Déclaration de politique étrangère 2006 (version originale luxembourgeoise)

Le 21 novembre 2006, le Vice-Premier ministre, ministre des Affaires étrangères et de l'Immigration, Jean Asselborn, a prononcé la traditionnelle déclaration de politique européenne et étrangère à la tribune de la Chambre des députés.

- Seul le discours prononcé fait foi -

L'intégration européenne
europaforum.lu
Le processus d'élargissement de l'UE
Bulgarie / Roumanie / Croatie
Situation aux Balkans
Ukraine / Russie/ République de Chine
Kosovo / Serbie
La situation en Proche-Orient
Iran / Corée du Nord
Darfour
Les relations UE - US
L'ONU et l'OTAN
L'Organisation mondiale du commerce

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

D’Deklaratioun zur Aussepolitik ass traditionnell d’Geleeënheet fir Bilanz ze zéien, fir d’Erausfuerderungen déi sech eis stellen, um europäesche wéi um internationalen Niveau, Revue passéieren ze lossen a fir Äentwerten ze fannen. Äentwerten déi an enger ëmmer méi globaliséierter Welt kee Land kann eleng ginn, egal wéi grouss oder kleng et ass, Äentwerten deenen awer och kee Land sech verspäre kann, egal wéi grouss oder kleng et ass.

D’Lëtzebuerger Aussepolitik charakteriséiert sech duerch gewësse Konstanten, wéi den Asaz fir Fridden a Sécherheet, d’Lutte géint d’Aarmutt an d’Ënnerentwécklung, den Engagement fir Demokratie a Mënscherechter, d’nohalteg Entwécklung, d’Bereetschaft eisen Deel vun der globaler Responsabilitéit ze iwwerhuelen, an de Choix vun enger multilateraler Approche.

Haut de page

Dës Grondobjektiver a Prinzipien spigelen sech an eisem Engagement fir d’europäesch Integratioun, ee Kärsteck vun eiser Aussepolitik, erëm.

Vum 1te Januar 2007 u si mir an enger Unioun vu 27. Dat verstäerkt och d’Erausfuerderung, sécher ze stellen, datt d’Stëmm vu Lëtzebuerg weider adäquat gehéiert gëtt. Mir musse kucken, fir nei Frëndschaften opzebauen an al Frëndschaften ze stäerken. An engem ëmmer méi groussen Europa ass et wichteg, méi wéi jee, Allianzen ze sichen an se ze konsolidéieren.

Doriwwer eraus gëtt et och ëmmer méi wichteg, Europapolitik gutt um nationale Plang z’organiséieren an ze koordinéieren. Dofir huet dës Regierung en interministerielle Kommittee fir d’Europapolitik agesat, ënnert der Présidence vum Ausseministär. Dëse Kommittee soll eis erlaben, d’Koordinatioun an europäeschen Dossieren systematesch z’encadréieren fir se méi effizient ze maachen.

Fir d’Kredibilitéit an den Aa vu senge Partner net ze verléieren, ass et och noutwendeg als Land seng Engagementer zu der EU anzehalen. Dorënner fällt dann och de Respekt vun der Ëmsetzung vum Europäesche Recht an nationalt Recht. Den delegéierte Minister Schmit ass beoptraagt ginn, den Dossier vun den Direktiven ze koordinéieren. Déi éischt Resultater sinn, dank dem groussen Asaz vun alle Ministären an hire Mataarbechter, erreecht ginn, mä mir mussen awer viruschaffe fir d’europäescht Zil ze erreechen, dat bedeit datt mir manner wéi 1,5% vun den europäeschen Direktiven am Bannemaartberäich nach ëmzesetzen hätten.

Dir Dammen an Dir Hären,

D’lescht Joer hat ech d’Geleeënheet, d’Impressiounen an d’Resultater vun der Lëtzebuerger Présidence vun der EU duerzestellen. Et war während eiser Présidence, wéi Frankräich an Holland negativ iwwert de Verfassungsvertrag ofgestëmmt hunn, an domadder eng Vertrauenskrise an Europa visibel gemaach hunn. De positive Lëtzebuerger Referendum huet sécher zum Opschwong bäigedroen a gewisen, datt d’europäesch Integratioun net en Acquis ass, mä eng Ambitioun fir déi mir eis ëmmer erëm musse voll asetzen.

D’Reflexiounsperiod iwwert d’Zukunft vun Europa, déi am Juni 2005 um Europäesche Rot gemeinsam decidéiert ginn ass, gëtt eis all d’Geleeënheet fir néideg Erklärungen ze ginn iwwert eis Europapolitik a fir an den Institutiounen d’Methoden an d’Politiken z’iwwerdenken.

D’Situatioun vun der EU ass op d’mannst paradoxal: engersäits ass d’Konstruktioun vun der EU e grousse Succès, anerersäits ginn d’Bierger ëmmer méi kritesch a méi skeptesch Europa géigeniwwer.

Dës Erfahrung hunn och mir d’lescht Joer zu Lëtzebuerg gemaach, am Kader vum Referendum, wou eng grouss Zuel vu Wieler hir Bedenken ausgedréckt hunn iwwert déi Aart a Weis wéi Europa haut fonktionnéiert. Mir mussen eng nei Dynamik kréien, fir ze weisen, datt mir haut d’EU nach grad esou vill brauche wéi viru 50 Joer.

Vum selwen geet dëst awer net. Duerch konkret Handlunge vun der Unioun muss gewise ginn, datt si e wichtegen Deel vun der Äentwert op d’Problemer vun de Bierger ass, an net, wéi dat heiansdo duergestallt gëtt, en Deel vum Problem wier.

Haut de page

D’Gestaltung vun der Reflexiounsperiod hei ze Lëtzebuerg soll hëllefen, an déi Richtung ze schaffen. De Staatsminister huet virun engem gudde Joer an der Regierungsdeklaratioun d’Schafe vun engem nationale Forum iwwert Europa zréckbehal, deen de Lëtzebuerger et erméigleche sollt, hir Froen ze stellen, hirer Besuergnis Ausdrock ze ginn an hir Zweifele bekannt ze maachen. Mä awer och hiert Wëssen iwwert den europäeschen Eenegungsprozess an iwwert d’Konditioune vun eiser Zougehéieregkeet zur Unioun ze verbesseren an ze verdéiwen. Ënnert der Leedung vum delegéierte Minister Nicolas Schmit ass d’Initiativ europaforum.lu gegrënnt ginn. Dës Initiativ besteet aus enger Serie vun Aktiounen: Hirstellung vun engem interaktiven Internetsite, Organisatioun vun Debatten iwwert europapolitesch Themen an de Schoulen oder mat de Sozialpartner.

Dobäi soll et awer net bleiwen: d’Aarbecht am Beräich vun der Europapolitik soll op dräi Haaptaxe weidergefouert ginn, déi do heeschen: informéieren iwwert Europa, débattéieren iwwert Europa a bénéficiéiere vun Europa. Mir musse méi a besser informéieren wat Europa fir d’Leit maache kann, an och wat Europa net fäerdegbréngen kann, woufir Europa zoustänneg ass, an woufir de Staat, d’Gemeng zoustänneg ass. Mir sollten alle Leit déi e Besoin empfannen sech iwwert Europa auszedrécken dozou d’Méiglechkeet ginn, hinnen nolauschteren, mir sollten op d’Leit zougoen, iwwert hir Ängscht schwätzen, grad wéi iwwert dat wat Europa alles am Stand ass ze bidden. Dat ass d’Zil wat d’Regierung sech gesat huet fir Europa de Leit méi no ze bréngen.

Fir datt d’EU während der Reflexiounsperiod net zum Erstarre sollt kommen, war et richteg, ënnert englescher Présidence zu Hampton Court iwwert d’Europa vun de Resultater ze schwätzen an domadder ze weisen, datt mir eis bewosst sinn, datt Reflexioun a Resultater zesumme musse goen. Um informelle Sommet zu Lahti dësen Oktober ass déi Diskussioun weidergefouert ginn.

Natierlech brauch Europa Resultater a senger Innovatiounspolitik, et brauch eng besser Formatioun an eng besser Zesummenaarbecht tëschent Schoulen, Universitéiten a Betriber fir och international kompetitiv ze bleiwen an sech ze behaapten. Och de Standuert Lëtzebuerg kann dovunner profitéieren. D’Verbesserung an d’Vervollstännegung vum europäesche Bannemaart musse weidergefouert ginn: besonnesch fir eng kleng Wirtschaft wéi Lëtzebuerg däerfe keng nei Barrieren entstoen.

Natierlech soll d’Aussen- a Sécherheetspolitik vun der Unioun méi kohärent sinn, an natierlech brauche mir vereinfacht Methoden, déi sougenannte Passerelle, fir am Beräich JAI mat qualifizéierter Majoritéit anstatt mat Eestëmmegkeet ze entscheeden, an domadder méi séier zesumme kënnen ze handele géint Europa-wäit organiséiert Kriminalitéit a fir de Bierger ze hëllefen, méi einfach grenziwwerschreidend Problemer ze reegelen.

Et ass och indispensabel eng gemeinsam Energiepolitik opzebauen, souwuel fir eis zesummen ofzeséchere wat d’Garantie vun de Liwwerungen ugeet, wéi och wat eis Vernetzung an Europa ubelaangt. D’Unioun wëll um Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen am Mäerz 2007 en Aktiounsplang fir eng gemeinsam Energiepolitik unhuelen. Dëse Plang soll déi 3 klassesch Grondprinzipie vun enger effizienter Energiepolitik respektéieren : Sécherheet vun der Versuergung, Emweltfrëndlechkeet a Wirtschaftlechkeet. Energiepolitik ass hei enk mat Aussen- a Sécherheetspolitik verbonnen.

Mä dës Erausfuerderung an der Energie ass och gekoppelt un déi aner global Problemer vun der Ëmwelt an dem Klimawandel. De Stern-Rapport weist ganz kloer op d’Noutwendegkeet hinn sech haut anzesetzen fir d’global Erwiermung vun eisem Planéit ze stoppen. Europa kann an dëse Beräicher eng Virreiderroll spillen, esou wéi et dat och elo op der Klimakonferenz ze Nairobi gemaach huet. D’Europäesch Kommissioun wäert d’nächst Joer eng Diskussioun lancéieren iwwert eng zukünfteg kohärent Klimapolitik fir d’EU. Déi international Kooperatioun no 2012, wann déi heiteg Kyoto-Accorden auslafen, ass och op der Dagesuerdnung. D’Revisioun vum Kyotoprotokoll muss vun 2008 un ugepaakt ginn fir zur Zäit prett ze sinn an si muss nei Länner, an ech denken do besonnesch un Amerika, Brasilien, China an Indien, mat abezéien. Mir mussen och dofir suergen, datt déi afrikanesch Länner, déi am meeschte betraff sinn, Moyenen hunn fir géint d’Konsequenze vum Klimawandel kënne virzegoen. Ëmwelt- a Klimaproblemer si global Erausfuederungen: "méi Europa" kann hei en Deel vun der Äentwert sinn.

Dir Dammen an Dir Hären,

Fir eng efficace Europa-Politik ze maache muss een sech déi néideg Mëttele ginn. Et ass der englescher Présidence gelongen, en Accord iwwert d’Finanzperspektive fir d’Joeren 2007-2013 ze kréien. Domadder huet d’EU sech e Kader ginn, fir all hir Politiken och an deenen nächste Joere kënnen ze finanzéieren, an dat ass de sécherste Wee fir zu Resultater ze kommen. Et ass largement op der Basis vun der Lëtzebuerger Présidence hiren Aarbechten datt am Dezember d’lescht Joer dës schwéier Verhandlung positiv ofgeschloss ginn ass. Domadder war de Wee fräi fir mam Europaparlament en definitiven Accord ze fannen a fir op dëser Basis während dem Joer 2006 all Programmer a Reglementer, wéi zum Beispill de siwente Programm-Kader Recherche, awer och de Programn iwwer Life long learning oder den neien Erasmusprogramm fir d’Studenten an nach vill anerer, ofzeschléissen. Och wann déi Finanzmëttelen, déi schlussendlech festgehale gi sinn, net all eisen Ambitioune fir Europa entspriechen, hu mir dach elo eng seriös Basis fir konkret an d’Zukunft ze kucken.

D’Europa vun de Resultater ass wichteg. Et ass awer eigentlech net nei, an et geet och net duer. Mir brauchen nei, verbessert Methode fir an der Unioun zu 25, a vu Januar 2007 un zu 27, ze schaffen.

A well mir "méi Europa" brauchen, esouwuel am Beräich Bannemaart wéi an der JAI oder an der Aussepolitik, brauche mir nei Strukturen, verbessert Strukturen a Verbesserungen an eise Politiken.

Vill Iddien iwwer wéi een den Traité kéint besser maachen oder awer an zwou Partien deelen, ginn hei an do opgeworf. E klengen Traité elo an duerno eppes anescht, oder awer just minimal institutionnel Ännerungen an engem nächsten Erweiderungsvertrag? All déi Virstellunge ginn diskutéiert. Dat gehéiert zu enger richteger Reflexiounsperiod.

Fir mech ass et evident, datt mir an der EU mussen deenen e speziellt Ouer zouwenden, déi negativ Resultater an hire Referenden haten. A mir mussen deem Rechnung droen, wat an eisen eegenen Diskussioune vu kriteschen an skeptesche Kommentäre gemaach ginn ass.

Mä d’Basis vun eisem Denken an eventuelle Verhandele muss a kann nëmmen de Verfassungstraité sinn deen am Januar 2007 vun 18 Länner vu 27 ratifizéiert wäert sinn. Hien huet deen Equiliber, deen et méiglech gemaach huet en Accord ze fannen, dee fir eis all tragbar war. D’Substanz vun dësem Traité ass genee dat, wat mir brauchen. Dat auserneen ze briechen heescht eigentlech, vu vir ufänken ze wëllen, an dat kann net am Interessi vu Lëtzebuerg a vun Europa sinn. Et kann och net drëm goen, eng Partie, déi zweet oder déi drëtt vum Traité, als net néideg unzegesinn. Firwat sollte mir weider d’Struktur vun den Pilieren halen, déi eis esou vill Schwieregkeete mécht? Sollte mir d’Charta vun de fundamentale Rechter einfach vergiessen ?

De Vertrag muss vläicht anescht genannt ginn, "fundamentalen" oder "Basisvertrag", fir kloer ze maachen, datt eng Verfassung eng Saach vun de Staaten ass a bleiwt. Ech verstinn awer schons, firwat datt déi, déi an der Conventioun waren, deem Vertrag, mat senger kondenséierter Visioun fir Europa a senger ganz neier Form, deen Numm wollte ginn. En huet vläicht awer Onkloerheet geschaf tëschent deem wat Europa kann an deem wat de Staaten hir Prerogativ bleiwt.

Mir wëllen e groussen Traité, een deen den Ambitioune vum Verfassungsvertrag entsprécht. Am léiwsten deen, deem mir bewosst als e Ganzt zougestëmmt hunn, mä wéi ech gesot hunn, kënne mir net d’Fransousen an d’Hollänner ignoréieren. Et ass un hinne fir eis d’nächst Joer ze soen, wéi a wou si wëlle mat eis higoen, an et ass un eis fir hinnen ze soen, wéi wäit datt mir hinnen entgéint kënne kommen. An dat däerf net deene Länner déi hir Ratifizéierungsprozeduren agefruer hunn, d’Geleeënheet ginn dat eent oder anert Stéck vum Traité a Fro ze stellen well dat Stéck awer net esou wierklech hire Virstellungen entsprécht.

De Verfassungsvertrag muss mat all sengen Ambitiounen erhale ginn. Ech kéint mech natierlech nëmme freeën, wa mir e kéinte beräichere mat zousätzleche sozialen Elementer, enger gemeinsamer Basis vu Sozialrechter. Mä och haut schon ass Europa eis bescht Äentwert op d’Globalisatioun an hir Erausfuerderungen. Ouni eise Bannemaart an eis gemeinsam Währung kéinte mir eenzel eis net wieren. Zesumme si mir staark mat eisem europäesche soziale Modell. Esou kënne mir méi kompetitiv ginn an eis Aarbechtsplazen erhalen an ausbauen. Dat muss een och hei ze Lëtzebuerg ëmmer erëm deene jonke Leit soen, déi mengen Europa wär net op hirer Säit. Si iren sech: ouni Europa wären eis wirtschaftlech a sozial Perspektive wesentlech méi negativ.

Déi däitsch Présidence muss eis am Juni 2007 e Virschlag maachen, wéi mir aus der aktueller Zwéckmillchen eraus kommen. Um Wee dohinn kann si de Rendez-vous vum Mäerz 2007 gebrauche fir zu 27 nach eng Kéier kuerz a kloer fest ze schreiwen, firwat mir dës Unioun brauchen a wouhi mir zesumme wëlle goen. Fridde, Sécherheet, Stabilitéit a Wuelstand sinn eis gemeinsam Objektiver a wann een si richteg duerchdenkt a gemeinsam ëmsetzt, kann ee wuel zefridde sinn. Wa mir am Mäerz 2007 dank der däitscher Présidence erëm houfreg sinn op dat, wat mir an deene leschte 50 Joer erreecht hunn, da wäerte mir och de Wëlle fannen, fir am Juni d’Unioun erëm no vir ze bréngen.

Ech hoffen natierlech, datt mir eis nei Vertragsbasis hunn, ier mir am Juni 2009 nei Europaparlamentswahlen halen, an ier mir den nächste Kommissiounspräsident designéieren. Et wär indispensabel, datt dësen Institutiounen hir Mandater kloer op deem neien Traité géife baséieren.

Do wäert et sécher net u Lëtzebuerger Entscheedungskraaft feelen. Mir hunn dat am Juli d’lescht Joer bewisen. An duerch eise Referendum si mir, mat de Spuenier, an enger spezieller Situatioun, déi eis eng moralesch Respektabilitéit an eng politesch Responsabilitéit an der Unioun gëtt. Mat deenen anere Länner, déi ratifizéiert hunn, musse mir de politeschen an institutionnellen Equiliber vum Verfassungsvertrag droen an eis net scheien, dat och ze soen.

Här Präsident,

Deen een oder anere géif gäre Vertrag, Revisiounsklausel vun de Finanzperspektiven an Erweiderung vermëschen, well si mengen, do e besseren Equiliber vun hiren Interessien ze fannen. Ech mengen net, datt dëse Wee et méi einfach géif maachen, a sécher net géif erlaaben, am Juni 2009 prett ze sin.

D’Verdéiwung vun der Unioun, hir gréisser Integratioun, ass a bleiwt eist Objektiv. Nice geet eiser Meenung no net duer fir dat Zil ze erreechen. Mir brauchen de Verfassungsvertrag fir eng Verdéiwung zu 27, a muer mat deene nächste Kandidatelänner, ze garantéieren. Verdéiwung engersäits, an Erweiderung anerersäits, esou kann d’EU méi Länner an Europa Stabilitéit an Wuesstum bréngen a sech weiderentwéckelen. Fir Lëtzebuerg mussen déi zwou Politiken Hand an Hand goen.

Haut de page

Vill huet sech d’ailleurs gedoen am Erweiderungsprozess zënter där leschter Deklaratioun iwwert d’Aussepolitik.

Et steet well definitiv fest: den 1te Januar 2007 triede Bulgarien a Rumänien der Europäescher Unioun bäi. Ech wëll hei nach eng Kéier ausdrécklech soen, datt ech de Bäitrett vun dësen zwee Länner begréissen an datt ech frou sinn, datt si vum nächste Joer un als vollwäerteg Membere vun der EU mat eis un engem Dësch sëtze wäerten. Ech sinn iwwerzeegt, datt déi gutt Bezéiungen, déi mir bis elo mat deene Länner haten, duerch hire Bäitrëtt nach weider gestäerkt wäerte ginn, an datt mir gutt wäerte mat hinnen zesummeschaffen. Ech wëll hei deenen zwee Länner och nach eng Kéier félicitéiere fir déi enorm Efforten, déi si an deene leschte Joeren an Méint gemaach hunn.

Gläichzäiteg wëll ech si awer och encouragéieren, mat hiren Efforten weiderzefuere fir datt d’Kommissioun keng Moossnahmen ze huelen brauch déi Bulgarien oder Rumänien zäitweis vun eenzele Beräicher vun der europäescher Zesummenaarbecht géifen ausschléisse.

Wat elo d’Verhandlunge mat Kroatien an der Tierkei, déi zënter gutt engem Joer amgaange sinn, ugeet, hunn déi rezent Rapporte vun der Kommissioun gewisen, datt a Kroatien vill Fortschrëtter am Ëmsetze vum Acquis gemaach gi sinn, mä datt weider Efforten, besonnesch am Beräich vun der Protektioun vun de Minoritéiten, der Justiz an an der Lutte géint d’Korruptioun, noutwendeg sinn.

Wat d’Tierkei ugeet, do bleiwt nach vill ze maachen. Zum engen geet de politesche Reformprozess, deen an deene leschte Joere lancéiert gouf, nëmmen nach lues virun, a substanziell Efforten sinn néideg, besonnesch am Beräich vun der Meenungsfräiheet. Zum aneren huet d’Tierkei nach ëmmer d’Zollunioun mat der EU net op Zypern ausgedehnt a refuséiert weiderhin den zypriotesche Schëffer a Fligeren den Zougank zu hiren Häfen a Flughäfen. Schon d’lescht Joer hat d’EU kloergestallt, datt d’Unerkennung vun allen EU-Memberstaaten en noutwendegt Element vun de Bäitrëttsverhandlungen ass an datt si erwaart datt d’Tierkei hir Obligatiounen erfëllt an d’Zollunioun matt alle 25 EU-Memberstaaten ëmsetzt.

Mir hunn deemols decidéiert d’Ëmsetzung vun der Union douanière am Laf vum dësem Joër z’evaluéieren: dat ass mam Rapport vun der Europäescher Kommissioun vum 8ten November geschitt. De Constat ass, wéi der wësst, mitigéiert, an et ass elo um Conseil fir ze décidéieren, wéi eng Konsequenzen dat op de weidere Verlaf vun de Bäitrëttsverhandlunge mat der Tierkei wäert hunn. Bis den Dezember huet d’Tierkei also nach e puer Wochen Zäit fir hire gudde Wëllen ze beweisen an ech hoffen, datt si dës Chance och notzt.

Mä och, wa mir elo kucke mussen, wéi d’Verhandlunge mat der Tierkei sech wäerte weiderentwéckelen, musse mir weider zu deem Engagement stoen, dat mir eestëmmeg zu 25 am Dezember 2004 geholl hunn. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt mir doduerch, datt mir elo mat der Tierkei um Verhandlungsdësch sëtzen, vill méi bewierke kënnen, wéi wa mir d’Tierkei vu vir eran ausschléisse géifen. Mir brauchen dofir nëmmen d’Fortschrëtter, déi d’Tierkei a Saache Mënscherechter a Demokratie an deene leschte Joere gemaach huet, ze kucken: de Fait datt eng Menscherechtsorganisatioun wéi Amnesty International fir e Weiderféiere vun de Verhandlunge mat der Tierkei plädéiert, schwätzt, mengen ech, fir sech selwer. Et ass och dank dem Drock vun der EU datt et elo Hoffnung gëtt datt dee vill kritiséierten Artikel 301 vum Code pénal iwwert "d’Tierkentum" geännert kéint ginn.

Op där anerer Säit wëll ech awer och nach eng Kéier betounen, datt mir och vun der Tierkei erwaarde kënnen, datt si déi Konditiounen erfëllt, déi mir un si, wéi och un déi aner Bäitrëttskandidaten, stellen. D’Tierkei muss weiderfuere mat de politesche Reformen a si muss och hir Bereetschaft weisen op Zypern zouzegoen.

Generell gesinn muss d’EU interesséiert sinn un enger europäescher Tierkei: aus strategesche, politesche, wirtschaftleche Grënn, a virun allem aus der Sicht vun de Mënscherechter.

Här Präsident,

Leider gëtt grad an der aktueller Diskussioun ze oft nëmmen negativ iwwert den Erweiderungsprozess vun der EU geschwat an all déi positiv Säite kommen ze kuerz. Ech weess, datt vill Leit der Erweiderung vun der EU skeptesch vis-à-vis stinn, och hei ze Lëtzebuerg. Mir hunn et als Politiker beim leschten Elargissement vläicht verpasst, de Prozess, seng Bedeitung a seng Konsequenzen nach besser ze erklären. Duerch d’Erweiderung vun 2004, déi elo mam Bäitrëtt vu Bulgarien an Rumänien ofgeschloss gëtt, konnt d’Sphär vum Fridden an der Stabilitéit op ganz Europa ausgedehnt ginn. Dat schéngt eis haut oft selbstverständlech, mä et wär vläicht gutt eis dat heiansdo an Ërennerung ze ruffen.

Doriwwer eraus huet d’Erweiderung och aner positiv Resultater. Duerch d’Erweiderung ass d’EU méi grouss a méi staark ginn. Dat ass wichteg grad fir eis als klengt Land. Ech weess, datt vill Leit Angscht virun engem groussen Europa hunn, well si fäerten, datt mir do ënnerginn. Mä doduerch datt d’EU méi grouss a méi staark gëtt, gi mir et och.

Eis Ekonomie huet vum Elargissement profitéiert, sou wéi d’Ekonomie an der EU am allgemengen, wéi eng rezent Etude vun der Europäescher Kommissioun däitlech gemaach huet. Esouwuel déi nei Memberstaate wéi och déi al Memberstaaten hu vun der Erweiderung profitéiert, an dat net eréischt zënter 2004. Och eis Lëtzebuerger Entreprise konnte profitéiere vum ekonomesche Rattrapage vun den neien Memberstaaten an sech op dësen neie Mäert etabléieren. Hei bidd sech nach e grousst Potential, wat et ze notze gëllt. D’EU ass och allgemeng um internationalen ekonomesche Plang méi staark ginn duerch den Elargissement a kann sech besser géint grouss Konkurrente wéi China oder Indien behaapten.

Haut de page

A well mir vun den Bénéficer, de politeschen ewéi den ekonomeschen, vum Erweiderungsprozess iwwerzeegt sinn, setze mir eis fir de Respekt vun eisen Engagementer an. Wéi Dir wësst huet d’EU de Balkanlänner um Sommet ze Thessaloniki 2003 eng europäesch Perspektiv ginn. Déi Länner kënnen allerdéngs nëmme bäitrieden, wann se och wierklech prett sin, an dofir ass et wichteg, datt si déi politesch an ekonomesch Kritäre vum Adhésiounsprozess och rigouréis erfëllen. Op där anerer Säit ass et awer och wichteg, datt mir als EU prett sinn, fir déi Länner opzehuelen, wann si d’Kritäre bis erfëllt hunn. Dat ass wichteg, wa mir net eis Kredibilitéit no baussen an eis Handlungsfähegkeet no bannen op d’Spill setze wëllen. Mir wëllen all nei Onrouen um Balkan – mat all hire fatale Konsequenzen – mëtten an Europa, verhënneren. Fir dat ze garantéiere gëtt et keng Alternativ zu engem Balkan an der Europäescher Unioun.

A leschter Zäit ass vill geschwat ginn iwwert d’Grenze vun der Unioun. Ech mengen datt et net richteg wier, fir d’Grenze vun der EU ee fir allemol fixéieren ze wëllen. D’rezent Geschicht huet eis geléiert, datt politesch Realitéite sech séier ännere kënnen, an dorop musse mir réagéiere kënnen. Gläichzäiteg mengen ech awer och, wéi d’Europäesch Kommissioun et an hirem Rapport recommandéiert huet, datt d’EU elo keng weider Engagementer huele sollt.

Haut de page

Dat heescht net, datt mir d’Relatioune mat eisen Noperen net sollte weider verdéiwen am Kontext vun der europäescher Politique de voisinage, an dat esouwuel um politesche an um ekonomesche wéi um Plang vun der Immigratiounspolitik. Esou schéngt et mir duerchaus opportun fir Verhandlunge mat der Ukraine iwwert en neien, renforcéierte Kooperatiounsvertrag unzefänken. Mir sollte versichen, déi pro-europäesch Kräften an der Ukraine weider ze ënnerstëtzen, och wann d’politesch Situatioun méi onduerchsichteg ginn ass an net all d’Entwécklungen an eng vun eis gewënschte Richtung gaange sinn.

Dat gëllt och fir eis Relatioune matt Russland. Eis Partnerschaft mat Russland ass e wichtege Facteur fir d’Sécherheet an d’Stabilitéit an Europa. 2007 soll den Accord de Partenariat et de Coopération mat Russland auslafen: e soll ersat ginn duerch en neien Accord-Cadre ënnerhalb vun deem eis politesch an ekonomesch Relatioune mat Russland sech weider entwéckele kënnen. Déi véier gemeinsam Espacen - Zesummenaarbecht am Beräich vun der Wirtschaft, vu Fräiheet, Sécherheet a Justiz, vun der Aussesécherheet esou wéi vu Recherche, Edukatioun a Kultur - sollten eiser Meenung no d’Basis sinn op där weider opgebaut gëtt an deem neien Accord.

An dem Kader ass et och wichteg, datt mir e Schrëtt a Richtung vun enger Energiepartnerschaft mat Russland an domat vun enger méi grousser Energiesécherheet an Europa géife maache.

Wann et also am Interessi vun Europa ass, seng Relatioune mat Russland weider ze verstäerken, da soll dat awer net bedeiten datt mir eis Wäerter a Prinzipie sollte vernoléissegen. Ganz am Géigendeel: d’Objektiv muss bleiwen, esou wéi dat och an de véier gemeinsamen Espace festgehal ass, eng Partnerschaft opzebauen, déi op gemeinsame Wäerter baséiert. An an esou enger Partnerschaft muss et méiglech sinn, eis Bedenken iwwer kritesch Entwécklungen wéi d’Situatioun vun der Zivilgesellschaft, d’Medien- an Ausdrocksfräiheet, méi grouss Auslännerfeindlechkeet oder awer och d’Mënscherechtssituatioun an Tchetchenien an d’Politik vu Russland an de sougenannte "conflits gélés" a Süd-Ossetien, Abkhazien an an Transnistrien unzeschwätzen.

E Wuert iwwert e Land deem ëmmer méi Responsabilitéiten um internationale Plang zoukommen a mat deem mir - mir Lëtzebuerg, mä och mir Europa - déi lescht Joeren eis Relatioune kontinuéierlech verdéiwt hunn an och weider verdeiwe sollten: d’Volleksrepublik China.

Héi misst eis Approche largement déi selwecht sinn wéi déi vis-à-vis vu Russland: am Respekt vun de fundamentale Wäerter an dem internationale Recht, eng ëmmer méi enk Kooperatioun, e Partenariat opbauen.

Här Präsident,

Wa mir vun der Nofro no "méi Europa" schwätzen, da musse mir, ech hunn et de Mëtteg schons gesot, och vun der Ausse-, Sécherheets- a Verteidegungspolitik schwätzen. Hei gëtt ëmmer méi op eis gezielt, an Europa, mee och iwwer Europa eraus.

Lëtzebuerg setzt sech vun Ufank un an fir eng wierklech "gemeinsam Aussepolitik", eng Politik déi vun Alle konsequent an op allen Niveauen ëmgesat gëtt, eng Politik déi hir Instrumenter a Kapazitéite kohärent asetzt, eng Politik déi eisem Potential entsprécht.

Ouni Zweifel hu mir Fortschrëtter a Richtung vun esou enger gemeinsamer Aussepolitik a vun engem efficace Krisemanagement gemaach. Mir hunn eis Instrumenter ginn, déi eis et méiglech maachen, en Ënnerscheed ze bewierken. Mir ginn ëmmer méi oft sollicitéiert, besonnesch a Situatiounen, an deenen aner grouss Muechte wéi d’USA oder Russland vun Drëttlänner als net neutral genuch ugesi ginn fir konstruktiv kënne mat ze schaffen.

Esou ass d’Europäesch Unioun zu dësem Zäitpunkt zum Beispill präsent:

  • am Kongo wou eng PESD-Missioun, mat Lëtzebuerger Bedeelegung, dofir gesuergt huet, datt d’Präsidentschaftswahlen roueg iwwert d’Bühn gaange sinn;
  • an der Provënz Aceh an Indonesien, wou et och eng EU Missioun ass, déi de Friddensmemorandum tëschent der indonesescher Regierung an de Rebelle vum GAM iwwerwaacht;
  • ze Rafah, wou eng PESD-Missioun de Grenziwwergank tëschent Ägypten an der Gaza-Sträif kontrolléiert, och mat Lëtzebuerger Partizipatioun;
  • am Libanon, wou d’europäesch Memberlänner méi wéi d’Halschent vun den UNIFIL’s Truppe stellen: d’Europäer hunn aktiv dozou bäigedroen, datt d’Resolutioun 1701 vum Weltsécherheetsrot séier konnt ëmgesat ginn, an hiren Engagement fir eng Léisung am No-Ost-Konflikt nees eng Kéier konkret bewisen. Och hei ass, wéi der wësst, Lëtzebuerg präsent.

Wa mir awer och an Zukunft eis Contributioun zu engem effektive multilaterale System, zu enger internationaler Uerdnung, déi op rechtsstaatleche Prinzipien baséiert, wëlle leeschten an ëmmer méi d’Roll vun engem globalen Akteur als EU wëlle spillen, da musse mir net nëmme weider un eisen Instrumenter an un der Kohärenz vun eiser Politik schaffen, mä och eis institutionnell Diskussioune weiderdreiwen.

D’Äentwert an deem Kontext läit och hei am Konstitutionnelle Vertrag. Wéi kéinte mir op "méi Europa" an der Ausse-, Sécherheets- a Verteidegungspolitik verzichten? Dofir brauche mir déi institutionnel Verbesserungen, déi de Verfassungsvertrag eis gëtt, mir brauchen dat kohärent Zesummebrénge vun europäescher Diplomatie, Finanzmëttelen a Sécherheetsinstrumenter.

D’Erausfuerderungen, déi op d’europäesch Aussepolitik duerkommen, si grouss.

Haut de page

Zënter gutt engem Joer vermëttelt de Martti Ahtisaari am Numm vum Generalsekretär vun der UNO tëschent de Serben an de Kosovo-Albaner. Lëtzebuerg stäipt den Här Ahtisaari a senger Aarbecht, an ënnerstëtzt seng Efforten, fir eng Léisung am Kosovo ze fannen, déi fir déi zwou Säiten, d’Serben ze Belgrad an am Kosovo op där enger, d’Majoritéit vun den Albaner am Kosovo op där anerer, akzeptabel ass, an déi e stabile Kosovo, an och Stabilitéit an der ganzer Géigend, mat sech bréngt. Dem Här Ahtisaari seng Missioun ass eng schwiereg. Hien huet virun e puer Woche misse feststellen, datt d’Verhandlungen, déi hie mat deenen zwou Parteie gefouert huet, fir se op enger Rëtsch teschnesche Froen méi no beieneen ze bréngen, hir Limite erreecht haten. Et ware keng weider Resultater ze erwaarden, d’Géigesätz an de Fuerderungen op serbescher an albanescher Säit konnten net ofgebaut ginn.

De Martti Ahtisaari huet dofir beschloss op déi nächst Etappen iwwerzegoen an e Projet fir den zukünftege Statut vum Kosovo auszeschaffen, en Text iwwert deen de Weltsécherheetsrot a leschter Instanz muss ofstëmmen. D’grouss Prinzipien, déi deem Statut mussen zugronn leien, sti fest. Si si largement identesch matt deenen déi ech Iech d’lescht Joer hei op dëser Tribün präsentéiert hunn : kee Retour op d’Situatioun viru Mäerz 1999, keng Verännerung vum Territoire, volle Respekt vun de Mënscherechter, d’Recht vun alle Flüchtlingen a Sécherheet nees kënnen heem ze goen. Virun allem mussen awer an engem neie, multi-ethnesche Kosovo d’Rechter vun de Minoritéite kloer definéiert a garantéiert sinn.

Well a Serbien den 21te Januar 2007 Wahle sinn, huet den Här Ahtisaari, mat der Ënnerstëtzung vun der internationaler Communautéit, décidéiert, bis no de Wahlen ze waarden, fir deenen zwou Säite säi Statut-Projet virzestellen.

Et héiert ee Stëmmen déi soen datt och am Februar 2007, wann d’Verhandlungen iwwert eng nei Regierung a Serbien amgaang sinn, de Moment sécher net glécklech ass fir dem Kosovo säi Statut fest ze leeën. Dozou well ech nëmmen soen: e wier et awer och net am Mäerz, oder am Abrëll oder nach méi spéit. De Moment gëtt net méi glécklech, an d’Decisioun net méi einfach, wa mir nach méi laang waarde fir se ze huelen. Et wäert kenger serbescher Regierung, vun egal wéi enger Faarw, liicht falen, Concessiounen am Dossier Kosovo ze maachen. An et wäert zu kengem Zäitpunkt fir d’Kosovo-Albaner liicht ze akzeptéieren sinn, datt si net ouni Bedingungen a blannemännches vun der internationaler Communautéit an déi Onofhängegkeet entlooss ginn, déi si gären hätten.

D’international Communautéit huet eng Responsabilitéit vis-à-vis vum Kosovo, deen d’UNO zënter elo méi wéi sechs Joer administréiert, an deen ekonomesch net op d’Bee kann kommen, ier säi Statut geklärt ass. Ech hoffen, datt et mam Här Ahtisaari senger laanger Experienz als Médiateur, mat deem néidege politesche Wëllen op alle Säiten a mat der aktiver Ënnerstëtzung vun der internationaler Gemeinschaft a virun allem vun der Europäescher Unioun, geschwënn wäert méiglech sinn, de Kosovo-Prozess ofzeschléissen.

D’EU ass sech hirer spezieller Responsabilitéit an deem Kontext voll a ganz bewosst a wäert prett sinn, de kosovareschen Autoritéiten zur Säit ze stoe fir dëse Statut an d’Realitéit ëmzesetzen. Dofir plange mir schon zënter e puer Méint un enger PESD-Missioun am Kosovo, déi enner anerem am Beräich vun der Police an der Justiz d’Autoritéiten soll assistéieren an déi deen Dag soll ufänke mat schaffen, wou dem Kosovo säin neie Statut ugeet. Et gëtt déi gréisst Missioun bis elo iwwerhaapt, an d’Lëtzebuerger Regierung ass décidéiert bei där Missioun sou matzemaachen, wéi et an eise Mëttele läit, mam selwechten Engagement dee mir bis elo bewisen hunn, wann d’Unioun intervenéiert ass.

Do kënnt also net nëmmen op d’Europäesch Unioun, mä och op d’Lëtzebuerger Aussepolitik eng wichteg Erausfuerderung duer, an ech si mir sécher, datt d’Regierung och dës Kéier op Är Ennerstëtzung kann zielen wa mir an e puer Méint un Iech eruntriede fir d’Lëtzebuerger Bedeelegung un der Kosovo-Missioun ze décidéieren.

Soubal mir an der Europäescher Unioun vum Kosovo schwätzen, musse mir och vun eiser Politik vis-à-vis vu Serbien schwätzen. Serbien huet, wéi déi aner Balkanlänner, eng europäesch Perspektiv, mä et steet sech fir de Moment selwer am Wee, well d’Regierung net genuch mam internationale Geriichtshaff fir Ex-Jugoslawien zesummeschafft. Am Numm vun der Lutte géint d’Impunitéit, an am Numm vun den europäesche Wäerter iwwerhaapt, ass et sou laang net méiglech, d’Verhandlunge fir e Stabilisatiouns-Ofkommes mat Serbien weider ze féieren, wéi de Krichsverbriecher Ratko Mladic net endlech op Den Haag ausgeliwwert ass.

Dat hällt d’Europäesch Unioun awer net dovun of, der europäescher Perspektiv fir Serbien do Gehalt ze ginn wou dat méiglech ass: mat ville Kontakter op héigem Niveau fir d’Regierung ze stäipen an ze beroden; duerch Verhandlungen fir eng Visa-Vereinfachung fir serbesch Studenten, Diplomaten, Fonctionnairen a Business-Leit; duerch Projeten, déi ënnert dem Instrument fir Pré-Adhésioun bezuelt ginn; oder och mat Boursen fir Studenten oder jonk Leit déi d’Europäesch Unioun wëlle kenneléieren, fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen.

Mir hu Verständnis fir dee schwierege Kontext mat deem Belgrad sech auserneen ze setzen huet, mä mir musse feststellen datt d’serbescht Vollek sech nach ëmmer schwéier deet mat senger rezenter Geschicht: d’politesch Landschaft ze Belgrad, an de Risiko, datt déi réckstänneg politesch Kräften, déi aus engem falsch verstanenen Nationalismus aus Zäite vum Slobodan Milosevic gewuess sinn, nees un d’Muecht kënnte kommen, illustréieren dat. Ech sinn iwwerzeegt datt Serbien seng Geschicht nëmme verschaffe kann, wa Serbien sech resolut a Richtung vu senger europäescher Zukunft orientéiert. Ech kann dofir nëmmen hoffen, datt d’serbescht Vollek, an de Wahle vum 21. Januar 2007, den demokratesche Wee wielt, well nëmmen dee Wee féiert eraus aus der Isolatioun.

Haut de page

Här Präsident,

Leider huet d’Hoffnung, déi ech d’lescht Joer hei op dëser Tribün ausgedréckt hunn, sech net erfëllt datt d’Wahle fir de Palestinensesche Conseil législatif respektiv fir d’Knesset eng nei Konstellatioun géife bréngen, déi e Retour zur "Feuille de route" an zu Verhandlungen iwwert en dauerhafte Fridde am Noen Osten géifen erméiglechen. Ganz am Géigendeel ! D’Spiral vun der Gewalt huet onoflässeg weidergedréint.

D’Resultat vun de Wahlen am Januar an de Palestinenseschen Territoiren huet d’international Communautéit virun eng schwiereg Decisioun gestallt: während den Oflaf vun de Wahle fräi a fair war, an déi nei Regierung ouni Zweifel demokratesch gewielt war, war de Mouvement deen an Zukunft d’Palestinensesch Autoritéit sollt leeden, den Hamas, awer alles anescht ewéi demokratesch, fir et emol diplomatesch auszedrécken. D’Quartett huet dowéinst beschloss seng Zesummenaarbecht mat enger Hamas-geleeter Regierung ofhängeg ze maache vun engem kloren Engagement vu Säite vum Hamas op d’Gewalt ze verzichten, d’Waffen nidderzeleeën, d’Existenzrecht vun Israël an déi bestoend Accorden ze akzeptéieren.

Leider ass d’Palestinensesch Regierung deem Appell net nokomm, wat d’Suspensioun vun der europäescher, an internationaler, Hëllef un d’Palestinensesch Autoritéite mat sech bruecht huet. Ech wëll awer hei betounen, datt d’Unioun hiert Méiglechst gemaach huet fir datt d’Palestinensescht Vollek net ënnert där Decisioun ze leiden hätt an hir fundamental Bedierfnisser gedeckt wären. Ënnert der Leedung vun der Europäescher Kommissioun ass ee Mechanismus op d’Bee gesat ginn deen et erlaabt, verschiddene Kategorien vu Bierger direkt zu Hëllef ze kommen, duerch sozial Allocatiounen, an déi sozial a medezinesch Infrastrukturen, haaptsächlech Schoulen a Spideeler, um Goen ze halen, de sougenannten TIM: "Temporary International Mechanism".

Lëtzebuerg bedeelegt sech mat iwwert enger Millioun Euro un deem Mechanismus. Eis bilateral Hëllef fir d’Palestinenser leeft och weider : si gëtt entweder duerch international Agencen ewéi d’UNRWA oder d’UNICEF oder awer vu Palestinenseschen ONGen duerchgefouert. Bis haut sinn 2006 vun der Europäescher Kommissioun an de Memberstaaten zesummen eng 650 Milliounen Euro u finanzieller Hëllef de Palestinenser zur Verfügung gestallt ginn, dat si gutt 25% méi ewéi d’lescht Joer.

Mä dës sécherlech substantiell Hëllef ass a bleiwt eng Drëps op de waarme Steen esou laang ewéi Israël, an engem kloere Verstouss géint seng international Obligatiounen, weiderhinn honnerte Milliounen u Steieren an Taxe vun der Douane, déi de Palestinenser zoustinn, zréckhält a besonnesch d’Gaza-Sträif duerch déi quasi-permanent Spären ekonomesch erstéckt.

Dat kann de Wee net sinn, esou ka keng Hoffnung opkommen op eng besser Zukunft a Fridden, Israël a Palestina, Säit u Säit. Genau esou wéineg wéi duerch militäresch Operatiounen bei deenen palestinensesch Zivilisten a Gefor bruecht ginn. Dat muss en Enn hunn. Mä och d’israelesch Populatioun däerf net wieder an der stänneger Angscht viru Rakéiten an terroristeschen Attacke liewe mussen. Der Gewalt muss en Enn gesat ginn.

Ech kann dofir nëmmen hoffen, datt d’Verhandlunge fir d’Formatioun vun enger Palestinensescher nationaler Eenheetsregierung, déi d’Prinzipie vum Quartett respektéiert, ofgeschloss kënne ginn. Esou eng Regierung wär nees e Partner fir d’Europäesch Unioun an d’international Communautéit a mir wären enger Relance vum Friddensprozess vläicht nees e bësse méi no komm. Gläichzéiteg muss natierlech och op israelescher Säit de politesche Wëlle bestoen fir esou ee Retour un de Verhandlungsdësch.

Eng Solutioun vum Israëlesch-Palestinensesche Konflikt ass fir d’Unioun eng strategesch Prioritéit: ouni eng Regelung vun dësem zentrale Konflikt ass kaum drun ze denken, déi aner Problemer an der Regioun an de Grëff ze kréien, sief dat am Libanon, a Syrien oder am Iran.

Haut de page

D’Iranfro mat der Facette "nuklear Energie fir militäresch Zwecker", mä och dat politescht Bestriewe vun deem Land den Noen Osten ze dominéieren, gekoppelt un déi antisemitesch Hetzparole vum iranesche Präsident, sinn eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir de Weltfridden zënter dem Enn vum Zweete Weltkrich.

Trotz de groussen Efforte vun Däitschland, Frankräich a Groussbritannien ewéi vum HR/SG Solana, trotz dem substantielle Paquet deen den iraneschen Autoritéiten am Summer ënnerbreet ginn ass, trotz der klorer Exigence déi vun der internationaler Communautéit, vum Gouverneursrot vun der AIEA esou gutt ewéi vum Weltsécherheetsrot gestallt ginn ass, huet den Iran seng nuklear Uräicherungs- a Verschaffungsaktivitéiten nach ëmmer net suspendéiert. Et ass dofir näischt aneschtes iwwreg bliwwen ewéi d’Konsultatiounen iwwer méiglech ekonomesch a politesch Sanktiounen am Kader vum Kapitel 7, Artikel 41 vun der Charte ze ënnerstëtzen. Dat heescht net datt d’Dir fir Verhandlungen net weider opsteet: mir wëllen nach ëmmer eng diplomatesch Léisung, mä d’iranesch Autoritéite mussen esou eng Léisung och wëllen a si mussen hiren Obligatiounen nokommen. Do geet kee Wee dru verbäi.

Doriwwer eraus soll eist Zil dat vun enger Denuklearisatioun vun der ganzer Regioun sinn : dofir setzen ech mech als Lëtzebuerger Ausseminister an als Member vum EU Ministerrot an.

Wat elo Pyongyang ugeet : de Sécherheetsrot huet am Summer, a senger Resolutioun 1695, kloer Positioun bezunn. Nordkorea huet, aus watfir Grënn och ëmmer, gemengt et kéint déi Appellen ignoréieren an huet den 9ten Oktober deklaréiert et hätt erfollegräich en Atomtest duerchgefouert. D’international Communautéit huet misse reagéiere virun esou enger Gefor fir de Fridden an d’Sécherheet an der Regioun.

Ëmfassend Sanktiounen, vum Liwwerstopp vu Krichsmaterial a Material dat an nuklearen an anere Massevernichtungswaffeprogrammer benotzt kéint ginn, iwwert d’Afréiere vun de Finanzmëttel an ekonomesche Ressource bis hinn zu Visasrestriktioune sinn, am Konsens, de 14ten Oktober décidéiert ginn. Ech erlabe mir z’ënnersträichen, datt dës Mesuren eestëmmeg, also mat dem Accord vun alle stännege Membere vum Sécherheetsrot, ugeholl gi sinn. Ech insistéieren dofir esou op dee Punkt well mir nëmmen, wa mir gëeent sinn, eppes an deem Domän erreeche kënnen. Weder Nordkorea nach den Iran däerfen et fäerdeg bréngen d’international Communautéit ze splécken. Eng Proliferatioun vun de Massevernichtungswaffen ass a kengem sengem Interessi: däers muss jiddfereen sech bewosst sinn.

Héi kënnt eng grouss Erausfuerderung op deen neie Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, de Südkoreaneschen Aussemininster, Ban ki-Moon, zou. Hie kann op déi voll Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun zielen.

Haut de page

Dat ass och de Fall fir den Darfour. D’international Communautéit kann an däerf net akzeptéieren dat do weiderhin Dag fir Dag Leit ëmbruecht ginn, datt Dag fir Dag Leit un Honger an u Krankheet stierwen. An dat obwuel am Mee en Accord de paix tëschent der Regierung an de Rebellen ofgeschloss ginn ass. Et gëtt geschat datt déi lescht 3 Joer eng 200.000 Leit gestuerwe sinn a bal 3 Millioune Leit hiert Heem hu misse verloossen. Mir mussen alles maache fir datt där Tragedie en Enn gesat gëtt. D’Europäesch Unioun ënnerstëtzt esou gutt wéi et nëmmen geet - militäresch, politesch a finanziell - d’Missioun vun der Afrikanescher Unioun am Darfour (d’AMIS). Et ass awer leider nëmmen zevill evident datt déi 7.000 Zaldote vun der AMIS einfach net duer ginn. Dofir ass et och net nozevollzéien datt déi sudanesesch Regierung sech weiderhin enger UNO-Friddensmissioun widersetzt. Et ass ze hoffen datt wéinstens den Accord dee leschten Donneschteg a Gespréicher tëschent der Regierung, dem UNO-Generalsekretär, de fënnef stännege Membere vum Sécherheetsrot a verschiddenen afrikanesche Länner iwwert eng verstäerkt Ënnerstëtzung vun de Vereenten Natioune fir d’Missioun vun der Afrikanescher Unioun getraff gouf, wäert respektéiert ginn.

Haut de page

Här Präsident,

Ech hunn d’Zäit leider net fir e kompletten Tour d’horizon vun der internationaler Aktualitéit ze maachen. Ech wéilt awer nach e puer Wuert iwwert eise wichtegste Partner soen: d’Vereenegt Staate vun Amerika.

An Amerika ware virun e puer Deeg Wahlen, déi d’politesch Landschaft nawell zolitt gerëselt hunn : d’Demokraten hunn elo, zwee Joer virun den nächste Präsidentschaftswahlen, d’Majoritéit an deenen zwee Haiser vum Kongress. D’amerikanescht Vollek huet sengem Präsident ze verstoe ginn datt et seng Politiken, a besonnesch den Engagement am Irak, deen dagdeeglech esou vill Liewe fuerdert ouni datt eng Léisung a Siicht ass, ganz kritesch beurteelt. Dëst huet de Präsident Bush och selwer agesinn an zouginn.

Elo dierfe mir eis awer net virstellen, datt d’amerikanesch Politik, a virun allem d’amerikanesch Aussepolitik, an deenen nächste Méint radikal wäert änneren. Déi demokratesch Majoritéite mussen elo mam republikanesche Präsident zesummeschaffen, an hie mat hinnen, wann d’amerikanesch Legislativ-Maschinn net soll komplett blockéiert ginn. Dofir wäerten déi zwou Säiten hir Erwaardungen aschränke mussen. Ech kann nëmmen hoffen dat d’Aussoe vun deenen zwou Parteien, si wiere bereet, zesummen ze schaffen iwwert partisan Grenzen ewech, an d’Realitéit ëmgesat ginn, well et och an eisem Interessi ass, datt d’amerikanesch Politik fonktionnéiert.

Wat awer hoffentlech anescht gëtt, wou mir eis hoffentlech iwwert den Atlantik ewech lues a lues nees méi no kommen, dat ass iwwert d’amerikanesch Interpretatioun an Uwendung vum internationalen humanitäre Recht. An deem Beräich huet d’amerikanesch Politik sech iwwert déi lescht Joeren an eng Richtung entwéckelt, déi mir Europäer nëmme schwéier novollzéie kënnen. De Kampf géint den Terrorismus kann an däerf net op Käschte vun de Mënscherechter gefouert ginn, soss hun d’Terroristen e schon gewonnen. Et däerf kee rechtleche Vakuum entstoen. Grad e Land ewéi Amerika, mat deem mir esou vill vun eise Wäerter deelen, kann sech keng esou eng Bléisst ginn. Ech hoffen, datt mir geschwënn nees am volle Konsens op dësem kruziale Sujet sinn.

Zesumme kënne mir nämlech eng formidabel Force sinn, zesumme kënnen Europa an Amerika villes bewierken, mir sollten dat net aus den Aa verléieren. Am Noen Osten, um Balkan, an Afrika, a Latäinamerika fir nëmmen e puer Beispiller ze nennen, ass een Zesummespill vun der EU, den USA an den internationalen Organisatiounen ganz dacks de Schlëssel fir Konflikter ze léisen oder se ze verhënneren.

Haut de page

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

Wann ee vu Konstante vun eiser Aussepolitik schwätzt, da muss een niewt eisem europäeschen Engagement op jiddfer Fall och vun eisem Engagement fir de Multilateralismus schwätzen.

Dës zwee Pilieren vun eiser Politik sinn enk matenee verbonnen. Si berouen op där selwechter Grondpositioun.

Lëtzebuerg huet fréi erkannt, datt et wéineg Sënn hätt, sech ofzeschotten, datt eise Wuelstand, eis Sécherheet an eis Stabilitéit ofhängeg wäre vun der Sich no Léisungen am regionalen an internationale Kader.

Mir hunn deemools e bewosste Choix gemaach: ewech vun der Neutralitéit an hin zur multilateraler Kooperatioun an zur Integratioun. E Choix esou wuel aus Interessi wéi aus Iwwerzeegung.

Un der Spëtzt vun der Pyramide: d’Vereenten Natiounen als déi fundamental Referenz fir den Opbau vun internationale Bezéiungen op enger neier Basis.

Den deemolegen Ausseminister huet am August 1945 eis Positioun esou beschriwwen:

"C’est dans l’oeuvre des Nations unies que notre pays a pu trouver au plus fort de la tourmente l’espoir de renaître, c’est parmi les Nations unies qu’il a pris sa place d’État indépendant, de pays libre, c’est au milieu de ces pays pacifiques et démocratiques que l’organisation de San Francisco vient de grouper dans l’espoir magnifique d’une paix stabilisée, qu’il trouvera les garanties d’avenir nécessaires à sa renaissance."

Wa mir deemols no engem Kader, no enger Méiglechkeet gesicht hu fir eis Sécherheet z’assuréieren an eise Wuelstand nees opzebauen, hu mir eis awer och bereet erkläert, Verantwortung z’iwwerhuelen an dat an de 50er Joren och direkt konkret ënner Beweis gestallt.

De kale Krich an d’Blockagen déi domadder an der UNO opkomm sinn, hu mat sech bruecht datt mir an de folgende Joerzéngten den Accent éischter op déi europäesch ekonomesch, politesch a Verteidegungsorganisatiounen ewéi d’UEO, d’NATO, den Europarot, d’CECA, d’CEE an d’OECE an d’OCDE geluecht hunn.

Et ass an de spéiden 80er an Ufank vun den 90er Joeren datt, niewt deem wichtegen Diskussiounsforum deen d’Vereenten Natiounen eis gebueden hunn, eise konkreten Engagement fir d’Objektiver an d’Prinzipie vun der Charte - d’Erhale vu Fridden an Sécherheet; den Opbau vu frëndleche Relatiounen tëschent den Natiounen am Respekt vum Gläichheetsprinzip an dem Recht vun alle Vëlker hir Zukunft selwer ze bestëmme; der internationaler Zesummenaarbecht fir gemeinsam Léisunge vun den ekonomesche, soziale, kulturellen an humanitäre Problemer ze fannen; an dem Respekt vun de Mënscherechter an de fundamentale Fräiheete fir all Mënsch - eng verstäerkt Form ugeholl huet.

Dat huet sech ëremgespigelt an eiser Partizipatioun an UNO-Friddensmissiounen, a Kroatien, a Bosnien a bis haut am Kosovo, an enger ëmmer méi aktiver Entwécklungspolitik - ech brauch hei net grouss ze rappelléieren datt Lëtzebuerg zënter 2000 ee vun deene fënnef Länner ass déi weltwäit méi ewéi 0,7% vun hirem nationale Räichtum an d’Kooperatioun ginn – mä och am aktive Matschaffen an de spezialiséierten Agencen, Organer a Kommissioune vun de Vereenten Natiounen. Esou huet Lëtzebuerg schons dräimol am Conseil Economique et Social gesiess a wäert vum nächste Januar un en neit Mandat vun dräi Joer do iwwerhuelen, mir ware Member vun der Mënscherechtskommissioun, hunn am Board vun ONUSIDA, PNUD a FNUAP esou wuel wéi vun der UNICEF gesiess, fir hei nëmmen e puer Beispiller ze nennen. Eisen Ambassadeur bei der UNO gëtt ausserdeem zënter 6 Joer regelméisseg mat der Koordinatioun vun den humanitäre Resolutioune während der Vollversammlung chargéiert.

Mir leeschten also ganz sécher eisen Deel, mä mir sinn iwwerzeegt datt mir dëst, eist Engagement nach e Schrëtt méi wäit sollten droen andeems mir eis bereet erklären d’Responsabilitéite vun engem Member vum Sécherheetsrot z’iwwerhuelen. D’Charte vun de Vereenten Natioune weist dem Sécherheetsrot d’Haaptresponsabilitéit fir d’Erhale vu Fridden a Sécherheet an der Welt zou. Als Grënnungsmember vun de Vereenten Natioune sollte mir bereet sinn och dës Verantwortung ze deelen.

Meng Virgängerin, d’Mme Polfer, huet am Mäerz 2001 eis Kandidatur fir en net-stännege Sëtz am Sécherheetsrot hei an der Chamber ugekënnegt. Ech deelen d’Iwwerleeongen, déi zu där Kandidatur gefouert hunn, voll a ganz, an sou och dës Regierung; an ech schaffen zënter engem gudde Joër konsequent, datt mir eng beschtméiglech Chance hunn.

Lëtzebuerg ass Kandidat fir e Sëtz fir d’Period 2013-2014, d’Wahlen ze New York sinn am Hierscht 2012. Dat kann Iech nach wäit ewech schéngen, mä dat ass et awer net. Eng Kandidatur an, méi wichteg nach, eng aktiv Partizipatioun am Sécherheetsrot, brauch Virbereedung, si brauch Mëttelen en termes vu Personal, Finanzen a Kapazitéiten. Dat bedeit, sech verstäerkt Know how an Domänen zou ze leeën an deene mir vläicht bis ewell manner präsent waren, et bedeit, Kontakter a Kooperatioune matt neie Partner opzebauen, et heescht, eis diplomatesch Mëttelen, eis Instrumenter ze verstäerken, ze New York, ze Genf an ze Wien mä och hei ze Lëtzebuerg, et heescht virun allem weiderhin konsequent eisen Engagement fir d’Objektiver an d’Prinzipie vun der Charte ënner Beweis ze stellen.

Iwwert de Wonsch eraus eis an den Déngscht vun der internationaler Communautéit ze stellen, ass dës Kandidatur och am Interessi vu Lëtzebuerg. Doduerch datt mir eis bereet erklären, Matverantwortung ze iwwerhuele fir Fridden a Sécherheet an der Welt, kënne mir eis Plaz an der internationaler Communautéit nach verstäerken a Visibilitéit an der Europäescher Unioun, an och iwwert d’Europäesch Unioun eraus, gewannen.

Ech schwätze vu Visibilitéit an der Unioun, well et fir mech kloer ass, datt, wa mir gewielt géife ginn, mir och am Sécherheetsrot d’Faarwe vun der Unioun héich halen an am Sënn vun enger wierklecher gemeinsamer Aussepolitik d’Positioune vun der EU do verteidege sollten. An iwwert d’Unioun eraus, well mir um internationalen Niveau kënne weisen, datt mir e kredibelen, en engagéierten, e vollwäertege Partner sinn, een dee seng Iwwerzeegungen och emsëtzt.

Vun esou engem verschäerfte Profil ka Lëtzebuerg, mengen ech, nëmme profitéieren.

Ech sinn iwwerzeegt datt mir an deenen nächste Joeren op Är voll Ënnerstëtzung kënnen zielen, fir datt eis éischt Kandidatur fir en net-stännege Sëtz am Sécherheetsrot och e Succès gëtt.

Dir Dammen an Dir Hären,

Et ass awer net nëmmen an der UNO, wou mir eis Roll als Memberstaat aktiv ëmsetzen, mä och an deenen anere regionalen a internationalen Organisatiounen.

Ech hunn de Mëtteg déi eng oder aner Organisatioun schons ugeschwat. Ech wéilt awer, wann Dir erlaabt, nach kuerz op dräi dovun agoen: den Europarot, d’NATO, an d’Welthandelsorganisatioun OMC.

Den Europarot, déi eelst politesch Organisatioun um europäeschen Niveau, läit eis besonnesch um Häerz. Hire Bäitrag am Beräich vun der Promotioun vun de Mënscherechter an der Demokratie an Europa kann net genuch ënnerstrach ginn. Et ass den Europarot deen duerch déi sozial a juristesch Normen déi e festleet mathëlleft, eng europäesch Identitéit op Basis vu gemeinsame Wäerter ze schafen. Mir wären dofir frou wann et zu enger méi enker, enger méi komplementärer Zesummenaarbecht vun der Europäescher Unioun an dem Europarot géif kommen an dem Här Juncker säi Rapport "Conseil de l’Europe et Union européenne: Une même ambition pour le continent européen" geschwënn e konkrete Suivi géif fannen.

Eis Sécherheets- a Verteidegungspolitik ass, zënter bal 60 Joer, fest verankert an der NATO. Et ass dëst sécher keng Organisatioun wéi déi aner : et ass virun allem eng Verteidegungsallianz a muss dat och bleiwen. Wat net heescht datt d’NATO sech net transforméiere muss fir sech deenen neien, oft schwieregen Erausfuerderungen ze stellen, an hir Instrumenter a Moyenen adaptéiere muss. Komplementaritéit a Koordinatioun sinn och hei d’Schlagwierder. Um NATO-Sommet ze Riga, d’nächst Woch, solle weider Jalonen an déi Richtung gesat ginn: mir kënnen dat nëmme begréissen a wäerten och hei eis Responsabilitéite weider assuméieren.

Haut de page

Multilateral Kooperatioun ass awer net nëmmen am politeschen an am Sécherheets- a Verteidegungsberäich wichteg: och am Welthandel si kloer international Regelen an eisem Interessi. E globalen, multilateralen Accord ass besser wéi eng ganz Rei vu bilateralen Ofkommes. Dofir kann ech nëmme bedaueren, datt d’multilateral Handelsnegociatiounen am Kader vum Doha Round vun der Welthandelsorganisatioun am Juli ënnerbrach goufen an hoffen datt si geschwënn nees opgeholl kënne ginn.

Bis d’nächst Fréijoer misst et méiglech sinn ze gesinn ob nach eng realistesch Chance besteet den Doha Round erëm ob d’Schinnen ze setzen. Wéi esou oft hänkt dat zu engem groussen Deel vun den amerikanesche Positiounen of, a besonnesch dovun, ob den neie Kongress bereet ass, dem Präsident säi Verhandlungsmandat ze verlängeren an ob d’Amerikaner bereet sinn, wéi d’Unioun, hir Landwirtschaftspolitik ze reforméieren.

D’Unioun wäert an där nächster Zäit dat eent oder anert bilateralt Ofkommes ofschléissen, héchstwahrscheinlech mat de Länner vun der ASEAN a mat Indien. Dës Accorde solle komplementär zum Doha Round sinn an net en Ersatz fir e globalen Accord.

Am Kader vun de Verhandlunge fir d’Accords de Partenariat Economique mat den ACP Länner setzt Lëtzeburg sech décidéiert dofir an, datt dës Accorden sech an eng Entwécklunglogik setzen an asymmetresch solle sinn, dat heescht datt mir den ACP Länner méi Handelskonzessioune maache wéi mir der vun hinne verlaangen an datt mir hinne laang Transitiounsperiode ginn.

Souwisou ass den europäesche Maart schons grouss op fir d’Exporter vun dëse Länner. Mir sinn och bereet, hinnen "assistance technique liée au commerce" ze ginn fir hinnen ze hëllefen, sech besser an den internationalen Handelssystem ze integréieren.

Här Präsident,

Schons zënter de 50er Joere gehéiert eng aktiv Siègepolitik zu den anere Konstante vun eiser Aussepolitik. Si bréngt eisem Land international Visibilitéit a Prestige. Och wirtschaftlech, sozial a kulturell ass d’Präsenz vun den europäeschen Institutioune mat hiren alles an allem 10.000 Fonctionnairen an hire Familje positiv a ganz wichteg fir eist Land. Den Erweiderungsprozess vun der EU bréngt fir Lëtzebuerg an dësem Kontext eng Rei grouss Chancen an Erausfuerderunge mat sech.

D’Präsenz vun den Institutiounen ass haut wäitgoend juristisch ofgeséchert. Dat heescht awer net, datt mir net musse vigilent bleiwen, d’Anhale vu bestoenden Accorden iwwerpréiwen, proaktiv probéieren d’Organer hei qualitativ a quantitativ ze stäerken, an och Efforte maache fir nei, wichteg EU Aktivitéiten an d’Land ze bréngen.

Déi grouss Virdeeler déi et mat sech bréngt, eng europäesch Haaptstad ze sinn, brénge selbstverständlech och eng Rei Erausfuerderungen a Pflichte mat sech. De Standuert Lëtzebuerg muss attraktiv sinn, an zwar och a Saache Siège. Eng nohalteg Sëtzpolitik muss een dofir ëmmer an en internationale Konkurrenzkontext setzen. International Fonctionnairen am Land ze hunn, dat heescht och, hinnen an hire Familjen déi noutwendeg gudd Aarbechts- a Liewensbedingunge bidden ze kënnen. Mir hunn ëmmer dofir gesuergt, datt d’Leit frou sinn hei bei eis ze kommen, an dat ass eng Viraussetzung déi op kee Fall ze ënnerschätzen ass fir och mëttel- a laangfristeg eng grouss Zuel EU Verwaltungen hei ze hebergéieren.

Mir sinn elo um gudde Wee fir eng Léisung ze fanne mat de Gemenge Bartreng a Mamer fir de Bau vun der zweeter Europaschoul. E projet de loi kann mat grousser Wahrscheinlechkeet Ufank 2007 eragereecht ginn. Et geet hei net nëmmen drëm datt d’Regierung hir international Obligatioun respektéiert fir de Kanner vun den Europabeamten e Gebai fir eng Schoul zur Verfügung ze stellen, während iwwregens déi lafend Ënnerhaltskäschten net musse vun eis iwwerholl ginn. Et geet hei och em e wesentlecht Element vun der Attraktivitéit vun eisem Wirtschaftsstanduert, well dës Schoulen och mussen déi noutwendeg Plaz hu fir aner Kanner wéi déi vun den Europabeamten opzehuelen. Fir grouss international Entreprisen op Lëtzebuerg ze kréie muss hiert Personal och sécher sinn, datt hir Kanner hei an internationale Schoule scolariséiert kënne ginn.

Och d’Färdegstellen ouni gréisser Délaie vum neie Centre de Conférences um Kierchbierg ass politesch besonnesch wichteg, fir datt d’Ministeschconseilen net méi mussen zevill laang an de provisoreschen Infrastrukturen um Kiem ofgehale ginn. Den Ëmbau muss elo geschéie fir datt och weiderhin zwee Ministerréit an enger erweiderter Unioun kënnen ze Lëtzebuerg parallel ofgehale ginn. Fir d’Medie soll en exzellente Pressezentrum entstoen. Ech erënneren drun datt ausserhalb vun deenen dräi Méint, während deenen d’Conseilen ze Lëtzebuerg sinn, dëse Konferenzzenter wirtschaftlech ka genotzt ginn. Lëtzebuerg kann da Kongresser hei organiséieren déi interessant ekonomesch a politesch Retombéeë kënnen hunn, mä déi bis elo wéinst infrastrukturelle Limitatiounen net hei konnten ofgehale ginn. Mir sinn awer och haut schon an dësem Beräich aktiv : zum Beispill hebergéiere mir am Februar eng international diplomatesch Konferenz déi en neie Protokoll iwwert de "matériel ferroviaire roulant" finaliséiert, deen dann och "Protocole de Luxembourg" géing heeschen. Dëse Protokoll steet am Kontext vun der Conventioun vu Kapstadt an der Unifikatioun vum internationale private Recht.

Jiddferee vun Iech huet sech jo bestëmmt selwer konnten dovun iwwerzeegen, wat um Kierchbierg fir en impressionanten neien Ensemble ensteet, an eng grouss Dynamik vun där eist ganzt Land profitéiert. Ech denke besonnesch un d’Vergréisserunge vum europäesche Geriichtshaff, der Investitiounsbank a vum Rechnungshaff. D’Generalsekretariat vum Europaparlament kritt en neie Komplex deen him erlabe wäert, all seng Servicer ze Lëtzebuerg an engem eenzege Gebai ze konzentréieren. Och d’Zil fir bis 2012 d’Servicer vun der europäescher Kommissioun an engem Ersatzgebai fir de Jean Monnet ënnerzebrénge bleift e wichtegen Dossier.

Fir all dës verschidden Entwécklungen, déi awer all matenee verbonne sinn, wëll ech all deene verschiddenen Administratiounen e grousse Merci soen, déi mat vill Engagement an der Siègepolitik matschaffen.

Här Präsident,
Dir Dammen an Dir Hären,

2007 gëtt e wichtegt Joer fir d’Europäesch Unioun : e Joer wou d’Jalonen musse gesat ginn fir datt den Integratiounsprozess weidergeet, fir datt d’Unioun sech weiderentwéckelt, e Joer wou mir mat gemeinsamen Ambitiounen d’Zukunft vun Europa gestallte mussen.

D’Regierung wäert an dëser wichteger Phase natierlech enk mat der Chamber zesummeschaffen. Eist Zil muss et sinn den europäesche Prozess an eng Richtung, en ligne mat eisem Engagement fir e politescht Europa, fir „méi Europa“, weider ze dreiwen.

Et ass dat en Engagement, dat sech, wéi eis ganz Aussepolitik, aschreiwt an d’Kontinuitéit an an d’Kohärenz. Et ass dat en Engagement dat eisen Iwwerzeegungen an eisem Interessi entsprécht.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour