uewen ugehuewenen Nofroinstrumenter zoukippen. Dofir si mer dervun iwwerzeegt datt et zum aktuellen Zäitpunkt richteg ass méi Defizit wéi geplangt a méi Scholde wéi ugeduecht ze maachen. Awer ënner enger Bedingung: wann d'Reprise kënnt a wann et wirtschaftlech erëm biergop geet, da muss direkt nees konsolidéiert a gespuert ginn. Defiziter si wéi Zahnpasta: et kritt ee se liicht aus der Tube eraus, et kritt ee se vill méi schwéier nees an d'Tube eran. Méi Defizit elo, jo. Méi Scholden elo, jo. Awer net an engem Mooss datt déi zukünfteg Generatiounen onmoosseg belaascht ginn. Dës prinzipiell Erkenntnisser an Iwwerleungen hunn d'Regierungsaktioun déi lescht Méint geleet. De Konjunkturprogramm dee mer proposéiert hunn dréit hinne Rechnung. E beleeft sech op 1228 Milliounen Euro, en huet e Volume vun 3,24 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt. En déngt der Kafkraafterhalung an domat dem Konsum am Land doduerch datt mer d'Steierlaascht fir privat Leit via eng Tarifadaptatioun vun 9 Prozent statt enger wéi nach am Mee geplangt vu 6 Prozent ofgesenkt hunn: de Staat verzicht dofir op Einnahme vun 342 Milliounen Euro. Weider Konsumimpulser gi méiglech duerch d'Aféierung vu Nettosteierkrediter fir déi méi akommesschwaach Salarieeën, Rentner, Pensionären an Alengerzéier: Käschtepunkt 98 Milliounen Euro. Mir hunn eng Déiereschtzoulag an der duebler Héicht vum Heizkostenzouschoss agefouert: dat bedeit 17 Millioune méi Ausgaben. 20 Milliounen Euro ginn opbruecht fir d'Bauspuere vun der Quellesteier ze befreien, fir de verbesserte Remboursement vun der TVA um Logement an d'Verdueblung vum steierlech ofsetzbaren Deel vun der Reschtscholdversécherung. Den Ajustement vu Renten a Pensioune bréngt de Betraffenenen en Akommessupplément vun 63 Milliounen Euro. Bref: dës an aner Moossnahmen - besonnesch wann een och nach d'Indextranche vum Mäerz an d'Erhéijung vum Mindestloun matbetruecht - bedeiten eng Kafkraafterhéijung vun 950 Milliounen Euro fir d'Joer 2009. Et ass falsch ze soen d'Kafkraaft wier zréckgaang. Vereenzelt a begrenzte Steiererhéijungen an deene leschte Joren änneren un dësem Constat näischt.
De Rescht vum Konjunkturpak setzt sech aus supplementaren öffentlechen Investitiounen - 17 Milliounen Euro dëst Joer, 80 Milliounen Euro d'nächst Joer -, de spezifesche Moossnahme fir de Logement, den temporairen Hëllefsprogrammer virun allem fir déi mëttelstänneg Entreprisen zesummen.
Ech liese periodesch den Investitiounsprogramm dee mer op d'Streck bruecht hu wier egal wat, e géif Aktionismus verroden a keng iwwerluechten Aktioun erkenne loossen, e géif der Nohaltegkeet de Réck dréinen. Mer loossen déi Kritik net gëllen. Dat wat mer an de Beräicher Wunnéngsenergie, schuedstoffaarm Autoen, Verschrottungsprime, erneierbar Energien, energieniddreg Haushaltsartikelen, Eisebunn, Informatiounsautobunnen, Postinfrastruktur, Recherche an Développement maachen huet nohaltegen an unhalende Charakter, schaaft Aarbecht déi et soss net géif ginn a verschaaft eis besser Startchancen a Standuertvirdeeler no der Kris an der éischter Phase vum wirtschaftlechen Opschwong.
Mee dat wat mer maache kascht vill Geld.
Ech hu gesot datt mer no der Kris Defiziter a Scholden nees mussen ofbauen. Dat heescht och: mir mussen an de Joren 2010 an 2011 - an deenen d'Konjunktur nach muss gestäipt ginn - ufänken d'Konsolidéierungskéier ze kréien. D'Budgetskrediter musse grëndlech duerchkämmt ginn: all Depense muss vum 1. Euro un nei motivéiert ginn. Déi lafend Ausgaben däerfe global an am Prinzip net méi séier wuesse wéi de Verbraucherpräisindex. All fakultativ Subventiounen déi de Staat akkordéiert musse penibel begrënnt sinn, soss musse se ofgeschaaft ginn. Et muss och an der nächster Legislaturperiod zu vereenzelte steierleche Verbesserunge kommen, mee ech ka mer perséinlech net virstellen datt et an den éischte 24-30 Méint zu enger allgemenger Steiererliichterung kënnt. Den Index kënne mer op Grond vun der niddreger Inflatiounserwaardung nees an deem legale Kader funktionéiere loosse wéi e bis an d'Joer 2006 bestanen huet. Beim eventuellen Ausbau vu Sozialleeschtungen ass millimetergenau tëschent Sach- a Geldleeschtungen ofzeweien. Riesegrouss sozial Spréng si menger Usiicht no souwisou aus heiteger Siicht kaum virstellbar. Sozialen Ofbau als séier Äntwert op d'Kris wëll ech awer wëllen ausschléissen. De Mindestloun, aner Sozialleeschtungen an iwwerhaapt en enkt Sozialnetz droen zur sozialer Kohäsioun bäi. Mir däerfen d'Sozialkohäsioun an d'Sozialsolidaritéit net liichtfäerdeg op d'Spill setzen. Mir louchen an de vergaangene Jore richteg wéi mer d'Recommandatioune vum internationale Währungsfong a vun der OECD de Mindestloun an den Index ofzeschafen an de Kënnegungsschutz ofzebauen zréckgewisen hunn. Mir wëllen och an Zukunft richteg leien. Den zäitlech onbefristeten Aarbechtsvertrag muss zu Lëtzebuerg de Regelaarbechtsvertrag bleiwen. Aarbechtsrechtlech Prekaritéit hëllt de Leit d'Chance ewech hiert Liewen an dat vun hire Kanner kënnen ze plangen. Si brauchen dës Sécherheet awer fir kënne gutt, roueg a produktiv ze schaffen.
Crise financière et économique
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hu viru Minutte gesot déi Finanz- a Wirtschaftskris déi eis de Moment esou staark zousetzt déi wier keng Naturkatastroph ënner där mer eis missten ducken, mee se wier vu Mënsche verursaacht a gemaach ginn. Wa mer wëlle verhënneren datt se sech iwwermar reproduzéiert, da musse mer haut schon déi richteg Léieren aus deem wat virgefall ass zéien.
D'Beschreiwunge vun de Krisenursaache sinn amgaang ganz Bicherregaler ze fëllen. D'Kris kennt vill Erklärungen an et kann ee se net alleguer hei Revue passéiere loossen. Mee e puer Elementer siefen trotzdem ernimmt, Punkten déi feststinn, Fehlentwécklungen déi ëmzedréie sinn.
-
D'Kris huet um amerikaneschen Hypothekarmaart ugefaang. D'Banken hu Souen u Leit verléint déi net genuch Geldmëttelen hate fir hir Scholden zréckzebezuelen. D'Banken hunn d'Risiken ënnerschat a wéi se se bis erkannt hu si se iwwer den Ëmwee vu komplizéierte strukturéierte Finanzprodukter ëmmer méi an ëmmer nei Risiken agaang déi se selwer weder an hirem Volume nach an hirer Qualitéit iwwerbléckt an duerchbléckt hunn. Vill Banken an den USA - leider och an Europa - hunn hiert Handwierk ganz einfach net richteg gemaach. Fazit: d'Banken- an d'Finanzwelt musse méi streng a méi intensiv reguléiert ginn. Kee Finanzprodukt, kee Finanzakteur a keng Finanzplaz däerf méi ouni Kontroll an ouni Obsiicht schaffen. D'Iwwerwaachungsautoritéite weltwäit an an Europa musse vill méi enk zesummeschaffen. Dat heescht datt mir hei zu Lëtzebuerg - deem seng Surveillanceinstrumenter effizient funktionéieren - Bewegungsfräiheet abéissen, Autonomie an Arbitrageméiglechkeete verléiere wäerten. Eng seriös Finanzplaz wéi eis muss mat esou enger Erausfuerderung fäerdeg ginn a si wäert dat och.
-
Et ass an deene leschte Joren eng Mentalitéit agerass déi pervers Effeten hat. Ëmmer méi Leit wollten ëmmer méi séier ëmmer méi Geld verdéngen ouni selwer fir hiert Geld ze schaffen. "Lassen Sie Ihr Geld über Nacht für sich arbeiten" huet nach virun e puer Wochen, matzen an der Kris also, eng lëtzebuergesch Dageszeitung geschriwwen an hir Lieser quasi opgefuerdert déi al Feeler nach eemol ze maachen. Neen, et gëtt een net méi räich wann een anerer fir sech schaffe léisst. Et muss ee selwer eppes maache fir zu eppes ze kommen. Aus där Kris ass d'Konsequenz ze zéien datt virun allem déi eegen Aarbecht zielt. Dofir verdéngt si och méi Respekt wéi bis elo. Déi eegen Aarbecht muss unerkannt ginn, net d'Spekulatioun op Käschte vun aneren.
-
Alzevill dacks ass an deene leschten zwee Jorzéngten deene Kräften nogelauschtert ginn déi an de Groussbanken, der Groussindustrie, den internationale Finanzorganisatiounen, den Think-tanken an de resultatorientéierente Studienzirkeln der ongenéierter Dereguléierung op breedester Front d'Wuert geried hunn. Och vill Politiker hunn d'Melodie vun der Shareholder value a vum Profit ëm all Präis matgesongen. "De Maart regelt alles", dësem Schlachtruf ass net energesch genuch widdersprach ginn. De Maart awer regelt net alles wann de Staat ëm keng Regele mat op de Wee gëtt. De Maart als solche produzéiert keng Solidaritéit. Solidaritéit entsteet nëmmen aus dem Matenee vu Maarteffizienz a staatlecher Sozialgestaltung. De Maartradikalismus huet Schëffbroch erlidden a gehéiert an d'Dreckskëscht. D'Grondprinzipien an d'Kardinaltugende vun der sozialer Marktwirtschaft gehéieren erëm an de Mëttelpunkt vum Wirtschaftsliewen. D'Wirtschaft ass kee Selbstzweck, si huet dem Mënsch ze déngen. Dofir sinn ech frou datt mer zu Lëtzebuerg den solidaritéitsfeindleche Sirenegesäng net nogelauschtert hunn déi probéiert hunn eis déi nei dereguléiert Welt an hire Charme ze verkafen. Dofir sinn ech frou datt mer d'Post, d'Spuerkeess, d'Eisebunn net privatiséiert hunn, d'Aarbechtsrecht net bis zur Onkenntlechkeet flexibiliséiert an defiguréiert hunn, d'Gesondheetsdéngschter net demontéiert hunn, d'Mindestléin an d'Mindestakommes net suppriméiert hunn an d'Sozialnetz net ausernee gerappt hunn. Mir sinn dacks am Ausland als almoudesch Sozialromantiker klasséiert gi wa mer eis géint deen neoliberalen Dereguléierungswahn gewiert hunn. Zu Lëtzebuerg brauch d'Sozialmarktwirtschaft keng Renaissance well mir hu se net stierwe gelooss. Zu Lëtzebuerg schwätzt kee méi vum schlanke Staat an dat ass gutt esou. Zu Lëtzebuerg schwätzt kee vum alles duerchreguléirenden an domat stranguléierende Staat an dat ass och gutt esou. Wat mer brauchen, dat ass ee responsablen aktive Staat dee sech aus der Privatsphäre eraushällt an dee sech an d'Wirtschaft améscht wann d'Interessevertriedung vum Land a vun de Leit dat verlaangt.
E schwaache Staat dee kann déi Schwaach net schützen. Mee och déi Staark si schwaach wann de Staat net staark ass. Dat hu mer iwwerdäitlech gemierkt wéi de Staat der Fortis an der Dexia gehollef huet staark ze bleiwen. Ee schwaachen a bluttaarme Staat hätt dat net fäerdeg bruecht.
Fortis et Dexia
Ech muss op d'Rettungsaktioun vun deenen zwou Banken zréckkomme well ech nach ëmmer héieren a liesen de Staat hätt hinnen - de Banquierë wéi d'Leit soen - d'Souen an d'Milliarde regelrecht nogeworf, quasi ouni Ursaach an ouni Géigeleeschtung. Dat ass falsch.
Firwat hu mer déi zwou Banke gerett, firwat hu mer se musse retten? Fortis-Lëtzebuerg an Dexia-Lëtzebuerg hate keng Feeler gemaach, si hate selwer keng Solvabilitéitsproblemer. Mee si sinn an de Struddel vun hire Mammenhäiser mat eragezu gi wéi déi op eemol no der Faillite vun der amerikanescher Investmentbank Lehman Brothers de 15. September 2008 virun engem héije Bierg vu grousse Problemer stungen. De Risiko vum Zesummebroch vu Fortis an Dexia war absolut ginn. Wann och nëmmen eng vun deenen zwou Banken och nëmmen een Dag hir Dier hätt missen zouloossen oder esouguer ganz hätt missen zoumaachen, da wieren d'Konsequenzen dovunner extrem grave gewiescht. Zum Beispill wieren d'Klienten net méi un hir Comptes courants an un hir Erspuernisser erukomm. Zum Beispill hätten déi Betriber déi hir Konte bei dëse Banken hate keng Peie méi kënne bezuelen. Zum Beispill wieren aner Banken déi mat deenen zwou Banken zesummeschaffen a Bedrängnis komm: fällt eng systemesch Bank, da falen aner Banke mat. Zum Beispill hätten d'Beamte vu Fortis an Dexia hir Aarbecht verluer. Net dervun ze schwätzen datt am Fall vun der Katastroph d'Kredibilitéit vun der Finanzplaz zolidd Téitsche kritt hätt an doduerch aner fundamental gesond Banken zu Lëtzebuerg a Gefor geroden a gekippt wieren.
Bref: Land a Leit hätte Schued erlidden, Existenze wieren zerstéiert ginn, Pläng wieren an d'Waasser gefall.
Virun esou eng Situatioun gestallt hat d'Regierung keng Zäit fir Seminären an Hearingen z'organiséieren. Si huet mussen handelen an zwar séier - vu Freides Owes fréi bis Sonndes Owes spéit.
D'Regierung huet misse knapp dräi Milliarden Euro opbréngen, 2,5 Milliarde fir Fortis-BGL, 376 Millioune fir Dexia-BIL plus eng Staatsgarantie déi bei 4,5 Milliarden Euro plafonnéiert gouf.
Dës Hëllefe si kee Cadeau fir d'Banken. Si goufe mat zéng Prozent verzënst. Bei der BGL si mer Aktionär ginn, bei der Dexia kënne mer eise Prêt an Aktien ëmwandelen. De Staat huet en plus déi strategesch Participatioun vun deenen zwou Banken an der Luxair, bei Paul Wurth an an der Bourse iwwerholl. En huet dat gemaach fir ze verhënneren datt zu Paräis oder zu Bréissel géif iwwer déi Participatiounen zu ongonschte vun eise wirtschaftlechen Interesse verfügt ginn. Den Tresorminister Luc Frieden huet all dës Operatioune pilotéiert. Ech wëll him dofir meng Unerkennung soen. En huet säi Piloteschäin gepackt. De Jeannot Krecké an ech, mir waren nëmme Co-Piloten. De Jeannot Krecké kann net nëmme segelen. E kann och gutt fléien.
De Staat gëtt net Banquier. Ministere kënne keng Bank féieren. Eis Vertrieder begleeden de Management vun deenen zwou Banke bis s'erëm selwer kënne fléien. Dann zitt de Staat sech zréck - net mat Verloscht, mee wann alles klappt mat engem konsiderable Gewënn.
Duerch d'Interventiounen am Bankeberäich ass d'Staatsschold brutto op 14,5 Prozent eropgaang, netto natierlech manner well de Staat fir seng Hëllefstellung konsiderabel Aktiva an d'Plaz kritt huet.
Ee lescht Wuert nach: ech weess datt vill Klengaktionäre vu Fortis sauer sinn, sief et well se Beamten a fréier Beamte vun der Bank sinn déi trei zu hirem Patron stungen, sief et well se d'BGL bei Kapitalaugmentatiounen ënnerstëtzt hunn. Ech verstinn deene Klengaktionären hiren Onmut. Zesumme mat der Belsch siche mer no Léisunge fir si kënnen z'ëntschiedegen, mat der Belsch well "eis" Klengaktionäre si jo Aktionäre vun der belscher Fortis-Holding.
Een allerlescht Wuert an deem Kontext: ech hunn Ursaach den Oppositiounsparteien heibanne merci ze soe fir hir Ënnerstëtzung. Si hu responsabel reagéiert an net probéiert de Luuspätter ze spillen. Esou solle mer eis ëmmer behuelen hei an eisem klenge Land: streide wa mer Loscht hunn ze streiden, zesummestoen an zesummenhale wann et muss sinn.
Le secret bancaire
Här President,
Wee Banke seet denkt un d'Bankgeheimnis.
D'Bankgeheimnis zu Lëtzebuerg ass net schold un der Kris. Weder direkt nach indirekt.
Trotzdeem: wann ee richtegerweis fir méi Transparenz op de Finanzmäert an domat och un de Finanzplaze plädéiert, da kënnt een net ganz laanscht déi Froen déi ronderëm d'Bankgeheimnis dréien.
Lëtzebuerg ass keng Steieroase. Dofir hätt den Här Müntefering och keng Zaldoten op Lëtzebuerg kënne schécke well déi hätten, wa se bis hei gewiescht wieren, net gewosst wat se dann hätte sollen hei maachen. Déi wieren an ee Steierparadies geschéckt gi mee wieren a kengem Steierparadies ukomm. An dach hätt den SPD-President sech seng Bemierkung solle spueren. Gott sei Dank léise mer eis Problemer an Europa net méi mat Zaldoten.
Lëtzebuerg ass eng Finanzplaz mat engem Bankgeheimnis. Zanter Jore soe mer heibannen an dobaussen datt mer déi aktuell Form vu Bankgeheimnis géifen opgi wann eis Konkurrenten an Europa an an der Welt dat zäitgläich an inhaltlech identesch géife maachen. Déi sinn elo dozou bereet an dofir kënne mir d'OECD-Standarden iwwerhuelen an den Informatiounsaustausch op Ufro an eis Duebelbesteierungsofkommes ophuelen. Dat erlaabt eis méi a besser Duebelbesteierungsofkommes kënnen ofzeschléissen. Et war an deene leschte Joren nämlech esou datt vill Länner sech geweigert hunn där Traiteeë mat eis ze negociéieren - wéinst dem Bankgeheimnis eben. Elo gi mer net méi international - vertraglech blokéiert an dat ass gutt fir eis Fongenindustrie an aner Sekteure vun eiser Ekonomie. Fir vill Leit ass et wahrscheinlech iwwerraschend datt mer net vill verléiere mee awer nei Opportunitéite bäikréien.
Rose bleiwen ech awer iwwer dee G20-Spektakel zu London. Datt Lëtzebuerg, dat sech bereet erklärt huet den Informatiounsaustausch op Demande anzeféieren, op eng gro Lëscht gesat ginn ass, zesumme mat villen aneren, ass net nozevollzéien. Dat d'englesch Kanalinselen iwwer Nuecht dem Meister Proper an d'Hänn gefall sinn an dee se esou laang geschrubbt huet bis se deen anere Muere wäiss ware schwätzt fir d'Efficacitéit vun deem Botzmëttel dat zum Asaz komm ass. Ech wosst net datt de Meister Proper seng nei Adress an der Downing Street Nummer 10 hätt. Datt Macao an Hongkong vum chinesesche Festland ofgefall sinn nodeem se virun e puer Joer eréischt deemselwechte bäigetruede sinn, huet net nëmmen informéiert Geopolitiker iwwerrascht. Datt d'amerikanesch Bundesstaaten Delaware, Wyoming an Nevada de Sege vum G20 kritt hu versprécht neie Geldsege fir dës Paradieser. An datt op Grond vun der G20-Oplëschtung d'russesch Finanzplazen elo méi wäiss solle si wéi Lëtzebuerg, d'Schwäiz an Éisterräich, dat gleewen net emol d'Russen.
Et wier besser gewiescht de G20 hätt eng wäiss Lëscht vun deene Länner opgestallt déi méi wéi 0,7 Prozent vun hirem PIB an d'Entwécklungspolitik investéieren an eng pechschwaarz Lëscht vun deene Länner déi hire Verspriechen net nokommen d'Mëttele fir d'Entwécklungspoltik massiv an d'Luut ze setzen. Mir wären dann op där wäisser Lëscht gewiescht an déi déi eis op déi gro Lëscht gestallt hunn déi wieren op där pechschwaarzer geland. Mir schléissen elo eis Duebelbesteierungsofkommes of a kommen op d'wäiss Lëscht. Déi aner awer bleiwen op der schwaarzer Lëscht vun denenen déi hirer Verantwortung an der Welt net gerecht ginn. Mir ginn et.
Emploi et chômage
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn Iech net verstoppt datt d'Joer 2009 ee wirtschaftlecht schlecht Joer gëtt. Virun de Wahlen an no de Wahle komme weider schlecht Nouvellen, geet de Chômage weider an d'Lut, hëllt d'Zuel vun de Faillite weider zou, ginn d'Defiziter an d'Scholde weider méi grouss. D'Parteië wiere schlecht berode wa se d'Situatioun méi schéi mole géife wéi se effektiv ass. D'Bierger wiere gutt berode wa se d'Programmer vun de Parteie géifen op hir Machbarkeet an der Kris iwwerpréifen. D'Wahle blosen d'Kris net ewech. No de Wahlen ass virun de Wahlen. D'Kris bleift och wann d'Regierung wiesselt. Si bleift och wann d'Regierung bleift. Ergo musse mer eis zesummen ëm si an ëm hir kuerz-, mëttel- a laangfristeg Folge bekëmmeren. Dat verlaangen d'Leit vun eis. Zu Recht. Net iwwerdriwwenen Alarmismus ass ugesot: ech sinn iwwerzeegt dervun datt mer aus der Kris erausfannen an datt eist Land nei Chancen, nei Méiglechkeeten an nei Opportunitéite kritt. Rouege Realismus ass dat wat mer elo brauchen.
Mir brauchen dee virun allem fir mat der Aarbechtslosegkeet fäerdeg ze ginn.
D'Aarbechtslosegkeet ass dee Problem deen eis am meeschte Suerge mécht.
D'Situatioun um Aarbechtsmaart ass net gutt. Mir hunn zwar ëmmer nach eng vun deenen niddregsten Aarbechtslosequoten an Europa. D'Lag op deenen aneren europäeschen Aarbechtsmäert huet sech nach méi rasant verschlechtert wéi bei eis. Mee de Fait ass datt mer am Februar e Chomâge-Taux vu 5,6 Prozent hate géint 4,5 Prozent ee Joer virdrun. D'Zuele soen alles: am Februar 2009 waren 13.006 Leit ouni Aarbecht, am Februar 2008 waren et der 10.185, ee Plus vun 2.821 Leit, een Uklamme vu 27,7 Prozent! D'Aarbechtsplazofferte si parallel dozou vun 2.301 op 1.495 zréckgefall. Ee Réckgang vu 35 Prozent! Indemniséiert Chômeuren hu mer der am Februar 2009 7.107 gehat, géint 5.077 ee Joer éischter. D'Zouhuele vun dëser Zuel weist datt de Moment méi Leit wéi soss entlooss ginn. Zäitbefristet Aarbechtsverträg an Leiharbeitsverträg ginn als éischt gekënnegt. Ee Gléck datt mer dat Land an Europa sinn dat mat 95 Prozent deen hécksten Taux vun onbefristeten Aarbechtsverträg huet. Hätte mer wéi anerer d'Aarbechtsrecht ultraflexibiliséiert, dann hätte mer wiesentlech méi Aarbechtsloser. Eist Aarbechtsrecht schützt viru vireilegen Entloossungen. Dat soen ech deenen déi 1999 heibannen d'Reform vum Kënnegungsschutz kritiséiert hu well se zevill Rigiditéit an net genuch Flexibilitéit enthale géif.
10.000 Leit sinn a Kuerzaarbecht, Tendenz steigend. D'Reform vum Gesetz iwwer d'Kuerzaarbecht hëlleft d'Uklamme vun der Aarbechtslosegkeet ze verhënneren. Mee dës Reform huet ee Präis: de Beschäftegungsfong gëtt am Joer 2009 mat 130 Milliounen Euro méi belaascht, 130 Milliounen Euro déi mer mat de Plus-valuen aus dem Joer 2008 bezuelen. Kuerzaarbecht ass besser wéi keng Aarbecht. Mir fuerderen d'Patronen op der Kuerzaarbecht virun der Entloossung Prioritéit ze ginn. Ech soen hinnen: entloosst elo net mutwëlles well wann d'Reprise kënnt da braucht der är Leit. Bild se weider oder loosst se weider bilden, da kréie se statt elo 80 an Zukunft 90 Prozent vun hirer leschter Pei als Entschiedegung. Betriber solle generell dat bestehend aarbechtsmaartpolitescht Instrumentarium maximal notzen: Beschäftegungspläng am Kader vum Maintien de l'emploi, steierlech Astellungshëllefe fir Chômeuren déi duerch d'Gesetz ugehuewe ginn, d'Aide au réemploi déi mer op d'Frontalierë wëllen ausdehnen, d'Préretraite-Solidarité, d'Stageméiglechkeeten an de Betriber. An engem Wuert: d'Betriber hu sozial Verantwortung a si solle se och iwwerhuelen. De Konjunkturprogramm verschaaft de Betriber Aarbecht an Opträg. Si däerfe seng Beschäftegungsimpulser net duerch Hauruckentloossungen ënnerlafen.
Fir de 6. Mee hunn ech d'Sozialpartner zu engem beschäftegungspolitesche Rendez-vous bestallt fir ze kucke wéi mer d'Beschäftegung kënne stabiliséieren. Dat gëtt kee Kaffiskränzchen, keng Alibi-Manifestatioun. Ech hätt gäre konkret Vereinbarungen. Engagementer vun deenen engen, Engagementer vun deenen aneren. Fuerderungen no aarbechtsrechtlechem Ofbau brauchen net gestallt ze ginn. Se stousse bei mir op daf Oueren, wéi an der Vergaangenheet och. De Rendez-vous vum 6. Mee ass wichteg. E baut op den Erkenntnisser vum Aarbechtsminister a vum Wirtschaftsminister op deenen ech hei meng Unerkennung wëll soe fir déi stëll präventiv Aktioun déi se an alldeegleche Kontakter mat Betriber maachen déi a Problemer stiechen. Si - a virun allem den Aarbechtsminister - verwalten net d'Aarbechtslosegkeet. Si probéieren an dosende Gespréicher mat Betriber Chômage ze verhënneren. Iwwer hir Effortë steet näischt an der Zeitung. Dat muss och net sinn. Dir sollt awer wëssen datt et esou ass.
Och an der Kris däerfe mer de Chômage net als Fatalitéit begräifen. De Kampf géint de Chômage muss all Dag op een neits gefouert ginn. Dat mécht midd, mee d'Leit déi keng Aarbecht hunn an eng Aarbecht siche sinn es och midd.
Pensions et rentes
Eng aner Suerg déi mer hu geet iwwer den Dag vun haut a vu mar eraus. Et ass déi mëttel- a laangfristeg Suerg ëm d'Soutenabilitéit, d'Nohaltegkeet vun eise Renten- a Pensiounssystemer. Dës Suerg gëtt duerch dat wat mer an der Kris erliewe verstäerkt.
Déi zukünfteg Finanzéierung vun eisem Renten- a Pensiounssystem hänkt wiesentlech vun eiser Wirtschaftskraaft of. Wann d'Wirtschaftsleeschtung fällt, da kënnen d'Renten- an d'Pensiounsleeschtungen net an d'Lut goen. Wie mer de Géigendeel ka beweisen dee soll dat am Laf vun dëser Debatt iwwer d'Lag vum Land wann ech gelifft maachen. Ech perséinlech mengen datt an der nächster Legislaturperiod allgemeng Renten- a Pensiounsverbesserungen net méiglech sinn. Et ass richteg datt mer am Moment d'Reserve vun eise Rentekeesen ëm 800 Milliounen Euro d'Joer uklamme gesinn. Doraus resultéiert datt mer keen akute Rekonfiguratiounshandlungsbedarf hunn. Laangfristeg gesäit dat awer vläicht anescht aus: d'europäesch Kommissioun huet gëschter hir Aschätzung rekonfirméiert datt zu Lëtzebuerg déi altersbedéngten Ausgaben tëschent 2007 an 2060 ëm 18 Prozentpunkte vum PIB wuessen. D'Charge vun der Pensiounslaascht geet vun 8,7 Prozent vum PIB op 23,9 Prozent am Joer 2060 erop. Wann dat falsch ass - wann et also falsch ass datt mer a 50 Joer ee Véierel vum nationale Räichtum fir Renten a Pensioune mussen opbréngen - da loosse mer der Kommissioun dat falsch maachen. Avis aux amateurs! Aux amateurs!
D'Probabilitéit datt dat net ganz falsch ka si gesäit een drun datt an der Kris an no der Kris de Wuestumspotential vun der lëtzebuerger Economie ofhëllt an ofgeholl wäert hunn. Néierens steet geschriwwen datt mer an Zukunft als national Economie 4 Prozent d'Joer wuessen. Mir landen à terme op engem Wuestumspotential vun ënner dräi Prozent an à très long terme op engem ënner zwee Prozent. Dat muss net esou kommen. Dat kann awer esou kommen.
D'Parteien hunn dëse Sujet net ganz gär. D'Leit déi an der Pensioun sinn och net, obschons hir Pensioune sécher sinn. D'Leit déi op hir Pensioun lassginn déi lauschteren och net gär no. Mee déi déi mar ufänken ze schaffen an déi a 40 Joer pensionéiert ginn, déi spëtzen d'Oueren.
Ech gleeewen net un de Pensiounshorrorszenario. D'Verbesserung vun der Aarbechtsproduktivitéit, d'Muskléierung vun der Beschäftegung an d'Performancesteigerung vun der Economie sinn eng potentiel Ofsécherungsgarantie. Mee wann et dann awer komme géng wéi d'Kommissioun mengt ...? Wat maache mer dann, dann wann et ze spéit ass? Dann wann et richteg wéi deet? Vu datt mer kee kuerzfristegen Handelsbedarf hu wier meng Propositioun folgend: kommt mir setzen eis an deenen nächste Joren alleguer zesumme ronderëm een Dësch. Kommt mir kucken zesummen - Parteien a Sozialpartner - wéi mer an zäitlecher Ofstufung kënnen op eng Situatioun wéi déi déi vun der europäescher Kommissioun prognostizéiert gëtt reagéieren. Kommt mir soen de Leit virun de Wahlen no den nächste Wahlen - well déi nächst fënnef Joer kréie mer wierklech kee Problem - wéi mer reagéiere wëlle falls d'Kommissioun an aner Leit dann awer Recht hätten. Wou spuere mer a wéi? Wéi kënne mer anescht finanzéieren? Wat fir Effortë a Reforme si mer bereet ze maachen? A wann et dann net esou kënnt wéi d'europäesch Kommissioun an anerer soen: jo, dann decidéiere mer dat net ze maache wat mer menge missten ze maache wann et géif esou komme wéi d'europäesch Kommissioun an anerer mengen. De Rentendësch dee mer haten huet jo net ausgeschloss datt mer ënner Ëmstänn missten zréckschalten an en huet konkret Piste gewise wéi dat gemaach kënnt ginn. Kommt mir kucken eis dat an deenen nächste Joren nach eng Kéier un. Och hei gëllt: stoppt de Lamento-Alarmismus, go fir ee rouegen a pragmatesche Realismus. De Résumé vun de Renten- a Pensiounsgespréicher mat de Sozialpartner deen de Sozialminister amgaang ass ofzeschléisse liwwert eis eng valabel Grondlag fir eis weider Iwwerleeungen.
Place financière et diversification économique
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn elo grad gesot d'Fiabilitéit vun eisen Alterungssécherungssystemer géif vun eiser Wirtschaftskraaft ofhänken. Dat ass eng éischter laangfristeg Ugeleeënheet. Mee dee Saz ass och kuerz- a mëttelfristeg richteg. Eis immediat Zukunft hänkt vun der Konsolidéierung vun eisem Wirtschaftstissu a vu sengem diversifizéierten Ausbau of.
Dofir muss - bei aller Diversifikatiounsnoutwendegkeet vun eiser Gesamteconomie - eis Finanzplaz op séchere Féiss stoe bleiwen. D'Finanzplaz behällt eng enorm Bedeitung. Si muss sech upassen, si ass och derbäi sech unzepassen. Si wäert no der Kris net méi déi iwwerragend Bedeitung hunn déi se haut huet. Mee si bleiwt eng Haaptachs vun eiser wirtschaftlecher Verkéiersverdeelung. Dofir ginn d'Promotiounsaktivitéite fir d'Finanzplaz ëmmer méi wichteg. D'Initiativ Luxembourg for Finance - grad wéi an engem méi breede Kontext déi vu Luxembourg for Business - vermëttelt ee positiven Image vun der Plaz a réckelt an deem datt se dat mécht muench falsch Perceptioun vun hir zu Recht. D'Finanzplaz muss virufueren d'Pallette vun hire Finanzprodukter ze verbreederen an aktuell an zukünfteg spezifesch lëtzebuerger Spezialitéiten ze favoriséieren. Dës Regierung ass eng enk Promotiounspartnerschaft mat der Finanzplaz agaang, déi nächst muss dat och maachen. D'Lëtzebuerger Politik schreiwt d'Finanzplaz net of. Am Géigendeel: mer musse se stäerken. A mir wäerte se stäerken. Well d'Finanzplaz bleiwt een essentiellen Deel vun eiser Wirtschaftslandschaft.
Mee wa mer wëllen als economeschen Ensembel weider wuessen, dann däerfe mer eis net eesäiteg op d'Finanzplaz verloossen. Da musse mer aner wirtschaftlech Secteure pousséieren. D'Idyll vum finanzplazinduzéierte Wuelstand muss enger agressiver multisektorieller Diversifikatiounsapproche wäichen. D'Finanzplaz ass kee Këssen op deem mer kënnen ausrouen. Mir mussen eist wirtschaftlecht Bett frësch opzéien. Ouni Kësse läit ee schlecht, mee ee Kësse mécht nach kee Bett. Wann ee sech wëllt strecken da brauch ee méi wéi e Këssen. Besonnesch wann ee laang Been huet. An déi wëlle mer jo hunn. Dofir muss den Aktiounsplang Logistik a senger Integralitéit ëmgesat ginn. D'Logistik ass een Zukunftsberäich deen treffsécher vum Wirtschaftsminister fräigeluecht ginn ass. Hire Potential ass grouss. E muss genotzt ginn. Dofir musse mer och eis Ustrengungen am Beräich vun der Gesondheetstechnologie, an den Eco-Technologië verduebelen. An de lesche Jore hu sech eng Dose Betriber aus dem Kommunikatiouns- a Mediesecteur zu Lëtzebuerg implantéiert. Net aus steierleche Grënn. De Kommunikatiounsminister Schiltz huet der nach vill an der Pipeline. Si wäerten, wa se bis aus däer eraus sinn, eis Wirtschaftskuliss méi breet gi loossen.
Der Recherche an der Innovation am breedeste Sënn vum Wuert kënnt prioritär Bedeitung zou. Ee Land wat net fuerscht, ee Land wat net de Grëff an nach onbekannte Reim wot, dat ass ee Land ouni Loscht op Zukunft. Mir mussen awer Loscht op Zukunft hunn. Mir hunn och gewisen datt mer Loscht op Zukunft hunn: an dëser Legislaturperiod sinn d'Investitiounen an d'Fuerschung vun 72 Milliounen Euro op 215 Milliounen Euro gesteigert ginn. Dat heescht: an dëser Legislaturperiod hu mer de Fuerschungseffort verdräifacht. Dësen Effort muss virugefouert ginn an zwar laanscht déi Linnen déi ech d'lescht Joer bei der Erklärung zur Lag vun der Natioun am Mee 2008 heibannen entwéckelt hunn. Ech sinn der Meenung datt mer an der nächster Legislaturperiod et musse fäerdeg bréngen de Fuerschungseffort - den öffentlechen an de privaten - op dräi Prozent vun eisem PIB eropzedrécken. Wa mer dat géife fäerdeg bréngen - a mer mussen dat fäerdeg bréngen - dann hätte mer eis Zukunftsplaz definitiv geséchert. Nëmmen déi déi haut fuerschen an déi déi haut siche fannen dat wat mar richteg ass. Mir mussen ee Vollek vun Zukunftsdetektive ginn, soss riskéiere mer Chauffeuren ze bleiwen déi an de Réckspigel kucken statt hire Bléck op déi breet Avenuen ze riichten déi virun e leien. Grad an der Kris muss een Zukunftsgas ginn, d'Brems an de Réckgank si Bordinstrumenter fir déi Fäertereg.
Mir maachen eis Suergen ëm de Chômage an ëm déi laangfristeg Finanzéierung vun eiser Sécurité sociale. Mir wëllen der multisektorieller Diversifikatiounsstrategie e Push gi well mer eis aus der Ofhängegkeet vun der Finanzplaz wëlle léisen, quitte datt mer hire weideren Essor ustriewen.
Protection du climat
Mir hunn och d'Suerg ëm eis Ëmwelt. Grad an der Kris. Ech wëll hei dem Androck entgéinttrieden, d'Regierung géif d'Kris an de Konjunkturprogramm dee se hir entgéintstellt wëlle notze fir den Ëmweltgedanke méi kleng ze schreiwen. Den Ëmweltschutz, den ökologesche Souci däerf net d'Affer vun der Kris an hirer Bekämpfung ginn. D'Wirtschaftskris bekämpft een net doduerch datt een d'Klimakatastroph vergësst an d'nohalteg Entwécklung vun eisem Environnement an dem "etc" vun eise Preoccupatiounen aschreiwt. Dat huet d'Regierung och net gemaach. An dat däerf déi nächst och net maachen. D'Wirtschaftskris ass enges Dags eriwwer. D'Klimakatastroph awer bleiwt. Dofir däerf d'Erhuelung vun der Wirtschaft sech net op d'Käschte vun der Ëmwelt maachen.
D'Noutwendegkeet d'Genehmegungsprozeduren ze beschleunegen ass net gläichbedeitend mat engem Attentat op d'Ëmweltsuergfalt. Et muss een och an dräi Méint kënnen driwwer befannen ob ee Projet nohalteg an ëmweltfrëndlech ass oder net. Dofir brauch ee keng siwe Joer. Mir wëllen d'Prozeduren akzeleréieren ouni d'Ëmwelt ze blesséieren.
Am Contraire: ech mengen datt d'Wirtschaftskris - wéi soll ech soen - "eng Chance" fir d'Ëmwelt an de Klimaschutz ass. Ëmweltschutz a Krisebekämpfung ginn zesummen. D'Kris ass d'Stonn vun den alternativen Energien. D'Kris ass d'Stonn vum graduellen Ausstieg aus der fossiler Energieofhängegkeet. D'Kris ass d'Stonn vum wirtschaftlechen a sozialen Notze vun den Ëmwelttechnologien. "J'aime", sou sot de franséische Philosoph Blaise Pascal, "les choses qui vont ensemble". Krisebekämpfung an Ecologie ginn zesummen. Dat Zesummegoen hu mer an der zréckleiender Legislaturperiod bewisen. Vläicht nach net ganz. Mee awer méi wéi jeemools virdrun. Ech kann dat matenee vergläiche well ech si jo scho méi laang derbäi. Dësen Ëmweltminister ass an de leschte fënnef Joer senger Aufgab méi wéi gerecht ginn.
Politique sociale
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
D'Wirtschaftskris, vun där ech esou vill geschwat hunn, mee ech hu missen esou vill vun hir schwätzen, well 't ass d'Haaptsuerg vun de Leit, ass net Alles. D'Regierung hat och nach aner Suergen an aner Preoccupatiounen an dëser Legislaturperiod. Si huet probéiert deene Suergen an deene Preoccupatiounen déi et an der Gesellschaft gëtt eng geschlossen Äntwert ze ginn. Eng Äntwert aus engem Goss.
Dat ass besonnesch däitlech ginn an deem breede Beräich vun deem wat mer d'Gesellschaftspolitik nennen. D'Gesellschaftspolitik bestëmmt d'Art a Weis wéi mer matenee liewen a wéi mer mateneen eens ginn. D'Fortschrëtter an deem Beräich sinn onverkennbar.
Mir kruten een neit Immigratiounsgesetz. Mir kruten een neit Integratiounsgesetz. Mir kruten een neit Asylgesetz. Mir kruten een neit Staatsbiergerrecht, ee Gesetz iwwer d'duebel Nationalitéit. Mir kruten ee Gesetz iwwer de Congé linguistique. All dës Gesetzer verstäerken d'Mateneen hei am Land.
D'Mateneen dat betrëfft och d'Matenee vun den Erwuessenen a vun de Kanner. D'Kannerbetreiung ass wichteg. Am Joer 2004 hu Staat a Gemengen 7.481 Kanner betreit. Am Joer 2008 sinn et der 23.000. 9.000 weider Plazen an de Maisons relais befanne sech an der Planungsphas. An der Éducation précoce waren am Joer 2000 2.802 Kanner. Haut sinn et der 4.032. Numeresch a qualitativ huet d'Kannerbetreiung sech an deene leschte Jore massiv verbessert. Dëse Prozess muss virugefouert ginn. D'Aféierung vun de Chèques-services ass vill kritiséiert ginn. Mee d'Chèques-services ginn um Terrain gutt ugeholl: ronn 30.000 Demandë fir Chèques-services si bis haut agereecht ginn. Dat ass e Succès! Wéi iwwerhaapt d'Madame Marie-Josée Jacobs kann houfreg sinn op dat wat si fir d'Famill a fir d'Kanner an de leschte Jore gemaach huet.
D'Zesummeliewe betrëfft natierlech och d'Zesummeliewen an der Koppel. Mir hunn d'steierlech Avantage vun de bestuetene Leit op hetero- an homosexuel Koppelen déi am Partenariat zesummeliewen ausgedehnt. Dëse Rechtsfortschrëtt gëtt kaum zur Kenntnis geholl. E gëtt zougedeckt duerch d'Fuerderung nom Mariage vun den Homosexuellen, Fuerderung déi mech net stéiert. Mee wichteg ass d'Gläichzéiung vun hire Rechter. De Rescht kënnt no wann d'Gesellschaft prett ass dofir.
D'Schoulpolitik ass och Gesellschaftspolitik. D'Educatiounswiesen ass an dëser Legislaturperiod fundamental reforméiert ginn, méi wéi an iergendenger Legislaturperiod virdrun. D'Grondschoul ass op nei Féiss gestallt ginn duerch d'Reform vum Gesetz vun 1912, d'Beruffsausbildung ass reforméiert ginn, den Neie Lycée ass agefouert ginn, déi Nei Schoul kritt eng Chance, mir hunn d'Formatiounsweeër diversifizéiert, mir hunn den Échec scolaire zréckgedréckt, eis Schoul ass zäit- an zukunftskonform ginn. D'Zomm vun dësen a vun anere Reformen ass dem energeschen Asaz vun der Educatiounsministesch Mady Delvaux ze verdanken. Datt dës Reformë konnte gestëmmt ginn ass deem gemeinsame staarke Wëlle vun deenen zwou Koalitounsparteien zouzeschreiwen.
Modernisation du pays
Mir hunn eis Wirtschaft moderniséiert. Mer hu se moderniséiert duerch den Antrëtt an eng prononcéiert Diversifikatiounslogik: e-commerce, Ëmwelttechnologien, Gesondheetstechnologien, Biotechnologien, nei Initiativen an de Beräicher Fuerschung an Innovatioun.
Den Innovatiounsschub gëtt besonnesch däitlech am Beräich vum Kommunikatiouns- a Mediesecteur. Mir haten eis um Ufank vun der Legislaturperiod virgeholl d'Kommunikatiounsinfrastrukturen a besonnesch den Ausbau vun den Breetbandverbindunge mam Ausland an och intern am Land ze verbesseren. Mir wossten datt dat gutt fir d'Wirtschaft wier.
Mir wossten datt en allgemenge Wonsch dee war fir schnell a besser surfen ze kënnen.
Mir haten eis um Ufank vum Joer 2000 virgeholl d’Couverture fir de Breetbandinternet, also de séieren Internet, op 95 Prozent vun den Haushalter an de Betriber eropz'entwéckelen. Deen Objektiv ass iwwertraff ginn. Lëtzebuerg ass dat éischt Land vun der OCDE dat quasi 100 Prozent Couverture huet, wou een also iwwerall am Land Zougank zum séieren Internet ka kréien. D’Unzuel vu Breetbandinternet-Uschlëss huet sech iwwert déi lescht fënnef Joer bal veraachtfacht, mat 2008 128.500 Uschlëss. 80 Prozent vun den Haushalter hunn haut e séieren Internet-Uschloss. Nëmmen dräi Länner an Europa sinn - knapp - besser.
Déi allgemeng exzellent Konnektivitéit déi mer hunn huet een direkten Impakt op d'international Konkurrenzfähegkeet vun eisem Land.
Vun 154 Länner deenen hir Performance gemooss gëtt si mir wat Benotzung vun der Kommunikatiounstechnologie duerch d'Betriber ubelaangt haut d'Land Nummer 7. Wat d'Präisser vun der Notzung vun de Kommunikatiounsservicer ubelaangt si mer dat drëttbëllegst Land op der Welt. Mir wëllen eis Spëtzeplaz op der internationaler Kommunikatiounsstanduertkaart ausbauen. Dofir investéiere mer 200 Milliounen Euro an deenen nächste Joren a Luxconnect an an Tera-Link. De Kommunikatiounsminister Jean-Louis Schiltz huet sech an d'Zukunftstechnologie verléift. Seng Léift produzéiert gutt Resultater.
D'Moderniséierung vum Land heescht selbstverständlech och d'Ökologiséierung vum Land. Och hei ass dat wat dës Regierung gemaach huet am Schlussresultat eigentlech bemierkenswäert. D'CO2-Emissioune sinn am Verglach zum Joer 1990 ëm 5,2 Prozent gefall. D'CO2-Emissioune ginn däitlech zréck. Dat ass deelweis duerch d'Wirtschaftskris bedéngt. Dat ass zum aneren Deel d'Resultat vun enger aktiver Reduktiounspolitik.
Den Undeel vu schuedstoffaarmen Autoen hëllt zou, den Undeel vun Drecksschleideren am Autoverkéier hëllt of.
An d'Schinn, an d'Eisebunn sinn an deene leschte Joren Milliarden Euro gefloss. D'Investitiounen an d'Schinn hunn a fënnef Joer ëm 179 Prozent zougeholl. Haut fueren 25 Prozent méi Leit mam Zuch wéi nach viru Joren. Nach ni huet d'Eisebunn esouvill Fracht transportéiert wéi haut. Insgesamt fueren 20,6 Prozent méi Leit mam öffentlechen Transport. D'öffentlech Bus- a Schoulbuslinnen hunn ëm 28 Prozent zougeluecht. Am öffentlechen Autobusnetz sinn zanter 2004 drësseg nei Linnen agefouert ginn, dovun eelef déi iwwer d'Landesgrenzen erausfueren. Fënnefandrësseg nei Schülerlinnen si fir déi eenzel Lyceeën am Land derbäi komm. Op 26 öffentleche Buslinnen ass een Takt agefouert ginn esou datt haut vun deenen 288 Autobuslinne vum RGTR der 135 no Taktfahrplan fueren. D'Kilometerzuel déi d'Autobusse an engem Joer maachen ass vun 33,5 op 43,7 Millioune Kilometer eropgaang, ee Plus vun 13 Prozent. D'Zuel vun de Passagéier ass vun 33.600.000 op 38.400.000 an d'Lut geklomm, ee Plus vu 14,3 Prozent. 13 Prozent Kilometer méi, 14,3 Prozent Passagéier méi: ass dat net eng nohalteg Verkéierspolitik? Et ass eng!
D'Moderniséierungsbestriewunge vum Land fënnt een och am neien Agrargesetz erëm, fënnt een am neie Fënnefjoresplang fir den Tourismus erëm, fënnt een an deene vielfältegen administrative Vereinfachungen erëm déi di verschidde Ministären, besonnesch de Mëttelstandsministär, an deene leschte Joren duerchgefouert hunn. D'zukunftsorientéiert Denke fënnt een erëm am Pacte logement, am neie Mietgesetz, an deene fäerdegen an nach net ganz fäerdege sektoriellen a globale Pläng vum Landesplanungsminister Jean-Marie Halsdorf an an der extraordinärer Reussite vun der Neimiwwléierung vum Site Belval déi weist datt dës Regierung de Süden net ofgeschriwwen huet mee de Süden op Orbit wëllt bréngen.
Le modèle social luxembourgeois
De Wëlle fir vun der Plaz ze komme gëtt och am Beräich vun der Politik déi d'öffentlech Funktioun betrëfft däitlech. Mir hunn, mam Accord vun der authentescher repräsentativer Gewerkschaft vum öffentlechen Déngscht, der CGFP, moderat Lounofschlëss an dëser Legislaturperiod ofgeschloss. Dir hutt se gestëmmt. Dir waart also dermat d'accord. Mat der CGFP - déi ass jo nëmme ganz selten ee bequeme Verhandlungspartner - si mer eis och eens ginn iwwer d'Konditiounen zu deenen EU-Bierger kënne lëtzebuerger Staatsbeamte ginn. Ech hunn hir fir hiert Alenken an där Fro merci ze soen. D'Gespréicher mat der CGFP sinn ëmmer schwiereg. Mee si sinn ëmmer produktiv. Well Regierung a CGFP wëllen datselwecht. Eng effizient leeschtungsstaark performant öffentlech Funktioun déi sech dem Fortschrëtt net verweigert. Ech leeë grousse Wäert op d'Weiderféierung vun engem inhaltlech qualitativ héich ugesiedelten Dialog mat der CGFP. Esou hu mer et an dëser Legislaturperiod gehal. Esou muss och déi nächst Regierung et halen. Esou wéi iwwerhaapt hei de Saz hi passt datt de sozialen Dialog zu Lëtzebuerg essentiel an existentiel richteg ass. De lëtzebuerger Sozialmodell, de Versuch alles ze maache fir zu inhaltleche Schnëttmengen tëschent Regierung, Parlament a Sozialpartner ze kommen, muss och an deenen nächste fënnef Joer een determinant Element vun der Politikausriichtung zu Lëtzebuerg sinn. Regierung a Parlament, obscho si gewielt sinn, stellen net déi ganz sozial ekonomesch Realitéit vum Land duer. Mir brauchen d'Matmaache vun de Gewerkschaften, mir brauchen d'Matmaache vun de Patronatsorganisatiounen. Lëtzebuerg ass een Ensembel dee sech zesummesetzt aus der politescher Wëllensäusserung an aus der revendikativer Landschaftskuliss déi d'Gewerkschaften an d'Patronatsorganisatiounen duerstellen. Wier Lëtzebuerg eng Firma, da kënnt d'Regierung als den ieweschte Manager vum Land sech géint all déi aner Forcen, Sensibilitéiten, Befindlechkeeten duerchsetzen. Lëtzebuerg ass keng Firma. Lëtzebuerg ass ee Staat. Lëtzebuerg ass eng Natioun. Eng Natioun besteet net nëmmen aus der Regierung an aus dem Parlament. Lëtzebuerg ass ee gewaltegt Zesummespill. Een Zesummespill tëschent Parlament a Parteien, Regierung a Koalitioun, Patronen a Gewerkschaften, Net-Regierungsorganisatiounen an Zivilgesellschaft, een Zesummespill tëschent deene beschten Elementer déi mer hei am Land hunn. Eng modern Demokratie limitéiert sech net op Chamber a Regierung. Mee 't ass an der Chamber an an der Regierung wou den Decisiounssubstrakt vun de Gespréicher mat deenen net gewielte Repräsentante vun der Gesellschaft muss gezu ginn. Esou hu mer et an der Vergaangenheet gemaach. Esou muss et och an d'Zukunft geschéien.
Conclusions
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Dat heiten ass déi fofzéngten Erklärung zur Lag vum Land déi ech virleeën. Et war nach keng esou schwiereg wéi dës. Et war nach keng esou schwiereg wéi dës well een esou wéinig iwwer dat weess wat kënnt. Mir liewen an enger onsécherer Welt, an engem onsécheren Ëmfeld, mir bewegen eis an engem wirtschaftleche Kontext deem seng Plie kee genau kennt. De séchere Wee, erlaabt mer dee Clin d'oeil, war nach ni esou schwéier ze fanne wéi elo. Net nëmmen net fir déi déi sech zu him bekennen. Och fir déi déi e lächerlech maachen.
Ech hunn, net nëmme well ech méi al a leider Gottes - jiddweree mierkt dat - net méi räif ginn, net nëmmen iwwer d'Zukunft mer de Kapp zerbrach. Ech hunn och a mengem Kapp déi lescht Jorzéngten defiliéiere gelooss. An ech hu festgestallt - ech hunn Iech dat scho gesot - datt ech an deene leschte 27 Joer d'Regierungsverantwortung gedeelt hu mat 40 Kollegen insgesamt. Där vun der CSV, där vun der LSAP, där vun der DP. Ech muss - obschon ech hoffen net um Enn vu menger politescher Carrière ukomm ze sinn - feststellen datt alleguer déi mat deenen zesummen ech d'Geschécker vun dësem Land geleet hunn vum Wëlle beséilt waren hir Aarbecht gutt ze maachen. Well ech dat erliewt hunn a well ech weess datt all Partei déi bei deenen nächste Wahle kandidéiert et eigentlech gutt mengt, sinn ech zu pauschale Veruerteelunge vun deenen engen an deenen aneren net bereet. Jiddweree vun eis wëll et gutt maachen. Loosse mer elo wou de Wahlkampf ufänkt keen deem aneren ënnerstellen e géif d'Ongléck vum Land wëllen. Loosse mer dervun ausgoen datt jiddwereen dat Bescht fir d'Land wëllt. D'Politiker a Parteien, dat si keng Feinden. Dat si Konkurrenten déi iwwer de beschte Wee fir d'Land streiden. Ech wëll de Feind vu kengem sinn. Ech si gäer e respektéierte Konkurrent vun aneren. An dofir wëll ech um Enn vu menger Ried douce Konklusiounen zéien, keng antinomesch, keng feindlech.
Mir sinn an der Mëtt vun enger Wirtschaftskris. Ech weess net - a wann ech et wéisst da géng ech iech et soen - wéi laang datt déi Wirtschaftskris unhällt. Ech weess just et ass déi Schlëmmst an déi Déifsten déi mer zënter Jorzéngten erliewen. Mer hu se net verschëld, mee mir leiden ënner hir. Ech sinn dervun iwwerzeegt datt déi international, a virun allem déi europäesch, an déi national Krisebekämpfungsmoossnahmen positiv Effekter net am Joer 2009, mee am Joer 2010 wäerte produzéieren. Ech sinn iwwerzeegt dervun datt all Konjunkturprogrammer, esouwuel déi europäesch wéi déi national, kaum positiv Effekter hu wa mer et net fäerdeg bréngen de Bankesystem erëm un d'Rullen ze kréien an de Kredit-Flux erëm hirzestellen. Mir bréngen dat nëmme fäerdeg wa mer d'Problematik vun den illiquiden toxeschen Bank- a Finanzprodukter an de Grëff kréien. Dat ass eng global Aufgab. Dat ass eng europäesch Aufgab. Dat ass nëmmen a ganz klengem Mooss eng national Aufgab.
Ech sinn iwwerzeegt dervun datt mir Lëtzebuerger et fäerdeg bréngen eis aus der babylonescher Gefaangenschaft vun där Finanz- a Wirtschaftskris ze befreien. Ech trauen eisem Vollek an och eis, eiser Wirtschaft an eise Sozialpartner et zou a Solidaritéit eis aus der Ëmklamerung vun däer Kris ze befreien. Dat brénge mer nëmme fäerdeg wann den internationale Kontext stëmmt. Op dee Kontext hu mer wéineg Afloss. Och d'Présidence vum Eurogrupp gëtt engem net all Aflossméiglechkeet déi ee bräicht fir ze bewierken datt dat geschitt wat geschéie muss. Mee mir sinn een intelligent Vollek. Mir si Leit déi mat zwee Féiss um Buedem stinn. Mir wësse wat Grouss a Kleng ass, mir wësse wat d'Méiglechkeete vu groussen Ensemble sinn a wat marginal Korrekturméiglechkeete vun deene méi Klengen duerstellen. Mee mir fannen eis - dat hu mer esou dacks scho bewisen - gutt zurecht am Niewenteneen, Mateneen a leider heiandsdo och Géinteneen vun de groussen Akteure um Wirtschaftsterrain. Ech sinn iwwerzeegt dervun datt mer um Enn vun der Kris als klengt mee intelligenz- a realitéitsgedriwwent Vollek besser do stoe wäerte wéi vill anerer. Dat ass meng Hoffnung. Dat ass och dee Wëllen dee mech animéiert: alles ze maache fir datt mer no der Kris méi staark si wéi déi aner. Mir hunn d'Viraussetzung dofir geschaaft. Doduerch datt mer - dëst ass eng mittelfristeg Betruechtung - eis Schoul fundamental reforméiert hunn a s'op d'Zukunft ausgeriicht hunn. Doduerch datt mer eis wirtschaftlech Diversifikatioun an nei Domainer eragedriwwen hunn. Doduerch datt mer eisen Effort an den Zukunftsberäicher Recherche an Innovatioun multiplizéiert hunn. Doduerch datt mer dem Matenee vu Beruff a Famill eng nei well praktesch Dimensioun ginn hunn. Doduerch datt mer konsequent an d'Zukunftstechnologien, ITC, e-commerce, Ëmwelttechnologien, Biomedezin, investéiert hunn. Doduerch datt mer der Ëmweltpolitilk een neien Driff ginn hunn, Ëmweltpolitik déi a kengem Géigesaz zu den Noutwendegkeete steet déi d'Bekämpfung vun der Wirtschaftskris mat sech zitt. Doduerch datt mer eis eens sinn datt d'Solidaritéit an der Wirtschaftskris net mat engem klengen S däerf heemlech geschriwwe ginn mee doduerch datt mer eis eens sinn datt d'Solidaritéit grad an der Kris mat engem groussen S muss geschriwwe ginn. D'Wirtschaftskris verschlëmmert sech och am Laf vun dësem Joer 2009. Ech wëll dorunner keen Zweifel loossen. Mee kee kënnt am Hierscht no de Wahlen - ech jiddwerfalls net - mam décken Hummer fir de Sozialsystem hei am Land ze zerschloen. Wat mer brauchen ass e Schrauwenzéier fir eenzel Schrauwen unzezéie fir datt eist Sozialgerüst net zesummefällt. De Schrauwenzéier erlaabt d'Ajustéieren, den décken Hummer erlaabt just Draschloen a futti maachen. Mir wëllen net draschloen. Mir wëllen net futti maachen. Mir wëllen fein ajustéiere wa mer mengen d'Schrauwe missten ugezu ginn.
Jiddweree muss wëssen: et gëtt Saachen déi net wäerte stattfannen. Enfin vun deenen ech mengen datt se net stattfannen däerfen. Déi Leit déi wéineg verdéngen, déi Leit déi akommesschwaach sinn, déi Leit déi net wësse wéi se um Enn vum Mount eens ginn, déi däerfen net d'Affer vun der Kris ginn. Déi éischt Solidaritéitsflicht besteet hinne géint iwwer. Breet Schëllere kënne méi droen. Si mussen eventuell bereet sinn an deenen nächste Jore vorübergehend méi ze droen. Schmuel Schëllere verdroe keng supplementar Laascht. Dofir stinn ech an. Dofir stinn déi zwou Koalitiounsparteien an. Wa supplementar Laaschten mussen iergendwou ofgeluecht ginn da gi se net op de Schëllere vun deene Schwaachen ofgeluecht.
Am Laf vun däer nächster Legislaturperiod, Period an däer hirem Ufank d'Finanzen an en Engpass erageroden, gëtt d'Fuerderung laut d'Entwécklungshëllef ze reduzéieren. Dat seet haut nach keen. Mee 't gëtt der déi wäerten dat mar soen. Ech wëll soen, déi zwou Koalitiounsparteie wëlle soen: mir féieren déi Entwécklungspolitik déi mer an deene leschte Joren engagéiert hunn och an der Kris virun. Esou laang wéi all Dag 25.000 Kanner vun Honger krepéieren, esou laang wéi all 9 Sekonnen ee Kand vun Honger stierwt, esou laang ass Europa an ass Lëtzebuerg net mat senger Flichterfëllung um Enn ukomm. Mir wëllen d'lëtzebuerger Entwécklungshëllef op engem héijen Niveau halen.
Et däerf och net stattfannen datt de Kulturbudget drastesch no ënne revidéiert gëtt. Wa Kris ass, wann d'Finanze knapp ginn, wann net all Fuerderunge kënnen erfëllt ginn dann tendéiere Regierungen a Parlementer dozou Aschnëtter an de Kulturbudgeten ze maachen. Mir sinn ee Land deem säi Kulturbudget méi wéi 1 Prozent vu sengem Gesamtbudget bedréit. Mir mussen esou ee Land bleiwen. Lëtzebuerg ass och ee Kulturland. Dat wëlle mer bleiwen.
Mir sinn ee Kulturland jo. Dat heescht mir sinn och ee Land dat u senger Sprooch hänkt. Ech hunn eis Sprooch ganz gäer. Ech beméie mech se esou richteg wéi nëmmen iergendwéi méiglech ze schwätzen. Ech sinn der Meenung datt jiddwereen dee Lëtzebuerger wëllt gi sech an eiser Sprooch ausdrécke kënne muss. Ech sinn net der Meenung datt jiddwereen dee wëllt Lëtzebuerger gi sech wéi en Affekot ausdrécke kënne muss. Souwisou schwätzen d'lëtzebuergesch Affekote franséisch. Ech hätt gären datt déi déi vu méi wäit bei eis kommen eis gutt verstinn. An ech hätt gären datt wa si sech net an hirer Sprooch mee an eiser Sprooch ausdrécke mir si och verstinn. Ech wëll dat Lëtzebuergescht net iwwerdreiwen. D'Iwwerdreiwung vum Lëtzebuergesche stéiert mech. Mee d'Ënnerdreiwung vum Lëtzebuergesche stéiert mech grad esou vill. Ech hätt gären datt mer eis bannent eise Grenzen an däerselwechter Sprooch kënne mateneen ënnerhalen. Dat heescht datt mir Lëtzebuerger heiandsdo Däitsch oder Franséisch schwätzen. Dat heescht awer och datt déi déi vu méi wäit ewech komme sech och kënnen op Lëtzebuergesch mat eis ënnerhalen. Dat ass eng Exigenz, ee Must wéi mer op Lëtzebuergesch soe vun nationaler Kohäsioun, mar méi wéi haut.
Här President,
Dir Dammen an dir Hären,
Ech hunn et gesot: dat hei ass meng fofzéngte Ried zur Lag vun der Natioun. Vläicht ass et déi lescht. Vläicht kommen der nach fënnef no, à voir. Keng Erklärung ass mer esou schwéier gefall wéi dës. Ech hat keng richteg Loscht ee Bilan vun der Regierungsaktivitéit ze zéien. Well mir sëtze matzen an enger déiwer Wirtschaftskris: wat soll d'Bilanzéieren iwwer all méiglech Beräicher an engem Moment wou d'Leit sech Suergen ëm hir materiel Zukunft an ëm hir Aarbechtsplaz maachen? Ech hätt kënnen eng breet Bilanz zéien. Well d'Regierung kann eng gutt Bilanz presentéieren. Si kann dat och maache well déi zwou Regierungsparteien, obschons ënnerschiddlech staark, gläichberechtegt, kollegial a séier dacks frëndschaftlech zesummegeschafft hunn. Mënschlech waren déi lescht fënnef Joer fir mech ee Gewënn. Politesch ware se zum Gudde vum Land. Mee net déi lescht fënnef Joer si wichteg. Déi nächst fënnef Joer si wichteg. Iwwer déi konnt ech net richteg schwätzen obscho vill Leit dat vu mer erwaart hunn. Mee de Mandat vun dëser Regierung leeft de 7. Juni of. Ech konnt Iech net soe wéi ech mengen datt d'Politikarchitektur bis 2014 soll ausgesinn. Ech konnt et net maache well ech kee Regierungsmandat fir eng Ried iwwer déi nächst fënnef Joer hunn. Ech weess net wat de Wieler den nächste 7. Juni mat der Regierung an domat och mat mir wëlles huet. Ech weess just eppes: d'Kris ass schlëmm, si ass schlëmm an der Welt, si ass schlëmm an Europa a si ass och schlëmm heiheem. Et ass déi schlëmmste Kris déi mer zanter Jorzéngten erliewt hunn. An ech weess: mir kënnen als Lëtzebuerger vun dëser Kris zréckgeworf ginn, mee dës Kris wäert eis net ëmwerfen. Mir packen dat. Mir packen dat wa mer zesummestinn an zesummeginn. Dat schléisst d'Kontrovers am Detail net aus. Mee dat rifft no Zesummenhalt an der Saach, an der Saach vun de Lëtzebuerger. Ech géif mech gären, och nom 7. Juni, an den Déngscht vun där Saach stellen.