Neierungen 2019

Nei gesetzlech gereegelt Virschrëften déi de Bierger direkt betreffen wäerten 2019 a Kraaft trieden.

Hei en Iwwerbléck iwwer d'Haaptännerungen déi en direkten Impakt op d'Bierger hunn. Dës Lëscht ass net vollstänneg.

©SIP

 

Zougang zur Informatioun: eng transparent an oppen Administratioun

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

D’Gesetz vum 14. September 2018, dat sech op eng transparent an oppen Administratioun bezitt, gesäit vir, datt vun elo un en ëffentlecht Organ automatesch all Dokument, dat als "zougänglech" bezeechent gëtt, muss online verëffentlechen oder et enger physescher oder moralescher Persoun déi esou en Dokument ufreet, an engem Zäitraum vu maximal 1 Mount zoukomme loossen.

Deemno huet jiddwereen e Recht drop, un Dokumenter ze kommen, déi aus dem Ausübe vun enger administrativer Tätegkeet stamen:

  • vun den Administratiounen a staatleche Servicer,
  • vun de Gemengen an de Gemengesyndikater,
  • vun den ëffentleche Betriber, déi dem Staat ënnerstinn oder ënner d'Opsiicht vun de Gemenge falen,
  • vun de moralesche Persounen, déi ëffentlech Servicer leeschten,
  • vun der Chamber,
  • vum Staatsrot,
  • vum Mediateur,
  • vum rechnungshaff,
  • vun de Beruffskummeren.

Dës Organer si verflicht, Dokumenter déi dem Gesetz no all Persoun déi dono freet mussen zougänglech gemaach ginn zur Verfügung ze stellen, ouni datt d'Persoun e Grond dofir muss uginn.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Plastikstuten fir den eemolege Gebrauch

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

Vum 1. Januar 2019 u muss ee fir Plastikstuten bezuelen.

De Commerce däerf Plastikstuten fir den eemolege Gebrauch, dat heescht, déi eng Déckt hu vu méi ewéi 15 Mikrometer, net méi gratis ausdeelen. Net betraff si ganz dënn plastiks Tuten - dat heescht, déi eng Déckt hu vu manner ewéi 15 Mikrometer - , déi aus hygienesche Grënn néideg sinn oder mat deene lasse Liewensmëttel direkt verpaakt sinn, wann dat soll mathëllefen, manner Iesswueren ze verbëtzen.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Zoulag fir d'Liewensdeierecht

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

D'Reglement vum 21. September 2018 ass drop ausgeriicht, fir de Stéit mat klengem Akommes och fir 2019 eng Zoulag fir d'Liewensdeierecht zoukommen ze loossen. D'Beträg vun der Zoulag fir d'Liewensdeierecht bleiwen déiselwecht wéi déi, déi 2018 gegollt hunn.

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 21. September 2018

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

De REVIS, fréier RMG genannt, den RPGH an de soziale Mindestloun ginn erop

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

Den 1. Januar 2019 gëtt aus dem RMG (revenu minimal garanti) de REVIS (revenu d'inclusion sociale). Deeselwechten Dag ginn de soziale Mindestloun, de REVIS an den RPGH (revenu pour personnes gravement handicapées) ëm 1,1% erop. Dës Upassunge sinn d'Konsequenz aus der Lounentwécklung, déi tëschent 2016 an 2017 festgestallt gouf.

Resumé vun den Aarbechte vum Regierungsrot vum 16. November 2018

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Finanziell Entschiedegung bei Krankheet a bei Onfäegkeet fir schaffen ze goen

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

D'Gesetz vum 10. August 2018 hieft d'Limite vum Recht op Entschiedegung bei Krankheet vun elo 52 Wochen op en Total vun 78 Wochen un, gülteg an enger Referenzzäit vun 104 Wochen.

D'Gesetz féiert och eng progressiv Reprise vun der Aarbecht aus therapeutesche Grënn an, wann unerkannt gëtt, datt d'Reprise vun der Aarbecht an d'Aarbecht selwer e Bäitrag zur Verbesserung vum Gesondheetszoustand vum Versécherte leeschten.

Am Hibléck op eng Harmoniséierung vun där uewegenannter neier Limite vun 78 Wochen, a vun der Referenzzäit am Kader vum Weiderbezuele vun der Pai, verlängert d'Gesetz vum 10. August 2018 d'Referenzzäit vun 12 op 18 Méint. Deemno huet de Salarié deen net ka schaffe goen, vum 1. Januar 2019 u bis un d'Enn vum Kalennermount an deen de 77. Dag fält, op deem hien net ka schaffe goen, Recht op seng integral Pai, dëst während enger Referenzzäit vun 18 Méint.

Resumé vum Dossier um Site vun der Chamber

De Communiqué vum Ministère fir d'sozial Sécherheet

Obligatoresch Deklaratioun vu bestëmmten Infektiounskrankheeten

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

Mam a Kraaft trieden vum Gesetz vum 1. August 2018 iwwert déi obligatoresch Deklaratioun vun bestëmmten Infektiounskrankheeten, musse, fir eng besser Iwwerwaachung vun den Infektiounskrankheeten am Grand-Duché kënnen ze maachen, bestëmmte Krankheeten, wéi d’Tuberculose, d’Riedelen oder déi sexuell iwwerdrobar Krankheeten (z. Bsp : Aids, Syphilis, Hépatites) vun den Dokteren/Zänndokteren an Laboratoiren deklaréiert ginn. D’Krankheeten déi mussen deklaréiert ginn, sinn an engem groussherzogleche Reglement opgelëscht.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Neien nationalen HPV-Impfprogramm fir d’Meedercher a Jongen

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

De Recommandatiounen vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) vum Juni 2018 no, ass elo deen neien HPV-Impfstoff (wierksam géint 9 Virusstämm) gratis verfügbar. D’Impfung ass gratis a gëtt iwwert den nationalen Impfprogramm vum Gesondheetsministère finanzéiert:

  • fir Meedercher a Jongen tëschent 9 a 13 Joer abegraff an
  • gezilt fir bestëmmte Risikogruppen.

Andeems och d’Jongen geimpft ginn erhofft een sech e Réckgang an der Verbreedung vum HPV an domadder dann och ee Réckgang vun der Unzuel vun Gebärmutterhalskriibs.

Recommandatiounen vum Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI)HPV

Remboursement vun Ernährungsberodungen

A Kraaft vum 1. Januar 2019 un

Geméiss dem groussherzoglechen Reglement vum 5. Dezember 2018 wäert déi nei Nomenklatur an d'Ofkommes mat den Ernährungswëssenschaftler de Remboursement vun Ernährungsberodungen erméiglechen an doduerch d'Gesamtbetreiung vum Patient an engem multidisziplinäre Kontext verbesseren.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Aféierung vun Mini-Crèchë

A Kraaft vum 7. Januar 2019 un

D'Mini-Crèchë si kleng Strukturen, tëschent enger Crèche an enger Dagesmamm / engem Dagespapp, déi bis zu 11 Kanner tëschent 0 an 12 Joer kënnen ophuelen, dorënner maximal véier Puppelcher vu manner ewéi engem Joer.

Iwwer si weist sech de Wëlle vun der Regierung, fir d'Offer am Beräich vum Accueil an der non-formaler Bildung vun de Kanner ze erweideren. D'Mini-Crèchë mussen engersäits vun engem Educateur geféiert ginn an anerersäits vun enger Persoun, déi eng Formatioun fir d'sozio-erzéieresch Betreiung vu Kanner matgemaach huet oder déi e Certificat huet vun enger Formatioun, duerch déi se Dagesmamm oder -papp däerf sinn.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

Presentatioun vum Konzept um Site vum Educatiounsministère

Sozialwalen

Den Datum vun de Sozialwale gouf op den 12. Mäerz 2019 festgeluecht.

All Entreprisen, déi ee Joer laang op d'mannst 15 Leit iwwer en Aarbechtskontrakt beschäftegt hunn, zeréckgerechent vum éischten Dag vun deem Mount, an deem d'Walen ugekënnegt ginn, musse Walen an hirem Betrib ofhalen.

De Patron muss heifir verschidden Demarchë bei der ITM (Inspection du travail et des mines) maachen, wéi zum Beispill:

  • d'Ofhale vu Sozialwalen a sengem Betrib mellen;
  • d'Nimm vun de Kandidate matdeelen;
  • d'Walresultater mellen, asw.

Als grouss Neierung fir d'Wale vun 2019 gëllt, datt den Employeur vun elo u seng Demarchen direkt op MyGuichet.lu muss maachen.

Sozialwalen op Guichet.lu

D’Säit vun der Inspection du travail et des mines

Europawalen 2019

Den Datum fir déi nächst Europawale gouf op de 26. Mee 2019 festgeluecht. D'Wieler kënne vun 8.00 bis 14.00 Auer hir Stëmm ofginn. Dee leschten Delai, fir sech als net-Lëtzebuerger Resident, deen aus der EU kënnt, fir d'Europawalen anzeschreiwen, ass den 28. Februar 2019, 17.00 Auer.

D'Bréifwal wäert fir jiddwer Wieler méiglech sinn, deen sech ageschriwwen huet.

D'Aschreiwung an d'Wielerlëscht gradesou wéi d'Bréifwal kënnen iwwer MyGuichet.lu gemaach ginn.

D'Rubrik "Élections européennes" um offizielle Site vun de Walen zu Lëtzebuerg

Europawalen 2019 op Guichet.lu

Méi Detailer zu den Europäesche Walen um Site jepeuxvoter.lu

Studiebourssen

Ëmsetzungsdatum: 1. August 2019

Nodeem op den 1. August 2018 wéinst dem gestaffelte Lounsaz d'Paie geklomm sinn, klammen och d'Beträg fir d'finanziell Hëllefe vum Staat fir d'Héichschoulstudie fir d'Studiejoer 2019-2020 ëm 2,5%.

Publikatioun am Memorial vum Groussherzogtum Lëtzebuerg

D'Bourssen an d'Prête vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung um Site vu Cedies

 

Nach an der lafender Prozedur

Schafe vun enger Aktivitéit fir Inklusiounsassistenz op der Aarbecht

D'Schafe vun dëser "assistance à l'inclusion" ass drop ausgeriicht, fir Persounen, déi de Statut vum handicapéierte Salarié hunn oder déi extern reklasséiert sinn, ze integréieren an, virun allem, se op hirer Aarbecht ze halen, dëst duerch d'Schafe vun enger Aktivitéit, déi sech "assistance à l'inclusion dans l'emploi" nennt.

D'Hëllef bitt den Entreprisen d'Méiglechkeet, op en agreéierten Expert zeréckzegräifen, fir de berufflechen Inklusiounsprozess vun den handicapéierten oder reklasséierte Salariéen an der Firma ze begleeden. Ausserdeem kann d'Prise en charge vun der Assistenz, a verschiddene Fäll, vum Beschäftegungsfong iwwerholl ginn.

Presentatioun vum Projet um Beschäftegungsportal

Resumé vum Dossier um Site vun der Chamber

Aktualiséiert