D'Formatioun vun der Regierung 2023

©SIP / Julien Warnand Photo de groupe

9. Oktober: Demissioun vun der aler Regierung an Nominatioun vun engem Formateur

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 ass de Premierminister Xavier Bettel am groussherzogleche Palais vum Grand-Duc an Audienz empfaange ginn. Wéi dat den Dag no de Chamberwalen üblech ass, huet de Premierminister dem Staatschef de Récktrëtt vun der Regierung agereecht. De Grand-Duc huet d'Regierung awer gebieden, bis zu der Formatioun vun enger neier Regierung am Amt ze bleiwen, an huet se beoptraagt, déi lafend Ugeleeënheete weiderzeféieren.

No der Audienz mam Premierminister Xavier Bettel huet de Grand-Duc noenee fir Berodung an Audienz de Fernand Etgen, President vun der Chamber, de Christophe Schiltz, President vum Staatsrot, esou wéi d'Presidente vun de politesche Parteien, déi eng Lëscht an de véier Walbezierker virgestallt haten, empfaangen.

10. Oktober: Invitatioun fir eng éischt Versammlung vun de Koalitiounsverhandlungen

Nodeems de Luc Frieden vum Grand-Duc als Formateur genannt gouf, huet hien annoncéiert, dass hien, no de Wale vum 8. Oktober 2023, d'Delegatioune vun der CSV a vun der DP op eng éischt Plenière fir eng nei Regierungsbildung invitéiert.

11. Oktober: Ufank vun de Koalitiounsverhandlungen

Ab dem 11. Oktober sinn d'Delegatioune vun der CSV an der DP, ënnert dem Virsëtz vum Luc Frieden, zesummekomm fir mat de Koalitiounsverhandlunge fir d'Regierungsbildung unzefänken. Déi éischt Plenière vun de Koalitiounsverhandlungen huet den 11. Oktober am Sennenger Schlass stattfonnt.

D'Funktioun vun der éischter Plenière war haaptsächlech den organisationelle Kader vun de Verhandlungen ze setzen. 

An dësem Kontext hunn d'Negociateuren sech iwwert d'Formatioun vun den 12 follgenden themateschen Aarbechtsgruppe gëeenegt, déi a kengster Weis déi zukünfteg Organisatioun vun de ministeriellen Departementer beaflossen:

  1. Kampf géint d'Aarmut
  2. Logement dorënner d'Acceleratioun vun de Prozeduren
  3. Ëmwelt, Klima, Biodiversitéit an erneierbar Energien dorënner d'Prozeduren
  4. Ëffentlech Finanzen a Steieren
  5. Gesondheet a Sozialversécherung
  6. Justiz a Sécherheet
  7. Bildung dorënner Fuerschung, Héichschoul, Beruffsausbildung an non formal Bildung
  8. Wirtschaft an Aarbecht (work life & family balance) dorënner Landwirtschaft, Wäibau, Tourismus, Konsumenteschutz, Industrie, Finanzplaz, Kléng- a Mëttelbetriber an Energie
  9. Europa dorënner Defense, Kooperatioun, Groussregioun an international Bezéiungen
  10. Accueil a Migratioun
  11. Organisatioun vum Zesummeliewen an der Liewensqualitéit dorënner Landesplanung, Mobilitéit, Kultur, Sport, eeler Leit, Benevolat, Chancëgläichheet, Jugend a Famill
  12. Moderne Staat dorënner Digitaliséierung, Medien, ëffentlechen Déngscht, Gemengen an Infrastrukturen

12. Oktober: Zesummestellung vun den Delegatioune vun den 12 Aarbechtsgruppen

De Luc Frieden an d'Delegatioune vun der CSV an der DP hunn sech an der Plenière am Sennenger Schlass getraff. Verschidden Experten hunn hei hir Rapporten iwwert d'Situatioun vun de Staatsfinanzen an déi wirtschaftlech Perspektive fir Lëtzebuerg virgestallt. D'Reiefolleg vun de Gespréichspartner, déi vum Formateur invitéiert waren, war déi follgend:

  • Finanzministère a Finanzinspektioun (IGF)
  • Nationalen Institut fir Statistiken (STATEC)
  • Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur (CSSF) a Versécherungskommissariat (CAA)
  • Generalinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) a Gesondheetskeess (CNS):

13. Oktober: 

  • Aarbechtsagence (ADEM)
  • Lëtzebuerger Croix-Rouge a Caritas Lëtzebuerg

16. Oktober: 

  • OGB-L, LCGB et CGFP
  • UEL
  • Mouvement écologique an Nohaltegkeetsrot (CSDD)

 

16. November: Ënnerzeechnung vum Koalitiounsaccord

De 16. November hunn de Formateur Luc Frieden an d'Delegatiounscheffe Xavier Bettel fir d'DP an de Claude Wiseler fir d'CSV de Koalitiounsaccord tëschent deenen zwou Parteie wärend enger Pressekonferenz ënnerschriwwen. Link

17. November: Vereedegung vun der neier Regierung

De Grand-Duc huet de 17. November 2023 de Premierminister, de Vizepremierminister an déi designéiert Ministeren assermentéiert. Am Ufank vun der Zeremonie huet de Staatschef d'groussherzoglech Arrêtéen iwwert d'Formatioun vun der neier Regierung ënnerschriwwen. Duerno huet de Premierminister, an uschléissend och déi aner Regierungsmembere, hiren Eed geleescht, deen am Artikel 88 vun der Verfassung virgesinn ass: "Ech schwieren d'Verfassung an d'Gesetz ze respektéieren a meng Funktioune mat Éierbarkeet, Genauegkeet an Onparteieschkeet ze erfëllen". (Originial: "Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité".) Link

D'Regierungsmemberen an der festgeluechter Reiefolleg

 

Luc Frieden Premierminister
Xavier Bettel

Vizepremierminister

Minister fir auswäerteg an europäesch Ugeleeënheeten, Entwécklungszesummenaarbecht, Aussenhandel an d'Groussregioun 

Martine Hansen

Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau 

Claude Meisch

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung

Lex Delles

Minister fir Wirtschaft, Mëttelstand, Energie an Tourismus

Yuriko Backes

Verdeedegungsministesch

Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit

Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten

Max Hahn
Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil 
Gilles Roth

Finanzminister

Martine Deprez

Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet 

Léon Gloden

Minister fir bannenzeg Ugeleeënheeten

Stéphanie Obertin

Ministesch fir Digitaliséierung

Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul

Georges Mischo

Sportsminister

Aarbechtsminister

Serge Wilmes

Minister fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit

Minister fir d'Fonction publique

Elisabeth Margue

Justizministesch

Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir Medien a Kommunikatioun

Delegéiert Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament

Eric Thill

Kulturminister

Delegéierte Minister fir Tourismus

©SIP / Claude Piscitelli Familljefoto vun der Regierung
Familljefoto vun der Regierung

Aktualiséiert