Lëtzebuerg an der Groussregioun

Aleedung

© SIP / Emmanuel Claude, all Rechter virbehalen

 

D'Groussregioun läit am Häerze vun Europa, manner wéi 300 km vu Paräis, Bréissel, Rotterdam a Frankfurt ewech, a manner wéi 600 km vu London, Berlin, Prag a Mailand ewech.

2017 regruppéiert dësen Europäesche Verband fir territorial Zesummenaarbecht (EVTZ) ronderëm d'Groussherzogtum:

Déi 4 Partnerlänner gehéieren zu deene 6 Grënnungslänner vun der Europäescher Unioun.

Geschicht a Funktiounsweis

D'Originne vum Konzept Groussregioun ginn zréck op d'zwëschestaatleche Kommissiounen, déi Ufank vun de 70er Joren vun Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg ëmgesat goufen als Reaktioun e.a. géint d'Kris am Siderurgie-Secteur am "Montan-Dräieck".

D'Groussregioun ass eigentlech de 16. Oktober 1980 zu Bonn (an Däitschland) gegrënnt ginn an dat huet zur Folleg den Ofschloss vum Accord iwwert déi däitsch-franséisch-lëtzebuergesch Zesummenaarbecht an de Grenzregiounen. Duerno gëtt d'Groussregioun zum institutionelle Kader wat déi progressiv Verdéiwung vun der Zesummenaarbecht tëschent de verschiddene Regiounen betrëfft.

1986 ass den interregionale Parlamentarierrot (IPR) déi éischt Initiativ vun dëser Aart an Europa. 1995 fënnt den éischte Sommet vun der Groussregioun zu Munnerëf (Lëtzebuerg) statt. Um wirtschaftlechen Niveau versammelt de Wirtschafts- a Sozialcomité vun der Groussregioun (WSAGR) d'sozial Partneren zanter 1997. 1999 gouf e gemeinsame Büro fir Lëtzebuerg-Rheinland-Pfalz-Saarland am Grand-Duché opgemaach. Zanter 2015 empfänkt d'Haus vun der Groussregioun zu Esch/Uelzecht folgend Entitéiten, déi sech ëm déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht an der Groussregioun këmmeren:

Den 1. Januar 2016 zielt d'Groussregioun 11,5 Milliounen Awunner, d.h. 2,3% vun der Gesamtbevëlkerung vun der Europäescher Unioun (EU vun den 28 Memberlänner). Mat véier Milliounen Awunner ass d'Rheinland-Pfalz de regionalen Deel mat der gréisster Bevëlkerung, duerno kënnt Wallounien mat bal 3,6 Millioune Persounen (dovunner 76.000 Persounen an der däitschsproocheger Communautéit vu Belgien, déi sougenannt "Ostbelgien"). Op der drëtter Plaz kënnt Loutrengen, mat 2,34 Milliounen Awunner Ufanks 2015. Déi klengst regional Deeler, d.h. d'Saarland a Lëtzebuerg zielen respektiv eng Millioun an e bësse méi wéi 500.000 Awunner.

2015 läit den Taux vun der Aarbecht bei 70,1% an der Groussregioun. Esou ass den Deel vun der aktiver Populatioun equivalent zu dem vun der EU vun den 28 Memberlänner (70,0%). 2015 läit den Taux vum Chômage an der Groussregioun bei 7,9%, d.h. 1,5 Punkt manner wéi den europäeschen Niveau (9,4%).

D'Groussregioun ass d'grenziwwerschreidend Regioun mat der gréisster Unzuel vu grenziwwerschreidenden Aarbechter an der EU. 2016 hu méi wéi 220.000 Persounen all Dag eng Grenz an der Groussregioun iwwerschratt, fir op hir Aarbechtsplaz an enger Nopeschregioun ze goen, dovunner 170.000 op Lëtzebuerg. Dëst Gebitt representéiert de gréissten grenziwwerschreidenden Aarbechtsmaart an der Europäescher Unioun.

3 offiziell Sproochen ginn an der Groussregioun geschwat (Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch), ouni déi regional Variatiounen dobäi ze zielen. D'Groussregioun, wou d'germanesch an d'romanesch Kulture sech treffen, charakteriséiert sech duerch hir kulturell Diversitéit. D'Erliefnes an d'Entwécklung vun Europa geschitt hei, an der Groussregioun, de beschten "europäesche Laboratoire". An dëser Regioun ginn et wierklech vill Entdeckungen an de Beräicher Kultur, Linguistik, Geschicht, Natur a Gastronomie. D'Groussregioun zielt och méi wéi 20 Sitten, déi als UNESCO-Weltierfschafte klasséiert sinn. Dat bedeit en aussergewéinlechen interkulturelle Räichtum an erkläert sech duerch déi vill Ierfschaften, déi een an der Regioun fënnt. Munch vun deene gehéieren zu deene wichtegste Spuere vun der Geschicht vun eiser Zivilisatioun, wéi d'neolithesch Feierstengsgrouwen zu Spiennes, d'Kathedral zu Speyer, déi 6 Klackentierm a Wallounien an déi 4 Schëffslifter zu La Louvière.

Grenziwwerschreidende Projeten

Nofolgend e puer konkret Beispiller vu grenziwwerschreidende Projeten:

Et ginn nach vill aner Projeten an Aktiounen. Dir fannt all déi néideg Informatiounen um neie Portal vun der Groussregioun: granderegion.net.

Sommet vun den Exekutive vun der Groussregioun

Zesummesetzung

De Sommet vun den Exekutive besteet aus:

  • dem Premierminister vu Lëtzebuerg;
  • dem Minister fir d'Groussregioun vu Lëtzebuerg;
  • dem Ministerpresident vu Rheinland-Pfalz;
  • dem Ministerpresident vum Saarland;
  • dem Ministerpresident vu Wallounien;
  • dem Ministerpresident vum Verband Wallounien-Bréissel;
  • dem Ministerpresident vun der däitschsproocheger Communitéit aus der Belsch ("Ostbelgien");
  • dem Prefet vun der Regioun "Grand Est";
  • dem President vum Regionalrot vun der Regioun "Grand Est";
  • dem President vum Rot vum Departement Meurthe-et-Moselle;
  • dem President vum Rot vum Departement Moselle.

De President vum Rot vum Department Meuse an de President vum Rot vum Departement Vosges partizipéieren als Observateuren bei den Aarbechte vum Sommet.

Während dem informelle Sommet vun der Groussregioun, deen de 4. Juli 2017 zu Schengen war, gouf decidéiert, d'Adhesiounsprozedur vum Departement Meuse als vollberechtege Member um Sommet den 1. Januar 2018 ze lancéieren an den Observateursstatus dem Departement Ardennes ze ginn.

Presidence vum Sommet

D'Presidence vum Sommet gëtt ofwiesselnd vun all Regioun fir eng Dauer vu 24 Méint ofgehalen. Sie erfëllt folgend Haaptmissiounen:

  • sech ëm d'allgemeng Zesummenarbeecht vum politesche Projet vun der Groussregioun këmmeren an d'Kontinuitéit an d'Kohärenz vun den Aarbechte vum Sommet garantéieren;
  • nei Impulser ginn duerch d'Schafen an d'Ëmsetzung vun engem eegenen Aktiounsprogramm, deen sech an all nei gemeinsam Deklaratioun integréiert.
  • d'Réunioune vum Sommet organiséieren an animéieren, d'Organisatioun vu ministerielle Konferenzen zesumme mat de concernéierten Aarbechtsgruppen begleeden;
  • d'Réunioune vum Collège vun de perséinleche Vertrieder vun den Exekutive presidéieren.

Aktualitéiten op gouvernement.lu (Auswiel - op Franséisch)

Legislatioun

Aktualiséiert