Strategie fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Aleedung

© SIP, all Rechter virbehalen

 

Lëtzebuerg läit tëschent dräi gréissere Länner an befënnt sech op der Kräizung vun deene grousse franséisch-däitsche Kulturberäicher. Dofir ënnerhält Lëtzebuerg scho säit jeehier enk a villfälteg Bezéiunge mat sengen Noperen, déi sech ënnerschiddlech staark op d'Groussherzogtum an op seng sproochlech Situatioun ausgewierkt hunn. Ausserdeem ass Lëtzebuerg net nëmmen zanter dem 19. Jorhonnert en Awanderungsland, mä säit der zweeter Halschent vum 20. Jorhonnert och en institutionellt, wirtschaftlecht a finanziellt Zentrum an en Unzéiungspunkt fir e multikulturelle a kosmopolitesche Public.

D'Méisproochegkeet ass am Lëtzebuerger Gesetz zanter Mëtt vun den 80er Joer festgeschriwwen: D'Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwert d'Sproochereegelung leet net nëmmen d'Lëtzebuergescht als Landessprooch fest, mä bestëmmt och, wéi déi aner Sproochen an den offiziellen Dokumenter verwend ginn. Esou ginn d'gesetzlech Virschrëften an hir Ausféierungsbestëmmungen op Franséisch verfaasst (och wann aner Reglementer vun offiziellen Organer an anere Sprooche geschriwwe kënne sinn). Doriwwer eraus deele sech Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch de Status als Verwaltungs- a Geriichtssprooche vum Land.

Praktesch bedeit dat, datt déi verschidde Sproochen (an haaptsächlech Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) am ëffentlechen an alldeegleche Liewen niefteneen a matenee präsent sinn. Eng besonnesch Wichtegkeet huet an deem Zesummenhank d'Lëtzebuergescht als Faktor fir den Zesummenhalt an d'Integratioun, mä och als allgemeng Ëmgangssprooch an als kulturellen Identitéitsfaktor.

Ausserdeem spillt Lëtzebuergesch eng ëmmer méi grouss Roll an den ëffentleche Bezéiungen, sief et fir d'mëndlech Kommunikatioun tëschent Bierger an Administratioun oder bannent den Institutioune vum Land: Esou fannen hautdesdaags déi reegelméisseg Debaten an déi grouss Deklaratiounen an der Chamber op Lëtzebuergesch statt. D'Programmer vun de wichtegste Radio's- an Tëlees-Sendere baséiere sech op d'Landessprooch. Eng ëmmer méi wichteg Roll als Literatur- a Kultursprooch spillt ausserdem dat schrëftlecht Lëtzebuergescht, dat an de leschte Jore Géigestand vun ëmfangräichen Norméierungsaarbechte war.

Fërderungsmoossname vun der Lëtzebuerger Regierung

Fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch huet d'Lëtzebuerger Regierung eng laangfristeg Strategie (Pdf, 421 Kb) mat véier Haaptziler a mat den nofolgende konkreten Engagementer an d'Weeër geleet:

  1. de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken;
  2. d'Norméierung, de Gebrauch an d'Etüd vun der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen;
  3. d'Léiere vun der d'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur fërderen;
  4. d'lëtzebuergesch-sproocheg Kultur promouvéieren.

Well dës Ziler praktesch all d'Beräicher vum ëffentleche Liewe betreffen, soll mat engem 20-Joresplang eng konzertéiert Strategie an d'Weeër geleet ginn, déi vun alle gedroe gëtt an op déi all hischaffen. Domat soll eng sproochlech a kulturell Politik am Zesummeklang mat all den Acteure vun der Gesellschaft realiséiert ginn.

Fir d'Ziler z'erreechen an d'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur laangfristeg an op eng kohärent Aart a Weis ze fërderen, huet d'Regierung eng Rei Initiativë geholl, déi ënnerschiddlech Zilgruppe cibléieren. Domadder soll d'Roll vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Lëtzebuerger Gesellschaft gestäerkt ginn, dëst an engem méisproochege Kontext.

Esou gëtt de Poste vun engem Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch geschafen, fir d'Efforten an deem Beräich ze koordinéieren. Begleet gëtt de Kommissär vun engeminterministerielle Comité a vun engem Zentrum fir d’Lëtzebuergescht. Zu den Aufgabe vum Zentrum gehéieren ë.a. d'Etüd an d'Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Ausserdeem sinn um institutionellen Niveau zwou Démarche virgesinn: Op där enger Säit d'Verankerung vun der lëtzebuergescher Sprooch a vun der Sproochevillfalt an der lëtzebuergescher Verfassung, anerersäits d'Unerkennung vum Lëtzebuergeschen als offiziell Sprooch vun der Europäescher Unioun. Esou kéint sech all Bierger op Lëtzebuergesch un d'europäesch Institutiounen adresséieren an eng Äntwert an der selwechter Sprooch kréien.

Zu denen anere geplangte Mesurë gehéieren ë.a. d'Norméierung vun der Lëtzebuerger Sprooch, d'Bereetstelle vun offiziellen Inhalter op Lëtzebuergesch an d'Promotioun vum Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch am Alldag.

Eng besonnesch Roll spillt ausserdem d'Léiere vun der Sprooch mat enger Rei vu Formatiounsmesurë fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener. Mat verschiddene akademeschen a wëssenschaftlechen Initiativë soll d'Geschicht vun der Sprooch an dee fir Lëtzebuerg spezifesche méisproochege Kontext studéiert ginn.

E Gesetz fir d’Fërderung vun der lëtzebuergescher Sprooch

D'Gesetz vum 20. Juli 2018 a Bezuch op d’Fërderung vun der lëtzebuergescher Sprooch déngt als gesetzleche Kader, fir d’Mëttelen an d’Strukture fir d’Ëmsetzung vun der Regierungsstrategie zur Verfügung ze stellen.

Aktualitéiten op gouvernement.lu

Organisatioun

Kulturministère