Interviews de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Dans une série d'interviews de fin d'année avec divers organes de la presse luxembourgeoise, le Premier ministre Jean-Claude Juncker s'est exprimé sur les principaux événements qui ont marqué l'actualité nationale et internationale en 2003 et a jeté un regard sur les perspectives pour 2004.

Presse écrite

Presse audiovisuelle


Citations du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Perspectives économiques et sociales pour 2004

Die wirtschaftlichen Perspektiven sind 2004 deutlich besser als sie es 2003 waren, was das vergangene Jahr auch bestätigt hat. Internationale Experten rechnen im kommenden Jahr mit einem Aufschwung. Eine so offene, nach außen orientierte Wirtschaft wie die unsrige, ist auf solche positive Zeichen aus dem Ausland angewiesen und kann daraus auch Nutzen ziehen. Allerdings wird der Arbeitsmarkt, der stets mit etwas Verzug auf einen wirtschaftlichen Einbruch reagiert, seine Zeit brauchen, um sich zu regenerieren. Wir müssen deshalb die Arbeitsmarktpolitik im kommenden Jahr noch aktiver gestalten als bisher, um diesen Abschwung aufzuhalten.
(Revue, 07-01-2004)

Mä ech gehéieren awer net zu deenen, déi elo de Kapp géifen hänke loossen an déi soen, elo gi mir net méi eens, wat maache mir elo? Nee, mir sinn ee Land, wat eng gutt Finanzsituatioun huet, net méi sou gutt wéi se war, mä awer onendlech besser wéi d’Finanzsituatioun vun deenen anere Länner, well mir ugespuert hunn, well mir elo net déi drastesch Leeschtungskierzungen brauchen ze maachen, well mir elo d’Kafkraaft vun de Leit net brauchen ze verschlechteren, doduerch datt een am Sozialberäich géif sougenannten Durchforstungsmoossnahmen am aspuerenden Sënn vum Wuert géif maachen. D’Lëtzebuerger sinn dichteg Leit. D’Lëtzebuerger an déi Leit, déi hei am Land wunnen a schaffen. Mir hu scho ganz aner Schwieregkeeten z’iwwerwannen gehat wéi di doten. Dat ass jo keng hausgemaachten Situatioun, déi mir hunn, mä eng déi eis nu wierklech duerch déi international Entwécklung an eis Reesebicher erageschriwwen gëtt.
(RTL Télé Lëtzebuerg, 28-12-2003)

Ech hoffen, datt déi Tatsaach, datt mer eis ee Joer laang mat de Problemer an der Wiesensaart, de Schwieregkeeten vum Handicap a vun den Handicapéierten beschäftegt hunn, eppes hannerléisst. An der Regierung selwer, an der Chamber huet et ee Gesetz hannerlooss, mat deem déi handicapéiert Leit och materiell wiesentlech besser gestalt gi sinn. Mä ech hoffen, datt et an der kollektiver Bewusstseinswertung, wéi dat sou schéin heescht, dozou bäigedroen huet, datt mer jiddweree fir sech all Dag e bësse méi Rücksicht huelen op déi Leit, deenen et net esou gutt geet, well d’Schicksal se op iergendeng Fassong manner gutt behandelt huet wéi di meeschten vun de Leit.
(DNR, 28-12-2003)

Il est vrai que le nombre de chômeurs a sensiblement augmenté. Nous avons passé le cap des 4%, ce qui n'enlève rien au fait que nous sommes toujours le pays au taux de chômage le moins élevé de l'Union européenne. Il est aussi vrai que la situation devient préoccupante, car la croissance ne sera pas suffisante et suffisamment conséquente pour nous permettre d'enrayer le phénomène à court terme. Je pars de l'idée que le nombre de chômeurs va s'accroître durant les premiers mois de 2004. (...) Pour le reste il faudra que la politique de l'emploi devienne encore plus active, que le traitement individuel des chômeurs soit amélioré et que l'on imagine d'autres modes de gestion des ressources humaines en faisant valoir tous les instruments que tout notre arsenal met à la disposition des acteurs sociaux et économiques.
(La Voix du Luxembourg, 31-12-2003)

Zum Beispill hu mir 1999 ee Gesetz gestëmmt - ech war Aarbechtsminister deemols, ech weess dat nach gutt - wat virgesäit, datt ee kann Aarbechtszäitverkierzungen an engem Betrieb maachen, wa séchergestalt ass, datt déi Leit, déi um Arbeitsamt ageschriwwen sinn a keng Aarbecht hunn, déi Aarbechtsplazen kréien, déi duerch Aarbechtszäitverkierzung fräi ginn an datt dann de Staat sech finanziell um Käschtepunkt vun der reduzéierter Wochenaarbechtszäit ka bedeelegen.
(RTL Télé Lëtzebuerg, 28-12-2003)

Mir hunn am Joer 2003 1,7 Prozent Aarbechtsplazen bäigesat. Dat ass méi wéi déi Länner ronderëm eis, wou d’Aarbechtsmaartentwécklung réckgängeg ass, wou Aarbechtsplazen netto ewechfalen. Trotzdem geet dee Wirtschaftswuesstum, dee mer hunn, an déi Expansioun um Aarbechtsmaart net duer, fir déi national Beschäftegung an ee Gewässer ze féieren, wou de Chômage géif erofkommen. Duerfir brauche mir wiesentlech méi Aarbechtsplazen déi bäikommen, och a grad am Mëttelstand an dofir brauche mer och méi ee staarkt Wirtschaftswuesstum.
(DNR, 28-12-2003)

Wir sind das einzige Land in Europa, das in den vergangenen Jahren Gelder gespart hat, die wir jetzt dem Staatshaushalt zuführen können, um das hohe Investitionsniveau zu halten. Hätten Frankreich und Deutschland genau so umsichtig gehandelt, wären sie jetzt nicht in der Defizitsituation, die wir kennen. Das beweist, dass es richtig war, in guten Zeiten Rücklagen zu machen. Diese Politik wurde seinerzeit sehr heftig kritisiert. Wir mussten sie gegen die Meinung der Öffentlichkeit und gegen den Willen vieler politischer Entscheidungsträger durchsetzen.
(Revue, 07-01-2004)

Haut de page

Projets prioritaires pour 2004

Je voudrais voir mener à bon port certaines réformes sociétales, par exemple la loi sur le partenariat, la nouvelle législation sur la presse mais aussi sur l'initiative populaire et le référendum. Tout comme il convient de conclure le débat gravitant autour d'un certain nombre de projets de loi conduisant à une meilleure structuration de notre place financière. Je pense en particulier au projet de loi sur la titrisation.
(La Voix du Luxembourg, 31-12-2003)

Haut de page

Diversification économique

Ich habe mich persönlich dafür eingesetzt, dass diese Unternehmen Luxemburg als europäischen Standort aussuchen und ich brauche mich dessen weder zu schämen, noch zu rechtfertigen. In Zeiten wirtschaftlicher Depression ist so ein Neugewinn ein Aufbruchsignal für unser Land und für ausländische Investoren des Internet- und e-Service Bereiches. Alle europäischen Länder haben sich um diese Unternehmen gerissen. Das beweist, dass diejenigen, die vorausschauend planen, Luxemburg als idealen Standort für ihre Tätigkeit betrachten. Es stimmt, dass die Arbeitsmarktüberlegung dabei nicht vorrangig war. Aber das ist kein Grund, diese modernen Unternehmen nicht anzuwerben, denn sie werden expandieren und ähnlich gelagerte Aktivitäten anlocken. Das kann in schwierigen Zeiten unserem Staatshaushalt nur gut tun.
(Revue, 07-01-2004)

Haut de page

Tripartite

Es gehört zur modernen Demokratie, dass neben den politischen Entscheidungsträgern auch die wirtschaftlichen eingebunden werden. Die Zukunft des Landes bestimmen die politisch Verantwortlichen gemeinsam mit denen, die wirtschaftliche Verantwortung tragen. Es wird immer bedauert, dass Politik so weit von den Leuten weg gemacht wird. Deshalb kann der direkte Dialog nicht falsch sein. Die Politik kann nicht allein entscheiden. Sie muss die Erfahrungen, die sie in den Gesprächen mit allen Akteuren des öffentlichen Lebens sammelt, in ihre Entscheidungen einfließen lassen. Das ist der Stoff, aus dem die moderne Politik gemacht werden muss. Die Vorstellung, dass es reicht, eine Kommission hinter verschlossenen Türen zu konsultieren, ist ein Überbleibsel aus dem vorletzten Jahrhundert.
(Revue, 07-01-2004)

Haut de page

Caisses de maladie

Wir haben die Lösung gewählt, die im gegenwärtigen wirtschaftlichen Umfeld die beste ist. Jede andere Entscheidung wäre nicht vernünftig gewesen. Wir kämpfen jedoch gegen gewisse Missstände, wie die langen Krankschreibungen an. Langfristig müssen wir uns damit abfinden, dass die Kosten für unsere Gesundheit steigen, weil wir mehr Leistungen beanspruchen als früher, da die Gesellschaft älter wird.
(Revue, 07-01-2004)

Haut de page

Institutions culturelles

Wir bauen ja keine leeren Hüllen, sondern füllen sie mit Leben. Kulturelle Einrichtungen verschlingen nicht nur Geld. Sie sind bereichernd und ziehen Besucher an. Das bringt unserer Wirtschaft Auftrieb und schafft neue Arbeitsplätze. Es ist bislang noch kein Land besser und kohärenter gewachsen, weil es nicht in die Kultur investiert hat. Im Gegenteil: Die Länder, die das nicht tun, verarmen sehr schnell.
(Revue, 07-01-2004)

Haut de page

Manifestations contre la guerre en Irak

Ech kucken dat - bal hat ech gesot mat Sympathie, mä dat héiert sech sou paternalistesch un - mat enger déiwer Zefriddenheet. Ech hunn et gutt fonnt, datt d’Leit, och jonk Leit, vun deenen jo dacks gesot gëtt, si hätten keen Engagement méi, wann et ëm déi helleg Saachen an ëm déi grouss Prinzipien geet, sech opgestalt hunn, fir Nee ze soen zu deem Krich. Dofir hunn ech dat eigentlech als een Element vu Meenungsäusserung an Erënnerung, déi mech éischter frou gemaach huet, trotz aller Onnuancéiertheet, déi sech an eenzel Wuertmeldungen do erageschlach hat, mä net nëmmen bei deenen Jonken, och bei deenen, déi méi al waren. Mä ech mengen, datt dat de Lëtzebuerger hirt Amerikabild fundamental net verännert huet. Bei den Demonstratiounen hat ee jo och net d’Gefill, et wieren anti-amerikanesch Demonstratiounen am Sënn vun de sechzeger Joren, mä ee Stoppschëld fir Pläng a fir Iddeeën, déi mam Gefillsliewen vun de Lëtzebuerger net vereinbar waren.
(RTL Télé Lëtzebuerg, 28-12-2003)

Haut de page

Elargissement de l'Union européenne

Luxemburg wird im großen Europa nicht kleiner. Wir sitzen an dem Tisch, an dem 25 Staaten die Zukunft des Kontinentes entwerfen. Unser Rat ist gefragt: 19 Staats- und Regierungschefs haben Luxemburg 2003 besucht, mehr als je zuvor. Unser Einfluss bleibt gesichert. Auch in einer EU mit mehr als 30 Staaten. Es kann für Europa nur eine Grenze geben. Sie ist weniger geographisch als politisch: Sie verläuft zwischen den halbfertigen Ideen derer, denen eine europäische Freihandelszone ohne Anspruch genügt, und den ausgegorenen Vorstellungen derer, die mehr Europa dort wollen, wo weniger Europa ein unkalkulierbares Risiko wäre.
(Luxemburger Wort, 31-12-2003)

Je ne vois pas de risque particulier découler de l'arrivée des nouveaux pays membres pour ceux qui vivent et travaillent au Luxembourg. Ceux qui en Pologne du Nord ou Slovaquie du Sud ont un emploi ou non ne vont pas le ler mai 2004 au matin se mettre en marche pour envahir le marché du travail au Luxembourg. Nous l'avions beaucoup craint en 1986 lors de l'adhésion du Portugal. Cette vague que certains avaient prédite n'est jamais arrivée.
(La Voix du Luxembourg, 31-12-2003)

Haut de page

Avenir de l'Union européenne

L'Espagne et la Pologne portent une part de la responsabilité de cet échec. Elles n'en portent pas pour autant toute la responsabilité. Leur imputer l'entièreté de cette dernière ne tiendrait pas compte de la réalité des problèmes. (...) Il convient de ne pas donner l'impression que c'est l'élargissement en tant que tel qui est source de toutes les difficultés. L'on compte tout autant de différends et de questions en suspens au sein des quinze Etats membres actuels de l'Union qu'on recense de problèmes et de différends entre les membres actuels et les membres à venir...
(La Voix du Luxembourg, 31-12-2003)

Käreuropa, dat ka keng Finalitéit sinn, dat kann net eppes sinn, wat ee sicht, well da géif ee jo d’Spaltung vun der europäescher Ambitioun sichen. Dat wëlle mir net. Mir wëllen zu 25 - wann et nëmmen geet - virukommen, well mir och mengen, datt mir nëmmen zu 25 sécher kënnen stellen, datt dat Netz vun deeglech wuessenden transnationalen Solidaritéiten sech esou festegt, datt Europa an engem rouege Kanal kann an d’Zukunft fueren.
(RTL Télé Lëtzebuerg, 28-12-2003)

Elo si mer gescheitert bei eisem Versuch der Europäescher Unioun en neien Verfassungsvertrag ze ginn an nodeem dat Scheiteren apparent ginn ass, ass logescherweis eppes am Gespréichskrees opgetaucht, wat vun un datt et d’Europäesch Unioun gëtt eigentlech ronderëm de Begrëff vun der Europäescher Unioun selwer gravitéiert. Dat ass dat sougenannten Käreuropa, dat heescht den Zesummeschloss vun deene Länner, déi integratiounsweiderféirend Schrëtter a méi grousser Zuel a mat méi ausgeprägter Breed wëllen setzen. Ech halen dat net fir een Ziel, datt déi, déi méi wäit wëlle goen sech zesummen dinn an déi aner einfach stoe loossen. Mä ech halen dat als eng méiglech Konsequenz, déi sech doraus ergëtt, wa sech ëmmer méi Länner vun der europäescher Autobunn verabschieden an déi national Ausfahrten an national Opfahrten dauernd probéieren. Da kann et duerchaus sinn, datt een zu sou engem Zesummeschloss vun den europaverdéiwenden Kräften a Länner an der Europäescher Unioun kënnt. Mä eng Zielsetzung an ee politesche Programm kann et op kee Fall sinn.
(DNR, 28-12-2003)

Ech mengen, datt dat Nodenken an dat Denken iwwert Europa jo net nëmmen soll eng Saach vu Regierungen a Politiker a vu Parlamenter sinn. Ech hätt a sech gären, datt déi sougenannten Zivigesellschaften - wat ëmmer dat och mag sinn - sech an alle Länner mat deem Thema beschäftegen, emol ee Bléck dodrop werfen, eng besonnesch Beliichtung aus hirer Horizontbildung eraus op europäesch Wuessen a Ginn werfen. Et ass dach wichteg ze gesinn wat Philisophen, wat Schrëftsteller, wat Wëssenschaftler, wat Poeten, wat Leit déi Filmer maachen, wat Leit déi Theater spillen, wat Leit déi skulptéieren an déi molen, wat Leit déi an der sozialer Bewegung sinn, alternativ oder net alternativ, mat dëm Begrëff Europa, mat der Zukunftsgestaltung an Europa verbannen. Europa kann een net nëmmen der Politik iwwereloossen.
(RTL Télé Lëtzebuerg, 28-12-2003)

Il convient maintenant d'intercaler une période de réflexion durant laquelle l'Union européenne - chacun pour soi d'abord, puis ensemble - puisse faire le point de la situation et affiner les solutions aux problèmes posés. Je pense qu'on parviendra alors à se mettre d'accord sur le texte d'une constitution.
(La Voix du Luxembourg, 31-12-2003)

Dernière mise à jour