Formatioun vun der Regierung

Normalerweis setzen sech d'Membere vun der ausscheedender Regierung den Dag no de Chamberwahlen zesumme fir e leschte Regierungsrot. No dëser Sëtzung gëtt de Premierminister am groussherzogleche Palais vum Groussherzog an Audienz empfaangen. Wéi dat üüblech ass, reecht de Premierminister dem Staatschef säin an der ausscheedender Regierung hire Récktrëtt eran.

Bei dëser Geleeënheet biet de Groussherzog d'Regierung, bis zu der Formatioun vun enger neier Regierung am Amt ze bleiwen, a beoptraagt se, déi lafend Geschäfter weiderzeféieren.

Nodeems de Groussherzog noeneen de President vun der ausscheedender Chamber, de President vum Staatsrot an ee Vertrieder vun all Lëscht, déi an der zukünfteger Chamber siégéiert, fir Berodung an Audienz empfaangen huet, wielt hien an deenen éischten Deeg no de Wahle säi Premierminister.

Obwuel de Verfassungstext dem Groussherzog eng ganz grouss Fräiheet bei der Wahl vu senge Ministere léisst, ernennt de Groussherzog stännege Gebräicher no nëmmen de Premierminister, an zwar entweder no der Ernennung vun engem Informateur oder no der direkter Ernennung vun engem Formateur, deen d'Formatioun vun enger Regierung iwwerhëlt, fir déi d'parlamentaresch Majoritéit gestëmmt huet.

Wa keng vun den an der Chamber vertruede politesch Parteien déi absolut Majoritéit huet, gëtt eng Regierungskoalitioun gebilt. D'politesch Parteien, déi an der Regierung wäerte vertruede sinn, eenegen sech bei Verhandlungen op e gemeinsame Regierungsprogramm an d'Opdeelung vun de ministeriellen Departementer. Uschléissend gëtt e Koalitiounsaccord vum Regierungsformateur (dem zukünftege Premierminister) an de Presidente vun de politesche Parteie vun der neier Regierung ënnerschriwwen.

Soubal d'Verhandlungen an Hisiicht op d'Formatioun vun enger neier Regierung ofgeschloss sinn, gëtt de Premierminister vum Groussherzog an Audienz empfaangen, bei där hien a senger Formateurseegeschaft e Rapport iwwert den Ofschloss vun där him uvertrauten Aufgab mécht.

De Groussherzog autoriséiert déi him vum zukünftege Premierminister virgestallte Persounen a vereedegt de Premierminister an d'Membere vun der neier Regierung.

Duerno presentéiert de Premierminister de Regierungsprogramm a Form vun enger Deklaratioun an der Chamber.

Aktualiséiert